„WIE FÄERT, DEEN HUET ANGSCHT!“ TEXT/FOTOEN: CLAUDE SCHOMER
E flotten Owend konnten all déi Leit verbréngen, déi sech freides, den 11. Oktober am Kulturzenter zu Useldeng afonnt haten. Hei gouf dem Roland Gelhausen säi SoloProgramm „Wie fäert, deen huet Angscht!“ opgefouert. Organiséiert gouf dës Soirée vun der Useldenger Kulturkommissioun. Während méi wéi zwou Stonnen huet de bekannte Kabarettist senge Gäscht seng eegen Interpretatioun vun onser „kleng-grousser Welt“ ginn, ugefaange vun der haiteger Lëtzebuerger Politik bis zeréck zur Entstéiungsgeschicht vum Paradäis.
Den Héichpunkt vum Programm war natierlech dem Rol Gelhausen seng Parade-Roll als Asselborns Jang, wéi en sech mat sengem (imaginären) Vis-à-Vis Jean-Claude Juncker esou munch witzegt Wuertgefecht geliwwert huet. Insgesamt eng 70 Leit haten d'Invitatioun an de Kulturzenter akzeptéiert an sech dobäi gutt amuséiert. Dobäi koumen si net alleguerten aus der Gemeng oder der direkter Ëmgéigend, - nee, Eenzelner waren esouguer eegens aus der Nordstad erofkomm fir deen Owend kënnen derbäi ze sinn.
// 17