bulli Wanter 2022

Page 1

bulli Wanter 2022

Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois
WIR BAUEN DIE ZUKUNFT. steffen-holzbau.lu MONDERCANGE ATELIER COMMUNAL Steffen Holzbau S.A. 13, rue de Flaxweiler L-6776 Grevenmacher T +352 719686-0 info@steffen-holzbau.lu

Virwuert

Léif Memberen, léif Partner*innen, schonn erëm kënnt e Joer op en Enn. Domat ass et un der Zäit eise Sponsoren, déi eis am Joer 2022 begleet hunn, ee grousse Merci fir hier Ënnerstëtzung auszeschwätzen. Mee virun allem och eise Memberen, ouni déi mer guer keng Existenzgrondlag hätten.

Ech profitéieren dann och vun dëser Méiglechkeet dem Comité fir déi geleeschten Aarbecht villmools Merci ze soe. Et war mir eng Éier däerfen der ANEIL als Presidentin ze déngen an hoffen op nach ee weidert erfollegräicht Joer. Mir kënne stolz op etlech wichteg an interessant Aktivitéiten zréckblécken, wéi zum Beispill eis Table Ronde, déi dëst Joer fir d‘éischt an engem neie Kader stattfonnt hutt. Mat vill positiver Resonanz kënne mer op eng gelonge Rees op Kopenhagen zréckkucken. Interessant Beiträg konnt een op der EYE zu Lissabon am Fréijoer 2022 lauschteren, hei sief och schonn emol op

déi nächst Konferenz, den 11.-14. Mee 2023 zu Den Haag verwisen. A villes méi.

Dir sidd all häerzlech agelueden de 27. Dezember un eiser Assemblée Générale am Forum Da Vinci an der Stad Lëtzebuerg deelzehuelen. Ugefaange mat engem Réckbléck, gefollegt vun oppenen Diskussiounen an engem Patt féiere mir iech duerch den Owend. Falls och Du een Deel zum Erhalt vun den Ingenieurswëssenschaften an Naturwëssenschafte wëlls bäidroen, an däin Interessi aktiv wëlls un Schüler*inne weiderginn, da mell dech gären ënnert contact@aneil.lu.

Ech wënschen iech schéi Feierdeeg a, falls mir eis net de 27. Dezember op eiser AG gesinn, och direkt ee gudde Rutsch an d‘Joer 2023.

Fir de Comité, Lisa

bulli Wanter 2022 3 l
Virwuert
Foto: Lisa Schweig

Iwwersiicht

Virwuert 3 Comité 2022 6 REEL‘22 HD|KA 9 Interview Karp-Kneip 15 Masteraarbecht vum Andreia Alves C. 21 ANEIL-Rees op Kopenhagen 25 Interview Global Facilities 35 Studieninformatiounen & Studentefoire 38 Prix Enovos 41 125 Joer IngSci 44 Interview INCA 49 Visitt zu Cattenom 53 Member Statistiken 56 Memberskaart 2023 59

Impressum

Responsablen Editeur: Association Nationale des Étudiants Ingénieurs Luxembourgeois a.s.b.l. (ANEIL) 6, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 Luxembourg tél.: +352 45 13 54 Internet: www.aneil.lu Email: contact@aneil.lu BCEE: IBAN LU54 0019 4200 0727 3000

Chefredakter: Alex Junck

Redakteren: Alex Junck Christian Thillens Maly Arens Felix Rippinger Justine Welter Thierry Nelissen Barbara Hougardy Lisa Schweig Andreia Alves Cardoso Felix Rippinger Lynn Aachen

Layout: Alex Junck Max Schmitz

Cover: Lisa Schweig

Drock: reka 2A, ZARE ILOT EST L-4385 Ehlerange Luxembourg +352 482636-1 www. info@reka.lu

De bulli kënnt 3 Mol am Joer eraus an huet eng Oplag vu 270 Exemplären. D’Reproduktioun vun den Artikelen ass grondsätzlech erlaabt wann d’Quell ugi gëtt. D’ANEIL ass awer net verantwortlech fir de Gebrauch deen domat kéint gemaach ginn. D’Artikelen engagéieren nëmmen den Auteur. De Pabeier vun dësem Bulli ass FSC zertifizéiert.

4 l bulli Wanter 2022

Assemblée Générale 2022

27.12.2022 | 20:00 | Forum da Vinci

Léiwe Member, Heimat hu mir d’Éier dech op eis alljärlech Generalversammlung anzelueden. Dëst Joer fënnt se um traditionellen Datum, dem 27. Dezember, statt. Dat Ganzt wäert wéi gewinnt am Forum da Vinci (6 Bd Grande-Duchesse Charlotte, 1330 Luxembourg, Luxemburg) sinn.

Em 19:00 Auer stäerke mir eis mat Pizza an Gedrénks, fir dann ëm 20:00 Auer mat voller Energie mat dem Ordre du Jour vun der Assemblée générale kënnen ze starten. Wann s du interesséiert bass dat nächst Joer eng Charge am Comité z’iwwerhuelen, da bass du häerzlech agelueden deng Kandidatur bis de 15. Dezember per E-Mail (contact@aneil.lu) oder perséinlech bei engem vum Comité eranzereechen.

Fir all weider Froe kanns du dech gäre beim Comité mellen.

Comité 2022

Lisa Schweig Présidente

Oochen Wirtschaftsingenieur Fachrichtung Bauingenieur

lisa.schweig@aneil.lu

Lynn Aachen Secrétaire

Oochen Nohalteg Rohstoff- & Energieversuergung lynn.aachen@aneil.lu

Lynn Winkin

Responsable Partenaires

Oochen Bauingenieur lynn.winkin@aneil.lu

Justine Welter

Responsable Foire & Informations sur les études Oochen Ëmweltingenieur

justine.welter@aneil.lu

Oochen Wirtschaftsingenieur & Elektresch Energietechnik

charly.huberty@aneil.lu

Charles Muller Trésorier

Karlsruhe Mechatronik & Informationstechnik

charles.muller@aneil.lu

Alex Thiry

Responsable Table Ronde München Bauingenieur

alex.thiry@aneil.lu

Alex Junck

Responsable Publications Oochen Bauingenieur

alex.junck@aneil.lu

6 l bulli Wanter 2022
Comité 2022

Lilli Gales

Responsable Voyages

Oochen Ëmweltingenieur

lilli.gales@aneil.lu

Loïc Wagner

Responsable Visites

Oochen Nohalteg Energieversuergung loic.wagner@aneil.lu

Olivier Bormann

Oochen Elektrotechnik

olivier.bormann@aneil.lu

Barbara Hougardy

Responsable Site Internet

Oochen Maschinnebau

barbara.hougardy@aneil.lu

Felix Bauer

Responsable Social Media Oochen Bauingenieur felix.bauer@aneil.lu

Pit Bechtold

Zürech Elektrotechnik pit.bechtold@aneil.lu

bulli Wanter 2022 7 l
Comité 2022

Parce qu’agir pour le climat et contribuer à la transition énergétique est important, nous contribuons à façonner notre avenir. Parce que le changement climatique et la transition énergétique nous concernent tous, nous pensons que nous devons agir ensemble pour construire notre avenir.

Nous croyons que chacun a un rôle à jouer. Nous pensons que chaque effort compte et que les petites choses peuvent faire une grande différence.

ENSEMBLE

C’est pourquoi nous nous employons à promouvoir ce qui compte pour nos partenaires et les personnes que nous conseillons, ainsi que pour notre personnel.

Nous encourageons nos collaborateurs à rechercher de nouvelles solutions et de nouveaux horizons.

Nous sommes Klima-Agence. Êtes-vous prêt à nous rejoindre ?

klima-agence.lu/monfuturjob

Shaping our future together

REEL‘22

29.09-02.10.2022 | Heidelberg & Karlsruhe, Däitschland

Vum 29. September bis den 2. Oktober huet d‘REEL zu Heidelberg a Karlsruhe stattfonnt. Dëst Joer waren nieft 6 Leit aus dem Comité, och eng ganz Partie ANEILMemberen um Dill. Karlsruhe an Heidelberg sinn zwee schéi Stied a Baden-Württemberg, Däitschland. Mat dem Karlsruher Institut für Technologie, kuerz KIT, huet besonnesch Karlsruhe vill Studenten déi an dem MINTBeräich falen an deementspriechend potenziell respektiv effektiv Membere vun der ANEIL sinn. Dowéinst huet sech des REEL wéi ëmmer gutt ugebueden, fir d’ANEIL ënnert de Studente méi bekannt ze maachen. D’REEL eegent sech ëmmer extra gutt fir nei Leit kennenzeléieren an och Leit di ee well kennt erëmzegesinn. Niewent dem sozialen Aspekt, ass d’REEL och do fir sech iwwert Themen auszetauschen déi de Studente wichteg sinn. Politiker a Vertrieder aus der Aarbechtswelt huelen sech Zäit fir mat de Studenten an d’Gespréich ze kommen. Des REEL hat als Thema: „Bachelor-Inflation - Was ist mein Abschluss noch wert?“

Fréi moies sinn 2 Buse vu Lëtzebuerg aus op de Site vun der Karlsruher Uni gefuer. Do huet den offizielle Programm mat enger klenger Stäerkung a Workshops vun der ACEL ugefaangen, wou d’Memberen tëscht verschiddenen Thematike wiele konnten. Et konnt en entweder um Workshop ‘‘Student fir 1 Dag‘‘, ‘‘Méi nohalteg ginn‘‘, ‘‘Post-Corna: Reset?‘‘ deelhuelen an do iwwert di aktuell Probleemer an eventuell Léisungen diskutéieren. Uschléissend si mer zesummen an den Zentrum

spadséiert wou mer zu Mëtteg an engem Italiener giess hunn. Duerno huet de Rallye duerch Karlsruhe d’Méiglechkeet gebueden éischt nei Bekanntschaften ze schléissen. D’Gruppe waren sou gemëscht soudass ee mat ville verschiddene Leit aus anere Cerclen di verschidde Statioune vum Rallye konnt bewältegen. Nom Owesiessen si mer an d’Busen geklommen, déi eis dann op Heidelberg an den Hotel gefouert hunn. Vun do aus ass et dunn an e Club gaange fir op der Soirée Publique d’Danzbee bis spéit an d’Nuecht eran ze schwéngen.

