INDEX GEWËNNSPILL 65
SICH DE FEELER
10 x 125€ BONGEN OFFRÉIERT VU WIDU S.À R.L. (DIKRICH/WÄISSWAMPECH)
5
DÉI NEISTEN TRENDS AUS DER WUNNWELT Bauen & Wunnen
13
LUXUS FIR DOHEEM Bauen & Wunnen
19
D’KICHE VUN HAUT Bauen & Wunnen
28
CHAUFFAGE-SANITAIRE SCHMIT NICO S.À R.L. Virdeeler vun enger neier Chaudière
30
USTRÄICHERBETRIEB LUDES presentéiert "De Baumeeschter"
33
UREEGUNGE FIR EE MÉI GESOND LIEWEN Gesondheet
39
RYANHAIR
Déi neiste Frisurentrends 41
EE GENOSS... ODER? Liewen am Alter
47
Vältesdag
IMPRESSUM Editeur, régie et mise en page: SAN s.à r.l. T: 28 11 42 1 Wincrange & Diekirch doheem@san.lu | www.san.lu Couverture: Photo: Sandro Dimola Model: Laura Kartheiser Hair & Make-Up: Sarah Kauth Tirage: 23.000 exemplaires
51
ENG PLATTFORM FIR LOKAL PRODUZENTEN Lët‘z go local
53
LIBRAIRIE ZIMMER
presentéiert "D’Ieselsouer" 54
CAPE
presentéiert "D’Kultur-Highlights" 56
PARTYSERVICE SCHMIDT
presentéiert "De Gaumenschmaus"
L'éditeur ne peut en aucun cas être tenu responsable de la correctitude des informations indiquées. Tous les renseignements sont donnés sous réserve de changement ou d'erreur.
58
Ce sont exclusivement les propriétaires de ces annonces liées qui sont responsables de leur contenu. Lorsque des prix sont indiqués, nous ne donnons pas de garantie pour l'actualité et la correctitude de ces indications de prix. Les indications de prix sont uniquement pour votre information, il ne s'agit pas d'une offre. Aucun droit ne pourra vous être octroyé concernant des prix indiqués.
60
L'ensemble de ce journal relève des législations en vigueur sur les droits d'auteur et de la propriété intellectuelle. Tous les textes, illustrations, images, photos et autres données sont protégés par un droit de reproduction.
DEN DAG VUN DER LÉIFT
BEAUTY LOUNGE BY ANA presentéiert "Den Lifestyle"
GARAGE BEIM SERGE
presentéiert "De Road Runner" 62
FACELOOK
Gutt héieren a gesinn 63
MORINGA
Ein wahres Wunder der Natur
3
+350m2
de Showroom
La qualité c‘est notre métier +10 ANS D‘EXPÉRIENCE
info@jphomeconcept.lu Tél.: 20 60 44 I Fax: 20 60 44 44 10, Route d‘Ettelbruck I L-9160 INGELDORF
www.jphomeconcept.lu
SALLE DE BAINS RÉNOVATIONS SANITAIRES CARRELAGES CUISINES
avant après
Suivez - nous sur
JP HOME CONCEPT
Nous parlons
BAUEN & WUNNEN
DÉI NEISTEN TRENDS AUS DER WUNNWELT
Déi eege véier Wänn sinn d’Erweiderung vun der Perséinlechkeet. Dat gëtt op alle Fall an der Psychologie behaapt. An awer entwéckelen sech all Joers op een Neits Trends, wéi eng Miwwelen d’Ariichtung doheem nei opliewen loossen. Schliisslech entwéckelt sech d’Perséinlechkeet iwwert d’Jore weider an de Goût kann deementspriechend och mat der Zäit changéieren. Wéi genee dës Trends fir d’Joer 2018 ausgesinn verrode mir Iech an dësen Zeilen.
Am Zeeche vun der Natur 2018 gëtt bei der Ariichtung vill Wäert op d’Mater-
ialie geluecht, aus deenen d’Miwwele gemaach sinn. Hei léisst sech ganz kloer soen, datt Naturmiwwel immens ugesoot sinn. Dës léie net just am Trend, mee sinn natierlech och gutt fir d’Ëmwelt. Doduerch, datt méi Ariichtungsgéigestänn aus Naturelementer gemaach ginn, gëtt d’Benotzung vu Konschtstoffer reduzéiert, wat deementspriechend ee positiven Impakt op eis Ëmwelt huet. E weidere Virdeel: Dës Zocht vu Miwwel kann ouni Problem recycléiert ginn. Net just d’Material, aus deem d’Miwwelen hiergestallt ginn, mee och d’Faarftéin stinn am 5
Entreprise Générale
de Construction
SALLE D‘EXPOSITION DE 2800 m 2
241, Pierre Gansen L-4570 NIEDERKORN
GÉNIE CIVIL • TERRASSEMENT • CONSTRUCTION • RÉNOVATIONS • TOITURE • FERBLANTERIE PLÂTRE • PEINTURE • MENUISERIE • ELECTRICITÉ • CUISINES ÉQUIPÉES
Tél. 48 89 20-1 info@cardoso.lu
Suivez-vous sur @Groupe Manuel Cardoso
Luxembourg
Niederkorn
www.cardoso.lu Nous parlons
Zeeche vun der Natur. Um Marché dauchen ëmmer méi Gringtéin op. Vun engem klasseschen donkelgréngen Toun bis hin zu erfrëschenden hellen Téin ass an de Miwwelgeschäfter fir all Perséinlechkeet an all Goût eppes dobäi. Iwwerdeems ass gréng grad sou wéineg bei der Dekoratioun ewechzedenken. Planze leie weiderhin am Trend a suergen fir eng entspanend Atmosphär. Virun allem Planze mat gemusterte Blieder, wéi beispillsweis d’MarantaPlanz, ginn ëmmer méi präsent.
Ronn Formen an interessant Uewerflächen De Krees ass d’Form vum Joer 2018. En ass net just schein ze kucken, mee steet iwwerdeems symbolesch fir Energie an Zesummesinn. D’Trendform vun dësem Joer ass iwwerall präsent: sief et a Form vun engem klengen Beistelldësch oder engem groussen Familljendësch. Souguer als gemittlech Sëtzgrupp oder méi extravagant a Form vun engem ronne Bett ass d’Symbol vun der Onendlechkeet ze fannen. E grousst Thema an der Miwwelwelt ass mëttlerweil och d’Haptik. D’Clientë wënschen sech eng Ariichtung déi net just schéin ausgesäit, mee sech och interessant ufillt. Rau oder graff Uewerflächen, déi zum Upaken invitéieren, spillen dëst Joer, ganz nom Motto ,,Back to the roots“, eng wichteg Roll. D’Haptik gëtt awer och duerch Sametten an aner duuss Materialer ugesprach. An dëse Miwwelstécker trëfft deemno Nohaltegkeet op Handwierkskonscht.
Stoffer mat dem gewëssen Extra Miwwele mat enger Uewerfläch aus Stoff sinn zënter Jore kaum aus den Ariichtunshaiser ewechzedenken. Relativ nei dogéint as de gewëssen Extra, dee mëttlerweil ee MustHave bei esou Miwwelen ass: Steppungen, Knappheftungen an betounten Néit. Inspiréiert ass deen Trend un de sougenannten Chesterfield-Kanapeeën aus de 70er Joeren. Et handelt sech ëm héichwäerteg an usprochsvoll Verzierungen vu Këssen a Polsteren. Iwwerdeems spillen 2018 d’Faarwe vun de Sëtzmiwwelen eng grouss Roll. Wann engem eefarweg Miwwelen ze monoton sinn, dierft een elo keng Schwieregkeete méi hunn, eppes
Passendes ze fannen: Kombinatiounen aus zwou Faarwe sinn nämlech aktuell absolut am Trend. Dobäi huet d’Récksäit vum Miwwelstéck eng aner Faarf wéi deen Deel, wou een sech dropsetzt. Duerch d’Zesummespill vun de Faarwe kritt de Raum méi Spannung. Dohier ass et wichteg, de Rescht vum Zëmmer dorop ofzestëmmen an net ze vill Faarwen ze mëschen, soss kann et séier chaotesch an onroueg wierken.
Weiderhin am Trend De skandinaveschen Ariichtungsstil ass ee vun deene Stiler, déi sech elo schonn zënter e puer Joer an der Miwwelwelt bewisen hunn a vun der Clientèle ëmmer nach staark gefroot sinn. Miwwelen am skandinavesche Look zeechnen sech duerch hir hell Faarwen an hir kloer Formen a Verbindung mat hellem Holz aus. Iwwerdeems sinn och d’Material an d’Faarwe vu Metall nach ëmmer ugesot. D’lescht Joer huet een scho gemierkt, datt virun allem de Koffer-Toun, net just bei de Miwwelen, mee och bei der Dekoratioun, ganz präsent war. Dësen Hype geet 2018 net op een Enn, mee daucht, besonnesch a Verbindung mat geometresche Formen, weiderhin an all Ariichtungshaus op.
Wuelfillen Doheem 2018 bréngt nees vill frësche Wand an d’Welt vun de Miwwelen. Allerdéngs ass d’Ariichtung vun den eegene véier Wänn eppes ganz Perséinleches, dat sech vläicht vu gewëssen Tendenze beaflossen, awer nimools leede loosse sollt. Beim Choix vun de Miwwele sollt ee Faktor ni ze kuerz kommen: d’Wuelfillen. Dat ass dat, wat zielt a fir eng agreabel Atmosphär suergt, déi sécherlech och all Gaascht begeeschtere wäert. Huelt Iech roueg nach ee Mount Zäit, iwwert Är Draammiwwelen nozedenken. Den 10. März start d’Woch vum Miwwelfestival, bei deem Dir a gudder Ambiance déi neisten Tendenze vun dësem Joer entdecken a kafe kënnt.
7
www.naturmoebel.lu
DIE NATURMÖBELSPEZIALISTEN
IN LUXEMBURG
Miwwelhaus Koeune 4, um Mierscherbierg • L-7526 Mersch Telefon: +352 - 32 59 59
Wohnfabrik Ingeldorf 10, route d’Ettelbrück • L-9160 Ingeldorf Telefon: +352 – 27 80 84 85
RÉSIDENCE
A KURZELT D R I N K L A N G E Future construction d’une Résidence sise dans la commune de Troisvierges à L-9952 Drinklange, se composant comme suit:
1 STUDIO 65,73 m2
6 APPARTEMENTS 74,09 m2 à 87,20 m2
7 DUPLEXAPPARTEMENTS 86,04 m2 à 145,31 m2
RÉSIDENCE « A KURZELT » 14-16 ËLWENTERSTROOSS
DRINKLANGE SITUATION Drinklange se trouve au nord du pays à 2 minutes de Troisvierges, à 20 minutes de Saint Vith (B) et à 5 km de Weiswampach avec toutes ses commodités souhaitées (chemins de fer, centres commerciaux, business center, banques, restaurants, écoles, piscine, parc de loisirs à proximité...) et à 35 minutes de Diekirch. Accès rapide au réseau d’autoroute ‚Nordstrooss A7’ vers Luxembourg, ainsi qu’au réseau d’autoroute belgo-allemand E42 Liège - Verviers - Prüm - Trèves.
CONSTRUCTEUR:
PROMOTEUR:
FOR YOUR LIVING@HOME NETTOYAGE I REPASSAGE ESPACES VERTS ENTRETIEN DE VOS ESPACES VERTS
NOUS OFFRONS
GRATUITEMENT
Tonte de pelouse, enlèvement des déchets inclus Bêche de jardin Nettoyage des terrasses et trottoirs Petits travaux d‘entretien Petites réparations Déblayage de neige
l’entretien de votre jardin et alentours + le passeport énergétique (dans le cadre d’un mandat exclusif)
CARINE DEI CAMILLO & PASCAL POOS L-9217 DIEKIRCH 4, rue du Curé T: +352 27 80 83 56 I www.livinghome.lu
L-9217 DIEKIRCH 4, rue du Curé T: +352 27 80 83 56 I www.nethome.lu
GESUND DURCH DIE KALTE JAHRESZEIT Unsere Wärmekabinen sind moderne Gesundheitsoasen, individuell auf Ihre Bedürfnisse abgestimmt. Mit einer Sauna oder Infrarotkabine tanken Sie notwendige Energie und entspannen Körper und Geist.
Patentierter Salzverdampfer Gesundheit für Haut & Atemwege
BESUCHEN SIE UNSERE NEUE GROSSE SAUNA& INFRAROTKABINENAUSSTELLUNG TÄGLICH GEÖFFNET VON MO-SA: 9 -16 UHR
INNENARCHITEKTUR KÜCHENSTUDIO SCHREINEREI
WIR FERTIGEN AUF MASS!
L-9911 Troisvierges | Industriezone 11 | Tel. +352 979 310 | info@heinen-schreinerei.com| WWW.HEINEN-SCHREINEREI.COM
KAMINE
ÖFEN ALLER ART
Kaminöfen / Steinbacköfen Kachelöfen / Holzherde Gartengrills
KOCH MONTAGEBAU AG 2, am enneschten Eck L-9838 Untereisenbach T +352-92 97 14
F +352-92 97 15 info@koch-ag.lu w w w. k o c h - a g . l u
Unsere Ausstellung ist geöffnet: donnerstags und freitags von 11-17 Uhr, samstags von 11-14 Uhr.
BAUEN & WUNNEN
LUXUS FIR DOHEEM
Stress op der Aarbecht, Sträit mam Partner, Stau op der Autobunn - et gi vill Saachen, déi dat eegent Wuelbefannen aus der Bunn geheie kënnen. Wat een da brauch ass eng Auszäit vun der Welt ronderëm sech, e bëssen Zäit, fir sech ze entspanen a mat sech an d’Gläichgewiicht ze kommen. Ee vun de beschte Weeër, fir nei Energie ze tanken, ass ee Besuch an engem Spa. Sauna, Schwämm, Whirlpool... schonn eleng de Gedanken dorunner ass ee Genoss. Nach besser, wann een esou eng Wellness-Oas bei sech doheem huet. Fir selwer eng bei sech anzeriichten, muss een net onbedéngt all seng Erspuernisser opginn, och mat engem klengen
Investissement ass esou Munches méiglech. Hei e puer Ureegungen dozou, wéi een sech a sengen eegene véier Wänn richteg verwinne kann.
Déi einfachsten Aart a Weis Een Element, dat bei villen EntspanungsAriichtungen am Mëttelpunkt steet, ass waarmt Waasser. Vill Leit hunn eng Bidden an hirem Buedzëmmer an domat kann ee scho vill maachen. Waarmt Waasser alafe loossen, d‘Luuchten dimmen an eng CD mat Berouegungsmusek (oder wat ee soss gär lauschtert) ofspillen a schonn ass eng Atmosphär 13
geschaf, wou een sech virum Alldag zeréckzéie kann. Wann een dann nach e puer Drëpsen äthereschen Ueleg an d‘Waasser deet (mat e bëssen Hunneg mëschen, fir Irritatioune vun der Haut ze verhënneren!), da si quasi all d‘Sënner an d‘Sessioun mat agebonnen an enger déiwer Entspanung steet näischt am Wee. Wichteg ass natierlech, datt ee währenddeems net gestéiert gëtt. Dofir: Den Handy ee Moment laang an der Schlofkummer loossen an sech Zäit fir sech huelen.
Schweessen ass gesond Wiem déi eege Buedbidden ze banal ass, deen huet d‘Méiglechkeet, sech eng speziell Wellness-Ariichtung unzeschafen. Nieft dem Budget muss och gekuckt ginn, wéi vill Plaz disponibel ass. Eng Léisung fir Wunnenge mat wéineg Fräiraum ass eng Infraroutkabinn. Do ginn et well Modeller vun 1m2 un. Eng Infraroutkabinn ass vergläichbar mat enger Sauna, allerdéngs ginn et e puer bedeitend Ënnerscheeder. Si gëtt just bis zu 45°C waarm, muss quasi net virgehëtzt ginn a ka mat engem normale Stroumuschloss bedriwwe ginn. Iwwerdeems treffen Infraroutstralen am Géigesaz zu beispillsweis Sonneliicht net direkt op d‘Haut mee ginn e puer Millimeter bis an d‘Haut eran. Dës Wäermt gëtt als immens agreabel ëmfonnt a ka souguer eng déidend Wierkung op Péng hunn. Déi aner Virdeeler si wéi der klassescher Sauna déi, datt ee Gëftstoffer aus dem Kierper schweesst an d‘Wäermt dem Kierper an dem Geescht gutt deet. Natierlech besteet och d‘Optioun, eng richteg finnesch Sauna bei sech anzeriichten. Duerch den extremen Temperaturëmschwong vun der bis zu 100 Grad waarmer Sauna op déi ënner 20 Grad kal Dusch hannenno gëtt de Kierper ofgehäert a méi resistent géint Krankheeten. Virun allem wann et kal dobaussen ass kann dës Prozedur Wonner wierken. An der ëffentlecher Sauna muss een d‘Kabinn awer mat Friemen deelen, wat ville Leit onangenehm ass, virun allem duerch déi Tatsaach, datt ee plakeg do sëtzt. Eng bei sech doheem opzeriichte wier deemno net oninteressant. Allerdéngs ginn et am Verglach zu der Infraroutkabinn e puer Saache méi ze berécksiichtegen. Eng Sauna hëlt méi Plaz ewech. Si brauch ee Waasser- an ee Staarkstroumuschloss, fir kënne bedriwwen
ze ginn. An duerch déi extrem Hëtzt entsteet vill Fiichtegkeet a Form vu verdonstem Schweess. Se bei sech dobannen z‘installéiere kann also ëmständlech ginn. Idealerweis steet se dobaussen am Gaart. Do ass se méi einfach opzeriichten a virun allem duerchzelëften an se hëlt kee Wunnraum ewech. Ausserdeem kann d‘Saunahaus dobaussen immens schick ausgesinn.
