Panewippchen 1 / 2/2025 - Service éducatif MNHN Luxembourg

Page 1


De Panewippchen

Neies Ëmbenannt!

"Ënner dem Kiischtebam"

Du erënners dech vläicht, datt mir dir am leschte Panewippchen versprach hunn, dës Kéier eppes iwwer de Schwëstergaart ze zielen?

Ma dat maache mir natierlech och!

Allerdéngs musse mir dir direkt eppes Wichteges soen. De Musée huet sech entscheet, dem Gaart en aneren Numm ze ginn. De Schwëstergaart heescht elo offiziell „Ënner dem Kiischtebam“

An domat kanns du dir jo bestëmmt schonn denken, wéi ee Bam scho säit laange Joren an dësem Gaart steet!

Dëse klengen, hanner enger Mauer verstoppte Gaart huet iwwregens bal 200 Joer zu der Kierch gehéiert – et war souzesoen de Kierchegaart. Wann s du bei eis am Musée waars, dann ass dir déi Kierch direkt nieft der Abtei Neimënster sécher schonns eng Kéier opgefall?

esou ugeluecht, datt en net nëmmen de Mënschen, mee och den Insekte gefält.

Wousst du, datt vill Planzen, déi d’Mënsche schéi fannen a sech an de Gaart planzen, den Insekten „näischt bréngen“? Dann huet een e Gaart, dee flott ausgesäit – mee d’Insekte fannen näischt ze räissen an ze bäissen… Esou soll dat net sinn! A genee dofir fënns du am Blummegaart eng Mëschung vun ausgewielten Zierstauden an eenheemesche wëlle Blummen, déi deene wichtege Bestëbserinsekte Fudder a Schutz bidden.

Den hënneschten Deel vum Gaart ass net ëffentlech zougänglech. Hei gi Planzen am Kader vu wëssenschaftlechen Experimenter gezillt oder seelen Aarte vermeert, fir hir natierlech Populatiounen ze stäerken. Domat leescht de Musée e wichtege Bäitrag beim Schutz an Erhale vu seelene Planzen!

Zënter 2010 benotzt de Musée de Gaart fir Fuerschung an Aktivitéiten, an d’lescht Joer ass e komplett nei ugeluecht ginn. Dowéinst ass de Kiischtebam och net alles, wat dëse Gaart ze bidden huet! De Musée huet hei e Blummegaart

Hues de Loscht kritt, dir eise Blummegaart eng Kéier unzekucken? Ma da komm wärend den Ëffnungszäite vum Musée laanscht kucken, wéi d’Planze bléien an d’Insekte krabbelen a fléien. An denk drun, dir e Stëft a Pabeier matzebréngen, falls de der opschreiwe wëlls, wéi eng Planze gutt fir Mënsch AN Déier sinn!

Bis geschwënn am neie Gaart!

Aussergewéinlech Entdeckung!

Fuerscher a Fuerscherinnen hunn Iwwerreschter vu Panzerlurche fonnt!

Ënner der Leedung vum 'natur musée‘ hunn Experten an Expertinnen aus verschidde Beräicher eng beandrockend Ausgruewung an der Géigend vun der Fiels (Larochette) gemaach. Si hunn an enger 210 Milliounen aler Gestengsschicht ganz vill Schanke vu Panzerlurche fonnt.

Déi Panzerlurchen hunn an Dëmpelen an der deemoleger Trias (virun 250 –201 Millioune Joer) gelieft, a sinn haut ausgestuerwen.

Well d’Schanken iwwer d’Joren immens zerbriechlech gi sinn, ass esou eng Ausgruewung eng kniwweleg Geschicht. Ma eis talentéiert Ausgruewer an Ausgruewerinne konnten trotzdeem iwwer 100 eenzel Schanken ausbuddelen – dat ass eng grouss Leeschtung!

Dës Fossilie ginn an den nächste Méint am Dinosaurierpark Teufelsschlucht an Däitschland präparéiert an ënnersicht. Duerno ginn déi fäerdeg präparéiert Fossilien der Ëffentlechkeet am 'natur musée‘ präsentéiert – komm dach bis laanscht kucken!

S Ä IT 1

DE PANEWIPPCHEN 1/2025

S Ä IT 2

NEWS

Neiegkeeten aus dem ‘natur musée’ an der Natur zu Lëtzebuerg

S Ä IT 4

DE PANEWIPPCHEN

S Ä IT 6

KNIWWEL Geheimtënt

S Ä IT 7

SCIENCE INFLUENCER

mam Gauthier Hoffmann

S Ä IT 10

ËNNER DEM PAVÉ, D'NATUR

S Ä IT 16

iNATURALIST

S Ä IT 18

RÄTSEL Fann d'Feeler!

S Ä IT 19

FIR MATZESANGEN

Wëll Gusse Wellness

S Ä IT 20

DEN 150. PANEWIPPCHEN

d'Geschicht

S Ä IT 22

DEN 150. PANEWIPPCHEN Wousst du schonn?

S Ä IT 24

DEN 150. PANEWIPPCHEN

Jo, wéi? Wat dat net…?

S Ä IT 26

DEN 150. PANEWIPPCHEN

Léisung vum Rätsel vun der Säit 18

Si hunn awer méi wéi eis haiteg Krokodille gelieft, déi zu de Reptilie gehéieren.

PW Spill, d'Spillreegelen

S Ä IT 28

DE PANEWIPPCHEN 2060

S Ä IT 30

DE BOTANESCHE GAART

zu Addis Abeba

S Ä IT 36

KNIWWEL Schietmolen

S Ä IT 38

FIR KLENG LIESRATEN

d'Wëllschwäin

S Ä IT 40

EROP AN EROF

d'Bëschléierchen an de Kéiseker

S Ä IT 36

BERUFFER am ‘natur musée’

Interview mam Sylvie

S Ä IT 50

KNIWWELEN Gebuertsdaagsmuffins

Impressum

S Ä IT 52

‘natur musée’

Wibbeler?

Hei zu Lëtzebuerg ginn et dräi Vullenaarten aus der Panewippchen-Famill.

Och e giele Bauch huet de Wisepanewippchen. Säi Réck ass awer grénggro an hien huet e kuerze Schwanz. Wéi den Numm et seet, wunnt hie ganz gär a fiichte Wisen. Mee leider ass dëse Liewensraum bei ons bal ganz verschwonn, sou datt de Wisepanewippchen zu Lëtzebuerg um leschte Lach päift.

De Wanterpanewippche lieft dat ganzt Joer bei Baachen am ganze Land. Am Wanter ass hien och heiansdo an Uertschaften ze gesinn, wat säin Numm erkläert. Hien huet e giele Bauch, e grobloe Réck an e richteg laange Schwanz.

Bleift nach de (groe) Panewippchen, deen esouguer eng eegen Zeitung huet! De Panewippchen ass esou grouss wéi e Spatz, huet e schwaarze Kapp, e schwaarzt Sabbelduch, e groe Réck, en helle Bauch an e laange schwaarze Schwanz. Well hien oft mam Schwanz wibbelt, wann hien iwwer de Buedem trëppelt, krut hie säin Numm.

De Panewippche kanns du am ganze Land gesinn. Hie lieft an der oppener Landschaft mat Wisen an och an Uertschaften, oft bei Baachen, mee ni am Bësch. Säin Nascht baut hien a Lächer a Maueren, ënner dem Daach vun Haiser a Scheieren, esouguer an ale Märel- oder Schmuewelnäschter an heiansdo ënner de Wuerzele vu Beem.

2 cm

Normalerweis bréit de Panewippchen zweemol am Joer. D’Weibche leet 4-6 Eeër an déi Jonk klammen no 12-14 Deeg eraus. Si bleiwe knapp 14 Deeg am Nascht.

Um Menu vum Panewippche sti kleng Insekten (besonnesch Mécken) an och Spannen. Am Summer versammele sech Panewippercher op Schlofplazen an de Lëtschen, op Straicher, mä awer och op Beem an den Uertschaften. Hei schlofen dacks méi wéi 100 Panewippercher zesumme mat Wisepanewippercher, Fluessfénken oder Spatzen.

Panewippchen, Bachstelze, bergeronnette grise, white wagtail, Motacilla alba

Well d’Panewippercher am Wanter bei ons net méi genuch z’iesse fannen, fléien déi meescht vun hinnen am Oktober bis a Südfrankräich, Spuenien an esouguer an Nordafrika. Enn Februar - Ufank Mäerz komme si erëm zréck bei ons. A mëlle Wanteren ouni Schnéi a Frascht kënnen awer och eenzel Panewippercher an onse Géigende bleiwen.

