INFOBLAT °01 2018

Page 21

2. Finances communales do och keng fäerdeg Solutioun kafen, mä mir sinn och do der Meenung, dass eis Stad am Fong grouss genuch ass, fir esou e Service selwer opzebauen an ze geréieren, dass mer net mussen op privat Firmaen zeréck gräifen, fir dat ze maachen, mä dass och eng Gemeng, mat hirem Service, dat ka stemmen. E wichtege Projet, deen ech schonn eng Kéier ugedeit hunn, ass, dass mer an eise Schoulen, an eise Maisons relaisen e Beschallungssystem wäerten installéieren. Dir erënnert Iech vläicht nach un deen Incident bei Arcelor, dee mer virun e puer Joer haten, wou de Verdacht op Gëftgas, oder wat och ëmmer fir Gas, bestoung, a wou mer gemierkt hunn, dass mer an der Kommunikatiounsstreck mat eise Schoulen, mat eisen En­ seignanten eigentlech Lacunen haten. Déi wëlle mer opfänken, andeems mer an all Sall Lautsprecheren installéieren, déi erreechbar sinn. Dat heescht, dass ee vun enger zentraler Plaz aus direkt bei eis Enseignanten an all de Klassesäll Informatioune kann iwwerdroen. Dat erlaabt eise Presidenten, déi an eise Schoule sinn, och intern mol Messagen ze vermëttelen, déi just d'Gebai betreffen. Et ass also net nëmmen, dass mer dat brauchen en cas d'urgence, mä et ass och eppes, wou vläicht am Alldag emol kann dervu profitéiert ginn, fir Messagen am Gebai duerchzeginn. Et ass e pluriannuelle Projet. Mir packen dat kloer net an engem Joer. Duerfir sinn dat vill ze vill Gebaier, déi mer mussen equipéieren. Dat hei ass also e Projet, dee sech op d'mannst iwwer dräi Joer wäert hinzéien. Well, wéi Dir wësst, mer an de Schoulen ëmmer nëmmen an de Vakanze schaffe kënnen, fir esou Saachen ze maachen. An dat kréie mer net an engem Joer hin. Dee wäert eis also nach e bësse begleeden. E puer méi kleng Saachen: am Informatique: mir wëllen e virtuelle Reider opmaachen. Ech mengen, dat ass och ganz wichteg. Dir gesitt hei virun der Gemeng: eis Reidere platzen aus allen Néiten. Mir hunn der scho bäigesat. Mä et geet nach ëmmer net duer. An ech mengen, esou e virtuelle Reider, net nëmmen op enger Plaz, mä op e puer Plazen an der Gemeng, wou also déi wichtegst Saache vun der Gemeng affichéiert sinn, géif duerchaus Sënn maachen. Dat ass och e Projet, dee mer d'nächst Joer wäerten ugoen.

Dann hu mer ugeduecht, fir eise Gemengerot, dee säit e puer Joren am Toun um Internet zur Verfügung steet, duerch Bildmaterial ze ergänzen. Sou dass d'Leit eis net nëmme kënne lauschteren, mä eis och nach kënnen ukucken. Dat heescht dann, dass jidderee sech muss kämmen. Voilà, da musse mer kucken, wéi mer dat hi kréien. Awer dat gëtt et schonn an anere Gemengen. Esch an d'Stad Lëtzebuerg hunn dat schonn. A mir wëllen och hei zu Déifferdeng dovunner profitéieren, fir dat ëmzesetzen. Da kommen ech zu engem Domaine, deen ech geierft hu vu mengem Virgänger, dem Fred Bertinelli. Dat ass d'Mobilitéit. Do geet et ganz staark drëm, d'Liewensqualitéit vun eise Bierger zu Déifferdeng ze stäerken. Ech mengen, jidderee vun Iech kennt d'Problematiken, déi mer hunn. Zu de Spëtzenzäiten ass et heiansdo mol schwiereg, duerch eis Gemeng ze kommen. A wann iergendwou och nëmmen e klenge Pepin ass, an deen ass och nach grad dann ëmmer zu de Spëtzenzäiten, huet ee ganz séier e chaotesche Stau. Soss, an den normale Stonnen, geet et eigentlech relativ gutt. Ech muss awer dozou soen, dass mer et fäerdeg bruecht hunn, dass et, zënter mer dee risege Chantier an der Entrée en ville hunn, quasi ni zu verkéierstechnesche Chaossituatioune komm ass an der Entrée en ville. Den Trafic ass wuel verlangsamt, mä et fléisst awer nach ëmmer derduerch, an dat trotz deem risege Chantier, deen do amgaang ass. Duerfir fannen ech, dass eise Service technique do wierklech eng formidabel Aarbecht geleescht huet, fir déi Koordinatioun esou hinzekréien, wou mer wierklech um oppenen Häerz vun der Gemeng schaffen, wat den Trafic ugeet. Dass mer dat esou gutt fäerdeg bréngen, ass net de Merite vun der Politik, dat ass de Merite vun eisem Service technique, deen zesumme mat de staatlechen Instanze wierklech probéiert, dat esou ze koordinéieren, dass dat och funktionéiert. E wichtege Punkt, deen eis all, mengen ech, um Häerz läit, sinn d'Parkingen. Mir haten zu Déifferdeng gutt Iddien, wat d'Parkingsstrukturen ugeet. Mir wollten am Zentrum Parkingen hunn,

21

mais mettre en place un service autonome. Ensuite, le collège échevinal veut installer un système de hautparleurs dans les écoles. Georges Liesch mentionne l’incident qui avait eu lieu à Arcelor il y a quelques années. À l’époque, la commune avait constaté que la communication avec les écoles et les enseignants présentait des lacunes. C’est pourquoi des hautparleurs seront installés dans les salles de classe. Il permettra de communiquer des informations d’un site centralisé. Les présidents pourront aussi y recourir. Il ne sera donc pas réservé à des situations d’urgence. Ce projet ne pourra pas être réalisé en un an. Il faut en compter trois pour tous les bâtiments, car ce type de travaux sont effectués pendant les vacances scolaires. Toujours en ce qui concerne l’informatique, le collège échevinal veut mettre en place un raider virtuel sur plusieurs sites. Les séances du conseil communal sont disponibles en version audio sur le site internet de la commune. Le collège échevinal voudrait qu’elles soient aussi retransmises comme c’est le cas à Luxembourg-ville et Esch. Georges Liesch passe à la mobilité. L’objectif est d’améliorer la qualité de vie des habitants. Chacun connait le problème. Aux heures de pointe, il est difficile de circuler à Differdange et parfois, c’est même le chaos. Georges Liesch constate cependant que malgré l’énorme chantier à l’entrée en ville, le trafic reste fluide à cet endroit, même s’il est quelque peu ralenti. Le service technique a réalisé un travail de coordination formidable en plein cœur de Differdange. Ce qui a été fait n’est pas le mérite des hommes politiques, mais du service technique et des instances étatiques. Les parkings sont aussi très importants. Differdange a eu de bonnes idées — et notamment celle de prévoir des places de stationnement de courte durée. Malheureusement, la réalité est une autre. Les automobilistes abusent des tickets permettant de stationner gratuitement pendant trente minutes. Le résultat est que certains automobilistes renouvèlent leurs tickets toutes les


Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.