Freed um Waasser Während déi Eng fir z‘entspane gären um Dréchene setzen, hunn déi Aner et léiwer naass. Eng vun de beléiftste Wellness-Ariichtungen ass de Whirlpool. Et ass ee klenge Baseng mat waarmem Waasser, an deem ee sëtzt oder läit an sech duerch agebauten Düsen déi verschidde Kierperdeeler masséiere ka loossen. Wien sech ee private Whirlpool wëllt uschafen, dee muss sech fir d‘éischt d‘Fro stellen, wat fireng Aart vu Whirlpool et soll sinn. Do ënnerscheet een tëscht 3 Grondaarten. Déi bekanntesten ass de „Portable Spa“, deen entweder direkt op de Bueden gestallt oder versonk gëtt. De „Swim Spa“ ass, wéi den Numm et well präisgëtt, fir dran ze schwammen an deementspriechend méi grouss. Et schwëmmt een awer net wéi an der Schwämm op an of, mee géint de Stroum, dee vun enger Waasserdüs erzeegt gëtt. De Prinzip ass ähnlech wéi bei engem Lafband, et schwëmmt een nämlech op der Plaz. Déi drëtt Kategorie ass d‘Whirlbidden, grondsätzlech wéi eng normal Bidden, just mat de Funktioune vun engem Whirlpool. De groussen Ënnerscheed zu engem klassesche Whirlpool oder engem „Swim Spa“ ass deen, datt d‘Waasser virun all Benotzung nei alafe gelooss gëtt, während am Whirlpool d‘Waasser mat Chlor behandelt gëtt a méintelaang dra bleift.
Wouhinner mam Whirlpool? Wann een sech fir ee „Portable Spa“ oder ee „Swim Spa“ entscheet, huet een d‘Wiel e baussen oder bannen opzestellen. Ee Whirlpool ass permanent mat waarmem Waasser gefëllt. Do entsteet extrem vill Fiichtegkeet, déi de Bannewänn op dauer ka schueden, wann se net entspriechend preparéiert sinn. Wichteg ass, datt d‘Maueren net kal ginn, soss setzt sech d‘Fiichtegkeet an der Loft als Kondenswaasser 15
drop of a sickert duerch d‘Isolatioun, wou bannendra Schimmel kann entstoen. Fir d‘Maueren och bei kale Baussentemperature waarm ze halen, mussen se souwuel vu banne wéi vu bausse jeeweils mat enger op mannst 5cm décker Schicht Isoléiermaterial agekleet ginn. Och wann sech duerch eng gutt Isolatioun kee Kondenswaasser ka bilden, besteet awer d‘Gefor, datt Waasser aus der Loft an d‘Wänn erageet. Dowéinst soll déi bannescht Isolatiounsschicht komplett mat enger Folie aus Aluminium ausgekleet ginn, fir datt kee Waasser dru ka kommen. Trotz gudder Virsuergung muss d‘Fiichtegkeet aus dem Raum eraus, also ëmmer drun denken, reegelméisseg ze lëften! Wann ee säi Whirlpool dobausse wëllt opriichten, da muss een sech ëm all déi Saache keng Gedanke maachen. Dofir ginn et awer e puer aner Punkten, déi berécksiichtegt solle ginn. Baussen ass de Baseng dem Wieder an dem Wand ausgesat, deen allméiglechen Dreck an d‘Waasser bléist. Wichteg ass also, en zouzedecken. Weiderhin ass en och den eventuelle Blécker vun den Noperen ausgesat. Wiem dat onangenehm ass passt drop op, en op eng Plaz ze stellen, wou een net esou einfach higesäit. Iwwerhaapt ass et eng gutt Iddi, de Whirlpool net komplett fräi do stoen ze hunn mee iwwerdaacht, beispillsweis op der Terrass. Schliisslech wëllt ee beim Bueden net am Reen oder Schnéi musse sëtzen.
Jidderengem Senges Déi opgezielte Méiglechkeete stelle keen Usproch op Vollstännegkeet. All Mënsch huet seng eege Virstellung dovunner, wat Entspanung bedeit a wéi vill e bereet ass dofir auszeginn. Fir wéi eng Aart vun Entspanung een sech entscheet ass jidderengem selwer iwwerlooss. Wichteg ass just, datt een sech wuelfillt an nei Energie tankt, fir den Alldag ze meeschteren.
CHAUFFAGE
SANITAIRE
CLIMATISATION
VENTILATION
ENERGIES
REGULATIONS
11, z.a.c. Klengbousbierg L-7795 Bissen Tél. +352 81 24 42-1 • Fax +352 81 71 58
www.wagner-schaffner.lu
NOUVEAU - NEU -
Nous nous réjouissons de vous acceuillir dans notre nouvelle filiale avec showroom
À DIEKIRCH.
Wir freuen uns Sie in unserer neuen Zweitfiliale mit Showroom in DIEKIRCH & in unserer Hauptfiliale in Weiswampach zu empfangen. Située à l'Allée J.W. Léonard
31, Avenue de la Gare L-9233 DIEKIRCH Tél.: +352 26 32 13 17
ÖFFNUNGSZEITEN: Mo - Fr : Sa : So :
9h - 12h 13h - 18h 9h - 18h durchgehend Auf Termin
67, Gruuss Strooss L-9991 Weiswampach Tél. : +352 26 90 97 66
ÖFFNUNGSZEITEN: Mo - Fr : Sa : So :
info@widu-kitchens.com • www.widu-kitchens.com
9h - 12h 13h - 18h 9h - 18h durchgehend 14h - 18h
BAUEN & WUNNEN
D’KICHE VUN HAUT
D‘Häerzstéck vum Haus ass d‘Kichen. Et ass déi Plaz, wou d‘Leit sech bei engem Fest versammelen an natierlech wou all Dag nei kulinaresch Kreatiounen entstinn. Mee d‘Kichen ass an enger Transitiounsphas. Néierens soss am Haus bestëmmen elektresch Apparater d‘Optik an d‘Funktionalitéit vum Raum esou staark. A wou Technik an d‘Spill kënnt, bleift Verännerung net aus. An dësem Text kucke mer op aktuell Trends a ginn Iech Iddie fir d‘Ariichtung vun Ärer nächster Kichen.
Eraus aus der Isolatioun Eng grouss Verännerung vun der traditioneller op déi modern Kichen ass de Raum, an där se sech befënnt. Während ee fréier an engem isoléierte Raum gekacht huet, wou beschtefalls ee klengen Iessdësch stoung, ass d‘Kichen hautdesdaags quasi perfekt an de Wunnraum integréiert. D‘Grenzen zum Iesszëmmer an der Stuff verlafe fléissend, et kéint ee souguer soen, se si verschwonnen. De Beräich fir ze kachen ass zesumme mat de Wunnmiwwelen an engem oppene Grondrëss ënnerbruecht, wouduerch se net just méi grouss wierkt, mee et och wierklech ass. 19
Ihr Fachmann für Küchen Innenausbau und Möbel
Vorher Nachher
3D PLANUNG
D‘Häerz vun der Kichen Déi zweet signifikativ Verännerung ass d‘Positioun vum wuel wichtegsten Element aus dësem Raum: der Kachplack. Nach bis viru kuerzem stoung d‘Kachmaschinn zesumme mat der Aarbechtsplack an dem Lavabo widdert der Mauer. An der moderner Kiche brécht se vun do eraus a steet praktesch matzen am Raum. Dëst nennt een eng Kachinsel. Si gesäit net nëmme gutt aus mee léisst och méi Plaz fir d‘Aarbechtsplack an deemno fir d‘Preparatiounen. Iwwerdeems loossen sech an der Insel op all Säit Schief an Tiräng integréieren, wouduerch ee méi Plaz fir Geschir an Iesswueren huet. Wat den Typ vun der Kachplack ugeet huet een haut verschidde Méiglechkeeten. Déi wuel am wäitste verbreeten Aart ass eng Glaskeramikplack, déi duerch Hëtzestraler gliddeg gëtt. Se ass einfach ze hantéieren an ze botzen an se ass net deier. Allerdéngs brauchen d‘Kachfelder laang, fir waarm ze ginn an nach méi laang, fir nees ofzekillen. Doduerch geet vill Energie verluer an et besteet virun allem bei klenge Kanner ee Verbrennungsrisiko. Eng méi modern Versioun vun der Glaskeramikplack ass d‘Induktioun, där hir Verkafszuelen am Gaang sinn, astronomesch Héichten ze erklammen. Kee Wonner, well d‘Virdeeler schwätzen eng ganz kloer Sprooch: D‘Dëppen a Pane sinn an null komma näischt waarm, d‘Kachfeld u sech erhëtzt sech awer net, well d‘Hëtzt duerch Magnetismus erzeegt gëtt. Et gi keng eenzel Kachfelder, d‘Dëppe kënnen iwwerall op der Plack waarm ginn. Trotzdeem ass den Energieverbrauch immens kleng a
well se mat Glaskeramik iwwerdeckt ass, léisst se sech wéi hire Virgänger einfach propper maachen. Dëst Wonnerwierk ass awer net grad bëlleg an der Uschafung, ausserdeem ka just Kachgeschir drop benotzt ginn, dat op Magnetismus reagéiert, z.B. stolen Dëppen. Eng drëtt Optioun, déi sech virun allem an der Gastronomie u grousser Beléiftheet erfreet, ass d‘Gaskachplack. Wéi bei der Induktioun ass d‘Hëtzt immens séier do an dono nees fort an se verbraucht net vill Energie. Mee d‘Viraussetzung fir sech esou eng unzeschafen ass natierlech een Uschloss un d‘Gasnetz a Kachen op oppener Flam stellt ëmmer ee gewësse Sécherheetsrisiko duer. Eng wéineg verbreeten awer duerchaus charmant Aart a Weis, fir säin Iessen zouzebereeden, ass mat Holz. Ier den elektresche Stroum am Stot disponibel war, sinn all d‘Kachmaschinne mat Holz bedriwwe ginn. Haut kënnt dës al Traditioun plazeweis nees zeréck, well een domat onofhängeg vum Stroumnetz ass an d‘Stralungswäermt vun der holzbedriwwener Kachmaschinn besonnesch agreabel ass. Fir Leit, déi net schonn ee Kamäin doheem hunn, ass dës Optioun awer éischter manner interessant.
Ewech mat der Fiichtegkeet Wou gekacht gëtt entsteet Damp, an dee muss aus der Kichen eraus. Dofir huet een eng Hott, déi den Damp erasuckelt an no bausse leet... oder? Net onbedéngt, modern Hotte sinn net méi gezwongenermoosse mat der Baussewelt verbonnen. Nei Modeller kommen a Form vun enger Këscht, déi iwwer d‘Kachplack gehaange
Cercueils & incinérations
24 / 24
Transport In-und Ausland
Stunden Dienst übers ganze Jahr auch während den Feiertagen
Särge & Einäscherungen
Transport national & international
Sämtliche Formalitäten
heures pendant toute l’année même les jours fériés
Formalités & démarches F: +352 / 26 903 711 · GSM: +352 / 691 921 650
Blumen & Zubehör
info@pf-jacoby.lu ·
Fleurs & accessoires
PF_Jacoby_2018.indd 1
www.pf-jacoby.lu
1 1 , r u e d e Ka u t e n b a c h L-9831 Consthum
T: + 3 5 2 / 2 6 9 0 3 7 1 0
23.01.18 15:50
21
DÖLCO®-Systempartner Die Firma Sanitaire Percy Rauchs ist seit vielen Jahren Ihr kompetenter Ansprech partner bei allen Fragen rund um die Themen Heizung, Sanitär und Haustechnik. Seit Ende 2015 sind wir außerdem als einer von europaweit über 3.000 DÖLCO®-Partnerbetrieben in der Wasserschadenbeseitigung tätig. Wir zeichnen uns durch den Einsatz moderner Austrocknungs-und Messtechnologien in und an Bauwerken sowie eine kompetente und verlässliche Arbeitsweise aus. Firmeninhaber Percy Rauchs im DÖLCO Schulungszentrum
Badezimmer-Komplett& Teilsanierung ALLES AUS EINER HAND Beratung, 3D-Planung, Barrierefreie Badezimmer, Wellness
Wartung & Kundendienst Klein & Kleinstreparaturen Neuinstallation Öl-, Gas-, Holz-, Pellets- & Brennwert kessel, Warmwasserspeicher, Wärmepumpe, Solaranlage, Regen wasser, kontrollierte Wohnraumlüftung, erneuerbare Energien
DÖLCO®-Systempartner
22
Schadensanalyse, Leckageortung, Feuchtemesstechnik, Trocknungen, Versicherungs-Abwicklungen u.v.m.
gëtt a mat der Telecommande jee no Besoin erop an erof fuere gelooss ka ginn. Aner Modeller si souguer an der Kachplack agebaut an zéien den Damp vun hannen of. Wann se net benotzt ginn, loossen se sech no banne versenken. Hotten ouni Uschloss no bausse filteren d‘Fett a kleng Partikelen aus der Loft, ier si se erëm un de Raum ofginn. Trotz dem Asaz vun enger Hott ass Lëften nom Kache staark recommandéiert.
Wou geschnëppelt gëtt Ee groussen Afloss op d‘Optik an d‘Funktionalitéit vun der Kichen huet d‘Aarbechtsplack. Et ass do, wou Saache preparéiert ginn, ier se am Schäffchen oder an der Pan landen. Vu Granit iwwer Resopal bis bei Keramik ginn et verschidde Materialer a jiddwereent huet seng Vir- an Nodeeler. Resopal ass eng Aart Laminat, déi vill fir Aarbechtsplacken an der Kichen agesat gëtt. D‘Material ass net ze haart, sou datt d‘Geschir och bei méi festem Niddersetzen net esou séier beschiedegt gëtt an se ass vergläichsweis fir wéineg Suen ze kréien.
QUALITATIV AARBECHT
Allerdéngs ass se empfindlech géint staark Hëtzt a ka gär zerschréipsen. Natursteen ewéi Marber oder Granit sinn optesch immens edel, kréie quasi keng Schréipsen a si resistent géint Hëtzt. Natursteen ass allerdéngs immens kal an iwwerdeems empfindlech géint Saier. Dat perfekt Material fir d‘Aarbechtsplack verbënnt d‘Virdeeler vum Natursteen a vum Laminat an nennt sech Keramik. Et kann een ouni Problem drop schneiden, gliddeg Panen drop ofstellen, en ass hygienesch an einfach ze botzen. Präislech befënnt sech Keramik awer iwwert den anere Materialer. Weider, manner heefeg Aarbechtsplacken fir de private Gebrauch bestinn aus Massivholz, Stol oder Bëtong. Beim Preparéiere vun Iesse gëtt leider a ville Fäll net just d‘Ënnerlag knaschteg, mee och d‘Mauer hannendrun. Aus dësem Grond ass et vu Virdeel, wann ee keng Tapéit oder kleng Plättercher do huet, mee Glas, op mannst bis eng gewëssen Héicht. Och grouss a kriddeleg Flecke kritt ee vun esou enger Uewerfläch ouni Opwand ofgewëscht.
FËNSTEREN
PVC, ALU-PVC, ALU-HOLZ, ALU
ROLLLUEDEN / RAFFSTOREN FËNSTERBÄNKEN BANNEN A BAUSSEN
HÉICHWÄERTEG
M ATERI ALER VU BEKANNTE MARKEN.
BOTZE VUN FËNSTEREN A VERANDAEN
Äre Partner fir RENOVATIOUN, BÄIBAU ODER NEIBAU
INSEKTENSCHUTZ DIEREN
ZËMMERDIEREN, HAUSDIEREN, KELLERDIEREN, FEIERSCHUTZDIEREN, NIEWENAGANGSDIEREN
GARAGEPAARTEN VUN HÖRMANN
KAMÄINER
MAT BRENNHOLZ ODER PELLETS
BUEDZËMMER
ARIICHTUNGEN, MIWWELEN
GRATIS Devisen
sinn bei eis selbstverständlech!
T. 621 888 143
2, Beim Kazebësch L-9830 BOCKHOLTZ ddimitrov@pro-domo.lu
www.pro-domo.lu
23
4, rue du Moulin L-9126 SCHIEREN Tél.: 81 20 40-1 info@dicato.lu www.dicato.lu
MAISON UNIFAMILIALES | FAÇADE | PLÂTRE CONSTRUCTIONS DE RÉSIDENCES | CHAPE TRANSFORMATIONS ET RÉNOVATIONS DALLAGE | AMÉNAGEMENT EXTÉRIEUR
4, Zone Industrielle L-9166 Mertzig Tél.: 88 90 20 metallisation@dicato.lu www.dicato.lu
GRENAILLAGE | METALLISATION | SABLAGE AU SABLE QUARTZ | MICROBILLAGE MISE EN PEINTURE | POLYMERISATION
NOUVEAU Polymérisation jantes en couleurs FLUOR, CANDY et CHROM NOIR
24
Ausgesinn ass (net) alles Eng Kiche besteet laang net nëmmen aus Kachan Aarbechtsplacken, ee groussen Deel maachen d‘Fronten aus. Fir genuch Iesswueren, Geschir a Geräter kënnen ënnerzebréngen ass d‘Gréisst an d‘Unzuel vun den Tiräng a Schief natierlech entscheedend. D‘Fronte bestëmmen awer och d‘Optik vun der Kichen, dofir sollt een op d‘Ausgesi genee sou vill Wäert leeën. Ee moderne Look erreecht ee mat Fronten ouni Grëffer. Doduerch sinn se iwwerdeems nach méi liicht ze botzen. Fir datt och sécher keng Flecke bleiwen, ass et unzeroden, sech fir eng Glasbeschichtung ze entscheeden. Esou bleift d‘Faarf och no jorelaangem Upaken nach schéin. Apropos Faarf: Vu datt déi modern Kichen am Wunnraum integréiert ass, sollt ee beschtefalls kucken, de Stil an d‘Faarwen dem ganze Raum unzepassen, oder sech op mannst fir eppes entscheeden, dat net ze vill mam Wunnraum kontrastéiert. Mee am Endeffekt kënnt et jo drop u wat engem perséinlech gefält.
parater an der Reegel och duerch eng besser Leeschtung a besonnesch Funktiounen. Sou kritt een zum Beispill Schäffercher mat agebauter Mikrowellfunktioun oder Frigoe mat ënnerschiddlech kalen Zone fir méi empfindlech Liewensmëttel. Wou ee seng Geräter positionéiert kann engem den Alldag och ëm esou munches erliichteren. D‘Spullmaschinn amplaz um Buedem op Schëllerhéicht unzebrénge mécht d‘An- an Ausraume vu Spull nëmmen nach hallef esou verdrësslech. Kache mécht vill Spaass, virausgesat et ass een am richtegen Ëmfeld. Egal, ob een nei baut a seng Kiche vu Grond op plangt oder just e puer Changementer an der bestoender Kiche wëllt ënnerhuelen, déi viregt Beispiller ginn hoffentlech e puer Ureegungen dozou, wéi een neit Liewen an d‘Häerzstéck vum Haus erakritt an elo schonn d‘Virfreed opbléie léisst, déi nächst Moolzechten doranner zouzebereeden.
