deSCOUT 1/2006

Page 1

deSCOUT 1/06

an TIPTOPer UNIFORM och haut nach?

No 514 / 86. Joergang

FNEL SCOUTEN A GUIDEN


d’Redaktiouns-Équipe

EDITORIAL Ons Uniform. Wat ass net schonns do driwwer geschwat, oder besser gesot diskutéiert ginn: meeschtens hefteg a seelen objektiv: dofir, dogéint, déi nämlecht fir all Grupp, eng ganz nei - just keng samette Box méi, méi jonk, manner militäresch, mat Baretten, nëmme mat enger Täsch, méi meederchersgerecht, d’Hiem an der Box, aus der Box, eng fir de Summer an eng fir de Wanter, eng fir an de Bësch an eng Gala-Uniform... jo souguer den Numm sollt geännert ginn: amplaz vun Uniform sollt ee vun engem Scoutshiem rieden. Jee, wat ee méi Leit gefrot huet, wat méi Proposen a Meenungen op den Dësch leie komm sinn. Eigentlech och normal- et betrëfft jo schliisslech och direkt all Member vun der FNEL an doriwwer eraus och den Image, dee mir no bausse weisen. Also schonns eng Saach, déi wuel iwwerluecht sollt

sinn. Eppes sollt een awer net aus den Ae verléieren: ee Mouvement - en plus ee Jugendmouvement - däerf net stoe bleiwen, mä muss mat der Zäit goen a sech hir upassen, soss riskéiert een nämlech op d’laang Weil, iwwerholl ze wierken an ofzestierwen. Elo schéngt emol wéinstens ee Konsens do ze sinn: si ass um beschte Wee, fir nei gemaach ze ginn: am Kader vun der STRATEGIE 2005-2007 huet sech eng Équipe gebilt, déi konkret Proposen ausschaffe soll - bestëmmt keng einfach Aufgab an och mat vill Courage verbonnen. Mat e bësse gudde Wëllen a Vertrauen an hir Aarbecht wäerte mer also fir d’Zukunft onsen Image dobausse frësch presentéiere kënnen, esou wei dat an der Strategie jo och festgehale ginn ass. Ee konkreten Datum läit allerdéngs nach net um Dësch – et däerf een also gespaant sinn !

deSCOUT

Périodique officiel de la FNEL Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg 43, rue de Hollerich, Luxembourg Paraît 4 fois par an Rédaction et mise en page Anne Kaiffer, Martine Feller, Jacques Degardin, Claude Freistroffer Impression Imprimerie Victor Buck, Leudelange Adresse postale deSCOUT (FNEL) B.P. 2676 L-1026 Luxembourg Tel +352 26 48 04 50 Fax. +352 26 48 04 30 E-mail deSCOUT@fnel.lu Internet www.fnel.lu Clôture de rédaction pour le prochain numéro le 15 mai 2006

deSCOUT

1/06

EDITORIAL3


deSCOUT 6

1/06

TITELTHEMA Uniform Wou kënnt se hir, wat ass d’Bedeitung vun der Scouts-Uniform?

AKTUELL 100 Gechichte fir 100 Joer

10

ONGD Remises de chèques

11 13

RONDEREM Frënn vun der FNEL

16 20 22 25

ÄER SAÏTEN Peaux Rouges Clan-Camp 05

28 30 31

ZU GUDDER LESCHT De klenge Scout

Aigles

6

9

A. Hatz

16

Lions Bleus Gala Diner Boy-Scout Skulptur Aigles Krëscht-Camp

Gudden Appetit E klengt Rezept 3 Froen

Aigles

25

Les cadres de la FNEL

deSCOUT

1/06

INHALT5


D’Uniform gehéiert zu den Traditioune vun der ScoutsBewegung. Wou kënnt se hir, wat bedeit se?

Jacques Degardin

eis UNIFORM “Le style et la précision des détails d’un uniforme peuvent paraître des choses sans importance, mais elles ont leur valeur pour le développement du respect de soi-même et ont une très grande signification en ce qui concerne la réputation du Mouvement [scout] auprès des tierces personnes, qui jugent d’après ce qu’elles voient.” (BadenPowell, Le guide du chef éclaireur) Fir de Baden-Powell war et kloer, dass d’Scoute sech an der Ëffentlechkeet mat hirer Uniform als solch ze erkenne ginn. Doduerch representéiere si de Scoutismus a ginn dem Mouvement duerch hiert Optrieden säi Ruff an e Bild no baussen.

6TITELTHEMA

Déi éischt Uniformen, déi och haut nach bei ville Leit d’Bild vum Scout symboliséieren, waren e khaki Hiem, kuerz Box an de Scout’s Hutt. De B.P., als fréiere Generol, huet sech fir des Uniformen un deene vun der englescher Arméi inspiréiert. A verschidde Länner goufen et och regelrecht Inspektiounen, wou jidderengem seng Uniform kontrolléiert gouf. Mat der Entwécklung vun der Gesellschaft huet sech och lues a lues de Look vun den Uniforme verännert: d’Faarf vun den Hiemer huet changéiert, se sinn elo blo, gréng, gro, rout, orange..., déi kuerz Boxe sinn duerch laanger ersat ginn an am allgemengen gouf alles méi

deSCOUT

locker ugaang (op d’mannst an Europa). D’Scouts-Uniform ass awer net nëmme representativ, se huet och en édukativt Ziil. Wéi de B.P. um Jamboree 1938 sot: “d’Uniform verdeckt all Differenze vu Länner a Rassen a gëtt jidderengem d’Gefill, dass se all zesumme gehéieren”. Dëser Opfaassung no dréit d’Uniform dozou bäi, dass kee Scout duerch seng geographesch oder sozial Originë benodeelegt ass. Dat kléngt vläicht e bëssen naiv, well et kann ee kaum erwaarden, dass eng Uniform esou vill Afloss huet... Haut muss een dëst éischter als Symbol gesi fir d’Ziler, déi

1/06

de Scoutismus huet: sech fir de Fridden, sozial Gerechtegkeet asetzen an dës och selwer uwennen. Firwat brauch een dann haut nach eng Uniform? Jee nodeem, wéi eng Aktivitéiten ënnerholl ginn, hunn haut déi mannst Scouten nach hir ganz Uniform un. Meeschtens bleift et beim Foulard an engem T-Shirt. Déi meescht schénge sech dora méi wuel ze fillen, ausserdem ass d’Uniform bei ville Scouts-Aktivitéiten net ëmmer ganz praktesch. Et kann ee souguer soen, dass et net wichteg ass, ob een eng Uniform unhuet, esou laang een als Scout handelt.

TITELTHEMA7


Weess de nach? Deemools, wéi zu Toodler d’Kachmaschinn duerchgebrannt ass, well mir ze liddereg ware fir genuch Bulli sichen ze goen, de Luc hat esou d’Flemm...

100 GESCHICHTE fir 100 Joer SCOUTISMUS Anerersäits, wann een als Scout wëllt erkannt ginn, muss een op d’mannst eppes vun der Uniform unhunn, dat heescht de Foulard. Besser ass et awer nach mat der ganzer Tenue, well dës en héijen Erkennungswäert huet. An erkannt gi wëlle mer jo! Wéi virdru gesinn, dréit d’Uniform zu engem groussen Deel zum Bild vum Scoutismus bäi. Dat bréngt mat sech, dass se den Aktivitéite soll ugepasst sinn, fir dass ee se esou vill ewéi méiglech kann undoen, ouni dass ee sech onwuel derbäi fillt. Gläichzäiteg muss se awer och

esou ausgesinn, dass se net de Wäerter widdersprécht, déi am Scoutismus wichteg sinn. Donieft soll se deene jonke Scoute gefalen an hirem Goût entspriechen, also méi oder wéineger am Aklang mat der Moud sinn. Trotz allem mécht d’Uniform awer nach net alles aus, si ass nëmmen en Deel vun dem, wéi mir eis no bausse weisen. Donieft gëtt et och nach de Logo, Fändelen an dat wichtegst: d’Aktivitéiten. Dat, wat een als Scout mécht, ass vill méi wichteg, wéi d’Aart a Weis, wéi een dobäi ausgesäit.

