Meng Gemeng - Editioun 'Februar / Mäerz 2009'

Page 6

Meng_Gemeng_0209_chs

30/01/09

10:48

Page 6

Péiteng – Meng Gemeng

6 litéit ginn. Zesumme mam Stat a Proaktif entsteet op dësem Site en didaktesche Fräizäitraum. Esou wäerten am Laf vun 2009 ronn 50.000 Euro investéiert gi fir déi baussegt Aarbechten ze maachen. Bannenan iwwerhëlt de Stat d’Aarbechten. D’Gesamtinvestissementer belafen sech op 266.754 Euro fir dëse Projet. Wat déi Péitenger Millen ugeet, do bleift d’Gemeng um Ball, mä am Abléck heescht et nach ëmmer op eng Entscheedung vum zoustännege Ministère waarden. Doriwwer eraus lafen awer och – wat jo am Alldag wichteg ass – Gespréicher fir eventuell e Geméismoart oder e Moart mat Bio-Produkten eemol an der Woch hei an der Gemeng kënnen unzebidden. An a Saachen Ëmwelt … ...do wäert sech d’Gemeng och nees a verschidde Beräicher engagéieren. Esou bleiwen d’Ausgabe fir d’Diagnostik vun der Loftqualitéit bestoe fir Miessungen an Analysen am Laf vum Joer ze maachen an duerno e Bilan opzestellen iwwer déi lescht Jore fir ze gesinn, ob d’Strategie vun der Gemeng op dësem Gebitt richteg war. Ganz positiv ass och ze er-

An der Rollenger Mille soll nees Liewen akéieren

nimmen, datt den Dossier SLR 2009 keng Ausgabe mat sech bréngt well d’Geriicht sech zu Gonschte vun der Gemeng entscheet huet. Wat de Finanzement vun all deene Projeten hei an der Péitenger

Gemeng ugeet, esou gëtt dat zu 44% aus dem „excédent ordinaire“ 2009 an zu jee 28% aus Subside vum Stat esou wéi aus dem Report 2008 gemaach. Och wann hei nëmmen e Brochdeel vun de Projeten an Aarbech-

te kann ernimmt ginn, esou zeechent sech of, datt nach vill ze maache bleift. Elo heescht et nach just d’Äerm eropstrëppen a lassleeën, well d’Aarbecht mécht sech net vum selwen!

LTMA – deen neie Lycée gouf ageweit A Präsenz vun de Ministere Mady Delvaux-Stehres a Claude Wiseler esou wéi ganz ville Gäscht gouf de Lycée Technique Mathias Adam zu Péiteng den 16. Januar 2009 ageweit. Symbolesch krut den Direkter Edgar Muller de Schlëssel vun dësem moderne Schoulgebai iwwerreecht. Am Laf vun der Besichtegung vun deenen neien, moderne Raimlechkeete konnten sech d’Gäscht e Bild maache vun den Aarbechten, déi hei an deene leschte Méint a Joer geleescht goufen. Den LTMA ka maximal tëscht 1500 an 1800 Schülerinnen a Schüler ophuelen. Den Abléck sinn 1300 jonk Leit a 76 Klassen hei ageschriwwen. Si gi vun 190 Léierpersounen encadréiert. Am Gebai sinn am ganzen 114 Klassesäll op 4 Stäck verdeelt. Dorënner sinn 14 Atelieren, déi alleguer am Sous-sol ënnerbruecht sinn. Zousätzlech kommen och nach eng ganz Rëtsch Raim derbäi, déi vun de Mataarbechter respektiv dem Léierpersonal genotzt ginn oder déi fir déi technesch Installatioune virgesi goufen. Dee ganze Projet huet 110 Milliounen Euro kascht.


Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.