1. Communications / 2. PAG et PAP ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) ouvre la séance et excuse M. Aguiar. Il passe à un PAP dans la rue Pierre-Gansen. Il s’agit d’un terrain cédé en emphytéose par la commune pour y construire des appartements. L’AIS en assurera la gestion.
GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG) précise que le site se trouve au coin de la rue Pierre-Gansen et de la rue des Ligures près du centre et à 250 m de la gare. L’aire de jeux qui s’y trouvait a été déplacée. Une petite résidence de 11 logements va y être construite. Le terrain fait 11,6 a. Le COS est de 0,7 et le CMU de 1,35. La résidence se composera d’un rez-de-chaussée, de deux étages et d’un retrait. Un transformateur ne pouvant pas être reculé se trouve sur la parcelle. L’arbre à côté sera aussi conservé. Ce PAP dépend de l’ancien PAG. En effet, la procédure d’approbation du nouveau PAG n’a été lancée que lors de la dernière séance du conseil communal. Mais en 2017, la commune a décidé de protéger certaines façades et maisons. Une partie de cette parcelle est concernée par la protection. La société Heliosmart a présenté ce projet en 2016. L’ancien collège échevinal en avait été satisfait, mais au fil du temps, il a fallu le modifier. Le PAP datant de 2018 déroge quelque peu du règlement des bâtisses. À l’époque, l’aire de jeux a été déplacée, car le collège échevinal pensait que les choses iraient vite. Cela n’a pas été le cas. Mais l’aire de jeux Astérix est en tout cas réussie. En 2016, Heliosmart avait proposé un concept un peu différent. L’idée consistait à élaborer un projet de logements à louer à prix abordable qui pourrait être construit sans devoir demander d’énormes subsides ou d’autres formes de financement. Parmi les éléments moins traditionnels figure le fait que la cage d’escalier se trouve à l’extérieur. Mais ce n’est pas la seule idée un peu particulière. Heliosmart est en effet d’avis que tous les matériaux utilisés doivent être recyclables à 100 % et regrette que ce ne soit pas encore le cas par-
BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Schéine gudde Moien. Mir kéinte mat eiser Sitzung ufänken. Ech wéilt den Här Aguiar entschëllegen. Bei de Kommunikatiounen hu mer näischt. Da géife mer zum zweete Punkt kommen. Dat ass e PAP an der rue Pierre Gansen, en Terrain, dee mer virun e puer Joren an d’Emphytéose ginn hunn, datt do sollte Wunnenge gebaut ginn. Endlech ass et souwäit. Soubal déi Wunnenge fäerdeg sinn, wäerte se un d’AIS Kordall goen, fir datt déi se kënne geréieren. Den Här Liesch wäert eis de PAP virstellen.
SCHÄFFE GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG): Merci, Här Buergermeeschter. Moien alleguerten. Ech fänken u mat der Situatioun, wou de Projet haut drun ass, fir d’Leit, déi eis nolauschteren oder liesen. Mir befannen eis hei zu Nidderkuer um Eck rue Gansen, rue des Ligures. Viru Jore war do eng Spillplaz. Am Kader vun dësem Projet ass déi geréckelt ginn. Op där Parzell soll elo eng kleng Residence gebaut ginn. Mir befannen eis an der Proximitéit vum Nidderkuerer Zentrum, 250 Meter ewech vun der Gare. Also zimlech zentral geleeën, zu Nidderkuer. Dee ganzen Terrain huet eng Fläch vun 11,6 Ar. Mir hunn en COS vun 0,7, wat zimlech moderat ass. An en CMU vun 1,35. Hei entstinn eelef Logementer. Gebaut gëtt e Rez-de-chaussée, zwee Stäck an e Retrait. Et muss ee wëssen, dass op där Parzell vir op der Haaptstrooss en Trafo steet. Dee bleift do stoen. Dee kann net geréckelt oder verbaut ginn. Dat heescht deen Trafo, deen do steet, dee bleift bestoen. An och dee Bam, deen nieft dem Trafo ass, bleift bestoen. Dëse PAP schreift sech nach an deen ale PAG an, vu dass mer am leschte Gemengerot deen neie PAG op de Wee ginn hunn, an deen heiten awer schonn heibanne war. Soudass dee sech nach am ale PAG befënnt. Wou een awer muss wëssen, dass mer 2017 eng Protektioun vun de Fassaden a vun den
4
Haiser drop geluecht hunn. An een Deel vun dëser Parzell läit doranner. Wat dëse Projet net méi komplizéiert gemaach huet, mä et huet een awer missen dorunner denken. Vläicht kuerz en Historique. 2016 ass d’Firma Heliosmart bei eis virstelleg ginn, fir esou e Projet wéi deen heiten ze bauen. Dat heescht, de viregte Schäfferot huet schonn un dësem Projet geschafft an huet deen eigentlech och a senger Form, a senger Saach, a sengem Usaz ganz gutt fonnt. Am Laf vun der Zäit hate mer awer du gesinn, dass de Projet e bësse misst ëmgeännert ginn, fir dass en op déi Situatioun passe géif. 2018 war dunn decidéiert ginn, e PAP ze maachen, fir dass ee kann op verschiddene Punkten derogéieren zum Bautereglement. Soss wär de Projet a senger Form net esou realisabel gewiescht. Mir waren der Iwwerzeegung deemools, dass dat alles relativ schnell géif goen. Mir haten dunn d’Spillplaz réckele gelooss. Dat ass am Fong haut déi Asterix-Spillplaz zu Nidderkuer. Dat ass déi, wou an der rue des Ligures war. Haut stelle mer fest, dass de Projet net esou schnell war. Mir hätten also do nach e bëssen Zäit gehat. Mä trotzdeem mengen ech, ass déi nei Spillplaz zu Nidderkuer ganz flott ginn. An déi heite Plaz konnt nach genotzt gi vun de Kanner, fir nach e bëssen do ze spillen. Zum Projet selwer, well dat awer elo e bëssen en anere Projet ass, wéi mer e bis ewell an der Gemeng kannt hunn. Déi Leit vun Heliosmart sinn, wéi gesot, 2016 bei eis komm mat enger Iddi, fir en anert Konzept vu Wunnengsbau ze proposéieren. Hir Iddi war, oder ass, fir eppes ze bauen, wat sech direkt an engem Loyer modéré erëmfënnt. Wou d’Leit en abordabele Wunnraum fir ze loune fannen. An dat direkt esou ze plangen, dass dat och bautechnesch opgeet, ouni musse vill grouss Subsiden a soss Finanzementer ze kréien. Dat war hir Iddi. Si hunn en anert Konzept. Dat gesäit een am Bau, an der Volumétrique. Do gesitt Der, dass se e puer Saache mat agebaut hunn. Zum Beispill, dass d’Trapenhaus bausse läit. Also net an der gehëtzter Hüll. Dat ass eng vun den