Dat Wichtegst aus eisem Programm - Engagéiert fir Verännerung

Page 1

EngagÊiert fir Verännerung.

Dat Wichtegst aus eisem Programm.



D’Land steet viru groussen Erausfuerderungen, souwuel op sozialem, wéi op wirtschaftlechem an ökologeschem Plang. Esou weider maache wéi bis elo, bedeit d’sozial Ongläichheeten ze verschäerfen an eis Ëmwelt weider ze belaaschten. D’Verännerung ass eng Chance op e neien Opbroch. Lëtzebuerg huet vill Talenter a vill Ressourcen. Zesumme kënne mir vill beweegen. déi Lénk si bereet, sech der Zukunft ze stellen. An dëser klenger Broschür, déi dir an der Hand hutt, stelle mir Iech e puer vun eisen Iddien a Propose fir. 2018.dei-lenk.lu


Aarbecht Mëttlerweil liewen 12% vun de Leit déi schaffen ënnert der Aarmutsgrenz an de Chômage stagnéiert op héijem Niveau. Wärend d’Produktivitéit stänneg an d’Luucht geet, ass d’Aarbechtszäit säit 1975 net méi erof gaangen, sou datt bal néirens an Europa esouvill Stonne pro Woch geschafft gëtt wéi zu Lëtzebuerg. De soziale Fortschrëtt ass also stoe bliwwen.


Wat wëllen déi Lénk? Datt Aarbecht sech lount. D’Leit déi schaffe musse vun hirem Loun liewe kënnen. Jidderee gëtt gebraucht a wien kann a wëll schaffen, muss dofir och d’Méiglechkeet hunn. Dobäi sollen d’Leit erëm méi Zäit fir sech an hir Famill kréien.

Wat proposéieren déi Lénk? •

Eng Erhéijung vum Brutto-Mindestloun op 60% vum Median-Loun (aktuell 2380 EURO), sou datt en däitlech iwwert der Aarmutsgrenz läit.

Eng schrëttweis Aarbechtszäitverkierzung op 32 Stonnen d’Woch bis 2030. An der Iwwergangsphas soll de klengen a mëttelgrousse Betriber finanziell ënnert d’Ärem gegraff gi fir ee volle Lounausgläich kënnen ze garantéieren. Schonn 2019 soll eng 6. Congéswoch agefouert ginn.

E Recht op Aarbecht duerch de Prinzip vum „Etat employeur en dernier ressort“. Jiddereen dee wëll a ka schaffen, muss vum Staat eng adaptéiert Aarbecht ugebuede kréien.


Sozialpolitik Eisen inklusive Sozialsystem ass eng vun de gréissten Errongenschafte vum 20.Joerhonnert. Trotzdeem gëtt e stänneg vu neoliberale Reformen a Fro gestallt, zum Beispill duerch eng Verschlechterung vun de Prestatiounen oder en ëmmer méi laange Wee bis zu der Pensioun. D’Cotisatioune vum Patronat sinn dogéint scho säit 40 Joer net méi erhéicht ginn.


Wat wëllen déi Lénk? Eise Sozialsystem erhalen a weider ausbauen. D’Rente mussen erëm opgewäert ginn. Am Géigenzuch sollen déi héich Revenuen erëm méi staark un der Finanzéierung vum Sozialsystem bedeelegt ginn.

Wat proposéieren déi Lénk? •

Déi strukturell Rentereduzéierung vun 2012 annuléieren an d’Renten erëm automatesch un d’Lounentwécklung upassen. D’Deckelung vun de Cotisatiounen (aktuell 5 Mol de soziale Mindestloun) soll opgehuewe gi fir dat déi héich Revenuen sech méi staark un der Finanzéierung bedeelegen.

Eng Autonomiezoulag aféiere vu 400 Euro de Mount fir all Jonker iwwer 18 Joer déi studéieren oder an der Ausbildung sinn.

Zäitkonten aféieren déi ee wärend der aktiver Carrière kann notze fir perséinlech Projet’en, Formatiounen oder fir eng Auszäit ze huelen. Dës Zäitkonten erméiglechen et an der Auszäit finanziell ofgeséchert ze sinn.


Famill D’Ënnerstëtzung fir d’Famillen ass an de leschte Joren zréck gaangen, virun allem duerch d’Kierzung vum Kannergeld an de Studiëbourssen. De Congé parental ass zwar méi flexibel, awer net méi laang ginn. D’Kannerbetreiung leeft virun allem iwwert privat Strukturen, déi duerch d’Chèques Services subventionéiert ginn.


