Infoblat °02 2017

Page 69

infoblat_022017_du_100517.qxp_Conseil communal 07/08/2017 13:18 Page69

Questions keng Firma, dat ass eng Asbl. Dat misst een da wëssen, wann een een engagéiert. An ech hu vun Ufank u gesot, wéi déi Asbl drop ugeschwat ginn ass, dass ech mech do ganz wäert eraushalen. An ech ginn do och net an d’Fichiere kucken. Well ech fannen, dass net nëmmen ech mä dee ganze Gemengerot d’Urecht huet op déi Informatiounen. A virun allem de Bierger Urecht huet, op d’mannst dat gesot ze kréien, wat Dir elo sot, nämlech datt mir dat deem Büro geschéckt hunn. Da géif ech mer awer d’Méi maachen, déi Bierger perséinlech ze kontaktéieren. Well et si Leit, déi mech froen. Ech hunn dat och probéiert um Internet ze promoten, wou ech gesot hunn, gitt är Iddien eran. An do sinn Diskussioune gelaf, wou d’Leit soen, si hunn do ni méi eppes héieren. An ech denken, do muss een dann och kucken, wann een esou en Optrag mécht, wien do fir wat zoustänneg ass. Do gëtt et eng Aarbechtsopdeelung, grad wéi bei aneren Opträg, déi Dir iergendengem gitt. Also fir d’Werbung war op jidde Fall net déi Asbl zoustänneg, dat weess ech. Et ass jo net, dass deen, deen de Flyer muss drécken, dee muss verdeelen, wann dat net am Devis virgesinn ass an net geplangt ass. Dat sinn Diskussiounen, déi fannen ech wierklech dëser Saach hei net würdeg. Dat eenzegt, wat ech verlaangen – eng Grondsaach –, dat ass d’Informatioun iwwert déi Saachen. Dat ass alles, wat ech hei gefrot hunn.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG): Merci. Dir hutt d’Wuert weider. Dir hutt eng Rei vu Froen eraginn. Villmools Merci fir déi Froen, déi Der stellt, datt mer kënnen dozou Stellung huelen. Kënnt Der se gruppeweis virdroen: Urban Living, Thillebierg an dann den Aquasud? Kënne mer esou virgoen, Här Diderich?

engem Budgetsartikel? Am Wort war en Advertorial, dat ass esou e Mix tëschent Artikel a Werbung, wat waren d’Käschten dovun? Wéi decidéiert een, esou eng Pub ze maachen a wéi eng Illustratiounen ee bei esou enger Pub dobäi mécht? A si soss nach aner publizitär Aktivitéiten, Opträg gemaach ginn?

le collège échevinal ne les a pas rendues publiques.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) aime quand M. Liesch réagit de la sorte.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) rétorque que M. Liesch ne l’a visiblement pas écouté. Il doit avoir faim.

BUERGERMEESCHTER ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG):

GEORGES LIESCH (DÉI GRÉNG) répond que c’est possible.

Villmools Merci fir déi Froen. D’Revue huet selbstverständlech näischt vun eis kritt. Et ass d’selwecht gehandhaabt gi wéi déi Ufro virun dräi Joer. Just dës Kéier si méi Oplage gedréckt ginn, an do hu mer d’Dréckereiskäschte fir déi Oplage bezuelt. Fir déi 44 Säiten hu mer 27 Cent pro Zeitung bezuelt, dat mécht e Montant vu 14.952 Euro. An déi sinn um Relation publique beim City Manager budgetiséiert ginn, wat natierlech och am Budget steet. Fir den Editorial am Lëtzebuerger Wort huet d’Stad Déifferdeng selbstverständlech näischt bezuelt. Ech muss soen, ech hunn nach ni fir en Artikel bezuelt, wou ee mech ëm meng Meenung zu enger Stadentwécklung gefrot huet. Kee Frang huet dat d’Stad Déifferdeng kascht. Alles wat fir den Urban Living geschitt, wat fir Fotoen drakommen, dofir ass just een zoustänneg, an dat ass eise Gemengesekretär. Hie ganz eleng decidéiert, wéini a wat fir den Urban Living publizéiert gëtt oder net. Dir kënnt e froen, e sëtzt niewent mer. D’Publizitéit fir den Urban Living kascht 90.000 Euro. Mir kréie wäit iwwer 40.000 Euro era vun de Leit, déi do e Stand hunn. A selbstverständlech ass Reklamm gemaach ginn op Eldoradio, op RTL an am Essentiel. Dat entsprécht bal engem Drëttel vum globale Budget vum Urban Living. Déi aner Fro geet ëm den Thillebierg. Här Diderich, w.e.gl.

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK):

Jo. Zum Urban Living wollt ech froen, wéi eng Publizitéitskäschten do engagéiert gi sinn. Do ass jo eng Bäilag mat der Revue verdeelt ginn. Vu wéi engem Montant schwätze mer do? A vu wéi

Merci fir dës Äntwerten, Här Buergermeeschter. Ech komme bei den Thilllebierg. Do war elo de Weekend e gréissert Fest, wat bis sechs Auer moies am Gaang war. Ech wollt froen, wat do vu

69

GARY DIDERICH (DÉI LÉNK) a subdivisé son intervention en deux points. Tout d’abord, il voudrait savoir où en est le PAG et s’il peut obtenir toutes les informations. Gary Diderich a mentionné les SUP explicitement. (Interruption) Gary Diderich rappelle que d’après M. Liesch il ne ferait qu’insister sur un point précis et que le reste ne l’intéresserait pas. Or c’est faux. Il n’était notamment pas au courant de la réunion du 29 mai. L’information a dû se perdre quelque part. Il salue le fait que le conseil communal soit enfin mis au courant. Pour le reste, Gary Diderich opère une séparation nette entre son mandat de conseiller communal et son emploi. Par ailleurs, il ne s’agit pas d’une société, mais d’une ASBL — chose que M. Liesch aurait dû savoir puisqu’il l’a engagée. Gary Diderich ne s’est absolument pas occupé du dossier et n’est pas allé fouiller dans les fichiers. Il trouve simplement que le conseil communal et les citoyens devraient être tenus informés. Les citoyens se sont donné la peine d’apporter leurs idées. Gary Diderich a fait la promotion de la campagne. Et maintenant, on lui dit que la commune n’a pas réagi. Par ailleurs, il y a eu une répartition claire des tâches. Et l’ASBL n’était pas chargée de la publicité. Les flyers ne figuraient pas dans le devis. Gary Diderich ne trouve pas cette discussion digne. Tout ce qu’il demande, ce sont des informations.

ROBERTO TRAVERSINI (DÉI GRÉNG) constate que M. Diderich a envoyé d’autres questions. Il l’en remercie, car cela permet au collège échevinal


Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.