Skip to main content

40. Editioun vun der Doheem

Page 1

L’A G E N C E S A N ' RECRUTE dans le cadre de son expansion

1 DÉLÉGUÉ COMMERCIAL (M/F) Votre mission: Vente d’espaces publicitaires (Magazine) • Prospection de nouveaux clients, remise de prix et suivi Vos qualifications: Avoir un sens commercial inné • Avoir de l‘expérience en tant que délégué commercial de minimum 2 ans exigée • Apprécier le contact avec le client • Être orienté vers des résultats et apprécier les défis • Expériences dans le domaine de la communication et de la publicité sont un atout • Excellente maîtrise des langues française et/ou allemande à l’écrit comme à l’oral (le Luxembourgeois, l'Anglais ou toute autre langue constitue un atout) Poste proposé: 40 heures/semaine CDI • Lieu de travail: Diekirch (Luxembourg) Si vous êtes intéressé de travailler au sein d’une équipe dynamique et motivée, veuillez envoyer votre dossier de candidature (CV, copies de vos diplômes et photo récente) à san@san.lu .

change [it.]

www.san.lu

be pink.


INDEX REPORTAGEN 5 CHRËSCHTDAG Aner Länner, aner Traditiounen 10 PATINOIRE DE BEAUFORT Ganz wëll op Äis 11 BEAUTY LOUNGE BY ANA Alles fir richteg schéi Chrëschtdeeg 12 LINGERIE ELVIRE Flott Kaddoe fir Dammen an Hären 13 UM WILL'S PULL Frësche Wand laanscht d'Sauer 14 PATINOIRE KOCKELSCHEUER Äis erliewen 15 MONTALLEGRO Esou schmaacht Sizilien 16 HÄRESPËNNCHEN Fir Männer, déi sech „trauen" 17 LIBRAIRIE ZIMMER presentéiert „D'Ieselsouer“ 18 LUXHERBALIST presentéiert „De Lifestyle“ 20 US-CARS IMPORT presentéiert „De Road Runner“ 23 FONDATION AUTISME LUXEMBOURG Eng wäertvoll Ulafstell 27 BAUEN & WUNNEN Buedembeleeg 35 METZ NATURSTEINE Villfalt am Steen 36 CARVALHO RÉNOVATION Villsäitegen Know-How an top Qualitéit 39 PEINTURE MARC FELTUS Ab Januar 2019 ënnert neier Leedung 42 DEUBNER BAUMASCHINEN BENELUX presentéiert „De Baumeeschter“ 44 GARTENBAU LEUFGEN presentéiert „De Gréngen Domm“

IMPRESSUM Editeur, régie et mise en page: SAN s.à r.l. T: 28 11 42 1 Wincrange & Diekirch doheem@san.lu | www.san.lu Couverture: Photo: Sandro Dimola Model: Rebecca Walsdorf Hair & Make-Up: Make up & styling by Luca Tirage: 24.500 exemplaires

L'éditeur ne peut en aucun cas être tenu responsable de la correctitude des informations indiquées. Tous les renseignements sont donnés sous réserve de changement ou d'erreur. Ce sont exclusivement les propriétaires de ces annonces, photos et reportages liées qui sont responsables de leur contenu. Lorsque des prix sont indiqués, nous ne donnons pas de garantie pour l'actualité et la correctitude de ces indications de prix. Les indications de prix sont uniquement pour votre information, il ne s'agit pas d'une offre. Aucun droit ne pourra vous être octroyé con­cernant des prix indiqués. L'ensemble de ce journal relève des législations en vigueur sur les dro­­­ its d'auteur et de la propriété intellectuelle. Tous les textes, illustrations, images, photos et autres données sont protégés par un droit de reproduction.

3


Bei eis fannt Dir fir jiddereen déi passend DËPPEN A PANEN vun der Mark

MIR WËNSCHEN EISE CLIENTË SCHÉI

CHRËSCHTDEEG

AN EE GUDDE RUTSCH AN DAT NEIT JOER 2019! 36, Grand-Rue | L-9240 Diekirch | T: 80 97 56 | efaber@pt.lu

Dudzinski Nina

infirmière diplomée pédicure médicale T. 691 30 53 36

Langer Jenny

pédicure médicale T. 661 40 45 11 Ouvert les dimanches 9 & 16 & 23 déc. 14h - 18h Joyeuses fêtes!

Korrektioun vun agewuessenen Neel (Spangentechnik) ouni Péng an Operatioun Behandlung vun: • Waarzelen a pilzbefalen Neel (ouni Péng) • Diabetiker Féiss

„Gutt zu Fouss“ 7, op der Schleed L-9273 Diekirch

Bijouterie Horlogerie BREVER Clervaux Tel: +352 92 06 04 40, Grand-Rue www.bijouteriebrever.lu

T R A I T E U R E V E N T S C AT E R I N G i n f o @ p a r t y s e r v i c e - s ch m i d t . e u w w w. p a r t y s e r v i c e - s ch m i d t . e u

L-9912 Troisvierges Tel.: +352 26 909 742

4

B-4760 Büllingen Tel.: +32 80 643 068


CHRËSCHTDAG

ANER LÄNNER, ANER TRADITIOUNEN

Déi wahrscheinlech schéinsten Zäit vum Joer steet virun der Dier. Et ass déi Zäit, wou d‘Stroossen an d‘Butteker festlech dekoréiert sinn, vill Leit ee Laachen op de Lëpsen hunn an einfach eng onvergläichlech Stëmmung an der Loft läit. Rieds ass natierlech vun der Chrëschtzäit. Et gëtt gutt z‘iessen, Kaddoen an déi ganz Famill kënnt no Laangem endlech erëm beieneen. Dëst sinn déi typesch Traditiounen ëm de 25. Dezember, déi mir zu Lëtzebuerg kennen. Chrëschtdag ass awer bei Wäitem net iwwerall d‘selwecht. Mir hunn eis e puer interessant Bräich uechter d‘Welt ugekuckt a ginn ausserdeem e puer Ureegungen, wéi een de Kaddosdilemma kéint léisen.

Island Während et op deene meeschte Plaze just ee „Weihnachtsmann“ gëtt, deen u Chrëschtdag d‘Kaddoe bréngt, sinn et der op der nordescher Insel Island direkt 13! Vum 12. bis de 24. Dezember kommen noeneen déi 13 „Jólasveinar“, eng Aart Kobolden, aus de Bierger erof an d‘Uertschaften a verdeele kleng Kaddoen un déi brav, a faul Gromperen un déi béis Kanner. Jiddweree vun hinnen huet awer seng Marotten. Sou leckt deen een heemlech d‘Kachläffelen of, deen anere klaakt d‘Dieren, nach een anere klaut Iesswueren... gutt Manéiere gesinn anescht aus. Mee dat läit 5


Ech wënsche menger Clientèle

schéi Chrëstdeeg an ee gudde Rutsch! De Salon ass och speziell virun de Feierdeeg op: Méindes, de 24. Dezember vun 8.00-16.00 Auer Méindes, den 31. Dezember vun 08.00-16.00 Auer Vum 2. bis de 5. Januar ass d’Schneppelstuff zou.

Rubbelaktiounsspill

GRATIS PARKING DIREKT FIRUM SALON

bis zu 50%

Dënschdes-Mëttwochs 8.00-11.30 | 13.30-17.30 Donneschdes 8.00-11.30 | 13.30-20.00 Freides 7.30-11.30 | 13.30-17.30 Samschdes 7.30-15.00 • Méindes hu mir zou

op Keune-Produiten

Entdeckt eis Suggestioune FOIE GRAS DE CANARD NATURE MAISON RAGOUT DE GIBIER CIVET DE HOMARD BOUCHERIE VÉI VUM SÉI HEIDERSCHEID TEL : 83 92 19 BOUCHERIE VÉI VUM SÉI MERSCH TEL: 26 32 25 38 BIOMETZLEREI QUINTUS ROLLINGERGRUND TEL: 44 78 77 28 METZLEREI QUINTUS COLMARBERG TEL: 83 52 90

WWW.VEIVUMSEI.COM

„De Griffel“

Restaurant

BONNES FÊTES DE FIN D‘ANNÉE!

Authentique Cuisine Alsacienne & Française

OUVERT MARDI 25 ET MERCREDI 26 DÉCEMBRE À MIDI MENU DU JOUR (midi - 3 plats) lundi, jeudi et vendredi 15, Haaptstrooss I L-9360 Brandenbourg T. 26 89 79 89 I infodegriffel@pt.lu | www.degriffel.lu

6

14€


wahrscheinlech un hirer Mamm, der Bierghex Grýla, déi dem Mythos no Kanner frësst, déi sech net geschéckt hunn. Do si mir mat eisem Houséker jo nach richteg verwinnt.

Japan Well et am ostasiatesche Land Japan just ganz wéineg Chrëschte ginn, waren déi chrëschtlech Bräich dohanne laang komplett onbekannt. Nach an den 1970er Joere woussten déi meescht Leit mat Chrëschtdag näischt unzefänken, deen Dag ass iwwerhaapt net gefeiert ginn. Dëst „Lach“ huet sech déi amerikanesch Fast-Food-Chaîne KFC, déi op frittéierte Poulet spezialiséiert ass, zu Notze gemaach. Eng Marketing Campagne huet de Japaner agetriichtert, datt een u Chrëschtdag soll KFC iessen. Mat Erfolleg, well hautdesdaags iesse schätzungsweis all Joer ëm de 25. Dezember iwwer 3 Millioune Leit a Japan frittéierte Poulet aus dem rouden Eemer.

Happy feet Schéi Chrëschtdeeg an ee gudde Rutsch!

Pédicure médicale

Résidence Mandelieu, um 1. Stack 40, rue Edmond - Jean Klein L-9251 Diekirch Solange Glodt • 621 329 407 péd. méd. • manucure dipl. 10 Joer Erfarung, dovunner 3 mat der Mme Yvette Schennetten Op Wonsch kommen ech och bei Iech heem

SPEZIALISATIOUNEN • Agewuessen Zéiwenneel • Paraffinbad fir Féiss an Hänn • Pilzbefalen Neel • Fleeg vun Hänn an Neel • Diabetesch Féiss • Manikür

Spuenien A Spuenien setze vill Leit hir Hoffnunge kuerz viru Chrëschtdag op sechs Richteger. D‘Spuenier gi masseweis Sue fir Lottoschäiner aus, well jiddwereen hofft, déi gréissten Zomm vum Joer ze gewannen, déi zënter dem 19. Joerhonnert fir gewéinlech den 22. Dezember vun hirer Nationallotterie erausgi gëtt. Mëttlerweil ass dat Ganzt zu engem ëffentlechen Evenement erugewuess, bei deem d’Leit sech treffen, fir zesummen d’Opléisung ze kucken. Dës gëtt traditionell vun 22 Kanner virgesongen, während praktesch dat ganzt Land op de Chrëschtdagskaddo vum Liewen hofft.

