InfoBlat °06 16

Page 55

9. Questions ginn. Da werft mir elo, w.e.gl., net vir, ech géif dat do ofrappe loossen.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Ech mengen, den Här Ulveling huet eppes gefrot. Hie kritt et net. Ech fannen et just traureg. An ech soen et dann och elo hei an net an der net-ëffentlecher Sitzung. Ech hoffen op alle Fall, datt d’nächst Joer wierklech opgehale gëtt mat deene perséinlechen Attacken. Ech kéint och villes zielen. Wann Der dat gären eng Kéier hätt, da wäert Der dat kréien. Ech si kee Bibellieser, ech halen net mäin zweete Bak dohinner. Ech hunn och ganz vill ze zielen, mä ech wëll mech net op deen Niveau do erofloossen.

Ech hätt gären, datt mer hei soen, wou eis Stad soll higoen, wéi eis Point-devuë sinn, datt mer wierklech sollen iwwer Projeten diskutéieren. A kommt mir hale w.e.gl. op, ënnert d’Gürtellinn ze schloen. Well jiddweree weess Saache vun deem aneren. Op eemol gëtt et ze vill privat. Dat wäert wahrscheinlech och nach eng Kéier kommen. Et sinn esou vill Saachen, déi ee weess. Kommt mir hale w.e.gl. domadder op. All Partei soll soen, wéi se d’Stad Déifferdeng a 5, 10 oder 20 Joer gesäit. A spillt de Ball w.e.gl. an net de Mann oder d’Fra. Et ass dat, wat ech wëll. Mä do mécht natierlech all Partei, wéi se wëll. Mä d’Konsequenze wäerte se da vun de Wieler ze spiere kréien. Déi ëffentlech Sitzung ass domadder zou.

55

le fils de M. Meisch était d’accord pour démolir la maison.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) constate que M. Ulveling n’obtiendra pas d’excuses. Il espère que l’année prochaine, ces attaques personnelles cesseront. En effet, lui aussi aurait beaucoup à raconter. Il ne lit pas la bible et ne tendra pas la joue. Mais pour le moment, il refuse de recourir à certaines bassesses. Ce qui l’intéresse, c’est de savoir dans quelle direction Differdange doit aller. Il demande aux conseillers communaux de cesser les attaques sous la ceinture. Car tous les conseillers sont au courant de choses personnelles. Roberto Traversini souhaite que l’on parle de l’avenir de Differdange en restant respectueux. Mais chaque parti fera comme il l’entend et les citoyens prendront une décision. Roberto Traversini clôture la séance.


Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.