An deemools um Hike, wéi d’Martine an aller Vitesse seng Box ausgedoen huet, well him eng Harespel an d’Boxebee geflu war, wat huet dat en Indianerdanz opgefouert! An duerno huet hatt gemotzt, well mir eis all futti gelaacht hunn! Si gehéieren dozou wéi de Foulard, de Kompass oder d’Gamelle: d’Geschichten, déi mir eis beim Lagerfeier oder nuets am Schlofsak verzielen. Mir kënne këstlech driwwer laachen, mir denke munnechmol, dat hätt kënne schif ausgoen, an dach sinn all dës Anekdoten e klengt Stéck vun eiser ganz individueller Guiden- oder Scoutsgeschicht. D’nächst Joer feieren déi dräi Verbänn AGGL, FNEL an LGS 100 Joer Guiden a Scouten an dofir kommen en DVD an e Buch mat Fotoen an Dokumenter eraus, déi déi «grouss Geschicht» vun de lëtzebuerger Mouvementer solle veranschaulechen. Mä nieft deem Historeschen, Gemeinsamen soll awer och Plaz si fir dat ganz Perséinlecht, an dofir brénge mir an Zesummenaarbecht mam “Centre national de littérature” nach en zweet Buch eraus ënnert dem Titel «100 Geschichte fir 100 Joer Scoutissem».

Photos: Internet

A wie schreift dat Buch? Mä de Luc, d’Martine, dir, mir all zesummen, well jiddereen huet jo aus senger Trupp

8TITELTHEMA

deSCOUT

1/06

doudsécher eng Geschicht ze zielen. Den Appel geet un iech Guiden a Scoute vun haut, awer och un all déi, déi fréier emol Member am Mouvement waren: schreift eis är Geschicht op a schéckt eis se eran. Si ka lëschteg sinn oder nodenklech, iech eleng oder ärer ganzer Trupp passéiert sinn; déi eenzeg Konditioun ass, datt et sech ëm eng wouer, also net erfonnte Story handelt. Eng Jury sicht ënnert alle Geschichten déi 100 bescht eraus an déi ginn am Hierscht 2007 als Buch publizéiert. Et ass kee Concours, mä éischter eng gemeinsam Erausfuerderung. A wie vun eis ka scho vu sech soen, datt hien ënnert sengem Numm eng ganz perséinlech Geschicht publizéiert huet? Ären Text soll op däitsch, franséisch oder lëtzebuergesch geschriwwen an net méi laang wéi 800 bis 1000 Wierder sinn. Hutt elo wierklech keng Komplexer, wann e puer Feeler dra sinn, déi loosse sech ouni Problem aus enger gudder Geschicht erausfilteren! Schéckt är Geschicht bis den 22. Juni 2006 u folgend Adress: Groupement des associations et fédérations scoutes-guides du Luxembourg B.P. 96 L- 2010 Luxembourg AKTUELL9


L’ONGD de la FNEL remercie vivement les généreux donateurs à l’occasion des remises de chèques

E grousse Merci un Iech alleguer. Mat Äerem Don oder Orde Permanent ënnerstëtzt Dir d’FNEL an hëlleft d’Aktivitéiten an d’Formatiounen ze finanzéieren.

Stand: 31.12.2005

ACKERMANN Charles Louis, ALS Claudine, ANGEL Robert, ANGEL Tom, ANTOINE Michel, AREND Norbert, ARENDT Georges, ARENDT Jacques, AUDRY Jean, BEGA-BECKER Suzy, BEISSEL Andrée, BEMTGEN Charles, BERG Charles, BERGER Eugène, BERGSJO Morten, BERNARD Albert, BERNARDY René, BILLON-JACQUEMART Andrée, BINGEN Lucien, BIRRINGER Christine, BLASEN Lucien, BOCK Jean, BOURSIER Madeleine, BRAQUET Michel, BRASSEUR Anne, CERF-MULLER Francis, COLOMBO Alain, CRISPIM CAETANO Serafim, DALEIDEN Simone, DAX Pierre, DE MUYSER Guy, DE MUYSER Jacques, DENNENWALD Francis, DENNENWALD Lucie, DIAS Manuel Porfirio, DIESCHBOURG & fils Sàrl, DOLIZY Pit/GUILLON Margot, DONVEN Michel, DUPONT Fernande, DUPONT Marc, DUPONT Philippe, EDITPRESS LUXEMBOURG, ELVINGER Martine (Eilo), EVERS Marco, EYSCHEN Francis et Martine, FABER André, FABER Carlo, FABER Josée, FABER-KREMER Yvette, FABER-SCHMIT Martine, FEIDER-HIERZIG Marc, FIDUCIAIRE WEBER&BONTEMPS, FLAMINI Nadia, FOEHR-VINCENT Colette, FOURNIERZINS Marie-Claire, FRANCK Adrienne, FRANCK-BOURSCHEID Christine, FRY Richard, GALOWICH Marc, GARCIA Sandra, GEHLEN-DIEDERICH Simone, GEORGES-MAYER Josette, GIERENZWEBER A., GOEBBELS Raymond,

Patrick Oth

REMISES de CHEQUES Association Luxembourg/Népal

Le 12 décembre 2005, l’Association Luxembourg/Népal a fait des dons au profit des bénéficiaires des projets 012 – poste médical à Godam Chowr au Népal, 014 – enfants des parents en prison au Népal, et a pris en charge 10 parrainages pour la scolarisation d’enfants défavorisés dans le cadre du projet 003 – école de Naikap au Népal.

H.E.L.P.

Le 16 décembre 2005, l’Association H.E.L.P. du Lycée Classique et Technique d’Echternach, présidée par Monsieur Altmann et composée d’élèves engagés, a fait un don au profit des bénéficiaires du projet 009 – enfants handicapés de l’hôpital de Banepa au Népal.

10ONGD

Photos: ONGD-FNEL

ECG

Le 19 janvier 2006, des élèves motivés du Lycée Technique Ecole de Commerceet de Gestion, ont fait un don qui a été doublé par la direction, au profit des bénéficiaires du projet 009 – enfants handicapés de l’hôpital de Banepa au Népal.

d’FRËNN vun der FNEL

deSCOUT

1/06

GONCALVEZ Ribeiro, GOTTLIEB Roby, GUT Roland, GUT-THEIS Anne, HAAS Christiane, HALSORF Charles, HAMILIUS Jean, HAMMELMANN-FABER Malou, HAMON-CHAFFOTEAUX Patrice, HARTMANN André, HATZ Aender, HAUSEMER Georges, HEISBOURGWURTH Annick, HELDENSTEIN Jean, HERMANN-STEINBACH Mely, HERMES Georges, HINZ Günther, HOLLENFELTZ-BOUSSER Laurence, HOUEL-HOFFMANN Frutz, JACQUEMART Alexandre, JALLAY Marc, JANS Marc, JEMMING-HENGELS Astrid, JOACHIM Patrice, KASS-FRISCH Edith, KIOES-SCHAEFER Nicole, KNEIP Robert, KNEIP-SCHMITZ Nadine, KOCKHANS Daniel, KOHL Joseph, KOLBER Marc, KREMER Claude, KREMER Remy, KRIEPS Alexandre, KUFFER Jean, KUTTER Dolphe, LAMBORELLE Christiane, LAMESCH Maggy, LAMOTTE Yolande, LAUER Jos, LECORSAIS Reggie, LECORSAIS René, LEMMER-WEBER Liette, LENERT Marc, LENTZ Georges, LENTZ-CALMES Nicole, LEVY Christian, LIBRAIRIE ERNSTER, LINDEN Jean, LIONTI Lucie, LOESCH Jacques, LONGO Francesco, LORENZ Michèle, LOSCHETTER Joseph, MAGNANI Raymond, MAJERUS Edmond, MANGERS-ANEN Edmée, MARCUS David, MAROLDT-KERG Liliane, MART Marcel, MATAGNE Pierre, MEYER Francis, MEYER Julien, MEYER Marc, MINES Guy, MOITZHEIM-SCHROEDER JeanJoseph (Jeff), MOND-DE MUYSER Dacco, RONDEREM11


12RONDEREM

CG: Commissariat Général CT: Conseil technique

Paul, WAGENER Robert, WEBER Dany, WEILER Théo, WELL Jean, WELLFONCK Renée, WELTER Jean, WETZEL Bob, WEYNAND Werner, WIES François, WIES Georges, WILLEMS Marc, WIRION Marie-Christine, WITRYSCHWACHTGEN Tuddie, WOLTER Jean-Claude, WOLTER Thierry, WURTH Christiane et Michel, WURTHRENTIER Pierre, ZENS-OMES Fernand

