INFOBLAT °2 2018

Page 72

2. Finances communales doit admettre qu’il ne connait pas les autres systèmes en détail. Cependant, il veut bien s’informer. Il rappelle toutefois que Vël’OK est disponible de Differdange à Dudelange. C’est ce qui fait la force du projet. Et Differdange ne fera pas cavalier seul en adoptant un autre système. Pour ce qui est du «carsharing», Georges Liesch rappelle que Differdange est la troisième commune du pays, mais qu’elle reste une petite ville. Il faut donc trouver un système cohérent avec les autres communes du pays. Pour le moment, il n’y en a que deux: le Flexsystem des CFL et Carloh. Mais Carloh ne dessert que Luxembourg-ville. Par conséquent, le collège échevinal contactera les CFL pour mettre au point un partenariat. L’agrandissement d’Aquasud n’est pas lié à un manque de capacités pour le lycée. La taille du grand bassin est suffisante. C’est le bassin d’apprentissage qui est trop petit. Le collège échevinal pourrait supprimer les cours de natation du préscolaire et réduire la fréquence de ceux du primaire. Mais il préfère chercher une autre solution. Par ailleurs, un bassin d’apprentissage plus grand pourrait aussi servir aux associations et pas uniquement à l’école. En ce qui concerne l’expert en arbres, il sera recruté à plein temps. L’appel à candidatures va être lancé prochainement. M. Goffinet a posé une question concernant les 71 000 € pour le TNT. Il s’agit en partie de la participation de la Ville de Differdange à hauteur d’un euro par habitant. Des fonds sont aussi prévus pour des expertises — notamment pour ce qui est de l’étang entre Lasauvage et Hussigny. Comme il se trouve à la frontière, ce projet est idéal pour le TNT. Les analyses serviront à voir comment rendre l’étang accessible et comment l’assainir. Le budget prévoit aussi une réserve si des projets intéressants se présentaient en cours de route.

tem ze maachen, dee vläicht méi flexibel wär. Ech muss soen: „Ech kennen dee System, deen Dir genannt hutt, net am Detail”. Wann Der do e Link oder eppes hutt, schéckt mer dat gären zou, dass ech mer dat eng Kéier kann ukucken. Mä mir sinn awer do net alleng. Ech muss soen: „De Vël'OK ass e System, dee jo quasi vun Diddeleng bis op Déifferdeng geet”. Dat heescht, do maache mer net Cavalier seul. Mir wäerten also ëmmer am Verbund mat alle Gemenge sinn, wa mer eppes Neies maachen, dat bleift. Well ech mengen, dat ass d'Stäerkt vun dësem Projet, dass mer duerch dee ganze Süden am Fong ee System hu fir de Vëloverleihsystem. An dat musse mer op jidde Fall oprechterhalen. Wann et sech ergänze léisst, kann een awer doriwwer nodenken. Ähnleches gëllt fir de Carsharing. Do muss ee soen: „Mir sinn als Déifferdeng wuel déi drëttgréisste Gemeng am Land, an awer si mer eng kleng”. Also mir maache kee Carsharing alleng fir Déifferdeng. Dat wär total sënnlos. Mir brauchen e Carsharing, dee mat de Gemengen aus dem ganze Land iergendwou kohärent ass. Do gëtt et am Moment leider net vill Alternativen. Et gëtt de Flexsystem vun der CFL, deen eigentlech flächendeckend duerch d'ganzt Land funktionéiert. An da gëtt et de Carloh, deen eigentlech nëmmen d'Stad Lëtzebuerg bedéngt. Deen also fir eis net esou interessant wär. Mä mir huelen emol Kontakt op mat der CFL, fir ze kucken, ob mer net mat hinnen zesummen zu Déifferdeng, zumindest bei de Garen, esou eppes kéinte maachen. Dann hätte mer schonn emol e Pied-à-terre, wat de Carsharing an der Gemeng ugeet. Dir hat och gefrot, ob den Ausbau vum Aquasud dorop berout, dass do vläicht falsch Berechnunge gemaach goufen, a firwat mer elo musse bäibauen. Et ass net esou, dass den Aquasud net d'Capacitéit hätt fir de Lycée. Dat ass absolut net de Problem. D'Capacitéit vum grousse Baseng geet nach wie vor ëmmer nach gutt duer. Dat ass net de Problem. De Problem ass de Lernschwimmbecken. Well do méi Kanner hi ginn, wéi mer Plaz hunn. Dat heescht, mir hunn am Moment e Problem mam Lernschwimmbecken.

72

Mir hätten d'Alternativ, fir ze soen, zum Beispill: „Majo, da ginn eis Spillschoulskanner net méi dohin”, sou wéi dat an anere Gemengen ass. An déi aner ginn net méi all zweet Woch, mä just nach eemol am Mount. Also mir hätte Méiglechkeeten, dat ze reduzéieren. Dat fanne mer awer e bësse schued. Dofir hu mer gesot: „Kommt, mir kucken eng aner Alternativ”. Ob mer de Lernschwimmbecken net kéinten op enger anerer Plaz maachen oder erweideren, ob mer net kéinten ubauen. An engems hätte mer natierlech dann och nach méi Plaz fir Coursen, déi am Moment och immens gutt besicht ginn, fir eventuell esou Saachen nach weider unzebidden, dass dat Lernschwimmbecken also net alleng fir d’Schoul wär, mä och fir Veräiner, fir zousätzlech Coursen unzebidden. Da kéim ech bei den Här Goffinet. Do hat ech, mengen ech, schonn intervenéiert, wou Der dat gefrot hat mam Bam-Expert. Deen ass 100%. Déi Plaz gëtt elo ausgeschriwwen, an da kucke mer, wee sech do alles mellt. Mä et ass awer scho geduecht, eng Pleine-tâche ze hunn, fir dat doten ze maachen. Dir hat och gefrot, wéi an engem Budgetsartikel vum TNT déi 71.000 Euro opgeschlësselt wären. Do ass zum engen d'Participatioun dra vun der Gemeng Déifferdeng. Et ass jo een Euro pro Habitant, dee mer do abezuelen. Dann ass en Deel virgesinn, wa mer Experte missten engagéieren, fir Dossieren ze ënnersichen. An ee ganz konkreten Dossier ass de Weier, deen tëschent Lasauvage an Héiseng läit. Dat ass en ale Killweier vun der Schmelzanlag vun Héiseng. D'Grenz leeft am Fong genau doduerch. Dat wär en immens flotte Projet grad eben am Transfrontalier, fir zesummen ze kucken: Wéi kéinte mer éischtens emol dee Weier accessibel maachen? An och entseuchen? Well dee Weier, dat verstoppen ech Iech net, ass e Killweier. Also deen ass biologesch zimlech dout, fir et emol esou ze soen. Dofir sinn déi Sue virgesinn, fir Analysen. Wat kéint een do maachen? Wat géif et kaschten? Dann ass och eng kleng Reserv dran, falls nach Projeten en cours de route kéimen, fir dann eventuell scho kënnen ze reagéieren. Dat ass elo graff d'Opschlësselung vun deem Budgetsartikel.


Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.