distributeur agréé
www.blom.lu
NEW
JIMNY: CO2 : 154-170g/km
: 6,8-7,5l/100km (NEDC)
2
GARAGE JANG BLOM SA | 49a, rue de la Sûre | L-9161 INGELDORF | Tél.: +352 80 84 86-1 | info@blom.lu
INDEX REPORTAGEN
BAUEN & WUNNEN
30 PRINCESS HOME & STYLE Fir Äert Doheem 33 VIGILZONE Intelligent a sécher wunnen 35 RENOVATIOUN 41 HËLLEF, ET SCHIMMELT 45 15 JOER ELSEN-BAU ZU WÄISSWAMPECH
5 HIERSCHT A WANTER Zefridden duerch déi kal Zäiten 10 LUXHERBALIST Schéin a gesond duerch de Wanter 11 LE JARDIN Traditioun trëfft op Kreativitéit 12 CRÈCHE AM HOLZHAUS Wou Kanner nach dierfe Kanner sinn 14 ASTRO-GIFTS Faszinatioun Astrologie 15 LIBRAIRE ZIMMER presentéiert ,,D'Ieselsouer" 16 AL SCHWEMM presentéiert „De Gaumenschmaus“ 18 BEAUTY LOUNGE BY ANA presentéiert „De Lifestyle“ 20 AUTOPOLIS NORD presentéiert „De Road Runner“ 22 DEN ATELIER FLORAL VIOLA presentéiert „De gréngen Domm“ 24 BUREAU-SERVICE MOHR presentéiert „De Versécherungsexpert“ 26 D'WOHNFABRIK AN D'MIWWELHAUS KOEUNE presentéieren „D'Véier Wänn“ 28 SCHMATZ & PARTNERS presentéiert „De Baumeeschter“
IMPRESSUM Editeur, régie et mise en page: SAN s.à r.l. T: 28 11 42 1 Wincrange & Diekirch doheem@san.lu | www.san.lu Couverture: Photo: Sandro Dimola Tirage: 24.500 exemplaires
L'éditeur ne peut en aucun cas être tenu responsable de la correctitude des informations indiquées. Tous les renseignements sont donnés sous réserve de changement ou d'erreur. Ce sont exclusivement les propriétaires de ces annonces, photos et reportages liées qui sont responsables de leur contenu. Lorsque des prix sont indiqués, nous ne donnons pas de garantie pour l'actualité et la correctitude de ces indications de prix. Les indications de prix sont uniquement pour votre information, il ne s'agit pas d'une offre. Aucun droit ne pourra vous être octroyé concernant des prix indiqués. L'ensemble de ce journal relève des législations en vigueur sur les dro its d'auteur et de la propriété intellectuelle. Tous les textes, illustrations, images, photos et autres données sont protégés par un droit de reproduction.
3
03.11.2018
Shopping in KÖLN 30€ 25€
Preis pro Person Preis pro Kind bis 12 Jahre
08.12.2018
Weihnachtsmarkt in SAARBRÜCKEN Preis pro Person Preis pro Kind bis 12 Jahre
25€ 20€
08.02.2019 – 17.02.2019
Polarlichterzeit in FINNISCH LAPPLAND Preis pro Person im DZ (Bettkabine innen) Preis pro Person im DZ (Bettkabine außen) Preis pro Person im EZ (Bettkabine innen) Preis pro Person im EZ (Bettkabine außen)
5 , Z . I . I n d e n A l l e r n ( B . P. 1 1 )
81 32 | GES | Tél.: 99 | L- 9911 TROISV IER
70 Fax.: 97 96
t ep | info@s
1830€ 1895€ 2290€ 2390€
h a n y. l u
www.stephany.lu
HIERSCHT A WANTER
ZEFRIDDEN DUERCH DÉI KAL ZÄITEN
Nom Genoss vun engem agreabelen, waarme Summer, fänkt een am Hierscht dacks un déi Temperaturen an déi domat verbonnen Aktivitéiten an Emotiounen ze vermëssen. D’Temperature falen, owes gëtt et éischter däischter an et verbréngt ee meeschtens net méi sou vill Zäit dobaussen. All dës Saachen droe mat Sécherheet dozou bäi, datt vill Leit déi kal Joreszäit net sou gär hunn. Dobäi ginn et am Hierscht an am Wanter awer duerchaus flott a kreativ Méiglechkeeten sech d’Zäit ze verdreiwen an sech net an deenen eegene véier Wänn mussen ze verkrauchen.
Wellness fir Kierper a Geescht Firwat sollt een de Wanter net emol notzen, fir sech selwer esou richteg ze verwinnen? Dëst ass op vill verschidde Manéiere méiglech a jiddwereen huet ënnerschiddlech Preferenzen. Eng Iddi ass beispillsweis ee perséinlecht Ritual owes virum Schlofegoen, fir de Kapp vun de Gedanke vum Dag z’entlaaschten. Yoga oder Meditatioun kënnen dobäi reegelrecht Wonner bewierken. Räucherstäbercher loossen een dobäi duerch hiren Doft an aner Welten andauchen. Eng weider Méiglechkeet wier sech eemol an der Woch ee private Wellness-Owend ze gënnen, bei deem een eleng oder mat Frënn 5
T R A I T E U R E V E N T S C AT E R I N G i n f o @ p a r t y s e r v i c e - s ch m i d t . e u w w w. p a r t y s e r v i c e - s ch m i d t . e u
L-9912 Troisvierges Tel.: +352 26 909 742
Apilah Cottages
B-4760 Büllingen Tel.: +32 80 643 068
www.apilah.com
Fir ee Weekend oder eng Vakanz am Éislek Dir plënnert a wëllt nik am Chantier schlofen Dir renovéiert a braucht een Ënnerdaach Dir kritt Besuch an hutt keng Plaz
GARAGE STROTZ SARL NEW CITROËN BERLINGO 6
Remorquage/Dépannage 7/7 jours - 24/24 heures
Z.A. Salzbaach | L-9559 WILTZ | Tél.: (+352) 26 95 02 47 | Email: jstrotz@pt.lu
eng Gesiichtsmask opdréit, domat senger Haut eppes Guddes deet a ganz niewebäi nach ee gemittlechen Owend verbrénge kann. Wiem et ze banal ass eng Mask ze kafen, dee fënnt um Internet eng Partie Rezepter, vu klassesch bis ausgefalen, fir sech selwer eng zesummenzemëschen. Wiem d’Entspanung doheem net duer geet, dee ka säi Gléck an engem vun de ville Wellnesszentren oder Schéinheetssalone fannen. D’Offer an dësem Beräich ass immens villsäiteg, sou datt fir jiddwereen déi passend Léisung dierft dobäi sinn. Zum Beispill kann een an enger Sauna d’Wäermt genéissen oder senger Haut mat engem professionelle Gesiichtssoin déi Fiichteg keet spenden, op déi se bei där Keelt ugewisen ass. Besonnesch ze recommandéiere sinn dës professionell Ariichtungen, well si den entsprie chende Kader bidden, deen nach zousätzlech zu der Entspanung bäidréit. Et investéiert een deemno an säin eegent Wuelbefannen, wat een nimools sollt ze kuerz komme loossen, ganz besonnesch net während de kale Joreszäiten.
Fit a gesond och bei Keelt Während déi eng besser ofschalte kënnen, andeems se hir Rou genéissen, mussen anerer sech esou richteg auspoweren, fir de Kapp fräi ze kréien. Sief et dobausse beim Lafen oder ënnerdaach an engem Fitnesszenter, et ginn eng Hällewull u Méiglechkeeten sech sportlech ze betätegen, fir fit a gesond duerch de Rescht vum Joer ze kommen. D’Stäerkung vum Immunsystem dobäi ass ee positiven Nieweneffekt. Firwat also d’Bikinifigur net och iwwert de Wanter versuergen?
Aktivitéite fir déi ganz Famill Besonnesch fir Familljen ass et dacks eng Erausfuerderung de Kanner bei der Keelt een ofwiesslungsräiche Programm ze bidden. Selbstverständlech hänkt och villes vum Alter vun de Kanner an de perséinleche Virléiften of, mee et gëtt och am Hierscht an am Wanter eng grouss Auswiel un Aktivitéiten, déi d’Kannerae glënneren doen. Wa Schnéi läit, kann een op ville Koppen am Grand-Duché Schlitt fueren, ee Schnéimännche bauen oder zu Housen an zu Wäisswampech Laanglaf-Schi ausprobéieren. Bei naassem Wieder gëtt et och
eng grouss Panoplie u méiglechen Aktivitéiten. Esou kann een sech ee gemittlechen Nomëtteg am Kino gënnen, eng Mëschung aus Action an Entspanung an enger Schwämm genéissen oder sech verschidde Muséeën uechter d’Land ukucke goen.
D’Faszinatioun ronderëm de Liewensraum Waasser a seng Bewunner léisst sech am Aqua rium zu Waasserbëlleg erliewen. Hei kann ee Mieresbewunner vu fënnef verschiddene Kon tinenter bewonneren an donieft Interessan tes zu hirem Wiese gewuer ginn. Ee weideren originellen Zäitverdreif ass de Besuch an der Welubi zu Wolz. Dat ass net just eng Bibliothéik, mee bitt och d’Méiglechkeet Gesellschaftsspiller op der Plaz ze spillen oder auszeléinen, fir doheem dovun ze profitéieren.
Speziell fir déi Kleng Ganz besonnesch fir déi klengst Familljemembere gëtt et eng Partie interessant Offeren. Nieft Muséeën, déi extra op hir Besoinen zougeschnidde sinn, fënnt een hei am Land e puer Indoor-Spillplazen, op deenen déi Kleng sech auspowere kënnen. Kulturhaiser uechter d’Land bidden iwwerdeems speziell Kanner-Seancen un, déi sech ëmmer un eng bestëmmten Altersgrupp riichten an immens flott opgebaut sinn. Zu Maarnech am Cube 521, am CAPE zu Ettelbréck an am Kulturhaus zu Miersch huet een d’Méiglechkeet entweder eenzel Spektakele kucken ze goen oder sech direkt een Abonnement fir méi Seancen ze sécheren. 7
Dudzinski Nina
infirmière diplomée pédicure médicale T. 691 30 53 36
Langer Jenny
pédicure médicale T. 661 40 45 11
Faszination Aquarium
Lebensraum voller Geheimnisse
Öffnungszeiten: 1. November-Ostern 10.00-17.00 (freitags, samstags & sonntags) Ostern-31. Oktober 10.00-18.00 (täglich) | Dezember & Januar geschlossen
Promenade de la Sûre rue des Pépinières L-6445 Wasserbillig Tél. : +352 26 74 02 37 | aquarium@grevenmachercig.lu www.aquarium.wasserbillig.lu
Korrektioun vun agewuessenen Neel (Spangentechnik) ouni Péng an Operatioun Behandlung vun: • Waarzelen a pilzbefalen Neel (ouni Péng) • Diabetiker Féiss
„Gutt zu Fouss“ 7, op der Schleed L-9273 Diekirch
DAILY CONNECTIONS
BENELUX | SCANDINAVIA
DAULUX S.A. CUSTOMIZED LOGISTICS
8
EST. 1987 | PART OF H. DAUGAARD GROUP 10, Route de Luxembourg | L-7759 Roost | +352 268836 20 | daulux.com
Gutt Iesse genéissen Déi kill Saisone bidden sech selbstverständlech och un emol op kulinaresch Entdeckungsrees duerch de Grand-Duché ze goen a bestëmmte Restauranten ze testen, an deenen ee virdrun nach ni war. Wien nach méi entdecke wëllt, kann och d’Geleeënheet notze speziell Platen oder auslännesch Kichen ze testen, un déi en sech virdrun nach ni erugewot huet. Gutt z’iesse gëtt et net just an de Restauranten, mee och an den eegene véier Wänn. Domat ass net just de Liwwerservice vu verschiddenen Ubidder gemengt. Wie motivéiert ass kann sech beispillsweis fir ee Kachcours umellen an doduerch frësche Wand an déi hauseege Kichen bréngen. Wiem dat ze vill Opwand ass, dee kann ee vergläichsweis klengen Effort leeschten, andeems en sech einfach un nei Rezepter eruntraut. Ee gemittlechen Owend mat Famill oder Frënn wier och denkbar, bei deem een entweder zesummen ee Menü op d’Bee stellt oder sech reegelméisseg trëfft, fir sech géigesäiteg ze bekachen an eng flott Zäit mateneen ze verbréngen.
oder Weekendsausflich d’Méiglechkeet flott Souveniren a Kaddoe fir seng Léifst matzebréngen. Dacks ginn esou Ausflich och vu Busentreprisen ugebueden, esou datt ee kee Stress huet eng Parkplaz mussen ze sichen. Iwwerdeems bidden esou Plazen och eng super Geleeënheet sech mat handgemaachten Dekoratiounsartikelen anzedecken, fir sech säin Doheem sou richteg feierlech ze gestalten.
