2 minute read

Dësch-Tennis Frënn Bartreng

!?!? Schonn !?!?! Endlech !?!?

Schonn zanter 1996, der éischter Editioun vum Bartrenger Duerffest, waren Dësch-Tennis Frënn Bartreng (DTFB) derbäi!!

Advertisement

Um Béier-Stand vun den DTFB goufen et an deene ville Joren eng ganz Lëscht vu verschidde regionalen, nationalen an internationalen Zorte Béier. Wat waren dat nach Zäiten, wéi mir an den Kannerschong vum Duerffest nach quasi mat all Client konnten ee prosten, sou ass et haut (an der grousser Béierbud) quasi net méi méiglech iwwerhaapt eemol mat der treier Clientèle ze poteren… all Joer gëtt Duerffest Bartreng méi grouss! Ee grousse Merci un eis laangjäreg Client’en di mir natierlech och dëst Joer gären zerwéieren!

Endlech konnten di éischt Trainingsstonnen an di éischt Matcher am neie Centre Sportif Niki Bettendorf gespillt gi. An dësem wonnerschéinen a speziell fir den DëschTennis ugepasste Sall um -2, kënne mir elo eise Sport hei zu Bartreng weider bréngen.

Een DECKEN Merci geet un Bartrenger Gemeng fir hier Decisioun fir deen neie Spill-Sall um -2, fir Ënnerstëtzung an deene leschten, dach méi komplizéierte Joren, un Gemengepersonal, ... an och fir Hëllef an Ënnerstëtzung um Bartrenger Duerffest!

Ween tëscht 6 an 99… Joer ass a Loscht huet, nieft dem Duerffest an eise villen Organisatiounen (Oktoberfest, Familljendag, national an international DTStagen, …) och nach „Ping-Pong“ ze spillen, dee soll sech einfach op eise Kontaktdate mellen! Jiddereen ass wëllkomm!! Kommt och an den neie SpillSall eis Jugend (Samschdeg-Mëtteg ab 14:30) an eis Senioren (SamschdegOwes ab 19:30) ënnerstëtzen!

Claude Rauchs tel: 691 888 379 email: info@dtfb.lu

L’assurance qui s’adapte à mon style de vie

Fabienne GOERES-BELLO

Agent d’Assurances - Bertrange GSM : 621 169 602 goeres-bello@agencefoyer.lu

freideg

Den dag vum groussen opening

PHILUX NAIL STUDIO

CENTRE RÉSIDENTIEL ET D’ACCUEIL RIEDGEN 30A, rue Henri Dunant L – 8024 STRASSEN Gsm: 691 - 808 750 Tel: 26 31 37 16

Gérante: Myrna LARGONIO -MERGEN

This article is from: