Page 1

bulli

Summer 2018

Association Nationale des Etudiants IngĂŠnieurs Luxembourgeois


Virwuert

Foto: Michel Reisch

Léif Memberen, Partner a Frënn vun der Aneil, De Cover vun dësem Bulli ass deen vun der alleréischter Editioun vum Bulli vu 1958. Mir hunn eis geduecht , dass et am Virfeld vun eiser 60 Joer Feier eng flott Iddi wier, eng Rétroversioun vum Cover vum Bulli ze lancéieren. Sou kritt jiddereen d’Méiglechkeet ze gesinn, wéi de Bulli ganz am Ufank vun der Geschicht vun der Aneil ausgesinn huet. Wéi dir gesitt, huet sech a 60 Joer Aneil den Design vum Bulli staark verännert. Um Cover gesäit een och vu wou den Numm “Bulli” dann iwwerhaapt kennt: als Ofkierzung vun “Bulletin d’Information”. Ennen riets um Cover vun dësem Bulli gesitt dir eng Kopie vun engem Zeitungsartikel aus dem Joer 1958 iwwert d’Grënnung vun der Aneil. Op dëser Platz géing ech dann och gären vun der Geleeënheet profitéieren  fir iech alleguer ganz häerzlech op eis 60 Joer Feier den 22. September am Tramsschapp um Lampertsbierg ze invitéiren. Loost iech dëst Event net entgoen. Umellen kennt dir iech ënnert  www.aneil.lu/60-joer. Virun e puer Wochen ass dann och eise neien Site online gaangen. Et war héisch Zäit eis Internetpräsenz opzefrëschen an ze moderniséieren. Hei kennt dir iech elo méi iwwersiichtlech iwwert

Virwuert

d’Aktivitéiten vun der Aneil informéieren. Vergiesst och net iech déi aktuell Job- a Stageplazen vun eise Partner unzekucken. An dësem Bulli fannt dir och d’Rapporten vun den leschten Aneils Aktivitéiten mat ënnert anerem enger vun eisen Haaptaktivitéiten vum Aneilsjoer : der traditioneller Table Ronde op Karfreideg. Dëst Joer waren ganzer 22 vun eise Partner op der Table Ronde vertrueden an hunn hier Entreprise virun enger Ronn 60 Studenten virgestallt. Mir freeën eis an dësem Bulli erëm dräi Interviewen mat Ingenieuren  vun eise Partnerfirmen an och d’Masteraarbecht vum Johan Winkel publizéieren ze kennen. Mat den  Interviewen wëllen  mir iech d’Geleeënheet  bidden, en direkten Abléck an déi deeglech Aarbecht  vun den Ingenieuren  aus lëtzebuerger Firmen ze kréien. Des Weideren kennt dir an den Interviewen liesen, wéi eng Ingenieuren a wéi eng Fäegkeeten an Zukunft an der lëtzebuerger Industrie gesicht ginn. Wéi dir aus den Interviewen erausliesen kennt, wäerten d’Themaen Industrie 4.0 an Digitalisatioun och zu Lëtzebuerg ëmmer méi u Wichtegkeet gewannen. Am Numm vum ganzen Comité wënschen ech iech alleguer vill Spaass beim Liesen vum Bulli a vill Gléck bei den Klausuren vum Summer Semester.

bulli Summer 2018 l 3


Iwwersiicht Virwuert3 Comité 2018 Visite Arcelor Mittal Table Ronde 2018 Interview a+p kieffer omnitec Visite CURIA-Tower 3 Visite CERATIZIT Interview CERATIZIT Visite Sales-Lentz Visite BEST Interview Paul Wurth Visite Fond-de-Gras Masteraarbecht vum Johan Winkel

6 8 12 16 18 22 24 28 32 36 40 46

Impressum Responsablen Editeur: Association Nationale des Étudiants Ingénieurs Luxembourgeois a.s.b.l. (ANEIL) 6, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 Luxembourg tél.: +352 45 13 54 Internet: www.aneil.lu Email: contact@aneil.lu BCEE: IBAN LU54 0019 4200 0727 3000 Chefredakter: Sarah Kunsch Redakteren: Carine Fay Charly Huberty Michel Reisch Andrija Djordjevic Johan Winkel

Jim Ferring Tom Schmitz Benny Huberty Paul Bazzi

Layout: Sarah Kunsch Max Schmitz Drock: Atelier Dréckerei Autisme Luxembourg asbl +352 266 233 - 42 www.autisme.lu De bulli kënnt 4 Mol am Joer eraus an huet eng Oplag vu 460 Exemplären. D’Reproduktioun vun den Artikelen ass grondsätzlech erlaabt wann d’Quell ugi gëtt. D’ANEIL ass awer net verantwortlech fir de Gebrauch deen domat kéint gemaach ginn. D’Artikelen engagéieren nëmmen den Auteur. De Pabeier vun dësem Bulli ass FSC zertifizéiert.

4 l bulli Summer 2018


D’Fondation Enovos, d’Associatioun daVinci an d’ANEIL invitéieren iech häerzlech ob déi 7. Editioun fir d’Iwwerreechung vum „Prix d’Excellence de la Fondation Enovos”. Wéini Wou

Programm 11:00 12:00 12:15

10. November 2018 Forum Da Vinci 6, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 Luxembourg Mot de Bienvenue an Diskussiounsronn Präisiwwerreechung Receptioun

Wat ass de Prix Enovos D’Fondation Enovos, ënnert dem Patronat vun der Fondation de Luxembourg, gouf 2012 gegrënnt mat dem Ziel d’Ausblildungs- a Beruffschancen vun den Ingenieuren ze optiméieren. A Coopératioun mat daVinci an der ANEIL, lancéiert d’Fondation Enovos all Joer ee Concours, de “Prix d’Excellence de la Fondation Enovos”, fir rezent Ingenieurabsolventen ze belounen. Déi beschte Masteraarbechte gi mat engem Präisgeld vun 2500€ dotéiert. Weider Informatioune fann dir ënnert www.fondation-enovos.eu.


Comité 2018 Michel Reisch

Charly Huberty

Oochen Maschinnebau

Oochen Wirtschaftsingenieur & Elektresch Energietechnik

Michel.Reisch@aneil.lu

Charly.Huberty@aneil.lu

Edi Nguyen

Michel Sun

Esch-Belval Bio-Informatik & Systems Biology

Kaiserslautern Bauingenieur

Edi.Nguyen@aneil.lu

Michel.Sun@aneil.lu

Carine Fay

Laurent Jacques

Lëtzebuerg BTS & Génie Automatique

München Physik & Msc. Medezinphysik

Carine.Fay@aneil.lu

Laurent.Jacques@aneil.lu

Sandy Bürger

Lorella Mezzapesa

Kaiserslautern Architektur

Kaiserslautern Architektur

Sandy.Burger@aneil.lu

Lorella.Mezzapesa@aneil.lu

Président

Secrétaire

Responsable Information

Responsable Partenaires

6 l bulli Summer 2018

Vice-Président

Trésorier

Responsable Voyages

Responsable Partenaires

Comité 2018


Anouk Godelet

Sarah Kunsch

Architektur & Energieeffizient Bauen

Kaiserslautern Architektur

Anouk.Godelet@aneil.lu

Sarah.Kunsch@aneil.lu

Jim Ferring

Jerry Lambert

Coopté Publications

Responsable Table Ronde

Responsable Foire

Zürech Maschinnebau

München Maschinnebau

Jim.Ferring@aneil.lu

Jerry.Lambert@aneil.lu

Laurent Schartz

Jil Brimaire

Oochen Maschinnebau & Medizinntechnik

Bayreuth Wirtschaftsingenieurwesen

Laurent.Schartz@aneil.lu

Jil.Brimaire@aneil.lu

Andrija Djordjevic

Johan Winkel

Lëtzebuerg Bachelor of Science and Engineering & Maschinnenbau

M.Sc. Emweltingenieurwëssenschaften & Siedlungswasserwirtschaft

Andrija.Djordjevic@aneil.lu

Johan.Winkel@aneil.lu

Responsable Site Internet

Responsable Visites

Comité 2018

Responsable Publications

Coopté Communications

Coopté Site Internet

bulli Summer 2018 l 7


Visite Arcelor Mittal 16.03.2018 | Rodange

Nodeems mir virun 2 Joer d´Stolwierk vun Arcelor Mittal um Belval an d’lescht Joer dat zu Déifferdeng besichen waren, war dëst Joer Rodange um Tour. No der Begréissung vum Här Jüch vun ArcelorMittal an der Entrée vum Wierk, sinn mir zesummen op den Site gaangen. Lass ass et gaangen mat enger kuerzer Presentatioun  iwwert den Site Rodange selwer. Hei kruten mir en Abléck an d’Geschicht vum Rodanger Stolwierk. Um Site zu Rodange, deen ganz am Ufank nach SA Hauts-Fourneaux de Rodange geheescht huet, gëtt säit 1872 Stol produzéiert. Bis 1907 ass hei Réieisen produzéiert ginn an eréischt dono sinn déi éischt Walzstroossen  gebaut ginn mat deenen  dunn och fäerdeg  Stolprodukter hiergestallt konnten ginn. Wéi op allen aneren Stolprodutkiounsstanduerter zu Lëtzebuerg zu dëser Zäit, stoung och zu Rodange am Ufank en Héichuewen.  Hautdesdaags gëtt  zu Rodange awer keen Stol méi hiergestallt. Den Stol kennt a Form vu Brammen aus ënnerschiddlechen  aneren ArcelorMittal Standuerter  wéi, beispillsweis vu Belval oder aus Däitschland. Dës Brammen ginn dann an engem Gasuewen erëm erhëtzt  fir dass se kennen weiderveraarbecht  ginn. Dësen Prozess wäerten mir eis am weideren Verlaf  vun der Visitt  och kennen direkt am Wierk ukucken. Nom geschichtlechen Deel kruten  mir d’Produiten 8 l bulli Summer 2018

gewisen déi zu Rodange hiergestallt ginn. Den Site Rodange, deen an der Vergaangenheet  och schwéier  Zäiten duerchlieft  huet an och bal eng Kéier sollt zougemaach ginn, huet sech haut an der Produktioun vun Nischeprodukter  spezialiséiert an konnt esou erëm rentabel ginn. Duerch déi méi kléng Gréisst vum Rodanger Site kennen si flexibel op Ännerungen vum Marché reagéieren  an esou innerhalb vun e puer Deeg eng Villzuel un ennerschiddlechen Produkter hierstellen. Esou eppes ass an engem groussen Stolwierk, wéinst dem Opwand fir d’Produktioun op dat jeweilegt Produkt unzepassen, onméiglech.

Fotoen: Benny Huberty

Visite Arcelor Mittal


#ilovesteel D’ici 2025, le nombre d’emplois nécessitant des compétences scientifiques et techniques devrait augmenter d’environ un million à travers le monde.

Nous cherchons des jeunes talents pour relever les défis de l’innovation et accompagner notre démarche en faveur du développement durable. ArcelorMittal offre des carrières résolument tournées vers le futur, dans un environnement international et propose des formations de haute qualité. Rejoignez-nous ! http://luxembourg.arcelormittal.com

@ArcelorMittal_L


Ee vun den Haaptprodukter déi zu Rodange hiergestallt ginn, sinn Schinnen fir Zich, Tramen an Kranen. Dës Schinnen ginn an d’ganz Welt geliwwert. Sou fiert beispillsweis souguer den Tram an Australien op Schinne vu Rodange. De lëtzebuerger Tram fiert zum Deel an Zukunft och op lëtzebuerger Schinnen. Um Site zu Rodange ginn dann och nach Profiller gewalzt déi un e Client verkaaft ginn, deen dann doraus  d’Ketten vun Baggeren oder Bulldozeren hierstellt.  No dëser interessanter Presentatioun kruten  mir dunn eis Secherheetsausstattung an hunn eis op de Wee an d’Stolwierk gemaach.

Fir an d’Stolwierk eran sinn mir laanscht d’Lager vun den Stolbrammen gangen. Déi sinn alleguer nummeréiert fir dass ëmmer kann noverfollegt ginn vu wou se kommen an wéi déi genee chemesch Zesummesetzung  dervun ass. Dunn ass et weider bei den Uewen gaangen  an deen d’Brammen mat engem Kran eragesat  ginn. Den Uewen gëtt mat Äerdgas  gehëtzt an ass Dag  an Nuecht un, siwen Deeg an der Woch. De Weekend steet d’Produktioun am Wierk zu Rodange zwar mee et wier vill ze opwenneg fir den Uewen iwwert den Weekend aus ze maachen an Méindes erëm un.