Technik am Virdergrond Frigo, Schäffchen, Spullmaschinn, Mikrowell... d‘Kiche vun haut ass voller elektrescher Apparater. Tatsächlech sinn am Duerchschnëtt d‘Hallschent vun de Stroumkäschten op Haushaltsapparater zeréckzeféieren, wouvunner déi meescht an der Kiche stinn. Fir d‘Stroumkäschten ze reduzéieren, rentéiert et sech, al Apparater auszewiesselen an duerch neier ze ersetzen, déi d‘Energieklass A+++ erreechen. Ausserdeem kritt ee vun de Gemengen, déi Member am Klimapakt sinn, Subside fir all Apparat. Nieft engem méi klengen Energieverbrauch iwwerzeege modern Kichenap-
MAISON 20A L-9780 WINCRANGE TEL: +352 94 90 45 I INFO@ANOE.LU
WWW.ANOE.LU ATELIER NOE
NEU & EXKLUSIV
Ihr Fachhändler für den Norden Luxemburgs & Ostbelgien
Besuchen Sie unsere neue Website:
Grand-Rue 60b | L-9905 Troisvierges | Tel.: +352 26 90 81 58
25
matériaux clement
Bauen a wunnen JAN_FEV2018.indd Toutes les pages
2B Avenue de la Gare - WILTZ
GARTEN
GARTENMÖBEL KINDERSPIELGERÄTE TERRASSENBÖDEN & DIELEN GARTENGESTALTUNG & DEKORATION GRILLGERÄTE & -ZUBEHÖR
AUSSEN
AUSSENBELEUCHTUNG
BEDACHUNG FASSADEN BAUELEMENTE TROCKENBAU ISOLATION ROHBAUSTOFFE
INNEN
INNENAUSBAU & GESTALTUNG FUSSBÖDEN TÜREN DECKEN & WANDGESTALTUNG SANITÄR & HEIZUNG
AUSSEN
+
BEDACHUNG Services FASSADEN * Farbmischmaschine * Lieferservice * Plattenzuschnitte BAUELEMENTE info@clement.lu www.clement.lu
WERKZEUG
TROCKENBAU ISOLATION
WERKZEUGE & EISENWAREN BAUZUBEHÖR
BAUCHEMIE ROHBAUSTOFFE
ELEKTRIZITÄT & BELEUCHTUNG
DEKO
SAISONARTIKEL
FARBEN & BEIZEN
INNEN
TAPETEN INNENAUSBAU & LAMPEN & LEUCHTEN GESTALTUNGLEISTEN & MEHR
FUSSBÖDEN TÜREN
Unsere Öffnungszeiten
DECKEN & Montag bis Freitag 08:00-12:00 13:00-18:00 WANDGESTALTUNG Samstag 08:00-12:00 13:00-17:00 SANITÄR Fax & HEIZUNG : +352 95 89 33
Tél. : +352 95 80 51
Matériaux Clement s.a. 2B avenue de la Gare L- 9540 WILTZ
31, Haaptstrooss | L-9835 Hoscheid-Dickt Tél: 99 04 07 1 | info@nicoschmit.lu www.nicoschmit.lu
CHAUFFAGE-SANITAIRE SCHMIT NICO S.À R.L.
D’VIRDEELER VUN ENGER NEIER CHAUDIÈRE
D‘Tatsaach, datt een all moies waarm dusche kann an och bei äisege Baussentemperaturen dobannen net fréiert, huet een eenzeg an eleng senger Heizung ze verdanken. Joerzéngtelaang steet se engem zur Säit, mee éiweg hält se net. Chauffage-Sanitaire Schmit Nico ass ënner Anerem dofir do, eng béis Iwwerraschung a Form vun enger futtisser Chaudière ze verhënneren. Den Thomas Rykal, Chef vum Beräich Renovatioun bei Schmit Nico s.àr.l., erkläert, firwat een seng al Chaudière geschwënn duerch eng nei sollt ersetzen.
28
Firwat sollt een déi bestoend Chaudière auswiesselen? Thomas Rykal: Fir eng Masuttsheizung gëtt eng Betribszäit vun 20 Joer recommandéiert a fir eng Gasheizung 15 Joer. Duerno besteet de Risiko, datt se all Moment kéint ausfalen. An der kaler Joreszäit wier dat fatal, well een da bis d‘Chaudière ersat ass net méi kann hëtzen a kee waarmt Waasser méi am Haus huet. Esou een Zeenario léisst sech mat enger neier Chaudière evitéieren. Iwwerdeems sinn déi nei ee gutt Stéck méi energieeffizient, wouduerch ee bis zu 20%
un Käschte ka spueren. Am Fréijoer, wann et ufänkt erëm méi waarm ze ginn, ass déi ideal Period fir ze wiesselen. Dann ass een net méi sou staark op d‘Heizung ugewisen an et kann een sech d‘Zäit huelen, fir sech gutt iwwert déi verschidde Méiglechkeeten z‘informéieren an sech beroden ze loossen.
Wéi eng Virdeeler huet eng nei Chaudière? Thomas Rykal: Alles am Beräich Technik huet sech an de leschte Joren enorm entwéckelt an d‘Chaudière ass do keng Ausnam. Mat enger neier Anlag huet ee Betribssécherheet fir déi nächst 15-20 Joer. Modern Anlage si méi spuersam an der Energie an ausserdeem mam Internet verbonnen. Dat erlaabt eis vu Schmit Nico s.à r.l., vun eisem Büro aus reegelméisseg Updates vun der Software an der Chaudière z‘installéieren. Natierlech kann och de Client selwer seng Chaudière vu Wäitem reguléieren a ganz confortabel iwwert eng App um Handy d‘Temperatur vun de Raim schonn astellen, wann en nach net doheem ass. Dat ass immens praktesch.
Wat mécht Schmit Nico s.à r.l. zu engem kompetente Partner a Punkto Heizungen? Thomas Rykal: Eis Firma besteet schonn zënter iwwer 25 Joer an huet doduerch Erfarung mat souwuel ale wéi och mat neien Heizunge vu verschiddenen Zorten. Mir schaffe mat etabléierte Partner wéi Buderus a Viessmann zesummen a verkafen eise Clienten doduerch nëmme Produite vun exzellenter Qualitéit. Mir hunn iwwerdeems een Team aus 11 Heizungstechniker, déi 24/24 Stonnen, 7/7 Deeg disponibel sinn, wann emol eppes gefléckt muss ginn. Mir sinn am ganze Grand-Duché bekannt fir déi gutt Qualitéit vun eise Produiten a Servicer. Am Beräich vun den erneierbaren Energië si mir och immens staark. Do hiewe mir eis virun Allem duerch Heizungen, déi mat Biomass bedriwwe ginn, ervir. Bei den Holz- a Pelletheizunge fir de private Stot hu mir schonn iwwer 15 Joer Erfarung a sinn d‘gewerblech Vertriedung vun der Firma ETA zu Lëtzebuerg. Fir erneierbar Energiequelle kritt een iwwregens Subside vum Staat. Mir leeë fir de Client ee kompletten Dossier un, mat deem en seng Subsiden ufroe kann, fir och sécher kënnen dovunner ze profitéieren.
WAGNER TECH Déi ganz Technik vum Gebai aus enger Hand Chauffage-Sanitaire Schmit Nico s.à r.l. ass een Deel vum Gruppement WAGNER TECH. Dëse besteet am Ganzen aus 5 Betriber, déi zesumme schaffen an aus engem eidele Réibau ee komplett equipéiert Wunn- oder Aarbechtsgebai maachen. Dozou gehéieren d‘Verleeë vun de Stroum-, Waasser- an Heizungsleitungen, d‘Installatioun vu Sanitäranlagen, Computernetzwierker, Sécherheetssystemer an all aner Technik, déi ee fir eng optimal Notzung vum Gebai brauch. Et sinn allerdéngs net just Neibauten, ëm déi si sech këmmeren, mee och bestoend Gebaier a Form vu Renovatiounen a Moderniséierungen. Fir datt déi agebauten Technik zu jidder Zäit zouverlässeg leeft, muss reegelméisseg dono gekuckt ginn. Souwuel fir privat wéi och professionell Clienten huet WAGNER TECH déi passend Léisungen. An dat bescht ass: et kënnt alles aus enger Hand. Een Uspriechpartner fir eng breet Palett un Déngschtleeschtungen ze hu mécht d‘Experienz vun engem Ëmbau vill méi agreabel a suergt dofir, datt d‘Aarbecht propper a séier iwwert d‘Bühn geet. An den nächsten Editioune vun der „Doheem“ wäert WAGNER TECH seng wichtegst Kompetenzberäicher noenee virstellen.
+352 84 92 03 1
contact@wagnertech.lu
29
E Betrib am Wandel
• Sämtliche Malerarbeiten innen und außen • Fassadengestaltung am PC • Kompetente Beratung
67, rue Muller Fromes L-9261 Diekirch
30
Tél.: (+352) 80 96 19 info@ludes.lu
www.ludes.lu
Den Usträicherbetrieb Ludes existéiert schonn zënter iwwer 20 Joer zu Dikrech a bitt souwuel Privatleit wéi och Betriber ee kompetente Service, wann et ëm d’Faarfgestaltung oder een Tapéitewiessel geet. D’Rosi an de Johann Ludes hu schonn ëmmer vill Wäert op héichwäerteg Qualitéit, souwuel bei der Auswiel vun de Marken ewéi och bei hire Mataarbechter geluecht. Si gi reegelméisseg a Formatiounen, wou si net just déi neisten Technike léieren, mee och op Saachen opmierksam gemaach ginn, déi si bei der Benotzung vun den ënnerschiddleche Faarfproduite musse berécksiichtegen. Iwwerdeems spillt och d’Schoune vun der Ëmwelt eng grouss Roll am Usträicherbetrieb Ludes. „Mir leeë ganz vill Wäert drop, d’Ëmwelt net méi ze belaaschte wéi noutwenneg an dofir ginn eis Pinselen a Rouleauen och net beim Client ausgewäsch, mee an eisem Atelier, wou mir eng speziell Waasseropbereedungsanlag stoen hunn. Hei gëtt d’Waasser an engem grousse Behälter vun 800 Liter opgefaangen an dono vun den iwwrege Faarfreschter getrennt. Deemno kënnt just d’Waasser an de Kanal a mir entsuergen déi gedréchent Réckstänn an der normaler Dreckskëscht“, erkläert de Johann Ludes. Dem meeschtergepréiften Usträicher mécht d’Berodung vum Client immens vill Freed : „All Client an all Raum oder Fassad ass anescht. Et ass eng ofwiesslungsräich Aarbecht, bei där een anere Mënschen zu engem schéinen Doheem verhëllefe kann.“ D’Berodung ass mëttlerweil deelweis digitaliséiert ginn, andeems Fotoe vun enger Beispill-Fassad oder engem Raum um Computer am gewënschte Faarftoun duergestallt ginn. Esou kann de Client direkt vergläichen, wéi eng Faarf senger Meenung no am beschte bei seng Fassad oder an säi Living passt a muss sech net méi just op seng Virstellungskraaft verloossen. Eng weider modern Technik kënnt bei der Faarfmëschanlag ColorExpress zum Asaz. Dobäi handelt et sech ëm eng Mëschanlag, déi vill ënnerschiddlech Faarftéin hierstelle kann. Dee System ass souguer esou intelligent, datt en tëscht Bio-Faarwen an anere Produiten ënnerscheede kann, sou datt garantéiert just dat an d’Dëppche kënnt, wat de Client gären hätt.
DEN USTRÄICHERBETRIEB LUDES PRESENTÉIERT
DE BAUMEESCHTER
Momentan befënnt sech den Usträicherbetrieb Ludes an enger Iwwergangsphas, an där de Betrib vum Papp an d’Hänn vu senge Jonge weidergereecht gëtt. De Betrib plënnert viraussiichtlech an déi nei Industriezon um Fridhaff, wou ee gréissere Showroom geplangt ass.
Wéi fannen ech eraus, wéi vill Faarf ech brauch ?
Wéi kann ee klenge Raum optesch méi grouss wierken?
Fréier ass dacks behaapt ginn, et misst een einfach d’Unzuel vun de Quadratmeter verduebelen, déi sollen ugestrach ginn. Dës Rechnung kann awer falsch sinn an et huet een am Endeffekt vill ze vill Faarf kaaft. Fir datt dat net méi virkënnt, verrode mir Iech elo, wéi mir rechnen. Fir d’éischt ass et wichteg, d’Breet vun all de Maueren, déi sollen ugestrach ginn, ze moossen. Dës Breet multiplizéiert ee mat der Héicht vum Raum, sou datt een de Flächeninhalt (m2) erausfënnt. Dobäi kann een Ëffnungen ewéi grouss Fënsteren an Dieren ofrechnen. Da kann ee mat 0,3 Liter Faarf pro m2 rechnen, wat duergeet, fir zwou Couchen op eng glat bis mëttel strukturéiert Mauer opzedroen. Méi staark strukturéiert Ënnergrënn brauche méi Faarf.
Hell Faarwen, virun allem Pastelltéin, eegnen sech ganz gutt fir Raim méi grouss wierken ze loossen. Faarwen, déi d’Luucht reflektéiere wéi beispillsweis Giel- oder zaart Orangetéin sinn optimal. Vun däischteren Téin a klenge Raim ass generell ofzeroden, well se d’Luucht ze vill schlécken an doduerch eng bedréckend Atmosphär entsteet. Wann een awer gären ee kräftegen Toun an engem klenge Raum hätt, da soll een oppassen, datt dee just maximal 30% vun der Raumfaarf ausmécht. Déi iwwreg 70% vun der Fläch sollten an engem hellen Toun gestrach sinn. Mat kräftege Faarwe kann ee jee nodeem wéi de Raum geschnidden ass flott Akzenter setzen. 31
ÄRE SPEZIALIST FIR HEELPLANZEN Mir proposéieren Heelplanzen a verschiddene Formen: Pëllen, Téi, Spray, Sirop, Tinkturen asw.
Dir kënnt all eis Produkter op
www.luxherbalist.com ONLINE BESTELLEN
GRATIS
LIWWERUNG
Vu 75€ u liwwere mir gratis bei Iech heem ënnerhalb vu Lëtzebuerg.
Dir fannt bei eis och aner Produkter fir Är Gesondheet wéi zum Beispill Sëlwer (natierlechen Antibiotika), Produiten op Basis vu Champignonen a Villes méi. Fir datt de Kierper net nëmme vu banne gesond ass, bidde mir och eng grouss Auswiel u medezinescher Naturkosmetik.
YVES HABSCHEID Diploméierten Herboriste Fir eng perséinlech Berodung kënnt Dir gären ee Rendez-vous an eisem Buttek huelen.
Tel. 621 753 339
EISE BUTTEK ASS NËMMEN OP RENDEZ-VOUS OP
Maison 24 I L-7433 GREVENKNAPP I luxherbalist@pt.lu I www.luxherbalist.com
GESONDHEET
UREEGUNGE FIR EE MÉI GESOND LIEWEN
Dat neit Joer ass well iwwer ee Mount am Gaang an d‘Lëscht mat de gudde Virsätz ass bei ville Leit bestëmmt schonn am Tirang verschwonnen. Een Evergreen op dëser faméiser Lëscht ass et, sech ee méi gesonde Liewensstil unzëeegnen. Also besser opzepassen, wat een ësst, den Abo am Fitness net no 3 Woche schonn ze kënnegen an endlech dem Hëftspeck fir ëmmer Äddi ze soen. Dacks bleift et awer just beim gudde Virsaz, well d‘Motivatioun esou séier nees fält wéi se geklommen ass. Ee Grond
dofir ass, datt vill Leit net wëssen, wéi ee genee virgeet an ouni konkret Pläng an Ziler einfach mol drop lass probéieren. Fir datt et 2018 besser klappt, versuergt Iech dësen Text mat zolittem Grondwëssen a wäert-vollen, detailléierten Tipps iwwer Fitness, Ernär-ung an eng gesond Liewensweis.
33
D‘Wichtegkeet vu Beweegung De mënschleche Kierper ass dofir gebaut, sech ze beweegen. Virun zéngdausende vu Joren hu mir kilometerwäit misse lafen, fir un eist Iessen ze kommen oder eng Plaz fir ze schlofen ze fannen. Et ass eréischt zimlech rezent, datt ee fir säin Iesse just e puer Meter bis an d‘Kiche muss goen an een 8 Stonnen den Dag quasi onbeweegt virun engem Bildschierm sëtzt. Eis Anatomie hat nach keng Méiglechkeet, sech un dëse passive Liewensstil unzepassen. Ze wéineg Beweegung huet dowéinst negativ Konsequenze fir souwuel déi physesch wéi och fir déi mental Gesondheet.
Ass Sport wierklech Mord? Ville Leit ginn d‘Schudderen aus, wann se dat béist Wuert „Sport“ héieren. Mee et muss een sech net onbedéngt stonnelaang um Lafband quälen, fir säi Besoin u Beweegung ze decken. Et kann een sech genee sou gutt a Form vun enger flotter Aktivitéit mat Frënn oder Famill beweegen, wéi bei engem Tour mam Vëlo oder beim Sport an engem Veräin. All Mënsch huet eng aner Perséinlechkeet, also muss ee fir sech selwer erausfannen, ob ee léiwer eleng oder an der Grupp Sport dreift. Haaptsaach et huet ee Freed un der Aktivitéit.