Wat wëllen déi Lénk? Famillje méi staark ënnerstëtzen. D’Kannerbetreiung muss mëttelfristeg ee gratis ëffentlechen Déngscht ginn, genee esou wéi d’Schoulen. Mee d’Eltere mussen och méi Zäit mat hire Kanner kënne verbréngen.

Wat proposéieren déi Lénk? •

D’automatesch Upassung vum Kannergeld un den Index, an eng progressiv Erhéijung am Zesummenhang mam Alter vum Kand fir de wuessende Liewenskäschte gerecht ze ginn.

Eng Verduebelung vum Congé parental vun aktuell 6 Méint op 1 Joer (Vollzäit) fir all Elterendeel.

D’Offer vun ëffentleche Crèche soll schrëttweis ausgebaut gi mat dem Zil, d’Kannerbetreiung successiv zu engem gratis ëffentlechen Déngscht ze maachen.


Logement D’Wunnengskris ass aktuell ee vun de gréisste Problemer hei am Land. Ëmmer méi jonk Famille kënnen sech keen Dach iwwert dem Kapp méi leeschten, mussen sech ganz héich verschëlden oder iwwert d’Grenz an d’Groussregioun auswanderen. Wärend ImmobilieSpekulanten sech d’Täsche fëllen, struewelen déi normal Biergerinnen a Bierger e ganzt Liewe laang fir een Doheem ze hunn.


Wat wëllen déi Lénk? De Staat endlech virun seng Verantwortung stellen. De fräie Marché huet versot, mir musse massiv ëffentlech Wunnenge baue fir ze verlounen, sou datt sech d’Präisser erëm stabiliséieren. D’Spekulatioun muss gestoppt an d’Rechter vun de Locataire musse gestäerkt ginn.

Wat proposéieren déi Lénk? •

Amplaz d’Reserve vum Rentefong op de spekulative Finanzmäert z’investéieren, soll en Deel dovunner an de Bau vu neie Wunnenge fléissen, déi vun der ëffentlecher Hand fir e korrekte Loyer verlount ginn.

Bauterrainen oder Wunnengen, déi just wéinst Spekulatioun net bebaut oder net verlount ginn, mussen taxéiert ginn.

Locatairen den Accès zu enger Wunneng vereinfachen andeem d’Agencekäschten net méi dem Locataire mee dem Opdraggeber vun der Agence (meeschtens de Propriétaire) verrechent ginn an déi gesetzlech festgeluechten Héchstgrenz bäi Loyeren erëm de reelle Liewenskäschten ugepasst gëtt.


Gesondheet D‘Gesondheetspolitik vun de leschte Joren a Joerzéngte war virun allem dorop ausgeriicht fir Käschten ze spueren. Dat hunn och déi rezent Reforme vum Spidolswiesen an der Fleegeversécherung gewisen. Doduercher gëtt d’Gesondheet zu enger Wuer a fir privat Acteuren ëmmer méi zu engem lukrative Maart.


Wat wëllen déi Lénk? Eisen universellen an ëffentleche Gesondheetssystem erhalen an a ville Beräicher verbesseren, sou datt optimal Versuergung fir jidderee garantéiert ass. Privatiséierungen am Beräich vun der Santé musse verhënnert ginn, fir datt et net zu enger 2-Klasse-Medezin kënnt.

Wat proposéieren déi Lénk? •

De Prinzip vum Tiers Payant muss generaliséiert ginn, sou datt 100% vun de Gesondheetskäschten direkt vun der CNS iwwerholl ginn.

D’Urgencë musse mat dem néidege Personal an de néidegen Infrastrukturen ausgestatt ginn, an d’maisons médicales sollen op de gesamten Territoire verdeelt ginn.

Déi ëffentlech Infrastrukture fir eeler Leit, wéi z.B. Gesondheetshaiser, Strukture fir intergenerationellt Wunnen oder Altersheimer, mussen ausgebaut ginn. Donieft brauche mer och méi Geriatrie-Zentren.


Schoul Am Lëtzebuerger Schoulsystem ginn d’Kanner vill ze fréi op eng Richtung festgeluecht, déi hir Zukunft zu engem gudden Deel matbestëmmt. Rezent Reformen hunn donieft de Startschoss gi fir d’Privatiséierung an d’Zerstéckele vun eiser Schoul, sou datt eise gemeinsame Bildungssystem ëmmer méi a Fro gestallt gëtt.


