
1 minute read
Léif Frënn vun der Nuetskavalkad
Endlech ass et esou wäit an déi 5. Editioun vun der Nuetskavalkad ass prett!
3 Joar Coronapaus hunn ons weder d´Loscht nach d´Laun verduewen, fir 2023 um Won ze stoen a mat Iech all ze feieren.
Advertisement
Zanter 23 Joar wunnen ech mat menger Famill an der Gemeen Mäertert-Waasserbëllig a scho méi lang hunn ech mech fir Bratzelsonndig intresséiert.
Hoffentlech geet dës Kavalkade dës Joar definitiv an Erfëllung a Corona mécht ons keen Strëch méi duerch d´Rechnung.
Zesumme mat mäinen Prinzessinnen Mireille Mader, Nathalie Mader, Nadine Schartz, Sou Kremer, Véro Feyder a Carla Casa Branca lueden ech Iech häerzlech an fir een flott Kavalkade zesummen ze feieren.
Den 18. Mäerz as Waasserbëlleg rem am Ausnamezoustand a mir hu vill nozehuelen!
Iwwer 50 Ween a Foussgruppen, déi faarweg a beliicht sinn, wäerte fir eng geckeg Ambiance an de Stroossen suergen.
Nom Cortège wäre mir frou, Iech um Bal mam Hoffi Zambezi unzetreffen, fir weider mat ons bis an d´Moiesstonnen ze feieren.
Natierlech as och fir daat leiflecht Wuel gesuergt, Nieft villen Iess- an Gedrénksstänn fannt Dir och eng Auswiel u Foodtrucks
Sou léif Frënn vun der Nuetskavalkade, mir si prett!! Kommt a stousst mat iis un op een onvergiesslechen Owend, wou mir sangen, danzen an feieren, wéi scho laang net méi.
Sidd mat derbäi, wann et heescht:
Viva di Bëllia,
Viva d´Bratzelgecken,
Viva all Frënn vun der Nuetskavalkade, Bis geschwënn Christiane l.
WARUM WIR REISEN LIEBEN?
2,rueVictorBraun-L-6744GREVENMACHER
Tél.:+352-758894-info@garagebraun.lu