bulli Wanter 2022 9 l
REEL’22 HD|KA
All Fotoen: Lisa Schweig & Charles Muller Gruppefoto op der Molkenkur, HD Däi REEL-Comité 2022

No enger kuerzer Nuecht ass et dunn Freidegmoies op verschidde Visitte gaangen: Mir haten de Choix tëscht der Körperweltenausstellung zu Heidelberg, dem Heidelberger Schlass, dem Historischen Museum der Pfalz (Speyer) an dem Hockenheimring. No engem flotte Mëttegiessen an engem Restaurant an der historescher Alstad vun Heidelberg ass et op den Unicampus vun Heidelberg gaangen, wou d’Partnerfoire um Programm stoung. No allgemenge Partnervirträg konnt een sech fir wëssenschaftlech/ingenieurstechnesch oder wirtschaftlech Virträg umellen. Bei dëse Virträg haten d’Partneren d’Méiglechkeet sech virzestellen an hier Stage- a Jobméiglechkeete bei hinne virzestellen. Duerno konnten sech d’Studenten a Partner informal bei engem Walking Dinner a Patt austauschen a Kontakt knäppen. Mat steigender Heiterkeet gouf sech dunn op de Wee gemaach, fir op der Soirée Privée d’Nuecht zum Dag ze maachen. An jo, och d’Partner si mat op den Tour gaangen.

d’Heidelberger Wäibierg gefuer fir an der Molkenkur, mat enger flotter Vue op Heidelberg, zu Mëtteg z’iessen. Do koum och den Ierfgroussherzog Guillaume laanscht, dee mam Wilhelmus empfaange gouf. Nom Iessen hate mer och d’Méiglechkeet dem Guillaume dat flott REEL’s Litt ze sangen. Duerno goung et am Alten Frauenbad mat der politescher Table Ronde virun. Kärtheme waren de Wäertverloscht vum Bachelor an d’Aarbechtssituatioun zu Lëtzebuerg an et gouf eng flott Diskussioun tëscht de verschidde Politiker gefouert . Uschléissend konnten d’Studenten hier Froen direkt un de Minister Claude Meisch (DP), Co-Fraktiounspresidentin Madamme Martine Hansen (CSV), Aarbeschtskommissair Nicolas Schmit (LSAP) an den Här Carlo Frising vun der Chambre des Salariés stellen. Gläichzäiteg huet d’ACEL-Präsidentin Polina Bashlay d’Interesse vun de Studente vertrueden. No engem kuerzen Ëmbau vum am Alten Frauenbad gouf do dunn och mat engem 3 Gänge-Menu gutt giess. Nodeems d’Dëscher wechgeraumt waren an d’Musek opgedréint

10 l bulli Wanter 2022 REEL’22 HD|KA
Den drëtten Dag, d’Journée Chique, huet mat engem Monolog vum Minister Här Georges Engel am Alten Frauenbad ugefaangen. Uschléissend si mer dunn an Visitt vum Heidelberger Schlass Partnervirträg

Op Wënsch lauschteren.

Deen een ass de gebuerenen Ingenieur. Anerer si vu Klengem u frou mat der Natur oder mat Sproochen. Nach anerer wollte schonn ëmmer Polizist ginn. An de verschiddene Ministèren a Verwaltunge vum Land fannt Dir Plazen, wou Dir Är Dreem an Ziler verwierkleche kënnt. Well Dir sollt e Beruff ausüben, dee bei Iech passt. -

Mir kucken, fir wat Dir gemaach sidd.

Vos talents au service du citoyen

Sou wéi de Jérôme, Chef de projet Économie circulaire beim Wirtschaftsministère, kommt och Dir bei eis!

war, gouf bis zu spéider Stonn gedanzt a gefeiert. Jiddereen hutt dëse leschten Owend vun der REEL nach voll a ganz wollte genéissen an et gouf nach alles ginn.

bulli Wanter 2022 13 l REEL’22 HD|KA
De Wilhelmus gouf fir... ...den Ierfgroussherzog ugestëmmt Däin ANEIL-Comité op der REEL Table Ronde Monolog vum Minister Här Georges Engel

No 3 Nuechte mat chronesche Schlofmangel, gouf de leschten Dag mat engem gudde Brunch zu Heidelberg agelaut. Wärend di eng mam Kapp um Dësch louchen an hier Decisioun vu leschter Nuecht iwwerdenken, schloen sech anerer d’Panz gutt voll. Duerno goung et weider mat de Buse fir déi lescht Aktivitéite vun der REEL’22 an Ugrëff ze huelen. D’REELaner haten de Choix tëscht engem Openthalt am Europabad zu Karlsruhe, der

Visitte vun enger Brauerei oder dem Technikmuseum zu Sinsheim. Duerno huet sech déi ganz Trupp nach emol op der Gare zu Karlsruhe getraff fir d’Gewënner vum Rallye an de Mr. a Mrs REEL an Onbeléift ze küren. Et war eng immense flott REEL, wou mer vill nei Frëndschafte geschloss hunn. Mir soen dohier dem Comité vun der REEL’22 HD|KA e GROUSSE MERCI a mir freeën eis schonn op déi nächst REEL!

Auteuren: Alex Junck, Justine Welter & Lynn Aachen

14 l bulli Wanter 2022 REEL’22 HD|KA

Interview mat Karp-Kneip

2022 | Interview mam Christophe Thiry

Stellt Dech kuerz fir? Wien bass Du?

Mäin Numm ass Christophe Thiry, 41 Joer al, a si säit 2010 bei Karp-Kneip. Karp-Kneip ass eng Déifbaufirma spezialiséiert op Stroossebau an Asphaltproduktioun. Et ass e Familljebetrib den d’ nächst Joer seng 125 Joer féiert an haut mat ongeféier 1500 Léit an der Groussregioun bis op Stroossbuerg aktiv ass.

Wéi bass Du bei Karp-Kneip gelant?

Karp-Kneip ass e Familljebetrib, gefouert vu mengem Papp a mengem Monni, an ech si ganz jonk scho reegelméisseg mat mengem Papp Samschdes mat op d’Chantier’en gaange, spéider hunn ech an de Vakanzen am Betrib geschafft.  D’Aktivitéiten, d’Maschinnen, d’Leit, eppes Konkretes kënnen ze realiséiere wat dauerhaft ass huet mech schonn ëmmer begeeschtert an esou ass et komm datt et no a no wei ech meng Studien ausgewielt hunn se ëmmer sou orientéiert hunn fir spéider eng Kéier kennen am Betrib aktiv ze ginn. Parallel hunn ech ëmmer vill Stagë gemaach an hunn, no engem Master, 3 Joer am Ausland an engem grousse franséische Baubetrib geschafft éier ech mech an d’ Aventure vum Bau a vum Familljebetrib geheit hunn.

Meng Aktivitéiten si ganz ënnerschiddlech, all Dag ass anescht a voller Surprisen a Challengen déi ech gären ophuelen. Nodeems ech verschidde Servicer a Partnerbetriber gefouert hunn sinn ech no 12 Joer en Deel

bulli Wanter 2022 15 l
Wat genau mëss Du bei Karp-Kneip? Interview Christophe Thiry | Karp-Kneip Foto: Karp-Kneip Foto: Karp-Kneip Christophe Thiry CFC, Colmar Berg

vun der Direktioun, d’ Tâchen an d’ Verantwortunge sinn opgedeelt fir eis 14 Baubetriber an der Groussregioun ze féieren.

D’ Verantwortunge si ganz verschidden, et muss e kucken datt all eis verschidde Servicer gutt matenee funktionéiere fir um Schluss dem Client en Produit ze liwweren op der Héicht vun den Erwaardungen. D’Thema’en sinn also ganz verschidden, dat geet vun Technik, Commerce, Mechanik, Informatik, Legal, Personal, Sécherheet, Projeten, Finanzen, Topographie, Transport, Produktioun, bis zu Strategie, an domat sinn ech net komplett.

Et ass eng Equippenaarbecht wou all Element zielt, a wann een e Projet fäerdeg ass kann all eenzel Persoun déi drun bedeelegt war stolz sinn op dat wat zesumme geleescht ginn ass.

Wäitsiichtegkeet ass e ganz wichtegt Element, mir denken net nëmmen un d’nächst Joer mee mir mussen eng Siicht op minimum 5 bis 10 Joer hunn fir eise Betrib gutt op d’Zukunft virzebereeden.

A welche Beräicher ass Karp-Kneip täteg?

Mir sinn en traditionellen Déifbauer a spezialiséiert op Stroossebau an Asphaltproduktion. Mir si gutt equipéiert an hunn vill Erfarung an technesch usprochsvollen Déifbauchantier’en sou wei grouss Strosseprojet’en. Iwwert eis Partnerfirme kënne mer zesummen dem Client eng Rei vu Servicer ubidden déi iwwert den traditionelle Bau erausginn, wei zum Beispill Gardenoder Bëscharbëschten, Rouerleitungsbau a professionell Sportsterrain’en.

Wéi gesäit d’Zukunft an dengem Beräich aus?

Innovatioun an Ëmwelt sinn Thema’en déi bei eis am Betrib omnipresent sinn, mir hunn Servicer mat Leit déi sech dagdeeglech drëms bekëmmeren, mat der Ënnerstëtzung an der Visioun vun der Direktioun, fir eise Betrib net nëmmen um leschte Stand vun der Technik ze halen, mee och doriwwer erauszegoen, an eis Projet’en sou ëmweltfrëndlech wei méiglech ofzewéckelen. Et geet drëms méi schnell, méi effizient an ëmmer méi prezis

16 l bulli Wanter 2022
Foto: Karp-Kneip Foto: Karp-Kneip Foto: Karp-Kneip Findel Aéroport, Luxembourg Interview Christophe Thiry | Karp-Kneip

« Faisons route ensemble »

www.karpkneip.lu Découvrez nos offres d'emploi :

SINCE 1965 FROM DESIGN TO PRODUCTION

NUCLEAR / SPACE / LIGHTWEIGHT SPUTERRING TARGET

GRADEL develops complete mechanical solutions for more than 50 years. GRADEL is active in the design and realization of special innovative machines for several sectors such as Space, Defense, Nuclear and General Industry.

