KLIK N°21

Page 1


TUBE.PHOTO.DASH

Exposition de groupe

Commissaire : Théophile Calot

09.05.2025 – 14.09.2025

Casino Luxembourg Forum d’art contemporain

La gazette d’art pour enfants et familles D’Konschtzeitung fir Kanner a Familljen N°21 / 09.05.2025 – 11.10.2025

Aline Bouvy : Hot Flashes

Exposition personnelle

Commissaire : Stilbé Schroeder

21.06.2025 – 12.10.2025

Marco Godinho : The Hidden Library

Exposition personnelle

Commissaire : Paul Di Felice

24.04.2025 – 11.10.2025

FR Les trois expositions de cet été tournent toutes autour du récit, du souvenir, du livre, de l’exploration au sens large.

Que « cachent » les livres de Marco Godinho dans The Hidden Library (la bibliothèque cachée) ? Qu’est-ce qui se dissimule derrière le miroir de l’exposition Hot Flashes d’Aline Bouvy ? Quelles histoires racontent les photos sur les murs de l’exposition collective TUBE.PHOTO.DASH ?

Patience ! Dans les pages à suivre nous allons te révéler ce que tu ne vois pas (encore). À tes crayons ! C’est parti !

Erratum KLIK N°20, page 12 : Il s'agit bien de la 20e édition de la KLIK, mais elle n'a pas encore 20 ans. Les anniversaires ronds sont l'année prochaine – 10 ans KLIK, 30 ans Casino !

LU Déi dräi Ausstellungen dëse Summer dréinen sech all ëm Geschichtenerzielungen, Erënnerung, Bicher an em d’Entdecken.

Wat „verstoppen“ d’Bicher vum Marco Godinho a senger Hidden Library (d’verstoppte Bibliothéik)? A wat geschitt hannert dem Spigel an der Ausstellung Hot Flashes vum Aline Bouvy? Wéi eng Geschichten erzielen d’Fotoen op de Mauere vun der Gruppenausstellung TUBE.PHOTO.DASH?

Gedold! Op de nächste Säite verrode mir, wat s du (nach) net gesäis. Also gräif zum Bläistëft a lass geet et!

TUBE.PHOTO.DASH

FR Quelle est ta façon préférée de regarder des photos ? Tu préfères feuilleter un album ou un livre de photos, confortablement installé·e dans un fauteuil ? Ou tu préfères quand elles sont accrochées au mur, dans tous les formats imaginables ?

Tu verras que les artistes ne manquent pas d’idées pour montrer les photos sous des formes parfois très inhabituelles. Que penses-tu par exemple des photos collées sur les vitres de l’« Aquarium » ? Ou des images de diapositives projetées en format minuscule sur le mur ? Ou encore du drapeau géant au motif plutôt inattendu ?

D’ailleurs, reconnais-tu l’objet représenté sur le drapeau ? Dessine-le ci-dessous :

N’hésite pas à prendre place sur la « super chaise » (Super Chair) de Ken Isaacs. Au Casino, elle a été conçue de façon à ce que tu puisses t’y’allonger et observer la projection au plafond. La projection fait défiler les pages d’un livre comme des nuages qui défileraient au-dessus de nos têtes.

Est-ce que tu arrives à reconnaître des motifs dans les nuages du ciel ?

LU Wéi kucks du am léifste Fotoen? An engem Fotosalbum oder an engem Buch a gemittlech um Canapé installéiert? Oder léiwer opgehaangen un der Mauer? Am grousse Format oder éischter kleng?

Du wäerts feststellen, dass Kënschtler ëmmer ganz vill Iddien hu fir Fotoen heiansdo a ganz ongewéinleche Formen ze weisen. Wat häls du zum Beispill vun de Fotoen, déi un d’Fënsteren am Aquarium gepecht sinn? Vum Diasprojekter, deen eng ganz kleng Projektioun vu Biller un d’Mauer mécht? Oder vum risege Fändel mat engem zimmlech onerwaarte Motiv drop?

Iwwregens, erkenns du, wat op dem Fändel ze gesinn ass? Zeechen et hei ënnen drënner:

Zéck net fir dech op de „Super Stull“ (Super Chair) vum Ken Isaacs ze setzen. Hei däerfs du dech souguer dropleeën, fir d’Projektioun um Plaffong ze kucken. Wann d’Säite vum Buch iwwert dir laanscht zéien, hues du vläicht e bëssen d’Gefill wéi wann s du géifs an d’Wolleke kucken…

Wat gesäis du alles wann s du an t'Wolleken am Himmel kucks?

FR Est-ce que tu as déjà pris toi-même des photos ?