CP: Conférence Permanente CD: Comité de Direction

MOSSONG Bernadette, MOUSEL Nicolas, MULLER Frank, MUNCHEN Charles, NEUMAN Reginald, PAQUET-MULLER Dedette, PAQUET Sylvie, PAUL HansEgon, PESCHON Auguste, PFEIFFER Paul, PROBST Denis, PRUM Jean, RAUS Jacques, RECKEN-SCHNEIDER Claude, RECKINGER Pit, RECKINGER Robert, REDEN Doris, REDING Joseph, REICHERZER J. / HOSS Ph., REIFFERSMERGEN Edith, RIES Adrien, RIETHAACH Nathalie, RODENBOURG Lopes Marques, ROSA CARTAXO Manuel Joao, SADLER-LACROIX Suzy, SCHAACK André, SCHAACK Louis, SCHEUERBAULER Elisabeth, SCHINTGEN Claude (Chouch), SCHINTGEN Karin, SCHMIT Manuel, SCHNEIDER Kik (Charles), SCHNEIDER Jean-Claude, SCHOCKSCHMITZ Ursula, SCHOCKWEILER Carlo, SCHOCKWEILER Colette, SCHOLTES Marguerite, SCHOMMER Martine, SCHOMMER-PERRIN Renée, SCHON Robert, SCHREINER Brigitte, SCHROEDER Luc, SCHUMMER Eugène, SCHWALL-LACROIX Annette, SCHWARTZ Jean-Paul, SCHWERTZER Jacquot, SELENATI CHAUFFAGE, SERRIG Pierre, SEVENIG Pierre, SIMONJUNIUS Coryse, SITA SOFTWARE, SLUNECKO Paul, THEIN Pierre, THIRYWOLTER Lotty, THOME Georges, THOME-BOISSEAUX Mady, TONEY Lisa, TROTTA Stafano, TURK François, TURK Philippe, VANDELOO-SCHARRY Romaine, VERMAST Jacques, WAGENER

SFF: Service Formation FNEL CA: Conseil Administratif

Les cadres de la FNEL Président national Alain GEORGES Vice-Présidente nationale Andrée BILLON-JACQUEMART Commissaire général Martine FABER-SCHMIT, CD / CG / CP Commissaire général adjoint Pierre DAX, CD / CG / CP Commissaire générale adjointe Josiane KAISER-HINGER, CD / CG / CP Secrétaire général Pit DOLIZY, CD / CA / CG / CP Secrétaire général adjoint Joachim KUSKE, CD / CA / CG / CP Commissaire au programme Henri SCHREINER, CD / CT / CG/ CP Commissaire au programme adj. Pouss BLAU, CT Commissaire à la formation Patty NEY, CD / SFF / CG / CP Commissaire adj. à la formation Peggy SIERADSKI, SFF Trésorier général Mely STEINBACH, CD / CA / CP Commissaire international Raoul WIRION, CD / CA / CP Commissaire international adjoint Pol KONSBRUCK Commissaire aux beavers Laurence MERES, CD / CT Commissaire adj. aux beavers Patrick GRAAS, CT

Commissaire aux louveteaux Sandy SPIELMANN, CD / CT Commissaire adj. aux louveteaux Joanne GOEBBELS, CT Commissaire adj. aux louveteaux Dennis WEZENBERG, CT Commissaire aux scouts/guides Marc EYSCHEN, CD / CT Commissaire adj. aux scouts/guides Christian BETZEN, CT Commissaire aux explorers Sandra CELLINA, CD / CT Commissaire adj. aux explorers Patrick TOMBS, CT Commissaire à la route Anne WEIS, CD / CT Commissaire adj. à la route Christine BASTIAN, CT Commissaire adj. à la route Alain STOOS, CT Gérant des biens Mariette KILL, CD / CA Chargé de la communication Anne KAIFFER, CD / CA Coordinateur du Centre de formation Marc BLAU, CD / SFF Conseiller juridique François TURK, CA Conseiller médical Roger WIRION, CA Coordinateur 2007 Patrick JAANS, CD

Composition de la Conférence permanente (Délégué, suppléant) Les Aigles, Rollingergrund -, KAISER Claude Bisons futés, Frisange CAPELLE-DONVEN Danièle, HOURSCHT Romain CB/DM, Luxembourg NICOLAY-TONNAR Paulette, GOEDERT Christiane Les Castors, Schuttrange MARTIN Gilles, LOOS Christiane Daereldéieren, Bridel BOURONE Georges, NOTHAR Félix Dachsen, Dippach SANCTUARY Connie, ENGEL Yves Eclaireurs d’Echternach, Echternach KOHN Jean-Jacques, KAUFFMANN Dan Eilerenger Feldmais, Ehlerange De JAGER Lucien, DE JAGER Paul FIISS, Luxembourg-Cents -, Greng Scouten a Guiden, Dudelange JADIN Yves, BERESCH Marc Les Hirsch, Colmar-Berg CHRISTEN-HALSDORF Pat, POSING Gerrie HOGA, Hollerich-Gare CIGRAND Romain, CAHEN Carole deSCOUT

1/06

Les Loups Blancs, Luxbg-LTPEML STREFF Yves, DOROTEA Carlo Kiewerlecken, Strassen SCHWEICH Nathalie, BUCHLER Anne Lions Bleus, Bonnevoie LAMPACH Christophe, MAJERUS Patrick Les Loutres, Mersch JACOBY Vic, LAUX Luc Lussig Quaichlecken, Echternach HERKES Ferny, WAGNER Anne Piwitschen, Cap BLAU Eric, RUPPERT Michel Panthères Noires, Lorentzweiler KAP Alain, WAGNER Fabienne Peaux Rouges, Dudelange BRANDENBURGER-DETAIL Michèle, WINCKEL Thierry Robert Schuman, Luxembourg COGLIATI Maria Grazia, Telstar, Luxembourg ATKINSON Beverly, THIESSEN Pierre Well Säi, Steinsel HERMES Sharon, BETZEN Christian Wiselen, Mamer HAMER Claude, DELLERE Caroline

RONDEREM13


Représentants de la FNEL Conseil national LBSA Martine FABER-SCHMIT, Pier DAX, Josiane KAISERHINGER, Pit DOLIZY, Raoul WIRION, Henri SCHREINER, Mely HERMANN-STEINBACH, Patty NEY Groupement Ass. & Féd. Scouts/Guides Lux. Martine FABER-SCHMIT, Pier DAX, Raoul WIRION, Pit DOLIZY, Patrick JAANS WOSM / Conseil de l’Europe Pol KONSBRUCK Mérite Jeunesse Georges HAUSEMER, trésorier Anne BLAU, Anne WEIS, coordinateurs NATURA Christiane LOOS-SCHONG CGJL Benoît THIX (suppl. Pol KONSBRUCK) COSL Frank STOLZ-PAGE Comité Ombudsman Jean-Jacques KOHN Conseil Supérieur de la jeunesse Groupement GAFSGL Conseil Supérieur du bénévolat Groupement GAFSGL Association du bénévolat Groupement GAFSGL: Nancy DAX-BROSIUS Comité programme communautaire Jeunesse Groupement GAFSGL: Nancy DAX-BROSIUS SFF : Commission consultative SNJ-formation Patty NEY, Pit DOLIZY Fondation FNEL Entente des Gestionnaires des maisons de jeunes Michel SIMONIS, Martine FABER-SCHMIT Commission consultative Home Martine FABER-SCHMIT, Pit DOLIZY

