20 Joer
10.-12.12.2021 17.-19.12.2021 Duerch déi aktuell sanitär Kris, déi mir säit zwee Joer duerchliewen, konnt de Chrëschtmaart am Joer 2020 net stattfannen. Dëst huet d’Gemeng awer net dovun ofgehalen eng Aktioun an d‘Liewen ze ruffen, déi d’Ambiance vun eisem traditionelle Chrëschtmaart zumindest e bësse sollt ersetzen. Dofir gouf vun de lokale Veräiner enger Corbeille mat Liewensmëttel, déi traditionell um Chrëschtmaart ugebuede ginn, zesummegestallt. De Benefice vum Verkaf vun dëse Corbeillë gouf am Kader vun der Ouverture vum Chrëschtmaart 2021 un d'Fondatioun Elisabeth iwwerreecht. Déi 20. Editioun vum Stengeforter Chrëschtmaart, huet dëst Joer am Park vun der Villa Collart stattfonnt. De Chrëschtmaart 2021 war e grousse Succès, wat een och kloer aus der Unzuel vun de Visitte konnt erausliesen. Tëschent 1500 an 2000 Entréeën pro Dag konnte verzeechent ginn. Nieft de ville Stänn mat Handwierksproduiten, hunn eis lokal Veräiner fir Iessen a Gedrénks gesuergt. En Highlight op eisem Chrëschtmaart, virun allem fir eis jonk Visiteuren, war awer mat Sécherheet d’Wanterrutschban. Desweidere gouf en ofwiesslungsräiche musikalesche Programm an enger flotter Chrëschtstëmmung gebueden. De Benefice vun dësem Joer geet un d'Fondatioun « Coeur Daniel Wagner » an un Fondatioun « Mäi Wëllen, mäi Wee ».
60