GRADEL developed GRAM - GRADEL ROBOTIC ADDITIVE MANUFACTURING process is a robotic endless lament winding technology based on bers like carbon, glass, rayon, ax and basalt to produce heavy duty lightweight parts and assemblies.

ze schaffen, ënnert anerem duerch Formatioun an Digitalisatioun, fir kompetitiv ze bleiwen an eise Client ’en déi Qualitéit ze liwweren déi se erwaarden an déi Uspréch ze erreechen déi mir eis selwer gesat hunn.

Wou gesäis Du mëttel- a  laangfristeg Erausfuerderungen an dësem Beräich?

Kuerzfristeg Erausfuerderungen ass eisen Alldag, mee deen ass gutt organiséiert an

do si mer gutt opgestallt fir déi opzehuelen. Mëttel- a laangfristeg Erausfuerderunge sinn nieft dem Klimawandel den aktuell grousse Präishaussen op Energie a Material entgéintzewierken. Dozou kënnt d’ Sich no Personal fir déi Leit ze ersetzen déi an d’Pensioun ginn, an dem Sënn hunn mer e Programm opgebaut, wei eng intern Akademie, fir Leit mat an ouni Studie bei eis opzehuelen an hinnen all d’Moyen’en ze gi fir sech bei eis weiderzebilden, sech wuel ze fillen an en Deel vun der Equipe ze ginn.

bulli Wanter 2022 19 l
Foto: Karp-Kneip INS, Cents Interview: Interview Christophe Thiry | Karp-Kneip
Prog HEINTZ VAN LANDEWYCK ı Luxembourg REALISATION EN ENTREPRISE GENERALE ET EN BAUTEAM

Entwicklung einer standardisierten Methodik zur systematischen, wirkungsbezogenen Untersuchung von Photokatalysatoren

Anthropogene Mikroverunreinigungen, darunter Arzneimittel, Haushaltschemikalien, Industriechemikalien und Pflanzenschutzmittel wurden in den vergangenen Jahren vermehrt in den Gewässern nachgewiesen (UMWELTBUNDESAMT, 2018). Sowohl Punktquellen wie das kommunale Abwassersystem als auch diffuse Quellen wie die Landwirtschaft sind wesentliche Eintragspfade von Mikroverunreinigungen in die Umwelt. Diese sog. Spurenstoffe haben bereits in geringen Konzentrationen nachteilige Auswirkungen auf den Menschen oder die Umwelt.

Durch die derzeit angewandten mechanisch-biologischen Reinigungsstufen auf kommunalen Kläranlagen können biologisch schwer abbaubare Spurenstoffe nicht oder nur teilweise aus dem Abwasser entfernt werden. Für eine gezielte Elimination dieser Stoffe bedarf es einer zusätzlichen Reinigungsstufe mit weitergehenden Abwasserbehandlungstechniken. Bislang wurde die Oxidation mit Ozon und die Adsorption mit Aktivkohle großtechnisch eingesetzt. Neben diesen Verfahren werden heutzutage u. a. erweiterte Oxidationsprozesse (engl. Advanced Oxidation Processes, AOP) eingesetzt, deren Wirkung auf hochreaktiven Radikalen basiert, welche unselektiv mit den Abwasserinhaltsstoffen reagieren. Dadurch können AOP ein breites Spektrum von Spurenstoffen aus dem Abwasser entfernen. Die Photokatalyse, bei der OH-Radikale durch die Bestrahlung eines Photokatalysators mit Licht entstehen, stellt eine der am meisten untersuchten AOP dar. Als Photokatalysator wird häufig der Halbleiter Titandioxid (TiO2) verwendet.

Die Effizienz des photokatalytischen Prozesses variiert stark in Abhängigkeit der verwendeten Photokatalysatoren, da diese auf unterschiedlichste Weise modifiziert werden können. Außerdem werden heutzutage vermehrt immobilisierte Photokatalysatoren untersucht, bei denen der Katalysator auf einem Trägermaterial fixiert wird. Immobilisierte Photokatalysatoren stellen zusätzliche Anforderungen an die Reaktorgeometrie und die damit verbundenen Durchmischungsprozesse des Abwassers. Damit die Photokatalyse großtechnisch für die weitergehende Abwasserbehandlung eingesetzt werden kann, sind weitere Forschungsarbeiten im Labormaßstab zur Untersuchung unterschiedlicher Katalysatoren und Reaktorgeometrien erforderlich.

Ziel dieser Arbeit war es, eine standardisierte Methodik zu entwickeln, mit der im Labormaßstab verschiedene Photokatalysatoren auf ihre Abbauleistung untersucht werden können. Zusätzlich sollten verschiedene Reaktoren im Labormaßstab entwickelt werden, um den Einfluss unterschiedlicher Durchmischungsvarianten auf den photokatalytischen Prozess prüfen zu können. In dieser Arbeit wurden zu diesem Zweck insgesamt drei Reaktoren im Labormaßstab entwickelt und mittels 3D-Druck hergestellt (Abbildung 1). Die Abbauleistung wurde für sieben verschiedene TiO2-Katalysatoren (Abbildung 2) untersucht, wobei UVA Strahlung bei einer Wellenlänge von 365 nm eingesetzt wurde. Eine erste Einschätzung der Katalysatoren erfolgte anhand einer Versuchsreihe, bei der die Abbauleistung in einer Petrischale untersucht wurde. Die vier wirksamsten Katalysatoren wurden anschließend im leistungsfähigsten Reaktor untersucht.

bulli Wanter 2022 21 l
Masteraarbecht vum Andreia Alves Cardoso
Abbildung 1
2022 | Masteraarbecht vum Andreia Alves Cardoso
Foto: Andrea A. C.

Driven by an entrepreneurial spirit and a passion for excellence, we reward boldness, value curiosity and see the opportunities in challenges.

Never content to stand still, we are on a journey that aims to push the boundaries of possibility in our industry.

Be part of this journey and do your internship with us.

Send your CV and cover letter: luxembourgInternship@arcelormittal.com

MAKE
YOUR WORLD

Die Ergebnisse zeigten, dass die verschiedenen Katalysatoren unterschiedlich auf die synergetische Wirkung der Einflussfaktoren in der Petrischale und im Reaktor reagieren. Insgesamt konnte die Abbauleistung der wirksamsten Katalysatoren im Reaktor verbessert werden. Bei den weniger wirksamen Katalysatoren konnte keine Verbesserung im Reaktor verglichen mit der Petrischale festgestellt werden. Mit Hilfe der entwickelten Reaktoren konnte außerdem gezeigt werden, dass das Einbringen einer Belüftungsvorrichtung in den Reaktor eine zusätzliche Durchmischung des Mediums erzeugt

und gleichzeitig für eine erhöhte Sauerstoffsättigung sorgt, die den Prozess und somit auch den Abbau fördert. Bei einem Vergleich der gewonnenen Ergebnisse mit Literaturwerten konnte festgestellt werden, dass die verwendeten Katalysatoren im Zusammenhang mit dem entwickelten Reaktor eine schwache bis mittlere Effizienz zeigen. Mit Hilfe von Reaktoroptimierungen und einer auf den Katalysator ausgerichteten Anpassung der verschiedenen Einflussfaktoren könnte die Effizienz der verwendeten Katalysatoren erhöht werden. Abbildung 2

Auteur: Andreia Alves Cardoso

Foto: Andrea A. C.

bulli Wanter 2022 23 l
Masteraarbecht vum Andreia Alves Cardoso

Unser Ingenieurbüro ist in den Bereichen des Hochbaus, der Tragwerks-und Infrastrukturplanung über die komplette Projektabwicklung tätig.

Zur Verstärkung und Ergänzung unseres Teams suchen wir:

EINEN DIPLOM-BAUINGENIEUR / MASTER (M/W) FÜR UNSERE HOCHBAUABTEILUNG

EINEN DIPLOM-FACHINGENIEUR IM HOLZBAU / MASTER (M/W)

EINEN DIPLOM-BAUINGENIEUR / MASTER (M/W) FÜR UNSERE TIEFBAUABTEILUNG

EINEN BAUZEICHNER (M/W) FÜR UNSERE TIEFBAUABTEILUNG

Idealerweise liegen bereits mehrere Jahre Berufserfahrung vor, Sie sprechen Französisch, Deutsch und Luxemburgisch, Sie fühlen sich bei der Beschreibung motiviert, interessiert und gruppenorientiert angesprochen. Wir wiederum bieten ein interessantes, dynamisches und vielfältiges Aufgabenfeld mit der Möglichkeit zur Weiterentwicklung in einem nachhaltig aufgestellten Büro. Wir freuen uns über Ihre aussagekräftigen Bewerbungsunterlagen, die uns einen ersten Eindruck für weitergehende persönliche Gespräche ermöglichen.

secretariat@aucarre.lu – www.aucarre.lu

Rees op Kopenhagen

12.10-17.10.2022 | Kopenhagen, Dänemark

D’ANEIL’s Rees huet dëst Joer Mëttwochs den 12. Oktober ugefaangen an hat als Ziel déi schéin Haaptstad vun Dänemark, Kopenhagen. Vue dat déi verschidde Participanten ob verschiddenen Unie studéieren, respektiv vu Lëtzebuerg aus wollte starten, huet d‘ANEIL jidderengem d’Fräiheet gelooss, säin Transport op Kopenhagen selwer z’organiséieren. Dëst huet och ganz gutt geklappt, mee natierlech koum dofir net jiddereen zur gläicher Zäit un. Sou koum et dat déi éischt scho Mëttwochmoies gelant sinn, respektiv mam Zuch ukomm sinn. Des Participanten, nenne mer se mol Early Birds, hunn dunn vun hirer fréier Urees profitéiert a si gläich mam Zuch op Malmö gefuer, wat dank enger impressionanter Bréck-TunnelKombinatioun ganz schnell an einfach machbar ass. No der klenger Steppvisitt a Schweden hunn mer eis all am Hotel getraff fir eisen éischten Owend zesumme bei engem gudden Italiener ze starten. Do gouf et nieft guddem Iessen

och nach live gesongen, italienesch Musek. Den Owend hunn mer dunn an engem Kaffe ausklénge gelooss.