Indien De Kleeschen heescht am Süde vun Indien „Papaanji“, wat „ale Mann“ bedeit. Dëse bréngt allerdéngs keng Kaddoen, mee e gëtt... verbrannt! Et ass den Highlight vum „Cochin Carnival“, deen an de leschten zwou Wochen am Dezember zu Fort Kochi gefeiert gëtt. D‘Statu vum Papaanji ze verbrenne soll dat neit Joer an domat een neien Ufank wëllkomm heeschen. D‘Symbolik hannendrun ass vergläichbar mat eisem Buergbrennen, just datt d‘Festlechkeeten op engem vill méi groussem Moossstaf geschéien.

Australien „Leise rieselt der Schnee“, „White Christmas“... Bei eis ass den ideale Chrëschtdag een, un deem et schneit. A souguer wann net grad eng wäiss Decken op der Landschaft läit, ass et trotzdeem mat gréisster Wahrscheinlechkeet kal. An Australien dogéint ass am Dezember Summer, schliisslech läit dëse Kontinent op der Südhallschend vun der Äerd. Amplaz vun engem décke Mantel huet een do just eng Schwammbox un an amplaz vun der Gäns gëtt et Gegrilltes. Den typeschen Dännebeemchen ass doënnen och eng Raritéit, dofir gëtt sech einfach een aus den Äscht vun der lokaler Vegetatioun gebastelt a gerëscht.

Norwegen Ee ganz aussergewéinlechen, vläicht och liicht gelungene Brauch gëtt et an Norwegen. Hei ginn op Chrëschtdag all d’Kierbiischte verstoppt. De 7


-9911 rn • L e l l A en I. In d 5, Z.

Tr

n f o @ st e 32-1 • i 1 8 9 9 : él. ges • T oisvier

p h a n y. l u

MIR WËNSCHEN EISE CLIENTË SCHÉI CHRËSCHTDEEG AN EE GUDDE RUTSCH!

www.stephany.lu

SALON NADINE Ouvert: Ma.-Ve 8h - 12h & 13h - 18h Je. 8h - 12 & 13h - 20h Sa. 8h - 16h Fermé le lundi 4, Fuussekaul L-9156 Heiderscheid Tel.: 26 88 92 80

8

Ab

de

m

4D

ez em dé be is aw elw r an en er ge dir echt m ek n t u Adre nd ss eie L oo er k N1 5


Grond dofir ass net, wéi ee menge kéint, datt op deem Dag net gebotzt oder generell geschafft soll ginn. Tatsächlech gleewen d’Norweger drun, datt an där Nuecht béis Geeschter an Hexen op d’Welt zeréckkommen. Déi sollen op dës Manéier dovun ofgehale ginn, d’Biischten ze klauen an domat fort ze fléien.

Wat kéint ee schenken? Elo ass nees déi Zäit am Gaangen, wou déi meescht Leit sech doriwwer de Kapp zerbriechen, wat een dann elo der Niess, senger Mamm oder der Frendin soll schenken. Während Kanner a Punkto Kaddoen nach eng méi materialistesch Denkweis hunn an sech Spillsaachen oder Sue wënschen, si vill Erwuessener éischter un engem Kaddo interesséiert, dee weist, datt een sech Méi gemaach huet. Am beschte geet dat mat eppes Selwergemaachtes. Fir wat net eng flott Dekoratioun oder ee kreativen Alldaagsgéigestand bastelen, deen éiweg un de Chrëschtdag vun deemools erënnert? Oder vläicht Kichelcher baken, där hir

PEDICURE RENEE Pédicure Médiale Diplômée Chaussures orthopédiques Epilation à la cire Tél.: 80 23 03 Sur rendez-vous

Lundi - Vendredi 09.00h - 12.00h 14.00h - 19.00h

Fermé samedi

Carole Servais

103, Huewelerstrooss L-8521 Beckerich Te l : 2 6 6 2 1 0 5 3 GSM: 621 75 75 85 andermillen@pt.lu

28, Grand-Rue L-9240 Diekirch

Formen a Faarwen sech thematesch nom Hobby vun deem riichten, deen se kritt? Dat Besonnescht un esou engem Kaddo ass, datt en eenzegaarteg ass. Deen neisten Iphone kréien nach honnertdausend aner Leit op der Welt ënnert de Beemche geluecht, un den emotionelle Wäert vun engem Eenzelstéck kënnt esou een awer net erun. Ee perséinleche Kaddo muss och net onbedéngt eppes Selwergemaachtes sinn, soulaang e weist, datt een sech Gedanke gemaach huet. De passionéierte Fotograf an der Famill freet sech garantéiert méi iwwert eng nei Kameraposch wéi iwwert een deiere Parfum vu Chanel. Mee dee schéinste Kaddo, deen ee ka ginn, ass Zäit. Esou suergt eng kleng Dagesrees oder ee romanteschen Owend an engem schicke Restaurant ganz bestëmmt fir grouss Freed. A genee dat ass och de Sënn vun engem Kaddo. Mëttlerweil ass et bal selbstverständlech sech ze beschenken. Et schenkt een, well et vun der Gesellschaft verlaangt gëtt. Dat kann dozou féieren, datt een einfach mol iergendeppes schenkt, egal ob de Géigeniwwer eppes domat kann ufänken oder net. Wann een sech dogéint op mannst e bëssen Zäit hëlt bei der Auswiel, erfëllt de Kaddo net just säin ursprénglechen Zweck, mee et kritt ee bei der nächster Geleeënheet bestëmmt ee perséinleche Kaddo zréck. Mir wënschen Iech alleguer eng wonnerschéi Chrëschtzäit an elo schonn ee gudde Rutsch an dat neit Joer!

Abonnez-vous à notre n e w s l e t t e r ou consultez les menus du jour sur notre site www.andermillen.lu

9


PATINOIRE DE BEAUFORT

GANZ WËLL OP ÄIS

Datt op enger Äispist net ëmmer alles gemälleg muss goen, stellt déi eemoleg Offer vun der Beeforter Pist ënner Beweis. Hei kann een nämlech mat Karts mat 6,5 PS ënnert dem Hënner iwwer d’Pist jauwen an driften. Dat Ganzt nennt sech Ice-Karting. Et si just nach Séancë vun 30 Minutte freides oder sonndes owes fräi, déi am Ufank vun all Mount kënne reservéiert ginn. Reservatiounsufroen wegl. per Mail eraschécken. Wien et léiwer méi lues ugoe léisst, ass an den Ufänger-Coursë fir Schlittschongfuerer beschtens opgehuewen. Dës gi souwuel fir Kanner ab 5 Joer, wéi och fir Erwuessener ugebueden a bestinn aus e puer Trainingseenheeten. Selbstverständlech kann een och just fir de Spaass op déi eelsten Äispist vu Lëtzebuerg Schlittschong fuere goen. Op der Plaz huet een d’Méiglechkeet all dat neidegt Material wéi Schlittschong an eng Pinguin-Lafhëllef auszeléinen. D’Saison dauert bis de 24. Februar. 10

Patinoire ufort

Bea

Öffnungszeiten Schlittschuhlaufen: Di-Do 13-18 Uhr, Fr 13-18:30 Uhr, Sa 12-18:30 Uhr, So 10-18:30 Uhr

Montags geschlossen (außer während der Schulferien)

Saiso2n019: 2018 018 .2 1 . 27 0 - 019 .2 24.02

Weihnachtsferien : 24. & 31.12.2018: 11-16 Uhr 25.12.2018: geschlossen 01.01.2019: 13-19 Uhr 26.12.2018 - 05.01.2019: 11-19 Uhr Ice Hockey Matches : www.ihcbe.lu Ice Karting (mit Reservierung)

87, Grand-Rue | L-6310 Beaufort Tél.: 83 60 99 302 | beaufort@pt.lu www.patinoire-beaufort.lu


Si vous êtes à la recherche d’un parfum rare et exclusif, venez le trouver chez nous!

VOUS HÉSITEZ ? OFFREZ UN...

...CHÈQUE CADEAU POUR NOS SOINS ESTHÉTIQUES !

Nos ouvertures exceptionnelles avant la période des fêtes! Chrëschtshopping Nuetsshopping Chrëschtmaart

-10€

Sa. 15.12.18 : 09 - 18 H

I

Di. 16.12.18 : 14 - 18 H

Ve. 21.12.18 : 17 - 21 H Sa. 22.12.18 : 09 - 18 H I Di. 23.12.18 : 14 - 18 H Ouvert le lundi 24.12.18 de 09 à 16 H

BON D’ACHAT à partir d’un achat d’une valeur de 50€

Valable du 01.12.18 – 31.12.18

(hors promotions et soins esthétiques)

13, rue de l'Eau L-9225 Diekirch

T: +352 80 42 41 F: +352 80 42 40

carmenwo@pt.lu

11

w w w. c d e . l u


LINGERIE ELVIRE

FLOTT KADDOE FIR DAMMEN AN HÄREN

BON D‘ACHAT

valable chez LINGERIE ELVIRE* Deenen, déi engem wichteg sinn, mécht ee besonnesch an der Chrëschtzäit gären eng Freed. An der Lingerie Elvire fannt Dir alles, fir Är Léifsten oder Iech selwer ze verwinnen, waarm Strëmp géint kal Féiss, kuscheleg Pyjamaen an Nuetshiemer, Loungewear a Buedmäntel fir Dammen an Hären. Hiert Team steet Iech gäre berodend zur Säit, fir de perfekten an originelle Kaddo ze fannen. D'Lingerie Elvire iwwerzeegt duerch hire kompetente Service, hire grousse Choix an eng ureegend Entdeckungsrees fir Kierper a Geescht. Fir d'Damme fënnt een déi gréissten Auswiel an der Géigend vu Prima Donna, Marie Jo, Twist an ville weideren héichqualitative Marken. Ee Choix, dee keng Wënsch oppe léisst a mat Sécherheet fir Begeeschterung suergt. E klengen Avant-Gôut fannt Dir och neierdéngs op Letzshop.lu.

12

*jusqu‘au 31.12.2018 à partir d‘un achat de 100€, non cumulable avec d‘autres offres.

43 Grand-Rue | L-9240 Diekirch Tél: 26 80 07 78 | elvire@pt.lu Facebook: Lingerie Elvire


UM WILL’S PULL

FRËSCHE WAND LAANSCHT D’SAUER

Vu baussen huet de Will’s Pull sech net verännert, mee et si jo bekanntlech déi bannescht Wäerter, déi zielen. Zënter knapp engem Joer iwwerzeegt den Hotel-Restaurant „Um Will’s Pull“ mat frësch renovéiertem Interieur an enger onvergläichlecher Kichen. Virun allem op de Feierdeeg kann een sech um Will’s Pull richteg verwinne loossen. Wie Loscht huet vun doheem auszebriechen an d’Rou ze genéissen, dee ka vum 25. bis de 27. Dezember ee Chrëscht-Arrangement buchen, deen aus zwou Iwwernuechtungen a fir béid Deeg ee Choix aus 3 verschiddene 5-Gäng Menüe besteet. Fir den Haaptgang huet een zum Beispill d’Wiel tëscht engem Duo vum Wëld, engem Rëndsfilet oder enger FëschPan. Dëst ass just ee klenge Virgeschmaach op de villverspriechende Festmenü. Wie mat der Famill just fir d’Iesse komme wëllt, dee ka bis den 23. Dezember reservéieren. Iwweregens sinn och Hochzäitsfeieren oder gréisser Gruppen häerzlech wëllkomm.