Et kann ee sech gutt virstellen, dass dat eng Zäitchen dauert bis esou en riesen Uewen op der richteger Temperatur ass. Et war en impressionant Gefill direkt beim Uewen ze stoen an eran kennen ze kucken wann déi rout gléihend Brammen fir d’Weiderveraarbechten eraus geholl gi sinn. Lo ass et weider op d’Walzstrooss gaangen. Hei lafen  déi erhëtzten Brammen  soulaang duerch  verschidden Walzen bis se dat gewënschten  Profil hunn. Wann d’Profiller bis fäerdeg sinn, ginn se mat enger Kreessee op déi Längt geseet déi den Client bestallt huet. Als lescht ginn d’Profiller op enger Maschinn geriicht an dann kommen se eraus an d’Lager an waarden op hiren  Transport an d’ganz Welt. Verschidden Tramsschinnen gi mam Schëff bis an Australien geliwwert, anerer hunn méi e kuerzen Wee viru sech. D’Firma Kihn vu Rëmeleng  beispillsweis keeft  Schinnen vu Rodange fir Weichen draus ze bauen. Virundeems d’Profiller d’Wierk zu Rodange verloossen, ginn se mat Ultraschall op ënnerschiddlech Feeler gepréift. Jee no Besoin vum Client ginn zum Deel och schonn Lächer an d’Profiller gebuert. Nom Schlusswuert vun den Vertrieder vum Site vu Rodange ass eis Visitt dann esou lues mat enger Diskussiounsronn op en Enn gaangen. Hei ass et dunn virun allem iwwert dem Trump seng Strofzöller  op Stolproduiten an déi méiglech Konsequenzen fir d’ArcelorMittal gaangen. Op dëser Platz  wëllen mir der ArcelorMittal villmools Merci soen fir dës flott an interessant Visitt.

Auteuren: Carine Fay an Michel Reisch  

Fotoen: Benny Huberty

10 l bulli Summer 2018

Visite Arcelor Mittal


BAN QU E ET GN E DE LʼETAT CA ISS E DʼE PAR LUX EMBO URG

Expire Expirre Fin Expi

02/20

SCHMIDT Jil Com e Numéro Compt

ro Carte Cartte Numéro Car

4 5555

LU11 2222 3333 444

654 321

100% JEUNE. 100% VOUS.

ne carte rtes de crédit, d’u ca de z ite of pr us Y, vo Avec axxess STUD lutions de t en Europe, de so ou rt pa e bl la va de débit axxess avantages. multiples autres de et es ud ét s vo financement pour rs une réussite. ire de votre parcou fa et ok lo e tr vo Pour garder s sur axxess.lu : conditions et info s an 30 à 18 de Pour les jeunes

Banque et Caisse d’Epargne de l’Etat, Luxembourg, établissement public autonome, 1 Place de Metz, L-2954 Luxembourg, R.C.S. Luxembourg B 30775 www.bcee.lu tél. (+352) 4015 -1

S A P E I D JE N’ÉTU T N E M E U UNIQ K O O L N MO


Table Ronde 2018 30.03.2018 | Forum da Vinci

Fotoen: Charly Huberty

Traditionell ob Karfreideg lued d’ANEIL all Joer ob hier Table Ronde an. D’Idee ass kloer, Ingenieursstudenten, an Schüler déi sech fir den Beruff vum Ingenieur interesséieren, mat Entreprisen an aneren potentiellen Arbeitgeber zesummenzebréngen. Dass d‘Nofroo  fir esou een Treffen grouss ass, dëst ob béiden Säiten, gesinn mir all Joer ob en neits. Eleng vun 2017 ob 2018 ass d’Zuel vun Partnerbetriber déi sech an hier Aarbecht bei ons virgestallt hunn vun 18 ob 22 geklommen. D’Table Ronde 2018 huet wéi gewinnt mat engem mot de bienvenue vun eisem President den Michel Reisch ugefaangen. An senger Ried ass hien dorops agaangen, dass de Manktem un Ingenieurinnen an Ingenieuren d’Betriber virun nei Erausfuerderungen stellt. Genau sou gëtt d’Sich no enger Aarbecht an engem internationalen Ëmfeld awer net onbedéngt méi liicht. Aus  dësem Grond ass d’ANEIL de richtege Partner. No dem Michel senger Ried  war et um  Responsabele vun der Table Ronde den Jim Ferring nach eng Kéier kuerz den Oflaf ze erklären an domat den Dag esou richteg ze starten: Eis Partner hate genee 4  Minutten  Zäit sech an hier Aarbecht virzestellen. Vun Video  iwwer Powerpointpresentatioun bis hin zu engem reng mëndleche Virtrag   war alles vertrueden

12 l bulli Summer 2018

an selbstverständlech erlaabt. Begleet goufen d’Presentatioune vun enger spezieller  Broschür déi extra  fir d’Table Ronde  zesummegestallt gouf. Eng kleng Verschnaufpaus gouf et  dunn no deenen  éischten 11 Virträg. Den zweete Volet, den direkte Kontakt  tëschent Entreprisen a Studenten huet direkt no den Presentatioune ugefaangen. Hei konnten sech ons Memberen ob d’Sich no Stagen a  souguer Festustellunge maachen. Fir dass dës Beméiungen och vun Erfolleg gekréint  sinn,  hu mer och dëst Joer nees en professionelle CV Check ugebueden. De Feedback vun der Säit vun den Studenten an vun den Entreprisen war immens positiv a motivéierend. Dowéinst  wëlle mer ob  dëser  Plaz deenen  Merci soen, ouni déi  dëst Event net  méiglech  gewiescht wär: all eise Memberen, eise Partner a Sponsoren, der  Madamm Diane Ries vun hrservices.lu, DaVinci déi ons hier  Raimlechkeeten  zur Verfügung gestallt hunn, ee ganz grousse Merci.

Auteur: Jim Ferring

Table Ronde 2018


LLLL what you do

and just... BE YOURSELF!

TTTTT

JJJJ

HHHH DDD’’ :

............

w w w.betic.lu

MMMM

IIIIIIII


Interview a+p kieffer omnitec Interview mam Georges Baumann

14 Ventilatiounszentralen, 5 Kalwaasserproduktiounsanlagen, 2 Gaskesselen, 1100 Buedemkonvektoren, d’Killplafongen, d’Ventilatiounskonvektore vun den Informatiksäll, den Dampofzuch vum Atrium an CO Entlëftung an de Parkingen, d’Installatioun vum Brandschutz, den Ensembel vun der Sanitäranlag, d’elektresch Schalttafelen d’Verkabelung, d’Reegelung an de System vun der Gestion Technique Centralisée ... Dat sinn haaptsächlech d’Anlagen, déi de Georges Baumann, 29 Joer, diploméierten Ingenieur vun der Fachhochschule Trier 2016, am neie Siège vu Ferrero International um Findel mathëlleft ze installéieren. De Georges schafft haut als Assistant technique bei a+p kieffer omnitec, eng Entreprise, déi zu deenen ganz Groussen am Beraïch Haus- an Energietechnik hei am Grand-Duché zu Lëtzebuerg zielt. Hie konnt säi praktesche Stage fir de Bachelor an der Entreprise maachen an duerno 2 Deeg vu 5 während sengem Master do schaffen. a+p kieffer omnitec zielt eng 400 Mataarbechter, dovun 27 am Bachelor a 53 am Master in Engineering. Als 82. Privatemployeur vum Land ass d’Zil vun der Entreprise hire Clienten dee beschte Rapport Confort/Ekonomie/ Ekologie am Beräich Génie technique et énergétique ze bidden.

Georges, wéi koum et zu Ärer Vocatioun als Ingénieur en gestion énergétique a wéi hutt Dir a+p kieffer omnitec kennegeléiert? Ech hu versicht, mäi Wonsch d’Fauna an d’Flora vun eisem schéine Planéit ze präservéieren, meng Virléift fir d’Technik an d’Recherche no engem Beruff mat enger gudder Remuneratioun a gudde Carrièresperspektiven ze kombinéieren. Ech hunn dofir direkt e Bac technique am Lycée des Arts et Métiers um Lampertsbierg gemaach, well ech deemools schonn d’Chance hat, de Claude Schumacher, haut Responsabele vum Département

16 l bulli Summer 2018

Georges Baumann

Fotoen: a+p kieffer omnitec

Equipements Techniques et Energétiques vun a+p kieffer omnitec kennenzeléieren. Hien huet mir erkläert, ëm wat et sech bei de verschiddenen Aktivitéite vun der Entreprise handelt. Hien huet mech iwwerzeegt, de Wee vun der Gestion énergétique an der Gestion de projet an dësem Beräich anzeschloen. Duerno huet sech alles vum selwen erginn. No mengem praktesche Stage fir de Bachelor hunn ech dee vum Master an der Entreprise gemaach. Mäin TFE war iwwer d’Amenagement vun enger Klimaanlag am Atrium Business Park dee vun a+p kieffer omnitec geréiert gëtt. Et ass alles gutt verlaf an a+p kieffer omnitec huet mir direkt no menge Studien en CDI ugebueden.

Interview a+p kieffer omnitec


Wat ass haut Är Roll an der Entreprise? Fir de Moment schaffen ech mat 2 aneren Aarbechtskollegen, déi och Ingenieur sinn, am technesche Büro um Chantier vun der “Casa Ferrero” um Findel. Mir hu virun allem véier Missiounen. Éischtens, d’Realisatioun vun den Ausféierungspläng fir d’Installatioun vun all den HVAC- a Sanitäranlage fir dëst Gebai vu ronn 30 000 m2. Dat heescht, datt mir d’Donnéeë vum urspréngleche Plan d’étude kontrolléieren an eventuell nei rechnen. Duerno gi mir déi definitiv Ausféierungspläng un eis Equippe weider. Mir wielen och d’Materialien aus a maachen déi néideg Commanden. Mir verfaassen dann och d’Fiches techniques, déi fir d’Geneemegung vun eisen Aarbechten neideg sinn. A selbstverständlech koordinéiere mir all Dag d’Aarbechte vun eisen Equippen mat den Equippe vum Gros oeuvre an deenen aneren Corps de métier déi um Chantier sinn.

Koordinatioun vun den Aarbechten op dem Chantier

Hutt Dir Iech Äre Beruff esou virgestallt? Ech hu mer et erhofft. Fir mech huet en alles, wat mir gefält. Ech gesi konkret um Terrain d’Resultat vun de Pläng, déi ech gezeechent hunn. Et ass also net nëmmen eng Bürosaarbecht. D’Kapazitéit vun a+p kieffer omnitec all d’Bautechniken ze iwwerhuelen, erlaabt et mir all Dag nei Kenntnisser un ze eegenen. An dat och méi séier, well ech alldeeglech mat de Monteuren an de Chefs chantier a Kontakt sinn. Mir gefält dës Teamaarbecht. De Wëllen, Energie ze spueren an d’Ëmwelt esou gutt wéi méiglech ze respektéieren ass ëmmer präsent. Net ze vergiessen, datt ee bei a+p kieffer omnitec och d’Chance huet op de gréisste Chantiere vu Lëtzebuerg ze schaffen. Et gëtt ëmmer eppes Neies, eng aner Approche, nei Materialien oder nei Techniken, déi een assimiléiere muss. A well d’Entreprise engem séier Responsabilitéite gëtt, léiert a progresséiert een och séier. Interview a+p kieffer omnitec

Realiséieren vun den Montagepläng

Fotoen: a+p kieffer omnitec

Wat mengt Dir mat séiere Responsabilitéiten? D’lescht Joer gouf ech op de Chantier RTL City versat, de gréisste private Chantier zu Lëtzebuerg bei senger Konzeptioun. Ech ka soen, datt ech haut praktesch all d’Facette wat d’Technik an d’Energie betrëfft kennen. Mir gouf d’Responsabilitéit vun der Koordinatioun vun der ganzer Mise en service iwwerdroen. Dat gëtt e gewëssenen Drock. Ma et erlaabt awer och Fortschrëtter ze maachen, wat de Kontakt mat eise Spezialiste vum Pôle électrique a Saache Reegelung, Automatisatioun a Pilotage vun den Installatiounen, ugeet. Dat geet natierlech net ouni Hëllef. E routinéierten Ingenieur dirigéiert all Projet. Wat mech betrëfft, leeft alles ganz gutt. D’Leit an d’Hierarchie si ganz sympathesch bei a+p kieffer omnitec. Kollaboratioun ass keen eidele Begrëff. A wann een e spezifesche Besoin huet, zum Beispill e Bedarf u Formatioun, gëtt dës, wann se justifiéiert ass, ni refuséiert. E lescht Wuert un d’Ingenieuren, déi nach net wëssen, wéi ee Wee si solle fir hir spéider Carrière aschloen? Iech gefält d’Diversitéit, dat Konkret, de Kontakt? Dir wëllt Iech nëtzlech fillen a bei der Realisatioun vu grousse Projete mathëllefen? Dir suergt Iech ëm Äre Planéit? Dës Grënn ginn duer, fir eng Carrière am Génie technique et énergétique ze maachen, a virun allem an enger Entreprise wéi a+p kieffer omnitec. Zéckt net, Iech iwwer d’Stage-Méiglechkeeten an der Entreprise ze renseignéieren. Op dem Site apko.lu fannt Dir all d’Kontaktinformatioune vun der Entreprise a vum Departement vun de Ressources humaines.