bulli Wanter 2022 25 l
Rees op Kopenhagen
Foto: Justine Welter Di ganz Equipe virum Danish Architecture Centre Kuerzen Trip op Malmö Foto: Charles Muller

Donneschdegmoies goung et dunn lass mam eigentleche Programm vun der Rees. Fir en allgemengen Iwwerbléck iwwert Kopenhagen ze kréien hunn mer den éischten Dag mat engem Tour duerch d’Stad ugefaangen an natierlech, wéi sech dat vir eng vun de bekanntste Vëlosstied gehéiert, hunn mer dësen Tour mam Vëlo gemaach. Iwwert déi sëllege Vëlosweeër huet eis den Tour ob vill schéin a bekannte Plaze gefouert a mat eisem Guide krut mer och fir all Attraktioun eng kleng Geschicht erzielt. Mëttes sollt dunn eigentlech den Highlight um Programm stoen, mee leider gouf d’Visitt vun der Müllverbrennungsanlag „CopenHill“ am leschte Moment ouni Grond ofgesot. Dank bëssi Spontanitéit, hunn mer déi Zäit dunn genotzt vir an den Tivoli Vergnügungspark

ze goen. An wéi sech dat vir déi munchmol dach bësse verreckt Däne gehéiert ass den einfach matten an der Stad. Den Tivoli war en ganz gudden Ersatz vir déi verpasste Visitt a mir konnten de ganze Mëtte vun deene villen Attraktioune profitéieren. Duerno si mer dunn rëm all zesummen iesse gaangen. Des Kéier stounge klassesch, amerikanesch Burger um Programm, an dat zerwéiert vun enger gebierteger Amerikanerin! Als Ofschloss vum Dag wollte mer dunn nach kuerz d’Nuetsliewen zu Kopenhagen testen. Dobäi huet et déi meescht an eng Karaoke Bar gefouert, wou mer de Kopenhagener méi oder manner gutt gewisen hunn wéi ee richteg sengt. Et huet alt wéinstens den Dag drop net gereent.

26 l bulli Wanter 2022 Rees op Kopenhagen
Kuerze Stopp um Vëlostour bei der Amalienborg Foto: Charles Muller Och am Tivoli nëmme glécklech Gesichter Foto: Justine Welter E klengen Adrenalin-Kick Foto: Justine Welter

fiftyreliable electric

Depuis 50 ans, Socom est votre partenaire pour tous vos projets en génie électrique, mécanique, tuyauterie industrielle et énergies renouvelables.

Intégrateur de solutions technologiques, Socom conçoit, installe et maintient des systèmes ou sous-systèmes dans l'industrie les infrastructures et le tertiaire

socom.lu

Nodeems déi éischt zwee Deeg zu Kopenhagen gepackt waren, ass et Freides Moies rëm monter mam Programm viru gaangen. Nom Café am Hostel ass et Moies als éischt am Schlass Amalienburg lass gaangen. An dësem Schlass konnt een haaptsächlech d’Bijou’en vun der dänescher Kinnigin ukucken, an dozou konnt een sech dann zu all Schmock-Stéck d’Geschicht ulauschteren, wéi d’Kinnigin dëst krut, an zu wéi engen Uläss sinn dës dréit. Niewent de Bijou’en konnt een dann awer och nach de Stammbam

vun der dänescher Kinneksfamill ukucken. Aus dësem ass och nach ervirgaangen, wéi eis lëtzebuergesch groussherzoglech Famill an déi dänescher Kinneksfamill zesummenhänken. Nom Mëttegiesse stoung dann eng Visitt vun engem Metros-Chantier um Programm. Nodeems mir hei een Iwwerbléck iwwert dat ganzt MetrosNetz, an de Sënn an Zweck vun der neier Statioun erkläert kruten, gouf et nach eng Sécherheetsuerdnung fir kënnen de Chantier kucken ze goen. Hire Motto erkläert dëst

Sécherheetskonzept ganz einfach: “Work safe, home safe”. Wärend der Visitt vum Chantier konnt een sech dann all Eck vun sou enger Statioun ukucken. Fir d’Bauingenieure war et bësse Schued dass d’Bauaarbechte well all ofgeschloss waren, zum Zäitpunkt vun der Visitt waren nëmmen nach elektresch Aarbechten auszeféieren, woubäi een och dovunner leider net vill ze gesi krut. No engem klenge Foto-Shooting op de Schinnen ass et dunn awer och rëm virugaangen. Freides Owes haten sech dunn eenzel Gruppen zesummefonnt fir iessen ze goen. Deen Owend war zu Kopenhagen awer och nach “d’Kopenhagener Kulturnacht”. Hei ware verschidde Platze fir de Public zougänglech, déi am normalen net fir jiddereen op sinn. Hei konnt een e.a. d’Rathaus, eng Kill-Waasserpompstatioun oder al Tierm bewonneren an erkläert kréien.

28 l bulli Wanter 2022
Rees op Kopenhagen
Gruppefoto an der Metrosstatioun Foto: CM Fotoen: Catherine Theisen Foto: CM. Mat grousser Virfreed si mer de Chantier besich gaangen

CERATIZIT Tooling the Future

The constant innovation of materials and applications helps us and our customers to create a large number of machines, tools, applications, and consumer goods which shape our immediate environment and are part of our everyday life. As a technology leader in the carbide industry we have more than 200 employees working at our research & development departments, hold more than 1000 patents and utility models worldwide and collaborate with leading universities and research centers around Europe.

CERATIZIT is a high-technology engineering group specialised in cutting tools and hard material solutions.

Tooling the Future

ceratizit.com

Part of the Plansee Group
Fields of study: » Mechanical & Process Engineering » Electrical Engineering & Information Technology » Civil Engineering » Physics » Chemistry » Computer Science We offer: » Internship » Bachelor-/ Master-Thesis » Direct entry Find out more about the science, technology, engineering, maths and information technology profiles we are looking for at : careers.paulwurth.com We work around the world on pioneering green engineering projects. Join us. #JOINTHEPIONEERS

Samschdegmoies stoung als éischt eng Visitt am Danish Architecture Center um Programm. Haaptattraktioun an dësem Musée war ee VR-Brëll dee jiddereen ausprobéiere konnt. Hei war een da virtuell aus engem Héichhaus op een Träger gaange wou ee riskéiert erofzefalen. Nom Musée si mir dann nach eng Kéier an de Fräistaat Christiania kucke gaangen, deen eis jo well vum Vëlostour bekannt war. An deene Stroossen ass awer kee laang hänke bliwwen, d’Atmosphär do war fir jidderee speziell, wann ee weess dass do eigentlech keng Gesetzer gëllen a keen eppes Passendes fonnt huet, fir säin Honger ze stëllen. No bësse Fräizäit ass et nomëttes mat enger Visitt am Planetarium viru gaangen. Hei konnt een sech als éischt eng Ausstellung iwwert de Weltall an den Urknall ukucken, éier et mat enger Presentatioun an engem Film viru gaangen ass. Well d’Presentatioun an de Film leider op dänesch waren, hunn

mir net vill, bis guer Näischt, verstanen. D’Biller déi een sech dozou konnt kucke waren dogéint impressionant... och wann bei deem engen oder aneren d‘Aen gaaaanz schwéier gi sinn. Samschdegowes ass et dunn als éischt mat engem gudden Iessen am Restaurant lass gaangen, iert mir all zesummen an eng Bar gaange sinn, wou mir eis bis an de spéiden Owend gutt amuséiert hunn.

bulli Wanter 2022 31 l Rees op Kopenhagen
Ausstellung vun engem Raumstatioun-Konzept am DAC Foto: Catherine Theisen Foto: JW E perfekte Start an d‘Nuecht an engem gudde Restaurant Foto: CT Am DAC konnt een och Schach spillen

Sonndes war dee lëschten offiziellen Dag mat Programm. Moies si mir an de Venner brunche gaangen. Do war vu gefëllten Avocadoe bis Granola-Müsli, Wurschten a Pancakes alles dobäi. Bei dësem Menü konnt keen hongereg rausgoen. Et gouf souguer un „detox“Jus geduecht, fir déi Leit, déi dat no de leschte puer Partynuechten néideg haten an de Vitaminhaushalt nees bëssi ze stabiliséieren. No der gudder Stäerkung goung et weider an den Experimentarium Hellerup. Dëst ass dee gréisste Wëssenschaftsmusée a Dänemark. Op 3 Stäck konnte Grouss a Kleng, unhand vu sëllegen interaktiven Experimenter, der Wëssenschaft méi nokommen an sou naturwëssenschaftleche Phenomener souwéi Liicht a Lasertechnik, Energie a Waasser erfuerschen. Um 15 Auer hu mir eng Kanalronnfaart vun enger Stonn gemaach. Fir d’Waardezäit z‘iwwerbrécken, hunn divers Memberen d‘Geleeënheet genotzt nach ee klenge Fotoshooting virun der Kuliss vum Nyhavn ze maachen; Erënnerungsfotoen däerfe jo schliisslech net feelen. Wärend der Ronnfaart hu

mir déi verschidden Haaptsehenswierdegkeete gesinn an de Guide huet eis puer Eckdaten dozou erzielt. Fir zréck war d‘Waasser am Kanal ugestiigen, sou dass mir net ganz zréck fuere konnten. Mir misste virun der leschter Bréck stoe bleiwen an do erausklammen. Mir waren all bëssi verwonnert, dass innerhalb vun enger Stonn d‘Waasser an hirem Kanal sou geklommen ass. Dono sinn déi ganz motivéiert Leit ënnert eis nach op de Svanemolle Beach sech an d‘Waasser zappe gaangen. Owes si mir an d’Tivoli Food Halls iesse gaangen. Do konnt jiddereen sech ënnert de sëllege Stänn dat passend raussichen. Vu chineesesch, iwwert dänesch bis hin zu mexikaneschen Iesse war do alles dobäi. Fir de lëschten Dag an och déi ganz Rees gebührend ofzeschléissen si mir an de Proud Mary Pub feiere gaangen.

