
1 minute read
Nogehaakt
by SAN s.àr.l.
Wat feelt iech an der Nordstad?
Que vous manque-t-il dans la Nordstad ?
„Ech géif als éischt den Transport, dee jo am Fong gutt ausgebaut ass, nach weider ausbauen. Am wichtegste fannen ech awer dobäi dass een d’Stausituatioun hei verbessert, och wann et schonn, wéi zu Ettelbréck beispillsweis, Busspuere ginn. Kulturell fannen ech, dass et an der Nordstad vill ze mann gëtt, sief et fir Studenten oder Jugendlecher. Natierlech ginn et puer Caféë mee déi si lo net wierklech bekannt fir dass ee sech do mat de Kolleege versammelt. Perséinlech feele mir cool Butteker an och Vernissagë wou een och mol eppes ze kafe kritt wat och déi jonk Generatiounen usprécht. Richtung Nightlife géif ech et cool fanne wann et e puer Plaze géife ginn, wéi een dat aus der Stad kennt, wou reegelméisseg live Bands optrieden an een doduerch nei Artisten ënnerstëtzt.“
Kyra (19)

„Alles kéint ee veränneren, et gëtt genuch ze veränneren. Am Domaine vun der Kultur kéint een d’Muséeë verbesseren. Mier kéinte méi Muséeën hunn, déi net mat Militär oder mat Autoen ze dinn hunn. Et ass bëssen opwänneg ëmmer an d’Staat ze lafe fir an de Mudam. Ausserdeem kann een och Aktualitéit an der Nordstad bréngen, wéi zum Beispill kleng Expositiounen. An e puer Evenementer wou jidderee kann deelhuelen.“
„Sou Open Air Saache wéi Concerte kéinte mer nach méi hunn. Am Summer huet een der mam Béierfest a mat Al Dikkrich, mee et wier flott, wann dat méi gefërdert géing ginn. A wann da mol sou eppes organiséiert gëtt, dann ass et meeschtens mat enger Band, déi kee kennt. Dat interesséiert eis dann och direkt manner.“




„Mir feelt ganz einfach dat d’Gemengen zesummeschaffen, also a punkto Projeten a sou. D’„Club des Jeunes“ kéinten och ee Festival maachen. Fir de Rescht ass zwar eppes hei, mee virun allem wat d’Nuetsliewen ugeet, kéint een do nach méi maachen. Vum Transport hier gouf et eng Kéier déi Iddi mam Tram, mee ech weess net op dat eppes Sënnvolles wier.“
« Il faudrait organiser plus d’événements gratuits dans des endroits différents, comme des musées par exemple. On pourrait faire des vernissages d’art pour les jeunes artistes comme moi, afin que d’autres personnes puissent voir nos œuvres. Quand je sors, je vais toujours en ville, ici, il y a seulement des bals. En plus, on entend souvent qu’il y a des bagarres parce que ça boit beaucoup, et les distances sont longues, ce qui prend beaucoup de temps. »

