Sozialalmanach 2021"Wéi e Lëtzebuerg fir Muer ?". Raus aus der Kris - mee wouhin?"

Page 24

Dofir wier och eng kohärent an duerchduechte Landesplanung néideg, an dofir soll d'Applicatioun vun de véier Plans sectoriels nach fir dëst Joer virgesinn sinn an d’Regierung géif un engem Schema schaffen, fir den Aménagement du territoire iwwert eis Landesgrenzen eraus ze koordinéieren. Well och dat hätte mer an der Kris geléiert, datt mir op d’Leit aus eisen Nopeschregiounen ugewise wieren. Dat géif och fir d'Accorde mat eisen Nopeschlänner am Beräich vun der Besteierung a vun der Sozialversécherung vun de Grenzgänger gëllen, wou an der Kris onkomplizéiert Léisunge fonnt gi wieren, fir den Télétravail iwwert eng länger Dauer ze erméiglechen. An et géif och fir d’Mobilitéit gëllen, wou weider investéiert misst ginn, fir d’Situatioun ze verbesseren. Do géing et notamment ëm de Schinneréseau, den Ausbau vum Tram, weider Vëlosweeër an och de Stroossebau. Och de Wunnengsmaart koum 2020 am Premier senger Ried vir. Do wier en Zesummespill vu ville Mesuren néideg, virun allem misst d’Offer an d’Luucht gesat ginn, an déi ëffentlech Hand misst duerch de Stad an duerch d’Gemengen abordable Wunnraum schafen. Do wieren eng ganz Rei vu Projeten ënnerwee. Opgezielt huet hien d’Investissementer, déi grouss Projeten, de Spezialfong an de Pacte Logement 2.0 mat dem nei geschafene Logementsberoder fir d’Gemengen. Du koum de Premier nach eng Kéier drop ze schwëtzen, datt op de speziellen Immobiliefongen d’Steiervirdeeler sollen ofgeschaaft ginn, an datt de Mechanismus vum Amortissement accéléré misst reforméiert ginn. Well dermat gerechent géif, datt d’Gemengen duerch d’COVID-Kris e Minus vun 213 Milliounen Euro wäerten hunn, an d’Gemengen awer handlungsfäeg bleiwe missten, géifen d’Subside bäibehalen an esouguer punktuell erhéicht. Och de Staat selwer bléif handlungsfäeg, géif an d’Zukunft investéieren, de Sozialstaat stäerken, d’Zukunftschance vun de Kanner confirméieren an d’Kafkraaft erhalen. Et géif och an d’Educatioun investéiert an allgemeng d’Fonction publique staark gemaach. D’nächst Joer géifen eng ronn 1.000 nei Poste geschaf. Och soll d’Digitalistioun weider gedriwwe ginn am Interessi vum Bierger, an dofir sollt och de “Plan national d'inclusion numérique” dofir suergen datt keen dobäi am Stach gelooss géif. De Premier huet dunn eng Rei vun anere Beräicher genannt, wou Projete viru gedriwwe géifen, sou beim Recht vun all Kand, ze wësse wie seng Eltere sinn an dem Jugendschutz, awer och generell bei Familljen déi schonn an normalen Zäite Schwieregketen hätten, déi elo nach duerch d’Kris verstäerkt gi wieren. Do hätte vill Servicer gutt fonctionnéiert an dat Schlëmmst verhënnert. Iwwerhaapt wollt de Premier all deene Merci soen, déi an der Kris no anere gekuckt hätten. Hien huet do de Gesondheetssecteur ernimmt, awer och d’Alimentatioun, d’Servicer beim Staat a bei de Gemengen a ganz speziell och d’Léierpersonal. 22


Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.