32 l bulli Wanter 2022 Rees op Kopenhagen
D‘Daachterrasse vum Experimentarium war ganz beléift Foto: Maly Arens D‘Kulisse am Nyhavn gouf virum Départ vun der Bootsfahrt fir e Fotoshooting benotzt Foto: JW Klenge Kulturschock: Béier mam Schallimo drénken Foto: Maly Arens

Méindes war de groussen Depart. Iert déi meescht owes rëm Heem geflu sinn, hu mir moies d’Visitt vun der Verbrennungsanlag nogeholl. Zwar ouni Visitt Guidée, wéi et geplangt war, mee ëmmerhi konnte mir am verglaaste Lift ee Bléck an d’Verbrennungsanlag werfen. Uewen hat een eng Vue iwwert ee groussen Deel vu Kopenhagen. Ausserdeem verfüg d‘Verbrennungsanlag iwwert eng

Nach e puer Outtakes:

85m héich Kloterwand an eng 500m laang Skipiste aus gréngem Konschtstoffgrasmatten. Uschléissend si mir nach laanscht den Historesche Musée getrëppelt an hunn eis Militärschëffer an d’U-Boot ugekuckt. Nom Mëttesiessen an den Tivoli Food Halls ass den Zäitpunkt komm fir sech vu Kopenhagen ze verabschiden.

bulli Wanter 2022 33 l
Auteuren: Felix Rippinger, Christian Thillens & Maly Arens, Rees op Kopenhagen Foto: CM E Versuch modern Fotographie ze schafen Foto: JW D‘Dänesch Politik kann a ville Punkten iwwerzeegen Ouni des Foto war ee net zu Kopenhagen Foto: MA
la conception
bâtiment...
Global Facilities S.A. • 2, rue Thomas Edison • L-1445 Strassen • +352 26 37 28 1 • info@globalfacilities.lu • www.globalfacilities.lu CONSULTANCE ET AUDIT GESTION DES BÂTIMENTS SERVICES ADMINISTRATIFS Z X Y VOTRE PARTENAIRE UNIQUE GLOBAL FACILITIES RECRUTE des ingénieurs, techniciens, bachelors en génie technique, électrotechnique, project management, énergie et environnement. Envoie ton CV et motivations à rh@globalfacilities.lu
De
de votre
… jusqu’à son exploitation

Interview mat Global Facilities

2022 | Interview mam Olivier Auchet

Stell Dech kuerz vir? Wien bass Du a wat war bis ewell Däi Parcours?

Ech sinn den Olivier Auchet, 44 Joer al an Ingenieur Generaliste mat engem Doktorat an der Automatisatioun a Weiderveraarbechtung vum Signal am INPL a Frankräich. Ech hunn dunn 10 Joer am R&D an an der Maintenance an der Glasindustrie an Däitschland, Frankräich a Lëtzebuerg geschafft. Säit 10 Joer sinn ech da beim lëtzebuergeschen Energiegrupp Encevo fir de Business Development vu Servicen an de Verkaf un Industrie- an Tertiärpartner zoustänneg. Allgemeng sinn ech virwëtzeg, léiere gäre bei a rappe gären aner Leit mat.

Wat si genee Deng Aufgabe bei Global Facilities?

Bei Global Facilites këmmeren ech mech ëm de Commerce, de Marketing an d‘Kommunikatioun. Dat heescht, dass ech direkt dofir responsabel sinn, dass eis Clientë glécklech sinn a mir awer och gläichzäiteg neier kënne gewannen.

Wat mëscht Global Facilities als Employeur fir Dech esou interessant?

Also engersäits si mir Deel vum Encevo, e grousse

Grupp mat deen zu Lëtzebuerg vill Unerkennung. Mee eigentlech ass et awer virun allem déi iwwersiichtlech Gréisst vu Global Facilities selwer, déi erausstécht. Doduerch hunn mir eng familiär Ambiance, mir, ënnert Aarbechtskolleegen, hunn en enkt Verhältnis an eng flott Gruppendynamik. Ausserdeem hunn mir och eng flott Varietéit a Punkto Clienten an och Aufgaben, ob dat elo d‘VIP-Entrée vun enger Bank, d‘technesch Betreiung vum Belag vum Flughafen, d‘Gestioun vu Staatsgebaier oder d‘Organisatioun vun Events fir Privatclienten ass. Do ass fir jiddereen eppes dobäi.

Wou gesäis Du mëttel- a laangfristeg fir d‘Zukunft d‘Erausfuerderungen an Dengem Domaine?

Allgemeng dréint d‘Welt sech ëmmer méi séier a gouf méi flexibel duerch d‘Pandemie, beispillsweis a Punkt Home Office. Mir kucken dofir ëmmer up2date ze bleiwen an eis en continu z‘adaptéieren.

Wat war fir Dech bis ewell den interessantste Projet bei Global Facilites?

Mir hunn d‘Chance d‘Tunnel zu Lëtzebuerg dierfen z‘ënnerhalen, wouduerch eng ganz Reih Saachen op eis duerkommen. Et ass ee vun eise Chantiere wou mir eng

bulli Wanter 2022 35 l
Interview Olivier Auchet | Global Facilites Foto: Global Facilities Foto: Global Facilities

perfekt Organisatioun a Stressresistenz kombinéiere mussen, virun allem dann, wann eng Kéier alles openee kënnt. Deen een oder anere brauch eventuell Adrenalin fir gutt a fokusséiert kënnen ze schaffen; deene sief gesot, dass se sech bei Global Facilites wuel fille wäerten.

Wéi gesäit dann d‘Maintenance vun Tunnellen eigentlech aus? Wat kanns Du do erzielen?

En Tunnel ass, wéi een sech et wuel denke kann, ee komplext Bauwierk. Dobäi gesäit den Notzer ee gudden Deel mol net, ass sou ze soe just d‘Spëtzt vum Äisbierg. Wann een dann awer emol eng Visitt mécht, gesäit een, wat wierklech alles dohannert stécht. Et gëtt e ganze System u Galerien, déi et engem erlaben tëscht den „Fahrröhren“ ze zirkuléieren an och d‘Belëftung assuréieren. Ausserdeem si vill ënnerierdesch Technikraim do, beispillsweis fir d‘Ventilatioun, d‘Pompelen an awer och Raim fir Personal.

D‘konkret Maintenance besteet natierlech doran, déi lo grad opgezielten Infrastrukturen, ze préiwen an um Lafen ze halen. Ganz egal, ob déi mat Staarkstroum bedriwwe ginn, wéi d‘Ventilatioun, d‘Pompelen, d‘Beliichtung,... oder Schwaachstroum, beispillsweis d‘Kameraausstattung, d‘Signaliséierung, Noutfalldetekteren asw. Dozou kënnt nach eng ganz Partie Equipement, déi sech ëm

d‘Iwwerwaachung vum Verkéier këmmert. Zousätzlech ginn 2 mol am Joer d‘Tunnellen deelweis fir de Verkéier gespaart fir wichteg Interventiounen duerchféieren ze kënnen. Eng ganz Panoplie u spezielle Vehikele kommen dann zum Asaz. Dat ass ëmmer e kriddelege Moment fir eis, dofir gëtt do natierlech mat besonnesche Sécherheetsmoossname geschafft, déi fir de Notzer net ëmmer direkt ersiichtlech sinn. Dat Ganzt leeft do ënnert der Devise vun „Null Accidenter, Null Pannen, minimalen Impakt op den Trafic“ of.

Ech denken, et soll een ëmmer eng gewësse Gedold an Ausdauer matbréngen, wann een héich oder laangfristeg Zieler huet; dat bezitt sech soumat och direkt op de Studium, mee och herno op Projeten am Beruff oder Liewen.

Interview: Lynn Winkin

Iwwersetzung: Alex Junck

36 l bulli Wanter 2022
Foto: Global Facilities Foto: Global Facilities
Wat kanns du aus Denger Erfarung eraus de Studente mat op de Wee ginn?
Foto: Global Facilities
Interview Olivier Auchet | Global Facilites

LSC Engineering Group est composé de plusieurs sociétés d’ingénieurs-conseils qui associent quotidiennement leur savoir-faire afin de pouvoir répondre aux exigences du marché en matière de génie civil.

Consultez tous nos domaines d’activités sur notre site web et si l’un de nos secteurs correspond à vos critères de compétences, n’hésitez pas à nous adresser une candidature spontanée sur notre site web : www.lsc-group.lu/jobs

En constante évolution, notre groupe recherche de nouveaux collaborateurs pour développer son savoir-faire. Nous garantissons un emploi stable et intéressant dans un cadre dynamique ! www.lsc-group.lu Simon-Christiansen & Associés I Luxplan I Géoconseils

I Zilmplan I Building Solutions & Consulting Luxsense Geodata I InterAlia I Devolux I Geocoptix I BFH Ingenieure I GC Beratende Geotechniker und Geologen I SC France I SC Afrique
© COBE

Studieninformatiounen

2022 | Lycéeën an Foire de l‘Étudiant

Dëst Joer war d’ANEIL bei hire Studieninformatiounen erëm aktiv derbäi. Des Studieninformatiounen hunn sech op Visitten an de Lycéeë wei och op e Besuch bei der Foire de l‘Etudiant opgedeelt. D’Visitten an de Lycéeën hunn sech duerch d’Land verdeelt: vu Wolz, Ettelbréck, Péiteng, iwwert dem Geesseknäppche war alles derbäi! Op sou vill wéi méiglech Studieninformatiounen hu mer versicht ze goen an d’ANEIL do ze representéieren. Awer wie gesäit sou eng Studieninformatioun genau aus? Et hänkt dovunner of wei de Lycée sech dat virstellt. A puer Lycéeën hu mer eng Presentatioun iwwert d’ANEIL gehalen, also wat d’ANEIL genau ass a fir wat se steet, gefollegt vun enger Erklärung wat en Ingenieur genau ass wei och eng Erklärung vun all de verschidde Studiegäng di d’ANEIL representéiert. Su konnte mer de Schüler direkt erkläre wat et fir Méiglechkeeten an den technesche Beruffer gëtt a fir wat fir Studiegäng si sech interesséiere kéinten. No der Presentatioun war eng oppen Diskussioun an d’Schüler konnten all di Froe stellen di se nach haten. Aner Lycéeën hunn hier Studieninformatiounseventer e bëssi aneschter gereegelt: do goufen et Ateliere wou mir als ANEIL e Stand kruten. Un deem Stand konnte mer eis installéieren an d’Schüler konnte frei entscheede bei eis kommen. Do konnte en dann eng 1 on 1 Konversatioun mat de Schüler halen an hinne genau erkläre wat een Ingenieur mëscht a wei de Studium ausgesäit.