Geheimtënt

Top Secret

Du brauchs:

- Natron

- Jus vum roude Kabes

- Waasser

- e Pinsel

1. Mësch

1 Iessläffel Natron mat 2 Iessläffele Waasser.

2. Schreif mam Pinsel eng Noriicht op e Blat Pabeier a looss se dréchnen.

3. Zapp däi Pinsel an de Kabesjus a fuer iwwer deng Noriicht um Pabeier.

Wéi geet dat?

Am roude Kabes ass de Faarfstoff Cyanidin dran. Dës Substanz kënnt a ville rouden a bloe Planze vir, wéi z. B. Hammbier, Molbier, Drauwen,

Dëse Faarfstoff kann also blo oder rout sinn. De Faarfstoff verännert seng Faarf jee nodeems en an engem saueren oder baseschen Ëmfeld ass.

Natron ass basesch a reagéiert mam roude Kabes. Wann déi zwee a Kontakt kommen, verännert den Natron seng Faarf a gëtt gréng/blo.

InfluencerScience

Zait, B

.. a Chance

egeeschterung

Hues du e Virbild?

E Mënsch deen s de bewonners, deen dech begeeschtert, deen der eng Welt opmécht an dech op dengem Wee begleet?

Dat hunn ech de Gauthier gefrot, dee säit 3 Joer - mat vill Begeeschterungbei eis am ‘natur musée’ an och dobaussen an der Natur Gruppen duerch déi verschidden Theeme leed.

De Gauthier Hoffmann geet mat oppenen Aen duerch d’Natur, lauschtert, fillt, richt a spiert säin Ëmfeld. Hie kennt sech déck gutt aus mat den Déieren aus eise Bëscher, Wisen a Baachen. An dat huet en dem Sébastien Lezaca-Rojas 1 ze verdanken, bei deem de Gauthier virun e puer Joer eng Formatioun als GuideNature an de belschen Ardenne gemaach huet.

Dem Gauthier säi Bichelchen

Mam Sébastien huet de jonke Student geléiert sech op d’Natur ronderëm anzeloossen, sech Zäit ze huelen, de Moment ze fillen… an dat huet dem Gauthier Spaass gemaach. Net wéi d’Léieren aus de Bicher oder op der Uni, wou hien net ganz frou war. Hien huet villes, wat en dobausse gesinn huet, nach op der Plaz a säi Bichelche gezeechent. Doduerch huet hien alles richteg genee gekuckt – an och verhalen!

1De Sébastien schafft haut an engem Nationalpark an der Belsch an huet och e YouTube-Kanal mat enger Hellewull vu kuerze Filmercher iwwer seng spannend Entdeckungen an der wëller Natur: https://www.youtube.com/c/SebastienLezacaRojas

De Gauthier ass zu engem richtege Spezialist ginn, fir Déierespueren ze entdecken an ze liesen.

Wien huet dee Kéipchen hei gedréckt?

Vun der Form an der Gréisst hier kënnen dat d’Verdauungsreschter vun engem Steemarder (Steinmarder, fouine, beech marten, Martes foina), engem Bëschmarder (Baummarder, martre, Pine marten, Martes martes) oder engem Sténkert (Iltis, putois, polecat, Mustela putorius) sinn. Wou hunn ech dee Kacka fonnt?

De Gauthier weess, datt ee muss um Kacka richen!

Dem Bëschmarder säi Kacka richt net immens staark. Hei gesäit ee Reschter vun Eeërschuelen an ausserdem hat en de

Wat friessen déi Déiere gemengerhand?

fëscheg. Rot mol firwat!

Dem Steemarder säi Kacka richt no

BialowiezaNationalpark

De Sébastien weess immens vill, mee hie seet senge Schüler a Schülerinnen dat net. Well eréischt duerch eegen Erfarung léiert ee richteg! Witzeg an authentesch soll e gudden ‚Influencer' an eng gutt 'Influencerin‘ sinn, a Geschichten erziele kënnen, well da bleift d’Informatioun hänken.

Genee dat probéiert de Gauthier haut esou weiderzeginn, sief et am 'natur musée' mat de Kanner oder dobaussen als Formateur fir aner Naturalisten an Naturalistinnen.

Laang Stonne souzen

d’Naturgecken zesummen am Gehecks oder am Bësch, dacks owes spéit oder moies ganz fréi, fir de richtege Moment net ze verpassen. Mat eegenen Aenduerch d’Spektiv - huet de Gauthier scho vill wëll Déieren an Aktioun beobacht, an dat ass en Erliefnis wat ee sou séier net vergësst.2 Esou wéi den Europäesche Bison, eng bal ausgestuerwen Aart, déi de Gauthier a Polen am BialowiezaNationalpark zesumme mam Sébastien konnt bewonneren.

Säi groussen Dram ass et selwer eng grouss Rees fir a mat aner Naturbegeeschterten z’organiséieren, an zwar a Kanada op d’Insel Cape Breton. Do waart eng wonnerschéi wëll Taiga-Landschaft op gedëlleg Entdecker an Entdeckerinnen. Wéi wuel de Kacka vun engem Elch oder engem Schwaarzbier richt?

Cape Breton a Canada
2 Kuck dem Gauthier säi Video vum Biber an der Äisch bei Stengefort!

Ënner dem Pawee,

An der neier Ausstellung

am ‘natur musée’ geet et ëm d’Natur an de Stied. Wat wiisst a wibbelt alles an de Stied, wou et ganz vill ‚Steen‘ gëtt, dat heescht Gebaier, Stroossen a Plazen? A wat kënne mir maachen, fir datt eis Stied méi gréng ginn?

Pawee, d’Natur

Déi verstoppten

Natur an der Stad

An de Stied gëtt et vill méi ze entdecke wéi een op den éischte Bléck vläicht mengt. Et gëtt net nëmmen Autoen, Stroossen an héich Gebaier.

Vill Déieren a Planze liewe verstoppt a Parken, op Diecher, a Mauerrillen an esouguer ënner de Paweesteng. Fir si ze fannen, muss ee genee hikucken.

Biodiversitéit fir

sech wuel ze fillen

Ëmmer méi Mënsche liewen an enger Stad, an net méi um Land. Am Joer 2060 wäerten iwwer d’ganz Welt 2 vun 3 Leit an enger Stad wunnen. Bei eis zu Lëtzebuerg wunnt schonn haut just nach 1 vun 10 Persoune wierklech um Land.

Natur an der Stad ass immens wichteg!

Wousst du schonn ?

Planze maache Schiet a verdonste Waasser. Doduerch kann am Summer d’Temperatur an der Stad bis zu 12 °C erofgoen.

Beem an aner Planzen hëllefen d’Loft propper ze halen an d‘Klima ze verbesseren, andeems si d’Temperature erofsetzen a Schiet spenden. Gréng Fläche wéi Parken, Gäert a

An d’Natur huet e positiven Effet op eis Gesondheet.

beplanzten Diecher bidden Erhuelungsméiglechkeete fir d’Mënschen a schafe Liewensraim fir vill Déieren.

Déi noost Gréngfläch soll manner wéi 300 m ewech sinn. 3 – 30 – 300

Vun all Haus aus solls du op d’mannst 3 Beem gesinn.

Beem solle mat hire Krounen op d’mannst 30 % vun der Stad bedecken.

De Fligel-Pippau huet zwou verschidden Zorte Som. Déi eng Zort ass liicht, huet en Hoerkranz a gëtt mam Wand verbreet. Déi aner Zort ass schwéier, huet keen Hoerkranz a fält no bei der Mammeplanz erof.

Wann de FligelPippau an der Stad wiisst, riskéiert Som, dee vum Wand verbreet gëtt, um Bëton ze landen. Som, deen direkt erof fält an nach an der

Gréngfläch lant huet méi Chance fir ze kéngen. D’Planzen hu sech dorun ugepasst an hunn a Stied méi däers schwéiere Som wéi d’Planzen um Land.

Parken, Daachgäert a bewuessen Hausfassaden hëllefen der Natur. Fir datt eis Stied och an der Zukunft liewenswäert bleiwen, musse mir se gréng an nohalteg gestalten. Dobäi spille Gréngflächen an d’Bauweis eng grouss Roll. Gebaier solle sou gestalt sinn, datt se Planzen an Déiere Plaz bidden, z. B. mat Nistplazen a gréngen Diecher.

Baue fir d‘Liewen

Deng Iddien zielen!

• Naschtkëschten an de Gaart hänken.

• Schmuewelskëschten un d’Haus ophänken.

Jidderee ka mathëllefen d’Stad méi liewenswäert ze maachen:

• E Lach an den Zonk maache fir de Kéiseker duerchzeloossen.

• Eenheemesch Planzen an de Gaart, op de Balkon an op d’Fënsterbriet setzen.

• Nuets duerch d’Däischtert goen.

Eng Wiss um Daach

Gréng Diecher, Maueren a Fassade bidde Schutz a Fudder fir all déi kleng a grouss Déieren, déi mat a vun deene Planze liewen. Iwwer d’Wiel vum Buedem (Material, Déift, Närstoffer) an den Aarte kann ee vill verschidde Liewensraim schafen.