Auteur: a+p kieffer omnitec

bulli Summer 2018 l 17


Visite CURIA-Tower 3 30.03.2018 | Lëtzebuerg

Fotoen: Drees & Sommer

Den Freideg den 30sten Mäerz hunn sech eng kleng Grupp vun 10-15 Studenten virun dem Chantier vun dem europäeschen Geriichtshaff zesummefonnt. Ugeschloen war eng Visite Guidée vum 3ten Tuerm deen am Bau ass. D‘Firma Drees & Sommer huet sech bereet erkläert fir  des Visite ze organiséieren  och wann d‘Grupp no  um Limitt  vun der acceptabeler Gréisst fir  sou Chantiers-Visiten louch. En decken Merci un dëser Platz fir den Asatz! Den Opener vun der Visite huet am on-site Meetingraum stattfonnt. Dëst  a Form vun enger klenger Presentatioun vun Säiten vum Maximilien Ast, dem Gérant vun Drees & Sommer Luxembourg / France. Dësen huet d‘Haapt Innovatiouns  Themen vun der Firma ugeschwat déi  do wieren Cradle-to-Grave vun Gebaier an Infrastruktur, gesond Bauen an aner Projeten  wei zb den Cube zu Berlin erläutert déi  des Konzepter verënnerlechen. Den zweeten Presenter vum Metting war  den  Christian Zanter, Project  Partner bei Drees & Sommer Luxembourg. Hien huet munch interessant Aspekter vun der AarbechtsMentalitéit bei Drees & Sommer ugeschwat, wéi z.B. den Fait,  dass jiddereen ëmmer  op enaner  zielen kann an d‘Méiglechkeet kritt fir seng Ideen ze deelen an ze entwéckelen. Dëst ass en wichtegt Standbeen fir d‘Innovatioun. Och d‘Internationalitéit  bei Drees & Sommer ass en grousst Thema. Sie

18 l bulli Summer 2018

hunn vill Standpunkter uechtert  Welt. Esou kooperéieren  d‘Standpunkter vun Bréissel, Paräis  an Lëtzebuerg, fir  hier speziell  Expertisen zesummenzeféieren an Projeten méi  effizient an ressourcëschounend  ze beschaafen. All Joer rekrutéiert Drees & Sommer em déi 350 Studenten fir d‘Posten ze decken déi ufalen.  Iert et dann op de Chantier selwer gaangen ass, huet d‘Architektin Isabelle Wertz eis nach d‘Éier erwisen an den Projet méi  spezifesch erläutert. D‘Firma  Drees & Sommer spillt um Site vun dem europäeschen Geriichtshaff an den ungrenzenden Gebaier  verschidden wichteg Rollen. Ënnert anerem d‘Roll vum Technical Advisor fir d‘Institutioun vum europäeschen Geriichtshaff. Sie setzen sech fir d‘Zieler vun hirem Client an, an kontrolléieren, dass alles säi  richtegen Wee geet um Chantier an comme-il-faut ëmgesat gëtt  an dat all d‘Normen an Ofkommes  vun den Baufirmen agehalen  ginn. Den Tuerm selwer ass wei gesot den 3ten Tuerm vum Geriichtshaff an ass spéider och direkt mat den aneren  Gebaier vum existéierenden  Geriichtshaff ugebonnen. Den Tuerm gëtt dat héchst Gebai vun Lëtzebuerg mat sengen 26eg Stäck déi sech op 115 Meter opdeelen. Déi particulilar Challengen déi dësen  Chantier opweisen sinn  z.B. déi  néi Oplagen fir  Nausivitéit vun den Baustoffer déi Visite CURIA-Tower 3


Apportez du piquant à votre carrière,

CACTUS ENGAGE!

logistique

ingénieur

technicien

génie civil

Comme nous, optez pour une qualité (de vie) sans compromis

comptable

informaticien

INTERESSÉ(E)? Cactus S.A. Gestion du personnel Route des 3 Cantons / L-8399 Windhof ou recrutement@cactus.lu

Nëmmen dat Bescht


agehalen ginn  mussen, esouwei d‘anhalen  vun engem erwënschten extrem  niddregen EnergieLevel vun AA an d‘Ubréngen vun der Fassad déi ganz aus Glas besteet. Bei dësen Arbeschten ginn néi Usätz ëmgesat déi  och duerchaus Erfolleg weisen. Zum Beispill gouf et een Enkpäss  an der Livraisoun den dozou gefouert huet, dass munch Aarbechten  en aneren Oflaf  fonnt hunn  an d‘Koordinatioun  um Chantier huet missen ugepasst ginn. Ouni dës Enkpäss sollt dann bannen all 3 Deeg den Tuerm em een Stack wuessen, an esou och d‘Fassad direkt mat héich  gezunn ginn  an och den Bannenausbau pro Stack direkt ufänken soubal d‘Fassad montéiert ass. Den extrem kalen Wanter huet ënnert anerem och seng Roll gespillt mee konnt den Chantier awer net vill ophalen well de Chantier behëtzt ginn ass, fir datt d‘Aaarbeschter trotzdeem konnten weiderschaffen. 

Fotoen: Drees & Sommer

D‘Visite gouf dann och vum Isabelle Wertz geleet an huet um 10ten Stack ugefaangen  wou een observéieren  konnt, wéi déi  grouss FassadenElementer mat engem relativ klengen Kran deen ëmmer  2 Stäck iwwert dem Montagestack stoung erofgelooss  goufen. Dësen  Kran gouf vun den Aarbechter déi  an Gurter  baussen un der Fassad houngen ferngesteiert. D‘Fassadenelementer selwer sinn mat Fënsteren an duebeler Glasschicht souwéi  Lueden etc. voll equipéiert. Zum Zäitpunkt  vun der Visite war  de Kär  vum Gebai schonn  op 26 Etagen  opgestockt an de Finissage vum Buedem war ëmgaangen  op den ieweschten Stäck. Eis Visite ass dowéinst just bis op den 22sten Stack gaangen, wat awer schonn impressionnant héich war. All d‘Aarbechter  op dëser Héicht sinn mat engem Gurt an speziellem Geschirr gesëchert. Fir des Weideren d‘Sëcherheet  um Chantier  ze garantéieren,  huet all Aarbechter säin  Badge an

20 l bulli Summer 2018

et ass een sëcher, dass jiddereen Owes erëm den Chantier sëcher verlooss  huet wann jiddereen sech ausgebadget huet. Den Chantier selwer operéiert  an 2 Schichten, déi éischt  vun 8h0017h00 an déi  zweet  vun 17h00-22h00. Déi nächst Etape vum Chantier déi  besicht gouf war  den Finissage vun dem Bannenausbau den momentan um Stackwierk 8 ukomm  war. All d‘Stäck ënnen drënner sinn schonn souwäit ausgebaut. Hei konnt een dann och Macketten-Raimlechkeeten gesinn, déi  speziell fir  verschiddenst Tester opgebaut goufen. Et geet drëms  ze kontrolléieren  op d‘Akustik stemmt, also d‘Schalldämmung wierksam ass, d‘Luminositéit akkurat ass zu dem wat vum Bauhär verlaangt gëtt  an d‘Material-Nausivitéit net déi gesaten Wäerter iwwerschreit.  No der Visite vum Chantier selwer ass et nach bis an den bestoenden Deel vum Geriichtshaff gaangen,  wou munch interessant Aspekter vun der Architektur opgewise goufen, déi  do wieren z.B. den speziellen groussen Audienz-Sall mat den verschiddenen Glaskabinetten ronderëm, déi fir déi sëllech  Iwwersetzer vun den verschiddenen europäeschen Memberstaaten  geduecht sinn. Ënnert  anerem och interessant ass den groussen hellen Hall/Gang, deen all d‘Gebaier vum Geriichtshaff mateneen verbënnt  an och Infrastruktur,  wéi Restauranten an eng Bank beherbergt. An Zukunft fënnt  een hei och en integréierten  Fitness-Zenter. D‘ Visite ass dunn  op en Enn  gaangen mat engem Iessen, an der Coque. Mier soen e grousse Merci un all déi engagéiert Ingenieuren vun Drees & Sommer déi sech dësen Freideg Zäit geholl hunn fir ons, den néien Tuerm ze wéisen. Iwwregens ass den Tuerm fir Enn Abrëll souwäit fäerdeg gestallt an et kann ee sech dann den 13ten Mee op d‘Porte Ouverte freeën.

Auteur: Tom Schmitz

Visite CURIA-Tower 3


.


Visite CERATIZIT 06.04.2018 | Mamer

De 6. Abrëll 2018 hunn 8 Membere vun der ANEIL un der Visitte vum Haaptsite vu CERATIZIT zu Mamer Deel geholl. No der Introduktioun duerch den Här Cisowski, deen d’Geschicht vun der Familljenentreprise erklärt huet vun der Grënnung vum Produzente vu Filamente vir Luuchte CERAMETA zu Bäreldeng, iwwer d‘Fusioun mam éisträichesche Metalwierk Plansee vu Reutte bis zur weltwäit representéierten Entreprisegrupp CERATIZIT, ass allen Participanten d’Gréisst vun der Produktpalette kloer ginn. Esou ginn d’Buerinstrumenter vir d’Hierstelle vu Smartphonegeheisen, d’Ventiller bei der Uelegfuerderung, d’Wendeschneidplatten zum Dréine vu Bremsscheiwen oder Kugelen an engem Bic, hei zu Mamer aus Hartmetall hiergestallt. Dëse Wierkstoff ass eng aus Polvermetall hiergestallt Legéierung aus Wolframkarbid a Kobalt, déi ënner héijem Drock a grousser Hëtzt gesintert gëtt an dem seng Haapteegenschaften déi héich Häert a Verschléissfestegkeet sinn. Esou kann eng uschléissend Veraarbeschtung nëmmen nach duerch d’Schléife mat Diamant oder fonkenerosivd Ofdroe geschéien.

22 l bulli Summer 2018

Uschléissend goufen d’Participante vum Här André duerch d’Produktionsstätt gefouert, wou all Schratt bei der Hierstellung gesi konnt ginn: vun der Entrée vum Wolframpolver, iwwer d‘Mëschen vun der Legéierung an d’Presse vum Produit, esou wéi dem seng spannend Veraarbeschtung bis zum sintern vun Endproduit. Just d’Schléifen an d’Beschichtung konnte wéinst Ausbauaarbechten net visitéiert ginn. Zum Schluss vun der 2-stënnegen Excursioun stoung nach de Fuerschungs- an Entwécklungslaboratoire um Programm. An engem modernem a komplett ageriichtem Laboratoire, schaffen an entwéckelen Ingenieuren nei leeschtungsstaark Hartmetallnuance vir all zukünfteg Ufuerderunge Stand ze halen.

Auteur: Paul Bazzi

Visite CERATIZIT


« valorisez vos talentS de toutes les manières possibles. »

Les CFL offrent aux jeunes la possibilité d’intégrer une entreprise dynamique et passionnée dans un environnement de travail varié avec une multitudes de métiers. Découvrez nos offres sur www.jobscfl.lu


Interview CERATIZIT Interview mam Olivier Fichet an Claude Dieschbourg

Digitaliséierung an der Industrie Digitaliséierung an Industrie 4.0 sinn Themen déi am Moment vill diskutéiert ginn. Och zu Lëtzebuerg mécht des Entwécklung keen Halt, an d‘Entreprisen mussen sech un déi nei Technologien upassen. Bei CERATIZIT gëtt sech intensiv mat dem Thema beschäftegt. Fir méi Detailer dozou ze kréien, hunn mir den Olivier Fichet, Head of Production and Operational Excellence bei CERATIZIT zu Mamer an den Claude Dieschbourg, Manager Information Systems and Standards, interviewt.