Ofhuelen duerch Sport All Zort vu Beweegung dréit zu engem méi héije Kalorieverbrauch an domat zum Ofhuele bäi, mee wie gären déi effikasste Method gewuer gëtt, fir seng Polstere lass ze ginn, liest weider. Ideal ass et, Ausdauer- a Kraaftsport ze kombinéieren. De Muskelopbau, deen aus
34
reegelméissegem Kraafttraining resultéiert, erhéicht de Grond-Kalorienëmsaz. Wat bedeit dat? Muskulatur ass de ganzen Dag iwwer aktiv a verbraucht vill Kalorien. Wat ee méi Muskelmass huet, wat ee méi Kalorië verbrennt, och ouni selwer aktiv ze sinn. Am effektiivsten ass Kraafttraining, wann een en op déi ënnerschiddlech Muskelpartien opdeelt. Beispillsweis een Dag Broscht an Trizeps, een Dag Been, een Dag Schëlleren a Bauch an een Dag Réck a Bizeps, bei enger Dauer vu jeeweils 45 Minutte bis eng Stonn. Fir Dysbalancen ze verhënneren, sollt een de ganze Kierper trainéieren. Am beschten eegenen sech Übungen, déi vill Muskele gläichzäiteg beusprochen, z.b. Bänkdrécken, Kniebeugen a Kräizhiewen. Ergänzend dozou mécht een isoléiert Übunge mat Hantelen oder un der Maschinn. Et dierf een och net fäerten, schwéier Gewiichter ze hiewen, awer mat Virsiicht an onbedéngt mat korrekter Ausféierung. Eng Widderhuelungszuel tëscht 6 an 8 pro Saz ass ideal, fir de Wuesstem vun de Muskelzellen ze stimuléieren. Dobäi sollt een no spéitstens 8 Widderhuelungen net méi an der Lag sinn, d‘Übung propper auszeféieren. Dëse Prinzip gëllt net just fir d‘Hären. Vill Frae fäerte schwéier Gewiichter, well se denken, herno esou auszegesi wéi den Arnold Schwarzenegger a senge beschten Zäiten. Den nidderegen Testosteronlevel am weibleche Kierper verhënnert awer ee massive Muskelopbau. Trotzdeem ass engem Ufänger recommandéiert, fir d‘éischt déi korrekt Ausféierung vun den Übungen ze léieren, ier een sech riseg Gewiichter op d‘Staang tässelt. Mat falscher Technik kann een sech nämlech méi schuede wéi Guddes doen.
chez
titude» Adoptez la «Fit at de votre corps ! en prenant soin YOGA
WWW.CRYOTHERAPIE.LU RUE JOSEPH SIMON, 44 - 9550 WILTZ INFO@CRYOTHERAPIE.LU
WWW.CRYOTHERAPIE.LU
YOGA
PILATES
FACEBOOK// CRYOTHERAPIE.LU
Beim Ausdauertraining ass et esou, datt d‘Dageszäit an d‘Variatioun vun der Intensitéit doriwwer bestëmmen, wéi d‘Resultater ausfalen. Tatsächlech ass d‘Wierkung moies virum Iessen am héchsten. Eng hallef Stonn zu där Zäit kuerbelt de Stoffwiessel esou staark un ewéi annerhallef Stonn zu enger anerer Dageszäit. Fir eng maximal Fettverbrennung ze erreechen, ass een Training mat souwuel niddereger wéi héijer Intensitéit déi optimal Optioun. An der Fachsprooch nennt sech dat „High-Intensity Intermittent Training (HIIT)“ a kann zum Beispill esou ausgesinn, datt een e puer Sekonne laang sprint, direkt duerno e puer Sekonne lues leeft an deen Zyklus esou laang widderhëlt, bis ee 15-20 Minutten duerch huet. Natierlech verlaangt esou een haarden Training vill Disziplin, mee d‘Resultater maachen sech bezuelt.
Du bass wat‘s de ëss Sport ass just eng vun de Variabelen, déi iwwer d‘Kierperzesummesetzung entscheeden. Nach méi wichteg ass dat, wat an de Kierper erageet. Et ginn eng Hällewull un Trend-Regimmer, mee ee Regimm ass ëmmer un eng limitéiert Zäitdauer gekoppelt a soubal déi eriwwer ass, kommen déi verluere Kiloe meeschtens nees zréck. Eng méi nohalteg Léisung ass et, seng Ernärung ganz ëmzestellen. Dat kléngt erschreckend, mee alles wat een dofir muss maachen, ass seng Gewunnechten ze änneren. Vill Leit iesse bestëmmte Saachen,
titude» Adoptez la «Fit at de votre corps ! en prenant soin
RUE JOSEPH SIMON, 44 - 9550 WILTZ
CRYOLIPOLYSE
chez
CRYOLIPOLYSE
INFO@CRYOTHERAPIE.LU
CRYOTHÉRAPIE
Où ?
CRYOTHÉRAPIE
691 55 20 78
PRÈS DE CHEZ VOUS !
PRÈS DE CHEZ VOUS !
691 55 20 78
À Wiltz
À Wiltz
PILATES
chez Où ?
PILATES
FACEBOOK// CRYOTHERAPIE.LU
YOGA
titude» Adoptez la «Fit at de votre corps ! en prenant soin
well se zanter Joren dru gewinnt sinn. Al Gewunnechten duerch neier ze ersetzen ass net einfach, mee huet een et gepackt, dann ass gesond Ernärung een Automatismus. Mee wéi gesäit eng gesond Ernärung iwwerhaapt aus?
D‘Beschrëftung vu Liewensmëttel verstoen An der Reegel steet op all verpaaktem Liewensmëttel eng Tabell, déi de Contenu un Nährstoffer verréit, heiansdo méi, heiansdo manner ausféierlech. Ze vermeide si Liewensmëttel mat engem héijen Undeel un Zocker oder gesiedegte Fetter. Zocker wierkt op de Kierper wéi eng Drog an huet bei engem ze héije Konsum immens vill negativ Effekter op d‘allgemeng Gesondheet a mécht ufälleg fir Adipositas, héije Bluttdrock an Diabetis. Gesiedegt Fetter loossen den LDLCholesterolspigel klammen, duerch déi HäerzKreeslaf-Stéierungen entstoe kënnen. Net just d‘Nährstoffer mee och d‘Ingrediente vun engem Liewensmëttel verroden iwwert seng Qualitéit. Wéi bei der Nährstofftabell soll een op d‘Wuert „Zocker“ oppassen an d‘Wuer da just no grëndlecher Iwwerleeung kafen. Synonymmer dofir sinn „Glukose-Sirup“ oder aner Zorte vu Siropen. Eng weider Reegel ass déi, datt een Inhaltsstoffer, déi een net kennt, net sollt iessen. Konservéierungsstoffer oder Geschmaachsverstäerker mat Nimm ewéi „E227“ sollt ee mat Virsiicht genéissen. Net all 35
sinn se schiedlech, mee wat ee Liewensmëttel manner kënschtlech Inhaltsstoffer huet, wat besser.
Uebst a Geméis Schonn zënter Éiwegkeete soe Mammen hire Kanner, si solle méi Uebst a Geméis iessen. An si doe gutt dorunner, well Grénges (an aner Faarwen) stécht voller Vitaminnen, Mineralien an Antioxidanten, déi fir liewensnoutwenneg Prozesser am Kierper gebraucht ginn. Recom-
Wir suchen selbstständige Vertriebspartner für Luxemburg und Belgien
Nous recherchons des partenaires indépendants pour le Luxembourg et la Belgique
(auch nebenberuflich)
(également en temps partiel)
Francis Mertens Independent partner
T +352 621 832 119 www.zinzino.com/2004348349
1er rendez-vous
G R AT U I T
(et sans engagement)
Votre Personal Trainer dans le nord du Luxembourg
36
mandéiert ginn 3 Portioune Geméis an 2 Portiounen Uebst pro Dag. Ofwiesslung ass de Schlëssel. Wann ee méi verschidden Zorten ësst, spendéiert ee sengem Kierper eng méi breet Palett un Nährstoffer an ausserdeem gëtt et net sou séier langweileg. Bestëmmt entdeckt een dobäi Zorten, vun deenen een net geduecht hätt, datt se engem esou gutt schmaachen.
Vollkar, jo oder nee? Bei Liewensmëttel aus Kär, wéi Brout, Nuddelen oder Räis, kann een entweder déi wäiss Variant oder d‘Vollkar-Variant iessen. Wäisst Miel huet méi Veraarbechtungsschrëtter hannert sech, an deenen déi ganz Schuel vum Kär besäitegt ginn ass. Vollkar-Miel dogéint huet dës Schuel nach. Si enthält wäertvoll Minerala Ballaststoffer an se léisst den Insulinspigel net esou staark an d‘Luucht goen, wat dozou féiert, datt ee méi laang sat bleift. Wann een also Produiten aus Kär zou sech hëlt, sollt ee beschtefalls op d‘Vollkar-Variant zeréckgräifen.
Ofhuelen ass eng einfach Rechnung Wéineg Zocker, gesiedegt Fetter a kënschtlech Inhaltsstoffer, vill Uebst a Geméis a VollkarProduiten amplaz vu Wäissem Miel bilden d‘Grondlag fir eng gesond Ernärung. Mee hëlt een domat automatesch of? Net direkt. Fir Gewiicht ze verléiere muss ee méi Kalorië verbrenne wéi een zou sech hëlt, respektiv manner Kalorien zou sech huele wéi ee verbraucht. Wann de Kierper net genuch Energie iwwer d‘Iesse bereetgestallt kritt muss en un seng eege Reserve goen. Een ze staarken Defizit u Kalorië léisst allerdéngs een onerwënschten Effekt am Kierper aus. Als Resultat vun engem akuten Hongerzoustand ass de Kierper méi ufälleg dofir, nei Nahrung als Fettreserven ofzespäicheren, fir op eng weider Hongerperiod virbereet ze sinn. Dës Reaktioun ass als de JojoEffekt no engem strenge Regimm bekannt. Wéi ermëttelt een dann elo, wéi vill Kalorien ee soll zou sech huelen? Fir d‘éischt muss ee säin duerchschnëttlechen Energieverbrauch bestëmmen. Am Internet ginn et speziell Rechner, déi dëse Wäert unhand vum Alter, dem Geschlecht, der kierperlecher Aktivitéit a weidere Variabele berechnen. Natierlech ass dës Method net immens genee, mee se
vermëttelt een Unhaltspunkt. Duerno heescht et ausprobéieren! Ee Kaloriendefizit vun 300500kcal ass ee gudden Ausgangswäert fir séier, awer net ze séier u säin Zil ze kommen. Wann een awer mierkt, datt een sech bei 500 Kalorien am Minus net wuel fillt, soll een den Defizit reduzéieren.
Buch féieren Fir sech iwwer seng Ernärung méi Bewosstsinn ze schafen an d‘Nährwäerter vu Liewensmëttel kennenzeléieren ass ee sougenanntent „Ernährungstagebuch“ eng verléisslech Method. Do schreift een dran, wat een den Dag iwwer ësst a wéi vill Kalorien an Nährstoffer een doduerch zou sech geholl huet. Wann ee raus iesse geet kann een de Kaloriegehalt vum Plat natierlech net um Teller liesen, mee am Zäitalter vum Internet loossen sech d‘Nährwäerter vu praktesch allméiglechem Menü banne Sekonnen erausfannen. Fir seng Kalorien ze ziele ginn et och praktesch Smartphone-Apps, déi engem dës Aufgab erliichteren. No e puer Wochen entwéckelt ee schliisslech ee Bauchgefill dofir, wéi vill ee vu wat dierf iessen, fir u säin Zil ze kommen.
Sech fit schlofen Nieft Iessen a Sport existéiert nach een drëtte wichtege Facteur, deen een net ze negligéierenden Effekt op d‘Gesondheet huet, nämlech de Schlof. Frot Iech eemol, wéini Dir fir déi leschte Kéier eng Woch laang hannerteneen ausgeschlof waart a kee Kaffi gebraucht hutt, fir moies op d‘Been ze kommen? Grad bei engem aktive Liewensstil brauch een erwuessene Mënsch 7-8 Stonne Schlof pro
Nuecht. An der Woch, wann de Schlofrhythmus duerch de Wecker gesteiert gëtt, di vill Leit sech schwéier, u genuch Schlof ze kommen. Méi fréi an d‘Bett an ze goen ass awer net sou einfach, wann een doduerch seng Liiblingssendung op der Tëlee verpasst oder onbedéngt nach seng Neiegkeeten op Facebook wëllt kucken. Och hei geet et drëms, Gewunnechten ze änneren an sech eng Zäit laang selwer dozou zwéngen, virun 10 Auer am Bett mat der Luucht aus ze leien, bis et vum selwe geet. Reegelméisseg Schlofzäite wierken sech och positiv op d‘Qualitéit vum Schlof aus. Eng gutt Hëllef dobäi ass, 2 Stonne virum Schlofen op stimuléierend Aktivitéite wéi kierperlech Ustrengung oder eng exzessiv Benotzung vun Handy a Computer ze verzichten. Substanzen, déi waakreg maachen, wéi Alkohol a Koffein, solle 6 Stonne virum Schlofen net méi konsuméiert ginn.
Gesond liewen heescht glécklech Liewen De leschte Facteur, deen zu engem gesonde Liewe bäidréit, mee vun deem an dësem Zesummenhang manner dacks geschwat gëtt, ass déi eege Glécklechkeet. Wéi zefridde sinn ech am Alldag? Hunn ech eng Passioun an Ziler am Liewen, fir déi ech mech aktiv beméien? Hunn ech Freed oder ëmmer just Misär op der Aarbecht? Féieren ech eng glécklech Bezéiung? Sech esou Froen ze stellen a wann néideg eppes u senger Situatioun ze änneren erfuerdert vill Courage, mee et kann alles ëm 180° dréinen. Mir wënschen Iech voll Erfolleg dobäi, Är Ziler dëst Joer ze ereechen an engem gesonde Liewen op mannst ee grousse Schratt méi no ze kommen.
Le bien-être de votre enfant est notre passion.
Un éspace agréable
Notre petite structure offre à votre enfant un cadre de vie chaleureux et sécurisant. Accompagné par une équipe de professionnels qualifiés et attentif il évolue à son rythme et selon sa personnalité.
Personnel qualifié Activités Artistiques et Eveil Musical Plurilinguisme
Crèche de 0-4 ans | 1, Cité Schouesbierg L-7740 Colmar-Berg | tél.:26 887 662 | engelshaischen@pt.lu
Bouneweg Déifferdeng Diddeleng Ettelbréck Féiz Angelduerf Miersch Péiteng Walfer
38
9 Coiffeurssalonen zu Lëtzebuerg.
HÄREN, DAMEN A KANNER www.ryanhair.lu
RYANHAIR
DÉI NEISTE FRISURTRENDS All Woch nei Promotiounen Wéi gewinnt ginn hir wéchentlech Aktioune bäibehalen, wéi beispillsweis d’Eco Packs vun der Woch oder d’Last-Minute-Offeren, déi immens beléift sinn. Déi ganz Equipe vu Ryanhair freet sech drop, hir Clienten an hire Salonen z’empfänken an alles dofir ze maachen, si ouni Rendez-vous propper ze zerwéieren an dat zu engem Präis, bei deem d’Konkurrenz net nokënnt. Hären, Dammen a Kanner sinn alleguer wëllkomm. Kommt laanscht a loosst Iech iwwerzeegen. Zënter 2008 ass Ryanhair um Lëtzebuerger Coiffuresmarché fir säin exzellent Präis-Leeschtungs-Verhältnis bekannt.
Déi aktuell Tendenzen Fir hir Servicer ze perfektionéieren, organiséiert déi betribsintern Coiffersschoul vu Ryanhair während den Aarbechtszäite reegelméisseg Formatiounen, déi d’Manageren, d’Coifferen an d’Léiermeedercher/ -bouwe mat den neisten Techniken an Tendenze vertraut maachen. Esou kënnen si hire Clienten zu jidder Zäit déi beschte Berodung offréieren.
Andeems onnéideg Nieweleeschtungen, déi de Präis kënschtlech an d’Luucht dreiwen, op der Säit gelooss ginn, ass et Ryanhair méiglech, sech eleng op dat Wesentlecht an op d’Wënsch vun de Clienten ze fokusséieren an ee personaliséierte Service zu engem klenge Präis unzebidden. Ryanhair, de Premium Hair Discounter, dat sinn 9 Coiffeurssalonen zu Lëtzebuerg.
9 Salonen Ryanhair ass eng Coifferschaîne mat 9 neie Salonen zu Lëtzebuerg. Et kann een ouni Rendez-vous laanschtkommen an sech ganz no senge Wënsch d’Hoer maache loossen. Jiddwer Coupe geet eng perséinlech Berodung mat Devis ouni Verflichtung viraus. Eng Gamme un exklusive Produiten, déi vun de RyanhairCoifferen entwéckelt goufen, ronnt hir Auswiel of. 39
Demenz :
Eine Erkrankung vorwiegend im hohen Lebensalter
Das Alter. Kein Lebensabschnitt bringt neben den Schönheiten des Daseins so viele körperliche und psychische Beschwerden mit sich wie das (hohe) Alter.
- Nachlassende Alltagsfähigkeiten, wie z.B. Essen kochen, Schuhe binden,… - Abnahme der räumlichen Orientierung - Gestörter Tag-Nacht-Rhythmus -… haben die meisten Formen jedoch gemeinsam und können Hinweise auf eine Demenzerkrankung sein. Soweit diese Symptome auch noch länger als 6 Monate anhalten, sollte in jedem Fall ein Arzt aufgesucht werden um die Ursache festzustellen.