Um Will's Pull | L-9172 Michelau Tél: 99 04 49 | info@umwillspull.lu Facebook: Hotel restaurant Um Willspull www.umwillspull.lu

13


PATINOIRE KOCKELSCHEUER

ÄIS ERLIEWEN

Schlittschong fuere gehéiert einfach zu engem gelongene Wanter an ass eng flott Experienz fir déi ganz Famill. D’Äispist Kockelscheier an der Stad ass eng excellent Adress fir net just Schlittschong ze fueren, mee och un UfängerCoursen deelzehuelen. Eng ofgetrennte Pist suergt dofir, datt ee beim Training net gestéiert gëtt. Wien sech fir Sport um Äis interesséiert, huet d’Wiel tëscht Äiskonschtlaaf, Icedance, Hockey, Speed (Short-Track), Curling an Eisstock. Op der Plaz kann ee Schlittschong vun der Gréisst 24 bis 49 geléint kréien. Méi kleng Féiss gi mat Patinetten, déi aus 2 Kufen bestinn, versuergt. Och Gebuertsdeeg oder Betribsfeiere sinn op der Stater Äispist wëllkomm a suerge bestëmmt fir onvergiesslech Erliefnisser. Doriwwer eraus eegent sech d’Patinoire Kockelscheuer fir Teambuilding-Aktivitéiten, wéi beispillsweis den Äissport Curling oder Eisstock. Zéckt net a frot Iech weider Informatiounen! 14

e1 Bus Lign 8

© Brandenburger Patrick 42, rue de Bettembourg | L-1899 Luxembourg Tél.: 46 74 65 | info@kockelscheuer.com Facebook: PatinoireDeKockelscheuer www.kockelscheuer.com


MONTALLEGRO

ESOU SCHMAACHT SIZILIEN

Fir eng kulinaresch Rees an d’Géigend vum Mëttelmier z’erliewen, muss een net onbedéngt wäit vun doheem fort. Bei der Schwämm Aquanat’Our am Parc Housen kann een am Restaurant Montallegro, deen den Numm vun de Bedreiwer hirem Heemechtsduerf dréit, authentesch italienesch Kiche genéissen. D’Kaart léisst keng Wënsch oppen: ee grousse Choix u Pizzaen an Nuddelen, Burgeren, Fleesch a Fësch ginn ugebueden. Donieft fënnt ee reegelméisseg ofwiesslungsräich Suggestiounen, déi un d’Saison ugepasst sinn. Fir de Genoss ofzeronnen, huet een d’Wiel tëscht iwwer 50 verschiddenen italienesche Wäiner. Iwwerdeems zerwéiert Montallegro an de Bistroe vun der Schwämm an der Sauna, esou wéi am Foyer verschidde Snacks. Alleguer d’Plate kritt een och fir matzehuelen an am Ëmkrees vun 10 km souguer heem geliwwert. Déi ganz Equipe vum Montallegro wënscht Iech schéi Chrëschtdeeg.

1A, Parc | L-9836 Hosingen Tél.: 24 51 99 57 www.montallegrorestaurant.com

15


HÄRESPËNNCHEN

FIR MÄNNER, DÉI SECH „TRAUEN“

D’Hochzäit steet virun der Dier an Dir huet nach näischt fir unzedinn? Egal ob als Gaascht oder Haaptacteur, d’Härespënnchen zu Réiden ass eng excellent Adress fir ee Kostüm ze fannen, deen net just super ausgesäit, mee an deem een sech och wuelfillt. Eng grouss Auswiel u verschiddene Stoffer, Schnëtter a Faarwe waart just drop vun Iech ugemooss ze ginn. D’Marke Carl Gross, Club of Gents, Masterhand an Daniel Hechter iwwerzeegen duerch hir héich Qualitéit, déi och d’FLF ze schätze weess. D’Gréisste reeche vu 46 bis 62. Souguer Tëschegréissten a laang Gréisste sinn disponibel. Falls eppes net passt, kann et op der Plaz passend gemaach ginn. D’Charlotte Welfring an hir Equipe hu selbstverständlech och fir all aneren Ulass dat passend Häregezei an Accessoiren ze bidden. Sief et sportlech oder elegant, si hëllefe gäre bei Stylingfroen op d’Spréng. Kommt laanscht an iwwerzeegt Iech selwer vun hirem Know-How. 16

41, Grand-Rue | L-8510 Redange/Attert Tél: 26 62 14 32 | h.spennch@pt.lu Facebook: Härespënnchen


LIBRAIRIE ZIMMER PRESENTÉIERT

D’IESELSOUER

Wer freut sich über neue Nachbarn? Sarah McIntyre De Magellan Verlag huet an senger neier Serie „Feine Bilderbücher für Groß und Klein“ en neit Buch iwwer Toleranz an Oppenheet aus dem Engleschen op Däitsch iwwersat. D’Buch beschreift de Friemenhaass op eng absolut aliichtend Manéier unhand vun Déieren: Et kommen nei Noperen an d'Haus. D’Huese freeën sech an wëllen déi nei Ratefamill wëllkomm heeschen, mee am Haus wunnen och nach aner Déieren. Déi hunn hirersäits eng Partie Viruerteeler virun de Raten. En immens lëschteg a sequenziell geschriwwent Buch, dat mat Grafik a Faarf genee sou spillt wéi mat de Buschtawen an de Wierder. Flott fir deene Klenge virzeliesen, awer och fir pedagogesch op den ënneschte Klasse vum Fondamental ze behandelen, an dat net nëmmen am neie Werteunterricht.

Magellan Verlag

ISBN 978-3-7348-204572

14 € HIRO – Hiver et Marshmallows Marine Schneider (Text a Biller) Dat klengt Bieremeedchen Hiro huet keng Loscht op de Wanterschlof. Hatt deet de Rucksaack op de Réck a geet eraus an de Schnéi. Bei enger Feierplaz am Bësch ass eng Party am Gaangen. D'Kanner lafen all fort, a schonns ass d'Hiro erëm eleng… mee op eemol gesäit hatt den Emile a fënnt an him een neie Frënd, mat deem et Marshmallows iwwert dem Feier ka broden. Eng schéi Kannergeschicht op Franséisch aus engem klenge belsche Verlag. Fir Kanner ab 3 Joer, fir den ganze Wanter ze liesen.

Versant Sud

ISBN 978-2- 930358-970

15,90 € Potti-Musek Guido van Genechten Ee Buch mat Toun, nee amfong mat engem ganzen Orchester! Lëschtegerweis sëtzen eis Musikanten all um Potti. An den Dirigent, den Jimmy Pinguin, hält se all zesummen an feiert se un, sou datt si all prett fir de Concert sinn. Ee flott Buch fir mat den Allerklengsten zesummen ze kucken. D'Blieder si leider ganz dënn an dofir ass ee minimalen Alter vun 2 Joer recommandéiert. Awer soss absolut herrlech, wat fir Téin do um Potti gespillt ginn!

Kremart Edition

ISBN 978-99959-39823

20 €

6 & 11, rue Saint Antoine L-9205 Diekirch

www.zimmer.lu

Tél: 80 95 59 Fax: 80 71 62

Lun. - Ven. 08:30 - 18:00 Sam. 09:00 - 17:00

17


Äre Spezialist fir Heelplanzen „Alternativ“ Medezin, déi op Heelplanze baséiert, gëtt hautdesdaags erëm vill gefrot. Hir excellent Wierkung huet och den Yves Habscheid vu Luxherbalist erkannt an decidéiert, selwer ee Buttek mat Produiten aus Heelplanzen opzemaachen. „D’Erfarung huet mir scho méi dacks gewisen, datt a munche Fäll Heelplanzen tatsächlech déi bescht Medezin sinn an immens gutt hëllefen. Dës Hëllef wollt ech och anere Leit hei am Land zougänglech maachen a mat Hëllef vu perséinlecher Berodung op hir Besoinen agoen, fir zesummen déi beschte Léisung ze fannen“, erkläert den Yves Habscheid.

Dir kënnt all eis Produkter op

www.luxherbalist.com ONLINE BESTELLEN

GRATIS

LIWWERUNG

Vu 75€ u liwwere mir gratis bei Iech heem ënnerhalb vu Lëtzebuerg.

EISE BUTTEK ASS NËMMEN OP RENDEZ-VOUS OP BERODUNG ASS GRATIS

Tel. 621 753 339 luxherbalist@pt.lu

Maison 24 I L-7433 GREVENKNAPP

18 1 www.luxherbalist.com

Ätheresch Ueleger, Heelplanzen als lassenen Téi, verschidden Zorte Pëllen, déi Champignonen, Knospen oder Sëlwer a konzentréierter Form enthalen, si just e puer Beispiller vu senger ëmfangräicher Offer. Immens gefrot ass de lassenen Téi vun der „Armoise annuelle“, dee komplementar bei der Kriibsbehandlung oder präventiv géint Malaria agesat ka ginn. De Chrysanthellum americanum ass een anert planzlecht Wonnermëttel a Form vun enger Pëll, déi d’Liewer bei hirer Aarbecht ënnerstëtzt a geholl ka ginn, wann ee gréissert Fest bevir steet. Genee esou interessant ass de Kudzu, deem seng Stoffer sech als hëllefräich am Kampf géint Sucht, wéi zum Beispill Fëmmen, erwisen hunn. Donieft fënnt ee bei Luxherbalist eng breet Gamme un Naturkosmetik, déi vu Shampoing an Duschgel bis bei Deoen a Gesiichtscrèmë reecht a fir all Hauttyp déi passend Produiten huet.

Dem Yves Habscheid säi Buttek existéiert eréischt zanter Enn 2017 a befënnt sech um Gréiweknapp, net wäit vu Miersch. Dësen ass nëmmen op Rendez-vous op. Wie léiwer vun doheem aus bestellt kann dat iwwert säin Online-Shop maachen (www.luxherbalist.com). Déi perséinlech Berodung iwwer d’Produite kann een an deem Fall och gäre via Mail oder Telefon an Usproch huelen.


DEN LUXHERBALIST PRESENTÉIERT

DE LIFESTYLE

Den Yves Habscheid verréit Iech an den Tipps, wéi een sengem Immunsystem op d’Spréng hëllefe kann an wéi eng natierlech Produiten an der Hausapdikt net dierfe feelen.

Wéi kann ee säin Immunsystem op eng natierlech Manéier ënnerstëtzen?

Wat fir planzlech Produiten dierfen an der Hausapdikt net feelen?

Fir schwanger Fraen, Mammen déi nieren a Kanner ass et dacks net einfach eng Medezin ze fannen, déi ouni Bedenke kann ageholl ginn. Bei eis kritt Dir ënner anerem Produite géint den Houscht, Halswéi, Bronchitten a Grippen, ouni Zousaz vun Alkohol an op natierlecher B a s is . De biologesche Som vun enger Grapefruit ass ee Wonnermëttel, dat géint 800 verschidde Bakterië wierkt. En ënnerstëtzt den Immunsystem an huet keng Niewewierkungen. Donieft ass kollodialt Sëlwer als natierlechen Antibiotikum ze recommandéieren, well en d’Daarmflora net ugräift. Iwwerdeems kritt ee bei eis eng grouss Gamme un Heel-Champignonen, déi géint verschidde Krankheete wierken an den Immunsystem stäerken.