Equipes fédérales Luxembourg Capitale de la Culture 2007 Projet Rotonde: Steph MEYERS 2007, Centenaire du scoutisme Projet Film: Nadine SCHUMMER Projet Livre: Pierre MATAGNE Projet Timbre: Änder HATZ Trésorier: Reggie LECORSAIS Equipe: Pat CHRISTEN, Paul DE JAGER, Philippe DEPOORTER, Pitt FISCHER, Alfred GUILLON, Frank KAYSER, Pierette KEMP-KLEIN, Ralph KILBURG, Claude MINN, Mike MULLER, Raymond NEPGEN, Geraldine POSSING, Josette RAUSCH, Félix RETTER, Antoine RUPPERT, Jemp SCHONG, Guy SCHUBERT, Dan THOMA, Dany WEBER, Peggy WURTH Dons pour la paix Laurence Meres, Sandy SPIELMANN, Yves BLASEN, Tom SCHOLTES Stratégie 2005-2007 Equipe nouveaux groupes: Pouss BLAU, Christian BETZEN, Francis EYSCHEN, Liz GONDOINGOEDERT, Vic JACOBY, Reggie LECORSAIS, JeanClaude MULLER Equipe Communication-Image: JAcques DEGARDIN, Claude FREISTROFFER, Chantal HERMES, Anne KAIFFER, Pol KONSBRUCK Equipe Uniforme: Eric BLAU, Marc EYSCHEN, Ferny HERKES, Frank KAYSER, Henri SCHREINER, Steffen TROCH Equipe Intégration: Pit DOLIZY, Max BEGA, Laurence MERES, Guy SCHUBERT, Kirsten TOMBS Equipe Activités internationales: Anne BLAU, Sandra CELLINA, Joanne GOEBBELS, Philippe MAYER, Anne WEIS, Dennis WEZENBERG

SFF-Equipes formations Beavers Carole CAHEN (respo), Frank BAULER, Patrick GRAAS, Laurence MERES Louveteaux Corinne GUIDORENI (respo), Marc JENTGES, Line KUFFER-AUDRY, Patty NEY, Pierre SCHOLTES, Peggy SIERADZKI, Sandy SPIELMANN Scouts/Guides Marc LAUX (respo), Christian BETZEN, Caroline DELLERE, Richard DOEHMER, Luc ENGELMANN, Jessica REDING, Fabienne WAGNER Explorers Armand HILBERT (respo), Sandra CELLINA, Pit DOLIZY, Patrick MAJERUS, Tom SCHOLTES Rovers Christine BASTIAN (respo), Anne WEIS

14RONDEREM

Tronc commun Dany SCHONG (respo), Pit DOLIZY, Diane HATZ, Patrick JAANS, Isabelle KAYSER, Line KUFFERAUDRY, Pierre SCHOLTES Leadership Jil ROB (respo), Max BEGA, Martine BOUCHE, Yves ENGEL, Annick MAAS, Sarah MEYERS, Felix NOTHAR, Benoît WAGNER Scoutsakademie Steffen TROCH (respo), Marc BLAU, Nancy DAXBROSIUS, Claude HAMER, Steve KLEIN, Carole REGENWETTER Bosses et Bobos Pouss BLAU (respo), Frank BAULER, Pit DOLIZY, Tania DONDELINGER, Véronique SCHOTTWAGNER, Roger WIRION deSCOUT

Beavers Anne BUCHLER Claire DE JAGER, Lexi GROSBUSCH, Mara HUBERTY, Alexandra SCHNEIDER Louveteaux Armand BOOS, Philippe HANCK, Diane HATZ, Frank KAYSER, Philippe MAYER, Marc REICHERT, Olivier RODRIGUES, Pierre SCHOLTES, Kirsten TOMBS Scouts/Guides Manon FISCHER, Claude HAMER, Andy HENDRIKS, Felix NOTHAR, Daniel SEIL, Fabienne WAGNER Explorers Yves BLASEN, Yves GAFFINET, Tom GIRARDIN, Georges HAMES, Armand HILBERT, Marc HOFFMANN, Lex KILBURG, Steve KLEIN, Christophe LAMPACH, Michel LEYTEM, Benoît THIX, Anne WAGNER, Thierry WINCKEL Rovers Anne BLAU, David BURG, Frank KAYSER, Pol SIMON, Corinne SPODEN, Benoît THEISEN

Equipes Service FNEL Commission des distinctions honorifiques Robert SUNNEN (président), délgués CPG: Eric BLAU, Ferny HERKES, Alain KAP, Patrick MAJERUS, (suppl. Beverly ATKINSON, Michèle BRANDENBURGER, Christian BETZEN), Commissaire général, 1 membre CT, SFF, CA Coordinateur OMMS JOTA / JOTI Nico REULAND Equipe internationale Olivier FABER, Lucie SCHLECHTER, Frank STOLZ-PAGE Equipe Scout-Shop Mariette KILL, Martine EYSCHEN-CONTER, Micky LEYDET-HUBERTY, Josette RAUS-BEFFORT, Liette WIRION-LECORSAIS Rescponsable logistique Yves BLASEN Equipe logistique Marc BLAU, Romain DELAGE, Steve KLEIN, Michel LEYTEM, Henri SCHREINER, Steffen TROCH Buvette QG FNEL Carlo STEMPER Equipe deSCOUT Jacques DEGARDIN, Martine FELLER, Claude FREISTROFFER Gestion www.fnel.lu Pitt FISCHER, Claude FREISTROFFER, Ben KREMER, Pierre SCHOLTES Gestion www.misaershaff.lu Claude FREISTROFFER Gestion server Pierre SCHOLTES

1/06

Employés salariés Communication et dossiers internationaux Claudine SCHEECK SFF et Secrétariat général Pit DOLIZY Administration , courrier, finances, archives Yvette GEDITZ-PETERS Conseil technique, gestion Claude KUFFER ONGD-FNEL Sensibilisation Christine BOSSELER ONGD-FNEL Gestion des projets Jacqueline MONVILLE ONGD-FNEL Secrétariat Brigitte KARGER (Administration) Patrick OTH (Administration, Finances, Sensibilisation)

Amicale FNEL Francis EYSCHEN, Président Michel DONVEN, Secrétaire, Délégué à la Conférence permanente Liette LECORSAIS, Trésorier

Fondation FNEL Guy AACH, Président Robert LOOS, Secrétaire, Délégué à la Conférence permanente Michel SIMONIS, Trésorier

ONGD-FNEL Lea METZ, Président Paul GEDITZ , Vice-Président Cristina RODRIGUES, Secrétaire Mireille LUX, Trésorier

RONDEREM15


D’Rover vun de Peaux-Rouges waren ënnerwee...

de Rover-Clan vun de Peaux-Rouges

Photos: Peaux Rouges

CLAN-CAMP ‘05

... an zwar zu 12 an direkt fir eng ganz Woch vum Tirol (Éisterräich) eriwwer an de Südtirol (Italien) vu Samschdes, den 2. September 2005 bis Samschdes, den 9. September 2005. Dëst war eng Aventure, wéi se sécher och bei de grousse Scoute gewënscht gëtt an deementspriechend war d’gutt Laun mat um Wee duerch eng wonnerschéi Landschaft.

16ÄER SÄITEN

Fir iwwerhaapt emol dohinner ze kommen, ware mer mat Zuch an herno mam Bus an zu gudder Lescht esouguer per Taxi ënnerwee. De Wee goung mat villem Zuchgewiessels vum Départ zu Diddeleng mueres fréi um 5 Auer iwwert Metz, Stroossbuerg a Basel a Richtung Éisterräich, wou et dann op der Grenz zu Buchs eriwwer war, ... et ass keen Zuch méi gefuer, well de Bierg d’Landschaft deSCOUT

duerch d’Iwwerschwemmungen an dëser Géigend ewech gerappt hat. Iergendwéi hu mer eis mat allméigleche Bussen, awer nëmmen engem Zuchticket (emmer deeselwechten!), duerchgeklappt duerch de Lichtenstein an Éisterräich, wou mer mat Hëllef vun eisem President zu Lëtzebuerg per Telefon eis Nuetsplaz avertéiert hunn, dass mer sécherlech net pénktlech wieren! An du waren et nach 60 km, bis et och fir eis richteg d’Bierger erop gaange wier a mir hungen zu Bludenz fest, keen Zuch a kee Bus méi! No 3 Stonnen ass et du weidergaang a mir sinn zu Landeck no enger elle laanger an ongemittlecher Busfahrt geland! All Bus de Bierg erop an déi schéi Landschaft war fort, mir stoungen ënnen an uewen huet d’Iessen an e Bett gewaart! Mir hunn du kuerzerhand zwee Taxien engagéiert, wou deen ee sécherlech misst en neie Führerschäi maachen, sénger rasanter a geféierlecher Fauerweis no! Mir sinn awer gesond a monter zu Nauders geland a ware frou, wéi mer no engem gudden Owesiesse Quartier bezéie konnten a propperen an uerdentlechen Zëmmeren! Deementspriechend huet d’Sonn, déi eis bal d’ganz Woch begleet huet, Sonndes erëm schéi fir eis geschéngt an et wor e rouegen Dag mat Fräizäit an engem Tour mam „Sesseli“ um Programm, iert mer owes zu engem ganzen Trapp d’Naudersburg onsécher gemaach hunn 1/06