Wien sech kreativ betätege wëllt kann seng Deko selwer bastelen oder souguer selwergemaachte Kaarten un d’Famill a Frënn schécken. Firwat net souguer selwergebaakte Kichelcher an alle Formen a Faarwen als flotte Geste fir seng Matmënschen oder fir sech selwer mat Schneekegkeeten ze versuergen?
Zäit ass och ee Kaddo Ganz besonnesch während de kale Méint sollt een net vergiessen sech reegelméisseg Zäit ze huele fir seng Matmënschen. Dee schéinste Kaddo ass dacks net materiell, mee éischter temporell. Erliefnisser an Erënnerungen, déi ee mateneen deelt, sinn onbezuelbar. Maacht kee Wanterschlof, notzt Är Zäit aktiv a kommt gutt a virun allem gesond duerch de Wanter. Den nächste Summer kënnt bestëmmt.
Virbereedungen op d’Chrëschtzäit Wann d’Temperaturen erofginn, klëmmt d’Virfreed op de Schluss vum Joer an déi domat verbonne Feierdeeg. Fir op déi anzestëmmen, ginn et eng sëlleche Chrëschtmäert uechter d’Land an iwwer d’Grenz. Firwat net emol säi Glühwäin um Chrëschtmaart zu Köln mat Vue op den Doum genéissen? Oder ee vun deene schéinste Chrëschtmäert zu Stroossbuerg bewonneren? Donieft bidde kleng Dages-
12, Esplanade L-9227 Diekirch T: +352 / 26 80 47 15 bsejour@pt.lu hotel-beausejour.lu
9
LUXHERBALIST
SCHÉIN A GESOND DUERCH DE WANTER
D’Haut ass dat gréisst Organ vum Mënsch an deementspriechend soll ee gutt no hir kucken. Beim Yves Habscheid vu Luxherbalist, Ärem Spezialist fir Heelplanzen, kritt Dir net just „alternativ“ Medezin, mee passend dozou eng grouss Auswiel u medezinescher Naturkosmetik vun der Mark „Bioturm“. Dës Gamme zeechent sech duerch hir natierlech Rohstoffer an de spezielle Lacto-Intensiv Wierkungskomplex aus. Doduerch ass si och fir Allergiker oder Persoune mat problematescher Haut gëeegent a suergt fir ee gesonden a vitalen Teint. Fir Hautproblemer endgülteg entgéintzewierken, ass eng Rengegung vun der Liewer recommandéiert. Luxherbalist offréiert eng gratis Berodung, bei där Dir gewuer gitt, wéi eng Heelplanzen sech dofir am beschten eegnen. Fir d’Schéinheet vun der Haut, den Hoer an de Neel z’ënnerstëtzen, bitt sech kolloïdalt Silizium un. Frot Iech elo ee Rendez-vous, fir schéin a gesond duerch de Wanter ze kommen. 10
www.luxherbalist.com
Maison 24 | L-7433 GREVENKNAPP Tel. 621 753 339 | luxherbalist@pt.lu www.luxherbalist.com
RESTAURANT LE JARDIN
TRADITIOUN TRËFFT OP KREATIVITÉIT
Een interessante Mix aus traditioneller franséischer Kiche mat engem Touch vu Kreativitéit kënnt am Restaurant „Le Jardin“ zu Oudler op den Dësch. Gekacht gëtt virun allem mat regionale Produiten an alles gëtt frësch op der Plaz zoubereet. Den hellen, moderne Kader an d’Vue op de Park, deen sech direkt hannert dem Restaurant befënnt, lueden dozou an d’Iessen esou richteg ze genéissen. Während deene kale Joreszäite sollt een op alle Fall hir Wëldspezialitéite probéieren. Zënter 2017 huet "Le Jardin" sech eng Plaz am Guide Michelin geséchert. Iwwerdeems ass de gastronomesche Restaurant eng excellent Adress fir gréisser Feiere wéi de Gebuertsdag oder d’Hochzäit. 130 Sëtzplaze sinn disponibel, de Park hannendru bitt eng schéi Kuliss fir Fotoen a gëtt de Kanner d’Méiglechkeet sech op der Spillplaz z’amuséieren. Reservéiert Ären Dësch a loosst Iech op eng flott kulinaresch Rees begleeden.
Luxemburger Straße, Oudler 19 | B-4790 Burg-Reuland Tél: +32 80 329 003 | info@restaurant-jardin.be www.restaurant-jardin.be
11
CRÈCHE AM HOLZHAUS
WOU KANNER NACH DIERFE KANNER SINN
Beim Choix vun der Betreiungsstruktur ass et immens wichteg, datt d’Kanner sech wuelfillen. Genee dofir ass an der Crèche am Holzhaus zu Pënsch, an der Gemeng Kiischpelt, beschtens gesuergt. Den häerzlechen a familiäre Kader gekoppelt mat regionalem a biologeschem Kascht loossen d’Kanner sech wéi doheem spieren. Verstäerkt gëtt dëst Gefill duerch eng individuell a flexibel Betreiung. D’Kanner si vill un der frëscher Loft, entdecken d’Natur spilleresch a kënnen sech am grousse Spillgaart esou richteg gutt ameséieren. Et sinn nach Plaze fräi fir Kanner am Alter tëscht 2 Méint a 4 Joer! D’Crèche, déi sech an engem klengen Duerf matzen an der Natur befënnt, huet méindes bis freides vu 7 bis 19 Auer op. Si befënnt sech zu Pënsch, 10 km vun Housen, Maarnech, Klierf a Wolz an op 2 km vun der Gare zu Wëlwerwolz. Fir weider Infoe kënnt Dir si gär jidderzäit uruffen oder besichen. 12
Lors du choix d’une structure d’accueil il est énormément important que les enfants se sentent à l’aise. La Crèche am Holzhaus, située à Pintsch dans la commune Kiischpelt, l’assure parfaitement. Le cadre chaleureux et familial, ainsi qu’une cuisine régionale et biologique offrent une ambiance comme chez soi. Ce sentiment est encore renforcé par un encadrement individuel et flexible. Les enfants passent beaucoup de temps à l’air frais, découvrent la nature et ont la possibilité de s’amuser dans un grand jardin.
6, SCHOULBIERG L-9767 PINTSCH TEL: 26 90 36 86 GSM: 691 444 106 CRECHE@AMHOLZHAUS.LU CRÈCHE AM HOLZHAUS
Nous avons encore des places disponibles pour des enfants agés de 2 mois à 4 ans! La crèche, qui se situe dans un petit village en pleine verdure, est ouverte du lundi au vendredi de 7 à 19 heures. Elle a son siège à Pintsch, à 10 km de Hosingen, Marnach, Clervaux et Wiltz et à 2 km de la gare de Wilwerwiltz. Pour plus d’infos, n’hésitez pas à prendre contact par téléphone ou par une visite. 13
ASTRO-GIFTS
FASZINATIOUN ASTROLOGIE
De Gebuertshoroskop ass d’Geschirkëscht, déi ee kritt, wann een op d’Welt kënnt. Fir dat Bescht aus sengem Liewen ze maachen, lount et sech dës Geschirkëscht opzemaachen a sech bewosst ze ginn, wat fir ee Potenzial een do raushuelen a wéi een et gekonnt notze kann. Zënter bal 20 Joer fënnt ee beim Odette Weirich alles, wat mat Astrologie ze dinn huet: Berodung, Biller, moudesch Bijouen, HallefEdelsteng, Talismanen a Glécksbrénger, esou wéi Kaddoen an divers Accessoiren. Firwat net emol eng magesch Experienz erliewen oder un ee vun Äre Léifste verschenken? Bei Astro-Gifts kritt ee souwuel klassesch Kaddosbongen, wéi och d’Méiglechkeet u Workshops deelzehuelen, fir zum Beispill selwer den Ëmgang mam Pendel ze léieren. Detailléiert Informatiounen an Datumer kritt een op Ufro. Huelt Är Zukunft an d’Hand a fixéiert Äre perséinleche Rendez-vous oder schéckt eng Mail mat de Froen zu Ärem Horoskop eran. 14
Entdeckt eis Kaddosausstellung de 17. & 18.11 vu 15-18 Auer.
6, am Donner | L-9357 Bettendorf Tél: 80 46 55 | uranus@pt.lu www.odetteweirich.eu
LIBRAIRIE ZIMMER PRESENTÉIERT
D’IESELSOUER
Damit die Nacht vergeht Marco Schank De sechste Fall fir de Robert Mathieu vun der Police Judiciaire. No der Entféierung vu sengem Frënd reest de Kommissär an de Marokko. D'Handlung an d'Ëmgéigend bei den Ermëttlunge souwuel dohannen ewéi och hei zu Lëtzebuerg beschreift den Auteur sou détailleiert, datt de Leser mengt e wier derbäi gewiescht. Och an dësem Krimi bréngt den CSV-Politiker et fäerdeg seng Lieser ze fesselen. Mir freeën eis, datt nieft der Politik nach Zäit ass, fir esou Geschichten ze schreiwen.
Editions OP DER LAY ISBN 978-2-87967-2335
14,90 € Op der
ISBN 978-2-87967-222-9
3
72229
René Hübsch
Krich, Primärschoul zu Ettelbréck, 7 Joer u Dikrech, Studien an der Stad an op der Paräis, Militär Härebierg, Stage zéngten als Proff djoint am LCD, zu Ettelbréck, n zu Angelduerf, k zu Ierpeldeng, an der Chamber Parlement, am nistère d’Reform essenebildung a ganz aktiv Pen é Hübsch erzielt ngen an ofwies Liewen.
Den Zoufall huet matgespillt
LAY 823
9 782879 672229
Den Zoufall huet matgespillt Biographesch–Historesches 1937–2015
OMNIA CASU FIUNT - Den Zoufall huet matgespillt René Hübsch Wie kennt en net, dëse Proff a Politiker vun Angelduerf? D’Foto hannen um Cover ass gefillten 100 Joer al, mee et erkennt een den onvergiessleche Schnauz an natierlech de Geschichtsfrënd. An sengem „biographesch-historeschen“ Buch fënnt ee vill Anekdoten, vill Privates an awer eng sëllechen Eckdate vun der Entwécklung vum Lëtzebuerger Ländchen zu deem wat et haut ass. Eng net alldeeglech Biographie, déi dëse grousse Mann wonnerbar an éierlech beschreift.
Op der Lay
Editions OP DER LAY ISBN 978-2-87967-2229
29,90 €
roland meyer wenn immer alles so einfach wäre
Morgen hatte ich Greg abgeholt, ht im Hotel frühstücken, hatte ich h vor dem Einschlafen, ich kenne da ein Bistro. Denken Sie schon an morgen?, hatte er geantwortet. ist mein Job, schrieb ich zurück. Dann wechseln Sie ihn. uchte nun etwas länger, um diese r ganzen Tragweite zu verstehen. schrieb ich: Wenn immer alles so einfach wäre.
René Hübsch Omnia casu fiunt
roland meyer
wenn immer alles so einfach wäre
Wenn immer alles so einfach wäre Roland Meyer Een däitsche Roman aus der Fieder vum Stacklëtzebuerger Roland Meyer?! Dat eleng ass well eng interessant Saach. Dëst dach sozialkritescht Buch adresséiert sech un Erwuessener, déi bereet sinn sech a Fro ze stellen. Jiddweree fënnt sech an op mannst engem vun de beschriwwene Charakteren erëm.
roman
Dës staark an heiansdo onkamoud Charaktere maachen d’Geschicht witzeg, sprëtzeg, authentesch, séier a spannend.