An der Hausapdikt soll géint all Iwwelen, déi méi heefeg optrieden, ee Mëttel ze fanne sinn. Dat wier zum Beispill de Baum’Sil, eng Sallef, déi Entzündunge berouegt oder bei Kappwéi hëlleft. Bei Péng an de Gelenker, am Réck oder an de Muskelen ass de Baume Souverain eng gutt Léisung. Een anert Mëttel nennt sech Psyllium, dat d’Daarmaktivitéite reguléiert an dofir souwuel bei Duerchfall wéi och bei Verstopfung ageholl ka ginn. Besonnesch ze recommandéieren ass den äthereschen Ueleg vum Ravintsara, dee gutt géint viral Krankheete wierkt.

19


Autoe mam gewëssen Extra

Your Official Importer of Shelby Dodge and RAM Trucks for LUXEMBOURG as well as all other US and JAPANESE brands. New, used and classics.

Wien op der Sich no engem aussergewéinlechen Auto ass, dee souwuel optesch, wéi och duerch seng bannescht Wäerter erausstécht, deen ass bei US-Cars Import zu Reisduerf genee richteg. Shelby, Dodge, RAM, Chevrolet, Cadillac a Lincoln si just ee klenge Virgeschmaach op d’Offer vun der Garage, déi sech am Retro-Look presentéiert an net just nei Ween an Occasiounen, mee souguer Oldtimer verkeeft. Nieft amerikaneschen Autoe kritt een awer och méi aussergewéinlech Modeller vu japanesche Marke wéi Toyota oder Nissan, déi um europäesche Marché schwéier ze fanne sinn. De Patrick Lepage, Patron vun US-Cars Import, weess, wéi en de Goût vu senger Clientèle am beschten trëfft. „Ech soen de Leit ëmmer: Maacht d’Aen zou a stellt Iech Ären Dramauto vir. Beschreift en sou genee wéi méiglech. Mat dësem Bild virun Ae maache mir eis dann op d’Sich, fir dat passend Gefier ze fannen.“ Wann den Dramauto bis fonnt ginn ass, këmmert sech US-Cars Import ëm den Import an de GrandDuché esou wéi ëm d’Umeldung. Duerch déi laangjäreg Experienz an deem Domaine weess een sech als Client bei der Reisduerfer Garage a gudden a seriöen Hänn. Déi breet opgestallten Offer bréngt der ganzer Equipe vun US-Cars Import vill Ofwiesslung. Doduerch, datt all Dag un aneren Autosmarke geschafft gëtt, kënnt mat Sécherheet keng Langweil op. „Et ass all Kéiers erëm ee flotte Moment, wann ee Moies zur Dier erakënnt an all déi flott, speziell Autoe gesäit“, schwäermt de Patrick Lepage, dee scho vu Klengem un eng Passioun fir aussergewéinlech Autoen huet. Nieft dem Verkaf vun aussergewéinlechen Autoe bitt US-Cars Import selbstverständlech alleguer d’Servicer un, déi zum Ënnerhalt vum Gefier gehéieren. Héichwäerteg Fleegeproduite vun der lëtzebuergescher Mark Saxer gi benotzt, fir d’Autoen op Héichglanz ze bréngen a kënnen och op der Plaz kaf ginn. Iwwerdeems si komplett Restauréierungen oder den Ëmbau vun Autoe méiglech.

Vu Meindes bis Freides: 8:00 - 12:00 &13:00 - 17:30 Samstes vun 10:00 -12:00 44, route de la Sûre | L-9390 Reisdorf Tél.: 83 64 20 20 1 www.uscarsimport.lu |


US-CARS IMPORT PRESENTÉIERT

DE ROAD RUNNER

De Patron Patrick Lepage verréit, firwat een den Import vu sengem Dramauto net selwer an d’Hand sollt huelen a wéi een säin Oldtimer optimal op de Wanterschlof virbereet.

Firwat sollt ee fir den Import vun engem Auto bei ee Fachmann goen?

Op wat sollt een oppassen, wann een säin Oldtimer awantert?

Generell ass et esou, datt een duerch eis immens vill Zäit an Nerve spuert. Well mir eis iwwer d’Joren ee Reseau u Vertrauenspersounen a Partner an Amerika, Kanada a Mexiko opgebaut hunn, kënne mir eise Clienten d’Sécherheet ginn, datt den Auto wierklech an der Rei ass. Sollt awer während dem Transport iergendwéi eng Téitsch dra komm sinn, dann hafte mir dofir an net de Client. Well mir méi Autoen zesumme kënne komme loossen, ginn d’Transportkäschten erof a mir kënnen doduerch ee bessere Präis bidden. USCars Import suergt gären dofir, datt Dir Äre Wonschauto stressfräi an ouni Risk bis op Lëtzebuerg kritt.

Éischtens sollt een en an enger zouener, dréchener Garage ofstellen. D’Batterie sollt ëmmer um Chargeur hänken, fir z’evitéieren, datt den Auto nom Wanterschlof net méi zum Liewen erwächt. Den Tank sollt héchstens bis ee Véierel gefëllt sinn an ee chemesche Produit an de Bensin gemëscht ginn, fir datt dësen sech net zersetzt. Fir datt d’Dichtunge laang halen, ass et unzeroden all d’Dieren, de Capot an d’Mall ee Spléck opstoen ze loossen. Ier een am Fréijoer nees fiert soll e kontrolléieren, ob nach genuch Loft an de Pneuen ass. Iwwerdeems ass een CheckUp recommandéiert, fir d’Sécherheet op der Strooss ze garantéieren. 21


Ech wënschen all menge Clientë schéi Chrëschtdeeg an ee glécklecht neit Joer 2019!

Nëmmen op Rendez-vous.

16, Um Knupp I L-9653 GOESDORF Tél. 81 93 79

www.trinybissen.com

Garage Pepin

1958 - 2018

22


FONDATION AUTISME LUXEMBOURG

ENG WÄERTVOLL ULAFSTELL

Bildquell: Fondation Autisme Luxembourg

Stellt Iech vir Dir huet ee Kand a kritt op eemol vu ville Säiten ze héieren et géif eppes net mat em stëmmen, et wier net „normal“. Iech ass seng Verhalensstéierung vläicht och selwer schonn opgefall an dofir gitt Dir mat em bei den Dokter, fir eng professionell Meenung ze héieren. Dee kann Iech awer leider net wierklech weiderhëllefen, mécht zwar verschidden Tester, mee ka keng Diagnos stellen. Wat dann? Fréier woussten d’Elteren effektiv an esou engem Fall net wat maachen an u wien si sech kéinte wenden. Dacks huet et Spezialisten aus dem Ausland gebraucht, fir Autismus ze diagnostizéieren. Haut gëtt et endlech eng offiziell

Ulafstell am Grand-Duché, déi engem vun Ufank un immens ënner d’Äerm gräife kann: d’Fondation Autisme Luxembourg, kuerz FAL. An dëser Reportage verrode mir Iech net just, wat een iwwerhaapt ënnert Autismus versteet, mee ginn och interessant Abléck an d’alldeeglech Aarbecht vun der Fondation Autisme Luxembourg a liwweren Iddien doriwwer, wéi een sech och selwer op ganz ënnerschiddlech Manéieren engagéiere kann.

Wat ass Autismus? Autismus kann a ganz vill verschidde, méi oder manner staarke Formen optrieden. Et handelt 23


28, Grand-Rue L-9240 Diekirch Tél.: +352 27 80 83 42

Perfekt für ein gesundes und gemütliches Zuhause.

peinture & décoration

We build your dreams! ✆ 26 62 16 49 L-9145 Erpeldange

www.peintralux.lu

Landewyck, c’est aujourd’hui :

171 Années d’expérience

41 Partenaires dans le monde

LE GOÛT, UNE HISTOIRE DE FAMILLE DEPUIS 1847

5 Sites de production

Depuis six générations, nous travaillons à sublimer les arômes d’une matière première de tradition. Cet héritage familial, nous le perpétuons depuis notre berceau historique au Luxembourg, mais également au travers de nos filiales en Europe, pour un avenir plein de saveur.

1800 Collaborateurs

26 Marques

LANDEWYCK TOBACCO S. A. 31, rue de Hollerich – L-1741 Luxembourg | Grand Duchy of Luxembourg | P. O. Box 2202 – L-1022 Luxembourg Tel.: (+352) 49 39 39-1 | Fax: (+352) 49 39 39-409 | E-mail: info@landewyck.com | w w w. l a n d e w y c k . c o m


sech dobäi ëm sougenannten neurologesch Stéierungen, déi di normal Entwécklung vun deene Beräicher am Gehir, déi fir sozial Interaktiounen a Kommunikatioun zoustänneg sinn, beanträchtegen. De Betraffene fält et schwéier mat aneren ze kommunizéieren a Bezéiungen opzebauen. A munche Fäll ka souguer aggressiivt Verhalen optrieden. Mënsche mat Autismus hunn dacks och motoresch Ticks, wéi beispillsweis schaukelen oder mat den Hänn schloen a reagéieren op eng ongewéinlech Manéier op verschidden Aflëss vu baussen. Doriwwer eraus kënnen hir Sënner ënner- oder iwwerempfindlech sinn.

wéini Fräizäit oder Ausflich virgesi sinn. D’Bewunner vum Zenter zu Munzen sinn tëscht 18 a 64 Joer al an hunn do d’Méiglechkeet am alldeegleche Liewe betreit ze ginn. Donieft sinn si fir ze schaffen a verschidden Atelieren agedeelt: Kichen, Buanderie, Bastelen a Gaart. D’Personal vun der Fondation Autisme betreit dës Atelieren an ass gläichzäiteg ewéi eng Famill fir d’Bewunner vum Foyer. „Mir kommen net heihinner schaffen, mee mat hinne wunnen“, erkläert d’Catherine Debras d’Philosophie vun alle Bedeelegten.

Dacks leiden déi betraffe Persounen nach ënner weidere Stéierungen, wéi zum Beispill eng geeschteg Behënnerung, Epilepsie oder Verdauungsschwieregkeeten. Eng Heelung gëtt et leider net, mee et gi Méiglechkeeten hir Entwécklung positiv ze beaflossen an domat besser mat dem Handicap kënnen ze liewen. D’Fondation Autisme Luxembourg setzt sech fir eng besser Liewensqualitéit vun de betraffe Persounen an a begleet si mat vollstem Engagement an hirer Entwécklung.

Zënter Hierscht 2017 huet een ähnlechen Zenter zu Rammerech seng Dieren opgemaach a bitt Plaz fir 24 Bewunner.