a schlussendlech virun der Dir stoungen, well mer de Schlëssel vum „Doheem“ vergiess haten! Wéi gutt, dass et awer Meedercher bei de Rover gëtt! Méindes goung et dunn un den Eescht vun der Saach a bei schéinstem Sonnewieder ass et mam Bus iwwert de Reschenpass gaang a mat schwéier gepaakte Rucksäck per pedes laanscht de Reschensee duerch zougewuesse Bëscher an iwwert emgebaggert Weeër iwwert déi schéin Uertschaft St. Valentin mat Picknick an Trampolin - fir déi verspillt Rover erof op Malz. Op enger flotter Campplaz woren trotz schwéiere Féiss d’Iglu-Zelter fir déi éischt Nuecht schnell opgeriicht an nodeems mer gekacht a gespullt haten, goufen déi wéi Féiss nach gepléischtert a lues a lues si mer all an d’Zelter gefall, fir du bei Begleedung vun der Sprénkelanlag fir d’netze vun den Äppelbeeém déi éischt Nuecht ze verbréngen. Mueres war du jidderee richteg fit an et ass weider gaangen, nodeems d’Zelter ofgeriicht waren an de Kaffi gedronk, laanscht eng sëllechen Äppelplantagen an deen neie Vinschger Zuch op Lana (weltberühmt duerch säi Marber) - wou dann e puer wéi Glidder Verschiddener an den Zuch verbannt hunn - bis erof op déi heemlech Haaptstad vum Vinschgau, Schlanders. Op der Gare hunn och déi lescht beschloss, dass fir den Dënschdeg ÄER SÄITEN17


genuch war a sinn op Latsch mam Zuch gefuer fir do e flotten Nomëtteg mat Schwemm a faulenzen (a virun allem d’Féiss d’Luucht aus ze strecken) ze genéissen. Et hat een sech dat no esou Strapaze wuel verdéngt! Owes gouf et uerdentlech Pizza an eng Glace an duerno no engem Patt zesummen ass d’Zelt besicht ginn, wou fir déi Nuecht sécherlech d’Äppelbeem netzen net vermësst ginn ass. Gutt zemutt ass et mëttwochs weider gaangen, dat loung sécherlech net alleng um gudde „Frühstücksbuffet“ an um super Wieder, wou de Vinschgau sech fir de September vu sénger schéinster Säit gewisen huet, mä och um Programm vum Dag. Nodeems e puer Leit hir Boboen an d’Rei gesat krute vum Duerfdokter, si mer kombinéiert mat Bus a Fousstrajet bis op Forst gefuer, wou mer dann déi gleichnameg Brauerei vun der Familie Fuchs besicht hunn an no enger zimlech flotter Visite (de Guide wor eng Madame, déi ganz speziell geschwat huet an d’Rover hu sech dorunner méi wéi belëschtegt) wor dann eng Visite am „Biergarten“ um Programm, wou mer awer ganz brav bliwwe sinn, well et stoung nach Programm a Wee virun eis. No enger Busfahrt laanscht Meran an engem zackege Foussmarsch wore mer op enger uerdentlecher Campplaz ukomm, wou de Fuuss an den Hues sech owes gutt Nuecht gesot hunn. Zelter opgeriicht,

18ÄER SÄITEN

gekacht, gespullt, geraumt, gewäsch, ... e bësse ronderem gewandert an zesumme gesiess a jiddereen ass a sengem Zelt verschwonnenm well deen Dag drop huet et geheescht zur Zäit opstoen! D’Sonn ass just iwwert de Bierger luusse komm, do huet lues an lues d’Liewen an den Zelter d’Rover erausgehäit an no Dusch, Raumen an engem superstaarke „Frühstück“ vum Propriétaire senger Madame ass et dunn - natierlech ouni d’Zelter ze vergiessen - op enger zimlech abenteuerlecher Aart a Weis mat Bus an Zuch de Bierg erëm erop op Latsch gaang, wou mer scho vun de Leit vun „Aquaterra“ erwaart gi sinn. Et sollt den Highlight vum Camp sinn an et wor en och wierklech, wéi mer an dräi Équipen opgedeelt op de Rafting gaange sinn a just d’Lucie net derbäi war - dofir haten mir hatt awer fir d’Photoen engagéiert - an d’Etsch zwou Stonne laang erof gebriedert si fir erëm zu Naturns (déi meescht plätschnaass) erauszeklammen a frou an zefridden, nodeems mer eis Kleeder, Rucksäck an anert Geschir erëm ofgeholl haten, mam Zuch op Schlanders ze reesen, wou beim Erich an der Pensioun eng waarm Dusch an eng propper Schlofgeleeënheet op eis gewaart hunn. Et wor dee leschte sonnegen Dag am schéine Vinschgau a mir kënnen haut nach haart soen: mir hate Chance! deSCOUT

Freides huet et zwar du liicht gereent, mä dat huet kee gestéiert, vu dass de Programm à gogo jidderengem selwer iwwerloooss war an a klengen Équipen déi éng shoppe waren, déi aner op Meran mam Zuch an déi drëtt ganz einfach d’Plommekeëscht gehitt hunn oder soss sech emol gutt ausgerout. Owes nach eng Kéier gutt zesumme giess an alles wor prett fir de Retour op Lëtzebuerg. Deen sollt op d‘mannst grad esou aventuriéis gi wéi de Wee fir heihinner. Bis op Landeck goung alles glat, dofir haten mer per gelountenem Bus jo selwer gesuergt, vun do weider op Buchs an der Schwäiz iwwert Bludenz an de Lichtenstein wor erëm eng Kéier eng speziell Fahrt mat schwéierem Verkéiersaccident (net mir, mä mir stoungen am Stau!) ënnerwee an duerno haten mer alles verpasst, wat ze verpasse war. Et goung dunn hin an hier an iergendwann eng Kéier no Mëtternuecht si mer mam lescht méiglechen Zuch zu Lëtzebuerg geland, wat och erkläert dass deen Dag duerno e puer Leit op der Assemblée Générale vun der FNEL gefeelt hunn... mä et wor eng Aventure, fir déi jidderee vun deenen 12 sech éischter haut nach ewéi muer géif umelle fir erëm derbäi ze sinn! 1/06

ÄER SÄITEN19


1992 si mir vun enger fréierer Meute-Cheftaine ugeschwat ginn, ob d‘Lions Bleus net kéinten hëllefen, déi néideg Fongen ze besuergen, fir e rumänesch-lëtzebuergesche Schüleraustausch ze finanzéieren.

Claude Goergen

GALA-DINER bei de Lions Bleus en eventuellen Vakanzenjob als Garçon oder Serveuse preparéiert wieren.

Well ons Kichen net schlecht équipéiert wor an déi néideg Fachleit do woren, hu mer beschloss, en Iessen ze organiséieren. Well mer awer onsen Invitéen net wollte schwéiert Geld aus der Täsch zéien a just eng Spaghetti bidden, hu mer déi Saach méi grouss opgezunn. Ons Guiden a Scouten (ganz a schwaarz a wäis) hunn e 4gängege Menu zervéiert an engem tipptopp dekoréierte Sall, mat klassesch gedecktem Dësch. D‘Amicale hat sech kuerzfristeg dozou bereet erkläert, eng Tombola z’organiséieren. Den Erfolleg huet sech weise gelooss, a jidderee wor zefridden.

Dass d‘Organisatioun an den Oflaf net ëmmer einfach an harmonesch war, ass wuel normal, an et wor an ass och net ëmmer einfach, eng Associatioun ze fannen, deene mer onst Geld konnten iwwerweisen.

