ME 22.06.2022 20:00 - 01:00 Centre-ville Differdange
VOLLEKSFEST
VIROWEND VUM NATIONALFEIERDAG Dat grousst Volleksfest um Virowend vum Nationalfeierdag ass zu Déifferdeng schonn Traditioun. No der Ried vun eiser Buergermeeschtesch op der Maartplaz, fanne bis an d’Nuecht era Concerten am Déifferdenger Stadzentrum statt. Nei ass dëst Joer eng Droneshow, déi grouss a kleng fas zinéieren dierf. Ronn zwanzeg lokal Veräiner garantéieren fir eng ofwiesslungsräich Restauratioun. Wosst dir dat? Nationalfeierdag zu Lëtzebuerg gouf ursprénglech agefouert fir de Gebuertsdag vum Groussherzog ze feieren. Dëst huet ugefaange mam Gebuertsdag vun der Grande-Duchesse Charlotte, déi den 23. Januar 1896 op d’Welt koum. Dësen Datum louch am Wanter, dofir gouf decidéiert d’Feierlechkeeten op e spéideren Datum ze verleeën, den 23. Juni. Dësen Datum gouf dann och vun all de Nofollger bäibehalen.
110
Fräien Entrée