REVUE DE PRESSE NOVEMBRE 2021 RTL, 2.11.2021
Stad Lëtzebuerg wëllt Kontrakt mat privater Sécherheetsfirma net ver‐ längeren Vum 15. November u patrulléieren keng privat Sécher‐ heetsbeamte méi an der Haaptstad. De Stater Schäfferot huet nämlech säi Kontrakt mat der privater Sécherheetsfirma G4S net verlängert, sou den 100,7. De Stater CSV-Schäffe Serge Wilmes huet dem Radio erkläert, datt eng Biergerversammlung géing orga‐ niséiert ginn an datt doropshin iwwert déi weider Demar‐ che géing decidéiert ginn. Donieft wéilt een "konstruktiv" sinn, nodeems d'Regierung en neie Mesurëpak géint d'Drogekriminalitéit presentéiert huet. D'Erfarung mat G4S wier eng "gemëschten", sou de Ser‐ ge Wilmes weider. Den Tëschefall Ufanks September, wéi en Hond vun der privater Patrull eng Persoun gebass huet, wier "een Element, mee net d'Haaptelement", fir de Kontrakt net ze verlängeren. D'politesch Oppositioun am Stater Gemengerot huet d'Decisioun vum Schäfferot per Communiqué begréisst a behaapt, dee Revirement wier warscheinlech net ouni hiren Drock zustane komm. Déi Gréng, d'LSAP an déi Lénk an der Stad verlaangen, datt de Schäfferot sech an Zukunft och un d'Verfassung an un d'Gesetzer hält a keng nei Konventioun mat enger privater Sécherheetsfirma ageet.