Caritas Sozialalmanach 2017 "Schwerpunkt: Luxembourg 2060 - 1,1 millions d'habitants?"

Page 23

nach di nei Qualitéitscritèren an de Crèche, Foyeren a Maisons relais drun, genau sou wéi di multilingual Offer fir Kanner vun 1-4 Joer, d’Gratis Sprooche-Fërderung. Als en anert Element vun Aarmutsbekämpfung gouf nach op d’Subvention logement higewisen4. De Schluss an dësem Kapitel huet d’Reform vun de spezielle Congéen duergestallt, déi den Eltere méi entgéint kënnt. Fir och de Betriber entgéint ze kommen, sollt d’PAN-Gesetz5 reforméiert ginn, mee et gouf keen Accord mat de Sozialpartner fonnt, soudatt d’Regierung tranchéiert huet: Fir en Eropsetze vun der Referenzperiod vun engem op 4 Méint gëtt et als Ausgläich 3,5 Deeg méi Congé6. Dat nächst Kapitel war der Schoul gewidmet, wou d’Verbesserungen an der Grondschoul, de Gesetzesprojet iwwer de Secondaire (déposéiert: den 19. Oktober 2016!)7 an deen iwwer d’Beruffsschoul (och den 19. Oktober 2016 déposéiert!)8 zur Sprooch koumen, genausou wéi d’Ustrengungen am Beräich “digitaalt Klassenzëmmer”. Fir d’Zukunft vun eisem Schoulsystem virzebereeden gëtt en Observatoire de la Qualité Scolaire geschaf (wou ass en drun?), d’Elterevertriedung opgewäert an ënnerstëtzt a sech ëm Schülerinnen a Schüler mat Léierschwieregkeete gekëmmert: 150 spezialiséiert Enseignante sollen agestallt an e puer spezialiséiert Instituter gegrënnt ginn. Du gouf de Sozialsystem gelueft, wou d’Sécurité sociale reforméiert soll ginn, mat als Pilieren: Qualitéit, Transparenz a Previsibilitéit. Och d’Fleegeversécherung soll reforméiert, flexibiliséiert, ginn an eng Analys vun der Pensiounsreform vun 2012 soll “préiwen ob d’Mesuren an d’Hypothesen aus dem Joer 2012 nach ëmmer adäquat si fir de Regime laangfristeg ofzesécheren”. Am Gesondheetssecteur soll en neit Spidolsgesetz kommen; donieft goufen de besseren Zougank zu den Urgencen, den elektronesche Patientendossier, d’Virgoe géint den Tubak, den nationalen Alkoholsplang, de Schutz viru Substanzen déi schueden an d’Präventioun (Gesond iessen a méi beweegen9) ugeschwat.

4 Och dozou gëtt et an Urbé (2016a) een Avis Caritas. 5 PAN = Plan d’action national, e Gesetz aus dem Joer 1999 (Grand-Duché de Luxembourg 1999), an deem ënner anerem Iwwerstonnen a generell d’Aarbechtszäite geregelt goufen, an dat 2012 ausgelaf ass, mee wou nach keen neien Accord konnt fonnt ginn, soudatt den Aarbechtsminister dat Gesetz all Joer huet misse verlängeren. 6 Grand-Duché de Luxembourg (2016b). Sou haten sech d’Employeuren allerdings d’Flexibilitéit net virgestallt a si hunn dofir de Retrait vum Aarbechtsminister sengem Gesetzesprojet gefrot, voir Chambre des Députés (2016e). 7 Chambre des Députés (2016c). 8 Chambre des Députés (2016d). 9 An deem Zesummenhang ass dann de Sport erwänt ginn, mat senge Problemer, genuch Bénévoler ze fannen, woufir den neie System als Ersatz vun den auslafende Chèques service am Sportberäich soll ausgeweit ginn.

21


Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.