Kennt der kuerz CERATIZIT an seng Aktivitéiten virstellen? CERATIZIT ass säit iwwer 95 Joer en Pionéier an der Hartmetallbranche. Mir stellen an eisem Haaptsëtz zu Mamer an op eisen 33 aneren Produktiouns-Siten weltwäit Hartstoff Léisungen fir d’Zerspanung an den Verschlaissschutz hier. Steteg Innovatioun vun Materialien an Uwennungen hëllefen eis an natierlech och eisen Clienten, eng Villzuel un Maschinnen, Werkzeug an Konsumgüter ze entwéckelen, sief et fir den Automobilsecteur, d’Loft- an Raumfahrtindustrie oder d’Medezin an de Bausecteur. Mat iwwer 100.000 Produiten déi op Moos kennen ugepasst ginn, hunn mer ëmmer déi richteg Léisung. Wei gesäit d’Digitaliséierung bei CERATIZIT aus? Fir eis ginn et an deem Beräich 2 Voleten déi een behandelen kann. Engersäits den Service deen mir de Clienten kennen ubidden (Smart Product/ Services) an op der anerer Säit eis Beméiungen intern fir eis Produktioun op den neisten Standard ëmzestellen (Smart Factory/Process).

24 l bulli Summer 2018

Visualiséierungen an Fotoen: CERATIZIT

Am Beräich vun den Smart Services bidde mir eisen Clienten Toolscope un, en System fir Prozess- an Machinneniwwerwaachung. Mat dësem System ass bei eisen Clienten de Grondsteen geluecht fir eng Real Time Monitoring an Stéierung an der Produktioun. Wat eisen System besonnescht mécht, ass dat net nëmmen Prozesser, mee och d‘Qualitéit iwwerwaacht kann ginn. Domat huet de Client méi Sécherheet am Beräich vun sengen Maschinnen, wei och beim Output vun sengen Maschinnen. Ma och an eiser eegener Produktioun sinn mir am Gaang  eis an des Richtung ze orientéieren an ëmmer méi op Digital Léisungen ze setzen. Fir an Zukunft weider kennen mat un der Spëtzt vun eiser Industrie ze stoen, mussen eis intern Prozesser an Infrastrukturen ugepasst ginn.

Interview CERATIZIT


Béid Beräicher sollen an Zukunft ausgebaut ginn, an genau dofir brauche mir jonk a clever Ingenieuren déi vun dësen Themen passionéiert sinn.

duerch d’Digitaliséierung méi schwammeg ginn, an wien um Enn vun sengem Studium eng interessant Platz mat Verantwortung an flotten Projeten well hunn, sollt idealerweis Kenntnisser an allen Disziplinnen hunn.

Visualiséierungen an Fotoen: CERATIZIT

Wat genau heescht dat fir den Ingenieur vun der Zukunft? D‘Uspréch un Ingenieuren  hunn sech schonn geännert. Mir sichen net méi just Leit déi spezialiséiert sinn op engem Thema, mee idealerweis der, déi méi Kompetenzen mateneen vereenegen kennen. Dat heescht en Ingenieur, deen souwuel e Modell opstellen kann, e Prozess definéieren kann an den Programm dohannert schreiwen kann. Dobäi mussen se an all dësen Gebidder net den absoluten Spezialist sinn. Et geet dorëms eng global Iwwersiicht iwwert den gesamten Prozess ze hunn, dësen optiméieren ze kennen an déi Verbesserungen och ëmsetzen ze kennen mat den jeeweilegen Equippen. D’Linnen tëscht den Felder vun engem Mechatroniker, Prozessingenieur, Materialtechniker, Computeringenieur, Verfahrenstechniker etc sinn

Interview CERATIZIT

Wisou ass dat wichteg? Doduerch dass eng eenzel Persoun d’Gesamtleedung vum Orchester huet, gëtt séchergestallt dass déi verschidden Etappen nahtlos aneneen iwwerginn. Oft huet en Verfahrenstechniker eng super Idee fir en Prozess, kann des awer net selwer ëmsetzen oder un déi Persoun déi et ëmsetzen soll kommunizéieren. An doduerch kennt et zu onnéidegen Verloschter. Wei gesäit esou en Problem Fall konkret aus? Majo huelen mer un, mir hunn eng Produktiounslinn bei der déi Stecker déi produzéiert ginn eng ze grouss Variabilitéit hunn an zum Deel net vum Client akzeptéiert ginn. Hei brauchen mer fir unzefänken en Ingenieur, deen analyséieren kann wat alles en Afloss op des Stecker huet. Dat kann souwuel

bulli Summer 2018 l 25


en Problem un der Maschinn sinn, en Feeler an der Matière Première, eng falsch Manipulatioun oder d‘Environnement vun der Maschinn wei d‘Temperatur. Bei eenzelen Parameteren fält dann wahrscheinlech op, dass des nach net gemooss ginn. Den 2ten Job ass et dann en Prozess ze fannen, fir des Donnéeën moossen ze kennen an se vun den Kapteuren an eng Datebank ze bréngen. Dono muss des Mass un Daten strukturéiert an analyséiert ginn. Hei geet et also schonn méi an Richtung Statistik an Programméieren oder Benotzen vun Algorithmen.

26 l bulli Summer 2018

Zu gudder Lescht, mussen d‘Erkenntnisser aus dëser Daten Analyse dann erëm an de Prozess agebaut ginn. Dat kann souwuel eng Optimisatioun op der Maschinn sinn, wei och eng Ännerung an der Manipulatioun vun den Aarbechter oder eng Verbesserung vun der Matière Première.  Wei der gesitt, ginn et fill spannend Opportunitéiten an den nächsten Méint an Joren bei CERATIZIT! Wann dir iech an engem vun den beschriwwenen Profiller erëm  erkennt, zeckt net iech fir en Stage oder eng fest Platz bei eis ze mellen.

Auteur: CERATIZIT


Tooling the Future Passion. Ambition. Team spirit. CERATIZIT is always seeking outstanding engineers, technicians and other forward-thinking professionals.

CERATIZIT is a high-tech engineering group specialised in tooling and hard material technologies. www.ceratizit.com


Visite Sales-Lentz 05.05.2018 | Käerjeng

Fotoen: Michel Sun

De 5. Mee goufe mir vum Här Georges Hilbert am Haaptsëtz vu Sales-Lentz zu Käerjeng empfaangen. Den Här Hilbert ass Directeur Technique bei Sales Lentz an huet virdru  bei der Goodyear a  beim Autocenter Goedert geschafft. Vir d’éischt krute  mir en allgemengen  Abléck iwwert den Opbau vun der Firma Sales-Lentz.  1948 gouf d’Firma vum Här Jos Lentz gegrënnt an ass bis haut e Familljebetrib dee  säit 1993 ënnert der Leedung vun den Häre  Jos a  Marc Sales gefouert gëtt. Sales-Lentz ass dee gréisste  Busoperateur zu Lëtzebuerg mat iwwer 500 Busser. Den Här Hilbert huet eis och d’Duechterfirmen aus dem Sales-Lentz Grupp virgestallt, wéi zum Beispill Voyages Léonard an Travel Pro fir der just zwou ze nennen , mee och Produkter, wéi den Night Rider, de Party-Bus oder hire spezielle VIP Service Executive Lane si virgestallt ginn. Et war iwwerraschend ze gesinn, wéi vill Servicer vu Sales-Lentz ugebuede  ginn. Vill dervu  kennt ee vum Numm hier, mee vill vun eis woussten net, dass se zu Sales-Lentz géinge gehéieren. Am zweeten Deel vun der Presentatioun ass et méi technesch ginn. Hei krute  mir en Abléck an den aktuelle  Fuerpark an d’technesch Equipementer vu Sales-Lentz. D’Mobilitéit ass ëmgaangen  sech staark ze veränneren. Sou kommen an Zukunft

28 l bulli Summer 2018

och am ëffentlechen Transport ëmmer méi hybrid an elektresch Busser zum Aasatz mam Ziel ënnert  anerem de  CO2 Ausstouss ze verréngeren. Sales-Lentz huet schonn  2009 deen éischten Hybridbus agesat. An de Joren dono huet Sales-Lentz mam Ziel vun enger nohalteger Mobilitéit ëmmer méi op dës nei Technologie gesat. Zesumme  mat der Staat Déifferdeng  beispillsweis, huet Sales-Lentz mat groussem Erfolleg e Mobilitéitskonzept fir Déifferdeng mat 5 réng elektresche Busser op d’Been gesat. Den Här Hilbert huet eis en interessanten Abléck an d’Technik vun dësen neie  Busser an déi dofir noutwenneg Equipementer ginn. Des Weideren huet hien eis erkläert wat d’Erausfuerderunge  fir esou en alternativ  Mobilitéitskonzept wéi dat zu Déifferdeng  opzestellen, sinn. D’hybrid an d’elektresch Technolgie hunn vill Virdeeler wéi beispillsweis vill manner Kaméidi, manner Ofgasen, keng Vibratioune  mee op där  anerer Säit stinn awer och manner Reechwäit, méi oder manner laang Luetzäite  vun de  Batterien, d’Fro vun der Batterieliewensdauer etc. Mee och fir dës Nodeeler ze eliminéiere gëtt intensiv no Léisungen a Verbesserunge  gefuerscht. Mir waren alleguer iwwerrascht wéi vill  Innovatioun a  Know-how an der Firma Sales-Lentz stiechen. Hei geet et net nëmmen drëm de Betrib vun de Busser um lafen ze

Visite Sales-Lentz


Bass du prett fir grouss Erausfuerderungen? Creos transportéiert a verdeelt Stroum a Gas zu Lëtzebuerg. Mat ronn 700 Mataarbechter offréiere mir vill CarrièresMéiglechkeete fir d’Erausfuerderunge vu muer virzebereeden. Creos, déi nächst Etapp an dengem professionelle Liewen.

creos.net/jobs


hale mee och den aktuelle  Stand vun der Technik an aktuell Entwécklungen am A  ze behalen a  mat de  Bushiersteller zesummen ze schaffe  fir den ëffentlechen  Transport an de Service um Client kennen nohalteg ze verbesseren. De Projet deen eis am meeschten iwwerrascht huet, war en autonom fuerenden, elektresche  Bus. Dëse  soll als sougenannte  “last mile vehicle” zum Asaz kommen. En soll op kuerzen Trajeten agesat gi  fir beispillsweis d’Leit bei eng Gare   oder en gréissere  Busarrêt ze féieren. Dat heescht op Trajete wou et sech net rentéiert e grousse Bus an ze setzen. Dëse Bus huet den Autonomie Level 5, d.h. en brauch kee Chauffeur méi. Bei dësem Projet handelt et sech net just em en Konzept, mee dëse Bus soll an nächster Zäit effektiv zum Asaatz kommen. An enger éischter Phase ass awer nach en Chauffeur vu SalesLentz dobäi, gréisstendeels awer just fir d’Akzeptanz vun dëser néier Technologie bei de Leit ze schaaffen. Virun allem am Ufank wäerte  vill Leit engem Bus ouni Chauffeur kritesch géigeniwwer stoen.

agesat gouff. Dëse Bus gouf komplett restauréiert. Et gouf  praktesch alles ausernee  geholl, de Motor frësch gemaach, d’Karosserie nei lackéiert  an de  kompletten Interieur gouf ëmgebaut. Sou huet een elo eng komplett Bar mat Comptoir, Zapanlag, Dëscher, Still a  Museksanlag dran. Natierlech krute  mir och de  Sound vum V8 Diesel ze héieren, wat  d’Häerzer vun de Verbrennungsmotorfans méi héich schloe gelooss huet. E bësse Kontrastprogramm zu der Presentatioun  iwwer Elektromobilitéit vum Ufank vun der Visitt.  D’Konzept vum Partybus ass esou gutt ukomm, dass Sales-Lentz sech nach en zweete  Bus zougeluecht  huet. Dat ass och erëm en amerikanesche  Schoulbus. Dëst Kéier awer en fabrikneie  mat engem 12 Zylinder Motor. Deen drëtten a neiste Partybus ass en MAN Gelenkbus. Dëse  gouf  vun enger spezieller Firma ëmgebaut, déi normalerweis Busser fir Vëlos- oder Fussballequippen  ëmgebaut. Dës Firma huet nach ni  e Bus als Partybus ëmgebaut  an huet de  Projet Partygelenkbus als Challenge ugesinn. An wéi mir gesinn hunn, ass hinnen dat och gelongen.De Bus huet et souguer an d’Auto-Motor-Sport Zeitung gepackt.  Et ass schonn impressionnant e Gelenkbus mat LED Luuchtesystem, Bar, Frigo,  Museksanlag, Dëscher, Still, Garderobe, etc ze gesinn. Alleguer d’Partybusser kann ee pro Stonn lounen an se kommen en iwwerall am Land sichen a  fueren hin wou ee well. Als nächst krute  mir nach d’Ateliere  wou d’Revisioune  vun de Busser gemaach  ginn, de Karrosserieatelier, hier Sprëtzkabinn an d’Gefierer vun der Executive Lane gewisen .