Manchmal ist es wie verhext: Da kannte man jahrzehntelang die Telefonnummer des alten Schulfreundes auswendig, doch jetzt will sie einem partout nicht einfallen. Eine harmlose Gedächtnislücke – oder ein erstes Anzeichen einer beginnenden Demenz? Jeder Mensch leidet mit zunehmendem Alter unter einer ganz normalen Vergesslichkeit, der eine mehr, der andere weniger. Eine vergessene Telefonnummer oder ein vergessener Name sollte daher nicht gleich ein Anlass zur Sorge sein. Setzt das Gedächtnis jedoch häufiger aus und die alltäglichen Dinge des Lebens geraten vermehrt in Vergessenheit, dann sollte man diese Vergesslichkeit aber näher untersuchen lassen. Es gibt mehr als 100 verschiedene Demenz-Formen und so hat Demenz viele Gesichter. Sie sind gekennzeichnet durch verschieden auftretende Symptome die das jeweilige Krankheitsbild prägen. Einige grundlegende Symptome wie z.B.: - Konzentrationsschwäche - Verschlechterung der Merkfähigkeit - Probleme bei der Wortfindung - Veränderung der Persönlichkeit
Nach Schätzungen leiden derzeit weltweit über 35 Millionen Menschen an Demenz und Hochrechnungen zufolge wird diese Zahl innerhalb der nächsten Jahrzehnte noch weiter steigen. Für Luxemburg gibt es keine genaue Statistik, aber man kann von einer Anzahl von ungefähr 7000 Menschen ausgehen, die derzeit an einer Demenzform erkrankt sind. Mit der Diagnose „Demenz“ verändert sich das Leben und stellt die Betroffenen und ihre Angehörigen vor viele Fragen und neue Herausforderungen. Niemand sollte der Krankheit „Demenz“ alleine gegenüber stehen. Daher ist es wichtig, dass unsere Gesellschaft alten und gebrechlichen Menschen, sowie deren Angehörigen, die passenden Hilfsangebote und individuell abgestimmte Informationen zur Verfügung stellt, die sie für ein möglichst selbstbestimmtes und menschenwürdiges Leben brauchen.
lu I de I fr I en I es I pt
Demenz werft vill Froen op. Frot no, amplaz ofzewaarden!
Info-Zenter
Demenz
26 47 00
Är gratis Informatiounsplaz fir all Froen zum Thema Demenz.
Sie haben Fragen zum Thema „Demenz“ und brauchen Hilfe? - Wenden Sie sich vertrauensvoll an die neutrale und kostenlose Informationsstelle „Info-Zenter Demenz (I-ZD)“ auf Nummer 14a, rue des Bains in der Hauptstadt neben der Badanstalt. Hier vor Ort beantworten die Mitarbeiter Ihre Fragen in den Sprachen Luxemburgisch, Deutsch, Französisch, Englisch, Spanisch, Portugiesisch. Wir informieren in einfacher und verständlicher Sprache, sodass das Thema „Demenz“ für jeden verständlich wird. Das I-ZD ist eine vom Familienministerium agreierte und konventionierte Anlaufstelle.
LIEWEN AM ALTER
EE GENOSS... ODER?
Haut nach aktiv am Aarbechtsliewen, muer schonn an der Pensioun. Bei munche Leit féiert dëse staarken Ëmschwong zu grousser Onsécherheet. Tatsächlech stellt een sech als frësch gebaakte Pensionär eng Rëtsch Froen, un déi een am Virfeld mol net geduecht huet. Wéi kann ech meng Zäit elo sënnvoll notzen oder wat kann ech mir an där Zäit alles gënnen? – Dat si wuel nach déi banaalst Froen, déi sech opdinn. Méi komplizéiert gëtt et dann, wann ee konkret Decisiounen treffe muss, wéi beispillsweis, ob a wéi laang een nach wëllt an den eegene véier Wänn wunne bleiwen a wéi een se an deem Fall misst ëmbauen. An de folgenden Zeile wëlle mir
Iech virstellen, wéi ee vu sengem Liewen am drëtten Alter zu Lëtzebuerg esou richteg profitéiere kann.
Wéi eng Méiglechkeete ginn et, fir aktiv ze bleiwen? Zu Lëtzebuerg ginn et eng ganz Partie Initiativen a Servicer, déi et Leit vu 50 Joer un erméiglechen, weiderhin aktiv um Liewen deelzehuelen. Zum Enge sinn dat verschidde Veräiner, déi sech entweder geziilt un eeler Leit riichten, wéi beispillsweis déi lokal Amiperas oder déi, déi fir jiddwereen accessibel sinn, wéi 41
ÄRE PARTNER FIR TRAPENA PLATTFORMLIFTEN
QUALITÉIT, SÉCHERHEET A SERVICE, DAT ASS EIS DEVISE! Tel. 26 48 06 81 – www.trapenliftservice.lu – info@trapenliftservice.lu 50, rue des Prés, L-2349 Luxembourg
24 Stonnen Seniorenhëllef a Betreiung doheem.
mateneen.lu@outlook.com
+352 691 826 727
42
Aides et Soins à Domicile
NÉI
Mateneen.lu Anna Bielakowska
Päiperléck
Vermittlung polnischer Haushaltshilfen zur Pflege und Betreuung Ihrer Angehörigen in der vertrauten Atmosphäre des eigenen Heims.
Nuets Päiperléck
24/24h soins palliatifs Tel. 28 800 300
Conventionnée par la CNS. Bureau administratif: 1b, rue Stohlbour L-6181 Gonderange Tél. 26 65 86 info@paiperleck.lu www.paiperleck.lu
zum Beispill d’Duerfmusek oder ee Sportveräin. Donieft ginn awer och eng Rëtsch Projeten ugebueden, déi et de Leit erméiglechen sech ze engagéieren oder sech an engem bestëmmte Beräich weiderzebilden. Wie gewëllt ass, sech a senger Fräizäit fir ee gudden Zweck anzesetzen, dee fënnt uechter d’Land eng sëllechen Organisatiounen, déi sech iwwert nei Membere freeën. Wann een sech an engem spezifesche Beräich wëllt bedeelegen, wéi beispillsweis Kanner bei den Hausaufgaben ze hëllefen oder kreativ Workshops ze halen, da kann een sech op der Internetsäit benevolat. public.lu renseignéieren. Op dëser Säit fënnt een net just vill konkret Ausschreiwungen, mee och eng Lëscht vun all de Lëtzebuerger Veräiner, déi a verschidde Beräicher ënnerdeelt ass, fir datt ee méi séier déi Associatioun fënnt, déi am beschte bei seng eegen Interessie passt.
(LU.: Iessen op Rieder) a kann op der Gemeng ugefrot ginn. Verschidde Gemenge bidden och sougenannten Noperschaftsdéngschter un. Dobäi handelt et sech ëm kleng Aarbechten, déi dacks fir eeler Leit net méi sou einfach duerchzeféiere sinn. Dorënner fält beispillsweis d’Schnéischëppen, d’Wiss méinen oder kleng Reparaturaarbechten am a ronderëm d’Haus. Méi detailléiert Informatiounen zu dëse Servicer kënne bei der zoustänneger Gemeng ugefrot ginn.
Eng weider Méiglechkeet, déi frësch gewonne Fräizäit optimal ze notzen, ass u Weiderbildungen deelzehuelen. Et ass ee schliisslech ni ze al, fir Neies ze léieren. Mëttlerweil gëtt et och zu Lëtzebuerg eng breet gefächert Offer u Couren, un deenen och eeler Leit kënnen deelhuelen. Esou kann ee beispillsweis verschidde Couren op der Uni Lëtzebuerg besichen oder un anere Lifelong-Learning-Seminairen, déi ënnert Anerem och vun der Landakademie ugebuede ginn, profitéieren. Vu Kache bis hin zu kreative Konschtatelieren oder d’Léiere vun enger neier Sprooch sinn de Wëssbegierege keng Grenze gesat. Wann ee selwer eng bestëmmte Saach gutt beherrscht oder sech an engem Sujet gutt auskennt, wier et och villäicht keng schlecht Iddi selwer d’Initiativ z’ergräifen an een eegene Cours op d’Been ze stellen.
Fleegedéngschter a speziell Servicer fir Pensionären Nieft deene villen ofwiesslungsräiche Fräizäitaktivitéite ginn et awer och nach aner Servicer speziell fir Pensionären. Dozou zielen net just déi vill verschidde Fleegedéngschter, déi bei een heem kommen, mee nach vill méi Leeschtungen, déi ee kann an Usproch huelen, mee un déi een net onbedéngt direkt denkt. Sou gëtt et zum Beispill d’Méiglechkeet sech all Dag frëscht Iessen heem liwweren ze loossen. Dëse Service nennt sech „repas sur roues“
Liewen doheem? Eng Fro, déi fréier oder spéider all Senior sech stelle muss, ass, ob a wéi laang een nach wëllt an den eegene véier Wänn wunne bleiwen oder ob et awer eventuell besser wier an engem Fleegeheem ënnerbruecht ze sinn. Dës Decisioun sollt op alle Fall gutt iwwerluecht ginn. Schonn eleng wann ee sech bewosst ass, datt ee wëllt doheem wunne bleiwen, gëllt et mat Zäite bestëmmte Virkéierungen an d’Weeër ze leeden. Bei engem méistäckegen Haus oder engem Appartement, dat net 43
Dudzinski Nina
infirmière diplomée pédicure médicale T. 691 30 53 36
Langer Jenny
pédicure médicale T. 661 40 45 11 Korrektioun vun agewuessenen Neel (Spangentechnik) ouni Péng an Operatioun Behandlung vun: • Waarzelen a pilzbefalen Neel (ouni Péng) • Diabetiker Féiss
„Gutt zu Fouss“ 7, op der Schleed L-9273 Diekirch
um Rez-de-chaussée läit, muss een sech dringend Gedanken ëm d’Accessibilitéit am méi héijen Alter maachen. Gëtt et ee Lift oder d’Méiglechkeet an den eegene véier Wänn een Trapelift z’installéieren? Oder kéint een sech eventuell just de Rez-de-chaussée als Wunneng ëmbauen an de Rescht net méi sou heefeg notzen? Och am Buedzëmmer muss op esou Munches opgepasst ginn. Am Alter ass et definitiv ze recommandéieren, eng Dusch op Buedemniveau oder eng Bidden, déi ee säitlech kann opmaachen, ze hunn. Dës Preparatioune reduzéieren nämlech d’Gefor eng Kéier am Buedzëmmer op déi haart Plättercher ze falen, wann een et emol net méi sou liicht hätt, d’Been unzehiewen. Ee weidere wichtege Punkt ass d’Sécherheet doheem. Domat ass net just gemengt, datt een seng eege véier Wänn soll sou abrochsécher wéi méiglech maachen, mee et ass duerchaus ze empfeelen sech ee sougenannten „Téléalarme“, een Noutdéngscht fir doheem, unzeschafen. Bei dësem System, dee rondrëm d‘Auer disponibel ass, gëtt et d’Méiglechkeet vun doheem aus een Alarm auszeléisen, wann eppes geschitt ass an een op Hëllef ugewisen ass. Beim klasseschen „Téléalarme“ kritt een eng fix Statioun an ee Bracelet oder eng Ketten, mat där een den Alarm zu all Ament ausléise kann. Esou huet een d‘Gewëssheet, datt een net e puer Stonne laang waarde muss bis ee fonnt gëtt, wann eng Kéier eppes geschitt.
Dräi Zorte vun Ariichtungen 15, place des Tilleuls L-9575des WILTZ 15, place Tilleuls L-9575 Tél : 95 WILTZ 82 04 Fax 95 82 88 04 16 Tél :: 95 Fax : 95 88 16 optom@pt.lu www.optom.lu optom@pt.lu
www.optom.lu
Fréier oder spéider kann all Mënsch an eng Situatioun geroden, an där en net méi fäeg ass, eleng doheem wunnen ze bleiwen. Wann een sech dann dofir entscheet an eng op eeler Leit spezialiséiert Ariichtung ze plënneren, dann huet een dräi verschidden Optiounen, déi ënnerschiddleche Besoinen u Betreiung gerecht ginn: Betreit Wunnen, integréiert Seniorenzentren oder Fleegeheemer. Si entscheeden sech ënnert Anerem och duerch d’Betreiungskonzepter an d’Offer un Aktivitéiten. Hei e puer grondsätzlech Infoen: Beim betreite Wunnen handelt et sech ëm eng Ariichtung, déi aus enger bestëmmter Unzuel u Wunnengen, déi entweder fir de Verkaf oder fir ze lounen ugebuede ginn, woubäi gläichzäiteg
44
Hëllefs- an/oder Fleegeservicer ugebuede ginn. Dës Gebaier mussen de spezifesche Besoine vun den eelere Leit entspriechen. Fir datt dëst Konzept staatlech zougelooss gëtt, musse bestëmmte Kritären erfëllt ginn. Esou muss beispillsweis op mannst 5 Deeg an der Woch eng Persoun fir 8 Stonne pro Dag op der Plaz sinn, fir de Bewunner kënnen ze hëllefen. Iwwerdeems ass et sou, datt d’Bewunner vun Personal oder Mataarbechter vun engem Fleegenetz betreit ginn, während der Zäit an där Leeschtungen ugebueden ginn. Ausserhalb vun den Zäite während deenen d‘Servicer ugebuede ginn, mussen d’Bewunner d’Méiglechkeet hunn een „Téléalarme“ ze notzen. D’Konzept vum betreite Wunne riicht sech just un Leit, déi manner wéi 12 Stonne pro Woch soignéiert musse ginn. Deemno muss een, soubal sech den eegenen Zoustand an der Mooss verschlechtert, entweder an een integréierte Seniorenzenter oder an ee Fleegeheem plënneren. Déi sougenannten integréiert Seniorenzentre sinn déi Ariichtungen, déi fréier „Altersheem“ genannt gi sinn an sech souwuel am Dag, wéi och an der Nuecht ëm déi eeler Leit këmmeren. Do kritt een eng Partie Servicer gebueden, déi vu Fleeg a Gymnastik fir krank Leit bis hin zu der Fërderung vun individuelle Kompetenzen a gesellschaftlech Integratioun reechen. Verschidde Seniorenzentren hunn sech souguer op bestëmmte Beräicher spezialiséiert, wéi beispillsweis Demenz. Jiddwereen, deen hei opgeholl gëtt, dierf och bis zu sengem Liewensenn bleiwen. An de klassesche Fleegeheemer ass et esou, datt een als Bewunner op mannst 12 Stonnen d’Woch ee Besoin fir Fleeg muss hunn. Op dëser Plaz ginn deemno an der Reegel just staark fleegebedierfteg Leit opgeholl. Déi ugebuede Servicer ënnerscheeden sech net vun engem integréierte Seniorenzenter. Iwwerdeems ginn d’Servicer un den eenzele Mënsch ugepasst an kënnen dohier staark variéieren. Wann een sech fir eng vun dësen dräi Ariichtungen decidéiert, da muss een och op eng Partie Saachen oppassen. Fir d’alleréischt mol sollt een sech fréi genuch informéieren an déi verschidden Haiser och eng Kéier kucke goen. Bei där Geleegenheet soll een sech am Virfeld ee Bild iwwert déi ugebueden Aktivitéiten a
Servicer maachen. Iwwerdeems kann ee sech beim Solidaritéitsfong doriwwer informéieren, ob een eventuell ee Recht dorop huet, een Deel vun de Käschten iwwert dëse Fong gedroen ze kréien. Selbstverständlech profitéiert ee jee nodeem wéi d’Situatioun ass och vun der Fleegeversécherung. Dës kann een awer och an Usproch huelen, wann een zum Beispill säin eegent Doheem altersgerecht wëllt ariichten.
Eng Saach, déi een ni vergiesse sollt Egal fir wéi eng Optioun een sech decidéiert a wéi ee säi Liewen am Alter gestalt, eppes sollt een op kee Fall vergiessen: et lieft een nëmmen emol an dat sollt een och genéissen. Et ass wichteg sech net just a jonke Joren Ziler ze setzen, mee och am Alter net just vun der Géigewaart ze profitéieren, mee och ee konkreten Unhaltspunkt fir d’Zukunft ze schafen. Nei Perspektive schafen an sech d’Freed um Liewen erhale sinn essentiell fir een erfëllt Liewen. An deem Sënn: Genéisst et!
Päiperléck
Aides et Soins à Domicile
Dir huet keen deen Iech bei Ären Besuergungen hëllefen oder begleeden kann? Päiperléck S.à r.l. bitt Iech dësen Service* un , an begleet Iech bei all Ären enerscheedlechen Besuergungen.
Conventionnéiert vun der CNS.
Zu dësem Service gehéieren ënner anerem: Liewensmëttelakeef Bankenbesich
Visiten beim Dokter Trëppelen goen
Tél: 26 65 86 www.paiperleck.lu Soins à Domicile de Diekirch:
4, rue Alexis Heck L-9242 Diekirch Tél. 26 65 86 - 851 info@paiperleck.lu www.paiperleck.lu
Päiperléck S.à r.l.
* Tariffer vun dësem Service kenn Dir gären bei eis ufroen, ënnert Tél. 26 65 86.
