Bartrenger Duerffest 2022

Page 23

Bartréng plage Bartréng-Plage A.s.b.l. bartreng-plage@hotmail.com 691855100

Nodeems mir virun 2 Joer komplett erofgefuer sinn, si mir frou Iech matzedeelen, dass mir dëst Joer um Buergbrennen erëm konnte mathëllefen, an Zesummenaarbecht mat de Bartrenger Guiden a Scouten an dem Club des Jeunes. Deenen hiren haarde Kär, esou wéi och dee vun eise Memberen erméiglecht et eis eng Traditioun um Liewen z’erhalen. Dofir soe mir jidderengem deen eng Hand mat upake komm ass an och de Leit déi op d’Fest komm sinn op dëser Plaz e grousse Merci! Mir hunn elo viru Kuerzem ugefaangen Aktivitéiten z’organiséieren a virun allem feiere mir dëst Joer 18 Joer Bestoe vu Bartréng-Plage A.s.b.l.

23 Wat de Lieser vun dëser Zeitung awer vläicht vill méi interesséiert, jo, mir si schonn nees dobäi mat eiser Strandbar a bidden Iech de gudde Béier vu Simon, Pulled Pork (all owes ab 18:00) an natierlech eis Cocktailer un! Bass du interesséiert bei eis matzemaachen, da fäert net bei eise Stand froen ze kommen oder mell dech. D’Kontaktdate fënns du ënnen op dëser Säit. Bis geschwënn!


Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.