Fotoen: Michel Sun

Interessant Theme bréngen natierlech vill Froen an Diskussiounen an esou hunn mir d’Visitt vum Atelier a  vum Site mat Verspéidung ugetrueden. Wat mir schonn de Moie  gemierkt hunn war dat d’Diecher vun de  Gebaier um Site mat Solarzelle  bedeckt waren. Et gouf en Syndikat gegrënnt wou sech Leit konnte  Parten un de Solarzelle  kafen a  Sales-Lentz huet d’Diecher vun hire  Gebaier fir d’Opstelle  vun de Solarzellen zur Verfügung gestallt. Als éischt goufen eis de Service„Party-Bus” virgestallt. Am ganzen huet Sales-Lentz dräi Partybusser. De Bus mat deem d’Konzept vum Partybus fir SalesLentz ugefaangen huet, ass en ale Bus vu Ford mat engem V8 Diesel, deen an Amerika als Schoulbus

Zum Schluss vun der Visitte vum Site krute mir dann nach d’Gebai gewisen, wou d’elektresch an d’hybrid Busser ënnergestallt  ginn. Des Gebaier sinn un déi  speziell Ufuerderunge  vun den elektresche  Busser ugepasst. Sou stinn op all Parkplaz  elektresch Luetstatiounen  zur Verfügung an et brauch een och manner Fossen. Bei dësen neie  Bussen ass d’Technik all um Dag  vun de Busser an esou gëtt  méi vun uewen dru geschafft. Ënnert  dem Bus muss net méi  sou vill gemaach gi, wéi bei de Busser mat Verbrennungsmotor. Als Ofschloss vun dëser interessanter an innovativer Visitt si  mir vu  Sales-Lentz fir d’Mëttegiessen an d’Béierhaascht invitéiert ginn. Hei konnten  d’Diskussiounen iwwert d’Mobilitéit vu muer bei exzellentem hauseegene  Béier op der Terrasse weidergoen. Mir géifen  op dëser Platz  dem Här Hilbert ganz häerzlech Merci soe  vir eng vun den innovatiivste Visitte vun de leschte Joren. Auteur: Andrija Djordjevic

30 l bulli Summer 2018

Visite Sales-Lentz


PLEASED TO MEET YOU! We are looking for candidates who are not satisfied with just any solution, but for those who leave their marks with a passion for high-technology, innovative solutions. www.hitec.lu

Stay connected


Visite BEST 01.06.2018

Fotoen: Charly Huberty

Den 1. Juni stoung en Visittennomëtteg mat der Firma BEST Ingénieurs Conseils um Programm. Der Einfachheet  halber hu mer eis um Parking vum Fussballterrain  zu Hostert getraff, vu wou aus mer mat engem Bus ob déi verschidden Visitten gefouert goufen. Als éischt Visitt si mer déi nei Kläranlag  zu Jonglënster  kucken gaangen. D’Kläranlag  gëtt vun der Sidero bedriwwen. Sou gouf dës Visitt niewent  Ingenieuren vun BEST och vun Responsabelen  vun der Sidero gehalen. Als éischt kruten mer ob Pläng gewisen wéi eng Dierfer wéi un d’Kläranlag ugeschloss sinn. Uschléissend kruten  mer mat engem ganz informativen Film den genauen Fonctionnement vun enger Kläranlag erkläert, mee awer och de Syndikat Sidero gouf do virgestallt. De Bau vun der Kläranlag  huet eng 8,2 Mio € kascht an huet momentan eng Kapassitéit vun 9000 EW, déi awer ob 13500 EW kann ausgebaut ginn, wann de Besoin méi grouss sollt ginn. No den ganzen theoreteschen Explikatiounen si mer eis déi ganz Kläranlag  méi no  ukucken gaangen. Ugefaangen  bei de Pompelen  déi d’Waasser  an de Prozess era pompelen, iwwer d’Reecher déi de groben Dreck direkt eraus filteren, an dësen direkt an Plastikwurschten  apaken  an esou entsuergen, bis hin zu den 2 Klärbecken, wou d’Waasser  dann definitiv gekläert gëtt. 32 l bulli Summer 2018

Weider goung et zur zweeter Visitt, dem Chantier vun dem neien administrativen Gebai vun Ferrero um Findel. Dëst Gebai besteet aus 2 Deeler, an dat besonnescht ass dass den Chantier scho méi laang ugefaangen  hat, mee wärend  dem Chantier gouf du gemierkt, dass dat ganzt Gebai  géif ze kleng ginn. Well dat Ganzt dunn en neien Chantier ginn ass, goufen d’Aarbechten  vir een Joer agestallt, wärend dëser  Zäit gouf en neien Architektebüro zoustänneg, esou dass ganz nei Pläng entstanen sinn. En Deel vum Gebai  dat schonn stoung,  gouf ofgerappt an do drop an doniewent  gouf du mat dem aktuellen Chantier ugefaangen. Well awer net alles ofgerappt gouf, an Ännerungen um Deel virgeholl goufen deen stoen bliwwen  ass, haten d’Statiker vill Arabescht  d’Gebai  esou ze plangen, dass et den Normen entsprécht. Sou hunn am Parking Deelweis missen Poutren  verstäerkt  ginn andeem nach Verstäerkungen  drënner  gebaut goufen. Wou dëst net méiglech war goufen Glasfaserverstäerkungen  agebaut. Eng weider Besonneschkeet  ass d’stoolen Daachkonstruktioun iwwert dem Atrium. No dëser ganz interessanter Visitte  si mer ob de

Visite BEST


© Andrès Lejona

© INCA

© INCA

© Lukas Huneke

UNE PASSION COMMUNE QUI NOUS LIE INCA Ingénieurs Conseils Associés est un bureau d’ingénieur en génie civil offrant ses services dans des domaines aussi variés que la superstructure, l’infrastructure, les ouvrages d’art, l’hydrologie et la gestion de l’eau, la physique du bâtiment (sécurité incendie, acoustique, thermique) la coordination sécurité et santé, l’économie du bâtiment et bien d’autres encore. Nos 126 collaborateurs s’investissent tous les jours pour offrir des prestations de qualité et trouver des solutions innovantes aux défis lancés par nos clients. Nous sommes intimement convaincus que ce n’est que dans un climat d’écoute et de confiance que peuvent se développer des partenariats tant internes qu’externes, durables et performants. C’est dans le partage d’une même vision et des mêmes valeurs que notre équipe puise sa force et sa passion pour accompagner le client tout au long de la réalisation de son projet. Nous engageons régulièrement des ingénieurs, architectes, techniciens et dessinateurs pour compléter les compétences réunies de nos collaborateurs et toujours être à l’affût des derniers développements de notre métier. Envie de nous rejoindre ? Retrouver nos propositions de stages ou d’emploi sur : www.inca.lu, linkedIn et sur facebook.

© Lukas Huneke

CONCOURS INFOSTEEL 2017 PROJETS LAURÉATS BÂTIMENT « ONE ON ONE » Luxembourg-Ville Prix de l'architecture Prix du public OEUVRE D'ART « DENDRITE » Parc Central, Luxembourg-Kirchberg Prix spécial du jury

PROJETS NOMINÉS ECCO - CENTRALE ENERGETIQUE Luxembourg-Cloche d'Or ASCENSEUR PANORAMIQUE Pfaffenthal - Ville Haute ERNST & YOUNG HEADQUARTERS Luxembourg-Kirchberg

INCA Ingénieurs Conseils Associés S.à r.l. 47, rue Gabriel Lippmann L-6947 Niederanven

Tél. : (+352) 42 68 90-1 Fax : (+352) 42 68 96 info@inca-ing.lu www.inca.lu


Sennengerbierg bei BEST gefouert gi wou mer nach eng kuerz Aféierung  an de BIM kruten, ier mer dunn um Summerfest vun BEST konnten Deel huelen. Hei trefft sech alles aus der Baubranche ob en gemittlechen Owend. Villmools Merci un BEST vir dësen flotten an informativen Nomëtten.

Auteur: Charly Huberty

34 l bulli Summer 2018


Interview Paul Wurth Interview mam Yves Reuter an Samuel Majerus

Als ee vun de weltwäit féierende Maschinnen- an Anlagefabrikanten an der Stolindustrie ënnerscheet sech Paul Wurth duerch eng grouss Palette un technesch eenzegaartegen an innovativen Ingenieursdéngschter. Wärend de globale Stolmaart am Moment staark duerch Iwwerkapazitéiten aus China beaflosst gëtt, ergräift Paul Wurth ëmmer erëm Entwécklungs- a Wuesstemsinitiativen a konzentréiert sech ënner anerem an ëmmer méi op d‘Digitaliséierung  vu senge Produkter. Fir Studenten a jonk Graduéierter heescht dat, datt et méi a méi Méiglechkeete ginn a datt qualifizéiert Profiller, virun allem am Beräich vun der Digitaliséierung, vum Business Development a vum Innovation Management, méi gefrot sinn.

Den Yves Reuter huet op der RWTH Oochen Werkstoffinformatik studéiert, a schafft säit 2011 fir Paul Wurth. Zu deem Zäitpunkt huet hien als Projetsingenieur am Beräich vum Héichueweprozess ugefaangen. Hautdesdaags schafft hien am technesche Verkaf a këmmert sech haaptsächlech ëm d’Prozessautomatiséierung an d’Analyse vun de kommerziellen, techneschen a juristeschen Aspekter vun der Produktdigitaliséierung. De Samuel Majerus huet e Master als  Maschinnebauingenieur mat Fokus op Management vun der EPFL zu Lausanne. Virun annerhallwem Joer ass hien der 70-käppeger Equipe vu Paul Wurth Geprolux bäigetrueden a schafft zënter deem als Projet Manager an der Energiewirtschaft. Op d’Fro, wéi si op d’Iddi komm sinn, Ingenieur ze ginn, erzielt eis den Yves, datt hien sech schonn an der Schoul op Naturwëssenschaften a Mathe spezialiséiert hat. Wéi hien dann no dem Premièresexamen zu Köln op enger Studentefoire d’Sektioun „Werkstoffinformatik“, eng Kombinatioun aus Informatik- a Materialtechnik, entdeckt huet, war him séier kloer, wat hie maache wollt. Am Réckbléck denkt hien datt seng Studien hie perfekt op säin haitege Beruff virbereet hunn, besonnesch fir  de Beräich Industrie 4.0: „Engersäits, hunn ech d’technesch Aspekter vun der Metallurgie an dem Héichuewen ze gesi kritt, anerersäits wousst ech no menge Studien och gutt an de Beräicher Informatik an Automatiséierung Bescheed. Zwee wichteg Themen a menger haiteger Aarbecht“.

Neien Héichuewen Nr. 7 bei Evraz NTMK, Russland

Mir hunn zwee Ingenieuren aus ganz verschiddene Beräicher Froen iwwert hire Start an hir alldeeglech Aarbecht bei Paul Wurth gestallt. Trotz der Vilfalt vun hiren Äntwerten, sinn  si sech an dräi Punkten eens: d’Aarbecht an der Equipe, de Fokus op de Client an den  innovative Geescht sinn  d‘Standbee vun hirer Aarbecht.

36 l bulli Summer 2018

De Samuel war och schonns ganz fréi un der Technologie an der Wëssenschaft interesséiert, an huet ëmmer gäre Problemer geléist a Léisungen optiméiert. “Et war mir ganz fréi kloer, datt ech spéiderhi gären Ingenieur wéilt ginn.”

Interview Paul Wurth


Wat fir eng Erwaardungen has du géintiwwer Paul Wurth? Dem Samuel war et vun Ufank un wichteg, schnell eppes bäizeléieren an d’Chance ze hunn op gréisser Projeten ze schaffen an eppes zesummen an der Equipe z’erreechen. Och d’Aussiicht selwer Verantwortung z’iwwerhuelen, an d’Méiglechkeet ze hunn, selwer Projeten duerchzezéie war fir  hie besonnesch interessant.