45
02.06.18-06.06.18
09.03.2018
Freitagsmarkt MAASTRICHT Preis pro Person 25€
Mit dem historischen Doppelpfeilzug “Churchill“ BODENSEE - GENFER SEE Preis pro Person DZ 1.085€
Kinder bis 11 J.: 20€
Preis pro Person EZ 1.420€
17.03.2018
06.07.2018
Creativa DORTMUND
Preis pro Person 50€ Kinder bis 11 J.: 40€
Helene Fischer DÜSSELDORF-STADION Preis pro Person 145€ 12.07.2018 - 15.07.2018
25.05.2018
Freitagsmarkt MAASTRICHT Preis pro Person 25€
Citytrip PRAG
Preis pro Person DZ Preis pro Person EZ
420€ 520€
Kinder bis 12 J.: 20€
5 , Z . I . I n d e n A l l e r n ( B . P. 1 1 )
81 32 | GES | Tél.: 99 | L-9911 TROISVIER
o@ste 70 | inf Fax.: 97 96
p h a n y. l
u
www.stephany.lu
MEN 7SQUARE / ARMANI JEANS / A FISH NAMED FRED / BOSS BLACK / BOSS GREEN / BOSS ORANGE / CAVALLARO / CLUB OF GENTS / DIGEL / DSTREZZED / JOOP / FYNCH-HATTON / GARDEUR / HAUPT / JOOP / KARL LAGERFELD / MAERZ / MMX ROY ROBSON / SCOTCH&SODA / STENSTROMS / THOMAS BRADLEY / THOMAS MAINE
WOMEN
7/7 Tage geöffnet 10 - 19h00 WEISWAMPACH Gruuss Strooss 64
T. +352 26 908 440
www.passion.lu
46
AAIKO / AIRFIELD / ARMANI / CAMBIO / CAROLINE BISS / ELISA CAVALETTI / FRACOMINA / GAUDI /GUESS / HALE BOB / HIGH / KARL LAGERFELD / KOCCA / LIU JO / LIU JEANS / LIU JO SPORT / LUISA CERANO / MARC AUREL / MARCCAIN COLLECTION / MARCCAIN SPORT / MAXMARA WEEKEND / MARIE MERO / MICHAEL KORS / PATRIZIA PEPE / PEPE JEANS / PRINCESS / REPEAT / RIANI / RICH&ROYAL / RIVER WOODS / SARAH PACINI / SCAPA SPORTS / SCOTCH&SODA / SILVIAN HEACH / SPORTALM / SUPERDRY / TWIN SET / YAYA
VÄLTESDAG
DEN DAG VUN DER LÉIFT
Am Februar suergt ee ganz bestëmmten Dag dofir, datt et ville Leit ganz schéi waarm ëm d’Häerz gëtt: Vältesdag. De 14. Februar ass och nach bekannt als den Dag vun der Léift. Traditionell ginn zu deem Ulass rout Rouse verschenkt. Mee wouhier kënnt dëse Brauch iwwerhaapt a wat ginn et fir Alternativen, fir sengem Léifsten op deem speziellen Dag eng Freed ze maachen? Dëse Reportage gëtt Ustéiss an erkläert iwwerdeems d’Hannergrënn an auslännesch Traditiounen, déi sech op deem romanteschen Dag agebiergert hunn.
Wou huet dës Traditioun hiren Ursprong? D’Geschicht ronderëm Vältesdag ass ganz ëmstridden, well et keng sécher Iwwermëttlunge ginn. Während déi eng spekuléieren, datt den Dag vun der Léift just zu kommerziellen Zwecker vun de Blummebutteker a Schockelasfabrikanten erfonnt ginn ass, sinn déi aner dovun iwwerzeegt, datt Vältesdag mam Hellege Valentin zesummenhänkt. De Réimer soll als Paschtouer d’Zeremonie vun der kierchlecher Hochzäit mat Koppelen duerchgefouert hunn, trotz dem Verbuet vum Keeser Claudius II. Zu dëser Geleeënheet soll hien de frësch Bestuete 47
Blummen aus sengem eegene Gaart geschenkt hunn. Déi Bestietnisser, déi de Valentin duerchgefouert huet, sollen ënnert engem gudde Liicht gestanen hunn. Vältesdag an där Form, wéi en haut bekannt ass, huet säin Ursprong an England, wou zanter dem 14. Joerhonnert déi sougenannten „Vogelhochzeit“ um 14. Februar zelebréiert ginn ass. Dobäi huet et sech ëm een Evenement gehandelt, dat dofir geduecht war, Leit aus adelege Kreesser zesummenzebréngen. De Mann huet sech mat Gedichter, Lidder an aneren Opféierunge Méi ginn, fir der Fra ze gefalen. Et kéint een deemno soen et wier eng almoudesch Aart vu „Speed Dating“ gewiescht. Baséierend op dëser Traditioun huet sech am 17. Joerhonnert de Brauch entwéckelt, datt sech Verléifter Välteskaarten a Gedichter schécken.
Vältesdag ronderëm de Globus Ganz klassesch geet et an England an an Amerika zou. Do ginn anonym Bréiwer a Kaarte mat romantesche Wierder oder e puer poeteschen Zeilen un déi Persoun geschéckt, an déi een sech verléift huet. Dat Ganzt huet sech awer mëttlerweil dozou entwéckelt, datt eng Zort Concours entstanen ass, bei deem un der Unzuel u Post gekuckt gëtt, wien am meeschte veréiert gëtt. An Italien gëtt ganz besonnesch um 14. Februar d’Geleeënheet genotzt, sech op eng modern Aart a Weis als Koppel ze veréiwegen. Vill verléifte Koppele befestegen zesummen ee sougenanntent „Liebesschloss“ un enger Bréck. Op dëse Schlässer, déi symbolesch fir déi éiweg
48
w w w. p a s s i o n e l l e . l u
passionellelux
Belval - Dudelange - Wemperhardt - Schmiede Pommerloch - Oberpallen - Strassen - Marnach
Léift stinn, sinn hir Nimm agravéiert. Zesumme gëtt dann de Schlëssel an d’Waasser geworf an sech eppes dobäi gewënscht. Mëttlerweil ass dës Iddi a vill aner Länner eriwwergeschwappt a gëtt net méi just op Vältesdag ëmgesat. Een immens bekannt Beispill fir esou eng Bréck fënnt een, net wäit ewech vu Lëtzebuerg, bei eisen däitschen Noperen zu Köln. D’Hohenzollernbréck ass gerëscht mat Schlässer an alle Formen a Faarwen, déi do vu Verléiften aus aller Welt opgehaange gi sinn.
Eng weider Traditioun aus dem schéinen Italien ass een Evenement, dat zu Éiere vu Romeo a Julia am „Club di Giulietta“ zu Verona organiséiert gëtt. Dobäi handelt et sech ëm ee Concours, bei deem et drëms geet, dee schéinste Libesbréif aus dausende vu romantesche Bréiwer aus aller Welt erauszesichen an ze éieren. Ganz anescht gëtt Vältesdag a Japan gefeiert. Op dësem Dag ass et un de Fraen, fir de Männer schwaarze Schockela ze schenken. An dat net just hirem Partner, mee och der Famill an dem Patron. Um Schockela kann een awer erkennen, a wéi enger Relatioun d’Fra zum beschenkte Mann steet. Dee Schockela, dee vun Häerze kënnt a fir de Partner bestëmmt ass, muss der Traditioun no selwer gemaach sinn. Fir schlecht Iwwerraschunge beim Schmaachen ze verhënnere ginn dofir souguer extra Kachcoursen ugebueden, bei deenen d’Frae léieren, wéi ee mat vill Léift esou ee Genossmëttel hierstellt. Iwwerdeems gëtt a ville Famillen d’Rezept un déi nei Generatioune weiderginn. Schockela, dee fir de Patron oder ee Kolleg bestëmmt ass, gëtt „giri-choco“, wat iwwersat
Flichtschockela bedeit, genannt. Dës Zort gëtt meeschtens kaaft an ass dohier méi bëlleg wéi déi selwer hiergestallten. Bei Kollegen, déi de Fraen um Häerz leien, gëtt vill Wäert op eng schéi Verpackung geluecht. Unhand vun opwännege Verzierunge kann dee Beschenkten erkennen, wéi wichteg hien der Fra ass. Ee Mount méi spéit, um 14. Mäerz, kréien da schlussendlech och d’Fraen een klenge Kaddo a Form vu wäissem Schockela zréck. An Europa beschränken sech déi meescht Koppelen a Verléiften op ee klenge Geste, wéi beispillsweis e Bouquet Blummen oder Knippercher. Haart ëmkämpft sinn um 14. Februar ganz besonnesch déi rout Rousen. Wie gäre schéi Rousen hätt, dee sollt also net eréischt op de leschte Stëppel am Blummebuttek opdauchen.
12, rue de Lannen L-8537 HOSTERT Tél.: +352 621 35 07 81 info@minimoyz.lu www.minimoyz.lu OUVERT lundi au samedi de 6.00h à 20.00h
Mir schwätze Lëtzebuergesch L’équipe pédagogique est composée d’une responsable éducatrice diplômée ayant une expérience professionnelle de plus de 12 années, de deux éducatrices graduées, ainsi que d’autres personnes qualifiés... Rythme biologique de l‘enfant respecté. L’épanouissement personnel de l’enfant étant à la base de notre philosophie pédagogique : nous proposons de multiples activités sensorielles, langagières, psychomotrices, découvertes ainsi que des jeux et des animations vertes, dans une atmosphère propice à l’entraide, au respect de soi et des autres et au développement de l’autonomie. Plus d‘informations sur notre site: www.minimoyz.lu
49
distributeur agréé
www.blom.lu
GARAGE JANG BLOM SA | 49a, rue de la Sûre | L-9161 INGELDORF | Tél.: +352 80 84 86-1 | info@blom.lu
LËT’Z GO LOCAL
ENG PLATTFORM FIR LOKAL PRODUZENTEN Wann een sech an de grousse Supermarchéen e bëssen ëmkuckt stellt ee fest, datt ee groussen Deel vun de Produiten an de Regaler aus dem Ausland kënnt. Allerdéngs gëtt och an eisem klenge Ländche villes hiergestallt, just sinn et dacks méi kleng Produzenten, déi net an d‘grouss Distributioun eraginn. Fir genee deene Leit eng Plattform ze bidden, op där si hir Produiten oder Servicer no bausse kënne presentéieren, ass 2013 d‘Associatioun mam Numm „Lët‘z go local“ gegrënnt ginn. Do hannendru stiechen zwou jonk Dammen, d‘Linda Bos an d‘Karolina Szatna. Allen zwee entstamen se aus dem visuelle Metier. 2012 hunn si sech kennegeléiert an zwee Deeg laang op engem Event an der Stad zesummen ee Stand bedriwwen, wou si hir grafesch Kreatioune verkaf hunn. No enger erfollegräicher Zesummenaarbecht hunn si sech iwwerluecht, de Maart méi grouss ze maachen an net just op de Beräich Design ze limitéieren, mee och Leit mat anzebezéien, déi aner interessant Produiten offréieren. Op Basis vun deem Gedanken ass no 6 Méint laanger Aarbecht hir Initiativ „Lët‘z go local“ entstanen.
www.annickmersch.com
Iwwer d‘Joren ass et den zwou Damme gelongen, een Netzwierk mat haut ronn 150 lokale Produzenten aus den ënnerschiddlechste Secteuren ze schafen. Den éischte Kontakt zu hinnen ass engersäits duerch perséinlech Bekanntschaften entstanen, anerersäits duerch d‘Recherche no Betriber, déi an d‘Konzept vu „Lët‘z go local“ passen. Wéi den Zesummeschloss méi grouss a bekannt ginn ass, hunn och Produzenten ugefaangen, vu sech aus op si duerzegoen. D‘Viraussetzunge fir dozou ze gehéiere sinn, datt et sech ëm registréiert Betriber oder Independanten handelt an datt hire Produit oder Service zu Lëtzebuerg hiergestallt oder entwéckelt gëtt. D‘Membere bezuelen eng Cotisatioun a kréien op de sozial-en Netzwierker vun der Associatioun Reklamm gemaach.
Ee Maart fir lokal Produiten a Servicer Et ass awer een anere Virdeel, deen eng Memberschaft besonnesch interessant mécht. D‘Haaptstandbeen vun der Associatioun „Lët‘z go local“ ass „De Lokale Maart“, op deem
info@annickmersch.com
34 54 17 50
Handgemaachte Bijouen
Telefon: 79 96 16 51
d‘Membere vun der Vereenegung hir Produiten an Déngschtleeschtungen dem Public kënne weisen a verkafen. Dëse Maart gëtt op mannst zweemol am Joer souwuel am Norde wéi och am Süde vum Land ofgehalen an e soll „weisen, wat et zu Lëtzebuerg alles gëtt“, esou d‘Linda Bos. Anescht wéi bei de meeschte Mäert ginn um „Lokale Maart“ net just Iesswueren a Kleeder verkaf, mee och allerhand Produiten a Leeschtungen aus de Kategorien Design, Kanner, Well-Being, Bicherediteuren a gemëschte Servicer. 70 Stänn ginn et am Ganzen. Dat bedeit, datt just d‘Hallschent vun de Membere gläichzäiteg kënnen ausstellen. D‘Karolina erkläert: „Wie wëllt ausstellen hänkt vun der Saison of. En Deel vun de Produzente kënne beispillsweis net am Fréijoer, well hire Produit dann nach net prett ass. An anerer wëllen einfach net all Kéiers dobäi sinn.“ Nieft der Nofro vun de Membere gëtt och gekuckt, dem Konsument eng méiglechst gläichméisseg Offer unzebidden, also net lauter Aussteller mat ähnleche Servicer oder Produiten um Maart vertrueden ze hunn. Déi nächst Editioun vum „Lokale Maart“ gëtt de 24. a 25. Februar fir déi 3. Kéier an der Däichhal zu Ettelbréck ofgehalen. D‘lescht Joer war e schonn, mat ronn 6000 begeeschterte Visiteuren, ee groussen Erfolleg. „D‘Leit wëssen, datt se verschidde Saachen nëmme bei eis fannen an dat motivéiert si, fir ze kommen“, mengt d‘Linda. Aner reegelméisseg Standuerter sinn d‘Rotonden an der Stad an d‘Kulturfabrik zu Esch. Fir seng Clientèle aus béiden
Produiten aus dem Beiestack Beienziichterei „De Beiefritz“
Yannick Kihm T. 671 23 55 75 info@beiefritz.lu
L-5402 ASSEL
52
www.beiefritz.lu
Deeler vu Lëtzebuerg kënnen ze versuergen, ass de Maart all Joer emol am Norden an emol am Süden ze fannen.
Zesumme staark An der Zäit war et esou, datt d‘Stänn no Kategorie gegliddert waren. Op Wonsch vun den Aussteller hunn d‘Organisateuren déi leschte Kéier Stänn aus ënnerschiddleche Kategorië beieneegesat. Dëst Konzept ass och beim Public gutt ukomm an huet verhënnert, datt d‘Visiteuren ee Beräich vum Maart net kucke gaange sinn, well eng gewësse Kategorie si a priori net interesséiert huet. En anere Virdeel vun der neier Opdeelung ass, datt verschidden Aussteller kënnen zesummeschaffen. „Eis ass et net just wichteg, de Kontakt tëscht de Produzenten an de Clienten hierzestellen, mee och ënnert de Produzente selwer. Doduerch si well heiansdo flott Zesummenaarbechten entstanen“, erzielen d‘Grënnerinne vu „Lët‘z go local“. Dës Zesummenaarbechten hunn sech beispillsweis esou ausgedréckt, datt ee Kach an der Kiche vun engem Schräiner Showcooking gemaach huet oder ee Bicherverlag bei enger Liesung Wäin vum lokale Wënzer zerwéiert huet. Heiansdo stellt och just deen een op sengem Stand um Maart Produite vun engem aneren aus, fir géigesäiteg Reklamm ze maachen. D‘Membere vu „Lët‘z go local“ fleegen eng positiv Relatioun ënnerteneen. Konkurrenzdenke gëtt et net. Am Géigendeel: verschidde Produzente si souguer privat matenee befrënnt. Vun der nächster Editioun un soll nach méi Dynamik op de Maart kommen, andeems d‘Aussteller Aktivitéite wéi Workshops oder Degustatioune proposéieren dierfen. Op engem sou grousse Maart gëtt et vill ze kucken, also verbréngen d‘Leit eng gutt Zäitchen an den Halen. Fir dem Honger entgéint ze wierken, steet virun der Däichhal een „Foodtruck-Village“ mat ronn 10 mobillen Iessstänn. Genee wéi bei den anere Stänn gëtt och hei Wäert op Diversitéit geluecht. D‘Visiteure mussen sech also net just mat enger eenzeger Zort Iessen zefridde ginn, mee wäerte fir all Goût eppes fannen.
LIBRAIRIE ZIMMER PRESENTÉIERT
D’IESELSOUER
Die Geschichte der Bienen - Norwegeschen Originaltitel: Bienes historie Maja Lunde; Iwwersetzung an d‘Däitscht: Ursel Allenstein An England am Joer 1852 erfënnt de Biolog William een neie Beiestack. Mat der Hëllef vun sengem Meedchen an sengem Jong studéiert hien d‘Beien. Am Ohio an den USA, am Joer 2007, schafft den Imker George haart fir säin Dram, säi Jong soll emol säin Haff iwwerhuelen. Mee den Tom wëllt awer eigentlech Journalist ginn. An der drëtter Geschicht si mir a China, am Joer 2098: D‘Tao bestëbst Beem vun Hand, well Beie ginn et keng méi. Bei dësem erschreckenden Zeenario geet et och ëm hir Kanner. An deenen dräi parallel erzielte Geschichte léiere mir vill iwwer d‘Beien an déi absolut Wichtegkeet vun hirer Existenz! Mee dëst Buch ass méi ewéi ee Beiebuch! D‘Maja Lunde erzielt iwwert de Verloscht vun der Hoffnung, dem Zesummespill vun den Familljen an de Generatiounen, iwwer d‘Insektestierwen an iwwert déi fatal Konsequenze dovunner fir eis Mënschen. Dëst Buch gouf an Norwegen mat dem Buchhändlerpreis ausgezeechent.