Wat wëllen déi Lénk? Datt all Kand hei zu Lëtzebuerg déi selwecht Bedingungen ugebuede kritt, fir an der Schoul ze reusséieren. D’Schoul muss eng emanzipatoresch Funktioun hunn a gläichzäiteg op d’Beruffsliewe virbereeden. Kritescht Denken an de respektvollen Ëmgang matenaner musse gefërdert ginn.

Wat proposéieren déi Lénk? •

Mëttel- a laangfristeg „Eng Schoul fir alleguerten“ entwéckelen, an där d’Schüler.INN.en bis 16 Joer sollen zesumme mat diversifiéierte Coursen, ee manuellt, fachwëssenschaftlecht an humanistescht Wësse vermëttelt kréien, éier si sech fir eng speziell Orientéierung entscheeden.

Déi ëffentlech Schoul verdeedegen a sech géint all Privatiséierung wieren. Mir setzen eis a fir eng demokratesch a kooperativ Schoul mat enger organisationeller a pädagogescher Autonomie.

E qualitativ héichwäertegen an demokratesche Bildungssystem garantéieren an d’Enseignante entlaaschte mat der Aféierung vu multiprofessionellen Ekippen am Klassesall.


Wirtschaft Lëtzebuerg huet vill Atouten, mä bis elo ass virun allem op problematesch Souveränitéitsnische gesat ginn. Déi Deeler vun der Finanzplaz, déi hir Sue mat Steiertricksereie verdéngen, hunn d’Land international a Verruff bruecht a si laangfristeg net méi ze droen. Op der anerer Säit ass den Ëmschwong op déi nei Ëmwelttechnologië komplett verschlof ginn.


Wat wëllen déi Lénk? Eng Transitioun hin zu engem Modell, dee wirtschaftlech an ökologesch nohalteg ass. D’Wirtschaft muss op stabille Féiss stoen an d’Ëmwelt respektéieren. Donieft brauche mir och méi eng harmonesch Entwécklung mat eisen Nopeschregiounen.

Wat proposéieren déi Lénk? •

Schrëttweis aus de Steiertricksereie vun der Finanzplaz erausklammen, an Zesummenaarbecht mat den internationalen Instanzen.

Aktuell Kompetenzen ausbauen a nei Kompetenzen opbauen, zemools a Wirtschaftssecteuren, déi mat enger nohalteger Entwécklung kompatibel sinn. Dobäi spillen Bildung a Fuerschung eng entscheedend Roll.

Eng méi harmonesch Entwécklung mat de Nopeschregiounen aleeden duerch eng verstäerkte grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht.


Finanzen Säit 40 Joer gëtt stänneg gespuert fir kënne Steiercadeau’e fir Betriber ze finanzéieren. Mëttlerweil hu mer zu Lëtzebuerg déi niddregste Betribsbesteierung a ganz Europa an doduercher entginn dem Staat Recetten a Milliardenhéicht. Donieft profitéiert eng Minoritéit vu Steierprivileegien déi duerch näischt ze rechtfäerdege sinn.


Wat wëllen déi Lénk? D’Recette vum Staat erëm erhéije fir d’Land kënne gutt op d’Zukunft virzebereeden. D’Land steet viru groussen Erausfuerderungen a fir déi resolut kënnen unzegoe brauch de Staat finanziell Moyen’en, e.a. fir eise Sozialsystem ze stäerken a fir de Wunnengs- a Mobilitéitsproblem ze léisen.

Wat proposéieren déi Lénk? •

D’Betriber erëm anstänneg besteieren duerch eng Erhéijung vun den Taux’en an der Bemiessungsgrondlag. Dobäi gëtt et vill Sputt no uewen, och ouni datt d’Betriber fort lafen.

D’Besteierung vun de Kapitalrevenuen (Aktien, Obligatiounen, etc.) progressiv un d’Besteierung vun der Aarbecht upassen. Aktuell gëtt d’Kapital bis zu 5 mol manner besteiert wéi d’Aarbecht.

Steierprivileegien ofschafen, vun där just eng Minoritéit profitéiert. Dozou gehéieren z.B. d’Stock-options, d’Steierbefreiung vun de spezialiséierten Investmentfongen (FIS) oder d’Steierbefreiung vum Méiwäert bei Finanztitelen.