Schoulkanner leeën um Daach vun hirer Schoul eng naturno Wiss un.

• a villes méi

Dofir verdeele si Hee mat Som vun enger aarteräicher Wiss aus der Géigend.

Dës Mauer zu Suessem ass mat insektefrëndleche Planzen ugeluecht ginn.

TEXT: LAURA DACO, THIERRY

Eng Bréck an de Beem

D’Baubotanik beschäftegt sech mat liewege Bauwierker, déi am Buedem verwuerzelt sinn an ëmmer méi stabil ginn.

De Buedem vun der Bréck gëtt vun de Bamstämm gedroen.

Lieweg Netzwierker

Aarteräich natierlech

Liewensraim leien oft wäit auserneen an isoléiert. Naturno Flächen an de Parken, Wisen a Gäert hëllefe si mateneen ze verbannen.

Esou kënne sech d’Déiere fräi beweegen. Et entsti vernetzte Liewensraim, an deene vill Aarten en Doheem fannen a sech gutt entwéckele kënnen.

Dës Bréck besteet aus Metall a liewege Planzen.

Mat der Zäit wuessen Handlaf a Bam zesummen an et entsteet eng dauerhaft Verbindung.

Blummewise mat eenheemeschen Aarte si wichteg Trëttsteng fir ganz vill Insekten, déi do Fudder sichen a Schutz fannen. Doriwwer freeë sech natierlech och hongereg Vullemailercher!

Aarten déi no bäi oder am Waasser liewen, wéi Amphibien a Libellen, brauchen Dëmpelen a Waassergrief.

Nuetsaktiv Insekte gi vun der Luucht ugezunn a verléieren

Vill Aarte sinn an der Nuecht an der Däischtert aktiv. Kënschtlech Beliichtung stéiert dës Aarten. Dofir ass et wichteg, sou mann wéi méiglech Luuchten unzemaachen.

hir Orientéierung. Am Schäi vun der Luucht sinn si méi sichtbar a ginn éischter gefriess.

Undeel un nuetsaktiven Aarten

Zesumme gutt liewen

Et ass wichteg, datt mir an der Stad net nëmme fir Mënschen, mee och fir méiglechst vill

Déieren a Planze Plaz loossen. Eng grouss Biodiversitéit an der Stad dréit dozou bäi, datt mir eis wuel

fillen an d’Ekosystemer funktionéieren. Nëmmen esou kënne mir eng gesond a gréng Stad fir jidderee schafen!

Hues du scho mol en interessant Déier, eng schéi Planz oder e komesche Pilz gesinn a wollts wëssen, wat dat ass?

Da kéint d’iNaturalist App genee dat Richtegt fir dech sinn!

Fir eng Beobachtung vun enger wëller Aart ass et wichteg ze wëssen: WOU a WÉINI si gesi gouf, WAT et fir eng Aart ass, WIE se fonnt huet, an als Beweis eng Foto ze hunn.

Wat ass iNaturalist?

iNaturalist gëtt et zënter 2008. Iwwer d'App kann ee wëll Aarte beobachten, an dat op der ganzer Welt! Seng automatesch Bilderkennung hëlleft dir d’Aarten ze bestëmmen – en erkennt der iwwer 100.000! Dono hëllefen Experten an Expertinnen aus der ganzer Welt, fir genee ze soen, wat s du gesinn hues.

Wei funktionéiert dat?

1. Wëll Aarte fannen: Sich no wëllen Déieren, Planzen oder Pilzen!

2. Fotoe maachen: Maach Fotoe vun dengen Entdeckungen.

3. Standuert an Datum notéieren: Mat der App geet dat ganz einfach!

4. Bestëmmen: iNaturalist schléit dir automatesch en Numm vir.

5. Deelen: Luet deng Entdeckung erop, sou kënnen d’Experten an d'Expertinnen hëllefen!

Firwat ass dat wichteg?

Well d‘Fuerscher an d'Fuerscherinnen net iwwerall gläichzäiteg kënne sinn, hëlleft all Beobachtung déi s du sammels hinnen – egal ob vun enger heefeger oder seelener Aart. Esou versti si besser, wéi sech d’Natur verännert a wou wat fir eng Aarte virkommen.

Zënter 2021 ass den ‘natur musée’ den offiziellen iNaturalist Partner zu Lëtzebuerg. Säitdeem goufen uechter d‘Land 350.000 Beobachtunge vu 6.500 Leit gedeelt!

Fotoen aus verschidde Bléckwénkele kënnen hëllefen d’Champione besser ze bestëmmen.

Maach mat!

Et ass ganz einfach matzemaachen! Luet d’App erof oder besicht d’Websäit. Jidderee vun 13 Joer u kann e Konto uleeën – an da geet et scho lass!

Egal ob am Gaart, am Bësch oder an der Stad – iwwerall kanns du spannend Entdeckunge maachen. Vläicht fënns du souguer eppes, wat nach ni virdrun hei gesi gouf!

D‘Asiatesch Runn mat schwaarzem Thorax (Vespa velutina) ass eng invasiv Aart, déi eréischt viru kuerzem zu Lëtzebuerg agewandert ass.

Nodeems gemengt gouf, datt d’Afe-Bouwekraut (Orchis simia) zu Lëtzebuerg ausgestuerwe wier, gouf dës seelen Orchidee, no Joerzéngten, 2022 mam iNaturalist erëmfonnt.

Hei ass zweemol dat selwecht Bild vum Panewippchen deen eng Spann frupst. Op dem zweete Bild hu sech 7 Feeler ageschlach. Fann déi 7 Feeler an ëmkrees si. Du kanns d'Biller och faarweg molen.

150 d'Geschicht De Panewippchen

Du häls grad deen 150. Panewippchen am Grapp! Schonn 1987 huet d'Rees vun der Zeitung vum 'natur musée' fir Jonker ugefaang.

1987

D'Redaktiounsteam vum Panewippche gëtt fir d'Buch "Voll Natur - Dat Bescht vu Panewippchen & Co", mam Fiisschen, dem 1. Lëtzebuerger Kannera Jugendliteraturpräis ausgezeechent.

2007

D'Lieser gi gefrot, wéi ee Format si am léifsten hunn.

2012

Den 100. Panewippchen an e Buch mat de beschte Comicen kënnt eraus.

2004

An enger zweeter Ëmfro ginn d'Lieser hir Meenung zum Panewippche gefrot.

2014

Dir hutt gewielt: vun elo un ass d'Format A4.

2015

Gänsespill
50. Panewippchen

Panewippchen

D'Iddi ass gebuer fir eng Zeitung erauszeginn, déi Infoen iwwer d'Natur an d'Ëmwelt gëtt. Si gëtt "De Panewippchen" genannt (kuck Säit 4 a 5). Déi éischt Editioun ass ganz op der Hand geschriwwen a gezeechent.

Gänsespill fir de Panewippchen

999

1997

vun elo u ganz faarweg

1988

Aner Formater gi probéiert an de Panewippche gëtt zweefaarweg.

1993

De 25. Panewippchen! Gemoolt gëtt nach mat der Hand, de Rescht gëtt um Computer gemaach.

1996

De Musée am Gronn geet op.

De Panewippche feiert 35 Joer.

2022

Mir si frou an houfreg den 150. Panewippchen dierfen erauszebréngen!

Wéi geet et virun? Soulaang s du dës Zeitung gär kucks, wäerte mir mat Begeeschterung a vill Asaz weider dofir suergen, datt d'Zeitung vum 'natur musée' an deng Boîte gefladdert kënnt.

Kuck och Säitxx

wousst du schonn?

D'Format

vum Panewippchen

huet e puer Mol geännert a sech ëmmer de Wënsch vun de Lieser ugepasst.

Net nëmmen

hei zu Lëtzebuerg gëtt de Panewippche gelies! Bis op Wien, op Paräis, a Spuenien, an Italien, an d'Belsch an esouguer bis an de Senegal gëtt dem 'natur musée' seng Zeitung verschéckt!

Iwwer 484 Déieren an 207 Planzen goufe bis elo am Panewippchen ënner d'Lupp geholl, eng sëllegen Himmelskierper goufe kennegeléiert, gutt 460 Kniwwlereie goufe gebastelt an eng 200 Rezepter gekacht.

Fuerschung hautno!

Ëmmer erëm war am Panewippche rieds vun neien Entdeckungen oder groussen Etudë vun de Fuerscher a Fuerscherinnen aus dem 'natur musée'. An ëmmer erëm hunn d'Fuerscher a Fuerscherinnen Artikele fir d'Zeitung vum 'natur musée' bäigedroen.

