
5 minute read
BIWER
from Sauerzeidung sz380
by Presss sarl
Steckbréif
Gemeng Biwer
DIERFER Biwer, Biwerbaach, Buddeler, Buddelerbaach, Breinert, Bruch, Haaster, Wecker, Wecker-Gare, Weydeg FLÄCH 2.314 ha AWUNNER OP DEN 1. JANUAR 2020 1.829 AWUNNER BIS HAUT 1.881 NATIONALITÉITEN 59 BUERGERMEESCHTER Marc Lentz SCHÄFFEN Sylvie Steinmetz, Marc Greis GEMENGERÉIT Ady Goebel, Fernand Weyer, Léa Mai, Martine Birkel, Nico Lemmer, Claude Dupont
MARC LENTZ
Mir erliewen de Moment iwwerall op der Welt eng schwéier Zäit. De Coronavirus huet d’ganz Gesellschaft fest am Grëff a ganz vill Leit maache sech Suergen, wéi alles wéidergeet. Wat ass fir Iech an dëser Zäit dat Wichtegst, wéieng Roll spillen an dëser schwiereger Zäit d’Gemengen?
Och wärend dem Lockdown kann eng Gemeng hir Dieren ni ganz zoumaachen. Verschidden Déngschtleeschtunge mussen zu all Zäit garantéiert ginn. Dozou gehéieren zum Beispill den Etat civil, d’Waasserversuergung, d’Gestioun vum Ofwaasser. Doriwwer eraus ass d’Gemeng, mat senge Verantwortlechen, en Uspriechpartner a Koordinator a speziellen Zäiten.
Wéieng Betriber aus Ärer Gemeng ware wärend dem Lockdown besonnesch innovativ oder hunn der Gesellschaft op iergendeng Aart a Weis am Alldag gehollef?
Et koum ni zu engem komplette Stëllstand. Besonnesch an der Restauratioun konnte mir gesinn datt no Alternative gesicht ginn ass an zum Beispill Méiglechkeete vun Take-Away geschaaft goufen. Nei Entreprisen hu sech bei eis etabléiert an anerer hu sech vergréissert. De Standuert Biwer, mat iwwer 1.600 Aarbechtsplazen, ass also nach ëmmer wichteg fir eis Regioun. Da war awer och nach ënner anerem eise Fussballveräin wärend dem Lockdown virbildlech aktiv, andeems seng Membere sech fir déi méi schwaach aus eiser Mëtt agesat hunn a fir si Akeef am Supermarché oder an der Apdikt gemaach hunn.
Wéi gesäit de Moment d‘Veräinsliewe bäi Iech an der Gemeng aus?
D’Gemeng huet de Veräiner d’Méiglechkeet gebueden, hir Aktivitéiten nees opzehuelen, esou laang dat mat de sanitäre Virschrëften am Aklang ass. Fir eis kommunal Piscine hu mir speziell Reegelen opgestallt. Eis Sportsinfrastrukture sinn och nees opgemaach ginn an de Centre culturel gouf esou amenagéiert, datt op d‘mannst d’Comitéë sech mam néidegen Ofstand konnten treffen, fir esou hir zukënfteg Aktivitéiten ze diskutéieren.