Mobilitéit Bei der Verkéiersinfrastruktur leeft Lëtzebuerg der Entwécklung ëm Joerzéngten hannendrun. Op der Strooss sinn déi wichteg Axen an de Stousszäite komplett iwwerlaascht an den ëffentlechen Transport ass nach net sou wäit, datt en déi stänneg Problemer kéint opfänken. Vill ass an Tëschenzäit an d’Weeër geleet ginn, mä ganz vill bleift nach ze maachen.


Wat wëllen déi Lénk? Den ëffentlechen Transport konsequent ausbauen. Individualverkéier wäert och an Zukunft eng Roll spillen, mä nëmmen den Ausbau vum ëffentlechen Transport kann d’Situatioun dauerhaft entschäerfen. D’Investitiounen an den ëffentlechen Transport mussen dofir wesentlech erhéicht ginn.

Wat proposéieren déi Lénk? •

E regionaalt Express-Schinnenetz (S-Bunn an Tram) muss gebaut ginn tëschent der Haaptstad a regionale multimodale Verkéierspunkten.

Den ëffentlechen Transport muss fir jidderee gratis ginn. Den zousätzleche Käschtepunkt dovunner läit bei 30 Milliounen Euro pro Joer an ass absolut vertrietbar.

D’Mobilitéit muss bei der Landesplanung eng vill méi grouss Roll spillen, fir datt d’Weeër tëschent Wunnen, Schaffen a Fräizäit méi kleng ginn an déi ëmweltfrëndlech Mobilitéit ausgebaut gëtt.


Ëmwelt D’Qualitéit vun der Loft zu Lëtzebuerg ass net déi beschten duerch de ville Verkéier. D’Biedem an d’Grondwaasser si staark belaascht, sou datt d’Versuergung mat Drénkwaasser ëmmer méi opwänneg gëtt. Donieft hëlt d’Biodiversitéit stänneg of, wouduerch eis Ekosystemer net méi am Gläichgewiicht sinn. D’Konsequenzen dovunner ginn ëmmer méi spierbar fir de Mënsch.


Wat wëllen déi Lénk? De Klimawandel eescht huelen an d’Energietransitioun behäerzt ugoen. Eng intakt Ëmwelt ass vun zentraler Bedeitung, och fir d’Liewensqualitéit vun de Leit. D’Landwirtschaft spillt beim Naturschutz eng wichteg Roll, well si huet e groussen Impakt op d’Biodiversitéit an op d’Qualitéit vun de Biedem an dem Waasser.

Wat proposéieren déi Lénk? •

Bis 2050 muss eis Elektrizitéit zu 100% aus erneierbaren Energie kommen. Dobäi ass et wichteg op eng dezentral Produktioun ze setzen an d’Stroumnetzer erëm ënner staatlech Kontroll ze bréngen.

D’Landwirtschaft muss sech ëmstellen a no enger Iwwergangszäit op chemesch Pestiziden an Dünger verzichten.

De Verbrauch u Ressource muss reduzéiert ginn duerch eng Steigerung vun der Energieeffizienz, dem Ausbau vun der Kreeslafwirtschaft an duerch méi e spuersamen Ëmgank mam Waasser.


Demokratie All 5 Joer gëtt e Parlament gewielt an dertëschent kënnen d’Politiker maache wat se wëllen. Mëttlerweil weess kee méi genee, iwwer wat d’Vollek iwwerhaapt nach decidéieren däerf. Op der Aarbecht gëtt et wéineg Matbestëmmung.


Wat wëllen déi Lénk? Eis Demokratie beliewen. D‘Matbestëmmung ka sech net nëmme just op periodesch Wahle begrenzen, mä muss am Alldag praktizéiert ginn: an de Schoulen, op der Aarbecht an am ëffentleche Raum. Nëmme wann all d’Biergerinnen a Bierger agebonne ginn, ka Politik am Interessi vun der Allgemengheet gemaach ginn.

Wat proposéieren déi Lénk? •

Eng nei Verfassung muss ausgeschafft ginn, déi allen Awunner an Awunnerinnen vu Lëtzebuerg nei demokratesch Rechter garantéiert. Dobäi mussen se reegelméisseg consultéiert ginn.

De politeschen Engagement vun de Leit fërderen andeems och d’ëffentlech Debatten an der Chamber op ob mannst zwou aner vill geschwate Sproochen iwwersat ginn.

D’Recht op Matbestëmmung op der Aarbecht ausbauen, och bäi Wirtschaftsfroen. Dat gëllt fir den ëffentlechen an de private Secteur.