67-232-8 188
Editions OP DER LAY ISBN 978-2-87967-2328
17,90 €
6 & 11, rue Saint Antoine L-9205 Diekirch
www.zimmer.lu
Tél: 80 95 59 Fax: 80 71 62
Lun. - Ven. 08:30 - 18:00 Sam. 09:00 - 17:00
15
Ofschalten a gutt iessen Eréischt virun engem Joer ass de Restaurant „Al Schwemm“ frësch opgaangen, nodeems e vun sengen neie Besëtzer ee komplette Relooking verpasst krut. Beim Eragoe fält engem direkt déi grouss Fënstersäit an d'Aen, déi ee wonnerbaren Iwwerbléck op den Dikrecher Park erlaabt. D'Ariichtung léisst een un eng elegant Schëffskabinn denken, wat wahrscheinlech un der maritimer Dekoratioun an der Faarfkombinatioun tëscht Pastellwäiss an Aquamarin läit, déi sech duerch de ganze Restaurant zitt. Ee besonneschen Highlight ass de grousse Collage mat villen historesche Schwaarz-Wäiss Fotoen aus där Zäit, wou d' „Al Schwemm“ wierklech nach zu enger Schwämm gehéiert huet. D'Leit vun Dikrech haten sech nämlech fréier an der Sauer gebuet an den haitege Restaurant war deemools eng Zort Vestiaire. Bei guddem Wieder luet déi grouss Terrass un der Säit vum Park dozou an, entspaant den Inten nozekucken, während een säin Iesse genéisst.
21, route d’Ettelbruck L-9230 Diekirch Tél.: 27 76 64 65 LU.-DI.: 10.00-01.00 hrs Kichen: 11.30-14.00 hrs 18.00-22.00 hrs
Al Schwemm
16 1
D'Spezialitéit vum Haus ass d'Tarte flambée. Déi kritt een net just klassesch mat Speck an Ënnen, mee nach eng Dosen aner Varianten, déi vun iwwerall op der Welt hier inspiréiert goufen. Tarte flambée mat dräi Zorte Fësch, mat däitscher Currywurscht oder mat Tomat a Rucola sinn nëmmen e puer lecker Beispiller. Doriwwer eraus iwwerzeegt de Chefkach mat saisonale Spezialitéiten. Elo ass d'Zäit vum Kuddelfleck an och d'Mulle ginn de Moment nach vill gefrot. „Mir ginn eisem Kach keng Aschränkungen. Hie kann seng Kreativitéit hei voll ausliewen an dat kënnt immens gutt bei de Leit un“, esou den Jim Paulus, Gerant vum Restaurant. Esou gutt, datt recommandéiert ass, am Viraus ze reservéieren. Wien trotzdeem léiwer doheem ësst, dee kritt all Plat vun der Kaart och fir matzehuelen.
D'AL SCHWEMM PRESENTÉIERT
DE GAUMENSCHMAUS
Sauce Janette
Esou gëtt se gemaach:
De Restaurant „Al Schwemm“ gëtt vill fir seng selwergemaachten Zoosse gelueft. Wann Dir eng dovunner doheem wëllt nokachen, fannt Dir hei d'Rezept vun hirer Sauce Janette. Si passt perfekt bei Fleesch, sou wéi bei hiren Päerdsbifdeck.
D'Schallotte kleng schnëppelen an undëmpen. De Porto dobäischëdden a reduzéiere loossen.
Duerno de roude Wäin, de Knuewelek, d'Gewierzer an zum Schluss de Kallefsfong dobäiginn an nach emol reduzéiere loossen. D'Zooss vun der Kachplack huelen a mam Botter lues a lues opschloen.
Dir braucht: 3 Schallotten 50cl roude Wäin 50cl Kallefsfong 1 gudden EL Botter Roude Porto* Kleng gehackte Knuewelek* Piment d'Espelette* Lorberblat* *Quantitéit no perséinlechem Goût
17
ELIMINER LES POILS pour toujours !
LIGHT Sheer
Schéin an entspaant duerch déi kal Saison. Zënter méi wéi 20 Joer ass d’Ana Link De Matos mat senger „Beauty Lounge by Ana“ selbststänneg. Fréi huet hatt dëse Schratt riskéiert a bis haut nach net bereit. Mëttlerweil huet d’Ana zwee Schéinheetssalonen: een zu Wolz an een zu Ettelbréck. Op béide Plaze gëtt grousse Wäert op eng éierlech Berodung an d’Zefriddenheet vun de Clientë geluecht. De Verkaf ass zweetrangeg. „Mir huelen eis gären Zäit fir eng intensiv Berodung a kucken ëmmer zesumme mam Client déi beschte Formule fir seng Besoinen ze fannen“, esou d’Ana. Et geet net just drëm, ee gudde Service unzebidden, mee och déi neisten Apparater an Technologien ze proposéieren. Fir dëst ze erméiglechen, besicht hatt reegelméisseg Foiren a geet all Joer zesumme mat senger Equipe a Formatiounen.
LASER EPILATION
le traitement le plus perfectionné au monde
pour
Zu Wolz an zu Ettelbréck gi genee déi selwecht Servicer ugebueden. Den eenzegen Ënnerscheed ass, datt een zu Wolz d’Méiglechkeet huet an de Solarium ze goen. Selbstverständlech ginn an der „Beauty Lounge by Ana“ net just Leeschtunge fir Fraen ugebueden. „Och Männer hunn ee Recht drop sech ze fleegen a gutt auszegesinn“, fënnt d’Ana. Egal ob Epilatioun, Gesiichtsfleeg, Pedikür oder eng entspanend Massage – Männer sinn am Institut genee esou wëllkomm wéi Fraen.
elle & lui Institut de beauté doté de la dernière technologie
MAQUILLAGE PERMANENT
ESSAYEZ VOUS-MÊME
belle pour toujours !
Wiltz
Ettelbruck
27, rue des Tondeurs Tél: 95 91 71 18 1
MARIA GALLAND PARIS
5a, rue Prince Jean Tél: 27 03 33 70
alessandro PAYOT INTERNATIONAL
PARIS
Ganz besonnesch während de kale Méint kann een sech mat verschiddene Massagen eng agreabel Entspanung gënnen. Nieft klassesche Massagë, bei deenen een d’Wiel tëscht verschiddenen Ueleger huet, kritt een an der Beauty Lounge och aussergewéinlech Experienzen offréiert, wéi d’Chakra Stone Massage mat waarme Steng oder d’Käerzemassage, bei där een de Wuess duuss op sengem Kieper spiert. Fir seng Haut mat der néideger Fiichtegkeet ze versuergen, si reegelméisseg Gesiichtssoine recommandéiert. Dobäi deet een senger Haut net just eppes Guddes, mee et huet een donieft d’Geleeënheet de Moment ze genéissen an ofzeschalten. Iwwerdeems kritt ee fir all Hauttyp Produiten ze kafen, fir senger Haut och Doheem weiderhi kënnen dat ze ginn, wat se brauch: Fleeg.
D’BEAUTY LOUNGE BY ANA PRESENTÉIERT
DE LIFESTYLE
D’Ana verréit, firwat een sech fir seng Geheimwaff géint onerwënschten Hoer entscheede sollt a wéi hatt beim Permanent Make-Up virgeet.
Wéi eng Virdeeler bitt d’LightSheer Laser-Epilatioun? D’Laser-Epilatioun ass eng ganz zouverlässeg an angenehm Methoud, fir dauerhaft onerwënschten Hoer lass ze ginn. Sief et un de Been, ënnert oder un den Äerm, an der Bikinizon oder am Gesiicht, de Laser kann op alle Plaze benotzt ginn, soulaang et sech ëm pigmentéiert Hoer handelt. De LightSheer Laser ass dee beschte weltwäit a suergt fir eng éiweg glat Haut. Just bei hormonelle Problemer kann et emol sinn, datt awer nach dat eent oder anert Hoer wiisst. Et sollt een dann awer op kee Fall erëm raséieren, well dat de Wuesstem nees ukuerbelt. An esou engem Fall kënnt een dann am beschten heiansdo eng kleng Retusch maache loossen. P.S.: Elo ass schonn de Moment, fir mam LightSheer Laser unzefänken, wann ee wëlles huet fir de Summer vun de lästege klengen Hoer befreit ze sinn. An der Moyenne brauch een nämlech 9 Seancen (bei eis ass et 8+1 gratis).
Firwat sollt een sech fir Permanent Make-Up entscheeden? Nom Opstoen direkt frësch a gutt auszegesinn ass mat Hëllef vu Permanent MakeUp guer kee Problem méi. Et gëtt kee Grond ze fäerten doduerch net méi natierlech auszegesinn. Permanent Make-Up soll net extrem opfälleg sinn, kann awer op Wonsch och kräfteg ausfalen. Ugefaange gëtt mat enger Analys vun der Haut, well d’Poren eng grouss Roll spille beim Choix vun der Technik. Dono gëtt sech Zäit fir ee Berodungsgespréich geholl, ier eng definitiv Decisioun vum Client getraff gëtt. Nodeems de Permanent Make-Up gemaach ass, muss een eng Woch laang eng Sallef op d’Plaz maachen. Dono kann een e puer Joer dovu profitéieren, moies direkt gutt auszegesinn. 19
Eng Garage am Wandel
La nouvelle VOLVO V60 LE NOUVEAU MODÈLE FAMILIAL La nouvelle Volvo V60 est un break fait pour les familles d’aujourd’hui, véritablement conçu pour protéger ce que vous avez de plus cher. Grâce à une combinaison de savoir-faire suédois, de fonctionnalités intelligentes et de technologies de sécurité très pointues, la Volvo V60 vous offrira de superbes moments, à vous et à tous ceux qui vous accompagnent.
La nouvelle Volvo V60. À partir de 34.087*.
2,1 – 7,6 L/100 KM I 49 – 176 G CO2/KM (NEDC correlated) Informations environnementales (A.R. 19/03/2004) : www.volvocars.be. Visuel présenté à titre d’illustration. *Prix catalogue conseillé V60 D3 Eco Man. Version Standard: 34.087 € tvac. Offre valable jusqu’au 31/10/2018. Y compris, tous les avantages offerts par Volvo Car Belux et ses distributeurs participants.
Autopolis Nord Zone artisanale & commerciale L-9085 Ettelbruck 20 1
nord@autopolis.lu (+352) 81 24 99
Déi schwedesch Autosmark Volvo behaapt sech schonn zënter 1927 um Marché an ass haut an iwwer 100 Länner vertrueden, och zu Lëtzebuerg. De Volvo-Concessionär fir den Norden ass Autopolis Nord zu Ettelbréck. An hirem Showroom kann een sech déi aktuell Modeller ukucken an sech vun der neister Technik begeeschtere loossen. Volvo ass nämlech bekannt dofir, ee Virreider fir vill nei Technologien a virun allem Sécherheetskonzepter ze sinn. Grad esou wéi d’Mark entwéckelt och d’Garage sech kontinuéierlech weider. Ganz nom Motto „Designed around You“ féiert Volvo elo och zu Lëtzebuerg hiert neit Garagkonzept „Volvo Personal Service“ an. Dobäi gëtt de Besuch an der Garage sou einfach, kuerz an agreabel wéi méiglech gestalt. De Client huet just nach een Uspriechpartner vun Ufank bis Schluss: den zoustännege Mecanicien. Ugefaange beim éischten Uruff bis zu deem Moment, wou ee säin Autosschlëssel nees zréckkritt. Dëst bitt de Virdeel, datt scho beim éischten Telefonat alleguer déi wichteg Froe kënnen ofgekläert ginn an de Client konkret erkläert kritt, wat genee mat sengem Gefier wäert gemaach ginn. Autopolis Nord ass am Gaang dëse System lues awer sécher ëmzesetzen. D’Formatioune vum Personal si schonn ugelaf.
Autopolis Nord ass net just eng gutt Adress fir een Auto ze kafen, mee och fir Reparaturen an den Entretien vu Volvoen. Doriwwer eraus bitt Autopolis Nord qualitativ héichwäerteg Carrosseries-Aarbechten un allen Autosmarken un. „Mir schaffe mat deenen neisten Technologien a gi reegelméisseg a Formatioune fir eise Clienten, onofhängeg vun der Mark vun hirem Auto, kënnen ee perfekt Resultat ze bidden“, erkläert de Philippe Morot, Direkter vun Autopolis Nord. Duerch de sougenannte „Spot & Smart Repair“ ass et méiglech Schréipsen erauszemaachen ouni mussen ee groussen Deel vum Auto frësch ze lackéieren. D’Faarfpistoul kënnt ganz geziilt zum Asaz a liwwert esou ee séiert, effikasst a präisgënschtegt Resultat.