Les photos collées en bande en bas des murs des salles d’exposition n’ont pas été prises par des artistes mais par des enfants et adolescents dans le cadre d’ateliers. Essaie de retrouver parmi toutes les photos celle-ci :

Maintenant, c’est à toi de jouer. Avec un appareil photo ou un portable, essaye de prendre 7 photos autour d’un même sujet (si tu n’as pas d’appareil photo ou de portable, tu peux également dessiner les motifs sur une feuille) :

• 7 portes différentes

• 7 choses qu’on peut manger

• 7 objets en bois

• 7 photos du ciel

• 7 objets qui commencent par la même lettre

• Sujet au choix

LU Hues du scho selwer Fotoe gemaach?

D’Fotoen, déi als Band ënnen un der Mauer duerch déi zwee Ausstellungsraim gepecht sinn, goufen net vu Kënschtler gemaach, mee vu Kanner a Jugendlecher am Kader vun Atelieren! Probéier dës ganz speziell Foto ënnert all de Fotoen ze fannen:

Elo bass du drun: Léin dir den Handy oder eng Kamera vun dengen Elteren, a probéier 7 Fotoe vum selwechten Thema ze maachen (wann s du keng Kamera oder Handy hues, kanns du deng Biller och einfach op ee Blat molen):

• 7 verschidden Dieren

• 7 Saachen, déi een iesse kann

• 7 Objeten aus Holz

• 7 Fotoe vum Himmel

• 7 Objeten, déi mam selwechte Buschtaf ufänken

• Oder däin eegent Thema!

Hot Flashes

Aline Bouvy

FR L’exposition Hot Flashes au premier étage est entièrement consacrée aux oeuvres de l’artiste belgo-luxembourgeoise Aline Bouvy.

Aline est plasticienne, c’est-à-dire qu’elle utilise des outils et des matériaux très divers pour créer ses oeuvres d’art. Ces oeuvres peuvent se présenter sous forme de sculptures, de dessins, de films, etc.

LU D’Ausstellung Hot Flashes um éischte Stack gehéiert ganz der belschlëtzebuergescher Kënschtlerin Aline Bouvy.

D’Aline ass eng plastesch Kënschtlerin, dat heescht, si benotzt eng breet Pallette vu Materialien an Techniken, fir hir Konschtwierker ze erschafen. Hir Wierker kënnen also ganz ënnerschiddlech Formen unhuelen: Skulpturen, Zeechnungen, Filmer a villes méi.

Où aimais-tu jouer quand tu étais enfant ?

Quand j’étais petite, mon père m’avait construit une grande maison en bois pour mes Barbies et nous l’avons décorée avec de vieilles tapisseries et installée dans le grenier. C’était un endroit où les adultes n’allaient pas souvent, mais moi, j’y ai passé beaucoup de temps.

Et bien sûr, l’extérieur. À l’époque il y avait beaucoup de champs ; il y avait aussi une rivière, où je jouais souvent avec les autres enfants du village et où on construisait des barrages.

Tu étais une enfant très indépendante. Est-ce que ça t’a aidé pour devenir artiste ?

Ici à Luxembourg il n’y avait pas école entre 12 et 14h, ni les mardi et jeudi après-midi. Mes deux parents travaillaient donc j’ai passé du temps dans les rues de la ville. J’aimais aller au cinéma ou dans les librairies. Ça a certainement contribué à former mon imaginaire. J’ai appris à apprécier le temps passé seule.

Qu’est-ce qui te plait particulièrement dans l’art ?

Être artiste, c’est à la fois être indépendant et faire partie d’une Histoire composée d’autres artistes, d’autres pensées, du passé et du futur. L’art permet de rester curieux, d’expérimenter de nouvelles choses, et ça force à rester ouvert et attentif au monde et aux gens qui nous entourent.

Qui est l’extraterrestre qu’on retrouve dans ton exposition ?

E.T. l’extraterrestre est un personnage d’un film que j’ai vu pour la première fois quand j’étais enfant. Il arrive sur notre planète et noue une amitié avec Elliott, un petit garçon qui le cache dans sa maison. J’ai redécouvert ce film récemment, 40 ans plus tard. Aujourd’hui, je le vois autrement : c’est plus un film sur l’acceptation de l’autre qu’un film sur les extraterrestres. Ce que je comprends maintenant que j’ai moimême une fille, c’est que chaque personne est un être en soi, et personne ne saura jamais vraiment ce qu’une autre personne pense, ni de quoi elle est constituée. C’est pourquoi je pense qu’il faut constamment essayer d’être dans l’acceptation de l’autre et de ses différences.