Matmaache konnt een am Laf vun de Jore bei deem engen oder anere Concours. An et goufe schéi Präisser ze gewannen! Beim Concours zur Ausstellung "Liewensbam" 1999 war den éischte Präis e Fotoapparat! Beim Concours fir d'Opgoe vum 'natur musée' 1996 am Gronn gouf et als éischte Präis eng Rees op Paräis!

https://www.panda-club.lu/category/panewippchen/

Hei kanns du dir all d'Panewippercher eroflueden an ukucken.

Vill verschidde

Leit hunn an all de Joren um Panewippche geschafft. Mataarbechter a Mataarbechterinne vum Musée, vun der Naturverwaltung, dem Gesondheetsministère, dem Educatiounsministère an dem Waasserwirtschaftsamt, Grafiker a Grafikerinnen, Illustratoren an Illustratorinnen, Wëssenschaftler a Wëssenschaftlerinnen, Studenten a Studentinnen a begeeschtert Jonker an Erwuessener. Mir soen hei all dësen engagéierte Leit e ganz grousse Merci!!

Ups!

Hei hat d'Redaktioun vum Panewippche

Kuddelmuddel mat den Nummere fabrizéiert!

Zweemol d'Nummer 58, keng Nummer 59, zweemol d'Nummer 50…

Déi

allermeeschte

Bastlereien a Kachrezepter goufe vun der Ekipp vum Panewippchen ausprobéiert a fotograféiert.

de Podcast

Lauschter de Mike vum Panda Club um Radio 100,7: https://www.100komma7.lu/show/Aus-demLiewen/202501101030/episode/natur-musee?pd=radio

Ob "Molblat", "Kniwweleck", "Rätselsäit", "Kniwwelsäiten" oder "Kniwwel" - vun Ufank u gouf et am Panewippche fir ze bastelen, ze rätselen, ze kachen an ze experimentéieren.

Vill verschidden intressant an ofwiesslungsräich Theeme goufen an 38 Joer virgestallt, aus dem 'natur musée', der Natur, der Ëmwelt, dem Weltraum a vum Mënsch.

Vun 1988 bis 2019 konnt ëmmer erëm bei engem Comic geschmunzelt ginn. Säit 2015 kanns du an all Nummer e Lidd matsangen. Vun 2017 bis 2021 goufs du op en Tour duerch d'Säll vum 'natur musée' matgeholl.

E Wuermspill, e Schlaangen- a Leederespill, e Gebuertsdaags-Gänsespill an nach ganz vill méi Spiller konnt een am Laf vun de Joren ausprobéieren.

Looss dech an der 150. Nummer vun engem extra fir de Panewippchen ausgeschaffte Spill iwwerraschen!

Fält dir eppes op?

Dës Spann gouf gemoolt fir an de Panewippchen 3/99. Wou de Panewippchen du sollt an d'Dréckerei goen ass opgefall, datt d'Spann nëmme 7 Been hat. Am leschte Moment ass dunn am Computer e Been dobäi gezaubert ginn!

Schonn 1999 gouf gesot, datt et bal keng Steekauzen zu Lëtzebuerg méi gëtt. An dat, well hire Liewensraum zerstéiert gëtt. Och 2019 gëtt am Artikel "den Doudesvull rifft" dovu geschwat. Duerch de Schutz vun hire Brutgebidder an duerch d'Ophänke vu Nistkëschte konnt de Bestand vum Steekauz haut awer zum Gléck gefestegt ginn.

150

Wann ee seng Nues e bëssen an déi méi al Zeitunge vum Panewippche stécht, kann een nawell Artikele liesen, déi haut vun der Wëssenschaft eng Grëtz anescht gesi gi wéi nach deemools.

Jo, wéi? W

Haten also d’Fuerscherteams vun deemools Onrecht oder hat den Auteur oder d'Auteurin vum Artikel eppes falsch verstanen? Nee! Weder nach! D‘Wëssenschaft ass eppes Lieweges, et gëtt ëmmer weider gefuerscht an et kommen ëmmer nei Erkenntnesser op d’Tapéit. Et ass eng richteg Detektivaarbecht, a wéi beim Kriminalfall ass et och an der Fuerschung; wann nei Beweiser fonnt ginn, muss een dës berücksichtegen. Dat bedeit awer och alt emol, datt d’Theorie wéi eppes entstanen ass, kann op d’Kopp geheit ginn. A genee dat mécht d’Wëssenschaft jo och esou spannend!

1995 konnt een am Panewippche liesen, datt an Australien Spuere vun engem Riseskorpioun vun 2 Meter Längt entdeckt goufen. Säin Alter gouf op 430 Millioune Joer geschat. De Fuerscher Ken McNamara war deemools immens frou iwwer dës wichteg Entdeckung an Ost-Australien an huet gesot datt, mat dëse Spueren, d’Geschicht iwwer d’Liewen u Land misst ugepasst ginn.

Bal 30 Joer méi spéit, am Mäerz 2024, ass et dem Paleontolog Ben Thuy vum Musée, zesumme mat engem Team vu Wëssenschaftler a Wëssenschaftlerinne gelongen, e Riseséiskorpioun an engem Steebroch zu Konstem am Éislek ze fannen. Och dëse war ongeféier 2 Meter laang a säin Alter gëtt op 406 Millioune Joer geschat. Well et nawell zimmlech rar ass, datt esou grouss an esou gutt erhale Fossilie fonnt ginn, si si natierlech immens wäertvoll fir d’Fuerschung. Esou kënnen déi Déiere matenee verglach ginn an et kann een Äntwerte fannen op d’Fro wéi d’Liewe sech op onsem Planéit ausgebreet huet.

1995 2024

ar dat net…?

Am Panewippchen 1/1998 gouf et en Artikel iwwer eng Aktivitéit mam Numm „Im Internet durch unser Sonnensystem“.

7 Jonker hunn am deemools bal fuschneien Internet gesurft, fir e Steckbréif vun onsem Sonnesystem opzestellen. Hei hu se och de Pluto als 9. a leschte Planéit virgestallt. Hoppla! De Pluto ass dach guer kee Planéit, mee en Zwergplanéit !

Dat ass wuel richteg, awer d’Ausso vun 1998 war och net falsch! Well deemools huet de Pluto nach zu de Planéite gezielt. De 24. August 2006 huet d’International Astronomesch Unioun (IAU) decidéiert de Pluto net méi als Planéit unzeerkennen, mee just nach als Zwergplanéit. Fir e Planéit ze sinn, muss een 3 Saache kënnen : 1. Et muss een eng Ëmlafbunn ronderëm d’Sonn hunn 2. Et muss ee schwéier genuch si fir duerch d’Dréien eng Kugelform ze hunn an 3. Et muss ee seng Ëmlafbunn vun aneren Himmelskierpere fräigeraumt hunn.

A genee beim Punkt 3, do happert et beim Pluto. Wéi hie viru 4,6 Millioune Joer gebuer gouf, war hien net staark genuch fir aner Himmelskierper unzezéien an ze wuessen. Well nëmmen déck a schwéier Planéite kënnen duerno och hier Ëmlafbunn propper halen. De Pluto kann dat net. Hie behält zwar a sengem Numm dat Wuert Planéit awer ass halt elo just en Zwergplanéit. Dir gesitt: d’Wëssenschaft bleift net stoen a sicht a fënnt ëmmer Neies a Wichteges fir dës Welt ze verstoen. Et bleift also spannend!

2006

150

Grousst W

An dësem lëschtege Wierfelspill dréint sech alles ëm de Panewippchen. Hie kënnt elo fir d‘150zegste Kéier schonn an d’Bréifkëschte vun de Frënn a Frëndinne vum Panda Club an dem ‚natur musée‘ eragefladdert an huet och schonn esou Munneches erlieft. Hei kanns du nospillen, wat hien alles an deene sëllege Jore begéint huet, villes gewuer ginn an och däi Wëssen testen.

Vill Spaass wënscht dir d’Ekipp vum „De Panewippchen“.

Spillmaterial

1x Spillplang

1x Spillreegelen

7x Wëssenskaarten

7x Ereegneskaarten

8x Poterkaarten

8x Memorykaarten

Du brauchs nach ee Wierfel an eng Spillfigur fir jidder Spiller.

Dëst Spill ass fir 2-4 Leit vu 6 Joer un.

Spillreegelen

All d’Spiller an d'Spillerinne stellen hir

Spillfigur um Start op. D’Kaarte ginn no Zort gesënnert an an eenzelne

Kéipercher op déi virgesinne Plazen um

Spillplang geluecht. Dobäi muss een oppassen, datt d’Froen no uewe kucken an d’Äntwerte verdeckt leien.

Déi jéngst Persoun dierf ufänke mat wierfelen. Si wierfelt eemol a réckelt esou vill Felder weider wéi d’Zuel um

Wierfel weist. Kënnt si op e Feld ouni

Bild, bleift si do stoen a gëtt de Wierfel

weider un hire lénksen Noper oder lénks Nopesch, an da gëtt weider gewierfelt. Op engem Feld mat engem Bild muss dat gemaach ginn, wat do gefrot ass, sief et eng Fro beäntwerten oder, oder, oder… Eréischt duerno gëtt een de Wierfel no lénks weider.

