Expédition Babasi (version luxembourgeoise)

Page 1

Babasi Expédition LU

Virwuert

Am Kader vum Projet „TOTO am Éislek“, huele mer Iech mat an eis schéi Géigend, an entdecke mat Iech d’Gemeng Bauschelt.

Fir kënne mam Projet unzefänken, hu mir mat den Elteren zesummegeschafft. Mir hu si no enger Foto vun hirem Kand gefrot, vun enger Plaz aus der Gemeng oder der Ëmgéigend, wou et him am beschte gefällt.

Wéi mir d’Fotoen dunn all kritt haten, hu mir mat der Ëmsetzung ugefaang. Mir hunn de Kanner d’Geschicht vun engem klenge Bier gezielt, deen op d’Rees geet, fir säi Kuscheldéier ze sichen.

An deenen nächsten Deeg sollten d’Kanner sech och op d’Sich maachen no net nëmmen enger, mee e puer Saachen. Si sollten op hire Lieblingsplazen no faarwege Schale sichen.

Fir d’Rees dohinner mat der Camionnette vun der Crèche duerzestellen, goufen hinnen hir kleng Autoe proposéiert, mat deen si all Dag op der Spillplaz fueren. All Kand huet ee Béngelchen viru säi Lieblingsauto geluecht. De bloen Auto huet gewonnen, heen huet di meeschte Stëmme kritt. De bloen Auto huet si duerno op all Entdeckungsrees begleet.

Mam Zil den Aspekt vun der Natur an de Vierdergrond ze stellen, deen de Mëttelpunkt vun eiser pädagogescher Approche ass, goufen d’Schalen ëmmer no bei Elementer aus der Natur verstoppt. Sou konnten d’Kanner Saache sammelen, fir als Souvenir an hir Sënnesfläschen ze maachen.

D’Crèche Babasi

D’Aventure mat eisem schéine bloen Auto huet bei der Crèche Babasi ugefaang, dat ass eng vun eise léifste Plazen.

Op eiser Entdeckungsrees siche mer e roude Schal. Nodeems mir an all Eck an der Crèche mat eiser Educatrice gesicht hunn, hu mir all zesummen de Schal fonnt.

Aufgab 1

Et huet eis vill Spaass gemeet fir de Schal ze sichen. Eis Educatrice huet eis gesot, dass dat eréischt den Ufank wier, an dass mer an den nächsten Deeg nach aner Schale géife siche goen.

Super! Mir freeën eis Detektiv ze spillen.

Aussiichtsplaz um Houfels

Bei eis an der Géigend gëtt et wonnerbar Aussiichtsplazen.

Dat hei ass déi um Houfels. Do ass et wonnerschéin.

Op dëser Plaz huet eng nei Aufgab op eis gewaart. Dës Kéier solle mir e gringe Schal sichen. Bei eiser Sich konnte mir vill Schätz aus der Natur entdecken.

Aufgab 2

Super ! Do ass de gringe Schal an och nach Fotoen vu komesche Fläschen...

Dat si Fläschen fir eis Sënner ze entwéckelen. Komm, mir sammele Saachen aus der Natur, fir an der Crèche eppes mat de Fläschen ze maachen.

Zesummen hu mer déi Saachen aus der Natur gesammelt, di eis gefall hunn.

D’Spillplaz zu Baschelt

Zu eiser grousser Freed fanne mir an all Duerf vun eiser Gemeng eng schéi Spillplaz. Do kënne mir zesumme spillen a laachen.

Mir sinn erëm mat eisem bloen Auto ënnerwee, an haut solle mer e mauve Schal sichen.

Dat hei ass d’Spillplaz zu Baschelt.

Aufgab 3

Mir hu flott zesumme gespillt. Ënnert der Schaukel hu mer Sand fonnt, deen huele mer mat fir an eis Sënnesfläschen ze maachen.

Mir hunn de mauve Schal op dem Sëtz vun der Schaukel fonnt, dat war fir eis ganz einfach.

Aufgab 4

Zu Sir

Bei eis an der Gemeng maachen net nëmmen d’Kanner schéi Saachen. Di grouss Leit kënne dat och ganz gutt.

Mir si mat eiser Educatrice op Sir gefuer, fir do no engem bloe Schal ze sichen.

Mir fänken un ze sichen.

A rot emol, wou mer de bloe Schal fonnt hunn ?

De Schal war op engem wonnerschéine Päerd aus Holz.

Dat ware bestëmmt engem Skulpteur seng grouss Zauberhänn, di dat Päerd gemeet hunn.

Waouw, dat Päerd ass wierklech schéin.

Mir hunn d’Päerd alleguer geheemelt. Do loungen och nach Holzspéin, a well mäi Frënd der wollt mathuelen fir a seng Sënnesfläsch ze maachen, hu mer all gehollef sammelen. Du si mer zréck an d’Crèche gefuer.

D’Gemengenhaus

Dat ass eist schéint Gemengenhaus zu Bauschelt, mengem Frënd gefällt et op dëser Plaz extra gudd.

Dat ass di leschte Plaz wou mer mat eiser Educatrice hifueren, fir ee Schal ze sichen.

Ech mengen si weess keng gudd Plaz méi, wou si de Schal soll verstoppen, mir fannen en ëmmer direkt ;-) A lass, mir sichen een orange Schal.

Aufgab 5

An hopp, mir sichen alleguer! Oh super, hei fanne mer nach e Schatz aus der Natur fir an eis Fläschen. Mir rafe Steng op fir matzehuelen, dat ass di lescht Saach fir an eis Sënnesfläschen ze maachen.

Eng Iwwerraschung

Haut fuere mer op eng Plaz,di eis Educatrice eis onbedingt wëll weisen. Si seet, dass mer wahrscheinlech nach ni do waren, well et ass alles ganz nei.

Mir si ganz ongedëlleg iir et lass geet.

An hei si mer op der neier

Spillplaz zu Sir.

Genial, nach eng immens

schéi Plaz an eiser

Gemeng fir ze spillen.

An elo gëtt sech gutt ameséiert!

Aufgab 6

Hei sinn nach puer Plazen, wou mer regelméisseg mat de Kanner hifueren, wann se an d’Crèche Babasi kommen.

Rindschleiden

Medernach

Bavigne

Rommwiss

Robbesscheier

Hanshaff

An Zesummenaarbecht mat

Am Kader vum Projet

Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.