AUTOPOLIS NORD PRESENTÉIERT
DE ROAD RUNNER
Den Här Morot erkläert, firwat Wanterpneue wichteg sinn a wéi eng Servicer d’Garage dozou ubitt. Doriwwer eraus stellt hie kuerz den Auto vum Joer 2018 vir.
Wéini sollt een seng Wanterpneuen dropmaache loossen a firwat bei Autopolis Nord? Soubal wanterlech Wiederkonditiounen optrieden sollt ee Wanterpneue montéiere loossen. Dës hunn däitlech méi kuerz Bremsweeër an dëse Konditioune wéi Summerpneuen a bidden dohier méi Sécherheet op der Strooss. Autopolis Nord bitt Iech eng sougenannte Pit-StopLéisung un. Dir huelt Iech ee Rendez-vous, bréngt den Auto an d’Garage a kritt direkt d’Rieder gewiesselt. Dëst dauert ongeféier 15 Minutten, während deenen Dir a Rou ee Kaffi drénken oder een Tour duerch de Showroom maache kënnt. Donieft kritt ee bei Autopolis Nord de Stockage vu senge Pneue bis déi nächst Saison ugebueden an d’Felge gratis nees op Héichglanz bruecht.
Wat ass esou besonnesch um Volvo XC60? Bei de „World Car Awards“ huet sech eng Jury vun 82 Autosjournalisten aus 25 verschiddene Länner fir dëse Modell entscheet an en zum Auto vum Joer 2018 gekréint. De Volvo XC60 verbënnt Design, Connectivitéit a Sécherheet op eng aussergewéinlech Manéier, déi Clientë weltwäit begeeschtert. Immens erausgestach huet den héije Sécherheetsniveau vum Gefier: de präisgekréinte Volvo City Safety Noutbremssystem, deen iwwregens an allen neie Volvo-Modeller disponibel ass, gouf ëm eng Renkelhëllef fir Auswäichmanöver erweidert. Innovativ ass och d’Optioun, déi viru Persounen oder Autoe warnt, déi sech am doudege Wénkel befannen.
21
Frësch Blumme fir all Ulass
1, am Wisegronn | L-9457 Landscheid Tel: 691 675 542
Adventsausstellung am Atelier Viola
Iwwer d’Joer verspreet ginn et ëmmer erëm bestëmmten Deeg, op deenen ee gären op eng flott an natierlech Dekoratioun zréckgräift. Den Atelier Floral Viola vu Laaschent an der Gemeng Tandel ass eng ganz besonnesch Adress. Dat souwuel fir engem Matmënsch ee schéine Geste ze maachen, wéi och fir ee Kanddaf, d’Kommunioun an divers aner Evenementer. Besonnesch vill Freed huet d’Tanja Herrmann dobäi, Koppele blummentechnesch um schéinsten Dag vun hirem Liewen ze begleeden. Fir datt deen Dag och wierklech alles perfekt beienee passt, gëtt am Virfeld zesummen d’Plaz vun der Hochzäit besicht an déi perséinlech Preferenzen ofgekläert. Wann d’Koppel et wëllt, gëtt et souguer d’Méiglechkeet op engem Dësch een Arrangement virgemaach ze kréien, fir op Nummer sécher ze goen, datt d’Virstellungen erfëllt ginn.
Freides, 23. Novemver 10:00-21:00 Samsdes, 24. November 10:00-18:00 Sonndes, 25. November 14:00-18:00
Doduerch, datt am Allgemenge just op Commande geschafft gëtt, sinn d’Blummen a Planzen aus dem Atelier Viola ëmmer garantéiert frësch. Zënter méi wéi 10 Joer existéiert den Atelier vum Tanja. Reegelméisseg hëlt hatt u Formatiounen am Ausland deel, fir déi modernsten Techniken ze léieren an ëmmer nees frësche Wand a seng Kreatiounen ze bréngen. Hatt gëtt säi Wësse souguer un seng Clientë weider, andeems hatt Coursen ubitt, bei deenen ee gewise kritt, wéi een eng flott Dekoratioun gestalte kann. Weider Informatiounen zu dëse Coursë stinn op der rietser Säit. Enn November verwandelt sech den Atelier Viola an ee Wanterdram. D’Adventsausstellung bitt net just déi optimal Geleeënheet säin Doheem dekorativ op Chrëschtdag anzestëmmen, mee léisst och eng gemittlech, familiär Ambiance opkommen. Glühwäin a selwer gebaakte Kichelcher suerge fir een agreabele Kader, an deem een sech gären Zäit léisst beim Choix vu senger Deko. Iwwerdeems kritt ee beim Atelier Viola Kaddosbongen ze kafen, déi ee souwuel fir klassesch Bestellungen, wéi och fir d’Participatioun un engem Workshop kann aléisen. 22 1
DEN ATELIER FLORAL VIOLA PRESENTÉIERT
DE GRÉNGEN DOMM
D’Tanja bitt zwee ganz besonnesch Servicer un, déi et sech lount auszeprobéieren.
Wéi vergiessen ech ni méi Blumme fir ee wichtegen Ulass? Dacks huet een am Alldag esou vill ze dinn, datt et méiglech wier Vältesdag, ee Gebuertsdag oder souguer den Hochzäitsdag ze verpassen. Fir dat ze verhënneren, bidden ech Iech eng Zort Abonnement un, déi op Iech perséinlech zougeschnidden ass. Dir musst mir just déi verschidden Datumer verroden an ee bestëmmte Budget uginn. Ech këmmere mech drëm, datt op deem gewënschten Dag ee flotte Bouquet, eng schéin Deko oder Planz op Är Wonschadress geliwwert gëtt. Dir huet d’Wiel eng Iwwerraschung oder am Viraus ausgesichte Blummen oder Planzen ze kréien. Mam Abo kann een engem vu senge Léifsten oder och sech selwer eng kleng Freed maachen.
Wéi eng Méiglechkeete bitt den Atelier Viola un, fir selwer aktiv ze ginn? Reegelméisseg gi saisonal Themen a menge Workshops traitéiert. Dobäi kann een da beispillsweis de 27. November owes säin eegenen Adventskranz gestalten. De Cours dauert an der Reegel tëscht zwou an dräi Stonnen. Ech kucken ëmmer fir an de Coursë Saachen ze maachen, déi laang halen a wou een den Ënnerbau ëmmer nees frësch fëlle kann, esou datt de Souvenir un dat Geléiert sou laang wéi méiglech präsent bléift. Op Ufro bidden ech och Coursë fir Kanner, Schoulen, Maison Relaisen a Veräiner un. Och Kannergebuertsdeeg si méiglech. Fir detailléiert Informatioune kënnt Dir mir gären uruffen oder Iech per Mail oder iwwert meng Facebooksäit mellen. 23
PrĂŠvoyance PrĂŠvoyanceVieillesse Vieillesse PrĂŠvoyance Vieillesse PrĂŠvoyance Vieillesse
Une Une bonne bonne Une bonne Une bonne retraite, retraite, ça ça retraite, ça retraite, ça se se prÊpare prÊpare se prÊpare se prÊpare
002/ + "0 &" 25"* ,2/$ Ç˝ Ç˝ Č’ Ç˝ Ç˝ Ç˝ 25"* ,2/$ ǚǘǙǛǜ 002/ + "0 &" 25"* ,2/$ Ç˝ Ç˝ Č’ Ç˝ Ç˝ Ç˝ 25"* ,2/$ ǚǘǙǛǜ 002/ + 002/ + "0 &" 25"* ,2/$ Ç˝ Ç˝ Č’ Ç˝ Ç˝ Ç˝ 25"* ,2/$ ǚǘǙǛǜ "0 &" 25"* ,2/$ Ç˝ Ç˝ Č’ Ç˝ Ç˝ Ç˝ 25"* ,2/$ ǚǘǙǛǜ
GarantĂŠiert fir Iech do
30 30 ans ans d’experience d’experience 30 ans d’experience 30 ans d’experience en en assurances assurances toutes branches en assurancestoutes toutesbranches branches en assurances toutes branches
Comme Commededenombreux nombreuxclients clientsauauLuxembourg, Luxembourg,faites faites Comme de nombreux clients au Luxembourg, faites ,+Ćœ + ,+Ćœ +" ĂŚ )ȉAgence " ĂŚ )ȉAgence AXA AXA Bureau-Service Bureau-Service Mohr Mohr SĂ rl ĂŚ SĂ rl ĂŚ Comme de nombreux clients au Luxembourg, faites ,+Ćœ + " ĂŚ )ȉAgence AXA Bureau-Service Mohr SĂ rl ĂŚ Troisvierges Troisvierges pour pourvous vous accompagner accompagner dans dansvos vosbesoins besoins ,+Ćœ + " ĂŚ )ȉAgence AXA Bureau-Service Mohr SĂ rl ĂŚ Troisvierges pour vous accompagner dans vos besoins !ȉ 002/ + !ȉ 002/ + "0Ç˝ "0Ç˝ Troisvierges pour vous accompagner dans vos besoins !ȉ 002/ + "0Ç˝ !ȉ 002/ + "0Ç˝ AUTO AUTO AUTO
HABITATION HABITATION HABITATION
SANTÉ SANTÉ SANTÉ
PRÉVOYANCE PRÉVOYANCE PRÉVOYANCE
ÉPARGNE ÉPARGNE ÉPARGNE
RETRAITE RETRAITE RETRAITE
AUTO
HABITATION
SANTÉ
PRÉVOYANCE
ÉPARGNE
RETRAITE
OFFRE OFFRE SPÉCIALE SPÉCIALE OFFRE SPÉCIALE OFFRE SPÉCIALE AGENCE AGENCETROISVIERGES TROISVIERGES AGENCE TROISVIERGES TROISVIERGES AGENCE
50₏ 50₏ OFFERTS OFFERTS 50₏ OFFERTS 50₏ OFFERTS POUR POURTOUT TOUTCONTRAT CONTRAT
POUR TOUT CONTRAT POUR TOUTVIEILLESSE CONTRAT PRÉVOYANCE PRÉVOYANCE PRÉVOYANCE VIEILLESSE VIEILLESSE PRÉVOYANCE VIEILLESSE SOUSCRIT SOUSCRIT AVANT LE 10/12/2018 SOUSCRITAVANT AVANTLE LE10/12/2018 10/12/2018 SOUSCRIT AVANT LE 10/12/2018 24 1 voir voirconditions conditionsen enagence agence voir conditions en agence voir conditions en agence
Wann et ĂŤm VersĂŠcherunge geet, ass et immens wichteg een Uspriechpartner ze hunn, deem een net just vertraue kann, mee deen och präsent a gutt erreechbar ass. DĂŤs Eegenschaften treffen op d’Agence GĂŠnĂŠrale Mohr vun Ă‹lwen zou. D’Equipe traitĂŠiert all Demande sou sĂŠier wĂŠi mĂŠiglech an hĂŤlt sech donieft Zäit, fir all Client qualitativ ze beroden a mat him dĂŠi passend LĂŠisung fir seng Besoinen ze fannen. D’Berodung gĂŤtt an den dräi offizielle Landessproochen, esou wĂŠi op Portugisesch an Englesch ugebueden. De BĂźro ass vu MĂŠindes bis FrĂŠides vun 8 bis 12 a vun 13 bis 17:30 Auer op. ZĂŤnter 30 Joer besteet d’Agence Paulette Mohr-Thix zu Ă‹lwen. Virun aacht Joer ass doraus de Bureau-Service MOHR S.Ă r.l. ginn, deen op der Nummer 44 an der Grand-Rue zu Ă‹lwen ze fannen ass. Net just den Numm huet sech am Laf vun der Zäit geännert, mee och d’Servicer, dĂŠi ugebuede ginn. Nieft AXAAssurancĂŤÂ kann een hei zĂŤnter fĂŤnnef Joer och seng privat Steiererklärung gemaach krĂŠien. Donieft hu Betriber a Fiduciairen d’MĂŠiglechkeet d’Gestioun vun de Salairen an d’Hänn vun der experimentĂŠierter Equipe vum Lounsekretariat ze ginn, dĂŠi ĂŤnner anerem och bei der Umeldung an der Opstellung vun den Aarbechtskontrakter zur Säit steet. De BureauService Mohr ass deemno souwuel fir Privatleit, wĂŠi och fir Betriber eng gutt Adress. WĂŠi de Rick Mohr (Gerant) erzielt, ass fir hien a seng AssociĂŠe Paulette Mohr-Thix d’Aarbecht an hirem BĂźro ĂŤmmer ganz ofwiesslungsräich: „Duerch dĂŠi verschidde Voleten, dĂŠi mir ubidden, ass all Dag anescht. Eis vĂŠier Mataarbechter a mir als Team freeĂŤn eis awer am meeschten op de Kontakt mat de Clienten, fir si ĂŠierlech ze beroden a si bei all hiren DemarchĂŤ beschtens ze begleeden.“
ď € ď € ď € ď €
Gestion de Salaires & Traitements DĂŠclarations fiscales pour personnes physiques ď € Gestion de Salaires & Traitements Agenceď € DĂŠclarations GĂŠnĂŠralefiscales Assurances AXA physiques pour personnes ď € Agence GĂŠnĂŠrale Assurances AXA Agence Immobilière ď €
Agence Immobilière
 44, Grand-Rue - B.P.30 • L-9901 TROISVIERGES
 44, Grand-Rue B.P.30 TROISVIERGES ď‚˜ +352 99 72- 46  +352•97L-9901 90 87 ďƒ info@bsm.lu ď‚˜ +352 99 72 46  +352 97 90 87 ďƒ info@bsm.lu
BUREAU-SERVICE MOHR PRESENTÉIERT
DE VERSÉCHERUNGSEXPERT
De Rick Mohr verréit, wéi een a jonke Jore scho kann vu steierlechen Erliichterunge profitéieren a firwat sech eng Reesversécherung fir d’ganzt Joer rentéiert.