Et kënne gläichzäiteg méi wéi eng

Spillfigur op engem Feld stoen. Et kann een also keen erausgeheien. Wien als éischten iwwer d’Zillinn gejauft ass, huet gewonn!

ierfelspill Erklärung zu de Biller

Wierfel nach eemol

Wëssenskaart

Ereegneskaart

Poterkaart

Memorykaart

Géi weider/zréck bis op d’Feld mat där Nummer

Eng Ronn aussetzen, dat heescht, déi nächst Ronn dierfs du net wierfelen a muss de Wierfel un däi lénksen Noper oder deng lénks Nopesch weiderreechen. Duerno bass du awer nees dobäi.

Wëssenskaart

Däi rietsen Noper oder deng riets Nopesch hëlt vum Wëssenskaartekoup déi éischt Kaart erof. Hien oder hatt liest dir déi Fro vir, déi mat der Zuel op dengem Wierfel iwwerenee stëmmt. Hien oder hatt kontrolléiert och d’Äntwert, déi op der Récksäit vun der Kaart steet. Ass d’Äntwert richteg, dierfs du ee Feld no vir goen a waarts do op den nächsten Tour. Ass d’Äntwert falsch, muss du ee Feld zréck goen a waarts do op de nächsten Tour.

Ereegneskaart

Däi rietsen Noper oder deng riets Nopesch hëlt vum Ereegneskaartekoup déi éischt Kaart erof. Hien oder hatt liest d‘Fro vir a kontrolléiert d’Äntwert, déi op der Récksäit vun der Kaart steet. Ass d’Äntwert richteg, dierfs du esouvill Felder no vir goen, wéi op der Kaart stinn a waarts do op den nächsten Tour. Ass d’Äntwert falsch, muss du stoe bleiwen an op de nächsten Tour waarden.

Poterkaart

Däi rietsen Noper oder deng riets Nopesch hëlt vum Poterkaartekoup déi éischt Kaart erof. Hien oder hatt liest dir déi Fro vir, déi mat der Zuel op dengem Wierfel iwwerenee stëmmt. Hien oder hatt kontrolléiert och d’Äntwert, déi op der Récksäit vun der Kaart steet. Ass d’Äntwert richteg, dierfs du ee Feld no vir goen a waarts do op den nächsten Tour. Ass d’Äntwert falsch, muss du ee Feld zréck goen a waarts do op de nächsten Tour.

Memorykaart

Däi rietsen Noper oder deng riets Nopesch hëlt vum Memorykaartekoup déi éischt Kaart erof a weist dir wärend 10 Sekonnen d’Biller op der Récksäit vun der Kaart. Duerno gëtt d'Kaart nees ëmgedréint. Du solls elo all d’Biller nennen, déi s du verhalen hues. Du dierfs esou vill Felder no vir goen, wéi s du richteg Äntwerten has, a waarts do op den nächsten Tour.

Hues du eng Memorykaart mat enger Fann-de-Feeler-Fro hues du 30 Sekonnen Zäit fir déi zwee Biller ze vergläichen an d’Feeler ze fannen.

150

De Panewippchen

Ech war virwëlzeg an hat iech gefrot, wéi dir déi 300. Editioun vun der Zeitung vum 'natur musée' gesitt.

Jo, dir konnt eng Titelsäit molen, soen, wéi de Panewippchen an Zukunft geschriwwe gëtt a wéi de Panewippchen an Zukunft ka gelies ginn.

An d'Ekipp vum Panewippchen ass begeeschtert iwwer déi superflott Iddien, déi dir erageschéckt hutt!

Mathilda Meyer

Ansay Keily

Jo, och de Panewippchen huet dës Iddien sou cool fonnt! Hie sot eis, datt d'Sara, den Tim, d'Mathilda an d'Ansay onbedéngt alle véier eng Experimentéierkëscht verdéngt hunn!

E risegrousse Merci all iech Mataarbechter a Mataarbechterinnen an all iech Lieser a Lieserinnen, datt dir et méiglech gemaach hutt fir soulaang kënnen dës sou flott an intressant Zeitung erauszebréngen!

Sara Neugebauer
Tim Hensel

Botanesche Gaart

Ech sinn d’Odile Weber, Botanikerin am ‘natur musée’.

Ech war 2023 fir d’Drëtt op eng Wëssenschaftsrees an Äthiopien, fir Planzenaarten z’erfuerschen.

Déi éischte

Kéier war mam

An der äthiopescher Schrëft gëtt mäin Numm esou geschriwwen:

Hei huet alles dragepasst wat ech brauch!

Professer Ib Friis, am Dezember 2013 an den Oste vun Äthiopien. Mir hunn opgeschriwwen, op wéi enge Plaze mir Ostafrikanesche

Wakelter gesinn hunn. Mir hunn Herbarbeleeger* vu ville Planze gesammelt. *Herbarbeleeger kuck Säit 32 a Säit 35.

Ënnerwee op eiser Expeditiounwou de Buedem e bëssen anescht war - hu mir eng Planz entdeckt, déi nach kee Wëssenschaftler a keng Wëssenschaftlerin virun eis kannt huet: Commicarpus macrothamnus Friis & O.Weber Mir hunn deen Numm 2016 publizéiert.

Addis Abeba

zu Addis Abeba

Äthiopien ass eenzegaarteg.

Wousst du, datt dem Virmënsch Lucy säi Skelett 1974 an Äthiopie fonnt gouf? E Modell vum Lucy a vu sengem Skelett kanns du am ‘natur musée’ gesinn.

Am

äthiopesche Kalenner ass et elo d’Joer 2017, ee Joer huet 13 Méint, Neijoerschdag ass den 11. September, den Dag fänkt moies mat 0 Auer un, wann d’Sonn opgeet. An Äthiopie gëtt awer genee sou gutt de Kalenner an d’Auerzäit, déi mir zu Lëtzebuerg gewinnt sinn, genotzt. Ausserdem si vill Aarte vu Planzen, Pilzen an Déieren an Äthiopien endeemesch, dat heescht, et gëtt si just an deem Land.

De Professer

Sebsebe Demissew ass

Botaniker op der Universitéit vun

Addis Abeba an den Direkter vum botanesche Gaart. Hien huet 85 nei Aarte wärend senger Karriär beschriwwen. Vill dovunner huet hien entdeckt, wéi hien un der Flora vun Äthiopien an Eritrea geschafft huet. Et huet

30 Joer a vill Collaboratioun tëschent Botaniker a Botanikerinnen aus Äthiopien, Schweden, Dänemark an England gebraucht fir iwwer all déi 6000 Aarten ze schreiwen, déi et an Äthiopien an Eritrea gëtt.

Den Ib (Dänemark), de Sebsebe (Äthiopien), de Paulo van Breugel (Holland) an ech hunn 2022 e Buch iwwer d’Verbreedung vun de Beem a Strauchaarten am Weste vun Äthiopie geschriwwen.

Professer

Sebsebe Demissew

Professer Ib Friis
Paulo van Breugel

Wakelter gëtt et och zu Lëtzebuerg; allerdéngs ass dat eng aner Aart wéi déi an Afrika. Am Gaart vum ‘natur musée’ steet e Wakelter, deen ongeféier 4m héich ass (a kéint bis zu 10m héich wuessen). De Pascal, de Schräiner aus dem ‘natur musée’, hat mir fir 2023 e puer nei Planzepresse gebaut.

Eng besonnesch Aart déi et an Äthiopie gëtt ass den Ostafrikanesche Wakelter. Déi Bamaart kënnt typesch am Bësch tëschent 1800 an 3000m Héicht an den dréchenen Deeler vun Ostafrika fir. E kann iwwer 30m grouss ginn. Et ass dee Bam, deen am heefegsten am botanesche Gaart virkënnt.

Hei ass d’Ergua grad amgaang eis Terrainspress mat Schnallen zou ze maachen.

Owes, am Hotel gëtt Läschpabeier a gewellte Metallblech tëschent d’Beleeger am Zeitungspabeier geluecht oder ausgetosch, fir datt d’Planze gutt dréchnen. Wann de Stroum ausfält, da schaffe mir bei Käerzeliicht.

dann déi fäerdeg Herbarbeleeger aus. Hei lénks ee lëtzebuerger Wakelter a riets den Ostafrikanesche Wakelter.

D’Ergua Atinafe, den Ib an ech hunn 2023 en Artikel iwwer den Ostafrikanesche Wakelter-Bestand am Gullele

Botanesche Gaart (GBG) zu Addis Abeba geschriwwen.