Nei Technologien Déi nei digital Technologië sinn aus eisem Liewen net méi ewech ze denken a veränneren eis Gesellschaft op ganz grondsätzlech Manéier. Trotzdeem gëtt et nach ëmmer keng kohärent Digitalpolitik, déi sech mat de Konsequenze vun der Digitaliséierung ausernee setzt an hir Auswierkungen op de sozialen Zesummenhalt, op d’Wirtschaft oder op d’Ëmwelt encadréiert.


Wat wëllen déi Lénk? Den Zougank zu digitalen ëffentleche Servicer ausbauen. Et geet drëms, den ëffentleche Raum am Internet ze vergréisseren anstatt d’Muecht vun e puer internationalen Entreprisen. D’Privatsphär muss geschützt an d’Neutralitéit vum Internet garantéiert sinn.

Wat proposéieren déi Lénk? •

D’Netzneutralitéit muss an eiser Gesetzgebung verankert ginn. Eng eenheetlech Internetoffer, déi Daten gläichberechtegt an net-diskriminéierend transportéiert (schnellen Internet fir jiddereen), an fir jidderee gläich zougänglech Netzer, musse garantéiert sinn.

All Biergerin a Bierger muss vum Staat e private virtuelle Raum zur Verfügung gestallt kréien, mat enger E-Mail-Adress, enger Späicherkapazitéit a fräi zougänglechen Online-Programmer.

Déi ëffentlech Fuerschung am Beräich vun de neien Technologië muss gestäerkt ginn. E staatleche Labo soll digital Léisungen ausschaffen, déi der ganzer Bevëlkerung zegutt kommen.


An dës kleng Broschür hu leider nëmmen e puer wéineg Iddien a Propose vun déi Lénk gepasst. Wann dir méi wësse wëllt, iwwert déi Verännerung, fir déi mir eis engagéieren, da kuckt Iech eise ganze Programm un op :

2018.dei-lenk.lu

déi Lénk – politesch Beweegung B.P. 817 L-2018 Luxembourg Telefon : 26 20 20 72 Fax : 26 20 20 73 Email : info@dei-lenk.lu CCPLLULL: IBAN LU41 1111 1549 7465 0000 BCEELULL: IBAN LU24 0019 1300 4344 5000 Zu Lëtzebuerg gedréckt op zu 100% recycléiertem Pabeier. Klimaneutralen Drock.


La présente brochure n’a pu contenir qu’un petit nombre d’idées et de propositions de déi Lénk. Si vous voulez savoir plus sur le changement pour lequel nous nous engageons, consultez tout notre programme sur :

2018.dei-lenk.lu

déi Lénk – mouvement politique B.P. 817 L-2018 Luxembourg Téléphone : 26 20 20 72 Fax : 26 20 20 73 Email : info@dei-lenk.lu CCPLLULL: IBAN LU41 1111 1549 7465 0000 BCEELULL: IBAN LU24 0019 1300 4344 5000 Imprimé au Luxembourg sur papier 100% recyclé. Impression climatiquement neutre.


Que veut déi Lénk ? Promouvoir l’accès en ligne aux services publics. Développer l’espace public sur Internet et non pas le pouvoir de quelques multinationales. Protéger la vie privée et garantir la neutralité d‘Internet.

Que propose déi Lénk ?

Offrir à toute citoyenne et tout citoyen un espace virtuel incluant une adresse e-mail, un espace de stockage et un accès gratuit à des logiciels libres utilisables en ligne.

Inscrire dans la loi la neutralité du net. Garantir sur Internet une offre qui comporte un traitement égal et sans discrimination des flux de données (Internet à grande vitesse pour tout le monde) ainsi que des réseaux également accessibles pour toutes et tous.

Renforcer la recherche publique dans le domaine des nouvelles technologies. Faire développer par un laboratoire de l’Etat des solutions numériques dont peut bénéficier toute la population.


Nouvelles technologies Nous ne pouvons plus imaginer notre vie sans les nouvelles technologies digitales qui transforment notre société d’une manière radicale. Et pourtant, il n’existe pas encore de politique numérique cohérente, permettant d’affronter les conséquences de la numérisation et d’évaluer ses incidences sur la cohésion sociale, l’économie ou l’environnement.


Que veut déi Lénk ? Vivifier la démocratie. La participation aux décisions ne peut pas se limiter à des élections périodiques mais doit s’exercer au quotidien : dans les écoles, au travail et dans l’espace public. Seulement si toutes les citoyennes et tous les citoyens sont impliqué.e.s, la politique peut se faire dans l’intérêt général.