U wat soll ee schonn a jonke Joren denken?
Wéi kann ech berouegt an d’Vakanz fueren ?
Et ass duerchaus ze recommandéieren, sech am jonken Alter schonn intensiv mat senger Zukunft ze beschäftegen. Bei den aktuellen Immobiliëpräisser kann een net fréi genuch ufänken, sech ee klenge Fong ze schafen. Dëst geet besonnesch gutt mat Hëllef vun engem Bauspuervertrag, deen engem iwwerdeems erméiglecht vun engem steierleche Fräibetrag an der Héicht vun 1.344€ bis an den Alter vu 40 Joer ze profitéieren. Doriwwer eraus kann een sech haut schonn seng Pensioun vu muer zousätzlech ofsécheren, andeems een an eng Zousazpensiounsversécherung investéiert. Et ass een effektiv ni ze jonk, fir domat unzefänken an ee Fräibetrag vun 3.200€ ze genéissen.
Mat der AXA Hausversécherung „OptiHome“ huet Dir d’Méiglechkeet direkt eng Reesversécherung fir d’ganzt Joer ofzeschléissen. Dobäi muss een net all Vakanz eenzel versécheren, mee et ass een automatesch dat ganzt Joer couvréiert. Mat der Optioun „Voyages“ ass Är ganz Famill verséchert fir all Är Reesen an dëst bis zu engem maximale Betrag vu 15.000€ pro Versécherungsjoer fir d’Annulatioun, Är Bagagë fir ee Maximalbetrag vu 5.000€ pro Schued, an héchstens 25.000€ fir medezinesch Käschte pro verséchert Persoun.
25
Team 7 Voglauer Koinor Walden Leolux Himolla Lonsberg Funtastic Sleep Wimmer Anrei
Natierlech a gesond wunnen Et gi wéineg Saachen, déi d’Atmosphär vun engem Raum an deemno d’Wuelbefanne vun de Bewunner esou staark kënne beaflosse wéi Miwwelen an Dekoratioun. Eng uspriechend Optik soll dobäi net deen eenzege Kritär bleiwen. Och d’Materialer, aus deenen d’Miwwele gemaach sinn, kënnen ee bedeitenden Ënnerscheed ausmaachen. D’Miwwelhaus Koeune zu Miersch an d’Wohnfabrik zu Angelduerf hunn et sech zur Aufgab gemaach d’Philosophie hannert den Naturmiwwelen hei am Land ze vertrieden. „Eis geet et net just ëm den ekologeschen Aspekt, mee virun allem dorëm eise Clienten een naturbeloossenen an awer designorientéierte Miwwel unzebidden, bei deem een net op modern Technik verzichte muss“, erkläert den Oliver Müller, Gerant vun deenen zwee Miwwelhaiser. Iwwerdeems sinn natierlech Miwwele robust an hale praktesch ee Liewe laang. Wat d’Miwwelhaus Koeune an d’Wohnfabrik verbënnt ass, datt si Naturmiwwel-Spezialiste sinn. Béid Haiser bidden awer ënnerschiddlech Marken un, wouduerch et duerchaus sënnvoll ass sech op béide Plazen ëmzekucken. Am Miwwelhaus Koeune fënnt een exklusiv hei zu Lëtzebuerg d’Mark Team 7 aus Éisträich, déi fir héichqualitativ Miwwele fir all Wunnberäich steet. D’Wohnfabrik huet eng grouss Auswiel un renomméierten Naturholzmarken a Polstermiwwel ze bidden.
www.naturmoebel.lu Wohnfabrik Ingeldorf 10, route d’Ettelbrück L-9160 Ingeldorf T +352 27 80 84 85
26
Miwwelhaus Koeune 4, um Mierscherbierg L-7526 Mersch T +352 32 59 59
Näischt ass onméiglech - dëse Sproch ass bei den zwee Naturmiwwel-Spezialiste Realitéit. Et kann een sech d’Miwwelen net just am Showroom ukucken, mee op Ufro kënnt d’Equipe och bei Iech heem, fir zesummen ze kucken, wéi een de Raum am beschten notze kann oder fir Miwwelen op Mooss gemaach ze kréien. Iwwerdeems besteet d’Méiglechkeet ee Raum oder dat komplett Haus vun hinne renovéieren ze loossen. „De Client brauch sech ëm näischt ze këmmeren. Mir si säin eenzegen Uspriechpartner a leede säi Wunnprojet no senge Virstellungen. Mir schaffe mat zouverlässegen Handwierker zesummen a passen och drop op, datt de Chantier mat Zäite fäerdeg ass“, erkläert den Här Müller. Deemno hunn déi zwee Naturmiwwel-Spezialisten fir all Besoin eng Léisung ze bidden.
D’WOHNFABRIK AN D’MIWWELHAUS KOEUNE PRESENTÉIEREN
D’VÉIER WÄNN
Den Oliver Müller, Patron vum Miwwelhaus Koeune a Grënner vun der Wohnfabrik, verréit, firwat sech Naturmiwwele rentéieren a wéi se laang schéi bleiwen.
Firwat sollt een sech fir Naturmiwwelen entscheeden a wéi fleegt een se richteg? Miwwelen aus natierleche Materialer si villsäiteg an individuell. Naturholz ass immens belaaschtbar an hält sech laang, sou datt eis Miwwele joren-, wann net souguer liewenslaang Freed schenken. Duerch geuelegt Uewerfläche sinn se liicht ze rengegen an ënnerstëtzen donieft ee gesond Raumklima ouni Schuedstoffer. All ee bis zwee Joer sollt een d’Surfacen emol mat Naturueleg fleegen. Téitschen oder Schréipse loossen sech ganz einfach selwer beseitegen, andeems een d’Miwwelstéck ofschläift an Naturueleg opdréit. Doduerch behält d’Holz och seng positiv Eegenschaften: et wierkt antibakteriell an hëlleft bei der Reguléierung vun der Loftfiichtegkeet am Raum.
Wéi eng speziell Wierkung huet Zirbenholz? Dëst Holz bestécht virun allem duerch säin agreabelen Doft, deen immens entspanend wierkt. Déi sougenannte Kinnigin aus den Alpen huet donieft ee positiven Afloss op d’Schlofqualitéit an de Kreeslaf. Dat allgemengt Wuelbefanne gëtt duerch Zirbenholz gestäerkt. Eis Zirbebetter vereenen usprochsvollen Design mat engem wonnerbare Material, dat d’Natur eis geschenkt huet, an engem onvergläichleche Komfort. Iwwerdeems fënnt ee bei eis eng Auswiel u Matrassen, déi selbstverständlech och aus natierleche Materialer, wéi beispillsweis Latex, Kotteng, Kokos, Kaméilhoer oder Woll, bestinn. Esou gëtt Schlofen zu engem natierlechen a gesonde Genoss. 27
VERSICHERUNG •
VERMÖGEN VERMIETUNG •
Your Insurance & Life Planning is our Passion
5, Om Knupp L - 9991 Weiswampach 28 1
Versécherungen op Mooss fir den Entrepreneur Dat Liewen, dat een am Moment féiert, gesi vill Leit als eng Selbstverständlechkeet. Ee falsche Schratt geet awer schonn duer, fir datt dëst Liewe fir eng laang Zäit - wann net souguer fir ëmmer - komplett op d'Kopp gedréint gëtt. Ier een an esou ee Fall geréit soll een sech bewosst ginn, a wéi wäit d'Akommes an de gewinnte Liewensstandard a Gefor wieren. Op dëser Plaz kënnt de Versécherungsexpert Schmatz & Partners vu Wäisswampech an d'Spill. Bei Schmatz & Partners handelt et sech net ëm eng Versécherungsgesellschaft, mee ëm eng Vermëttlungsagence, déi mat ville grousse Gesellschaften an Europa zesummeschafft, fir de Client exakt esou ofzesécheren, wéi hien et brauch. „Mir bidde keng virgefäerdegt Packagen un, mee eng Léisung op Mooss fir jiddwer eenzele Client. Dank ville Partnerfirmen an eisen Analyse vum Marché hu mir ëmmer déi beschte Léisung beim beschte Präis“, erkläert den Dirk Verheggen, Gerant vun der Agence zu Wäisswampech. Besonnesch spezialiséiert ass Schmatz & Partners op déi spezifesch Besoine vun Independanten a Patrone vun enger Firma, bei deenen d'Konsequenze vun engem onerwaarten Tëschefall dacks méi gravéierend si wéi bei enger Privatpersoun. Esou muss ee Chef beispillsweis am Fall vun engem Feeler an senger Funktioun mat sengem Privatverméige fir den entstanene Schued opkommen, et sief dann en ass deementspriechend verséchert. Eng Versécherung soll iwwerdeems flexibel sinn an sech proportional zu der Liewenssituatioun weiderentwéckelen. Schmatz & Partners ass de perséinleche Begleeder, deen dem Versécherten an all Liewenslag zur Säit steet an en opfänkt, wann e fält. Donieft hëlleft den Agent bei der steierlecher Optimiséierung, fir trotz Steierreform ee Maximum u Suen zeréckzekréien. Zesumme mat der Baufirma Schilling, der Syndic MGH Immo an dem Immobiliëpromoteur Home & Office Building gehéiert Schmatz & Partners zum Gruppement Horizon 360°. Dëse vereent déi véier Betriber ënnert engem Daach a versprécht dem Client eng integral a kompetent Betreiung vu sengem Bau- oder Wunnprojet.
SCHMATZ & PARTNERS PRESENTÉIERT
DE BAUMEESCHTER
Als Chef vun enger Firma ass ee ville Risiken ausgesat. Wéi kann een sech am digitalen Zäitalter virun engem Dateverloscht bei engem Hackerugrëff ofsécheren a wéi eng Ännerunge komme mam neie Gesetz zu der Zousazversécherung op een duer?
Ännerung vum Gesetz vum 8. Juni 1999 zu der Zousazpensioun fir Salariéen Den 1. Januar 2019 trëtt een neit Gesetz a Kraaft, dat Independanten a Fräiberuffler d'Méiglechkeet gëtt, vun enger Zousazpensioun (régime complémentaire de pension) ze profitéieren. Bis dato konnte just Betriber hire Mataarbechter esou eng Pensioun zousécheren, mee vum nächste Joer un ass de legale Kader méi breet.