Samuel Majerus

Wéi gesäit däi berufflechen Alldag aus? Op dës Fro hunn si alle béid geäntwert, datt si iwwerhaapt net vun engem Alldag schwätze kënnen, well all Dag ganz villfälteg an ofwiesslungsräich ass. Zum Beispill ass de Samuel verschidden Deeg op Konferenzen, Schoulungen oder Visitten,  a guer net um Schreifdësch. Wann hien um Büro ass, këmmert hien sech ëm Projeten, schreift Rapporten an entwéckelt Verbesserungsméiglechkeeten.  Ausserdeem ass hien och an de  Verkaf agebonnen, ass d’Kontaktpersoun fir extern Partner a bedeelegt sech un der Preparatioun vu Offeren. Den Yves ass doduercher, datt hie e gudden Abléck an de Beräicher Entwécklung, Verkaf an Ofwécklung vu Projeten huet, ëmmer um Lafenden a weess genee wat an der Firma geschitt. Vill Ofwiesslung huet hie virun allem doduercher, datt  hie reegelméisseg ënnerwee ass a weltwäit  bei seng  Client’en reest. „De Kontakt mam Client ass besonnesch wichteg fir meng Aarbecht, well ech mat der Zäit geléiert hunn, d’Client’en besser ze verstoen an hinnen ze hëllefen, hir Produkter ze verbesseren a letztendlech och méi effizient ze ginn an hire Betrib z’optimiséieren.“

Ufanks ass et dem Yves virun allem dorëms gaangen, den Héichueweprozess mat Hibléck op seng technesch Komplexitéit ze verstoe fir spéiderhi Verbesserungsméiglechkeeten entwéckelen ze kënnen: „Datt war extrem interessant an eng flott Erausfuerderung direkt nom Studium. Zudeem konnt ech mech kontinuéierlech weider entwéckelen. Ech hat zum Beispill d’Chance sechs Méint laang bei Client’en am Alldag dobäi ze sinn an den Aarbechtsoflaf um  Héichuewe mat ze erliewen. Besonnesch fir mäin aktuelle Beräich Digitaliséierung, huet dës Erfarung mir et erlaabt ze verstoen, wou een digital Produkter fir e bessere Gebrauch kann asetze a wou déi potenziell Problemer vun de Client’e sinn.“ Trinecke Zelezarny PCI-Anlag

Wat sinn Tätegkeet?

Fotoen: Paul Wurth

d’Schwéierpunkte

bei

denger

Den Yves nennt hei de Kontakt zu  de Client’en, d’Opstellung vun Offeren, technesch Entwécklungen an d’Iwwerwaachung vum geplangten Oflaf vun hire Projeten. Deementspriechend fungéiert hie wéi e Genre Koordinator tëscht dem Client a Paul Wurth a suergt dofir, datt zefriddestellend Léisunge fir béid Säite fonnt ginn.

Yves Reuter Interview Paul Wurth

De Samuel gesäit seng Prioritéite ganz kloer an de Beräicher vun der erneierbarer a konventioneller Energie, der Konzeptentwécklung fir Quartieren an am Project Management. bulli Summer 2018 l 37


U wat fir engem Projet schaffs du momentan? Am Beräich Business Development mëscht de Samuel momentan  Visitte vu Brennstoffzellen an Anlagen a beschäftegt sech mat Start-up’en am Beräich vum Energy Monitoring. Als zweet Prioritéit nennt hien de Beräich Circular Economy, e System fir d‘Weiderbenotzen am Sënn  vu “waste is food”, an Upcycling, wat ëmmer méi u Wichtegkeet besonnesch am Bausecteur gewënnt, wann et drëms geet Gebaier ofzerappen, ëmzebauen oder verschidden Elementer anerwäerts ze benotzen. Nieft den ustoenden technesch-kommerzielle Verhandlungen, ass de Yves momentan an der Entwécklung vun digitale Produkter an Déngschtleeschtunge fir Paul Wurth engagéiert, zum Beispill ass viru kuerzem en Ersatzdeelkatalog online gestallt ginn. Hien ass och weiderhin an der Exploitatioun vum BFXpert involvéiert, e Prozessautomatiséierungssystem, deen den Héichuewenoperateuren hëlleft, hir Héichiewe méi effizient ze steieren.

Creos

Fotoen: Paul Wurth

„Bei Paul Wurth entwéckele mir als Equipe interessant Léisungen a schaffe mat Kollegen aus der ganzer Welt fir e gemeinsamt Ziel z’erreechen. Do ass Equippegeescht gefrot, awer virun allem Vertrauen an Zouverlässegkeet vun eise Kollegen. Fir mech ass d’Zesummenaarbecht mat eise Client’en virun Allem wichteg. Hei sinn ech all Dag mat neien Erausfuerderunge konfrontéiert an hu mech iwwert d’Joren ëmmer weider entwéckelt. Ech si schonns vill dorëmmer gereest an hu geléiert, mat verschiddene Kulturen ze kommunizéieren a mech ëmmer nei z’adaptéieren. Dat ass wat d’Aarbecht bei Paul Wurth eenzegaarteg mécht“, erzielt eis den Yves. Wat kéints du engem jonken Ingenieursstudent mat op de Wee ginn? Fir  ofzeschléisse géifen den Yves an de Samuel de jonken Ingenieursstudenten nach hire perséinleche Rot mat op de Wee ginn: „Et ass ganz wichteg seng eege Stäerkten ze kennen an ze wëssen, woufir een sech interesséiert. Als Ingenieur, sollt  een sech fir villes interesséieren a mat Zäit praktesch Erfarung sammelen, fir dat theoretescht Wëssen, wat een a sengem Studium gesammelt huet, besser ze verstoen an an der Praxis benotzen ze kënnen.“

Funiculaire vun der CFL, Lëtzebuerg (Architecten Paczowski & Fritsch)

Wat mécht de Paul Wurth eenzegaarteg? „De Motto vu Paul Wurth Geprolux ass: Confident with complexity an ech si fest dovunner iwwerzeegt, datt mir e kompetente Partner fir ongewéinlech grouss a schwiereg Projet’en sinn. Mir fillen eis an alle Beräicher wuel; net nëmmen am ëffentlechen oder private Bausecteur, mä, duerch eise geschichtlechen Hannergrond virun allem am Industrieberäich. Ausserdeem  lee mir besonnesch grousse Wäert op Qualitéit an Zouverlässegkeet. Dës Kombi mécht Paul Wurth Geprolux eenzegaarteg“, erkläert de Samuel.

„Egal fir wat fir ee Beruff dir iech spéider entscheet, et ass ëmmer ganz wichteg, fir iwwert den Tellerrand vun der Technik an der Technologie ze kucken a Saache wéi Sproochen a BWL net ze negligéieren. Och an de Beräicher Informatik an Digitaliséierung hëlleft et, sech Grondkenntnisser unzëeegnen, well an der Zukunft wahrscheinlech d‘Studiegäng méi a méi digital Komponenten enthale wäerten an een esou der Gefor entgeet, vun aneren iwwerholl ze ginn.“ Mir soen dem Yves an dem Samuel Merci fir den interessanten Interview a wënschen hinnen nëmmen dat Bescht fir hir Zukunft!

Auteur: Paul Wurth 38 l bulli Summer 2018

Interview Paul Wurth


Concevoir et construire des projets durables

Regroupées au sein de L.S.C. Engineering Group S.A., les sociétés d’ingénieurs-conseils Luxplan, Simon-Christiansen & Associés, Géoconseils, Zilmplan et BSC associent quotidiennement leur savoir-faire afin de pouvoir répondre aux exigences du marché en matière de génie civil. Nos domaines d’activités sont les suivants : • • • • • •

Infrastructures routières et ferroviaires Direction des travaux, Construction et Statique de Bâtiments Ouvrages d’art, Urbanisme et l’aménagement du territoire Études de trafic et de mobilité

• • • • • •

Géologie et Hydrogéologie Études environnementales et forestières Topographie Systèmes d’Information Géographiques (SIG) Techniques spéciales Project management

En constante évolution, notre groupe recherche de nouveaux collaborateurs pour développer son savoir-faire. Si l’un de ces secteurs correspond à vos critères de compétences, n’hésitez pas à nous adresser une candidature spontanée à cette adresse mail – veronique.faber@lsc-group.lu – ou par courrier à l’adresse ci-dessous. Nous garantissons un emploi stable et intéressant dans un cadre dynamique!

www.simon-christiansen.lu | www.luxplan.lu | www.geoconseils.lu | www.zilmplan.lu | www.luxsense.lu | www.bsc.lu Parc d’activités 85-87 | B.P. 108 | L-8303 Capellen/Luxembourg | Tél. : (+352) 26 390-1 | Fax : (+352) 30 56 09


Visite Fond-de Gras 03.06.2018 | Péiteng

Fotoen: Charly Huberty

Op dësem Sonnden Nomëtten hu mer eis zu Péiteng fir eng Expeditioun an den Ursprong vum Räichtum vun eisem Land getraff.  Fir de Wee an de Fond-de-Gras hu mer an enger vun enger Damplokomotiv gezunnener belscher 1.-Klasse L-Voiture aus den 30er Joren vum Train 1900 Platz  geholl, a konnten esou op de Plüsche-Setzer live de Confort, dee besser gestallte Leit sech déi Zäit leeschte konnten, erliewen. No eiser Arivée am Fond-de-Gras koum du liichte Stress op, fir den Zuch vun der Minièresbunn nach z’erwëschen. Dësen huet eis an d’Biergaarbechterduerf Lasauvage bruecht. Hei hate mir ongeféier eng hallef Stonn Openthalt, wou mer eis konnten d’Reschter vum Careau vun der Mine, a verschiddent Rullmaterial vun der Minièresbunn ukucken. Dono goug et du mam Zuch an D’Mine Dhoil, wou et du méi technesch gouf. Déif am Bierg krute mir d’geologesch Urspréng vum Minettesteen, a säi Virkommen zu Lëtzebuerg erkläert. Des weidere krute mer dat verschidde Geschir gewisen, mat dem d’Minette aus dem Bierg gesprengt ginn ass. Dofir sinn vun em 1870 bis em 1920 Lächer, déi da mat Sprengstoff geluede gi sinn, mat der Hand an de Bierg gebuert ginn. No der Sprengung hunn dann d’Steng misse mat der Hand an e Buggy  geluede ginn, mat dem se aus der Mine erausgefouert  gi 40 l bulli Summer 2018

sinn. An den 20er Joren ass dunn d’Drockloft an d’Mine komm, an huet dem Personal d’Aarbecht vereinfacht, an domat och d’Produktivitéit erhéicht. Dëst hat allerdéngs zum Nodeel, dass duerch den elo vill méi héije Stëbsgehalt an der Loft Krankheete wéi Silikos  ugefaang hunn opzekommen. Als leschte Punkt an der Mine krute  mer dunn nach esou e groussen Drockloftkompresser virgefouert. Uschléissend si mer erëm  zréck an de Fond-deGras gefuer, wou mer dunn nach vun engem Benevole vum Train 1900 , an ANEIL-Member, dem Christophe de Funktiounsprinzip vun enger Damplokomotiv méi no erkläert  kritt hunn. Unhand vun engem opgeschniddenen Dampkessel huet hien ass d’Funktioun vu Feierbex, deenen verschiddenen Ankeren, souwéi dem Dampdoum erläutert. Vu dass grad eng vun den Damplokomotive vum Veräin, d’Nummer 5 vun ARBED Schëffleng, a Revisiou war, konnte mer eis dunn och d’Wierkung vun deene verschiddene Schiebere, Ventiler a Staangen ukucken. Dobäi  ass eis och kloer ginn, wéi vill Aarbecht et ass, esou eng al  Damplokomotiv betriebsfäheg, an a guddem Zoustand ze halen. Dat geet domat un, dass ee se muss 4 Stonne ier een damat well fueren unheizen, da wärend  der Faart  immens Temperaturen op esou enger Maschinn z’erdroen sinn, dëst Visite Fond-de-Gras


5ème extension de la Cour de justice de l’Union européenne

Join our team!

Arendt House

EY - Luxembourg Headquarters

Rénovation Athénée de Luxembourg

Royal - Hamilius

Luxconsult S.A. T +352 26 488 488

41, avenue de la Liberté www.luxconsult.lu

L-1931 Luxembourg jobs@luxconsult.lu


natierlech aus Sécherheetsgrënn a laange Kleeder an a Secherheetsschong, an et endegt domat, dass een se Owes no de Faarten nach muss schmieren, a botzen, a fir déi nächst Faarte virbereeden. Parallel zu desen Aarbechten muss dann nach un enger anerer  Damplokomotiv geschafft ginn, fir des erëm  betriibsfäheg ze maachen, well no 5 Joer all Kéiers d’Kesselfristen oflafen, wourops hin dann erëm gréisser Revisiounsaarbechten ustinn. No dëser Féierung krute mer dunn nach am Buffet de la Gare e Patt vun der ANEIL offréiert, ier mer eis mat engem CFL Schinnebus vun ufanks der 50er Joren erëm op den Heemwee Richtung Péiteng gemaach hunn. Als Fazit kann een nëmme e grousse Respekt fir de Benevole vu béide Veräiner  hir Aarbecht ausdrécken.

