bulli Summer 2018

Page 18

Visite CURIA-Tower 3 30.03.2018 | Lëtzebuerg

Fotoen: Drees & Sommer

Den Freideg den 30sten Mäerz hunn sech eng kleng Grupp vun 10-15 Studenten virun dem Chantier vun dem europäeschen Geriichtshaff zesummefonnt. Ugeschloen war eng Visite Guidée vum 3ten Tuerm deen am Bau ass. D‘Firma Drees & Sommer huet sech bereet erkläert fir des Visite ze organiséieren och wann d‘Grupp no um Limitt vun der acceptabeler Gréisst fir sou Chantiers-Visiten louch. En decken Merci un dëser Platz fir den Asatz! Den Opener vun der Visite huet am on-site Meetingraum stattfonnt. Dëst a Form vun enger klenger Presentatioun vun Säiten vum Maximilien Ast, dem Gérant vun Drees & Sommer Luxembourg / France. Dësen huet d‘Haapt Innovatiouns Themen vun der Firma ugeschwat déi do wieren Cradle-to-Grave vun Gebaier an Infrastruktur, gesond Bauen an aner Projeten wei zb den Cube zu Berlin erläutert déi des Konzepter verënnerlechen. Den zweeten Presenter vum Metting war den Christian Zanter, Project Partner bei Drees & Sommer Luxembourg. Hien huet munch interessant Aspekter vun der AarbechtsMentalitéit bei Drees & Sommer ugeschwat, wéi z.B. den Fait, dass jiddereen ëmmer op enaner zielen kann an d‘Méiglechkeet kritt fir seng Ideen ze deelen an ze entwéckelen. Dëst ass en wichtegt Standbeen fir d‘Innovatioun. Och d‘Internationalitéit bei Drees & Sommer ass en grousst Thema. Sie

18 l bulli Summer 2018

hunn vill Standpunkter uechtert Welt. Esou kooperéieren d‘Standpunkter vun Bréissel, Paräis an Lëtzebuerg, fir hier speziell Expertisen zesummenzeféieren an Projeten méi effizient an ressourcëschounend ze beschaafen. All Joer rekrutéiert Drees & Sommer em déi 350 Studenten fir d‘Posten ze decken déi ufalen. Iert et dann op de Chantier selwer gaangen ass, huet d‘Architektin Isabelle Wertz eis nach d‘Éier erwisen an den Projet méi spezifesch erläutert. D‘Firma Drees & Sommer spillt um Site vun dem europäeschen Geriichtshaff an den ungrenzenden Gebaier verschidden wichteg Rollen. Ënnert anerem d‘Roll vum Technical Advisor fir d‘Institutioun vum europäeschen Geriichtshaff. Sie setzen sech fir d‘Zieler vun hirem Client an, an kontrolléieren, dass alles säi richtegen Wee geet um Chantier an comme-il-faut ëmgesat gëtt an dat all d‘Normen an Ofkommes vun den Baufirmen agehalen ginn. Den Tuerm selwer ass wei gesot den 3ten Tuerm vum Geriichtshaff an ass spéider och direkt mat den aneren Gebaier vum existéierenden Geriichtshaff ugebonnen. Den Tuerm gëtt dat héchst Gebai vun Lëtzebuerg mat sengen 26eg Stäck déi sech op 115 Meter opdeelen. Déi particulilar Challengen déi dësen Chantier opweisen sinn z.B. déi néi Oplagen fir Nausivitéit vun den Baustoffer déi Visite CURIA-Tower 3


Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.