DiffMag °05 15

Page 20

20 SERVICE MASKÉNADA

FRITURE HENRIETTE AM 1535 MASKéNADA feiert seng 20 Joer mat enger Kulturtournée duerch d’Land, déi et a sech huet. De Kënschtlerkollektiv huet kuerzerhand déi kulteg Frittebud "Friture Henriette" gekidnäppt. Just, dass et elo net nëmme Fritten a Fësch gëtt, mä e kënschtleresche Menü, deen esou schmaacht, wéi dat, wat MASKéNADA zanter 20 Joer op den Dësch bréngt: usprochsvoll an awer populär, zäitgenëssesch an awer traditionell.

FRITTPARADE 2000 oder Dem Frittekätt seng ketchuprout Revanche E falsche Film vum Serge Tonnar Juni 2015: 2, 3, 4, 6 (19:30 Auer) "Frittparade 2000" ass e musikalesch-kriminellt Koméidistéck, e falsche Film, an där d'Friture Henriette d'Bühn gëtt fir pecheg Geschichten, fetteg Bezéiungen a kriminell Niewenaktivitéiten.

SERGE TONNAR & LEGOTRIP | T DANSANT 31. Mee 2015 (17:00 Auer) Um Téi soll d'Danzbeen geschwonge ginn, awer gemelleg, net ze hektesch, op Legotripklassiker a kleng Iwwerraschungen aus der aler Jukebox.

FILMOWEND WEILERBACH & DE BOPEBISTROTOUR VUM YANN TONNAR 1. JUNI 2015 (19:00 Auer) MASKéNADA huet 2 Filmer produzéiert: "Weilerbach" (2008) an "De Bopebistro Tour" (2014), allenzwee vum Yann Tonnar.

"Weilerbach" ass ee vun de gréisste Wunnheemer fir Asylbewerber zu Lëtzebuerg. 2 Joer huet de Regisseur do 3 Familljen an hirem Alldag begleet a versicht, de Geescht vun dëser Plaz anzefänken. "De Bopebistro Tour" ass e Film, deen de Serge Tonnarr a seng Band Legotrip begleet, bei hirer akustescher Tour 2012 duerch d'Duerfcafée vum Ländchen.

ROUTKÄPPCHEN 2. Juni 2015 (14:30 Auer) Alter: 3-7 Joer Sprooch: Lëtzebuergesch Dauer: 20 Minutte Virstellung + 30 Minutte Workshop uschléissend Dat klassescht Mäerche vun de Gebridder Grimm erzielt d’Annick Sinner unhand vu selwer gebaute Figuren an Dekoren. Loosst Iech vu senger ganz eegener Mäerchewelt verzauberen. Iddi, Konzept, Dekoren & Spill Annick Sinner

HAUSBAL DRÉIUERGEL-KARAOKE & MAMBO SCHINKI 5. Juni 2015 (20:30 Auer) Freides owes ass Hausbal an der Friture Henriette, awer kee Bal ewéi déi aner. Et geet lass mat engem Dréiuergel-Karaoke mat Lëtzebuerger Lidder. Dono bréngt de skurrillen Eemannorchester Mambo Schinki Lidder vun alle Stiler vu gëschter an haut. Infos & Tickets T. +352 27 48 93 82 | frittefett@maskenada.lu maskenada.lu De Restaurant ass och mëttes op.


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.
DiffMag °05 15 by Ville de Differdange - Issuu