E puer Andréck vu Munzen

Chrëschtdagsaktioun

Wann een d’Begrëffer „Foyer de jour“ an „Hébergement“ héiert, dann denkt een iergendwéi automatesch un eng steril Ariichtung ouni Perséinlechkeet. Dëst ass awer definitiv net de Fall an de Gebailechkeete vun der FAL zu Munzen. D’Raim sinn alleguer spezifesch un d’Besoine vun de Persoune mat Autismus ugepasst. Sou huet ee beispillsweis op de Schief Pictogrammer pechen, déi uweisen, wat een erwaart, wann een se opmécht. „Wa mir op engem Schaf kee Pictogramm hunn, dann heescht dat fir si, datt do näischt dran ass“, erkläert d’Catherine Debras, pädagogesch Responsabel fir Vakanzekolonien a Fräizäit. „Persoune mat Autismus fält et immens schwéier, Zesummenhäng ze verstoen an hunn dacks och ee Mangel un Zäitgefill. Pictogrammer sinn aus dem Alldag net ewechzedenken, well si deene Betraffenen eng Sécherheet ginn a gläichzäiteg ënnerstëtzen, d’Struktur vum Dag ze verstoen“ ergänzt d’Pädagogin. Sou kann ee beispillsweis och ee ganze Mount visualiséieren an doduerch fir d‘Persoune mat Autismus verständlech maachen, wéini si musse schaffen a

Selbstverständlech gëtt och bei der FAL Chrëschtdag gefeiert. D’Fondatioun besuergt fir all Bewunner ee perséinleche Kaddo. Ier et awer un d’Auspake geet, ginn an deene Woche virdrun op Commande fläisseg Chrëschtdagskaarte gebastelt. De Client huet d’Wiel tëscht 6 verschiddene Motiver an dierf sech net just iwwer flott a faarweg handgemaachte Kaarte freeën, mee huet gläichzäiteg nach d’Fondation Autisme aktiv ënnerstëtzt.

Bildquell: Fondation Autisme Luxembourg

Aner Ënnerstëtzungsméiglechkeeten D’Fondation Autisme Luxembourg freet sech iwwer all Ënnerstëtzung, déi si kritt. Nieft klasseschen Done gëtt et d’Méiglechkeet, fir ee spezifeschen Zweck ze spenden, wéi beispillsweis Kichegeschir oder d’Kolonien. D’FAL mécht heiansdo Opriff iwwert déi sozial Netzwierker, wann eppes ganz Konkretes gebraucht gëtt. Wie wëllt ka selwer Saachen, wéi beispillsweis Kuch oder handgemaachten Artikelen op Mäert verkafen an den Erléis un d’FAL spenden. 25


Doriwwer eraus si Benevollen zu jidderzäit häerzlech wëllkomm. „Ganz besonnesch, wa mir weekends eng gréisser Sortie geplangt hunn oder a Kolonie fueren, kënne mir all Hëllef gebrauchen“, seet d’Catherine Debras. Fir kënnen um Liewe vun de Persoune mat Autismus deelzehuelen an hinnen Zäit an Opmierksamkeet ze schenken, ass keng Formatioun noutwenneg. Jiddwereen, dee motivéiert ass, kann sech bei der FAL mellen, fir weider Informatiounen ze kréien. Mir soen der Fondation Autisme Luxembourg villmools Merci fir dës Abléck an hir Aarbecht an hunn decidéiert si och selwer aktiv z’ënnerstëtzen, andeems mir een Deel vum Erléis vun den Annoncë bei dëser Reportage un si spenden. Ee grousse Merci och un alleguer d’Annonceuren, déi sech zesumme mat eis fir dëse Geste entscheet hunn. Eisen ausdréckleche Respekt geet un déi 135 Salariéën an 65 Benevollen, déi sech bei der FAL Dag fir Dag dofir engagéieren d’Liewe vun de Persoune mat Autismus esou flott wéi méiglech ze gestalten. Maacht weider esou!

MAACHT EN DON Banque et Caisse d’Epargne de l’Etat BCEELULL LU82 0019 1300 0445 5000 Villmools Merci fir Ären Don, Är Ënnerstëtzung ass fir eis eng wäertvoll Hëllef.

68, route d'Arlon L-8310 Capellen

+352 26 91 11 1 autisme@fal.lu

SN WOOD DESIGN ÄR ARIICHTUNG... MEE ANESCHT. Mir erschafen Är Miwwelen op Mooss aus onbehandeltem, lokalem Holz virun Ären Aen.

20, rue de Boevange L-8707 Useldange

T.: 691 944 849 info@wooddesign.lu

WWW.WOODDESIGN.LU

SHOWROOM IN SCHIEREN 8-10, rue de la gare L-9122 Schieren Tel: +352 81 94 84 1 Email: info@willy-putz.lu

www.willy-putz.lu

26

SANITAIRES CARRELAGES MENUISERIE CUISINE RÉNOVATION PLAFONDS TENDUS PEINTURE


BAUEN & WUNNEN

BUEDEMBELEEG

De Buedem ass een Element, dat entscheedend zum Wuelfillen an den eegene véier Wänn bäidréit. Et trëppelt een drop, et spillt een drop a ganz dacks sëtzt een och drop. Bei enger grousser Auswiel un ënnerschiddleche Materialer ass et awer guer net esou einfach, sech fir eng Zort ze decidéieren. Mir hunn déi heefegst Buedembeleeg ënner d‘Lupp geholl.

Plättercher Dee wuel verbreetste Belag fir op de Buedem si Plättercher, an dat net ouni Grond. Si verbannen Ästhetik a Funktionalitéit, well se kommen an alle Faarwen a Beschafenheeten, si bestänneg a liicht ze botzen. Allerdéngs ginn et an der Welt vun de Plättercher immens vill Varietéiten, déi ee muss kennen, wann een déi passend fir säi Buedem eraussicht. Déi mat Ofstand am meeschte gefrote Plättercher bestinn aus Keramik. Well de Begrëff Keramik zimlech large ass, muss een en an dräi Zorten ënnerdeelen: Faïence (Steingut), 27


Mir soen Iech

MÉI WÉI 10 JOER ERFARUNG

Merci

villmools fir Äert VERTRAUEN a wënschen Iech

Schéi Chrëschtdeeg an ee Gudde Rutsch. Tél.: 20 60 44 I Fax: 20 60 44 44

10, Route d‘Ettelbruck I L-9160 INGELDORF Besicht och eis Säit JP HOME CONCEPT

www.jphomeconcept.lu

info@jphomeconcept.lu

BUEDZËMMEREN RENOVATIOUNEN SANITÄR PLÄTTERCHER Mir schwätzen

tion a m i t s E & n o ti Vente, Loca 5 WILTZ arlotte L-951 h

C 55, Rue G.-D. e n ia iv V Résidence

u immowolz.l

28

95 82 59-1


Grès ceramique (Steinzeug) a renge Grès ceramique (Feinsteinzeug). Déi dräi bestinn aus de selwechte Grondmaterialer, nämlech Sand, Leem an dem Mineral Feldspat. Den Ënnerscheed besteet an hire Proportiounen ewéi an der Temperatur, bei där d‘Plättche gebrannt gëtt. Wéinst hirer niddereger Belaaschtbarkeet si Faïence-Plättercher just fir un d‘Maueren, net fir op de Buedem geduecht. Renge Grès céramique ass dogéint net just am stäerkste belaaschtbar, mee och duerch eng extrem niddereg Waasserduerchlässegkeet viru Frascht geschützt. Dowéinst eegent en sech besonnesch gutt fir baussen a fir op Plazen, wou vill Leit drop trëppelen oder de Buedem héije Laaschten ausgesat ass. Donieft ginn et zwou grouss Kategorien, wat d‘Behandlung vun der Uewerfläch betrëfft. Hei ënnerscheet een tëscht onglaséierten a glaséierte Plättercher. Während d‘Uewerfläch vun der onglaséierter Variant allgemeng resistent géigeniwwer Krazerten an Ofnotzung ass, gëtt d‘Resistenz vun de glaséierten unhand vu fënnef Grader bewäert. De Grad 1 gëtt hautdesdaags bal net méi gefrot. D‘Grader 2 bis 4 eegnen sech op Plaze mat moderater Belaaschtung an den héchste Grad 5 kann am Prinzip iwwerall verluecht ginn, ouni mussen ze fäerten, datt seng Uewerfläch mat der Zäit ofnotzt oder zerkraazt. Am Fall vun de glaséierte Plättercher muss iwwerdeems eng

gewësse Rutschfestegkeet berécksiichtegt ginn, wann een se an naasse Beräicher wéi dem Buedzëmmer oder bausse verleeë wëllt. Déi gëtt un de Bezeechnungen R9 bis R13 festgemaach, zousätzlech dozou verréit de Buschtaf B, datt d‘Plättche geduecht ass fir naass ze ginn. No der Keramik ass Natursteen ee beléiftent Material, fir a Form vu Plättchercher ze verschaffen. Säi gréisste Pluspunkt ass seng eenzegaarteg Optik, verbonne mat engem spezielle Flair, un dee keng Keramikplättchen erukënnt. Vun Natur aus ass de Steen awer poréis an doduerch staark ufälleg fir dauerhaft Verschmotzungen. Fir deem entgéint ze wierken, ass et recommandéiert, Natursteenplättercher z‘imprägnéieren. Flecken zéien doduerch net an de Steen an a loossen sech einfach ewechwëschen. Ausserdeem léisst Natursteen sech frësch poléieren, wouduerch Verfierwunge besäitegt kënne ginn. Wie gären d‘Natursteenoptik mat de funktionelle Virdeeler vu Keramik kombinéiert, fir dee si Plättercher aus rengem Grès ceramique mat geprintem Natursteenmuster eng interessant Alternativ. Niewent hirer flexibeler Uwendung a villfältegem Design iwwerzeege Plättercher, sief et Keramik oder Natursteen, duerch ee weidere Virdeel visà-vis vun anere Beleeg: si loossen sech perfekt mat enger Buedemheizung kombinéieren.

29


Steen huet eng héich Hëtztleetfäegkeet. Dat ass de Grond, fir wat Plättercher sech kal uspieren. A Kombinatioun mat enger Buedemheizung dogéint léisst sech dësen Nodeel awer an ee Virdeel ëmkéieren, well d‘Hëtzt méi séier vun ënnen un d‘Uewerfläch vum Buedem dréngt. Doduerch muss een d‘Heizung net sou wäit opdréinen an et spuert een Energie. Op d‘Thema Buedemheizung komme mer méi spéit nach méi genee ze schwätzen.

Holzbuedem

Ihr Fachmann

für Innenausbau Fens t er | Rollläden | Tür en | Tr eppen | Garagentor e Parket t | Mark isen | Insek t enschut z | Terrassen & Verandas | Gar tenhäuser | Innenausbau | Rest aurierung Möbel nach Maß ...

Als nächste Kandidat op der Lëscht hu mir den hëlzene Buedem. Dëst Material ass immens beléift, well et laanglieweg ass an duerch seng Regulatiounsfäegkeet vun der Fiichtegkeet zu enger agreabeler Atmosphär am Raum bäidréit. Op Holz ze trëppelen deet de Féiss gutt, et ass nämlech méi waarm a méi mëll wéi Steen. Mee wéi bei de Plättercher ass net all Holzbuedem d‘selwecht.