Op der Foire de l’Etudiant (27.-28.10.2022) hate mer och e Stand um Belval an der Uni. Do konnte mer dunn och eis Roll-

Ups auspaken an eis Merch-Artikelen um Dësch verdeelen. 2 Deeg laang konnten di verschidde Schüler duerch eng Organisatioun vun hirem Lycée op de Belval komm a konnten duerch d’Foire trëppelen an hier Froen op de néidege Stänn beäntwert kréien. Op eisem Stand konnten se dunn alles iwwert den technesche Beruff respektiv Studium nofroen. Mir haten am Allgemenge vill Succès a vill Schüler si bei ons komm fir méi iwwert den Ingenieursstudium ze kennen. Vill verschidden an interessant Froen goufe gestallt a mir hunn eist Bescht ginn hinnen sou gutt wéi méiglech op all Froe geäntwert.

Mir hoffen dass mer jidderengem konnten hëllefen an dass all Schüler an Zukunft de richtege Choix u Studium trefft an dat Richtegt fir sech selwer eraus sicht.

Auteur: Justine Welter

38 l bulli Wanter 2022
Studieninfomatiounen 2022
Foto: Felix Bauer D‘ANEIL op der Studentefoire
. • • • • • • • • • • • • • • • • • • • • • •
Deng Energie fir d’Zukunft! creos.net/jobs

Prix d’Excellence vun der Stëftung Enovos

28.10.2022 | Forum da Vinci

All Joer ginn déi bescht Ofschlossaarbechte vun Ingenieure mat dem «Prix d’Excellence» vun der Stëftung Enovos ausgezeechent. Den 28 Oktober 2022 hutt déi 11. Editioun stattfonnt, wou 6 jonk Leit fir hier Qualitéit an Engagement vun hirer Masteraarbecht ausgezeechent goufen. D’Präisiwwerreechung hutt a Presence vum Jean Lucius (Präsident vun der Enovos Stëftung), Erik von Scholz (CEO vun Enovos Lëtzebuerg), Christian Zeyen (Ingénieurs et Scientifiques du Luxembourg), Lisa Schweig

(Präsidentin vun der ANEIL), Prof. Aline Muller (CEO vum Luxembourg Institute of Socio-Economic Research) an dem Michel Pundel (Virsëtzende vun der Jury) stattfonnt.

Membere vun der Jury waren: Michel Pundel (Président), Anouk Hilger, Anne-Marie Solvi, Thierry Flies, Laurent Heinen, Nico Binsfeld, Pierre Mangers, Guy Hoss, Philippe Osch, Olivier Georges

bulli Wanter 2022 41 l
Prix Enovos 2022
All Fotoen: Thierry Nelissen D‘Laureaten vum Prix Enovos

D‘Laureaten 2022:

Michel Paulus: Hydrogen technology in the energy transition and sector coupling – Feasibility study based on a gas grid of energis-Netzgesellschaft mbH

Matthieu Assa: Real-time task identification in manual assembly steps using neural network-based object detection

Laurent André: Prediction of unsteady flow using physicsinformed deep learning methods

Axel Diriken: Integration of the SMR Technology into the Belgian Energy Mix: A Cost Optimisation Approach

Andreia Alves: Development of a standardized methodology for the systematic, effect-related investigation of photocatalysts

Thomas Weyland: Performance analysis of 5G mobile networks as illuminator of opportunity for passive radar

Auteur: Lisa Schweig

42 l bulli
2022
Wanter
Prix Enovos 2022

Développez

best est un groupe pluridisciplinaire
de la construction
collaborateurs,
notre équipe,
urbanistes,
sciences environnementales, géomètres et
d'expertise et de conseil dans le monde
qui occupe près de 180
dont plus de 125 ingénieurs et techniciens. Pour renforcer
nous recrutons régulièrement des ingénieurs,
licenciés en
dessinateurs.
best ingénieurs-conseils 2, rue des Sapins L-2513 Senningerberg tél.: +352 34 90 90 jobs@best.lu best.lu Jenni, 31 ans scientifique Anna, 36 ans technicienne Mike, 30 ans urbaniste Johny, 28 ans ingénieur Faites comme Johny, Anna, Mike ou Jenni : Envoyez votre candidature ! plus de projets sur best.lu
vos talents !

Stolz op eis Leeschtungen, de Bléck op d’Zukunft geriicht

2022 | D’Associatioun Ingénieurs et Scientifiques du Luxembourg feiert seng 125 Joer

2022 war eise grousse Projet, eisen 125. Gebuertsdag erfollegräich mat engem groussen Event ze feieren. Et war eng richteg Erausfuerderung an dësen Zäiten déi nach ëmmer vun der Pandemie gezeechent sinn. D’Associatioun Ingénieurs et Scientifiques du Luxembourg, gebuer aus der Fusioun vun de verschiddene Beruffsgruppen, konnt dëse Moment net laanschtgoe loossen. E symboleschen Evenement fir ons an eis ronn 1400 Memberen. Wéi mir gewuer goufen, datt de Grand-Duc, eis d‘Éier maache géing mat eis ze feieren, hu mir dat als Bestätegung gesinn. Deen Dag sollt en eemolege Moment sinn, deen

nach laang an Erënnerung bleiwe sollt.

Ënner der Leedung vum Anne-Marie Solvi, Administratrice vun der Associatioun, huet eng engagéiert Equipe et geschafft fir e Programm mat Substanz an Ënnerhalung zesummenzesetzen. Eng wonnerbar Mëschung huet sech erginn aus der Zesummenaarbecht vum Jean-Pierre Wagener, fréiere President, besuergt em de Protokoll an d’ Traditioun, an deene méi Jonken, méi technologesch- an zukunftsorientéierten. Ee vun den Highlights vum Owend war den Optrëtt vum aussergewéinleche Spriecher, Ranga Yogeshwar. E wëssenschaftleche Journalist a Schrëftsteller, deen zu Lëtzebuerg gebuer an ee Star vun den däitschsproochege Medien ass.

De Rangha Yogeshwar huet déi beschleunegt Evolutioun vum technesche Fortschrëtt an enger Welt, déi d’Covid-19 Kris nach méi verännert huet, beschriwwen. «Mir mussen der Innovatioun en Ziel ginn», huet de Spriecher an enger Demonstratioun, déi u säi jonken Enkel Emil geduecht ass, betount. Hien huet déi ethesch Froen opgeworf, déi mat der Entwécklung vun Technologien a Fortschrëtter vun der kënschtlecher Intelligenz verbonne sinn, ouni natierlech d’Erausfuerderungen, déi am Kampf géint de Klimawiessel zesummen hänken ze vergiessen. «De Fortschrëtt mécht nëmme Sënn wann e vun alle Leit gedeelt gëtt an net

44 l bulli Wanter 2022 125 Joer IngSci
Foto: Thierry Nelissen Foto: Thierry Nelissen

fir eng Minoritéit reservéiert ass». All dës Froen déi den Orateur opgeworf huet si selbstverständlech besonnesch relevant fir Ingenieuren a jonk Leit, déi wëlles hunn eis Beruffer ze ergräifen.

der Stad Lëtzebuerg an dee vun Hollerech waren, zwou Gemengen, déi haut fusionéiert sinn. Fir d’ Wichtegkeet vun den Ingenieuren ze ënnersträichen, huet sinn uginn, datt iwwer 240 Ingenieuren, Architekten an Techniker fir d’Gemeng schaffen. Ouni si ass e Fonctionnement vun enger grousser Stad net méiglech.

De Räichtum vu Lëtzebuerg

De Wirtschaftsminister Franz Fayot huet drop higewisen, datt sech d’Associatioun Ingénieurs et Scientifiques du Luxembourg, parallel zu der Industrialiséierung vun eisem Land gegrënnt huet. Sie huet sech ëmmer erëm weider entwéckelt an sech de Verännerunge vun der Lëtzebuerger Wirtschaft ugepasst. «D‘Associatioun bréngt haut d’Profiller zesummen, déi mir brauche fir eis Gesellschaft an eis Wirtschaft no vir ze bréngen», sot de Minister. «Op villen Theme wéi d’Dekarboniséierung vu Produktiounsprozesser, d’Économie Circulaire oder d’digital Wirtschaft sinn d’Ingenieuren a Wëssenschaftler déi Profiller, déi eis dank hire Fäegkeete weiderbréngen.”

Eng gutt besichten Assemblée

Foto: Thierry Nelissen

Och héichrangeg politesch Vertrieder hunn un eisem Anniversaire deelgeholl, ugefaange mam Chamberpresident Fernand Etgen, dem Wirtschaftsminister Franz Fayot, dem Educatiouns- an Héichschoulminister Claude Meisch an dem Minister fir Logement an intern Sécherheet, Henri Kox.

De President, Marc Solvi huet ënnert anerem un den Ursprong vun der Associatioun, déi am Zäitalter vun der Stolindustrie vum 19. Joerhonnert gegrënnt gouf erënnert. Fir hien ass d’Ausbildung vun Ingenieuren a Wëssenschaftler ëmsou méi entscheedend, well mir mat groussen Erausfuerderunge konfrontéiert sinn: Klimawandel, Energie- a Produktiounskäschten, Gesondheet, Kommunikatioun... D’Schoul huet eng wichteg Roll ze spillen, fir jonk Leit ze encouragéieren dës Beruffer ze ergräifen, a besonnesch Fraen, déi nach ëmmer ënnerrepresentéiert sinn. Hien huet d’Relevanz vum Wëssens-Atelier ënnerstrach, eng Initiativ vun der Associatioun, déi doran besteet, ganz praktesch an interaktiv eng Aféierung an d’Technik an de Schoulen ze ginn.