D’Ergua schafft als Wëssenschaftlerin am GBG, deen et eréischt säit 2009 gëtt.

De botanesche Gaart huet och en Herbarium. An dëse Schief leien d'Herbarbeleeger vum Gulele Botanesche Gaart.

Zu deem Zäitpunkt stoungen am GBG ganz vill Eukalyptusbeem.

Eukalyptus ass eenheemesch an Australien, awer net an Äthiopien oder an Europa. Virun 130 Joer, e puer Joer nodeems

Addis Abeba zur

De Keeser Menelik II wollt

Menelik II, war vun 1889 bis 1913 Keeser vun Äthiopien.

Eukalyptus uplanzen, fir datt d’Leit an der Stad genuch Holz hätte fir ze bauen a fir Feier ze maachen. Zanter 2009 ginn am GBG d’Eukalyptusbeem zréckgeschnidden an d’Stëmp geschlass, fir datt si net nees nei ausschéissen. Tëschent den Eukalyptusstëmp ass ganz séier nees Ostafrikanesche Wakelter nogewuess. Wéi den Eukalyptus fort war, koum d'Sonn nees un de Buedem. Dofir konnten d'Somen am Buedem besser keimen.

Aloe rugosifolia M.G.Gilbert & Sebsebe, 1992 beschriwwen.

Haaptstad gouf, sinn déi éischt Eukalyptusbeem geplanzt ginn.

Eukalyptus wiisst vill méi séier wéi den Ostafrikanesche Wakelter.

Am GBG gi verschidde Bamaarte vermeert fir an der Stad oder bei Renaturéierungsprojeten ausgeplanzt ze ginn.

D’Sonn kann ze staark si fir déi jonk Beem, also gi si duerch en Iwwerdaach geschützt.

De Gullele

Botanesche Gaart an den ‘natur musée’ hunn déi selwecht

Aufgaben: Fuerschung a Wëssensvermëttlung. De GBG huet nach zwee weider Ziler: de Schutz vum natierleche Bësch innerhalb vum GBG, an d’Entwécklung vun nohaltegem Ekotourismus.

Lëtzebuerg huet zwar kee Botanesche Gaart, dofir awer e puer Arboreten (Sammlunge vu Beem) an theematesch Gäert. Den Arboretum um Kierchbierg an de Mediterrane Gaart zu Schwéidsbeng sinn der zwee dovun.

An natierlech däerf eng kleng Naschel net feelen: Banannen.

Dat do gëtt alles mat op den Terrain geholl fir een Dag: en Hutt géint d’Sonn. Eng Fläsch Waasser, well Krunnewaasser kann een net drénken. Telefon, GPS, Secateur. Blummepress. waasserfest Stëfter...

Ganz wichteg ass d’Apdikt, déi ech ëmmer dobäi hunn. Kompressen an Desinfizéiermëttel.

Sou

gëtt zum Beispill um

Terrain geschafft: hei hunn d’Ergua an den Ib Beleeger gesammelt.

D’Beleeger ginn an der Feldpress zesummegehalen.

Sou kann e Wäschdag wärend enger Wëssenschaftsrees ausgesinn.

D’Planzen an der Press an d’Wäsch kënnen daagsiwwer an der Sonn dréchnen.

Déi gesammelt Äscht mat Blieder (a Bléien oder Friichten) ginn op Zeitungspabeier ausgebreet, fir datt se schéi platt kënnen dréchnen. Baussen um Zeitungspabeier kënnt d’Sammelnummer stoen. Déi ass besonnesch wichteg fir herno ze wësse wéi eng Notizen zu wéi enger Planz gehéieren.

Ganz wichteg ass d’Opschreiwe vun den Informatiounen: de Breedegrad a Längegrad, den Datum, eng Beschreiwung vun der Planz (Faarf vun de Bléien, Form an Ausgesinn, Héicht) a vum Liewensraum (Bësch, Wiss oder Waasser).

Och ganz wichteg ze wëssen: ginn et vill Individuen - jonker an aler - vun dëser Aart op dëser Plaz.

Et ginn ëmmer nach nei Aarten entdeckt a wëssenschaftlech benannt. Dat ass besonnesch de Fall an den tropeschen aarteräiche Länner. Et feelt weltwäit un de wëssenschaftlechen Experte fir déi Arbecht ze maachen.

Niewent de geschriwwenen Notize maachen ech och nach ganz vill Fotoen. Déi sinn op inaturalist www.inaturalist.org an op www.gbif.org ze gesinn.

D’Material fir op den Terrain, dat ech net brauch zréck op Lëtzebuerg ze bréngen, bleift zu Addis Abeba am Herbarium an enger Këscht fir déi nächste Kéier.

Schietmolen

Liichtstrale breede sech onendlech wäit aus. Mee wann eppes am Wee steet, da gi se gestoppt a sou entsteet Schiet.

Stell Figuren esou dohin, datt si Schiet op d'Blat werfen. An da brauchs de just nach de Schiet nozezeechnen.

Um Blat kanns du mat Bläistëft oder Bic ronderëm de Schiet zeechnen an dono faarweg molen. Oder direkt mat Faarwen, Pinsel oder décke Stëfter zeechnen, ausschneiden, oppechen an däi Konschtwierk zesummesetzen.

Probéier de Schiet ze molen!

Haut schéngt d'Sonn? Ma dann huel e Blat a Faarwen a géi eraus an d'Wiss, an den Haff, op d'Terrass oder op e Wee.

Stell dech mat Frënn an d'Sonn a probéiert verschidde Positiounen aus. Ofwiesselnd zeechent dir äre Schiet mat Kräid um Buedem no. A vergiesst net, geckeg Gesiichter ze molen!

Lee e Blat op de Buedem virun eng Blumm oder ënner e Bam. Zeechen de Schiet vun de Planzen no.

Summer 2025 Pis sblumm

TEXT: SYLVIE HAGEN

D’Wëllschwäin

W i l d s c hwein, sanglier,wildboar,Susscrofa

Dem Wëllschwäin säin natierleche Liewensraum ass an Eurasien an Nordafrika.

De Mënsch huet et awer och an Nord- a Südamerika bruecht, an och an Australien an Neiguinea.

natierleche Liewensraum vum Mënsch agefouert

D’Wëllschwäi kënne bal 1 Meter héich ginn, a bis 200 Kilo schwéier. D’Männercher

Am Fréijoer setzt d’Mamm 3 bis 12 Klenger op d’Welt. D’Kanner hunn hellbrong Sträifen

a ginn 3 Méint laang geniert. erkennt een un hire laangen Eckzänn.

D’Wëllschwäin friessen Eechelen, Champignonen, Kraider, Vulleneeër… Si wullen am Buedem no

Wuerzelen, Wierm, Insektelarven, Maisnäschter…

Si wänzele sech gär am Bulli. Dono reiwe si sech u Beem fir d’Fléi an d’Lais lass ze ginn.

Am Dag verstoppen d’Wëllschwäi sech am Gestrëpp, zemools wa si Mënsche bemierken. Nuets komme

De Bulliskostüm schützt si och géint Musticken. geziicht. Haut gëtt et iwwer 700 Schwäirassen. si eraus a ginn och dacks an d’Uertschaften.

Schonn an der Steenzäit virun 10.000 Joer huet de Mënsch Hausschwäin aus de Wëllschwäi

Erop an Erof

D’Bëschléierchen an de Kéiseker

Hautdesdaags gëtt d’Natur ëmmer méi verdrängt an agëengt duerch Stied an Uertschaften, Industriegebidder, Stroossen asw.

Bëschléierchen, Heidelerche, alouette lulu, woodlark, Lullula arborea

Et ginn awer och

Déierenaarten, déi sech

duerch jorelaangen

Asaz vum Mënsch nees erkrabbelen. Esou ee

positiivt Beispill ass

d’Bëschléierchen.

Kuckt hei dee wonnerschéine

Film vun der Naturverwaltung iwwer d’Bëschléierchen.

Doduerch komme vill Planzen- an Déierenaarten an d’Laberenten. Um

Réckgang vum Kéiseker gesi mer dat ganz gutt.

Europäesche Kéiseker, Braunbrustigel, hérisson commun, European hedgehog, Erinaceus europaeus

https://www.youtube.com/watch?v=IWY44PVWigY

De Kéiseker: Neierdéngs a Gefor

Fréier war de Kéiseker e ganz heefegt Déier.

Am Joer 2024 gouf en awer op d’Rout Lëscht vun der IUCN* gesat, well d’Bestänn an de

Ze vill Bëton, ze mann Natur:

Verbreedung vum E u ropäesche

leschten 10 Joer bal iwwerall ëm en Drëttel zeréckgaang sinn - a Bayern (D) an a Flandern (B) souguer ëm d’Halschent. Fir

Lëtzebuerg gëtt et keng geséchert Zuelen, mee et gesäit bei eis wuel kaum besser aus, well déi selwecht Ursaache wierken:

Intensiv Landwirtschaft: D’Felder sinn ëmmer méi grouss ginn, an et gëtt kaum nach Beem a Straich um Rand. Dat ass keng Plaz méi fir de Kéiseker. A säi Fudder gëtt och nach duerch Insektegëft zerstéiert!