Déi héichwäertegst Variant besteet aus Massivholz, dat op de Buedem gepecht oder geschrauft a mat Wuess oder Ueleg behandelt gëtt. Jee no Format vun den Holzelementer ënnerscheet een tëscht Dillebuedem a Parkett. Dës zweet Optioun gëtt wéinst senge méi klengen Dimensioune gären a Form vun engem Muster geluecht. Parkett ass net just aus ganzem Holz disponibel, mee och aus méi präiswäertem Schichtholz, bei deem just déi iewescht, 3 bis 5 Millimeter déck Schicht aus enger edeler Holzaart besteet. All hëlzene Buedem kann, wéi den Natursteen, frësch geschlaff ginn, wann seng Uewerfläch am Laf vun de Joren seng Schéinheet verluer huet. Schichtparkett schafft iwwerdeems manner wéi massiivt Holz, wat een nieft sengem méi déiwe Präis als zousätzleche Virdeel betruechte kann. 30 11, rte de Kautenbach L-9831 Consthum

GSM: +352 / 691 921 650

info@denholzmechel.lu

T: +352 / 26 903 710 F: +352 / 26 903 711

www.denholzmechel.lu


Grenzwäerteg als Holzbuedem bezeechne kann ee Laminat. Dëst Material besteet aus zesummegepresste Schichten Holzpabeier, déi duerch kënschtlecht Haarz zesummegehale ginn. Op d‘Uewerfläch kënnt schliisslech eng Folie, déi entweder Holz- oder anere Buedem imitéiert. Laminat huet keen Afloss op d‘Raumklima a kann och net wéi richtegen Holzbuedem ofgeschlaff ginn.

Linoleum a Vinyl Linoleum ass ee robust a gläichzäiteg elastescht Material, dat an den 1860er vum Frederick Walton entwéckelt gouf an haut gären a Sportshalen a Spideeler verluecht gëtt, awer och de Wee bis an d‘Privathaiser fonnt huet. Et besteet zu iwwer 90% aus natierleche Rohstoffer, haaptsächlech oxidéiertem Fluesssomueleg, Seemiel an natierlechen Haarzer. De Linoleum fir de Privatgebrauch kënnt a Form vun enger Folie, där hir Uewerfläch schonn am Viraus traitéiert gouf an einfach zougeschnidden an op de Buedem gepecht gëtt. A Punkto Faarf an Design sinn theoretesch keng Grenze gesat an d‘Uewerfläch ass antistatesch, léisst sech einfach naass botzen an ass souguer liicht antibakteriell. De Linoleum ass ausserdeem gutt mëll, virun allem mat enger Isoléierung ënnendrënner, dofir eegent en sech gutt fir an d‘Kannerzëmmer. D‘Kand fält ni haart an d‘Geräicher vum Spille gi gedämpt. Mat ähnlechen Eegenschaften ass de bësse méi robuste Bio-Vinyl-Buedem eng Alternativ. Wéi de Linoleum besteet en zu iwwer 90% aus natierleche Stoffer an ass doduerch relativ ëmweltfrëndlech. Normale Vinyl dogéint kann dat net vun sech behaapten. Bei deem handelt et sech nämlech ëm eng Zort Plastik, deen net natierlech ofgebaut ka ginn a bei der Verbrennung gëfteg Gase fräisetzt. Et gëtt souguer behaapt, datt aus dem Vinyl-Buedem och vun sech aus Chemikalien un d‘Loft iwwerginn. Dës Behaaptunge ginn um Geroch festgemaach, déi de Buedem virun allem déi éischt Zäit nom Verleeë vun sech gëtt, mee a wéi wäit e wierklech gesondheetsschiedlech ass, kann net eendeiteg gesot ginn. Virun allem, well dat mat der Qualitéit vum jeeweilege Produit zesummenhänkt.

CHAUFFAGE CHAUFFAGE

SANITAIRE SANITAIRE

CLIMATISATION CLIMATISATION

VENTILATION VENTILATION

ENERGIES ENERGIES

REGULATIONS REGULATIONS

11,z.a.c. z.a.c.Klengbousbierg Klengbousbierg 11, L-7795Bissen Bissen L-7795 Tél.+352 +3528181242442-1 42-1• •Fax Fax+352 +352818171715858 Tél.

www.wagner-schaffner.lu www.wagner-schaffner.lu


KOCH MONTAGEBAU AG 2, am enneschten Eck L-9838 Untereisenbach T +352-92 97 14

F +352-92 97 info@koch-ag.lu w w w. k o c h - a g . l u

Unsere Ausstellung ist geöffnet: donnerstags und freitags von 11-17 Uhr, samstags von 11-14 Uhr.

HERBSTRABATTE AUF ALLE WELLNESSPRODUKTE SAUNA- & INFRAROTKABINEN

Troisvierges | Z.I. In den Allern, 11 | Tel. 979 310

WWW.HEINEN-SCHREINEREI.COM

DÖLCO®-Systempartner Die Firma Sanitaire Percy Rauchs ist seit vielen Jahren Ihr kompetenter Ansprechpartner bei allen Fragen rund um die Themen Heizung, Sanitär und Haustechnik. Seit Ende 2015 sind wir außerdem als einer von europaweit über 3.000 DÖLCO®Partnerbetrieben in der Wasserschadenbeseitigung tätig. Wir zeichnen uns durch den Einsatz moderner Austrocknungs-und Messtechnologien in und an Bauwerken sowie eine kompetente und verlässliche Arbeitsweise aus. Firmeninhaber Percy Rauchs im DÖLCO Schulungszentrum

Badezimmer-Komplett& Teilsanierung ALLES AUS EINER HAND Beratung, 3D-Planung, Barrierefreie Badezimmer, Wellness

Wartung & Kundendienst Klein & Kleinstreparaturen Neuinstallation

Wasserschaden Probleme mit Feuchtigkeit

Öl-, Gas-, Holz-, Pellets- & Brennwert kessel, Warmwasserspeicher, Wärmepumpe, Solaranlage, Regen wasser, kontrollierte Wohnraumlüftung, erneuerbare Energien

DÖLCO®-Systempartner Schadensanalyse, Leckageortung, Feuchtemesstechnik, Trocknungen, Versicherungs-Abwicklungen u.v.m.

32

KAMINE

ÖFEN ALLER ART

Kaminöfen / Steinbacköfen Kachelöfen / Holzherde Gartengrills


Teppechbuedem Als gesondheetlech bedenklech gëtt och dacks den Teppechbuedem ugesinn. Dat läit dorunner, datt Teppechbuedem an de 60er a 70er Joren Asbest an FCKW enthalen huet. Modern Teppechbiedem sinn zwar nach ëmmer chemesch behandelt, bestinn awer an der Basis aus Naturfaseren oder onbedenklechem Polyamid, wouduerch si op mannst e gutt Stéck manner schiedlech sinn ewéi fréier. Teppechbuedem verhënnert kal Féiss, absorbéiert Schall, fillt sech gutt un a reguléiert, wéi Holz, d‘Fiichtegkeet vum Raum. Wéinst senger méi staarker Stëbsentwécklung sollt een als Allergiker allerdéngs besser op een anere Buedembelag zréckgräifen.

Hëtzt vun ënnen Wéi virdrun erwähnt loossen sech Plättercher, sief et aus Keramik oder Natursteen, vun alle Buedembeleeg am beschte mat enger Buedemheizung kombinéieren. Déi an dësem Text ernimmte Materialer kommen awer prinzipiell all fir d‘Notzung mat enger

Buedemheizung a Fro, wann och deels manner effikass. Obwuel eng Buedemheizung als moderne Komfort ugesi gëtt, ass hire Prinzip well an der Réimerzäit bekannt gewiescht. Si leeft mat Temperaturen ënner 30 Grad a verdeelt d‘Wäermt gläichméisseg vun ënnen am ganze Raum. Doduerch gëtt kee Stëbs an der Loft opgewierbelt, wat virum allem fir Allergiker interessant ass. Wann een nei baut, ass d‘Buedemheizung souguer eng super Alternativ zu der Zentralheizung. Et huet ee

Vente et pose de revêtements de sols en linoléum, pvc, parquet flottant, parquet, caoutchouc et tapis-plein. Ponçage et vitrification parquet. Vente et pose de jalousies, stores, rollos et moustiquaires. 10, rue Fred A. Gilson L-9167 Mertzig Tél.: 26 88 08 25 ∙ Fax: 26 88 08 50 ∙ GSM: 621 249 900 E-mail: info@sol-designer.lu ∙ www.sol-designer.lu

GRATIS Devisen

sinn bei eis selbstverständlech! Äre Partner fir RENOVATIOUN, BÄIBAU ODER NEIBAU

FËNSTEREN

DIEREN

PVC, ALU-PVC, ALU-HOLZ, ALU

ZËMMERDIEREN, HAUSDIEREN,

ROLLLUEDEN RAFFSTOREN

KELLERDIEREN, VUN ROMA

T. 621 888 143 Mir wënschen Iech schéi Chrëschtdeeg an ee gudde Rutsch!

FEIERSCHUTZDIEREN,

GARAGEPAARTEN

NIEWENAGANGSDIEREN

VUN HÖRMANN

2, Beim Kazebësch L-9830 BOCKHOLTZ ddimitrov@pro-domo.lu

www.pro-domo.lu 33


keng Heizkierperen un der Mauer an et spuert ee Plaz. An engem Bestandshaus, dat net dem Passivhausstandard entsprécht, léisst se sech wéinst der déiwer Betribstemperatur allerdéngs just zousätzlech zu der Zentralheizung notzen. Ee weidere potenziellen Nodeel ass deen, dat eng Reparatur méi opwänneg ass wéi bei enger normaler Heizung. Haut ginn et zwou Aarte vu Buedemheizungen: Eng elektresch Matt an ee Rouersystem mat waarmem Waasser. Déi elektresch Heizung ass relativ einfach z‘installéieren a ka bei genuch handwierklechem Geschéck souguer selwer verluecht ginn. Hiren Nodeel ass allerdéngs, datt d‘Stroumkäschten an d‘Luucht ginn, et sief dann et huet een eng Photovoltaik-Anlag um Daach. Bei der zweeter Variant gi Réier um Buedem verluecht, déi mat der Zentralheizung verbonne sinn. Dank hirer déiwer VirlafTemperatur leeft eng Waasser-Buedemheizung an der Reegel méi energieeffizient wéi eng elektresch, den Uschafungspräis ass awer méi héich an d‘Installatioun sollt am beschte vun engem Profi iwwerholl ginn.

34

Fir wat net mëschen? Wien sech no eiser Presentatioun nach ëmmer net fir een eenzege Buedembelag entscheede kann... dee brauch dat vläicht och guer net. Well wie seet dann, datt een am ganzen Haus dee selwechte Buedem muss hunn? Fir wat net Linoleum an de Gäng, Plättercher an der Kichen an am Buedzëmmer an Teppechbuedem an der Stuff? Eng Kombinatioun ass definitiv net verkéiert. Et kann ee souguer ënnerhalb vun engem Raum verschidde Beleeg hunn. Der Kreativitéit si keng Grenze gesat.

14, rue du Knapp • L-7465 Nommern Tél.: +352/83 72 47 • Fax: +352/87 80 88

www.fohl.lu


METZ NATURSTEINE

VILLFALT AM STEEN

Dobaussen an der Natur ass et dach ëmmer nach am schéinsten. Genee dëst Gefill kann een sech mat der Hëllef vun Metz Natursteine a seng eege véier Wänn huelen. Beim Familljebetrib dréint sech schonn zënter iwwer 50 Joer alles ronderëm den Natursteen an all senge Formen a Faarwen. De Méiglechkeete si bal keng Grenze gesat. D’Buedzëmmer léisst sech duerch Kalleksteen, Marber, Granit oder Schifer verschéineren. D’Kiche kann duerch eng natierlech Aarbechtsplack, déi immens belaaschtbar an einfach propper ze halen ass, veredelt ginn, während d’Trapen an d’Biedem souwuel banne wéi bausse mat Hëllef vun Natursteen een eleganten, natierleche Look kréien. Donieft bitt Metz Natursteine verschidden NatursteenBlenden a Fassadplacken un, fir Äert Gebai vu baussen ze verschéineren. Besicht hire Showroom zu Housen a loosst Iech vun hirer Passioun ustiechen.