Que propose déi Lénk ?

Etendre le droit de participer à la prise de décisions sur le lieu de travail, y compris sur des questions économiques, aussi bien dans le secteur public que privé.

Favoriser l’engagement politique de toutes et de tous, en traduisant en d’autres langues majoritairement parlées dans le pays, les débats publics à la Chambre des députés.

Elaborer une nouvelle constitution qui garantit de nouveaux droits démocratiques à tou.te.s les résident.e.s du Luxembourg dont la consultation régulière doit devenir la règle.

Nei


Démocratie Tous les 5 ans est élu un parlement, et en attendant les prochaines élections, les député.e.s peuvent faire ce qu’ils/elles veulent. Entre-temps personne ne sait plus au juste de quoi peut encore décider le peuple. Aux lieux de travail, les droits de participation sont limités.


Que veut déi Lénk ? Prendre au sérieux le changement climatique et aborder résolument la transition énergétique. Viser un environnement intact, d’une importance capitale pour la qualité de vie de la population. Donner à l’agriculture un rôle important dans la protection de la nature, vu son impact sur la biodiversité et la qualité des sols et de l’eau.

Que propose déi Lénk ?

Il faut réduire la consommation de ressources par une augmentation de l’efficacité énergétique, le développement de l’économie circulaire et une utilisation parcimonieuse de l’eau.

L’agriculture doit changer et, après une période transitoire, renoncer aux pesticides et engrais chimiques.

D’ici 2050, l’électricité doit provenir à 100% d‘énergies renouvelables. Il faut tendre vers une production décentralisée et replacer les réseaux électriques sous le contrôle de l’Etat.


Environnement A cause du trafic intense, la qualité de l’air au Luxembourg n’est pas la meilleure. Les sols et les eaux souterraines sont fortement contaminés, en sorte que l’approvisionnement en eau potable devient de plus en plus couteux et difficile. La biodiversité diminue constamment, ce qui provoque un déséquilibre des systèmes écologiques, avec des conséquences de plus en plus sensibles pour les humains.


Que veut déi Lénk ? Développer les transports publics de manière conséquente, car même si le transport individuel continue à jouer un rôle à l’avenir, seulement ce développement peut désamorcer de façon permanente la situation difficile actuelle. Pour cette raison, augmenter sensiblement les investissements dans les transports publics.

Que propose déi Lénk ?

Généraliser la gratuité des transports en commun ce qui génère des frais supplémentaires absolument justifiables de 30 millions d’euros par an.

Créer un réseau express régional sur rail (RER et tram) entre la capitale et des pôles d’échange multimodal régionaux.

Conférer à la mobilité un rôle accru dans le cadre de l’aménagement du territoire afin de réduire les distances entre les lieux de résidence, de travail et de loisirs et de favoriser la mobilité douce.


Mobilité En matière de mobilité, les infrastructures au Luxembourg ont un retard sur l’évolution de plusieurs décennies. Aux heures de pointe, les principaux axes routiers sont complètement saturés, et les transports publics ne sont pas encore prêts à en résoudre les problèmes constants. Beaucoup d’initiatives ont été lancées entre-temps, mais il reste énormément à faire.


Que veut déi Lénk ? Augmenter de nouveau les recettes de l’Etat pour pouvoir préparer l’avenir du pays. Garantir à l’Etat les moyens financiers dont il a besoin pour répondre aux grands défis que sont le renforcement du système social et la solution des problèmes du logement et de la mobilité.

Que propose déi Lénk ?

Abolir les avantages fiscaux (dont profite seulement une minorité), p. ex. ceux inhérents aux « stock-options », l’exonération pour les fonds d’investissements spécialisés (FIS) ou des plusvalues réalisées sur les ventes de titres financiers.

Adapter progressivement l’imposition des revenus du capital (actions, obligations, etc.) à celle du travail, alors qu’actuellement le capital est imposé jusqu’à 5 fois moins que le travail.

Imposer de nouveau convenablement les entreprises à travers une augmentation des taux et de la base d’imposition, ce qui est possible grâce à une marge suffisante pour éviter leur départ.


Finances Depuis 40 ans, l’Etat réduit constamment ses dépenses afin de pouvoir financer les cadeaux aux entreprises. Entre-temps, l’imposition des entreprises au Luxembourg est la plus faible en Europe, ce qui signifie que des recettes possibles de plusieurs milliards d’Euro échappent à l’Etat. D’autre part, une minorité profite de privilèges fiscaux nullement justifiés.