D’Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet op déi enk Verbindungen tëscht der Associatioun an der Stad Lëtzebuerg higewisen. Sie huet drun erënnert, datt ënnert de Grënner vum Veräin de Buergermeeschter vun

Den Educatiouns- an Héichschoulminister Claude Meisch huet drun erënnert, datt Ingenieuren a Wëssenschaftler a ville groussen Innovatiounen implizéiert waren, déi zum Räichtum a Wuelstand vun onsem Land bäigedroen hunn.

Beim Cocktail huet de Staatschef laang mat Vertrieder vun der Associatioun geschwat, a sech besonnesch interesséiert fir de Wëssens-Atelier, eise Beitrag an de Schoulen, dee wärend der Séance Académique an engem Video virgestallt gouf.

Jonk a manner Jonk, Memberen, Frënn a Sponsoren hunn dësen aussergewéinlechen Anniversaire bis spéit an den Owend gefeiert.

46 l bulli Wanter 2022 125 Joer IngSci
Foto: Thierry Nelissen Auteur: Thierry Nelissen

UNE INSTITUTION QUI DÉFEND LES INTÉRÊTS DES ÉTUDIANTS ET DES

APPRENTIS

Elle est votre voix dans la procédure législative et dans de nombreuses commissions consultatives dans le domaine de l’éducation et de la formation professionnelle.

Elle met à disposition gratuitement des publications dédiées : ▶ aux aides financières pour les études supérieures, aux contrats et stages d’étudiants ▶ au droit du travail et au droit de la sécurité sociale et à des jurisprudences ▶ à l’analyse de l’évolution économique et sociale du pays.

Elle propose des formations continues en complément de votre formation initiale, via le Luxembourg Lifelong Learning Centre (LLLC). www.csl.lu www.LLLC.lu

RESTEZ INFORMÉS DE VOS DROITS ET DES OFFRES DE FORMATION

REJOIGNEZ LA CSL

18 rue Auguste Lumière L-1950 Luxembourg

T +352 27 494 200 csl@csl.lu

2 - 4 rue Pierre Hentges L-1726 Luxembourg

T +352 27 494 600 formation@LLLC.lu

InCA Ingénieurs Conseils Associés est un bureau d’ingénieur en génie civil, offrant ses services depuis plus de 20 ans, dans des domaines aussi variés que :

• la coordination et le pilotage de projets • le bâtiment et les constructions industrielles • les ouvrages d’art • les infrastructures routières et ferroviaires • l’hydrologie et la gestion de l’eau • la physique du bâtiment (sécurité incendie, acoustique, thermique) • la coordination sécurité et santé • l’économie du bâtiment

Tél. : (+352) 42 68 90-1 InCA Ingénieurs Conseils Associés S.à r.l. 47, rue Gabriel Lippmann L-6947 Niederanven www.inca.lu If we share the same passion, you’re the WO-MAN we’re looking for ! Join our team !

Interview mat INCA

2022 | Interview mam Sandra Thoss

Infoen a Kennzuelen zu der Firma:

• +/- 130 Mataarbechter

• Niederanven

• De Büro gouf 1991 gegrënnt, 2006 ëmbenannt -> INCA Ingénieurs Conseils Associés

Stellt Dech kuerz fir? Wien bass Du a wat hues Du studéiert?

Moien, mäin Numm ass THOSS Sandra, ech si 27 Joer jonk, an wunnen zu Déifferdeng. Ech hu op der UNI Luxembourg Ingénierie, Filière Génie civil – Urbanisme et Aménagement du Territoire studéiert.

Wat genau schaffs Du bei INCA?

Ech sinn Ingenieur am VRD Service (Voirie Reseaux Divers). Wat mëscht Däi Service?

Eise Service bitt eng villfälteg Offer u Aktivitéite wei zum Beispill Design, Berechnung, Virbereedung vun Ausschreiwungsdokumenter, Ausféierung vu Pläng

wei och Iwwerwaachung vun de Pläng. Aarbechte fir Wunnengen, Stroossen, Netzwierker.

Wéi bass Du bei INCA gelant? Wei hues du den Ufank an der Entreprise erlieft?

Ech koum bei dëser Firma duerch eng Annonce um Internet. Den Ufank war roueg a meng d‘Leit ware ganz

bulli Wanter 2022 49 l
Interview Sandra Thoss | INCA Foto: INCA Foto: INCA

frëndlech.

Firwat ass INCA als Patron och fir jonk Uni-Absolventen intressant?

INCA huet vill verschidden Departementer, déi fir en jonk Uni-Absolventen interessant kënne sinn. Derzou huet INCA un ville grousse Lëtzebuerger Strukture geschafft, wéi zum Beispill un dem Pafendall Lift. INCA ass ëmmer oppen fir Studenten déi gären e Stage wëlle bei eis maachen.

Wat sinn Deng deeglech Aufgaben?

Meng deeglech Aufgabe sinn zum Beispill VRD Projeten ze Iwwerwaachung a kontrolléieren. Ausschaffe vu Berichter, den techneschen Dossier an d‘Norme vun der Ausféierung vun engem Projet berécksiichtegen, Ëmsetzung vu Reegelen, Normen an technesch Prozedure fir de Chantier. Ech maachen och Verkéierskontrollanalysen, also Verkéierssignaler a Verkéierssteierung, z.B. fir d‘Zuel vun den Accidenter ze reduzéieren.

Andeems ech mat aneren Teams a Firmen zesummeschaffen, léieren ech ganz nei Fachberäicher an Aarbechtsberäicher kennen.

Wou gesäis Du mëttel- a  laangfristeg Erausfuerderungen an dësem Beräich?

Laangfristeg Erausfuerderungen : Erausfanne wat mech wierklech am Beräich vun der Bauingenieur interesséiert. Mëttelfristeg Erausfuerderungen : Et gi vill nei Software an et ass heiansdo eng Erausfuerderung mat all déi nei Software oder wat de Client eis freet ze maache Schrëtt ze halen.

Wat dréit INCA zu enger méi nohalteger Zukunft bäi?

Mir versichen an Zukunft alles ze digitaliséiere fir manner Pabeier ze verschwenden, mir benotze Fairtrade Produkter. Mat dem Vëlo op‘d Schaff ass eng Periode wou vill Leit versiche mat dem Vëlo op‘d Aarbecht ze kommen, et ass och geplangt an Zukunft Bornen ze installéiere fir Elektroautoen.

Wat kanns Du engem Student mat ob de Wee ginn?

Sidd  en oppent Buch wann Dir Är nei Aarbecht ufänkt. Verléiert Nerv net et ass normal datt dir als Newcomer fir är Positioun ausschaffe musst. Et muss een seng Aarbecht gär maachen, sech dofir interesséieren, da fält se engem automatesch méi einfach an ouni Leidenschaft gëtt et nëmme méi schwéier mat der Zéit. Et soll een seng Schwächen akzeptéieren an dorunner schaffen. Kommunikatioun ass den A an O am liewen an och op der Aarbecht.

50 l bulli Wanter 2022
Wat gefält Dir besonnesch gutt un Denger Aarbecht? Foto: INCA Foto: INCA Interview: Foto: INCA Interview Sandra Thoss | INCA

AN DER ARMÉI VERTEIDEGE MIR OCH MAT ANERE WAFFEN

Eis Arméi rekrutéiert a forméiert 200 Leit als Zivilisten an am Militärdéngscht. Entdeckt nei Perspektive fir Är Karriär.

INFORMÉIERT IECH OP WWW.ARMEE.LU »

Sichs du e Stage, eng Méiglechkeet deng Bachelor- oder Masteraarbecht ze schreiwen, oder eng fest Aarbechtsplaz?

Dann mell dech bei eis a kuck laacht op eisem Site oder schéck eis eng Email mat denger Bewerbung un : hr.lux@groupseco.com

« Ech sinn dankbar bei SECO ze sinn, wou ech eng erfueren an hëllefsbereet Equipe fonnt hunn, déi mech wärend menger Formatioun begleet an ënnerstëtzt huet.

Ausserdeem sinn ech och houfreg fir d’Méiglechkeet ze hunn, un eenzegaartegen an interessanten Projeten deelzehuelen.»

Aktivitéitsberäicher Renovatiounen Gebeier Brécken Akafszentren Waasser Erneierbar Energien Gesondheet a Sécherheet Tunnellen Transport a Mobilitéit Trusted experts for builders, industry and innovators. Join us ! groupseco.lu

Visitt vum Atomkraaftwierk zu Cattenom

13.12.2022 | Cattenom, Frankräich

Den 13.12.2022 ass d’ANEIL d’Atomkraaftwierk vu Cattenom kucke gaangen. Et war mol eng Visitt di e bëssi aneschters wei di üblech opgebaut war: vill Sécherheetsmoossnamen a Kontrolle waren obligatoresch. Trotzdeem war et eng ganz interessant Visitt an et krut e Saache gewisen, di ee soss ni sou ze gesi kritt. Follgend erklären ech wéi sou eng Visitt zu Cattenom ofleeft: Nodeems mir all ukomm waren, goufe fir d’éischt mol eis ID’en kontrolléiert an et gouf gecheckt op all ons Donnéeë vollstänneg a richteg waren. Nodeems mer ons Sécherheetsschong kruten, si mer an e Sall gaange wou mer eng Virstellung vun der Zentral vu Cattenom kruten, wat mat engem Film iwwert den Oflaf vun der Anlag vervollstännegt gouf. Zum Beispill krute mer erkläert, dass d’Anlag 3 verschidde Waasserkreesleef hätt an nëmmen e propperen a net kontaminéierte Waasserkreeslaf zeréck an d’Musel geleet gëtt. Uschléissend dorunner krute mer en Helm, e Badge an ons Wäertsaachen hu missen hannerlooss ginn. Mir kruten zwee Ziedelen: op deem enge waren ons perséinlech Daten drop an op deem 2. waren individuell Coden di een sech hutt misse verhalen. Wou mer ons du Richtung Reakter Nummer 1 gemaach

hunn, hu mer duerch eng Rëtsch Sécherheetsmoossname misse goen. Wéi op engem Flughafen hu mer ons Jacketten a sou Këschte misse leeën a mir hu missen duerch e Metalldetekter goen. Duerno si mer duerch etlech Diere gaangen di ee nëmme mat eisem Badge an deem Code, de mer kruten, konnt opmaachen. Et hutt een also missen oppassen de richtege Code anzeginn, soss wier de Badge gespaart gewiescht an hätt e net méi dierfen eran.