Versécherung viru Cyber-Risiken No enger Etüd vu Kaspersky Lab war 2017 praktesch all 2. Firma weltwäit op mannst eemol engem Cyber-Ugrëff ausgesat. De Verloscht vu wäertvollen, respektiv vertraulechen digitalen Donnéeë kann am schlëmmste Fall eng Faillite mat sech bréngen. Dofir ass et staark recommandéiert, eng Versécherung ofzeschléissen, déi an esou engem Fall de Schued deckt an och den Honoraire vun Informatik-Experten bei der Rettung vun den Daten iwwerhëlt. Schmatz & Partners bitt déi passend Léisungen un.
29
2, op Tomm | L-9946 Binsfeld Tél: 621 199 380 www.princess.lu
PRINCESS HOME & STYLE
FIR ÄERT DOHEEM
Excellence is not an act, but a habit.
Ewech vun alle klassesche Methoden, bréngt PRINCESS home & style Iech mat de beschten Handwierker zesummen, fir Äre Projet ze verwierklechen. Mir sti fir een aussergewéinlechen Design, eng héichwäerteg Planung an eng qualitativ a séier Ëmsetzung vun Ärem Projet. Well all Haus en Dramhaus ka ginn. Gitt Iech net mat manner zefridden!
30
PRINCESS home & style gouf am November 2013 gegrënnt - wéi koum et zu deem aussergewéinlechen Numm? Jules Finck: Deen aussergewéinlechen Numm „PRINCESS“ steet fir Eenzegaartegkeet an héchste Qualitéit, alles eben, ausser „gewéinlech“.
Wat ass d’Iddi hannert PRINCESS home & style? Jules Finck: Mir veränneren de Leit hiren Alldag an hiert Liewen. Eist Zil ass et, de Leit hir Wunnsituatioun, op einfachstem Wee, ze verbesseren. A villen Haiser ass den Intérieur dem Haus an de Maueren ugepasst, wouduerch d’Raim net optimal genotzt sinn a vill Wunnraum verluer geet. Nieft Ausgesinn an Design, hu bei eis och Zëmmeropdeelung an Notzung vun de Raim een héije Stellewäert. Fir eisen Uspréch gerecht ze ginn, si mir eng Partnerschaft agaange mat verschiddenen, laut onse Qualitéitskriterien ausgesichten, Handwierksbetriber aus den diverse Bauberäicher.
Wat bitt Dir de Leit un? Jules Finck: Mir bidden de Leit, dat Bescht am Beräich Innenausbau un. Jiddwereen, dee schonn emol en Haus gebaut oder renovéiert huet, weess wéi schwiereg et ass alles ze plangen, viraus ze gesinn an d’Handwierksbetriber ze organiséieren an - an der richteger Reienfolg ze koordinéieren. All dës Aufgaben huele mir an d’Hand. Äre Projet gëtt individuell entworf an no Äre Besoine minutiéis geplangt. No enger detailléierter Planung geet et op virtuellem Wee, mat 3D-Brëll, duerch Äert neit Doheem. Mat Iech zesumme siche mir, an de verschiddenen Ausstellungen, déi schéinste Materialie fir Ären Ëmbau eraus. Duerno gëtt de ganze Projet, duerch genee Zäitpläng, vun eis koordinéiert an iwwerwaacht, fir, a kierzester Zäit, fachgerecht a qualitativ héichwäerteg ëmgesat ze ginn. Duerch eist Konzept kënnt Dir, entspaant, de Wee zu Ärem Dramhaus goen.
Opruff an eegener Saach: Den Erfolleg gëtt eis Recht: Ëmmer méi Leit huelen eis Servicer an Usproch. Dofir expandéiere mir a sichen een technesche Bauzeechner. Bewerbunge kënnen un info@princess.lu geschéckt ginn.
31
Princess home & style S.àr.l. | 2, op Tomm L-9946 Binsfeld Tél.: 621 199 380 | www.princess.lu
DÉBUT CONSTRUCTION 2019
RÉSIDENCE
A KURZELT DRINKLANGE Future construction d’une résidence sise dans la commune de Troisvierges à L-9952 Drinklange, se composant comme suit:
NOUS RECHERCHONS
DES TERRAINS À BÂTIR POUR NOTRE CLIENTÈLE
CONSTRUCTEUR:
CARINE DEI CAMILLO & PASCAL POOS L-9217 DIEKIRCH 4, rue du Curé 32 27 80 83 56 I www.livinghome.lu T: +352
PROMOTEUR:
VIGILZONE
INTELLIGENT A SÉCHER WUNNEN
Soubal et owes éischter däischter gëtt, klëmmt d’Zuel vun den Abréch. Fir datt Iech dës Erfarung erspuert bléift, lount et sech op Spezialisten zréckzegräifen. VIGILZone vu Réiden ass ee kompetenten Uspriechpartner fir Videoiwwerwaachung a kennt sech donieft perfekt mat Alarmanlagen a Smart HomeInstallatiounen aus. All dës Funktioune kënnen iwwer eng gemeinsam Anlag gesteiert ginn. Dëst spuert Plaz an ass immens praktesch, wann de Client sech no enger Zäit decidéiert zousätzlech Funktiounen an Usproch ze huelen. Doduerch, datt VIGILZone hir Produite selwer importéiert, sinn d’Präisser immens attraktiv. Hir Offer riicht sech souwuel u Privatpersounen, wéi och u Betriber a grouss Surfacen. Berodunge ginn am Dag, owes oder samschdes ugebueden. Déi ganz Equipe schwätzt Lëtzebuergesch a freet sech Iech an Är Proprietéit ze schützen. Huelt Iech elo ee Rendez-vous a profitéiert och vun hire verschiddenen Abo-Léisungen.
37, Grand Rue | L-8510 Redange/Attert Tél: 27 40 70 07 | info@vigilzone.com www.vigilzone.com
33
Ären Energie Effizienz Partner
Ökologisches Denken und umweltbezogenes Bewusstsein sind seit einigen Jahrzenten fester Bestandteil unseres Handelns. Aus diesem Grund bieten wir unseren Kunden die neuesten Technologien der modernen Haustechnik. Gerade im Bereich Heizung, Lüftung und Sanitär beraten wir Sie gerne und finden gemeinsam mit Ihnen die Anlage, die zu Ihnen passt.
Heizungsanlagen Chauffage
Wohnraumlüftung Ventilation
Sanitäranlagen Sanitaire
Badsanierung Renovation salle de bain
Klimatechnik Climatisation
Erneuerbare Energien Energies renouvelables
31, Haaptstrooss | L-9835 HOSCHEID-DICKT Tel.: 99 04 07-1 | Fax: 99 07 15 Kundendienst | Dépannage: 99 04 07-44
info@nicoschmit.lu | www.nicoschmit.lu EINE L A NGE ER F OLGSGE SCHICH T E RUND UM DA S GEB ÄUDE
BAUEN & WUNNEN
RENOVATIOUN
Näischt ass fir d'Éiwegkeet, dat gëllt och fir Deeler am Haus. Wann d'Tapéit Lächer a Flecken huet, de Buedem komplett ofgenotzt ass oder soss ee Baudeel seng Funktioun net méi den Erwaardungen no erfëllt, gëtt et Zäit fir eng Renovatioun. Een anere méigleche Grond ass de perséinleche Goût. Wann een 10 Joer an engem Haus gewunnt huet, fënnt een déi Saachen, déi een deemools fir schéin ëmfonnt huet, net méi sou immens an et brauch ee Verännerung. Wéi dat gelénge kann, weise mir iech hei.
Ee gudde Plang ass déi hallef Aarbecht Wat ee wëllt renovéieren, weess een als Haushär meeschtens ganz genee. Wéi een un dës Aufgab erugeet, ass eng aner Saach. Virun allem, wa méi Plazen am Haus nei gemaach solle ginn, ass e geneeë Plang immens wichteg. Dobäi soll ee vu baussen no banne schaffen. Konkret heescht dat, datt den Daach, d'Fënsteren an d'Baussendiere ganz uewen op der To-Do Lëscht sollte stoen, falls do ee Besoin no enger Erneierung besteet. Duerno sinn déi Aarbechten un der Rei, déi vill Knascht a Stëbs verursaachen. Beispiller heivir sinn een Duerchbroch vun 35
HEIZUNG SANITÄR HAUSTECHNIK +352 80 32 98 Dépannage +352 691 / 84 95 95 26, rue du vieux Marché Email : p-rauchs@pt.lu www.p-rauchs.lu
Badezimmer-Komplett& Teilsanierung ALLES AUS EINER HAND Beratung, 3D-Planung, Wellness, Barrierefreie Badezimmer
s n o i t a m i t s E s& n o i t a c o L , s Vente -9515 WILTZ . Charlotte L .-D ne 55, Rue G ia iv V e c n e Résid
u immowolz.l
36
95 82 59-1
enger Mauer, d'Verleeë vun neie Stroum- oder Waasseruschlëss a -leitungen oder een neie Bannebotz. Ass dat bis gemaach, kënnen de Buedembelag ersat oder behandelt ginn, d'Mauere frësch ugestrach an nei Bannendieren agesat ginn.
Do it yourself... oder net? Et muss een sech selwer am Klore sinn, wéi eng Aarbechten ee selwer duerchféiert a bei wéi en gen een den Handwierker an d'Haus rifft. Dat richteg ze beuerteele läit bei engem selwer, aller déngs tendéiert de Mënsch dacks dozou, seng eege Fäegkeeten z'iwwerschätzen a scheinbar einfach Aufgabe si bei der tatsächlecher Ausféie rung méi komplizéiert, wéi et am YouTube-Tuto rial geschéngt huet. Wann een d'Saach selwer an d'Hand hëlt an et geet eng schif, riskéiert de Pro jet um Schluss méi deier an zäitopwänneg ze gi wéi wann ee vun Ufank un eng professionell Fir ma engagéiert hätt. Aus Sécherheetsgrënn sollt ee geféierlech Aufgaben ewéi Stroumaarbech ten oder d'Trapenhaus ustraichen souwisou an d'Hänn vun engem Profi leeën.
• • •
Säit 20 Joer maache mir mat!
Sämtliche Malerarbeiten innen und außen Fassadengestaltung am PC Kompetente Beratung
67, rue Muller Fromes | L-9261 Diekirch Tél.: (+352) 80 96 19 | info@ludes.lu
www.ludes.lu
SHOWROOM IN SCHIEREN 8-10, rue de la gare L-9122 Schieren Tel: +352 81 94 84 1 Email: info@willy-putz.lu
Dobäi sollt een net direkt déi éischtbescht Firma auswielen, mee sech d'Zäit huelen, fir verschidden Offeren unzefroen a mateneen ze vergläichen. D'Präisënnerscheeder, op déi een heiansdo trëfft, sinn erstaunlech. Anerersäits soll een sech net blannemännerchers op déi bëllegst Offer stierzen. Heiansdo hänkt ee méi nidderege Präis och mat enger entspriechend manner gudder Qualitéit zesummen. Et ass recommandéiert, sech genee z'erkënnegen, ier een seng Decision hëlt.
Koordinéierung vun den Aarbechten Am Fall vun enger gréisserer Renovatioun, wou ee verschidde Betriber am Haus huet, gëllt et een zäitleche Plang dovun ze maachen, wéini d'Aarbechter solle kommen. Net just, well si sech soss géigesäiteg op d'Féiss trëppelen, mee och, well hir Aarbechten openeen opbauen an deen een net kann ufänke bis deen anere fäerdeg ass. Ee Vertrieder vun der Wonschfirma ze ruffen a schätzen ze loossen, wéi laang si fir d'Aarbechte brauchen, gëtt engem eng Virstellung vum zäitleche Kader. An der Reegel trieden awer Imprevuen op, dofir sollt een an sengem Zäitplang genuch Sputt loossen. Donieft mussen eventuell Dréchnungszäite mat agerechent ginn. Well eng perfekt Koordinatioun esou schwéier ass, bidde vill Firmaen hautdesdaags schlësselfäerdeg Léisungen un. Een neit Buedzëmmer oder eng nei Kiche ginn also net just verkaf, mee och op d'Verantwortung vum Ubidder fäerdeg montéiert. Esou erspuert een sech vill Opwand, anerersäits ass een dann un déi Firme gebonnen, déi mam Verkeefer vun der Ariichtung zesummeschaffen. Dëst ass awer net onbedéngt vun Nodeel, well d'Aarbechter openeen agestëmmt sinn.