Que veut déi Lénk ? Une transition vers un modèle économiquement et écologiquement durable. Une économie stable et respectueuse de l’environnement. En outre, un développement plus harmonieux avec les régions voisines.

Que propose déi Lénk ?

Promouvoir un développement plus harmonieux avec les régions voisines grâce à une coopération transfrontalière renforcée.

Développer des compétences actuelles et des compétences nouvelles, surtout dans des secteurs économiques compatibles avec un développement durable, en accordant un rôle décisif à l’étude et la recherche.

Sortir progressivement des activités de la place financière liées à l‘évasion fiscale, en coopérant avec les instances internationales.


Economie Le Luxembourg dispose de nombreux atouts, mais jusqu’à présent on a misé surtout sur les douteuses niches fiscales souveraines. Les secteurs de la place financière qui tirent leurs gains de l’évasion fiscale ont discrédité le pays à l’étranger et ne peuvent plus être maintenus à long terme. D’un autre côté, on a complètement raté la transition vers les nouvelles technologies environnementales.


Que veut déi Lénk ? Offrir à tous les enfants au Luxembourg les mêmes conditions pour réussir dans une école ayant une fonction émancipatrice et préparant en même temps à la vie professionnelle. Développer la pensée critique et le vivre-ensemble reposant sur le respect mutuel.

Que propose déi Lénk ?

Garantir un système éducatif démocratique de qualité en déchargeant les enseignants par l’introduction d’équipes multi-professionnelles dans la salle de classe.

Défendre l’école publique contre toute privatisation. S’engager pour une école démocratique et coopérative impliquant une autonomie organisationnelle et pédagogique.

Développer à moyen et long terme « une école pour tous » où, jusqu’à l’âge de 16 ans et avant de s’orienter vers des filières spécialisées, les élèves suivront ensemble le même enseignement comprenant des cours dans lesquels sont transmis des savoirs manuels, scientifiques et humanistes.


Education Dans le système éducatif luxembourgeois, les enfants sont orientés beaucoup trop tôt dans une direction qui détermine en grande partie leur avenir. En outre, des réformes récentes ont donné le coup de départ à la privatisation et au morcèlement de l’école, ce qui fait que notre système éducatif commun est de plus en plus mis en question.


Que veut déi Lénk ? Défendre notre système de santé universel et public et l’améliorer en maints domaines, de manière à garantir les meilleurs soins pour tout le monde. Empêcher des privatisations dans le domaine de la santé afin d’éviter une médecine de classe.

Que propose déi Lénk ?

Développer les infrastructures publiques pour personnes âgées (comme le logement encadré et les maisons de soins) et les centres de gériatrie et soutenir des modèles de cohabitation intergénérationnelle.

Doter les services d’urgence du personnel et des infrastructures nécessaires et élargir l’offre des maisons médicales sur l’ensemble du territoire.

Généraliser le principe du Tiers payant avec une prise en charge directe à 100% des frais de santé par la CNS.


Santé La politique de la santé des années et des décennies passées visait surtout à réduire les dépenses. C’est ce que montraient aussi les récentes réformes hospitalière et de l’assurance dépendance. Ainsi la santé devient une marchandise et, de plus en plus, un marché lucratif pour des acteurs privés.


Que veut déi Lénk ? Mettre enfin l’Etat devant ses responsabilités. Le marché libre ayant échoué, construire massivement des logements publics locatifs, afin que les prix se stabilisent de nouveau. Combattre la spéculation et renforcer les droits des locataires.

Que propose déi Lénk ?

Faciliter aux locataires l‘accès à un logement en mettant les frais d’agence à charge du commanditaire (généralement le propriétaire) et en tenant compte, pour le calcul du loyer légal maximal, du coût de la vie réel.

Taxer les terrains à bâtir non viabilisés et les habitations non louées pour des raisons uniquement spéculatives.

Au lieu de spéculer sur les marchés financiers, investir une partie de la réserve du Fonds de compensation dans la construction de nouveaux logements, qui seront donnés en location par les pouvoirs publics pour un loyer correct.


Logement La crise du logement constitue actuellement un des problèmes majeurs. De plus en plus de jeunes familles ne peuvent plus se payer de logement dans ce pays, doivent s’endetter fortement ou émigrer dans les zones frontalières de la Grande Région. Alors que des spéculateurs immobiliers se remplissent les poches, le commun des mortels peine toute sa vie pour avoir un toit sur la tête.


