
2 minute read
Le mot du président de la commission scolaire
VIRWUERT VUM SCHOULSCHÄFFEN
Léif Kanner, Léift Léierpersonal a Personal vun der Maison Relais, Léif Elteren, Léif alleguer,
Advertisement
E weidert schwieregt Schouljoer läit hannert eis, e Joer, an dem d‘AntiCovid-Mesuren de Schoulalldag gepreegt hunn. Mir sinn zu IerpeldengSauer bis elo mat engem bloen A dovu komm.
Mir haten just e puer isoléiert Fäll, déi awer all duerch ee Familljemember (Elteren oder Geschwëster) ugestach goufen. Et ass all Kéier bei enger Quarantän fr dee betrafene Schüler bliwwen, den Test duerno war dann ëmmer negativ. Dëst gutt Resultat war wuel nëmme méiglech, well sech op alle Säiten mat vill Disziplin un d’Reegelen gehale ginn ass. D’Schoul an d’Maison Relais hunn hei Hand an Hand geschaft, fr d’Kanner virum geféierleche Virus ze schützen. Alle Leit, déi sech hei am Déngscht vun eise Kanner engagéieren, soen ech dofr e grousse Merci. Och de System vun de Schnelltester funktionéiert gutt an eiser Schoul.
An der Schoul gouf all Woch e Schnelltest an der Klass gemaach, deen och iwwert edutesting agedroen ginn ass an d’Kanner kruten een mat heem. Soss blouf et beim Mask an der Klass an um Wee fr ran oder raus. Am Schoulhaf duerften d’Kanner ouni Mask sinn, d’Enseignanten hu se awer ugehalen. Hänn desinfzéieren, resp. gutt wäschen, ass natierlech Standard. Mir gesinn och, dass sech d’Situatioun nees lues a lues normaliséiert. Et kënnen elo zum Beispill vu Päischten un erëm zwou Klassen parallel op Colmer schwamme goen. Fir den Hierscht si weider Schnelltester an de Klassen virgesinn, och d’Mask dierft um Programm bleiwen.
Am Schouljoer 2021-22 wäerten viraussiichtlech 221 Kanner am Schoulzentrum Ierpeldeng sinn. D’Zuel vun de Kanner geet also erop an dat huet eng Erausfuerderung fr d’Organisatioun bedeit. Dank dem Engagement vum Schoulpresident Lucien Weis beim Opstellen vum Contingent an dem Entgéintkommen vum Unterrechtsministère bleift d’Qualitéit vun der Schoul zu Ierpeldeng ganz héich. D’Zesummenaarbecht mam Elterecomité (EIS) an der Schoulkommissioun huet dobäi och eng wichteg Roll gespillt. Dës Zesummenaarbecht am Déngscht vun de Kanner spigelt sech och am Motto vum neie Plan de Développement Scolaire (PDS) fr di nächst 3 Joer erëm: „Zesumme wuessen - grandir ensemble“. D’Ziler, déi am leschte PDS net ganz konnten erreecht ginn, gëlle weider. Dobäi ass virun allem den Ausbau an de Gebrauch vun den neien Technologien ze nennen.
Fir e fott Zesummeliewen spillt och de Schoulhaf eng wichteg Roll. Dat grousst Spill gëtt hei erneiert an eng grouss Bänk mat Dësch aus Naturholz gouf zesummen mat der Naturverwaltung (ANF) installéiert. D’Disziplin an d’Sécherheet sinn awer net nëmmen hei immens wichteg, mee och am Schoulbus mussen all d’Kanner d’Reegelen strikt respektéieren. Dëst läit dem Gemengerot besonnesch um Häerz.
Um Enn wënschen ech eisem Léierpersonal an all eise Schüler vill Courage a vill Erfolleg fr d’Schouljoer 2021-22 an hofen op eng weider gutt Zesummenaarbecht am neie Joer.