Well mer als Scoute jo eigentlech all Dag eng B.A. maache sollen, louch et no, dass mer d‘Joer drop weider géife fueren. Eigentlech sollte mer do e puer Mécke mat engem Schlag erwëschen: - Ons B.A. maachen an eng, wa méiglech lëtzebuergesch, Associatioun ënnerstëtzen, déi sech net esou gutt steet, déi vun offizieller Säit näischt kritt oder déi enorm Fonge brauch. - Onse Scouten a Guiden eng Iddi vermëttelen, wat et heescht an der Hotellerie ze schaffen, hinnen eng Basis bäibrénge vum Service, Kichen a Spull; esou dass se fir

20ÄER SÄITEN

- All ons Frënn, Bekannten, Elteren a Memberen eemol d‘Joer erof an d‘Home ze kréie fir e flotten Owend ze verbréngen.

Wa mer eng Associatioun fonnt haten, hun mer ëmmer e Verantwortlechen op den Owend vum Gala-Diner agelueden, fir beim Apéritif hir Projet’e virzestellen, esou dass d‘Invitéen da wierklech wousste wisou se deen Owend esou déif an d‘Täsch gegraff hunn. T‘ass kaum jee ee vun onse Gäscht onzefridden oder hongereg vum Dësch opgestan, och wa se an der Tombola heiansdo dee selwechten Objet gewonn hunn, deen se matbruecht haten. Verschidde vun deene „Bibelot‘en“ wore regelrecht wertvoll an trei, well se iwwert Joren ëmmer erëm gewonne goufen a vum „gléckleche“ Gewënner stoe gelooss gi sinn; d‘Joer drop wor dee selwechten Objet erëm an der Tombola, just vläicht e bësse méi stëbseg. Den 19. Mäerz hale mir onse 15. GalaDiner of. Am Laf vun de Joren huet sech esou munches geännert, de Gala ass vu Freidesowes op Samschdesowes geréckelt gi fir elo dëst Joer op Sonndesmëttes ze deSCOUT

landen, d‘Tombola ass an de Joren ëmmer besser ginn (sécher well de Stock vu „wertvollen Bibelot‘en“ bei de Memberen endlech eidel ass), Sponsore si fonnt ginn, de Menu huet sech geännert, mä eppes ass ëmmer d‘selwecht bliwwen: d‘Équipe dki de Gala duerchzitt ass nach ëmmer déi selwecht an hinne geléngt et och ëmmer erëm, genug Jugendlecher fir déi Saach ze begeeschteren. Eng Fro hu mer ons am Ufank gestallt, a si gouf ons och gestallt: firwat mir als Lions Bleus net selwer eng Associatioun gegrënnt hunn? Eng berechtegt Fro, wa mer esou kucken, wat aner Gruppe vu phantastesche Saache maachen. Mir hunn den Nodeel, dass mer ëmmer e klenge Grupp woren, an domadder woren a sinn ons Méiglechkeeten immens begrenzt. Ons Chefen hu souwisou alleguerte méi wéi eng Charge, mir woren a sinn ëmmer am gaang un onsem Home ze schaffen (fräiwëlleg oder gezwongen) esou dass dat zäitlech a logistesch einfach net dra wor. Eng aner Ursaach wor einfach déi, dass vill Associatiounen enorm spezialiséiert sinn, souzesoe Profi an hirer Saach sinn. Wisou solle mir ons dann do och nach dra mëschen? Jidderengem säint! Fir ons ass et méi einfach, eng Aktivitéit ze maachen, déi op e puer Deeg konzentréiert ass, an duerno ons ëm onst Haaptzil ze këmmeren: de Scoutismus. 1/06

Photos: Lions Bleus

Als Proff an engem Lycée wor si voll an där Saach engagéiert. D‘Rees vun de rumänesche Schüler huet misse virfinanzéiert ginn, d‘Geld a virun allem d‘Zäit wore knapps.

ÄER SÄITEN21


Krees ëm d’Geschicht vun a Geschichten ëm eng Statuette

Rudy Von Graes

d’BOY-SCOUT Skulptur

Am Institut Emile Metz zu Dummeldeng stoung eng wonnerschéi Statuette vun engem ‘Boy-Scout’ op enger Éiereplaz an enger Vitrine an der Entrée vum Hall. Dat war d’Saach, mir hunn eis beméit fir se nogéissen ze loossen, wat eis dann och duerch de René MERTENS gelongen ass. An esou konnte mer eisem Chef ‘Néckel’ als Éischten eng Kopie dovun den 19. Juni 1993 als ‘Merci’ fir säi 60-jäeregt Engagement bei deene ‘Gréngen’ iwerreechen. Spéider huet eise Grupp décidéiert, an Zukunft all deene verdéngschtvolle Grénge Scouten a Guiden, déi während 50 Joer aktiv am Grupp matgeschafft hunn, esou eng Skulptur ze schenken. Bis haut hunn aacht Leit eng Statuette fir hiert Engagement iwerreecht kritt. Vu wou, wéini a vu wiem koum dës Statuette op Lëtzebuerg? Um Sockel vum Original ass e Schëld ubruecht mat folgender Inscriptioun: THE GEORGES SCHOMMER INTERNATIONAL TROPHY - present to FNEL on the occasion of their 50. Anniversary in honor

22ÄER SÄITEN

of a dear brother Scout his friend Glad BINCHAM – July 1964. Si gouf also dem deemolege Commissaire général vun der FNEL Robert SCHAFFNER, deen dës Funktioun vun 1956-1978 ausgeübt huet, vum ‘International Commissioner’ vun der British Boy Scout Association, a Frënn vun der FNEL, op den dräi Eechelen 1964 iwwerreecht. Als ‘Trophy’ gouf si bei der FNEL bis an d’70er Joren ausgespillt an ass bei de Loups Blancs zu Dummeldeng an der Vitrine geland. Déi se wahrscheinlech e puer mol gewonnen hunn, an esou behale konnten. Wie wor de Kreateur vun der Statuette? Bei menger Nofuerschung an England hun d’Archive vun der ‘Scout Association’ aus Gilwell Park mer matgedeelt, dass de Baden Powell selwer dës Skulptur em d’Joer 1920 geschaf huet. Dës gouf dono am ‘Scout Shop’ vum ‘Imperial Headquarter’ zu London als ‘Trophy’ oder Cadeau an zwou Ausféierungen am Bronze oder Liichtmetall verkaf. Am Gilwell Park selwer befënnt sech och nach haut am ‘White House’ esou eng Figur. Glad BINCHAM, Roude Léiw Clan, LBSA An de Krichsjoeren 1941/44 huet de ‘Boy Scouts International Bureau’ periodesch Meetingen fir Chefen am Exil zu London organiséiert, an engem ‘International Scout Group’ wou sech Amerikaner, Belsch, Englänner, Chineesen, Fransousen, Lëtzebuerger, Hollänner, Norweger, Polen deSCOUT

an Tscheche getraff hunn. D’Lëtzebuerger Georges SCHOMMER, Jean DUPONG, Fernand STOLL an anerer hu Frëndschaft mam J.S. WILSON, Direkter vum Bureau a besonnesch mam Glad, dem engleschen Internationale Commissaire geschloss. Hie war aus der Grofschaft Kent, vu Maidstone, wou hien och ‘Chief’ vun dem ‘First Tovil Group’ an ‘Assistant County Commissioner’ war. Mat der Hëllef vum Bureau gouf mam Haff Kontakt vu Säite vun der FNEL an LS opgeholl, fir den Ierfgroussherzog S.A.R. de Prënz Jean un enger Zesummeféierung vun deenen zwou lëtzebuerger Scoutsfederatiounen nom Krich ze interesséieren. Dem Chef Scout vun der FNEL ‘Menn’ SCHOMMER war un dëser Vereenegung vum lëtzebuerger Scoutismus besonnesch vill geleeën. Mëtten am 2. Weltkrich am Joer 1943 hunn e puer Rover vun deenen zwou Federatiounen, zu London den ‘First Luxembourg Rover Crew’(Roude Léiw Clan) gegrënnt. Domat war de Grondstren fir déi spéider ‘Luxembourg Boy Scouts Association’ geluegt. De Prënz Jean huet de Patronage am Januar 1944 iwwer de Clan geholl. An d’Rover am Exil hunn am Fréijoer 1944 am engleschen H.Q. um 25, Buckingham Palace Road zu London, am fréiere Büro vum Baden Powell, hiert Verspriechen erneiert. Op d’lëtzebuerger Faarwen an de grénge Scoutsfändel mat der Fleur de Lys, deen englesch Guide gebitzt haten, an deen de Glad BINCHAM gestëft huet. 1/06

R. Von Graes

Et war am Joer 1993, eisem éischte Chef a Grënnungsmember Neckel BENASUTTI säi 60. Scoutsanniversaire stoung virun der Dir. An d’Chefe vun de Grénge Scouten hu sech d’Käpp zerbrach, wat de Grupp him kéint als Cadeau maachen. Beim Siche koum eis de fréiere Commissaire Emile DELL, Chef de groupe vun de Loups Blancs, zur Hëllef.