50, Kräizgaass | L-9807 Hosingen Tél: 26 91 36 37 | info@metz-natursteine.com www.metz-natursteine.com

35


CARVALHO RÉNOVATION

VILLSÄITEGEN KNOW-HOW AN TOP QUALITÉIT

Dir géift gären eppes un Äre véier Wänn veränneren oder komplett nei bauen, huet awer net dat neidegt Wëssen oder genuch Zäit, de Chantier selwer an Ugrëff ze huelen? Dann hëlleft Iech Carvalho Rénovation vun Dikrech gäre weider. Hei kritt een alles ronderëm d’Thema Renovatioun an Neibau aus enger Hand ugebueden. Esou huet ee fir säi Projet just een Uspriechpartner, deen sech souwuel ëm d’Organisatioun, wéi och ëm d’Realisatioun këmmert. Selbstverständlech kann een der jonker an dynamescher Equipe, déi mëttlerweil aus 40 Persoune besteet, och just een Deel vun der Aarbecht iwwerloossen. „Mir verkafe keng Illusiounen, mee Realitéit“, erkläert de Miguel Carvalho, Gerant vu Carvalho Rénovation. Genee dofir geet hien och selwer bei de Client fir eng perséinlech Berodung. Dës ass op den dräi offizielle Landessproochen, sou wéi op Englesch a Portugisesch, méiglech.

36

5, Esplanade | L-9227 Diekirch Tél: 28 77 27 77 | info@carvalho-r.lu Facebook: Carvalho Renovation Sàrl www.carvalho-r.lu


Miwwelhaus Koeune 4, um Mierscherbierg | L-7526 Mersch Tel. +352 – 32 59 59 | www.naturmoebel.lu

Wohnfabrik Ingeldorf 10, route d’Ettelbrück | L-9160 Ingeldorf Tel. +352 – 27 80 84 85 | www.naturmoebel.lu

Die abgebildeten Möbel finden Sie im Miwwelhaus Koeune in Mersch.

cubus pure Wohnwand


WAGNER TECH wünscht Ihnen

Frohe n e t h c a n h Wei und ein glückliches, neues Jahr!

 +352 +352 84 84 92 92 03 03 1 1 38

 contact@wagnertech.lu contact@wagnertech.lu

  www.wagnertech.lu www.wagnertech.lu


PEINTURE MARC FELTUS

AB JANUAR 2019 ËNNERT NEIER LEEDUNG

Dräi jonk Leit hunn sech zesumme gedunn a féiere vum nächste Joer un de beschtbekannten Usträicherbetrib vu Wooltz, Peinture Marc Feltus, zum Deel an der 3. Generatioun virun. De Boy Feltus, Jong vum Marc an Enkel vum Josy, këmmert sech haaptsächlech ëm den administrative Beräich an ëm de Kontakt mam Client. De Michel Goetz an de Willy Susic, zënter méi wéi 25 Joer am Betrib, iwwerhuelen déi technesch Leedung um Chantier. Si kennen hire Beruff a këmmere sech zesumme mat enger Equipe aus Usträicher ëm d’Ëmsetzung vun Äre Wënsch. Ugebuede gi sämtlech Aarbechten am Ustrach bannen a baussen, wéi och am dekorative Beräich, Tapezéieraarbechten, verschidde Buedembeleeg, grad wéi och Storen. Frot elo Äre Rendez-vous a loosst Iech beroden!

SUCCESSEURS FELTUS Boy 621 228 944 GOETZ Michel 621 228 997 SUSIC Willy 621 228 974

22, Grand-Rue | L-9530 Wiltz Tél: 95 88 42 | info@peinturemarcfeltus.lu www.peinturemarcfeltus.lu

39


DÉBUT 2019

RÉSIDENCE

A KURZELT DRINKLANGE Future construction d’une résidence sise dans la commune de Troisvierges à L-9952 Drinklange, se composant comme suit:

Étage 1 + Étage 2

Duplex

Étage 1

Étage 0à coucher 3 chambres ± ± ± ±

Cuisine - Living Chambre 1 Salle de bain Hall

1.07

Surface au sol* ±

Étage 2 ± ± ± ±

Cuisine - Living Chambre 1 WC Hall

APPARTEMENT

± ± ± ±

Chambre 2 Chambre 3 Salle de bain Hall

DUPLEX

Réf. 16-715-17 +/- 5,6 m Terrasse

+/- 5,6 m

Balcon

Le prix inclut: + 1 balcon ± + 1 cave n°9 ± + 2 parkings intérieurs n°9 et 10

- 39 -

Chambre 3

* Le cadastre vertical dé nit la surface de l’acte notarié.

Cuisine - Living

Résidence Kurzelt – majerus-parmentier.lu

Cuisine - Living

+/- 13,2 m

Salle de bain

+/- 13,2 m

Appartement 1.07

+/- 11,7 m

5

CONSTRUCTION

Hall

Hall

Salle de bain

WC

Parkings + Cave Chambre 1

Chambre 2 Chambre 1

Hall

Plan de façade

+/- 4,8 m

DERNIERS LOTS DISPONIBLES LOT 0.05 APPARTEMENT 1 CHAMBRE

PRIX 225.836 € 3% INCLUS

LOT 1.03 DUPLEX 2 CHAMBRES

PRIX 329.810 € 3% INCLUS

LOT 1.07 DUPLEX 3 CHAMBRES

PRIX 393.039 € 3% INCLUS

CONSTRUCTEUR:

Carine DEI CAMILLO & Pascal POOS L-9217 DIEKIRCH 4, rue du Curé 40 27 80 83 56 I www.livinghome.lu T: +352

PROMOTEUR:


2B AVENUE DE LA GARE Mo-Fr Sa

08:00-12:00 08:00-12:00

tel : 95 80 51 info@clement.lu

DEKO

matériaux clement

L-9540 WI LTZ 13:00-18:00 13:00-17:00

fax : 95 89 33 www.clement.lu

FARBEN & BEIZEN TAPETEN LAMPEN & LEUCHTEN LEISTEN & MEHR

JOTUN FARBMISCHER - FARBTON NACH WAHL

INNEN

INNENAUSBAU & -GESTALTUNG FUSSBÖDEN TÜREN DECKEN- & WANDGESTALTUNG SANITÄR & HEIZUNG

GARTEN

AUSSEN WERKZEUG

BADMÖBEL & FLIESEN WERKZEUGE & EISENWAREN BAUZUBEHÖR BAUCHEMIE ELEKTRIZITÄT & BELEUCHTUNG ARBEITSBEKLEIDUNG SAISONARTIKEL BEDACHUNG FASSADEN BAUELEMENTE TROCKENBAU ISOLATION ROHBAUSTOFFE

GARTENMÖBEL KINDERSPIELGERÄTE TERRASSENBÖDEN & -DIELEN GARTENGESTALTUNG & -DEKORATION GRILLGERÄTE & -ZUBEHÖR AUSSENBELEUCHTUNG

41


auf

Alles fir de Bau

BeNeLux GmbH

Vermietung

Elektrogeräte

Berufsbekleidung

Vermietung Verkauf Baugeräte Werkzeuge Maschinen Elektrogeräte Berufsbekleidung

www.deubner-bau.lu 1

Gruuss-Strooss 15 • L - 9991 Weiswampach

Dir wëllt op Ärem Chantier selwer Hand uleeën, huet awer net déi néideg Maschinnen? Oder Dir sidd Patron vun enger Baufirma a braucht kuerzfristeg ee Bagger oder ee Radlader méi, fir ee Schantje mat Zäite fäerdeg ze kréien? Genee fir esou Fäll gëtt et Deubner Baumaschinen BeNeLux zu Wäisswampech, eng kompetent Ulafstell un der Nordspëtzt vum Grand-Duché. Direkt laanscht d’Haaptstrooss fënnt een alles, wat Handwierkshäerzer méi héich schloe léisst. Bei hinne kritt ee vu klengem bis groussem Geschir net just alles geléint, mee selbstverständlech och ze kafen. Am Buttek fënnt ee Geschirkëschten, Ersatzdeeler a komplett Maschinnen. Donieft fënnt ee bei Deubner eng grouss Auswiel un Aarbechtskleedung, Schong an eng Hällewull u Material, fir d’Sécherheet um Chantier ze garantéieren. Dës Offer reecht vum Oureschutz iwwer Knéischoneren, Helmer an de passende Luuchte bis hin zu Ofsperrbänner a Markéierungssprayen. „Alles, wat mir net direkt disponibel hunn, kënne mir séier besuergen. Et muss een eis just froen a mir kucke souguer dat Onméiglecht méiglech ze maachen. Bei eis héiert een eréischt een Nee, wann et absolut keng Chance gëtt, de gewënschten Objet erbäizekréien“, erkläert de Volker Kremser, Gerant vun Deubner Baumaschinen BeNeLux houfreg d’Philosophie, déi di ganz Equipe lieft. Privatleit, déi hire Schantje gäre selwer an Ugrëff huelen, dierfen sech bei der Locatioun vu Maschinnen oder Gefierer iwwer ee spezielle Weekend-Tarif freeën. Dobäi kann een d’Gerät freides ab 15 Auer siche kommen an dierf et bis méindes moies um 10 Auer halen. Verrechent kritt een an deem Fall awer just een Dag, sou datt een eng richteg gutt Affär mécht. Aktuell kann ee bei der AdventskalennerAktioun vun Deubner op Facebook flott Präisser gewannen. Et rentéiert sech op hir Säit kucken ze goen a säi Gléck ze probéieren. „Mir wënsche jiddwerengem vill Spaass bei eiser Aktioun an elo scho schéi Chrëschtdeeg an ee gudde Rutsch an dat neit Joer“, seet de Volker Kremser am Numm vun der ganzer Equipe vun Deubner.


DEUBNER BAUMASCHINEN BENELUX PRESENTÉIERT

DE BAUMEESCHTER

De Gerant Volker Kremser erkläert, wat an de kale Méint dacks um Bau gebraucht gëtt a liwwert e puer speziell Kaddosiddie fir Chrëschtdag.

Wéi léisst et sech verhënneren am Wanter um Chantier ze fréieren?

Wat kann ee senge Léifste fir Chrëschtdag schenken?

Mir recommandéiere mobil Heizgeräter, déi all Raum séier an effikass gehëtzt kréien. Bei eis fënnt een alles fir de privaten, wéi och fir de professionelle Gebrauch vun der renomméierter Mark MASTER.

Bei eis huet een d’Méiglechkeet sech eng ganz individuell Geschirkëscht zesumme stellen ze loossen. Donieft fënnt een an eisem Buttek eng Auswiel u Maschinne vu Bosch an Aarbechtskleedung an alle Variatiounen. Iwwerdeems bidde mir Baustelleradioe vu verschiddenen Hiersteller un, déi immens beléift sinn.