Zerstéckelte

Liewensraum: Stroossen, Citéen an Industriezonen zerschneiden d’Natur. Dowéinst mussen d’Kéisekeren dacks iwwer d’Strooss goen. Et ginn zwar net méi sou vill Kéisekeren iwwerrannt, mee dat weist just, datt et der haut vill manner gëtt.

An den Uertschafte goufe ganz vill Appartementshaiser gebaut – bal ëmmer ouni Gaart. Amplaz am Haff Autoen ze parken, kéint een hei Geméis, Uebst, Beem, Straich a Blumme planzen.

Wat brauch de Kéiseker fir ze liewen?

Een Ënnerdaach: Wann dir e Gaart hutt, da loosst am Hierscht e Koup Blieder an/ oder Äscht leien. Doranner kann de Kéiseker säin Nascht fir de Wanterschlof bauen.

Natierlecht Fudder: Net mat Kazefudder oder Mëllech fidderen! De Kéiseker ass nämlech en Insektefrësser. Och dat ass ee Grond fir am Gaart keen Insektegëft ze gebrauchen. Waasser ubidden ass fir all Déieren nëtzlech.

Duerchlässeg Gäert: Een eenzege Gaart ass meeschtens ze kleng als Insektejuegdrevéier.

Onduerchlässeg Gäert si mat e Grond fir de Réckgang vum Kéiseker. E Lach vun 10 x 10 cm am Zonk geet dem Kéiseker schonn duer.

D’Bëschléierchen: Hëllef déi wierkt

Eng fir Lëtzebuerg ganz rar Vullenaart huet sech hei niddergelooss:

D’Bëschléierchen.

Si jot Insekten op deene grousse Fläche mat wéineg Beem a Straich.

An den 1970er Joeren war am Minett Schluss mam EisenäerzDagebau. Séier hu sech um fielsegen Ënnergrond Dréchewisen entwéckelt. Haut zielen déi fréier Dagebaugebidder zu de schéinsten Naturschutzan Natura2000-Gebidder zu Lëtzebuerg.

D’Bëschléierchen ass e Buedembréier. Si baut hiert Nascht an der Wiss, oft an engem ale Putsch Gras oder um Fouss vun engem Strauch.

No an no ginn d’Dréchewise vu ville Straich a Beem besiddelt a verdrängt.

D’Bëschléierche riskéiert doduerch, hire Liewensraum ze verléieren.

Dofir hëlt d’Naturverwaltung d’Gehëlz plazeweis mat Motorseeën a Baggeren ewech. De Buedem gëtt zum Deel bis op de plakege Fiels ofgedroen.

Eng Wander-Häerd vu Schof a Geessen hëlleft mat groussem Appetit, d’Dréchewisen opzehalen. D’Geesse sinn extra gutt dran, fir Straich kleng ze halen.

Op de fräigeluechte Flächen entstinn no an no nees nei Dréchewisen. Si musse vun Zäit zu Zäit geméint ginn, fir datt se net erëm ganz zouwuessen.

An den Naturschutzgebidder däerf een net a verschidde Wëllzonen a Weeër eran.

D’Ofspäerunge sinn diskret mat Bamstämm markéiert. Virun allem an der Bruttzäit vu Mäerz bis September ass Rou immens wichteg.

E grousse Probleem fir d’Bëschléierchen an aner Buedembréier sinn Hënn, déi fräi dorëmmer lafen - an dat an der Bruttzäit. Dobäi erkläere Pannoen iwwerall laanscht d’Weeër, datt d'Hënn an der Léngt musse gehale ginn.

2022 hunn Ornitologen an Ornitholginnen* 24 Revéiere vu Bëschléierchers-Koppelen an de fréieren Dagebaugebidder gezielt. 2019 waren et der just 18. D’Bruttpopulatioun am Minett mécht haut gutt 80% vun alle Bruttkoppelen an eisem Land aus.

*Vulle-Fachleit

Vum Schutz vun der Bëschléierche profitéieren och vill aner Liewewiesen, déi op Dréchewisen ugewise sinn, wéi Päiperleken, Reptilien, Orchideeën… An dat an enger sou dicht bewunnter Regioun wéi de Minett!

Wéi heeschs du?

Ech sinn d’Sylvie.

Wat ass däi Liblingsiessen?

Mäi Liblingsiessen ass Bouneschlupp.

Ech kucken och immens gär Skizzebicher vun anere Leit.

Wat ass däin Hobby?

Mäin Hobby si Skizzebicher. Ech zeechnen, schreiwen an hale schéi Plazen, Andréck, d’Natur, Iddien a Gedanke fest. Zum Deel bannen ech meng Skizzebicher och selwer.

Interview mam Sylvie Hagen Redaktesch a Grafikerin vum Panewippchen aus dem ‘natur musée‘

Hues du eng Liblingsfaarf?

routmov

Wat méchs du am Musée?

Meng Aufgab am Musée ass d’Organisatioun vum Panewippchen, an d‘Zesummstellen an d’grafesch Ausschaffung vun eiser Zeitung. Dat maachen ech zesumme mat menger Aarbechtskollegin Sabine a mat engem Grupp vun anere Leit. Mir sinn dann all zesummen de Redaktiounskommitee. Donieft maachen ech nach verschidde grafesch Aarbechte wéi de Panda News, d’Schoulbrochure vum ‘natur musée’ a Verschiddenes fir d’Fräizäitaktivitéite vum ‘natur musée’.

Wéi laang schaffs du schonn um Panewippchen mat?

Säit 1987 schaffen ech um Panewippchen. Ech war also scho beim Ausschaffe vum 1. Panewippchen dobäi.

Wat ass dann elo un der aktueller Zeitung aneschters am Verglach zum 1. Panewippchen?

Ma stell der vir, déi éischt

Panewippchercher goufe ganz op der Hand geschriwwen a gezeechent. An dono op enger handbedriwwener Kopiesmaschinn vervillfältegt. Si ware schwaarzwäiss.

ganz der geschriwwen a gezeechent.

Wou dunn déi éischt Computere koumen, sinn d’Texter getippt ginn a mir konnte Fotoen op d’Säite setzen.

De Panewippche konnt dunn och an zwou Faarwe gestalt ginn an an enger Dréckerei vervillfältegt ginn.

Haut ass de Panewippche ganz

faarweg a gëtt mat professionelle Programmer um Computer gemaach, an dat vun 1997 un, wou den ‘natur musée’ grad vum Fëschmaart an de Gronn geplënnert war.

D’Format huet sech ëmmer nees de Wënsch vun de Lieser ugepasst, fir d’éischt A4, du kuerz A5, dun A3 an 2015 nees zréck bei A4.

An den éischte Jore gouf et, nieft lëtzebuergeschen, och alt däitsch a franséisch Artikelen. Haut ass de Panewippche ganz op Lëtzebuergesch.

Wien decidéiert wat alles an de Panewippchen dra kënnt?

Wat an déi eenzel Nummere vum Panewippchen dra kënnt gëtt an eisem Redaktiounskommitee, also engem Grupp vu Leit déi fir den ‘natur musée‘ schaffen, decidéiert. Dëse Grupp trëfft sech 4 mol am Joer. Do ginn d’Iddien, déi d’Leit matbréngen, an och d’Iddien, déi mir vu Mataarbechter a Mataarbechterinnen aus dem Musée oder vu Leit vu bausse virgeschlo kruten, beschwat an da gëtt e Plang fir déi nächst Ausgab vum Panewippchen opgestallt.

Firwat heescht d’Zeitung Panewippchen?

Firwat grad de Panewippchen, dat weess kee méi sou genee! 1987 haten e puer Leit aus dem

Wat gefält dir am beschten un dengem Beruff?

Musée d‘Iddi eng Zeitung ze maachen, déi a reegelméissegen Ofstänn Informatiounen iwwer d’Natur an d’Ëmwelt liwwert.

Wou dunn den Numm „Panewippchen“ virgeschlo gouf, huet jidderee fonnt datt e gutt géif passen. Vläicht louch et dorunner, datt een de Villche mam Numm „Panewippchen“ iwwerall am Land fënnt an e liicht ze

Wat mir am beschten un der Gestaltung vun der Zeitung gefält ass, datt ech selwer ka kreativ ginn a mir spannend Artikelen ausdenken däerf. Zousätzlech fannen ech et flott, datt ech vun anere Leit Informatiounen an Iddien zu engem Theema verschaffe kann.