Btb Verlag
ISBN 978-3-442-75684-1
20,00 € Mein Herz in zwei Welten - Engleschen Originaltitel: Still me Jojo Moyes; Iwwersetzung an d‘Däitscht: Karolina Fell No dem éischten internationale Bestseller „Ein ganzes halbes Jahr“ an senger Suite „Ein ganz neues Leben“ koum den 23. Januar fir all d’Fans vum Louisa den drëtten Deel eraus. D’Jojo Moyes huet eng Villzuel vu Bicher erausbruecht, ier säin Talent fir detailléiert a fantastesch onkonventionell Liebesromaner och hei a Westeuropa bekannt ginn ass. An dësem Deel vun der Geschicht iwwert dem Will säi Louisa ass hatt dann elo zu New York ukomm a léiert eng ganz nei a glamouréis Welt kennen. Eng Welt, déi u sech net bei dat Louisa passt, dat mir an dem éischten Deel kennegeléiert hunn. Mee wéi ëmmer ass et esou, datt dat Buch net sou ausgeet wéi een et op den éischte Säite géif mengen… Freet iech op ee gutt Buch, eng flott Geschicht iwwer d‘Liewen, d‘Léift an de Sënn hannert dem Schäin. Genéisst dem Jojo Moyes säi Stil a wann dir wëllt kënnt dir dëst Buch och an der Originalsprooch liesen. D’Iwwersetzung vun deenen 3 Deeler ass awer ganz gutt gelongen a bréngt dem Jojo Moyes säi Schreifstil gutt eriwwer.
Wunderlich Verlag
ISBN 978-3-8052-5106-8
22,95 € Tel Mo Roland Meyer Ee Kannerbuch fir erwuesse Leit! Nondikass! A wat heescht dat dann elo? Kann de Roland Meyer sech net entscheeden? Ass et ee Kannerbuch oder net? Am Fong ass déi Diskussioun guer net méi wichteg, wann ee bis e puer Säite gelies huet. An dësem Genre war bis elo ëmmer dem Janne Teller säi Buch „Nichts“ mäin absolute Favorit, mee elo krabbelt den Tel Mo awer och dohinner. Wou geet eis Gesellschaft hin? Wat sinn eis Wäerter? Aarmutsgrenz, Gewalt, Alkohol, Scholden, gebrache Familljen, ee perfekte Roman, eng Fiktioun... mee ass et wierklech eng Fiktioun? De Roland Meyer kennt eis Jugend immens gutt, hien huet jorelaang als Schoulmeeschter geschafft a bestëmmt huet en deen een oder aneren inspiréierende Moment aus sengem Liewe konnten an den Tel Mo, den Diogo, de Raphael, d‘Diana an hir Familljen afléisse loossen. Et ass ee Buch, dat Jidderee kann a sollt liesen! Ech géif et vläicht souguer als Klasselektür op den ënneschte Lycéesklasse virschloen. Am November huet den Tel Mo de Buchpräis zu Walfer an der Kategorie Kanner a Jugendbuch gewonnen!
Op der Lay
ISBN 978-2-87967-221-2
14,90 € 6 & 11, rue Saint Antoine L-9205 Diekirch
Tél: 80 95 59 Fax: 80 71 62
Lun. - Ven. 08:30 - 18:00 Sam. 09:00 - 17:00
www.zimmer.lu 53
DE CAPE PRESENTÉIERT
D’KULTUR-HIGHLIGHTS 4 x 4 Ephemeral Architectures Gandini Juggling
collaboration between two worlds: ballet and juggling.
DONNERSTAG 22. FEBRUAR 2018 20 UHR
Sean Gandini, Leitung. Emma Lister, künstlerische Koordination. Ludovic Ondiviela, Choreographie. Nimrod Borenstein, Komposition. Guy Hoare, Licht. Kati Ylä-Hokkala, Kim Huynh, Owen Reynolds, Sakari Männistö, Tanz. Erin O’Toole, Joe Bishop, Kate Byrne, Kieran Stoneley, Jonglage.
Unter der Leitung des weltbekannten Jongleurs Sean Gandini und mit den Choreographien von Ludovic Ondiviela, ehemaliger Tänzer des Londoner Royal Ballet, zeigt dieses verblüffende Spektakel das prickelnde Aufeinandertreffen zweier auf den ersten Blick völlig ungleich anmutender Welten. Ballet, die nobelste aller Kunstformen, trifft auf Jonglage, eine Straßenkunst mit weitaus weniger Prestige. Diese Verbindung erweckt neue Potenziale zum Leben und lädt auf eine Reise durch Zeit und Raum ein, bei der vier Tänzer auf vier Jongleure treffen und deren Dialog aus Bewegungen flüchtige Strukturen hinterlässt. Ringe begegnen Arabesquen, Keulen korrespondieren mit Spitzentanz und Bälle stoßen auf Pirouetten und formen so schwebend leicht elegante Muster.
PUR Shlomit & Amina Figarova
Tarif:
26,00 €
Jugendtarif: 13,00 € Kulturpass:
1,50 €
FREITAG 23. FEBRUAR 2018 20:30 UHR
Shlomit Butbul, Gesang. Amina Figarova, Piano, Komposition. Bart Platteau, Flöten. Jérôme Goldschmidt, Schlagzeug. Josua Ginsburg, Bass.
Nach bereits mehreren erfolgreichen gemeinsamen Projekten gehen die israelische Sängerin und Schauspielerin Shlomit Butbul und die aus Aserbaidschan stammende Pianistin und Komponistin Amina Figarova, die auch eine innige Freundschaft verbindet, 2018 erneut auf Europa-Tournee. Shlomit verbindet in ihrem Gesang orientalische, osteuropäische und jazzige Klänge. Meist singt die kosmopolitische Künstlerin, die in Haifa geboren wurde, in Wien aufwuchs und im Jahr 2000 in Luxemburg das Kulturcafé L’Inouï gründete, in ihrer Muttersprache hebräisch. Zusammen mit Amina, die in ihren Kompositionen Jazz und orientalischen Flair verbindet, und ihren drei Musikerkollegen nimmt sie die Zuhörer des ES’CAPE MUSIC CLUB mit auf eine Reise durch die morgen- und abendländische Kultur.
HawaÏ - Exploration du monde Richard-Olivier Jeanson Mit Richard-Olivier Jeanson Reisefilm Hawai entdecken Sie das wohl bekannteste Inselarchipel des Pazifiks auf eine ganz besondere Art und Weise. Der Film gibt dem Zuschauer das Gefühl, als befände er sich auf einem Roadtrip mit der Familie. Entdecken Sie quer über alle fünf hawaiianischen Inseln diese einzigartige Landschaft, die von der Natur mit der schönsten Kulisse ausgestattet wurde und wegen ihrer atemberaubenden Schönheit schon vielen Filmen als Szenerie diente. Eine traumhafte Reise durch das Paradies.
Tarif:
21,00 €
Jugendtarif: 10,50 € Kulturpass:
1,50 €
DIENSTAG 27. FEBRUAR 2018 20 UHR Sprache: FR
Tarif:
16,00 €
Jugendtarif:
8,00 €
Kulturpass:
1,50 €
TICKETHOTLINE: 2681 2681 Centre des Arts Pluriels Ed. Juncker 1, place Marie-Adélaïde, L-9063 Ettelbruck 54
Der Vetter aus Dingsda - Eduard Künneke Kammeroper Köln Operette in drei Akten Inga Hilsberg / Jörg Pitschmann, Musikalische Leitung. Wolfgang Lachnitt, Inszenierung und Ausstattung. Esther Hilsberg, Julia de Weert. Alicia Funken, Hannchen. Markus Lürick, Josef Kuhbrot. Ulrike Jöris, Wilhelmine Kuhbrot. Alexander Mildner, Egon von Wildenhagen. Joan Ribalta, Erster Fremder. Kelsey Frost Steele, Karla. (Änderungen vorbehalten)
FREITAG 02. MÄRZ 2018 20 UHR Sprache: DE
„Strahlender Mond, der am Himmelszelt thront!“ – seit acht Jahren seufzt Julia allabendlich den Erdtrabanten an, wenn sie an ihre Kinderliebe denkt. Eduard Künnekes unsterbliche Melodie steht für ein reines Gefühl, denn der angebetete Vetter Roderich hat sich in all den acht Jahren, seitdem er nach Batavia ausgewandert ist, kein einziges Mal gemeldet. Doch plötzlich stehen gleich zwei Roderichs vor der Tür, und die geträumte Liebe wird auf eine harte Probe gestellt… Quicklebendig, charmant, witzig, sentimental, fetzig, leichtsinnig, modern, banal und geistreich, also alles, was das Herz höher schlagen lässt: das liegt in Eduard Künnekes bekanntester Operette Der Vetter aus Dingsda. Ihre Melodien haben bis heute nichts von ihrer mitreißenden Kraft und ihrem betörendem Schmelz verloren. Bissiger Witz und frivoler Charme prägen diese 1921 uraufgeführte Operette, mit der uns der Komponist zeitlose Ohrwürmer beschert hat.
Tarif:
CARRINGTON-BROWN’S 10 Carrington-Brown
FREITAG 09. MÄRZ 2018 20 UHR
Rebecca Carrington, Cello (Joe), Gesang. Colin Brown, Schauspiel, Gesang.
In ihrer Show 10 feiert das mehrfach ausgezeichnete Britische Duo Carrington - Brown ihre 10-jährigen Jubiläen, die 2016 zusammenfielen: 10 Jahre zusammen auf der Bühne, 10 Jahre zusammen im Leben und 10 Jahre in Deutschland. Rebecca und Colin teilen mit ihrem Publikum ihre Liebe zur Musik und Comedy, indem sie die gesamte Bandbreite der Musik brillant, charmant und witzig präsentieren. Ob nun Eigenkompositionen oder bekannte Lieder, Carrington-Browns Interpretationen sind nicht nur einzigartig, sondern in den vergangenen Jahren auch zu ihrem Markenzeichen geworden! Natürlich wird auch Rebeccas Cello namens Joe, das jetzt schon das reife Alter von 235 Jahren erreicht hat, wieder mit von der Partie sein (2015 war das Duo bzw. Trio schon im CAPE zu Gast). Joe wird unterstützt von verschiedensten, deutlich jüngeren Gast-Instrumenten, mit denen er sein Talent teilen wird. 10 verspricht nicht nur eine Show zu werden, sondern ein einzigartiges Erlebnis authentischen britischen Humors!
Sanseverino
Stéphane Sanseverino, Gitarre, Gesang. Marco Balland, Harmonika. Stéphane Huchard, Schlagzeug. Christophe Cravero, Hammondorgel, Geige.
Zwischen Chanson, Jazz manouche, Gipsy Jazz und Blue Grass – der französische Singer-Songwriter und Gitarrist mit italienischen Wurzeln Sanseverino bewegt sich gekonnt durch die verschiedensten Musikstile. Zunächst bekannt geworden als Teil der Gruppe Les Voleurs de Poules, ist Sanseverino, der seine Inspiration unter anderem auch aus der Musik von Django Reinhardt und Frank Zappa bezieht, seit 1999 als Solokünstler unterwegs. Für September 2017 ist ein neues Album in Planung, das bisher nur einen Arbeitstitel trägt: Montreuil/Memphis. Mit dessen Veröffentlichung wird er sich sodann auf eine neue Tournee begeben, die - auch noch ohne Titel - aber ganz gewiss auch Ettelbrück auf dem Tourplan stehen hat. Sein Konzert wird dabei sowohl Titel des neuen Albums als auch alte Songs in neuen Arrangements umfassen. Sanseverino betont, dass seine aktuellen Chansons einen besonders bluesigen Einschlag bekommen und Fans von Sony Boy Williamson, G. Love and Spécial Sauce, Bo Diddley oder J.L. Hookers voll auf ihre Kosten kommen werden.
31,00 €
Jugendtarif: 15,50 € Kulturpass:
1,50 €
Sprache: DE & EN
Tarif:
26,00 €
Jugendtarif: 13,00 € Kulturpass:
1,50 €
DONNERSTAG 22. MÄRZ 2018 20:00 UHR
Tarif:
31,00 €
Jugendtarif: 15,50 € Kulturpass:
1,50 €
CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck
55
Äert Evenement a beschten Hänn
TRAITEUR EVENTS CAT E R I N G
Wie kennt dat net: Et geet een op ee Fest, feiert gutt gelaunt an iergendwann kënnt den Honger. Da stellt een entsat fest, datt et näischt z‘iesse gëtt ausser Chipsen an dréchene Schnittercher. Eng zimlech Enttäuschung. Dofir, datt et Äre Gäscht op Ärer nächster Feier net esou geet, suergt de Partyservice Schmidt. Schonn zënter 20 Joer garantéieren de Kurt an d‘Anita Schmidt mat hirer Equipe den Erfolleg vun Eventer vu jiddwer Aart a Gréisstenuerdnung. Sief et just ee kale Buffet fir eng privat Gebuertsdagsfeier, ee Banquet fir 1500 Leit oder eng Hochzäit, all hir Servicer a Platen iwwerzeegen duerch eng onvergläichlech Qualitéit. Dat läit dorunner, datt si alles op der Hand maachen an an hirer mobiller Kichen op der Plaz zoubereeden - sou frësch et nëmme ka goen. Ee Katalog oder fix Präislëschte ginn et net. De kulinareschen Encadrement gëtt individuell op de Budget an op d‘Wënsch vum Client zougeschnidden. Dozou gehéieren och vegetaresch a vegan Menüen, respektiv d‘Berécksiichtegung vun Allergien. Der Kreativitéit si keng Grenze gesat. Partyservice Schmidt luet all hier Clienten an, si an hirer Produktioun zu Büllingen (B) ze besichen, fir sech selwer eng Virstellung ze maachen, wéi hir Kreatiounen entstinn an sech perséinlech beroden ze loossen.
i n f o @ p a r t y s e r v i c e - s ch m i d t . e u w w w. p a r t y s e r v i c e - s ch m i d t . e u
D‘Offer vu Partysevice Schmidt limitéiert sech awer net eleng op d‘Iessen. Dem Anita a Kurt hiert Team këmmert sech genee sou kompetent ëm d‘Logistik, technesch Anlagen an dat néidegt Material fir d‘Evenement wéi Dëscher, Geschir oder Dekoratioun. Domat ass Partyservice Schmidt an all Hisiicht den ideale Partner, fir Äert Fest zu engem onvergiesslechen Erliefnis ze maachen. 56 L-9912 Troisvierges Tel.: +352 26 909 742
B-4760 Büllingen Tel.: +32 80 643 068
PARTYSERVICE SCHMIDT PRESENTÉIERT
DE GAUMENSCHMAUS
Cabillaud mat Champignonen a Scampi-Boune-Püree mat Teriyaki
Esou gëtt et gemaach:
Unhand vun dësem Plat weist sech d‘Kreativitéit vun der Famill Schmidt. Et ass eng lecker Kombinatioun aus traditionell europäeschem Kascht an asiateschen Aflëss a bréngt frësche Wand an d‘Kichen.
•
•
• •
Dir braucht (fir 4 Leit): 8 Scampien 5 EL Olivenueleg 400g gekachte wäiss Bounen e bësse Bounefong (oder Waasser) 1 reng geschniddene Piment (optional) 1 TL Chilipaste 1 EL gehackte Koriander 600g Cabillaudsfilet mat der Haut e bësse Miel 16 Schitake-Champignonen 1 reng geschnidde gréng Zwiwwel 100 ml Teriyaki-Zooss Togarashi Kraidermëschung (optional)
• •
•
•
De Réck vun de Scampien opschneiden an den Daarm eraushuelen. D‘Scampie mat Olivenueleg an der Pan ubroden an duerno graff hacken. D‘Boune mam Bounefong (oder Waasser) mat engem Mixer püréieren. D‘Scampien, de Piment, d‘Chilipaste an de Koriander mam Bounepüree vermëschen a mat Salz a Peffer ofschmaachen. Dat Ganzt mat e bëssen Olivenueleg glat réieren. De Cabillaud a 4 gläich grouss Portioune schneiden a mat Peffer a Salz bestreeën. Am Miel dréinen an den Iwwerschoss ofklappen. De Cabillaud mat Olivenueleg an der Pan op béide Säiten ubroden an duerno an den 200°C waarme Bakuewe leeën. Jee no Déckt vum Filet 3-5 min. laang goe loossen. De Still ewechschneiden, d‘Champignonen a véier deelen an an der Pan mat Olivenueleg ubroden. D‘gréng Zwiwwelen an e bësse Salz a Peffer dobäiginn a kuerz duerno mat TeriyakiZooss ofläschen. De Scampi-Boune-Püree op 4 Telleren opdeelen a jeeweils ee Cabillaudsfilet an e puer Champignonen drop placéieren. No Goût nach e bëssen Togarashi-Mëschung driwwer streeën. 57
ELIMINER LES POILS pour toujours !
LIGHT Sheer
LASER EPILATION
pour
elle & lui
La référence en épilation définitive le traitement le plus perfectionné au monde
Le laser Light Sheer® à diode vous garantit de vous débarrasser des poils indésirables en quelques séances, de façon hautement sécuritaire, quelle que soit la partie du corps, tant pour les hommes que pour les femmes. Il est sécuritaire, rapide et doté d ’une tête refroidissante qui permet de vous épiler avec le maximum de confort. L'épilation au laser Light Sheer® à diode est une méthode éprouvée. Un très grand nombre d'études scientifiques démontre de façon concluante que cette technique donne d'excellents résultats, et de très longue durée.
Institut de beauté doté de la dernière technologie
MAQUILLAGE PERMANENT
ESSAYEZ VOUS-MÊME
belle pour toujours !
Qui n’a jamais rêvé d’un maquillage impeccable toute la journée qui ne coule pas et ne bave pas. C’est possible avec le maquillage permanent qui est un tatouage crée par l’injetion dans la surface de la peau de fines aiguilles contenant des pigments colorés. Ces injections permettent de redessiner des sourcils, le contour des lèvres, intensifier le regard ou bien encore ajouter des grains de beauté.