Eis Offer ëmfaasst Ueleg-, Gas- an elektresch Lofterhëtzer vun 2kw bis hin zu Ultimo. Si eegnen sech souwuel als temporär, wéi och als dauerhaft Léisung. Bei eis hutt Dir d’Méiglechkeet se fir ee begrenzten Zäitraum ze léinen oder ganz normal ze kafen. Mir bidden eng séier Léisung zu gënschtege Präisser.

Deubner huet net just eng breet Palette fir Erwuessener ze bidden, mee souguer fir Kanner. Eis Offer reecht bei de Spillsaache vu klengem Geschir bis hin zu diversen Gefierer. Doriwwer eraus kann ee mat engem Kaddosbong vun Deubner, dee fënnef Joer laang an alle Beräicher gëlteg ass, näischt falsch maachen. 43


Konscht am Gréngen

EINZIGARTIGE AUSSENANLAGEN kreative IDEEN perfekte PLANUNG saubere DURCHFÜHRUNG nachhaltige PFLEGE

ALLES AUS EINER HAND!

Wéi gesäit ee gelongene Gaart aus? Dem Jens Leufgen no ass e mat Bezuch op seng Gréisst a Funktioun sënnvoll opgebaut an integréiert sech optesch perfekt an dat ganzt Grondstéck. Als Landschaftsgäertner-Meeschter weess hie genee, vu wat e schwätzt. 2009 huet de Jens Leufgen zu Üttfeld an Däitschland seng Firma Gartenbau Leufgen gegrënnt a kreéiert zanterhier mat senger Equipe wonnerschéi Gäert op Mooss, och hei zu Lëtzebuerg. All hir gréng Konschtwierker entstamen aus enger Iddi vum Client, déi an den 20 kreative Käpp weidergesponnen, als Entworf um Pabeier konkretiséiert a schliisslech mat Hëllef vu Muskelkraaft a moderne Maschinnen an d'Realitéit iwwerdroe gëtt. Wat ee Gaart aus der Fieder vu Gartenbau Leufgen ausmécht ass d'Spill mat Faarwen a Kontraster. Et entsteet eng Harmonie tëscht den Elementer Planz, Steen, Waasser an Holz, all Kéier op eng eenzegaarteg Aart a Weis um jeeweilegen Terrain ëmgesat. An dat Konzept kënnt immens gutt un: begeeschtert Clienten, souwuel privat ewéi gewerblech, luewen d'Equipe ëmmer nees fir hir Kreativitéit an hir propper Aarbecht. Esou ee Feedback motivéiert natierlech, fir och bei den zukënftegen Opträg 100 Prozent Asaz ze weisen. Ee Gaart ass awer ee liewege Raum, deen sech mat der Zäit verännert. Fir datt en seng Schéinheet behält, muss reegelméisseg duerno gekuckt ginn. Bei der Fleeg kann de Client weiderhin op d'Ënnerstëtzung vu Gartenbau Leufgen zielen. Et spuert een esou net just vill Zäit, mee et kann een sech sécher sinn, datt de Gaart um Enn nees picobello ausgesäit. Besser, wéi een et jeemools selwer géif fäerdegbréngen.

19, Duarrefstr00ss L-9990 Weiswampach Tel. +352 26 95 75 09 info@gartenbau-leufgen.de 44 1

Dorfstraße 21 d D-54619 Üttfeld Tel. 06559-292 info@gartenbau-leufgen.de www.gartenbau-leufgen.com

Zënter 2011 bitt Gartenbau Leufgen och unerkannten Ausbildungen un an ass op der Sich no jonke, motivéierte Leit, déi hiert Talent ënnerhalb vun hirer dynamescher Equipe op ee professionellen Niveau wëlle bréngen. Demandë fir eng fest Aarbecht si grad esou wëllkomm. Informéiert Iech op hirer Websäit iwwert déi aktuell Jobofferen.


GARTENBAU LEUFGEN PRESENTÉIERT

DE GRÉNGEN DOMM

Wann Dir Äert Talent am Gaart weise wëllt, sidd Dir mat den zwee Tipps vum Jens Leufgen um richtege Wee, an zwar wuertwiertlech.

Wéi een d'Gestaltung vu Gaardeweeër ugeet:

Feeler beim Aplanzen:

Ier een ee Gaardewee amenagéiert, muss een sech iwwert seng spéider Funktioun Gedanke maachen. Bei engem Niewewee geet eng Breet vun 80 cm duer, bei Haaptweeër sinn 120 140 cm recommandéiert. Amplaz vum duerchgezunne Standardwee aus Bëtong oder Natursteen wier ee Wee aus eenzele Placken eng Iwwerleeung wäert. Si wierken optesch méi liicht a sinn eng präiswäert Alternativ.

Een heefege Feeler bei der Beplanzung ass, datt een déi jonk Planzen ze no unenee setzt an hir spéider Gréisst net berécksiichtegt. Dat féiert dozou, datt se mat der Zäit anenee wuessen, wat séier verwëldert ausgesäit an onnéideg vill Opwand bei der Fleeg mat sech bréngt. Wann een sech am Viraus genee iwwer d'Wuesseegenschaften an déi tatsächlech Gréisst vun der jeeweileger Planz informéiert an d'Placéierung deementspriechend upasst, kann een sech vill Aarbecht erspueren.

45


Offrez la Beauté EN CHÈQUE CADEAU beauté & bien-être

Ma

qu

illa

ge

Jana

sp

éc ial s fê Abonnem ents tes

Soin

Katia

its

P

u od

Pr

off

r

Wiltz

C

ie

Virgin

Ana

Chiara

s et

Linda

Merry CHRISTMAS

27, rue des Tondeurs Tél: 95 91 71

Judite Ettelbruck

5a, rue Prince Jean Tél: 27 03 33 70

Das Unfassbare zu ertragen ist sehr schwer, aber in dieser Trauer nicht allein zu sein und so viel herzliche Anteilnahme zu empfangen, gibt uns Kraft.

In stillem

Danke

Gedenken

CONDOLÉANCE

Perséinlech Berodung L‘ESPRIT OUBLIE TOUTES LES SOUFFRANCES QUAND LE CHAGRIN A DES COMPAGNONS ET QUE L‘AMITIÉ LE CONSOLE.

REMERCIEMENT Tél.: 28 11 42 1 san@san.lu | www.san.lu

Schnellen Service

WILLIAM SHAKESPEARE

Sincères condoléances

Grouss Auswiel aus eisem Katalog Individuell Kreatiounen no Ärem Wonsch

20 Esplanade L-9227 DIKRICH

Maison 16 L-9780 WËNTGER


SCHREINEREI VINCENT MESSERICH PRESENTÉIERT

D’GEWËNNSPILL

SICH DE FEELER Ze gewanne ginn et

5 x PROFI PARKETT PFLEGESETS AM WÄERT VU JEEWEILS 52,00 € vun der Schreinerei Vincent Messerich.

Sicht déi 5 Feeler op der Foto an schéckt eis d’Souche bis spéitstens den 17. Dezember 2018 ran.

Affranchir s.v.p.

DOHEEM - SAN s.àr.l. Maison 16 L-9780 Wincrange

AUSFËLLEN A GEWANNEN

47 47


DAILY CONNECTIONS

BENELUX | SCANDINAVIA

DAULUX S.A. CUSTOMIZED LOGISTICS

EST. 1987 | PART OF H. DAUGAARD GROUP 10, Route de Luxembourg | L-7759 Roost | +352 268836 20 | daulux.com

Just gëlteg wann alles komplett ausgefëllt ass an déi 5 Feeler fonnt gi sinn.

NUMM: VIRNUMM: ADRESS:

PLZ: UERTSCHAFT: TEL: E-MAIL: Déi Donnéeën, déi Dir androt, gi just dofir benotzt Iech am Fall vun engem Gewënn ze kontaktéieren an 48 ënnert kengen Ëmstänn un Drëtter weidergeleet. Fir de Schutz vun Ären Donnéeën ze garantéieren, ginn se no der Verlousung vernicht.


ADLER MODE PRESENTÉIERT

D’GEWËNNSPILL SICH DE FEELER Ze gewanne ginn et

5 x 50€ BONGEN vun ADLER Mode

Sicht déi 5 Feeler op der Foto an schéckt eis d’Souche bis spéitstens den 17. Dezember 2018 ran.

Affranchir s.v.p.

DOHEEM - SAN s.àr.l. Maison 16 L-9780 Wincrange

AUSFËLLEN A GEWANNEN

49


12, rue de Lannen L-8537 HOSTERT Tél.: +352 621 35 07 81 Tél.: +352 26 31 37 04 info@minimoyz.lu www.minimoyz.lu OUVERT lundi au samedi de 6.00h à 20.00h

Mir schwätze Lëtzebuergesch Notre équipe pédagogique est composée d’une responsable éducatrice diplômée ayant une expérience professionnelle de plus de 12 années, de deux éducatrices graduées, ainsi que d’autres personnes qualifiées... Rythme biologique de l‘enfant respecté. L’épanouissement personnel de l’enfant étant à la base de notre philosophie pédagogique, nous proposons de multiples activités sensorielles, langagières, psychomotrices, découvertes, cours de psychomotricité relationelle donnés par une psychomotricienne, des sorties de natation ainsi que des jeux et des animations vertes, dans une atmosphère propice à l’entraide, au respect de soi et des autres et au développement de l’autonomie. Plus d‘informations sur notre site: www.minimoyz.lu

Just gëlteg wann alles komplett ausgefëllt ass an déi 5 Feeler fonnt gi sinn.

NUMM: VIRNUMM: ADRESS:

D’GEWËNNER VUM SPILL AUS DEM MAGASINN DOHEEM N°39 5 x 50€ BONGEN VU MATÉRIAUX CLEMENT VU WOLZ. - Fernand Jean Haas, Liefrange

PLZ: UERTSCHAFT:

- Myriam Ewen, Hupperdange - Yvette Krack, Colmar-Berg - Juliette Muller-Schank, Fouhren - Georges Wasko-Nei, Mertzig

TEL: E-MAIL: Déi Donnéeën, déi Dir androt, gi just dofir benotzt Iech am Fall vun engem Gewënn ze kontaktéieren an 50 ënnert kengen Ëmstänn un Drëtter weidergeleet. Fir de Schutz vun Ären Donnéeën ze garantéieren, ginn se no der Verlousung vernicht.


DÉCOUVREZ LE NOUVEAU

VITAR A

Vitara: CO2 : 106 - 131 g/km

: 4,0 - 5,7 l/100km

Photo non contractuelle. Modèle illustré avec options et accessoires. Informations environnementales [AR 19/03/2004] : www.suzuki.lu. Suzuki Belgium se réserve le droit d’apporter, sans préavis, des modifications aux spécifications, coloris et matériaux.


Luxembourg

Diekirch

Mersch

Canach

Ettelbruck

T 26 81 13 99

b-immobilier.lu

/b-immobilier

Mir wënschen Iech schéi Chrëschtdeeg an ee glécklecht Joer 2019.

52


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
40. Editioun vun der Doheem by SAN – Creative Studio - Issuu