Workshops MNHM

Page 1

De Musée National d'Histoire Militaire vun Dikrich bitt verschidde Workshoppen un, déi ob de Cycle 4 an ob d’VP-Klassen zougeschnidde sinn. Ob eng praktesch an ofwiesslungs-räich Aart a Weis entdecken d’Schüler allerlee Informat-iounen zu den eenzelen Themen.

Dir kënnt Iech ganz gär deen een oder anere Workshop aus eiser Offer eraussichen. Fir wieder Detailer a Froe kënnt Dir Iech per Mail bäi de genannte Kontaktpersounen aus dem Musée mellen.

Iwwer reception@mnhm.lu kënnt Dir Äre Workshop buchen.

Adress : 10, Bamerdall

L-9209 Diekrich

Sproochen : LU / DE / FR / EN

Dauer vum Workshop : ~ 2 Stonnen

Max. Unzuel: 15 Schüler + Begleetpersounen

Präis vum Workshop :

Musée 90€ + 3€ / Persoun

Visitt 90€

Kontaktpersounen :

Guy Eisen (guy.eisen@mnhm.lu)

Patrick Marmann (patrick.marmann@mnhm.lu)

Internet : www.mnhm.lu

-1-

Workshop 1

"Gudden Appetit!"

D'Amerikaner zu Lëtzebuerg : Alles ronderëm d'Iessen.

Wat hunn d'Amerikaner matbruecht, a wat ass bei eis bliwwen? Wéi huet et an der däitscher Arméi ausgesinn?

Historeschen Zäitraum : Sept. 1944 - Dez. 1944

-2-

Workshop 2

"Danger approaching"

D'Amerikaner un der däitscher Grenz: d'Liewen am Bësch

Ob der Sich no Krichsspueren um Plateau vun Reisdref-Héisdref.

D'Liewen vun den Amerikaner un der Front, mat Mëttegiessen aus Iessgeschier vun der Arméi.

Historeschen Zäitraum : Sept. 1944 - 16. Dez. 1944

-3-

Workshop 3

"Op der Flucht"

D'Evakuatioun vun Dikrich.

Ech muss fort! Ech hunn 2 Stonnen Zäit, fir meng Saachen ze paken!

Wat huelen ech mat? Wuer ginn ech hin? Wat ass, wann ech rëmkommen?

Historeschen Zäitraum : 19. Dez. - 20. Dez. 1944

-4-

Workshop 4

"DPF ARTJD QPDZBE OKSN"

Alles ronderëm d'Kommunikatioun, geheim Noriichten a Coden.

Wéi kann ech Noriichten iwwerdroen? Wéi kann ech Noriichten verschlësselen? Wéi kann ech e Code knacken?

Historeschen Zäitraum : /

-5-

Workshop 5

"

Opgepasst MINNEN"

D'Befreiung vun Dikirch.

Eng Gefor nom Krich : d'Minnen!

Wéi eng Zorte Minnen ginn et?

Wéi kann een se fannen?

Wat maachen, wann een sou eppes fënnt?

Historeschen Zäitraum : nom 18. Jan. 1945 bis haut

-6-

Workshop 6

Um Schumanns Eck

D'Réckeruewerung vu Lëtzebuerg duerch d'Amerikaner

Déi bluddegst Schluecht zu Lëtzebuerg!

Wat ass um Schumanns Eck geschitt?

Wisou war déi Plaz sou wichteg?

Wéi hunn d'Leit dës 2 Wochen erlieft?

Historeschen Zäitraum : 26 Dez 1944 - 09.Jan. 1945

-7-

Workshop 7

Den Amerikanesche Kierfecht zu Lëtzebuerg / Hamm

Entdeckt mat eis de Militärkierfecht.

Unhand vun 8 verschidde Griewer befaasse mir eis mat 8 verschidde Schicksaler : vum 4 Stäre-Generol bis zur eenzeger Fra...

Historeschen Zäitraum : nom 29. Dez. 1944 bis haut

-8-

Workshop 8

Dikrich am Krich

Kommt mat eis ob en Tour duerch Dikrich.

Wéi eng Plazen an Dikrich hunn am 2. Weltkrich eng wichteg Roll gespillt? Wou fanne mir nach Spueren aus der Zäit?

Historeschen Zäitraum : nom 10. Mee. 1940 bis haut

-9-
-10-

Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.
Workshops MNHM by mnhm - Issuu