SANITAIRES CARRELAGES MENUISERIE CUISINE RÉNOVATION
www.willy-putz.lu
37
GRATIS
INSEKTENSCHUTZ
Devisen
DIEREN Äre Partner fir RENOVATIOUN, BÄIBAU ODER NEIBAU
virdrun
duerno
ZËMMERDIEREN, HAUSDIEREN, KELLERDIEREN, FEIERSCHUTZDIEREN, NIEWENAGANGSDIEREN
sinn bei eis selbstverständlech!
T. 621 888 143
GARAGEPAARTEN FËNSTEREN
PVC, ALU-PVC, ALU-HOLZ, ALU
ROLLLUEDEN VUN ROMA RAFFSTOREN
FËNSTERBÄNKEN
KAMÄINER
BOTZE VUN FËNSTEREN
BUEDZËMMER
BANNEN A BAUSSEN A VERANDAEN
VUN HÖRMANN
MAT BRENNHOLZ ODER PELLETS
ARIICHTUNGEN, MIWWELEN
2, Beim Kazebësch L-9830 BOCKHOLTZ ddimitrov@pro-domo.lu
www.pro-domo.lu
NEU & EXKLUSIV
Ihr Fachhändler für den Norden Luxemburgs & Ostbelgien
Besuchen Sie unsere neue Website:
Grand-Rue 60b | L-9905 Troisvierges | Tel.: +352 26 90 81 58
Tél.: 20 60 44 I Fax: 20 60 44 44
info@jphomeconcept.lu
MÉI WÉI 10 JOER ERFARUNG
10, Route d‘Ettelbruck I L-9160 INGELDORF
Besicht och eis Säit JP HOME CONCEPT
www.jphomeconcept.lu
BUEDZËMMEREN virdrun
duerno
RENOVATIOUNEN SANITÄR PLÄTTERCHER Mir schwätzen
38
Finanziell Hëllefen Bei enger Renovatioun, déi d'Energieeffizienz vum Haus verbessert, kann ee staatlech Sub sidë froen. Heivunner profitéiert een net just bei der thermescher Isoléierung vu Maueren an Daach, mee och beim Kaf vu mei dichte Fënsteren. Dës Bäihëllefe kritt een awer just zougesprach, wann d'Renovéierungskonzept vun engem zougeloossenen Energieberoder opgestallt ginn ass an ee gewësse Minimum un Isoléierfäegkeet erreecht gëtt. Dräifach verglas te Fënstere mat enger dichter Rumm an eng Mauer anzebauen, déi praktesch net isoléiert ass, bréngt bal näischt ausser Schimmel, dee wéinst der Wärmebréck um Iwwergaang vun der Rumm op d'Mauer entstoe kann. Wann d'Haus, an deem ee wunnt, iwwer 20 Joer al ass oder een e Bestandshaus keeft an et bannent 5 Joer nom Kaf renovéiert, kritt een op d'Handwierksaarbechte just 3% TVA gere chent amplaz vu 17%. Falls een ënnert dëse Konditioune renovéiert huet a keng 3% TVA be rechent krut, kann een sech déi Sue beim Staat zeréckfroen. D'Zomm, déi ee ka rembourséiert kréien, läit bei maximal 50.000 Euro an d'De mande ënnerläit nach weidere Konditiounen. D'Detailer kann een an der Broschür „T.V.A. um Wunnengsbau“ vun der Administration de l'en registrement et des domaines noliesen.
E puer Ureegungen D'Haaptzil vun enger Renovéierung ass eng optesch Verbesserung vun de betraffene Raim. Déi richteg Faarwe maachen do den Ënnerscheed. Den Trend läit bei helle Faar
wen, virun allem Wäisstéin, well si de Raum méi grouss a méi frëndlech wierke loossen. Neutral Téin bleiwen och éischter verschount vun enger geschmaachlecher Verännerung wéi grell Faarwen. Wie säin Interieur trotz deem gär faarweg huet, sollt op jiddwer Fall drop oppassen, datt d'Faarwe mateneen harmonéieren. Komplementär- oder ähnlech Faarwen erzeegen een harmonescht Zesum mespill. Mat dem Online-Tool Adobe Color, deen ee gratis via Internet ka consultéieren, fënnt een déi Faarwen, déi perfekt beienee passen. Wann een ee praktesch onbenotzte Kellerraum nei ariichten oder engem aneren Zëmmer ee frësche Look wëllt verpassen, ass eng Spandecken eng interessant Optioun. Et handelt sech ëm ee falsche Plafong, deen ënnert dem richtege Plafong gespaant gëtt. Doduerch gesäit dësen net just anstänneg aus, mee et kann een och ganz einfach Luuchten dran installéieren, ouni an de richtege Plafong mussen ze bueren. Eng Spandecken ass relativ séier montéiert a mécht weder Knascht, nach Kaméidi. Ee Raum, deen sech an de leschte Joerzéngten immens verännert huet, ass d'Buedzëmmer. Während fréier faarwege Sanitär, Plättercher bis un de Plafong an eng gemauert Duschkabinn de Standard waren, si modern Buedzëmmere méi oppen. Am Trend sinn eng Duschkabinn op Buedemniveau a WellnessAriichtunge wéi eng Infraroutkabinn. Virun allem, wann een op den 3. Alter zousteiert, ass et sënnvoll, eng Buedzëmmerrenovéierung a Betruecht ze huelen. 39
KOCH MONTAGEBAU AG 2, am enneschten Eck L-9838 Untereisenbach T +352-92 97 14
F +352-92 97 info@koch-ag.lu w w w. k o c h - a g . l u
Unsere Ausstellung ist geöffnet: donnerstags und freitags von 11-17 Uhr, samstags von 11-14 Uhr.
CLIMATISATION
VENTILATION
ENERGIES
REGULATIONS
11, z.a.c. Klengbousbierg L-7795 Bissen Tél. +352 81 24 42-1 • Fax +352 81 71 58
www.wagner-schaffner.lu
Kaminöfen / Steinbacköfen Kachelöfen / Holzherde Gartengrills
KAMINE
SANITAIRE
ÖFEN ALLER ART
CHAUFFAGE
BAUEN & WUNNEN
HËLLEF, ET SCHIMMELT
Schimmel am Haus ass wéi ee Fluch. En daucht quasi aus dem Näischt op, ass eng Belaaschtung fir all Betraffenen an a munche Fäll ass et guer net esou einfach en nees lass ze ginn. Mee wéi bei all anerem Problem ginn et och hei eng Rei vu méiglechen Ursaachen an deementspriechende Léisungen. Wéi déi kënnen ausgesinn, kucke mir eis op dëser Plaz un.
Wat ass Schimmel iwwerhaapt? Et handelt sech ëm ee Pilz a Form vu klenge Fiedem, déi sech kreesfërmeg ausbreeden. An Europa existéiere ronn 200 verschidden Aarten. Si verbreeden sech iwwer butzeg kleng Sporen, déi iwwerall an der Loft ze fanne sinn, deels dausender pro m3. Eréischt wa gewësse Liewensbedingungen erfëllt sinn, entsteet aus deene Sporen ee Schimmelpilz. Nieft enger moderater Temperatur a genuch Närstoffer ass et virun allem Fiichtegkeet, déi säi Wuesstem begënschtegt.
41
Ursaache fir ee Schimmel Engem Schimmelbefall am Haus geet all Kéier eng excessiv Fiichtegkeet viraus. Dës ka verschidden Urspréng hunn. Wann duerch ee bautechnesche Feeler Waasser vu baussen onbemiekt an d'Haus kënnt, dann huet ee geschwënn een onerwënschte Matbewunner. Een ondichten Daach oder ee Keller, bei deem d'Fiichtegkeet aus dem Buedem d'Maueren eropklëmmt, sinn am heefegste betraff. Et muss och mol net direkt Waasser erakommen. Op deene Plazen, déi d'Hëtzt schlecht konservéieren, respektiv Keelt eraloossen, kondenséiert déi waarm a waasserhalteg Loft vu bannen a schaaft de Schimmelsporen een idealen Närbuedem. Hei schwätzt ee vun enger Wärmebréck. Esou eng kann op ville Plazen am Haus optrieden, déi méi séier auskillen ewéi anerer. Esou sinn d'Fënsterrummen dacks befall an och Plazen, déi sech schwéier isoléiere loosse wéi den Iwwergang op ee Balcon oder d'Ecker zu der Säit vun de Baussemaueren. Eng zweet a bal nach méi heefeg Ursaach fir Schimmel ass d'Fiichtegkeet, déi bannen am Haus entsteet an de Wee fir raus net fënnt. Iwwer d'Ootmung an duerch Aktivitéite wéi Kachen, Duschen an d'Wäsch maachen erzeegt eng Persoun am Stot duerchschnëttlech véier Liter Waasser pro Dag, déi sech an der Loft usammelen. Problematesch gëtt et, wann dës Loft net erausgeet. 80 Prozent Loftfiichtegkeet
42
un der Uewerfläch vun engem Material ginn well duer, fir de Pilzwuesstem a Gang ze setzen, souguer wann se net kondenséiert.
Ass Schimmel geféierlech? Schonn eleng wéinst sengem Ausgesinn a sengem fuechtbare Geroch wëllt kee säin Haus mat engem Fungus deelen. Mee vill Leit fäerten och ëm hir Gesondheet. Fir ee gesonde Mënsch geet vun engem Schimmel an der Reegel awer keng akut Gefor aus. Allerdéngs kënnen duerch seng Offallstoffer allergesch Reaktiounen ausgeléist gi wéi bei engem Heeschnapp. Déi typesch Symtomer sinn Irritatiounen an den Aen, dem Hals oder der Nues. Wéi staark dës Reaktiounen optrieden hänkt vun der Aart vum Schimmel a vun der kierperlecher Resistenz vun de jeeweilege Leit of.
Wéi een de Problem evitéiert „Vorbeugen ist besser als heilen“, héiert een dacks an dat ass beim Thema Schimmel méi wéi richteg. Déi wichtegst Moossnam dofir ass... Lëften! Déi meescht Leit maachen et net dacks genuch, well se keng Zäit hunn a well et eng verdrësslech Aufgab ass, ëmmer nees d'Fënsteren op an zou ze maachen, mee et kënnt een net dolaanscht. Amplaz d'Fënster iwwer ee laangen Zäitraum op der Kipp ze loossen ass et méi sënnvoll, e puer mol am Dag eng sougenannte Stousslëftung
duerchzeféieren, bei där ee fir e puer Minutten op mannst zwou Fënsteren a verschiddenen Zëmmere grouss opmécht an een Duerchzoch erzeegt, duerch deen déi fiicht Banneloft erausgedréckt gëtt. Awer net vergiessen deen Ament an de betraffenen Zëmmeren d'Heizung auszemaachen. No Aktivitéiten, déi besonnesch vill Waasserdamp produzéieren, muss nach emol zousätzlech duerchgelëft ginn.
A Passivhaiser, wou d'Maueren esou dicht sinn datt absolut keen natierleche Loftaustausch méiglech ass, iwwerhëlt eng Lëftungsanlag dëse Prozess. Hei huet een de Virdeel, net selwer mussen ze lëften. Dofir ass eng reegelméisseg Maintenance vun der Anlag wichteg, fir ze verhënneren, datt sech bannendra Schimmel bilt, deen dann am ganzen Haus verdeelt gëtt. Jee no Modell gëtt all 3 bis 6 Méint eng grëndlech Rengegung an ee Filterwiessel recommandéiert. Souguer wa genuch gelëft gëtt, kann op deene Plazen, wou d'Loft net richteg zirkuléiert, Schimmel entstoen, beispillsweis hanner Miwwelen. Dofir op genuch Ofstand zu de Maueren oppassen, ideal sinn 10 cm.
