Infoblat °02 2017

Page 43

infoblat_022017_du_100517.qxp_Conseil communal 07/08/2017 13:18 Page43

3. PAP Ouschterbur Déi Verbindung Richtung rue Ouschterbuer gëtt nëmmen opgemaach fir Voitures de service vun der Gemeng oder fir d’Services de sécours. Wéi ëmmer kënnen nach verschidde Revendicatiounen an der Convention d’exécution festgehale ginn. Do sinn nach interessant Saache virgeschloe gi vun der Ëmweltkommissioun an anere Kommissiounen. Wéi bei all PAP gëtt och hei eng Convention d’exécution gemaach, wou drageschriwwe gëtt, wéi de Projet muss exekutéiert ginn. Wichteg fir d’Baugeneemegung, vill Leit maache sech Gedanken: Fir d’Baugeneemegung mussen all déi definitiv Accorden an Avise virleien. Zum Beispill muss den Accord vun der AGE, vum Waasserwirtschaftsamt virleien, ier mer eng Baugeneemegung ausstellen. Soudass all deem Rechnung gedroe gëtt an déi ganz Waasserproblematik, wéi et oft hei erwäänt gëtt, kloer gereegelt ass. De President vun der Ëmweltkommissioun ass elo net méi hei am Sall uwiesend. Ech géif da probéieren, e bëssen op d’Ekologie anzegoen. Et leien eis eng Partie Dokumenter vir betreffend der Ëmweltanalys, der Ökobilanz – dat heescht och der Biotopbilanzierung – mat der Bewäertung vum Ist-Zoustand. Déi ass erstallt gi vum Büro Luxplan. Dir konnt dat alleguer liesen. An der sougenannter Plan-Situatioun, d’Compensation sur place, ass alles dat opgelëscht, wat op der Plaz erhale respektiv ëmgeplanzt oder nei geplanzt gëtt. Dovun, wéi gesot, eng Partie Hecken a Beem. De Bestandswäert an der Planzon beleeft sech op 123.795 Ökopunkten. Verschidde Moossname ginn op der Plaz kompenséiert. Zum Beispill ginn nei Beem geplanzt. Et gëtt vun 21 eenzelne Beem geschwat, am Stroosseraum awer och am Retentiounsberäich, ënnen zu der Grenz vum Terrain zou, wou Beem bäikommen. Insgesamt sinn dat 10.340 Ökopunkten. Et bleiwen dann nach 113.455 Ökopunkten ze kompenséieren an zwar ausserhalb vun der Planzon, op engem aneren Areal. Dat ass rechtlech erlaabt. An zwar geschitt dat an dësem Fall op zwee Arealer am Beräich vum Vesquenhaff. Also dës Kéier wierklech um Territoire vun eiser Gemeng.

ENG STËMM: Dat muss nach vum Ëmweltminister approuvéiert ginn.

SCHÄFFEN ERNY MULLER (LSAP): Jo, kloer. Ech mengen, et ass esou: Hei ass den Avis, dee ganze Bericht am Dossier, mä deen ass nach net zréck vum Environnement. Dat heescht och, dat ass eng Konsequenz fir d’Weiderféierung vun deem Projet, dass deen Avis erëm ass an den Accord och do ass, dass dat esou ka gemaach ginn. Wat hu mer nach vu weideren Dokumenter a Berichter an eisem Dossier leien, déi alleguer wichteg sinn, fir kënnen a Kenntnis vun allen Avisen an Aussoen dee Projet ofzestëmmen? Dat ass den Avis vun der Cellule d’évaluation vum Interieur. Ech hat schonn dovu geschwat. Deen hutt Der virleien. Dir hutt de Rapport vun der Bautekommissioun zum PAP Ouschterbur vum 25.4.2017 virleien. Si hunn de Plan modifié „majoritairement favorablement“ aviséiert. Dat heescht, dat ass elo deen Allerleschten. Si krute schonn deen éischten. Si hunn och deen zweete Plang vum PAP favorablement aviséiert. Ech mengen, d’Bautekommissioun beschäftegt sech mat der Bausubstanz. Déi kuckt: Ass dat legal? Ass et konform zum PAG? Ass et souwäit konform vum Bautereglement, wat alles do gemaach gëtt? De Rapport vun der Ëmweltkommissioun läit eis och vir. Leider muss ech soen, deen ass vum 2. Mee 2017. Dat ass net ganz laang hier. D’Commission de l’environnement mécht an hirem Rapport nach Propositiounen, déi leider, vue de kuerzen Delai, awer an dëser Form net méi konnte berécksiichtegt ginn. Well den Dossier huet bekanntlech missten den 3. Mee komplett fäerdeg an ofgeschloss si fir an de Gemengerot. Leider konnte mer net méi alle Revendicatiounen, déi do dra sinn, Rechnung droen. Et muss ee soen, dass der awer eng Partie am Kader vum Ausschaffe vun deem PAP scho berécksiichtegt gi sinn. Mä elo sinn nei Erkenntnisser, nei Iddien erakomm, wou et einfach net méi méiglech war, déi den 2. Mee eranzehuelen. Mir

43

voltaïque comme le précisent les articles 2.4 et 2.5 avec un minimum de trois kilowatts peak par logement. La Cellule d’évaluation suggère l’aménagement d’une servitude écologique verte — un écran vert — derrière les maisons. Les autres servitudes figurent sur les plans. Des haies seront aussi plantées aux abords des routes afin de donner une valeur écologique au quartier. Le seul accès au lotissement se situe dans la rue Woiwer. Ce point a été critiqué, mais il comporte des avantages. Il faudra faire attention à ce que cette rue ne soit pas utilisée comme raccourci par des automobilistes n’habitant pas le quartier. Le chemin vers la rue Ouschterbuer ne sera accessible qu’aux véhicules de secours. Des revendications peuvent encore être retenues dans la convention d’exécution. Avant de pouvoir délivrer un permis de construire, la commune devra disposer de toutes les autorisations — notamment de l’Administration de la gestion des eaux. Pour ce qui est de l’environnement, le bureau Luxplan a réalisé un état des lieux du biotope. Le document figure dans le dossier des conseillers communaux. Il reprend les plantations conservées sur place, les compensations, etc. La valeur écologique de la zone se monte à 123 795 écopoints. Des mesures de compensation seront prises. Vingt-et-un arbres seront plantés sur la voirie et dans la zone de rétention. En tout, cela représente 10 340 écopoints. Il reste donc 113 455 écopoints à compenser sur une autre zone, et plus précisément sur 2 sites du Vesquenhaff. (Interruption) Erny Muller confirme qu’il faudra l’accord du ministère de l’Environnement, qui devra remettre son rapport. Dans le dossier des conseillers communaux figurent l’avis de la Cellule d’évaluation du ministère de l’Intérieur et le rapport de la commission des bâtisses datant du 24 avril 2017, qui avise favorablement le plan modifié. Erny Muller rappelle que la commission des bâtisses s’occupe des bâtiments, de la légalité des constructions, de la conformité


Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.