ÄER SÄITEN23


Dëst Joer hu mer eis op der Gare getraff fir mam Zuch op Schëtter an de Castoren hiren Home ze düsen. Wou mer bis all an der Gare woren, si mer e bësse gelaf fir den Zuch ze kréien an du konnt et lass goen!

Annik

d’AIGLES um KRESCHT-CAMP

WINDSOR CASTLE, BP-ROOM, HYTE Am Fréijoer 1946 huet de Glad eng FNEL-Delegatioun, déi aus dem Georges SCHOMMER, Robert SCHAFFNER, Guill LAUFF a Raymond THEVENIN bestan huet, op Maidstone agelueden. Bei dëser Geleeëenheet huet de Chef Scout vum Commonwealth a British Empire Lord ROWALLAN si um St. George Day am Windsor Castle, dem Kinnek George VI an der Kinnigin Elisabeth, souwéi de Prinzessinen Elisabeth a Margaret virgestallt a Präsenz vun 1000 King’s Scouts.

24ÄER SÄITEN

En Dag dono, den 29. Abrëll 1946 goufen de ‘Loup gris’ an de ‘Stôches’ am B.P. Room zu London vum englesche Chief Scout ausgezechent. Dem Goerges SCHOMMER gouf déi héchsten englesch Auszeechnung de ‘Silver Wolf’ iwwerreecht fir seng Verdéngschter ëm de Scoutismus, besonnesch awer de lëtzebuerger Scoutismus, ervir ze hiewen. De ‘Silver Wolf’ ass bis haut nëmmen dräi mol u Lëtzebuerger iwerreecht ginn (1946 Georges SCHOMMER; 1964 Grand-Duc Jean; 1972 Robert SCHAFFNER). De Robert SCHAFFNER, deemolege FNEL Commissaire fir d’Nordregioun, gouf am Aarbechtszëmmer vum B.P. als éischte mat der ‘Medal for meritorious conduct’, der nei geschafener englescher Auszeechnung, fir seng Haltung an de Krichsjoeren 1940-1945 vum engleschen Chief-Scout ausgezeechent. Dësen Dag war fir d’FNEL a Lëtzebuerg eng besonnesch Éier. Eise Frënd Glad ass am Joer 1968 verstuerwen, zu sengem Gedenken huet d’FNEL e Camp fédéral mam Num ‘Glad Bincham Memorial Camp’ zu Hyte an England, am Summer 1968 ënnert der Féierung vum Emile DELL a Renée WELL mat 120 Participant’en organiséiert. An domatt de Geescht vun der englesch-lëtzebuerger Frëndschaft erneiert. Dëst alles, als Geschicht a Geschichten ëm eng Statuette vum Baden Powell, eisem Grënner, an och d’FNEL Geschicht. deSCOUT

Photos: Aigles

Nom Krich, Sonndes de 7. Oktober 1945, hunn déi zwou lëtzebuerger Scoutsfederatiounen (FNEL an LS) d’Conventioun a Präsenz vum Prënz Jean am Grand Hotel Brasseur zu Lëtzebuerg ënnerschriwwen. Ënnert deene villen Éieregäscht war och eise Frënd Glad an den englesche Generalsekretär Fred HURLL mat dobäi. Sou kënne mer hien als eng Art ‘Parrain’ vun der LBSA gesinn. Den 28. Oktober 1945 huet den Ierfgroussherzog Jean, a Präsenz vum Commissaire général vun der FNEL, Georges SCHOMMER an Aloyse HENTGEN (LS), säi Scoutsversprieche feierlech op déi zwee Fändele vum ‘Roude Léiw Clan’ vu London ofgeluegt. Dëst am Stadion zu Lëtzebuerg, viru 5000 Scouten an Eieregäscht aus dem ganze Land. Domat huet hien d’Engagement als ‘Chef Scout’ vu Lëtzebuerg ugeholl, bis haut 60 Joer duerno.

Zu Schëtter ukomm, si mer vum Schnéi iwwerrascht ginn an no engem klengen Trëppeltour si mer am Home ukomm. Mir hunn eis relax installéiert, wat keng grouss Schwieregkeet bei nëmmen 9 Scouten a Guide war. Wou mer fäerdeg woren, hunn d'Chefe gepaff a si hunn eis erkläert, wéi déi Saach mat de Götter wierklech ofgelaf ass (den Thema vum Camp ware grichesch Götter). 1/06

D’Chefe wore Götter vum Olymp, wou si “erausgekickt” goufen (vum Hades wann ech mech richteg erënneren). Vu dass den Zuch genee niewent dem Home laanschtfiert, misste mer all Kéier “Ohh Hades” soe fir dem Hades (Gott vun der Ënnerwelt) mengen ze dinn, dass mer kee Plang heegen an dass mer em nach ëmmer follegen (ass eng komplizéiert Geschicht!). ÄER SÄITEN25


Dunn ass et esou richteg lassgaang a mir hu patrulleweis Deeg gemaach, ee Broutan ee Kichelchersdeeg. D'Chefen hunn eis nach erkläert, wéi ee mat Kompass, Réimer a Kaart ëmgeet. Wou dat fäerdeg wor, krute mer eppes déck LECKERES z'iessen (weess leider den Numm net méi). Duerno hu mer eis Chargë gemaach, eis waarm ugedon an dunn hate mer en Nuetsspill. Et wor en déck relaxt Nuetsspill am Gaart vum Home. No dem Nuetsspill hu mer entweder "Jungle Speed" oder "Klapp" gespillt, an dobäi Téi gedronk, deen en déck komeschen Numm hat. Dunn ass et an d'Bett gaangen... a mir hätten normalerweis missen direkt schlofen... Well moies si mer op Max-Art erwächt ginn an et wor net sou einfach opzestoen. Mir hunn eis mat Bréidecher (déi mat dem selwergemaachten Deeg) gestäerkt an hunn e Fotoshooting gemaach. Herno hu mer en Dropping gemaach, wou am Ufank net grad jiddereen begeeschtert dervu wor. Um Dropping wor et awer déck cool an d’Landschaft wor immens schéin. De Schnéi wor plazeweis relativ héich. Endlech rëm am Home ukomm, hate mer e bësselchen Temps Libre. D'Chefen hunn nach Kichelcher gebak oder Fotoe prett gemaach fir duerno mat de Scouten ze développéieren. Z'iesse goufen et lecker Nuddele mat Pesto, spéider goufen d'Chargeë gemaach.

26ÄER SÄITEN

Patrulleweis hu mer dono d'Fotoe vum Shooting développéiert. Während déi eng Patrull domat beschäftegt war, hunn déi aner d’Zäit och gutt erëm kritt (Schnéiballschlacht, relaxen, Jungle Speed spillen...). Duerno hunn der puer hir Dusche geholl an da gouf giess, ier mer Troja am Home Cinema gekuckt hunn. Moies hu mer e Jeu de Piste gemaach, wou mer op de Posten entweder Koordinaten oder Peilunge krute fir de Wee ze fannen an zreck an d'Home ze gelaangen. Géint 12 Auer si mer do ukomm. Nom Iesse goung et op e Jeu de “Ville” an enger klenger Cité. Do hu mer missen dem Hades seng Gehëllef fannen. All Chef huet eis ee Mierkmol vum Verdächtege gesot, well hie konnt och ee vun hinne sinn. Natierlech missten mer och ëmmer eppes fir all Indiz maachen. Dono wou d’Spill fäerdeg wor, huet sech erausgestallt, dass de Charel dem Hades säi Gehëllef wor, an deem seng Séil praktescherweis dobäi hat. Lo awer net de Charel folteren, et wor nëmmen e Spill! Mir sinn heem gaangen an hu geduscht an eis all e bësse méi schick ugedo fir d'Veillée, hunn den Dësch gedeckt an e bëssen an der Kiche gehollef. Et sinn nach aner Leit bäikomm an du konnt et lassgon. Jiddereen huet sech seng Raclette gemaach a mir hunn se genoss. Wou d’Iesse fäerdeg wor, gouf et Mousse au Chocolat, deSCOUT