Auteur: Benny Huberty

42 l bulli Summer 2018

Fotoen: Charly Huberty


# me

#teaminjapan

#workingonsite

# researchaward

#customervisit

#newlifeintokyo

ENGINEERING / PROJECT MANAGEMENT / STEEL INDUSTRY INNOVATION / ENVIRONMENT / WORLDWIDE PRESENCE / CIVIL CONSTRUCTION / INFRASTRUCTURE PROJECTS / INDUSTRY 4.0

Discover more stories: career@paulwurth.com


WIR SUCHEN CHARAKTERKÖPFE! karriere-dreso.com

> MIT ABSCHLUSS IN DER TASCHE ODER VOR AUGEN! Bauingenieur/in, Architekt/in, Vertriebsingenieur/in, Ingenieur/in Versorgungstechnik, Umweltingenieur/in oder Elektroingenieur/in > MIT TOLLEN EIGENSCHAFTEN! Gute Qualifikation, Motivation und Flexibilität, Unternehmergeist, Mehrsprachigkeit (Deutsch, Französisch, Englisch), hohe Eigenverantwortung, Kundenorientierung, selbstständige Arbeitsweise > DIE UNS VERSTÄRKEN! Projektmanagement, Bauleitung, Immobilienberatung, Engineering > FESTANGESTELLT ODER IM PRAKTIKUM! Drees & Sommer Luxembourg SARL

Stellenangebote: www.karriere-dreso.com Kontakt: christian.zanter@dreso.com

Spirit for Success


www.poeckes.lu 15 Rue de l'Usine - B.P.18 L-3701 Rumelange / T: 56 46 36 1 / F: 56 31 41 225 / M: mailbox@poeckes.lu


Masteraarbescht vum Johan Winkel Thema : Entwécklung vun enger automatiséierter Separationstechnik fir den Noweis vu Mikroplastik am Ofwaasser. An Zäite vun technologeschem Fortschrëtt ass Plastik een onverzichtbare Produit ginn, deen der  haiteger Gesellschaft technologesch  Fortschrëtter erlaabt di virun 100 Joer nach net méiglech waren. Plastik ass anerersäits och ee kaum onvergängleche Produit, dee bei net richtegem Ëmgang an Entsuergung  ee grousse potentielle  ökologesche Problem fir d‘Zukunft duerstellt. D’Auswierkunge vu “Plastikmüll“ am maritime Beräich op därer Flora a Fauna si keng onbekannte Biller méi.  Ee wahrscheinlech genau sou  groussen  a manner vertraute Problem stellt Mikroplastik duer, woubäi därer Auswierkunge mam bloussem Aan net ze erkenne sinn. Aus deem Grond  gouf Mikroplastik beispillsweis an der sougenannter europäescher Meeresstrategie-Rahmenrichtlinie als Indikator opgeholl fir engersäits duerch Monitoring bestëmmen ze kënnen op et  iwwert Zukunft  ewech en Zounam- bzw. Ofnam-Trend festgestallt ka ginn an anersäits fir Charakteristiken vu dësem Mikroplastik ze bestëmmen. Mikroplastik ëmfaasst nämlech eng Varietéit un heterogener Usammlung vun Deeler di sech an hirer Gréisst, Aart, Faarf, spezifescher Dicht a chemescher  Zesummesetzung ënnerscheeden. Eng international standardiséiert Definitioun zu den  Aarten  a  Gréisste  vu Mikroplastik gëtt et nach net. Ënnert Mikroplastik ginn generell Plastikdeeler no  hierer gréisster Dimensioun  zwësche 5mm an 1µm definéiert.  Enner 1µm ginn dës Partikelen als Nanoplastik betruecht, sou dass dës Fraktioun duerch hier kleng Gréisst an den haitegen technologesche Randbedingunge schwéier ze detektéiere ass. Eng weider sënnvoll Ënnerdeelung vum Mikroplastik hisiichtlech senger Aart stellt primäre a sekundäre Mikroplastik duer. Enner primärem Mikroplastik versteet een all Zort vu Partikelen di bewosst an der

46 l bulli Summer 2018

Plastikindustrie hiergestallt ginn an a folgenden 3 Formen  zesumme gefaasst kënne ginn: Microbeads (Uwendung  bei Kosmetik-  a KierperfleegProduiten), Kunsstoffgranulat (Ausgangsproduit fir d’Hierstellung  vu Plastiksfläschen, Tuten,  Behälter etc…) a Faseren (Kleederproduktion). Browne et al. hunn 2011  scho  bewisen,  dass beim Wäschen vun engem synthetesche Kleedungsstéck pro Waschgang iwwert 1900 Plastiksfaseren frei ginn (ca. 100 Faseren/l). Ënnert sekundärem Mikroplastik versteet een d’Entstehung vu Mikroplastik duerch physikalesch, chemesch a biologesch Verklengerungsprozesser vu Plastiksartikelen déi an der Ëmwelt virleien. Esou ginn d‘Kläranlagen an all entwässerungstechnesch Anlage wéi Reeniwerlaf, Reeniwerlaafbecken a Reenrückhaltebecken  staark ënnert de Verdacht geholl zum Antrag vu Mikroplastikpartikelen (virun allem primären Mikroplastik) an der  Ëmwelt bäizedroen. Eng éischt ausgefouerte Studie duerch [Murphy et al., 2016] huet de Réckhaltverméigen an enger zweestufeger Kläranlag mat 650.000 EW (Einwohnerwerte) par rapport Mikroplastikpartikelen (MPP) ënnersicht an wéisst dass dës weltwäit standardiséiert Kläranlagenausféirung trotz enger  Reduktioun vun 98,41% un MPP en Ëmweltatrag vun ca. 65 Millionen MPP/d iwwert dem Gewässer bäidréit. Weider Studien un een-, zwee- an  dräistufege Kläranlagen gi gebraucht fir déi  ënnerschiddlech Réckhaltevermeigen souwéi potentiell Ëmweltatreeg vun MPP ze bestëmmen.

Masteraarbescht vum Johan Winkel


Bild 1: Verfahrensprinzip KA Aachen-Soers

Ziel vun der Masteraarbecht war et eng Anlag ze bauen, déi eng automatiséiert 24h-Beprouwung un den eenzelnen Oofwasseropbereetungsprozesser (Bild 1) (Sand- a Fettfang, Virklärung, Noklärung a Filtratioun) vun der dräistufeger Kläranlag “AachenSoers“ erlaabt an esou eng spéider Bilanzéirung vum Réckhalteverméigen un MPP erméigleche soll. D’Haaptelementer vun der Beprouwungsanlag sinn eng Kreiselpumpe (mat enger max. Förderleistung vun 3000 m3/h), en Filter mat engem Siebkorb vu 20µm Feinheet, en Usaugkuerf mat Lächer vu 5mm (Iewescht Definitounsgrenz vu Mikroplastik) an enger Speicherprogramméierbaren  Stéierung (SPS) un  där en Magnéiteschen-Induktiouns Duerchflossmiesser (MID) an en Manometer ugeschloss sinn. (Bild 2 an 3) D‘SPS huet engersäits d’Aufgab bei  kriteschem Drock an/oder Duerchfloss d’Pompel auszeschalten fir d’Anlag ze schützen an  anerersäits fir  iwwert en Datelogger esouwuel de momentane Drock ewéi de Duerchfloss opzehuelen. (Bild 4)

Bild 2: Prinzip Beprouwungsanlag

Bild 3: Beprouwungsanlag

Soubal 24h vun der Beprouwung erreecht sinn, gëtt d’Anlag duerch d’SPS ausgeschalt an d’Prouf am Siebkorb kann dann am Labo zeréck gewonnen ginn. Am Siebkorb si  sämtlech Partikelen mat der Gréisstenuerdung 20 - 5.000 µm zeréck behale ginn (Probematrix). Dës Partikele kënne souwuel vun organescher an anorganescher Natur sinn.

Bild 4: Opbau SPS

Masteraarbescht vum Johan Winkel

bulli Summer 2018 l 47


se td es org anis ations )

Une enrichissante

jet o r p Jo es ann d t n e (M aster en Manageme

« POST me donne la possibilité ili Ph

pp

(M ast er

e) iqu fran t a co-al m lemand en infor

« Le stage m'a permis de travailler avec une infrastructure importante et différents équipements.

»

Envie de découvrir POST Luxembourg ?

Postulez sur www.postgroup.lu

de travailler dans des domaines variés et un environnement multiculturel.

»


Bild 5: Schema zur Prouwgewënnung aus dem Siebkorb

Fir spéider eng zoufälleg  Identifikatioun vun den MPP duerch Fourier-Transform-Infrarotspektrometer (FTIR) ze erméiglechen muss d‘MPP-Fraktioun vun der Probematrix isoléiert ginn. Den organeschen Undeel an der Probematrix kann z.B. duerch eng 24h-Wasserstoffperoxidbehandlung bal vollstänneg opgeléist ginn ouni weider d’Eegenschaften vun de MPP ze veränneren. (siehe Bild 5)

Eng Trennung vum anorganeschem Undeel gëtt duerch eng Dichteseparatioun erreecht. Heibäi gëtt eng Zinkchlorid-Salzléisung mat enger Dichte vun 1,6 kg/m3 agestallt (Zwëscheschrëtt (e), Bild 6) sou dass no der Dichteseparatioun all d‘Partikelen di eng méi kleng spezifesch Dicht wéi 1,6 kg/m3 besetzen, sech op der Uewerfläch usammelen an all potentiell MPP vun de Polymersorten PA, PE, PS, PP an PVC duerstellen (Zwëscheschrëtt (f ), Bild 6).

Bild 6: Schema zur Dichteseparatioun am Trichterbehälter

Masteraarbescht vum Johan Winkel

bulli Summer 2018 l 49


Bild 7 : Fraktionéirungsanlag

Bild 8 weist, dass sech de gréisste Massenundeel vun der Gesamtmass vun der  Prouf op der Filterronde mat der Feinheet vun 20µm ugesammelt huet. Eng mikroskopesch Ënnersichung  weist eng heterogen Usammlung an Villfältegkeet u Partikelen a Faseren. (Bild 9)

Mat Hëllef vun enger Vakuumfiltration ginn dës ugesammelte Partikelen duerch eng Fraktionéirungsanlag gefördert, déi eng Kaskad u sougenannte “Filterronden“ vu 1000µm, 500µm, 63µm an 20µm enthält. (Bild 7) Éischt Resultater no den Opbereedungen vun enger 24h-Prouf vum Oflaf vun der Kläranlag AachenSoers hu Folgendes erginn :

Gewichtsanteil der verschiedenen Siebfraktionen

18,06% 32,78%

23,50% 25,66%

1000µm

500µm

63µm

20µm

Bild 8 : Drechene Massenundeel vun de Siebfraktiounen un der Gesamtmass vun der separéierter Prouw am Ooflaf vun der Kläranlag no Dichtespeparatioun

50 l bulli Summer 2018

Masteraarbescht vum Johan Winkel


1 bureau, 4 domaines d’activités, 310 collaborateurs ! 1 équipe, 1 objectif : garantir la satisfaction du Client grâce à notre compétence et notre professionnalisme ! Les domaines d’activités – Presque chaque projet traité par le bureau d’études a recours aux compétences de plusieurs domaines d’ingénierie. Ceci demande une participation rigoureuse des collaborateurs des différents services regroupés au sein du bureau d’études. Qu’il s’agisse d’un dessinateur, d’un technicien, d’un ingénieur ou autre, chacun d’entre nous représente un pilier important d’un team.

Les étudiants – Pour notre bureau, les étudiants sont l’avenir de la société. Chaque année, plus d’une centaine d’étudiants effectuent leur travail de vacances, stage d’études ou travail de fin d’études au sein de notre société. C’est une chance pour nous de vous rencontrer mais surtout pour vous de nous convaincre de vos atouts et qualités. Un stage vaut plus que la rémunération y associée. N’hésitez donc pas à nous contacter ou parler lors des différents événements ! Les postes recherchés – Nous recrutons en permanence des ingénieurs dans le domaine du génie civil mais également en électromécanique, génie mécanique, génie de l’environnement et des géographes, biologistes, géologues, hydrologues, aménageurs-urbanistes, géomètres/topographes, informaticiens, archéologues ou physiciens de construction. Nous n’excluons aucun autre domaine innovateur ! www.schroeder.lu/jobs

Animation vidéo de l’arrêt « Pont rouge & funiculaire »

Mir soen all den Studenten Merci déi hier Bachelor-aarbecht bei Schroeder & Associés ugemellt hunn!