Wou mer dunn endlech an de Gebaier vum éischte Reakter koumen, krute mer verschidde Schutzvesten. Wieder goung et dunn duerch aner Sécherheetsdieren a mir kruten dunn nach weider Sécherheetskleedung wéi Hännercher a Schutzschlappe fir ons Schong. Leider hate mer keen Handy derbäi fir eng Foto kennen ze maachen, soss hätt der ons schei Verkleedung kënne gesinn. Nodeems dës an enger bestëmmter Aart a Weis ugedoe goufen, hu mer endlech ganz an de Kär vum Reakter dierfe goen. An dësem huet e net iessen, drénken, fëmmen an och net schnäizen dierfen. Iwwerall huet missen opgepasst ginn, dass e näischt Onnéideges upéckt an et hutt een nëmmen do stoen dierfe wou mer et gesot kruten. Et hutt een sech och net ze vill däerfe beweegen an

bulli Wanter 2022 53 l
Visitt Foto: Justine Welter Gruppefoto virun der Zentral

et hutt e sech och net dierfen an d’Gesiicht goen. Iwwerall ass nämlech eng Kontaminatiounsgefor déi een sou gutt wéi méiglech versicht huet ze vermeiden. Am Reakter krute mer du verschidde Saache gewisen an erkläert: Mir hunn d’Chaudière mat oppenem Deckel konnte gesi wou d’Kettereaktioun vun der Kernspaltung vum Uranium un sech stattfënnt wei och d’Lifter di den Uranium an an eraus aus der Chaudière transportéieren. An engem méi klenge Becken hu mer d’Waasser gesinn, dat genotzt gëtt fir d’Chaudière ze fëllen. Mir hunn d’Ofstellplaz gesi wou de neien Uranium an d’Anlag bruecht gëtt, wéi och e grousse Waasserbaseng wou de frëschen Uranium stockéiert gëtt, éier dass en agesat gëtt. An dësem Wasserbecke befannen sech och di ausgenotzten Uraniumstécker déi nach eng Zäitchen do bleiwe fir dass se manner radioaktiv ginn an ofkillen. Dëst Wasserbecken ass zum Beispill och mat enger Borseier gefëllt, well des d’Neutrone vun der Kettereaktioun opfänkt an se sou zum stoppe bréngt. Wann déi verschidde Lifter, di vum Mënsch gesteiert ginn, den ausgenotzten Uranium aus der Chaudière mam neien Uranium aus dem Becken wëllen austausche geschitt dat ganzt ënner Waasser fir keng ongewollte Kettereaktioun auszeléisen. All dës Apparature befannen sech innerhalb vun zwee Gebaier: dat bannescht Gebai hutt eng Mauerdéckt vun 1,2m an dat baussent eng Déckt vu 55cm. Dës sinn duerch grouss dicht Ëffnunge verschloss. Nodeems mer dës interessant an eenzegaarteg Saache konnte gesinn, hu mer du rëm duerch 3 Sécherheetskontrolle missen duerch fir de Wee erëm raus ze fannen. Mir goufen och kontrolléiert, oppe mer radioaktiv Spueren op ons hätten an hunn do och duerch sämtlech extra Apparature

missen duerch. Ons Schutzkleedung hu mer an enger bestëmmter Reiefolleg missen ausdoen an et gouf alles a speziell Poubellë geheit. Erëm zeréck beim Start, krute mer ons Wäertsaachen zeréck a mir hunn de Badge wéi och den Helm an d’Sécherheetsschong missen ofginn.

Wéi der liese kënnt, war et alles aneschters wéi eng normal Visitt. Vill nei a spannend Saache goufen ons erkläert a gewisen. Gäre kënnt d’ANEIL erëm zeréck fir nach weidere Memberen dës eenzegaarteg Experienze vun der Zentral vu Cattenom kënnen ze ginn.

Auteur: Justine Welter

54 l
bulli Wanter 2022
Visitt vum AKW Cattenom Foto: Justine Welter Foto: Justine Welter

(57% Ingenieuren, 31% Techniker + Zeechner, 12% Support+IT+Adm.)

15 lëtzebuerger Associéen

38 Joer : Duerchschnëttsalter

Ingenieuren aus de Beräicher Génie civil, Elektromechanik, Génie mécanique, Emwelt Geographen, Biologen, Geologen, Hydrologen, Urbanisten, Geometeren/Topographen, Informatiker oder Bauphysiker

A mir schléisse kee Beräich aus, deen innovativ ass !

Scan it!

Iwwert 100 Studenten all Joer! E Stage ass vill méi wéi just eng Pai. Duerfir zéckt net eis ze kontaktéieren !

Mail eis däin CV mat Motivatiounsbréif op jobs@schroeder.lu

Member Statistiken 2022 Oochen 43% Karlsruhe 14% Kaiserslautern 12% München 11% Schwäiz & Éisträich 11% Wat eis Membere studéieren Studentinnen Studenten 0 25 50 75 100 Nohalteg Energieversuergung Bio-/ingenieur/infomatik Wirschafts-/Verkéiersingenieur Mathematik Mechatronik Physik & Atstrophysik Archtiktur & Raumplanung Elektrotechnik Ëmweltingenieur Informatik Maschinnebau Bauingenieur Wou eis Membere studéieren Lëtzebuerg, Frankräich, Belge 2% Aner däitsch Stiedt 12%

NOHALTEGT BAUEN / DATENZENTREN A KOMMUNIKATIOUN

An eisem Büro am Häerz vun der Stad schaffe ronn 45 Mataarbechter interdisziplinär (Maschinnebauer, Elektrotechniker, Ëmweltingenieuren etc.) u ville verschiddene Projeten.

De Büro JEAN SCHMIT ENGINEERING entwéckelt Léisungen an de Beräicher: / TECHNESCH GEBÄUDEAUSRÜSTUNG / ENERGIE AN
www.jse.lu
HUES DU LOSCHT D‘LËTZEBUERG VU MUER MAT ZE GESTALTEN? DA MELL DECH BEI EIS FIR E STAGE ODER FIR ENG FEST PLAZ.
CENTRALE FROID BELVAL
ASCENSEUR PFAFFENTHAL
CENTRALE FROID BELVAL
LUXEMBOURG
CARGOLUX HEADQUARTERS CNIS

Wir sind der innovative Partner für Beraten, Planen, Bauen und Betreiben. Wir begleiten private und öffentliche Bauherren und Investoren in allen Fragen rund um Immobilien, Projektmanagement und Infrastruktur – analog und digital.

Bei Drees & Sommer entscheiden Sie sich für spannende und abwechslungsreiche Aufgaben – und den Spielraum, diese aktiv zu gestalten. Haben Sie Lust, unsere Kunden zukunftsweisend zu beraten und an erfolgreichen Gebäuden, renditestarken Portfolios, einer leistungsfähigen Infrastruktur und lebenswerten Städten mitzuwirken?

Werden Sie Teil von Drees & Sommer und nutzen Sie Ihre Möglichkeiten. Wir freuen uns darauf, Sie kennenzulernen!

WIR SUCHEN (m/w/d) IN DEN BEREICHEN

OFFENE STELLEN

Jetzt über offene Stellen informieren! Bewerbung an: Drees & Sommer Luxembourg, Human Resources: hr-lux@dreso.com www.dreso.lu

KÄERJENGER TREFF – Bau einer neuen Mehrzweckhalle / kulturellen Einrichtung in Käerjeng © Gemeng Kärjeng
INNOVATIVE PROJEKTE BEI DREES & SOMMER IN LUXEMBURG
CRADLE TO CRADLE®, BIM, PROJEKTMANAGEMENT, TECHNISCHE KONZEPTION, ENTWICKLUNGSMANAGEMENT, INFRASTRUKTURBERATUNG
> Elektrotechnik > Engineering > Versorgungstechnik > Bauingenieurwesen > Infrastruktur > Architektur > Unternehmenskommunikation > Wirtschaftsingenieurwesen > Planer > Projektmanager > Architekten > Bauingenieure > Werksstudenten > Praktikanten
PARC DES EXPOSITIONS – Ausstellungsgelände, kulturelle Einrichtung © DBCO GmbH

Memberskaart 2023

Joer Unistad Numm Studierichtung Adress (Lux) E-Mail Ënnerschrëft

Fir déi ënnert iech déi nach keng Memberskaart 2023 hunn.

MEMBERSKAART

www.aneil.lu

Joer Numm Cotisatioun € actif donateur Fir de Comité

Dir kennt d‘Memberskaart iwwert aneil.lu kafen an d‘Cotisatioun vu 5 Euro op den ANEIL Konto iwwerweisen.

Ënnert dem Punkt ANEIL-Member ginn fann dir all déi néideg Informatioune fir är Memberskaart ze verlängeren oder fir iech als neie Member anzedroen.

Kont IBAN LU54 0019 4200 0727 3000 BIC/Swift BCEELULL Vermierk „Däin Numm - Cotisatioun 2023“

D‘ANEIL hofft iech och dëst Joer weiderhin als Member dobäi ze hunn.

bulli Wanter 2022 59 l
Ech sinn averstan dass meng Donnéeën un Drëtter kënne weidergi ginn. Photographesch Duerstellunge vu mir dierfe vun der ANEIL fir Publikatioune benotzt ginn.
Memberskaart 2023

Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.