déi och jidderengem gutt geschmaacht huet. Dunn hunn d’Chefen de Casino virbereet, well Owes hate mer Casinonight. Wou d’Chargë fäerdeg woren, huet eis dëst meeeega cooolt Spill erwaart. Virun eis wore 4 Stänn, wou mer eis Suen (Scouty'en) konnten ausginn an entweder gewannen oder verléieren. Déi 4 Stänn woren eppes, wou ech net kapéiert hunn, wéi et geet an den Numm och leider net méi weess, Poker, Blackjack a Roulette. Zum Schluss goufen nach 3 Tute mat Kamellen versteet. Moies wor et réischt richteg brutal. No engem doucen “erwächen” vum Fabienne wou keen erwächt ass, ass de Charel komm an huet e puer Leit ageseeft a gläichzäiteg Fotoe gemaach. Jidderee wor du genuch waakreg an ass opgestan. Mir hunn du giess a mam Jules eppes gemaach fir op de Foulard. Do huet een zimlech vill Nerven gebraucht, well beim klengste Feeler misst een erëm frësch ufänken. Fir d'Mëttegiessen hu mer eng Zopp mat alles dran zu eis geholl. Mëttes ass gebotzt ginn, gebotzt ginn, gebotzt ginn... Wou mer fäerdeg woren huet de Jim et nach fäerdeg bruecht, de Schlëssel am Auto ze vergiessen, sou dass en den Auto net méi opkrut. Mir sinn all op d’Gare zu Schëtter gaang, hunn den Zuch geholl a sinn op der Gare zu Lëtzebuerg ukomm... Dee Camp wor déck cool a mega relax! 1/06

ÄER SÄITEN27


de klenge SCOUT Claude Freistroffer

Dick Dick Daack, muer ass Ouschterdag A wat mecht ee fir Ouschteren? Natierlech, et fierft een Eeer. Mir si jo awer bei de Scouten an dofir maache mir dat dann e weinech anescht: mir maachen ons Faarwen naemlech selwer. Dat heescht, mir benotze Produkter aus der Natur: dat huet zum engen de Virdeel datt

et naischt kascht an awer och dat ganz secher keng Schiedstoffer an d’Eeer kommen. Ausserdem sinn d’Faarwen net esou grell, mee schei passend a Pastelltein. Mee opgepasst, dei Faarwe sinn zimlech schweier als Flecken ewech ze kreien. Ditt also am beschten ee Schiirteg an Haenschen un!

Wat kann een dann elo gebrauchen? Majo, dofir kann een eng helle Wull Produkter aus dem Gaart an dem Besch benotzen. Hei einfach emol der Faarfrichtung no opgezielt. Also fir Roud kennt a Fro: Apelbaamschuel oder Biirkeschuel (liicht roud) Roude Kabes oder Kabesblieder (roud-mauve) Blo kritt een aus Hielaennerjus (groblo bis schwaarz) Fir giel oder Orange helt een: Kamillebleien, wieleg Biirkenblieder oder Brennesselblieder (gielgreng) Apelbaamblieder, Safran, Fliederbleien (giel) Ahornblieder (goldegiel) Muerten (orange-giel) Brong kennt vun: Eecheschuel, Kaffi oder Tei ganz secher kann een dat mat Enneschuele maachen.

28ZU GUDDER LESCHT

deSCOUT

1/06

Bleift nach greng. Do kann een Efeublieder huelen (lichtgreng) oder Spinat respektiv Peiterseileg. D’Hirstellung vun dem Fierfmettel ass plus ou moins fir all des Saachen dei selwecht, et muss een einfach mei oder manner Zutaten a mei oder manner Waasser geheien, opkache loossen, an da kann ee schonns d’Eeer dra leen an dei jee no gewenschter Nuance mei oder manner laang dra leie loossen. Fir di Saach nach mei flott ze maachen, kann een och nach ee Muster op d’Eeer opbrengen. Dofir helt een entweder eng al Stremp oder esou en Netz wou Orangen oder Mandarinen dran agepak sinn an et weckelt een dei eenzel Eeer do dran an, ier ee se an d’Waasser leet . Net vergiessen d’Eeer virdru mat Esseg eng Keier of ze maachen a wa se bis gefierft si mat Ueleg anzereiwen, da blwnke se schein de klenge SCOUT wenscht iech vill Spaass ZU GUDDER LESCHT29


3

GUDDEN APPETIT Jacques Degardin

eng BRENNESSELSZOPP Mir brauchen: 1 kg Brennesselblieder, 750 ml Waasser, 1 BouillonCube, 2 Iessläffel Botter, 1 Iessläffel Miel, 1 Grapp Bratzelen, Salz a Peffer Do Händschenun, fir kleng, jonk Brennesselblieder ze plécken. D’Blieder ginn zesumme mam Cube an dat kachend Waasser geschott.

FROEN

No 5 Minutten d’Blieder erëm eraushuelen an d’Dëppen op d’Säit stellen. An engem aneren Dëppen de Botter schmëlzen an d’Miel dra réieren. No an no d’Brennessels-Britt aus dem aneren Dëppen dra schëdden. D’Brennesselsblieder an d’Bratzele zerklengeren an an d’Zopp schëdden. D’Zopp mat Salz a Peffer würzen. Se schmaacht och ganz gutt mat haart gekachten Eer derbei. Gudden Appetit.

Un d’Thérèse Michaelis, Psychologin

Jugend an Uniform, ass dat kompatibel? D’Jugend ass a gëtt nach ëmmer weltwäit an Uniforme gestach, ob se et wollten a wëllen oder net. Souguer wann een hei an eng Schoul kucke geet, mierkt een, dass déi Jonk immens uniform gekleet sinn. Och wa mer an enger ëmmer méi individualistescher Gesellschaft liewen, gi mer beaflosst, souwuel vun der Kleederindustrie wéi vum sozialen Ëmfeld. Duerch de Stil vun hirer Kleedung weise si och gär, dass se zu engem Grupp gehéieren a stäerken hiert Zugehöregkeets-Gefill. Bei de Scouten (awer och z.B. am Sport) ass et genee d’selwecht: duerch d’Uniform sinn d’Scouten erkennbar a weisen esou no baussen, dass se zu engem bestëmmte Grupp gehéieren. Wann een awer emol kuckt, wat déi Jonk haut unhunn, sinn et bestëmmt keng Hiemer. Dofir erschéngt ville Jonken d’Scouts-Uniform zimlech almoudesch, e bësse wéi e Paschtouer an der Soutane. Wat ass den Notze vun enger Uniform? Et hängt ganz dovun of, wéi et benotzt gëtt: duerch eng uniform Kleedung verwëschen déi sozial Ënnerscheeder, den Drock vun de Kleedermarquen, déi grad in sinn, fällt ewech. D’Uniform ass och en Deel vun enger gemeinsamer Traditioun, woubäi ee sech froe muss, ob ee sech nach ëmmer kann op déi Traditioun beruffen: den Origine ass jo militäresch, wat haut näischt méi mat Scoutismus ze dinn huet. D’Uniform gëtt och heiansdo mëssbraucht, fir Strukturen ze festegen a Positiounen ze halen. Ass eng Uniform integrativ oder exklusiv? Et muss een déi gëlle Mëtt fannen. Engersäits ginn d’Differenzen opgehuewen (woubäi d’Individualitéit vum Eenzelne muss respektéiert ginn) a jidderee weist domat, dass hien zu engem Grupp gehéiert. Anerersäits ginn awer erëm Differenzen innerhalb vum Grupp geschaf: duerch Rangofzeechen gëtt z.B. eng Hierarchie opgebaut oder gefestegt. Et schaaft een e Konkurrenzdenken, wat och duerch d’Beloununge mat Badger ënnerhale gëtt. En anere Problem vun Uniform droe kann doran bestoen, dass jidderee ronderëm sech ausgeschloss fillt! Ass dat gewënscht oder net?

30ZU GUDDER LESCHT

deSCOUT

1/06

ZU GUDDER LESCHT31



Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.