Schifflange - Station d’épuration

Domaines d’activités Transport et traac Bâtiment Ouvrages d'art Génie civil Industrie Hydraulique Voirie et réseaux divers Eau potable Environnement Urbanisme et aménagement Topographie Cartographie et S.I.G. Techniques spéciales M obilité active

TR-Engineering apporte son concours à l'élabora�on et à la réalisa�on de projets d'infrastructures et de programmes d'aménagement et de développement à Luxembourg et dans les pays émergents.

Luxembourg - Réhabilitation du pont Adolphe

Mersch - Dépôt des Ponts et Chaussées

Schengen - Esplanade

Dippach - Château d’eau

Hollerich - Stade de foot

Schouweiler - Plateau scolaire

TR-ENGINEERING et LUXauTEC recrutent et renforcent leurs équipes d’ingénieurs dans tous leurs domaines d’ac�vités (rh@tr-engineering.lu)


Bild 9 : 24h-Prouw Ooflaf KA 20μm Filterronde, riets: Mikroskopeschen Ausschnëtt 1000-fach Vergréisserung

Eng zouverlässeg Bestëmmung vun de Materialeegenschaften vun den ugesammelte Partikelen ka beispillsweis duerch een FourierTransform-Infrarotspektrometer (FTIR) erreecht ginn. Dësen analyteschen Schrëtt war net am Kader vu dëser Masteraarbecht virgesinn, vue que dass dëst Miessverfahren och zäitlech opwänneg ass an de Schwéierpunkt op der Entwécklung vun enger automatiséierter Separationstechnik loung. Et gouff heifir nach e weidere Prouwopbereedungsschrëtt mat Hëllef vun engem Tensid (Natriumdodecylsulfat, SDS) an Enzymen (Protease, Lipase, Cellulase an Chitinase) getest fir den organeschen Undeel aus der Prouf opzeléisen. (Op

dësem Opberedungsschrëtt ass e Patent ugemellt, sou dass ech fir dësen Deel net an all Detailer agoen däerf ). Dës Virgoensweis gouf mat de verschiddenen Ofwaasserzesummesetzungen vun de verschiddenen Opbereedungsprozesser vun der Kläranlag getest.

Effektivität der enzymatischen Probenaufbereitung 120,00%

Restanteil (Gew.-%)

100,00%

80,00%

60,00%

40,00%

20,00%

0,00%

Ablauf_KA

Masteraarbescht vum Johan Winkel

Ablauf_NK

Ablauf_VK

Ablauf_SF

Zulauf_KA

bulli Summer 2018 l 53


Aus der Grafik kann een erkennen, dass d’Uwendung vum Tensid SDS an eng 3 fach Uwendung vum Enzym Cellulase am effektiivsten sinn fir den organeschen Undeel aus der Prouwmatrix opzeléisen. E Verglach mat der Uwendung vun 24h-Wasserstoffperoxidbehandlung huet erginn, dass mat Hëllef vun der enzymatescher Prouwopbereedung am Duerchschnëtt zousätzlech 50% vun der organescher Störmatrix ofgebaut kënne ginn. Bild 10 weist e Beispill un de Verännerungen vum sougenannten Filterkuchen no all eenzelnen Opbereedungschrëtt (siehe Tabell 1)

Tabell 1: Legend enzymatesch Prouwopbereedung

Bild 10: Zesummengefaasste Opnahmen vun der Opbereedung vun der Prouw A_SF1

D’enzymatesch Prouwopbereedung stëllt duerch seng verschidden Awierkzäit an 9-fach Filtratiounsvirgäng en intensiivt aarbecht- an zäitopwännegt Verfahren duer. Duerch de Filtratiounsvirgang deen tëscht all Wiessel vum agesaten Enzym stattfanne muss gëtt et e nogewisenen Verloscht (ca. 8,5 % am Duerchschnëtt pro Filtratiounsvirgang) un MPP.

54 l bulli Summer 2018

Fir dës Nodeeler ze vermeiden misst zukünfteg getest ginn op eng reduzéiert Uwendung vun der enzymatescher Prouwopbereedung eleng mat SDS an Cellulase duergeet fir en ausräichenden Wierkungsgrad un Ofbau vun der Organik ze hunn. Esou kéinten d’Filtratiounsvirgäng tëscht 2-4 mol begrenzt ginn an an engems och de Verloscht un MPP.

Masteraarbescht vum Johan Winkel


Eng zukünfteg sënnvoll Optiméirung fir d‘Beprouwungsanlag wier eng Uschafung vun enger dréizuelgereegelter Pompel di och “selbstansaugend“ ass. Während de verschiddene Beprouwungen huet sech nämlech erginn dass tëscht dem Virlaf an dem Oflaf vun der Kläranlag verschidden maximal Fördermengenkapazitéiten um Filter mat 20µm Feinheet bestinn déi op 24h verdeelt mussen ginn. Aus deem Grond muss den Débis vun der Pompel agestallt ginn an dëst war bis elo mat Hëllef vun engem Bypass esouwéi Armaturenelementer erreecht ginn.

Auteur: Johan Winkel

Zeréckgehalenen Plastik an der Noklärung vun der Kläranlag Aachen-Soers

Quellen : Crawford, C. B., Quinn, B. (2017): Microplastic pollutants. Elsevier, Amsterdam, Cambridge, MA. ISBN 9780128094068. Hidalgo-Ruz, V., Gutow, L., Thompson, R. C., Thiel, M. (2012): Microplastics in the marine environment A review of the methods used for identification and quantification. Environmental science & technology. 46 (6), S. 3060–3075. DOI: 10.1021/ es2031505. Leslie, H. A., Meulen, M. D., Kleissen, F. M., Vethaak, A. (2011): Microplastic Litter in the Dutch Marine Environment. Online verfügbar unter https://www.researchgate.net/publication/280132786_Microplastic_Litter_in_the_Dutch_Marine_Environment_Providing_facts_and_analysis_for_Dutch_policymakers_concerned_with_marine_microplastic_litter, Zugriff am: 09.03.2017. Löder, M. G. J., Imhof, H. K., Ladehoff, M., Löschel L. A., Lorenz C., Mintenig, S., Piehl, S., Primpke, S., Schrank, I., Laforsch, C., Gerdts, G. (o.J.): Enzymatic purification of microplastics in environmental samples. submitted to Environmental Science & Technology. Mintenig, S., Int-Veen, I., Löder, M., Gerdts, G. (2014): Mikroplastik in ausgewählten Kläranlagen des Oldenburgisch-Ostfriesichen Wasserverbandes (OOWV) in Niedersachsen Probenahme mittels Mikro-FTIR Spektroskopie. Hg. v. AWI. Murphy, F., Ewins, C., Carbonnier, F., Quinn, B. (2016): Wastewater Treatment Works (WwTW) as a Source of Microplastics in the Aquatic Environment. Environmental science & technology. 50 (11), S. 5800–5808. DOI: 10.1021/acs.est.5b05416. Somborn-Schulz, A. (2017): Mikroplastik. Wasser und Abfall. 19 (3), S. 26–29.

Masteraarbescht vum Johan Winkel

bulli Summer 2018 l 55


60 Joer Lëtzebuerger Ingenieursgeschicht, a wat bréngt d‘Zukunft? D‘ANEIL - Association Nationale des Étudiants Ingénieurs Luxembourgeois zelebréiert hire 60. Gebuertsdag den 22. September am Tramsschap um Lampertsbierg (49 rue Ermesinde, Luxembourg). Gestart gëtt um 16h30.  Eis Speaker werfen mat iech zesummen e Bléck an d‘Zukunft: M. Kyle Acierno - CEO Ispace M. Patrick Kersten - CEO Doctena M. Jean-Luc Rippinger - CEO Kussbus M. Felix Urbain - Fuerscher am Beräich Waasserstoff Mir freeën eis och besonnesch drop eng Reaktioun vun der Politik, vum Här Premierminister Bettel, Vizepremierminister Schneider a vum Minister Schmit, op dësen Ausbléck kennen ze kréien. Um 19h00 gëtt et een Apéro, offréiert vun der Ville de Luxembourg. Um 20h00 start den Walking Dinner a leet eis an een gemittlechen Owend an. D‘ANEIL invitéiert fréier Memberen, Ingenieuren an all déi, déi sech fir den Beruff vum Ingenieur intresséieren. Natierlech ass och är Begleedung wëllkomm. Mellt iech w.e.g. iwwert folgende Link un: http://aneil.lu/60-joer Bei weideren Froen kenn der iech un folgend Mail-Adress wenden: konveniat@aneil.lu


ute

recr g r u o b m e de Lux

La Ville

nous !

Rejoignez-

La Ville de Luxembourg, capitale dynamique et multiculturelle, cherche à engager de nouveaux talents.

C’est ainsi que ses 4000 collaborateurs, travaillant dans une cinquantaine de services et aux métiers bien variés, s’engagent chaque jour afin de garantir la qualité de vie de ses résidents actuels et futurs.

Tournée vers l’avenir, la capitale grandit et change au quotidien pour répondre aux besoins d’une population en évolution.

Participez, vous-aussi, au développement de notre capitale et relevez de nouveaux défis dans l’intérêt public. Plus d’infos sur drh.vdl.lu.

4140

49

EMPLOYÉS 2710

SERVICES

1430

51,73 KM² 2%

DU TERRITOIRE NATIONAL

24 QUARTIERS

É

TÉ L’ ÉC OU TE FI AB IL IT É PO LY VA LE PR N OX CE IM IT É

N

T

multiplicity une ville enrichissante

A

A

DI

M U H

multinationale une ville accueille le monde

VE RS I

N

NT

IT

IC

É

IT

CL IE A U HE

CE

AU T

RV I

164

NATIONALITÉS

116.328 HABITANTS

SE

VILLE DE LUXEMBOURG

multifonctionnelle une ville qui travaille dur multi-environnement une ville au coeur vert

EV OL U TI ON EX PE RT IS E EN GA GE M EN

T

IT IL

TR E -Ê

BI

EN

ON

SA

B

TÉ LI RE SP

ES SI

BI

TÉ VI AC C

OA CT I

PR

TR

AN

SP AR

EN

CE

É

multidimensionnelle une ville pour les familles multiculturelle une ville stimulante multilingue une ville qui parle votre langue


Travailler dans la Fonction publique

UN ENGAGEMENT AU SERVICE DU CITOYEN Avec 20 ministères et plus de 120 administrations et services, le secteur public vous offre des possibilités de carrière multiples, aux missions variées. De l’enseignement supérieur à la fiscalité, de l’aménagement du territoire au domaine de la santé, les opportunités de travailler dans l’intérêt général, tout en offrant un service public de qualité, ne manquent pas !

La Fonction publique c’est également un vaste choix de formations adaptées, permettant votre développement professionnel en continu. Ce sont aussi des opportunités de mobilité interne afin d’évoluer et de découvrir d’autres aspects du service au citoyen.

PARTAGER DES VALEURS COMMUNES Une culture axée sur le service et l’efficacité - accorder la priorité aux clients-citoyens et répondre à leurs besoins en leur assurant un service rapide et de qualité ; Le respect des principes du service public - intégrité, impartialité, objectivité, respect d’autrui et transparence.

EN QUÊTE DE PROFILS SPÉCIALISÉS Afin de répondre à l’ensemble de ses missions de service public, la Fonction publique recrute des profils spécialisés dans tous les domaines. Les besoins en termes de savoirs et de compétences ont considérablement évolué et la Fonction publique recherche des agents hautement motivés, qualifiés et spécialisés. Quelle que soit la spécialisation de vos études, l’administration publique a besoin de diplômés impliqués et engagés !

Interesséiert un engem Job an der

Fonction publique ?

Consultéiert all d’Offeren op www.govjobs.lu


LA FONCTION PUBLIQUE EN CHIFFRES (au 01/06/2018)

28.141 agents

49 %

51 %

Moyenne d’âge

42 ans Répartition des agents par secteur 46 %

Répartition des agents par carrière 32.6 %

40 %

24.4 %

11%

24.2 %

18.8 %

3%

Enseignement

Administration générale

C & D (<Bac)

A2 (Bachelor)

Force publique

Justice

A1 (Master)

B1 (Bac)

Nos catégories de métiers Affaires générales

Economie

Fiscalité

Relations internationales

Affaires juridiques et contentieux

Education et formation

Justice

Santé

Agriculture et viticulture

Emploi et travail

Logistique, maintenance et acquisition

Sécurité sociale

Arts, culture et patrimoine

Enseignement supérieur et recherche

Mobilité et transport

Technique et infrastructure

Cohésion sociale

Environnement et aménagement du territoire

Personnel et organisation

Technologie de l’information et de la communication

Finances publiques, gestion budgétaire et financière

Population, défense et sécurité

Communication et information


bulli Summer 2018  
bulli Summer 2018  
Advertisement