Wiltz
Ettelbruck
27, rue des Tondeurs Tél: 95 91 71
58 MARIA GALLAND PARIS
5a, rue Prince Jean Tél: 27 03 33 70
alessandro PAYOT INTERNATIONAL
PARIS
Schéinheet a Wuelbefanne fir jiddwereen Zënter méi wéi 20 Joer ass d’Ana Link-De Matos mat senger „Beauty Lounge by Ana“ selbststänneg. Fréi huet hatt dëse Schratt riskéiert a bis haut nach net bereit. Mëttlerweil huet d’Ana zwee Schéinheetssalonen: een zu Wolz an een zu Ettelbréck. Op béide Plaze gëtt grousse Wäert op eng éierlech Berodung an d’Zefriddenheet vun de Clientë geluecht. De Verkaf ass zweetrangeg. „Mir huelen eis gären Zäit fir eng intensiv Berodung a kucken ëmmer zesumme mam Client déi beschte Formule fir seng Besoinen ze fannen“, esou d’Ana. Et geet net just drëm, ee gudde Service unzebidden, mee och déi neisten Apparater an Technologien ze proposéieren. Fir dëst ze erméigleche besicht hatt reegelméisseg Foiren a geet all Joer zesumme mat senger Equipe a Formatiounen. Zu Wolz an zu Ettelbréck gi genee déi selwecht Servicer ugebueden. Den eenzegen Ënnerscheed ass, datt een zu Wolz d’Méiglechkeet huet an de Solarium ze goen. Permanent Make-up ass op béide Plazen ze kréien, mee definitiv Chefsaach. D’ Ana mécht dee souwuel an der Nordstad, wéi och zu Wolz, selwer. „Permanent Make-up soll net extrem opfalen, mee de Leit einfach hëllefe beim Opstoe scho frësch a gutt auszegesinn“, erkläert d’Ana. „Wann een awer onbedéngt wëllt ee kräftege Make-up hunn, ass dat bei eis och méiglech.“ Egal ob kräfteg oder natierlech, fir d’éischt gëtt eng Analys vun der Haut gemaach. D’Pore vun der Haut spillen nämlech eng grouss Roll beim Choix vun der Technik. Dono gëtt sech Zäit fir ee Berodungsgespréich geholl, iert eng definitiv Decisioun vum Client getraff gëtt. Nodeems de Permanent Make-up gemaach ass, muss de Client eng Woch laang eng Sallef op d’Plaz maachen. Dono kann een an der Reegel tëscht 10 an 20 Joer dovu profitéieren, moies direkt gutt auszegesinn. Selbstverständlech ginn an der „Beauty Lounge by Ana“ net just Leeschtunge fir Fraen ugebueden. „Och Männer hunn ee Recht drop sech ze fleegen a gutt auszegesinn“, fënnt d’Ana. Egal op Epilatioun, Gesiichtsfleeg, Pedikür oder eng entspanend Massage – Männer sinn am Institut genee esou wëllkomm wéi Fraen.
D’BEAUTY LOUNGE BY ANA PRESENTÉIERT
LIFESTYLE
D‘Beauty Lounge by Ana verréit Iech an hiren Tipps, wat d‘Laser-Epilatioun esou besonnesch mécht a wéi eng modern Technologie een onbedéngt muss bei senger nächster Manikür ausprobéieren.
Wéi eng Virdeeler bitt d’LightSheer Laser-Epilatioun?
Wat ass déi neisten Technologie bei den Neel?
D’Laser-Epilatioun ass eng ganz zouverlässeg an angenehm Method, fir dauerhaft onerwënschten Hoer lass ze ginn. Sief et un de Been, ënnert oder un den Äerm, an der Bikinizone oder am Gesiicht, de Laser kann op alle Plaze benotzt ginn, soulaang et sech ëm pigmentéiert Hoer handelt. De LightSheer Laser ass dee beschte weltwäit a suergt fir eng éiweg glat Haut. Just bei hormonelle Problemer kann et emol sinn, datt awer nach dat eent oder anert Hoer wiisst. Et sollt een dann awer op kee Fall erëm raséieren, well dat de Wuesstem nees ukuerbelt. An esou engem Fall kënnt een dann am beschten eng kleng Retusch maache loossen an dann ass et gutt.
Fuschnei, eréicht zanter e puer Méint, hu mir den O’2 Nails vu Light Angel bei eis am Salon. D’Revolutioun dobäi ass, datt een egal wat fir ee Motiv unhand vun enger Foto op den Nol kann drécke loossen. De Client huet eng Foto op sengem Handy, schéckt se via Bluetooth un d’Maschinn a kritt dann déi gewënschte Foto ënnerhalb vu 35 Sekonnen op de Fangernol geprint. Dat Ganzt funktionéiert souwuel op natierlechen Neel wéi och op Gel- oder falschen Neel. Den O’2 Nails bitt awer och eng riseg Auswiel u Motiver, déi een sech fräi zesummestelle kann.
P.S.: Elo ass schonn de Moment, fir mam LightSheer Laser unzefänken, wann ee wëlles huet fir de Summer vun de lästege klengen Hoer befreit ze sinn. An der Moyenne brauch een nämlech 9 Seancen (bei eis ass et 8+1 gratis).
59
Äre Spezialist fir Oldtimer an US-Cars
Iwwer 25 Joer laang Erfarung
Reparatioun vun alle Marken BMW Old- & Youngtimer • US Cars Occasiounen • Pneueservice Technesch Kontroll
Virun net all ze laanger Zäit, fir genee ze sinn den 1. Oktober 2016, huet zu Réiden an der Industriezon eng eenzegaarteg Garage hir Paarten opgemaach: d’Garage beim Serge. De Serge Welter huet sech mam Schratt an d’Selbststännegkeet een Dram erfëllt. Virun allem Oldtimer an amerikanesch Autoe sinn seng grouss Passioun, déi hie mëttlerweil vum Hobby zum Beruff gemaach huet. D‘Léift fir d’Oldtimere koum duerch déi faszinéierend Mécanique, déi hannendru stécht an déi de Charakter vun deenen Autoen ausmécht. Zënter kuerzem ass seng Garage op amerikanesch Autoe spezialiséiert an huet deementspriechend déi passend Apparater fir d‘Diagnos.
Natierlech limitéiert sech de Service vun der Garage beim Serge net just op Amerikaner an Oldtimer. All Client an all Autosmark sinn hei häerzlech wëllkomm. Mëttlerweil bidden de Serge an seng zwee Mataarbechter hire Clienten nach zousätzlech zu hiren aneren Servicer professionell Montage a Stockage vu Pneuen un. Bei all hiren Déngschtleeschtungen, ganz besonnesch awer bei der Reperatur, gëtt net just op d’Präis-Leeschtungsverhältnis, mee och op Transparenz vill Wäert geluecht. „Mir ass et immens wichteg, datt de Client och selwer gesäit an novollzéie kann, wat genee un sengem Auto gemaach ginn ass. Alles wat mir verrechnen ass och wierklech verschafft ginn. De Client kann och gären d’Stécker kucke kommen, déi mir a sengem Auto ersat hunn“, erkläert de Serge. Esou vill Transparenz kritt een net iwwerall gebueden. Iwwerdeems kann een an der Garage beim Serge och eng grouss Gamme u Produite vun der Mark Voodo Ride kafen, déi den Auto egal zu wéi enger Joreszäit schéi propper maachen. 47, 60an der Fraesbich • L-8509 Redange/Attert
Tel: 26 62 12 71
D’GARAGE BEIM SERGE PRESENTÉIERT
DE ROAD RUNNER
Eppes wëllt de frësch gebaakene Gerant awer nach kloerstellen : „Mir sinn op jidde Fall fir Iech do. Ganz egal, ob Dir ee fonkelneien Auto huet, ee komplette Moteur muss gewiesselt ginn oder ob just nei Pneuen dropkomme sollen.“
Wéi fleegen ech mäin Oldtimer richteg ?
Op wat muss ee beim Kaf vun engem amerikaneschen Auto oppassen ?
Et ass immens wichteg drop opzepassen, wou een säin Auto ofstellt. Op een Oldtimer muss ee besonnesch gutt oppassen, well e méi séier dozou tendéiert, raschteg ze ginn. Deemno sollt en an enger Garage oder Hal ënnerbruecht ginn, déi net fiicht ass. Soss kann een dem Rascht nämlech beim Wuessen nokucken. Iwwerdeems ass et ideal, den Auto ëmmer propper ze maachen, nodeems en dobausse war, well sech beispillsweis duerch Salz op der Strooss elle Réckstänn bilden. Optimal wier an deem Fall eng „Hohlraumversiegelung“ mat „Unterbodenschutz“ ze maachen.
De Kaf vun engem Amerikaner muss sech gutt iwwerluecht ginn. Et muss een net just oppassen, datt et een Investissement ass, deen sech rentéiert, mee och am Hannerkapp scho virum Kaf mat de Gedanke bei der technescher Kontroll sinn. Déi stellt nämlech de gréisste Problem duer fir esou Gefierer. Iwwerdeems sollt ee virum Kaf kucken, ob et eng gängeg amerikanesch Mark ass, fir déi een nach reegelméisseg Stécker kann nokréien. Et wier ze schued esou een Auto op eemol mussen opzeginn, just well ee keng Ersatzdeeler méi bis op Lëtzebuerg kritt. 61
FACELOOK
GUTT HÉIEREN A GESINN
Facelook an der idyllescher Stad Klierf ass eng zouverlässeg Adress fir Optik an Akustik am Norde vu Lëtzebuerg an huet déi passend Léisungen, fir den Aen an den Oueren nees zu voller Leeschtung ze verhëllefen. Fonkelnei Brëller vu verschiddene Stiler a renomméierte Marken ewéi GUCCI, DIOR, RAY-BAN a ville méi, fir all Problemer vun der Vue an op déi eegen Aktivitéiten am Alldag ofgestëmmt. Dozou gehéieren och Sonnen- a Sportsbrëller mat Stäerkt. Facelook ass Spezialist a Punkto Kontaktlënsen a bitt domat och deene Leit eng komfortabel Alternativ, déi trotz schwaacher Vue kee Brëll wëllen undoen. De François an d‘Nathalie Fagnoul gi mat hirem Team deeglech hiert Bescht, fir de Clienten op Basis vu prezise Moossungen an enger individueller Berodung dozou ze verhëllefen, erëm gutt ze gesinn a gläichzäiteg gutt auszegesinn.
ze erliewen. De François Fagnoul ass vun der CNS zertifiéiert a passt all Héiersystem op d‘Gehéier vum Patient an engem professionell ageriichten Héierraum un. Hie leet vill Wäert op eng fachgerecht Upassung. Bei der Auswiel ass een net op eng Mark limitéiert mee et kann een aus enger Villzuel vun Hiersteller dee Modell eraussichen, dee senge perséinlechen Uspréch gerecht gëtt. Et gi souguer Modeller, déi automatesch d‘Lautstäerkt reegelen, mam Handy verbonne kënne ginn oder Hannergrondgeräischer erausfilteren, fir datt ee säi Géigeniwwer beim Schwätze besser versteet. Eppes hunn si allerdéngs all gemeinsam: Se si kleng an onopfälleg. Den Entretien vun de Geräter (Botzen, Schlauch wiesselen etc.) ass iwwregens gratis! Wann d‘Gehéier nach gutt fonctionnéiert an dat esou soll bleiwen, muss ee seng Ouere schützen. Sief et virum Waasser, op der Aarbecht, beim Musek maachen oder fir roueg ze schlofen, Facelook huet de passende Schutz fir d‘Gesondheet vun den Ouere laangfristeg ze erhalen. Bei Facelook ginn et reegelméisseg besonnesch Aktiounen op hir Brëller. Bei Froen zu hirer Offer einfach emol perséinlech laanschtgoen oder uruffen.
Héiersystemer a Schutz fir d‘Oueren Am Film vum Liewen ass d‘Tounqualitéit genee sou wichteg wéi d‘Bildqualitéit. Wann d‘Oueren noloossen, suerge modern Héiersystemer dofir, nees an all Situatioun perfekte Sound 62
Grand‘ Rue 36, L-9710 Clervaux Tel. 26 90 39 43 • www.facelook.lu
MORINGA
EIN WAHRES WUNDER DER NATUR 90 verschiedene und wertvolle Vitalstoffe vereint in einer einzigen Pflanze? Was wie eine Utopie klingt ist tatsächlich real und wird von Jean-Paul Miller, unter dem Firmennamen Moringa Luxemburg, angeboten. Seit mehr als 35 Jahren arbeitet er in der Krankenpflege und ist zufällig auf den Moringa-Baum gestoßen, als er sich auf einer Reise über alternative Medizin und Heilkräuter informierte. Die von den Einwohnern beschriebenen Eigenschaften sind durch über 700 wissenschaftliche Studien belegt. Es existieren weltweit 13 verschiedene Arten von Moringa. Davon ist der Moringa oleifera ernährungswissenschaftlich der Wertvollste. Tatsächlich sind in dieser Vitaminbombe 90 unterschiedliche Vitalstoffe enthalten. Darunter befinden sich die 20 Aminosäuren, hohe Anteile an ungesättigten Fettsäuren (Omega 3,6,9) und eine sehr große Menge an natürlichem Chlorophyll, welches eine entscheidende Rolle bei der Gesundheit unseres Blutes spielt. Zudem ist in den Blättern der wertvolle Stoff Zeatin enthalten, ein starkes Antioxidant, welches dafür sorgt, dass sämtliche Vitamine, Mineralstoffe, Spurenelemente und Aminosäuren aufgenommen werden. Moringa ist in vielen verschiedenen Formen erhältlich. In Pulverform kann es ähnlich wie Salz beim Kochen verwendet werden. Die Wunderpflanze ist auch als Tee, entweder pur oder gemischt mit anderen Blüten, oder in Form von Kapseln zu haben. Die empfohlene Dosis an Moringa liegt bei 3 bis 5 Gramm täglich. Zudem wird der Samen der Pflanze genutzt, um Öl herzustellen, welches stark antibakteriell und antiviral wirkt. Somit kann u.a. ver-
schmutztes Wasser mit Hilfe der MoringaSamen wieder zu Trinkwasser werden. „Noch nie war ich einem anderen Lebensmittel mit derart hohen und gleichzeitig ausgewogenen Mengen an Vitaminen, Mineralien, Spurenelementen, Aminosäuren und Antioxidantien begegnet. Die außergewöhnlich vollständige Nährstoffzusammensetzung stellt die Werte anderer sogenannten 'Superfoods' deutlich in den Schatten“, so Jean-Paul Miller. Sein Moringa stammt aus Teneriffa und wird unter einem biologischen Qualitätslabel nachhaltig und fair produziert. Jede Lieferung wird penibel auf ihre Qualität überprüft. Seine Begeisterung für die Pflanze möchte Jean-Paul Miller mit jedem teilen. Er steht auch gerne telefonisch oder in einem persönlichen Gespräch zur Verfügung. Sie können ihn am 24./25. Februar an seinem Stand auf dem „lokale Maart“ in Ettelbrück besuchen. Ausführlichere Informationen über Moringa und andere natürliche Nahrungsergänzungsmittel finden Sie unter moringa.lu.
Jean-Paul Miller
Tel.: 621 14 66 56
www.moringa.lu
Moringa Lëtzebuerg
63
Seit
30 Jahren
IHR BAUUNTERNEHMEN FÜR ALLE BAU- UND RENOVIERUNGSARBEITEN
Wollen Sie kein lästiges Schneeschaufeln oder Salz streuen? Denken Sie daran bei der Renovierung oder Erneuerung ihrer Eingangstreppe oder Terrasse.
"Der nächste Winter kommt bestimmt"
Verlegen einer DEVI- Heizmatte, geeignet zum Verlegen in Stahlbeton, Estrich oder Sandbett. Lassen Sie sich beraten.
Géidgerweeg 69 L-9980 Wilwerdange Tel & Fax: 99 76 67 jmmaus@pt.lu
64
Neubau
Renovierung
Außenanlagen
Verlegung von Fliesen
WIDU S.À R.L. PRESENTÉIERT
D’GEWËNNSPILL SICH DE FEELER Ze gewanne ginn et
10 x 125€ BONGEN
anzeléisen zu Dikrich an zu Wäisswampech.
Sicht déi 5 Feeler op der Foto an schéckt eis d’Souche bis spéitstens den 19. Februar 2018 ran.
Affranchir s.v.p.
DOHEEM - SAN s.à r.l. Maison 16 L-9780 Wincrange
AUSFËLLEN A GEWANNEN
65
MAISON À VENDRE WINCRANGE
L‘Agence Immo Roude Léiw vous propose une splendide maison stylée et moderne alliant confort et qualité. Au RDC un beau hall d‘entrée vous acceuille, un grand living avec cuisine équipée et sortie terrasse, wc séparé, garage et emplacement extérieur. À l‘étage 3 belles chambres à coucher et salle de bain.
NORDEN-BAU CONSTRUCTIONS
114, rue du X Septembre / L-9560 Wiltz Tél.: 691 766 682 / nordenbau@hotmail.com
NUMM: VIRNUMM: ADRESS:
PLZ: UERTSCHAFT: TEL: E-MAIL: Just gëlteg wann alles komplett ausgefëllt ass an déi 66 5 Feeler fonnt gi sinn.
IMMOBILIÈRE ROUDE LÉIW 6, rue de Mamer / L-8280 Kehlen Tél: 621 344 766 / 691 766 682 immoroudeleiw@hotmail.com
D’GEWËNNER VUM SPILL AUS DEM MAGASINN DOHEEM N°32 5 x 50€ BONGEN OFFRÉIERT VUN DER METZLEREI VÉI VUM SÉI (HEISCHENT/ MIERSCH) - Schröder Robert, Nothum - Simon Claude, Weiswampach - Reitz Linda, Schieren - Turpel Nicole, Ettelbrück - Lallemand-Schmitz Mandy, Niederwampach
67
Chauffage Climatisation Energies renouvelables Sanitaire Ventilation Régulation et Automatisation Facility Management Service dépannage 24/24
Chauffage Climatisation Ventilation Sanitaire Energies renouvelables Photovoltaïque Rénovation salle de bain Service dépannage 24/24
Installations électriques Eclairage design Techniques de sécurité Centrales téléphoniques Antennes satellites Industrie
Tél.: +352 84 92 03-1
Tél.: +352 26 95 11 - 1
Tél.: +352 99 04 07-1
31a, Haaptstrooss • Hoscheid-Dickt 68 E-Mail: contact@w-b-s.lu
Z.A.E.R. Op der Héi • Hosingen E-Mail: info@fde.lu
31, Haaptstrooss • Hoscheid-Dickt E-Mail: info@nicoschmit.lu
www.w-b-s.lu
www.fde.lu
www.nicoschmit.lu