Aline Bouvy –

Haass du wou s du kleng waars iergend eng Liblingsplaz?

Wéi ech kleng war, huet mäi Papp mir e grousst Holzhaus fir meng Barbie gebaut, wat mir mat alen Tapéiten dekoréiert an um Späicher installéiert hunn. De Späicher war en Deel vum Haus, wou déi Erwuessen net oft waren, mee ech hunn als Kand do vill Zäit verbruecht.

An natierlech dobaussen. Deemools gouf et vill Felder an et gouf e klenge Floss, wou ech dacks mat deenen anere Kanner aus dem Duerf gespillt hunn a mir souguer Dämm gebaut hunn.

Du waars als Kand ganz onofhängeg. Hëlleft dat dir haut als Kënschtlerin?

Hei zu Lëtzebuerg hate mir Dënschdes an Donneschdes ab Mëttes 12 Auer ni Schoul. Meng béid Elteren hu geschafft, dofir hunn ech meng ganz Zäit op de Stroossen an der Stad verbruecht, sinn an de Kino oder an de Bicherbuttek gaangen. Dat huet sécherlech zu menger Fantasie bäigedroen. Et huet mech och d’Zäit eleng schätze gelooss.

Gëtt et eppes, wat s du un der Konscht besonnesch gär hues?

Kënschtlerin ze sinn heescht souwuel onofhängeg ze sinn, wéi och Deel vun eppes Groussem ze sinn, dat aus anere Kënschtler, anere Gedanken, der Vergaangenheet an der Zukunft besteet. Konscht erlaabt eis, virwëtzeg ze bleiwen, mat neie Saachen ze experimentéieren, a si hëlleft eis, oppen an opmierksam op d’Welt an d’Leit ronderëm eis ze sinn.

Wat huet et mam Alien an denger Ausstellung op sech?

E.T. den Alien ass e Film, deen ech fir déi éischte Kéier als Kand gesinn hunn. Et ass d’Geschicht vun engem Alien, deen op eisem Planéit ukënnt a Frëndschaft mam Eliott schléisst, engem klenge Jong, deen den E.T. a sengem Haus verstoppt. 40 Joer méi spéit hunn ech de Film nei entdeckt. Mee haut gesinn ech en anescht: et ass éischter e Film iwwer d’Akzeptanz vun aneren an net just e Film iwwer Ausserierdescher. Wat ech mat menger Duechter verstanen hunn ass, datt all Mënsch en Individuum ass, a kee wäert jee wierklech wëssen, wat déi aner Persoun denkt oder aus wat se gemaach ass. Dofir mengen ech, geet et wierklech drëm, anerer ëmmer z’akzeptéieren, och d’Ënnerscheeder.

Aline Bouvy –

FR Aline adore jouer sur les tailles et les couleurs d’objets familiers. Quand on change la taille ou la couleur d’un objet familier, il devient d’un coup très étrange et méconnaissable (comme, par exemple, le hamburger gigantesque).

Est-ce que tu reconnais des objets qu’Aline a transformés ainsi ? Dessine-les (ou entoure-les).

As-tu remarqué la particularité de la grande structure en verre dans la grande salle ? Que se passe-t-il au niveau de ton reflet quand tu passes d’un côté à l’autre de la structure ?

LU D'Aline spillt gären mat de Gréissten a Faarwe vun

Alldagsgéigestänn. Wann een d’Gréisst oder d’Faarf vun engem

Objet ännert, gëtt en op eemol ganz komesch a net méi ze erkennen (wéi zum Beispill de risegen Hamburger).

Erkenns du d’Objeten déi d’Aline hei verwandelt huet? Du kanns se gäre molen oder se ëmkreesen!

Ass dir schonn déi ongewéinlech Mauer aus Glas am Haaptsall opgefall? Wat geschitt mat dengem Spigelbild, wann s du vun enger Säit vun der Struktur op déi aner riwwer gees?

Ateliers de vacances Vakanzenatelieren

Participation : 14€ par enfant / 12€ avec la Klik Kaart / 1,50€ avec le Kulturpass

Pour les enfants de 7 à 12 ans

Participatioun: 14€ pro Kand / 12€ mat der Klik Kaart / 1,50€ mam Kulturpass Fir Kanner vu 7 bis 12 Joer

VACANCES DE PÊNTECOTE / PÄISCHTVAKANZ

Mercredi / Mëttwoch 28.05.2025, 9h00 – 16h30

Mon petit livre – aujourd’hui je raconte l’histoire ! avec Rafaela Bermond, artiste visuelle, illustratrice et éducatrice artistique mam Rafaela Bermond, Kënschtlerin, Illustratrice a Konschteducatrice

VACANCES D’ÉTÉ / SUMMERVAKANZ

Mercredi / Mëttwoch 23.07.2025, 9h00 – 16h30

Monde de rêves / Traumwelten avec Emma Bervard, illustratrice et graphiste mam Emma Bervard, Illustratorin a Graphikdesignerin

À l’aide de papier, de ciseaux, de peinture et d’une bonne dose d’imagination nous rassemblons les éléments issus de notre fantaisie pour créer un grand monde imaginaire.

