E PUER WUERT ZUM SCHLUSS Dir Dammen, Dir Hären, Léif Anciens, Léif Spiller a Spillerinnen, Frou a stolz sin ech dëss Brochure zu eisem Anniversaire ze präsentéieren. E puer mol hu mir versicht e Comité d'Organisation zesummen ze ruffen, ma leider huet et einfach net geklappt, jidferéen huet et eng gudd Iddi fonnt, ma kéen haat Zäit fir matzeman. Wann de Jean THILL, Grënnungsmember, Spiller, Trainer, Abitter, Sekretär an treie CHEV Member, sech net esou agesat hätt, da wär de 50ten Geburts-dag net gefeiert gin. De Veräin ass esou grouss an all Weekend sin esou vill Equipen aktiv, datt den aktuelle COMITE kaum Zäit fënnt fir nach weider Aktivitéiten ze plangen. Ma wi gesot, dem Jean säi Wonsch, a seng super Preparatioun hun eis gehollef datt um Sonndeg 16.11.2014 den Anniversaire an der Aler Seeerei stattfënnt. Och hu mir eis Méih gin fir an enger Festbrochure de Veräin ze présentéieren an esou vill wi méiglech ze weisen. Nach ganz vill Foto- an Zeitungsmaterial hu mir an eisen Archiven. Op eisem Internet Site www.chev.lu kënnt dir de Veräin materliewen, Fotoen, Mätcher an Eventer kucken. Pardon, wa mir sollten Sachen vergiess hun. Soot eis Bescheed, da wärten mir et beim 60ten Geburtsdag besser man. Am Numm vum Chev Handball Dikrich soen ech op dëser Plaz e ganz grousse Merci: un all trei Memberen fir hiren Asaaz am Bénévolat
54
50 Jar CHEV Handball Dikrich 1964-2014
un all Spiller a Spillerin - un all Trainer an Offiziellen Allen di irgendwann am Veräin net zefridden waren, bieden ech an Zukunft de CHEV Diekirch ze supportéieren an all Missverständnis aus der Vergaangenheet ze entschëllegen. Dem Nico Atten, Albert Schumacher, Elise a Raym Armbruster soen ech Merci fir dat Material waat si mir zur Verfügung gestallt hun fir d'Brochure an d'Expo. Merci dem Denny Bierchen fir seng Préparatioun vun der Brochure. Merci dem Mik Rosch fir sein Bild Cover - vun der Brochure. Merci dem Serge Kugener fir di super Réalisatioun vun der Brochure. Jacquy LINK am CHEV Handball säit 1976