Jo. Demokratie stäerken! - Oui. Renforcer la démocratie!

Page 1

Jo.

Demokratie stäerken!

Demokratie gëtt et nëmmen do, wou et och dat allgemengt Walrecht gëtt. Virun 100 Joer gouf zu Lëtzebuerg no laangem Kampf dat allgemengt Walrecht agefouert: zanter 1919 däerfe Fraen an Aarbechter wielen. Dat ass eis Geschicht, eis Identitéit. Mënschen, déi zanter méi wéi 10 Joer zu Lëtzebuerg liewen an och schonns bei Gemengewale wiele gaange sinn, d’Walrecht fir d’Parlament ze ginn, heescht och: Aarbechter an Employéen, déi de Räichtum vum Land schafen, matentscheede loossen, wien hir Interessien an der Chamber vertrëtt.

Auslännerwalrecht = Awunnerwalrecht = Aarbechterwalrecht. Wéi 1919. Eis lëtzebuergesch Identitéit an de Räichtum vum Land grënnen och op de Kampf vun den Aarbechter an Employéë fir sozial Rechter wéi de Mindestloun, Krankekees a Pensioun… Dëse Kampf gouf zu Lëtzebuerg ëmmer zesumme mat allen Salariéë gefouert, onofhängeg vun hirer zoufälleger Nationalitéit. Ouni dëse gemeinsame Kampf géif et kee Sozialstaat ginn. Lëtzebuergesch an auslännesch Salariéen hunn déiselwecht Interessien a Suergen. D’Souveränitéit vun eisem Land gëtt net duerch de Bauaarbechter a Fro gestallt, mee duerch all déi, déi eis Freihandelsofkommessen wéi den TTIP opzwénge wëllen. Mir brauchen d’Auslännerwalrecht. Well mer eng demokratesch a sozial Gesellschaft brauchen, déi fir hir Interessie kämpft.

www.lenk.lu déi Lénk op Facebook:

www.facebook.com/lenk.lu


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.
Jo. Demokratie stäerken! - Oui. Renforcer la démocratie! by déi Lénk - Issuu