Mat Pabeier, Schéier, Faarf an enger gudder Dosis Fantasie brénge mir d'Elementer aus eisen Dreem zesummen, fir eng gemeinsam imaginär Welt ze erschafen.

Mercredi / Mëttwoch 10.09.2025, 9h00 – 16h30

Beyond the frame avec le duo d’artistes i&i / mam Kënschtlerduo i&i

Avec i&i, découvrez la magie de la photographie analogique. Lors de cet atelier créatif, nous allons explorer les techniques de transfert d’images et apprendre comment les photos peuvent se manifester physiquement sur divers supports et prendre de formes nouvelles.

Mat i&i entdecke mir d'Magie vun der analoger Fotografie. An dësem kreative Workshop experimentéiere mir mat Billertransfertechniken a fannen eraus, wéi Fotoen sech op verschidde Medie manifestéieren a nei Formen unhuele kënnen.

Visite contée / Erzielvisitt

Pour enfants accompagnés d’un·e adulte, 30-45 min. (âge : 4+) Venez découvrir en famille les oeuvres des expositions TUBE. PHOTO.DASH, Hot Flashes et The Hidden Library, tissées dans un récit ludique.

Fir Kanner a Begleedung vun engem Erwuessenen, 30-45 Minutten (ab 4 Joer).

Kommt an entdeckt mat der Famill d'Wierker aus den Ausstellungen TUBE.PHOTO.DASH, Hot Flashes an The Hidden Library, déi zu enger spillerescher Geschicht gewieft sinn.

Les yeux grands ouverts / Ae wäit op

Dimanches (en juillet) : Sonndes (am Juli):

LU 13.07. 11h00

FR 20.07. 11h00

EN 27.07. 11h00

Mon ami, l'extraterrestre / Mäi Frënd, den Ausserierdeschen

Lundi (en août) : Méindes (am August):

LU 04.08. 11h00

FR 11.08. 11h00

EN 25.08. 11h00

Dimanches (en septembre) : Sonndes (am September):

LU 14.09. 11h00

FR 21.09. 11h00

EN 28.09. 11h00

Newsletter

Inscrivez-vous! Schreift Iech an!

Nuit des Musées

11.10.2025 www.museumsmile.lu/fr/ nuit-des-musees

KLIK KLAK KOPPLABUNZ

06. & 07.09.2025 / 11:00 – 18:00

Votre weekend créatif en famille ! Le Casino Luxembourg propose un programme artistique amusant pour petits et grands.

Au programme :

• Installation artistique et performance du collectif META

• Exposition CACHE-CACHE

VILLE de Agathe Demois et Vincent Godeau

• Ateliers en continu avec Patrick Hallé, Aurélie d’Incau et l’équipe du Casino Luxembourg

• Visites contées

Le programme complet sur www.casino-luxembourg.lu/agenda

Pour toute question : 22 50 45 ou klik@casino-Luxembourg.lu

Éditeur: Casino Luxembourg Texter a Koordinatioun: Nadina Faljic, Filipa Lima de Oliveira, Katharina Stütze Grafik an Illustratioun: Bakform, Patrick Hallé

Mat der Zesummenaarbecht vum Aline Bouvy, dem Sylvie Koenig an dem Casino

Team Drock: Casino Luxembourg, Metapaper Extrarough Recycling White, 120 g/m2

Oplo: 150 Ännerunge virbehalen: 16.07.2025

© Casino Luxembourg – Forum d’art contemporain

Äre kreative Famillje Weekend!

De Casino Luxembourg proposéiert e lëschtege Konschtprogramm fir Grouss a Kleng.

Um Programm:

• Konschtinstallatioun a Performance vum Kollektiv META

• Ausstellung CACHE-CACHE

VILLE vum Agathe Demois a Vincent Godeau

• Duerchgehend Workshoppe mam Patrick Hallé, Aurélie d’Incau, an dem Casino Team

• Erzielvisitten

Le Casino Luxembourg – Forum d’art contemporain bénéficie du soutien financier du Ministère de la Culture.

ISBN : 978-2-919790-59-3

Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.