Que veut déi Lénk ? Soutenir davantage les familles. A moyen terme, faire de l’accueil et de la garde des enfants un service public gratuit, tout comme pour les écoles. Parallèlement, permettre aux parents de passer plus de temps avec leurs enfants.

Que propose déi Lénk ?

Une prolongation du congé parental de 6 mois actuellement à 1 année à plein temps pour chacun des parents.

Une indexation automatique des allocations familiales et l’augmentation progressive de leur montant en fonction de l’âge de l’enfant, afin de pouvoir faire face à l’évolution des coûts de la vie.

Un développement par étapes de l’offre des structures d’accueil et de garde pour enfants dans le but d’en faire un service public gratuit.


Famille Les aides aux familles ont diminué ces dernières années, surtout à la suite de la réduction des allocations pour enfants et des bourses étudiantes. Le congé parental est certes devenu plus flexible, mais ne dure pas plus longtemps. L’accueil et la garde des enfants repose surtout sur des structures privées subventionnées par le système des Chèques Service.


Que veut déi Lénk ? Maintenir et développer notre système de sécurité sociale. Les pensions doivent être revalorisées. En contrepartie, les revenus élevés doivent de nouveau contribuer davantage au financement du système social.

Que propose déi Lénk ? •

Abolir la réduction structurelle des pensions de 2012 et réintroduire leur ajustement automatique à l’évolution des salaires. Supprimer le plafonnement des cotisations (actuellement 5 fois le salaire social minimum) afin que les revenus élevés contribuent davantage au financement des pensions.

Introduire, pendant la carrière active, des modèles de crédit-temps en vue de projets personnels, de formations ou d’un ressourcement. Un tel crédit-temps garantit une sécurité financière pendant le temps libre.

Introduire une allocation d’autonomie de 400 euros par mois pour tous les jeunes à partir de 18 ans qui font des études ou sont en formation.


Politique sociale Notre système de sécurité sociale est un des plus grands acquis du 20e siècle. Néanmoins, il est constamment mis en question par des réformes néolibérales, par une dégradation des prestations par exemple ou un chemin toujours plus long vers la retraite, alors que la part patronale aux cotisations n’a plus été augmentée depuis 40 ans.


Que veut déi Lénk ? Que le travail paye. Les personnes qui travaillent doivent pouvoir vivre de leur salaire. La société a besoin de tout le monde, et chacun et chacune qui peut et veut travailler doit en avoir la possibilité. En même temps, les gens doivent avoir de nouveau plus de temps pour eux-mêmes et leur famille.

Que propose déi Lénk ? • •

Une augmentation du salaire minimum brut à 60% du salaire médian (actuellement 2380 euros), en sorte qu’il se situe clairement au-dessus du seuil de pauvreté. Une réduction progressive du temps de travail à 32 heures par semaine jusqu’en 2030. Durant la phase transitoire, des aides financières sont à accorder aux petites et moyennes entreprises afin qu’elles puissent garantir une compensation salariale complète. Déjà en 2019, une 6e semaine de congé doit être introduite. Un droit au travail grâce au principe de « l’Etat employeur en dernier ressort ». Chacun et chacune qui peut et veut travailler doit se voir offrir par l’Etat un travail adapté.


Travail Entre-temps, 12% des personnes qui travaillent vivent au-dessous du seuil de pauvreté, et le chômage se maintient à un niveau élevé. Alors que la productivité continue à augmenter, le temps de travail n’a plus diminué depuis 1975, en sorte que presque nulle part en Europe on ne travaille autant d’heures par semaine qu’au Luxembourg. Le progrès social s’est donc arrêté.


Le pays doit faire face à de grands défis, tant sur le plan social que sur les plans économique et écologique. Poursuivre la politique actuelle, c’est renforcer les inégalités sociales et polluer davantage l’environnement. Le changement constitue une chance pour un nouveau départ. Le Luxembourg recèle de nombreuses capacités et de nombreuses ressources. Ensemble, nous pouvons mettre en marche de nombreux processus. déi Lénk est prêt à relever les défis de l‘avenir. Dans la brochure que vous tenez en main, nous vous présentons certaines de nos idées et propositions.

2018.dei-lenk.lu



EngagĂŠ.e.s pour le changement.

L’essentiel de notre programme.


Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.