Ginn et Geleeënheeten an Ärer Gemeng wou d’Leit sech, trotz der schwiereger Situatioun, ënnert deene virgeschriwwenen Hygiènesmesurë begéine kënnen an hir sozial Kontakter pfleege kënnen?
Niewent der Restauratioun an deem eenzege (leschte) Bistro an eiser Gemeng, hu mir natierlech eng Rei Infrastrukturen an der frëscher Loft, wou Grouss a Kleng weider kënnen aktiv sinn, wéi zum Beispill eis Sportsinfrastrukturen, eis Boule-Piste, eis vill Spillplazen, … Eis Musek hat en Open-Air Concert organiséiert an d’Kierchefabréck hat och viru Kuerzem e « Sonndes-Bistro » zu Biwer fir d’Apéro-Zäit opgemaach, mee leider erlaben déi rezent Virschrëften dëst momentan net. Et bleift awer ze hoffen, datt all eis Veräinsaktivitéiten nees weider gefouert ginn, esou bal dat méiglech ass.
Ass de Moment eppes an Ärer Gemeng wärend der Adventszäit geplangt?
Eis Aktioun „Adventsfënsteren“, déi d’lescht Joer e risegen Erfolleg war, fält dëse Wanter leider aus.
Vill Betriber haten et wärend dem Lockdown net einfach oder hunn elo nach Schwieregkeete mat der aktueller Situatioun iwwert d’Ronnen ze kommen. Wéieen Impakt hat de Lockdown op d’Gemengefinanzen, wäerte geplangte Projeten an der Gemeng net kënnen ëmgesat ginn?
Mir wäerten dëst Joer ronn 1,2 Milliounen Euro manner era kréien. Och déi kommend Budgete wäerten de wirtschaftlechen Impakt vun dëser Kris ze spiere kréien. Trotz allem muss kee vun eise Projete gestrach ginn!
Och wann di Zäit vun der Pandemie net einfach ass, goufen et awer och positiv Aspekter. War hei eppes Extraes an Ärer Gemeng wat een erwäne kann?
D’Leit, déi de ganzen Dag schaffen, hate vläicht d’Méiglechkeet fir eis Gemeng besser kennen ze léieren. Op eise Spadséierweeër konnt ech perséinlech vill méi Leit wéi soss begéinen, mat hinne schwätzen a feststellen, datt si deem Ganze mat néidegem Optimismus begéinen. D’Solidaritéit war och grouss geschriwwen. Esou war zum Beispill eise Fussballveräin wärend dem Lockdown virbildlech aktiv andeems seng Membere sech fir déi méi schwaach aus eiser Mëtt agesat hunn a fir sir Akeef am Supermarché oder an der Apdikt gemaach hunn.
Konnten trotz der Pandemie Projeten an Ärer Gemeng fäerdeggestallt ginn?
Kee vun eise Projeten ass op Äis geluecht ginn! De Stroossebauprojet zu Haaster ass sou gutt wéi fäerdeg a mir hu viru Kuerzem mat den Aarbechten ugefaange fir eis méi kleng Uertschafte korrekt un d’Kanalisatioun unzeschléissen. Et wäert och net méi laang daueren, bis datt mir eis Drénkwaasserquell dierfen an eise Reseau aspeisen. Dann hu mir och äifreg un neie Projete geplangt: esou wäerte mir Ufank 2021 mam groussen Ëmbau vun eisem Gemengenhaus ufänken an an der Uertschaft Bruch gëtt, zesumme mat de Ponts & Chaussées, d’Strooss an déi ganz Infrastruktur nei gebaut.

D’Geschäfts- an d’Handwierksleit aus der Gemeng Biwer
wënsche schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2021
D’GEMENG BIWER WENSCHT schèi Feierdeeg
BLEIFT GESOND A MONTER AN E GUDDE RUTSCH AN DAT NEIT JOER!



Lebensraum gemacht für Menschen.
Unsere Produkte für ein sicheres Gefühl.

Seit über 50 Jahren geben wir Räumen Persönlichkeit. Und jedes mal ein bisschen von uns.
Vill Leit hunn am Lockdown och de Vëlo fir sech entdeckt. Wéi ass Är Gemeng opgestallt fir Vëlostier oder Wandertier ze maachen?
Verschidde Feldweeër wäerten deemnächst extra beschëldert ginn, fir esou d’Mobilité douce ze stäerken. Dës Strecke sinn esou rausgesicht, datt all eis Uertschafte matenee verbonne sinn, esou datt Vëlosfuerer, Spadséiergänger, Famillje mat der Poussette, … flott Tier duerch eis Gemeng kënne maachen. Eis kommunal Vëlosweeër sinn dann och nach un déi national Pisten ugeschloss.
D’Joer geet sou lues op en Enn, mir hunn alleguer Momenter erlieft, déi mir sou nach net kannt hunn a mir sinn nach net doduerch. Wiem wëllt Dir haut Merci soen?
Et ass eng schwéier Zäit mat neien Erausfuerderungen. Et kann also net alles perfekt sinn. Dofir wëll ech jidderengem Merci soen deen net just no sech kuckt, mee deen op seng Aart a Weis a mat senge Méiglechkeeten dozou bäidréit fir duerch dëst Joer an déi kommend Méint ze kommen. Mir all sinn en Deel vun der Léisung!
Wat wënscht de Buergermeeschter sengen Awunner a Betriber aus senger Gemeng fir d’Chrëschtzäit?
De Betriber wënschen, ech datt si dës wirtschaftlech schwiereg Zäit meeschteren an datt hir Commandenhefter gutt gefëllt bleiwen. Eisen Awunner wënschen ech natierlech virun allem datt si, hir Famill an déi Leit déi hinnen no stinn, gesond bleiwen an hire Courage bäibehalen. Allgemeng bleift ze hoffen, datt mir déi Wäerter, déi eis wärend der « Kris » wichteg waren, wéi den Zesummenhalt, de Respekt, d’Famill an d’Frënn, souwéi och d’lokal Denken net nees duerch d’Vitesse vun eisem stressegen Alldag vergiessen.

