
1 minute read
D’Associatioun “Clowns4u” stellen sech kuerz vir,
Mir wousste wuel all insgeheim datt et do nach ëmmer eng Plaz an eisem Häerz fir ee gëtt. Eng Perséinlechkeet déi sou anescht ass wéi déi vun eis selwer ...
No e puer Joer Ausbildung an Zertifizéierung als Tutto-Clown, si mir fir Clown Visitten a medezineschen, sozialen an therapeuteschen Ariichtungen ausgebild.
Advertisement
Bei der Förderung vum Wuelbefanne vun eise Matbierger leeë mir vill Wäert op d’Clown-Ethik.
Mir bidde Momenter vu Freed an Emotiounen op ...
› Clownsvisiten (Alters- a Fleegeheemer, Spidoler, Schoulen, Ariichtunge fir behënnert Leit, ...)
› Visiten doheem
› Walking Acts
› Clowneske Begegnunge bei verschiddene Geleeënheeten
› Clown Theater Stécker…
Weider Infoen op: www.clowns4u.eu