Da kënnt alles ënner Form vun Texter, Fotoen an Illustratiounen op d’Säiten. Dat

Wichtegst fir mech ass, datt d‘Theema fir iech herno schéin ze kucken an einfach ze verstoen ass.

Wat mech am meeschte begeeschtert u menger Aarbecht am Musée ass, datt ech vill verschidden Zorte vun Aufgabe ka maachen. Ech kann ëmmer rëm meng Nues an nei Theeme stiechen, Neies kenneléieren, an ëmmer erëm bäiléieren a virun allem kreativ sinn. An ech kann duerch meng

Aarbecht meng

Begeeschterung fir d’Natur an de Musée weiderginn, an dat ass mir wichteg!

erkennen ass duerch seng schéi schwaarz, wäiss a gro Plommen a well e beim Trëppele mat sengem Schwanz op an of «wippt».

Géifs du gären eppes un der Zeitung änneren? Natierlech sinn ech begeeschtert vun eiser Zeitung vum ‘natur musée’ a fannen, datt si richteg gutt gemaach ass. An dat bestätegen eis och ëmmer erëm déi positiv a begeeschtert Réckmeldunge vun eise Lieser a Lieserinnen. Wat ech gär nach géif änneren, ass, datt méi Säite fir déi ganz Jonk an eiser Zeitung dra sinn. An natierlech ass et wichteg, eise Panewippchen ëmmer erëm dem Fortschrëtt vun der Zäit unzepassen.

Wat war däi Liblingsartikel/ Liblingstheema / Liblinsgkategorie bis elo am Panewippchen? kuck dir dës Artikelen op https://www.panda-club.lu/ panewippchen/ un.

Hmm, dat ass net einfach… Mir sinn déi kleng an onscheinbar Matbewunner aus der Natur wichteg, déi et absolut derwäert si fir ze weisen. Dofir gehéieren «De Superpetzi» (PW2/2012), «Déi gréng Fee Golda» (PW2/2019) an d’»Huesebrout» (PW1/2017) zu menge Liblingsartikelen. Meng Liblingstitelsäit: (PW2/2009).

Léiers du och nach eppes Neies wann s du um Panewippche schaffs oder weess du schonn alles? Och ech weess net alles, et léiert een ëmmer weider, wann een dat wëll. A grad bei der Aarbecht um Panewippchen léieren ech stänneg Neies.

Wat war dann däin Dramberuff als Kand? Ech wollt ëmmer Léierin ginn.

Wat hues du geléiert fir am ‘natur musée‘ ze schaffen?

Wollts du schonn ëmmer am ‘natur musée‘ schaffen? Ma neen, ech hat eigentlech net dru geduecht, fir am ‘natur musée’ ze schaffen. Den Zoufall huet mech an de Musée gefouert an ech sinn haut nach ëmmer immens frou an dankbar, datt ech hei schaffen däerf.

Am Lycée war ech op der Sektioun C, hunn also Wëssenschaften a virun allem Biologie geléiert. Dono hunn ech zu Bréissel Innenarchitektur studéiert, wou ech ënner anerem och déi zeechneresch a grafesch Kenntnisser krut. Alles zesumme war eng gutt Viraussetzung fir déi Aarbecht, déi ech am Musée maachen. An dat, wat mer nach gefeelt huet, hunn ech am Laf vun der Zäit geléiert.

Wat war däi Liblingsfach an der Schoul? Biologie a Konscht.

Wou ass deng Liblingsplaz am oder ronderëm de Musée?

Meng Liblingsplaz am Musée ass am éischte Sall beim «Loschi» op der Couche. Hei geet d‘Entdeckungsrees duerch eise spannende Musée lass an hei kann ee sech nom Tour nach emol seng vill flott Andréck duerch de Kapp goe loossen an natierlch e Selfie mam eelste Lëtzebuerger schéissen ;).

Hues du nach een Tipp un eis Lieser?

Gitt an d’Natur, maacht d’Aen grouss op a loosst iech vun all deene klengen a grousse Wonner begeeschteren. Haalt ni op virwëlzeg ze sinn a Froen ze stellen. A wann dir Loscht hutt kreativ ze sinn, loosst iech net bremsen, maacht et!

NATUR MUSEE

Du brauchs fir 6 Muffins:

100 gr mëlle Botter

125 gr Äppelkompott

2 Eeër

Gebuertsdaagsmuffins

1/2

120 gr Miel Pak Bakpolver

75 gr rout Friichten

50 gr wäisse Schockela

1 4 5 6

De Botter schaimeg réieren.

D’Friichte ganz kuerz ënner den Deeg hiewen. Bei 175 Grad 25 Minutte baken.

De Schockela schmëlzen an op de Muffins verdeelen.

fir de Panewippchen

2 3

D’Eeër an den Äppelkompott mam Botter mëschen.

D’Miel an de Bakpolver no an no dobäi maachen.

‘natur musée’ - 25, rue MünsterL-2160 Lëtzebuerg - Tel.: 462233 450 www.naturmusee.lu www.panda-club.lu

Impressum

Redaktiounskommitee:

A. Bis, S. Goerens, C. Greisen, M. Hagen, S. Hagen, G. Kersch, M. Kirsch, J. Meyer, P. Michaely, F. Theisen, S. Weber.

Texter:

A.-M. Bis, P. Braun, L. Daco, C. Greisen, M. Hagen, S. Hagen, C. Heidt, T. Helminger, G. Kersch, B. Minette, O. Weber, S. Weber.

Grafik an Illustratioun:

S. Goerens, MP. Goetzinger, S. Hagen, Rätsel: K. Maloku.

Fotoen:

S2 schwaarzwäiss Foto: Tockert_copyright Photothèque, aner: MNHNL

S3 Zeechnunge Panzerlurchen: Dmitry_Bogdanov, aner: MNHNL

S4&5 Wisepanewippchen: Andreas Trepte, Wanterpanewippchen: Luc Viatour, Ee: Musée de Toulouse, Nascht Eeër: Arnstein Ronning, Nascht Klenger: Fuchs1978, PW Insekten: Jonn Leffmann, aner: shutterstock

S6 MNHNL

S7-9 Fotoe vum Gauthier: MNHN, Foto Cape Breton lescht

Säit ënne lénks: Valentine Kropf, aner: Gauthier Hoffmann

S10 Fong: MNHNL

S11 Leit op der Wiss: Adobe Stock, aner: MNHNL

S12 Fligel-Pippau: Eleftherios Katsillis, Fligel-Pippau auserneen: Dennis Hamselmann, Blummewiss: Sicona, aner: Malika Pailhes

S13 Wiss uleeën: Chartier-Dalix, Mauer: Malika Pailhes

S14 OLA office fir living Architecture

S15 riets: Sicona, Liichtverschmotzung: CC BY-SA Enoch Leung, aner: MNHNL

S16&17 Afe-Bouwekraut: Patrick Delhalt, Asiatesch Runn: Georges Braun, aner: MNHNL

S20&21 ale Computer: Heidi Schmit, aner: MNHNL

S30 Wakelter: Ib Friis

S32 ostafrikanesche Wakelter: Ergua Atinafe, GBG-35

S33 Schief mat Herbalbeleger: Ergua Atinafe, GBG-35, Menelik II: T.Schmidtkonz, Eukalyptusstëmp: avec Permission: Communication unit, GBG.

S34 Kanner: avec Permission: Communication unit, GBG. Mediterrane Gaart: Georges Moes, Arboretum: MNHNL

S35 Foto vum Odile: Ergua Atinafe

S30-35 aner: Odile Weber MNHNL

S36&37 Hannergrond: shutterstock, Foto Beem: adobe stock, aner: MNHNL

S38&39 Hausschwäin: Alexandr frolov, aner: shutterstock

S40 Fong: MNHNL, Bëschléierechen: shutterstock, Kéiseker: Julius Massius/wikimedia

S41 shutterstock

S42 Fong: Jan Herr, Kéiseker a Lalléngerbierg: shutterstock, Beschléierchen an Eeër: YouTube Naturverwaltung, Dréchewiss a Bagger: Jan Herr

S43 Schof: Jan Herr, Bëschléierecher:shutterstock aner: YouTube Naturverwaltung

S44-49 MNHNL

S50&51 MNHNL

S52 MNHNL

gëtt ënnerstëtzt vun De Panewippchen

Abonnementer & Info

Ministère de la CultureMusée national d’histoire naturelleAdministration de la Nature et des ForêtsMinistère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable panda-club@mnhn.lu

Tel.: 462233 450

Als Member vum Panda Club kriss du d‘Zeitung „De Panewippchen“ 4 mol am Joer geschéckt. Fir Erwuessener, déi „De Panewippchen“ fir e Grupp vu Kanner wëllen abonnéieren, si 6 Exemplare vun all Nummer gratis, vum 7. Exemplar u froe mir en Onkäschtebäitrag vun 1 Euro pro Ausgab a pro Exemplar.

Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.