Wéi een de Schimmel nees ewech kritt. Soubal ee mierkt, datt een de Parasit am Haus huet, muss een eppes géint en ënnerhuelen. Och wann een en net gesäit mécht en sech duerch säi Geroch bemierkbar. Bei Verdacht am
beschten direkt all Wénkel iwwerpréifen. Wann déi betraffe Plaz bis fonnt ginn ass an de Pilz net méi grouss ass wéi eng Fauscht oder eng Fläch vu manner wéi 1 m2 mat Schimmelflecke konta minéiert ass, kann een seng Beseitegung selwer an d'Hand huelen. Heifir d'Flecke mat héichpro zentegem medezineschem Ethanol oder mat Waasserstoffperoxid an engem Schwamp ren gegen. Aus Sécherheetsgrënn musse gewësse Vir siichtsmoossname getraff ginn: Hännchen, ee Mondschutz an ee Schutzbrëll sinn zwéngend recommandéiert. Bei der Schimmelbeseitegung muss een och oppassen, méiglechst keng Sporen opzewirbelen, déi sech an deem Fall zwéch anescht kéinten annisten. No enger erfollegräicher Prozedur gëllt et allerdéngs d'Ursaache vum Schimmelbefall opzeklären. Well wann duerch ee bautechnesche Problem Fiichtegkeet entsteet, ass de Plogeescht séier rëm do. Bei engem gréissere Befall kënnt een net dolaanscht, eng spezialiséiert Firma z'engagéieren. Déi ass dann och zoustänneg, fir d'Ursaach ze klären. Jee nodeem, wéi déif de Schimmel an d'Substanz agedrongen ass, muss de ganze Beräich komplett sanéiert ginn. Also frësch Tapéit, frësche Botz, neien Ustrach. Dank sengem héije Ph-Wäert, deen dobäi hëlleft een neie Befall vu Schimmel ze verhënneren, kënnt ee Botz op Kallekbasis gären zum Asaz. Mee och dat bréngt laangfristeg just eppes, wann d'Ursaach vum Schimmel fonnt an aus der Welt geschaf ginn ass.
Feuchteschäden Gebäudeschäden Schimmelpilzschäden Hauskaufunterstützung Wasserschäden Brandschäden Schadenmangement ZERT-LUXEMBOURG Sàr.l 3, Dosberbreck L - 9839 Rodershausen
Tel: Fax:
+352 26 72 11 22 +352 2 6 72 11 23
Email: info@zert.lu Internet. www.zert.lu
43
2, Am Hock L-9991 Weiswampach
Tél.: 27 00 02 40 600 info@elsenag.com
www.born-meyer.com
Für Sie machen wir uns gerne die Hände schmutzig!
Z.I. Giällewee 7 · L-9749 Fischbach · Tel.: +352 26 10 38 50 · info@born-meyer.com
Elektrotechnik Haus & Automation Lichttechnik Sicherheitstechnik TV & Multimedia Heiz- & Klimatechnik Regenerative Energie
ADVISORY ACCOUNTING TAXES HUMAN RESOURCES IP
www.thg.lu
44
THG Consulting Sàrl 3, Om Knupp - Espace Horizon L-9991 Weiswampach
15 JOER ELSEN-BAU ZU WÄISSWAMPECH
Bauen am Blutt
Ee klenge Réckbléck
Dag fir Dag entstinn iwwerall op der Welt nei Infrastrukturen an neie Wunnraum, fir dem bestännege Wuesstem vun der Bevëlkerung an der Wirtschaft hannendrun ze kommen. Esou och zu Lëtzebuerg. Matzen am Boom vum Constructiouns-Secteur befënnt sech d’Grupp Elsen, eng villsäiteg Baufirma, déi zënter 70 Joer zu Heppenbach an der Belsch besteet a sech zënter 15 Joer och een Numm um lëtzebuergesche Marché gemaach huet. Am Kader vun dësem Gebuertsdag kucke mir zréck op d’Geschicht vun der Firma, déi elo schonn zanter dräi Generatiounen dru bedeelegt ass, d’Welt ze veränneren, oder soe mer emol: een Deel vun hir.
Nom Zweete Weltkrich, deen eng enorm Zerstéierung a ganz Europa mat sech bruecht huet, koum d'Zäit vum groussen Opbau. Vum Geescht aus där Zäit ass och de Joseph Elsen gedriwwe gewiescht deen 1948 wuertwiertlech de Grondsteen vun engem haut erfollegräiche Baubetrib geluecht huet. Wéi d’Nofro ëmmer méi geklommen ass, hunn seng Kanner, den Herbert, den Helmut an de Richard, ugefaange mat op Schantercher ze goen an hir Leidenschaft fir d’Bauen z’entdecken. Dës Passioun huet iwwer d’Joren och déi nofolgend Generatioun ugestach. „Mir waren als Kan45
Entdecken Sie unseren Showroom
Lan
gjä
Mo. - Fr.: 8 - 12 Uhr und 13 - 18 Uhr Sa: 8 - 12 Uhr So.: 14 - 18 Uhr 2, route de Bastogne L-9706 Clervaux T. 00352 92 97 01-1 F: 00352 92 90 19 info@rinnen-clervaux.com www.rinnen-clervaux.com 46
hrig für er Par t Flie sen ner vo n und Estr Elsen-B iche au
ner ëmmer frou wa schoulfräi war, well mir woussten, datt mir dann d’Méiglechkeet hätte mat eisem Papp op d’Chantieren ze fueren an ze gesinn, wéi nei Gebaier entstinn. Dat huet eis eng enorm grouss Freed gemaach, déi bis haut nach net nogelooss huet“, erzielt de Michael Elsen a schwieft dobäi a wonnerbare Kandheetserënnerungen. Mëttlerweil leet hien d’Firma zesumme mat senge Bridder Gert an Eric an hiren Cousinen Freddy, Markus a Julian. „Mirr levven einfach dofürr“, ergänzt hien op Platt.
segkeet, Flexibilitéit a Proximitéit zum Client. „De Betrib ass ëmmer nëmmen sou gutt wéi seng Mataarbechter“, weess de Michael Elsen a sprécht domat ee grousst Luef u säi Personal aus.
Beandrockende Wuesstem Nach 70 Joer duerno huet d'Firma Elsen hir Wuerzelen net vergiess a weist an all hiren Aktivitéiten - sief et Héich- an Déifbau, Sanéierung oder déi eegestänneg Ofwécklung vun engem ganze Wunnprojet - déi selwecht Motivatioun a Begeeschterung wéi deemools. Dovun ofgesinn huet sech awer Villes verännert: Engersäits ass d'Firma Elsen ee gutt Stéck gewuess an zënter 2003 souguer mat engem Lëtzebuerger Sëtz zu Wäisswampech vertrueden, anerersäits sinn d'Uspréch un d'Qualitéit vum Bauwierk ëmmer méi komplex ginn. Et geet drëms, déi streng Virschrëften am Bezuch op d'Energieeffizienz an d’Ëmwelt genee anzehalen a gläichzäiteg dem spéidere Bewunner oder Benotzer vum Gebai ee Maximum u Funktionalitéit a Komfort kënnen ze bidden. Dëst sinn d'Erausfuerderungen, deenen déi ronn 60-käppeg Equipe vun der Grupp Elsen all Dag géigeniwwer steet a probéiert beschtméiglech ze meeschteren.
Ee Partner, op deen ee baue kann Fir dës Erausfuerderungen ëmmer erëm formidabel ze meeschteren, suergen dräi Haapt-Facteuren. D'intern Experte vun der Firma Elsen leeën immens vill Wäert of héichwäerteg Materialer, déi si am Viraus grëndlech eraussichen. Kompromësser a Punkto Qualitéit kommen net a Fro. Donieft ass eng kontinuéierlech Formatioun vum Personal an een onzerbriechlechen Team-Spirit vun elementarer Wichtegkeet. Esou bleift de ganze Betrib up-to-date an der globaler Entwécklung vum Bauwiesen an all Mataarbechter representéiert hir Valeuren: Zouverläs-
Deen drëtte Facteur, deen eng Garantie fir professionellt Schaffe gëtt a wéinst deem d'Firma vill Unerkennung kritt, ass hire moderne Maschinnepark. Mat der richteger Ausrüstung un een Optrag erugoen ass eng essentiell Viraussetzung fir eng erfollegräich Ëmsetzung. Kontinuéierlech gëtt an nei Maschinnen investéiert, fir de Mataarbechter een agreabelt Schaffen z’erméiglechen. „Mirr faaren nit mat deene bis se freckt sinn“, verséchert de Michael Elsen a laacht. „Doduerch, datt mir och ee groussen Deel vun eiser Zäit op Schantercher verbréngen, mierke mir als Patrone séier, wann neit Material, sief et grouss Maschinnen oder klengt Geschir, gebraucht gëtt an handelen dann sou séier wéi méiglech.“
Ëmmer fir Iech do Ee Bauhär, dee mat der Firma Elsen zesummeschafft, kann sech sécher sinn: Si féieren net just blann hir Uerderen aus, mee denken am ganze Prozess och mat. Dat läit dorun, datt et sech bei Elsen net ëm eng einfach Baufirma handelt. Si ass och als Promoteur täteg, deen eegestänneg Projeten, haaptsächlech Residenzen, lancéiert an doduerch souwuel d'Besoinen an d'Erwaardunge vum Client, wéi och déi villschichteg gesetzlech Virschrëfte kennt, déi am betreffende Fall musse berécksiichtegt ginn. Op Wonsch kann de Bauhär d'Betreiung vu sengem Projet komplett an hir Hänn leeën an domat immens vill Stress spueren. D’Firma Elsen këmmert sech an deem Fall ëm d'Ufroe vun de Geneemegungen, d'Koordinatioun vun de verschiddenen Interlocuteuren an dorëm, datt d'Delaie genee agehale ginn. 47
Nodeems de Bauprojet ofgeschloss ass, steet Elsen senge Clientë selbstverständlech weiderhin trei zur Säit. Och nach Joren nom Bau fillen si sech weiderhin zoustänneg a loossen d’Clienten net am Reen stoen, falls op emol ee Problem sollt opdauchen. Dës Presenz gëtt immens geschätzt a suergt dofir, datt d’Vertrauensbezeiung, déi si mat hire Clientë fleegen, oprecht erhale bleift. Bei der Grupp Elsen ass ee keng Nummer, mee ee Mënsch, dee jidderzäit ee perséinlecht Uleies matdeele kann, ëm dat sech sou séier wéi méiglech gekëmmert gëtt.
Een Abléck an een aktuelle Projet Zu Beiler, net wäit ewech vu Wäisswampech, kann een dobäi nokucken, wéi ee Projet vun der Firma Elsen an Zesummenaarbecht mat Pierre & Nature lues awer sécher Form unhëlt. Dobäi handelt et sech ëm ee modernt Gebai, an deem een neie Centre Culturel vu 400m2 entsteet an iwwerdeems Plaz fir eng Partie Büroe bitt. Dës kënnen d’Interessenten sech individuell upasse loossen, well duerch flexibel Moduler kënnen d’Mauere jee no Besoin geréckelt ginn. Weider Pluspunkte sinn d’Déifgarage a Parkplaze virun der Dier.
„Cité Duarref“ Ab Fréijoer 2019 ginn am Kär vu Wäisswampech véier Duebelhaushallschenten an 12 Eefamilljenhaiser vun der Firma Elsen an Zesummenaarbecht mat ARCH-IMMO gebaut. Dëse Projet krut duerch säi virbildlecht urbanistescht Konzept vill Luef vum Inneminister. Déi grëndlech geplangten Ëmsetzung vum Projet, d’Integratioun vun de Neibauten an déi bestoend Ëmgéigend, esou wéi den ekologesche Gedanke bei der Wiel vun de Materialer an der Ausféierung vum Projet sinn dobäi ganz besonnesch ervirgehuewe ginn.
Op vill weider Joren
De Projet soll Enn 2020 fäerdeggestallt ginn. Den Ament stinn nach Büroen zum Verkaf, dat zu immens attraktive Präisser am Verglach zum Rescht vu Lëtzebuerg an zu Wäisswampech. Zéckt net Iech mat Elsen a Verbindung ze setzen, fir weider Informatiounen ze kréien.
48
D’Firma Elsen huet sech iwwer d’Jore schonn an deene verschiddenste Beräicher vum Baue bewisen a fënnt dobäi net just Zousproch bei Privatleit a Betriber, mee konnt och scho vill Experienz sammelen an der Kreatioun vun ëffentlechen Institutiounen, esou wéi am Industrie- an Agrarbau. Mir gratuléieren hinne fir hire 70. Gebuertsdag an der Belsch an hir 15 Joer um Lëtzebuerger Marché… et kommen der mat Sécherheet nach eng Partie dobäi.
MATÉRIAUX CLEMENT PRESENTÉIERT
D’GEWËNNSPILL
SICH DE FEELER Ze gewanne ginn et
5 x 50€ BONGEN vu Matériaux Clement vu Wolz.
Sicht déi 5 Feeler op der Foto an schéckt eis d’Souche bis spéitstens den 12. November 2018 ran.
Affranchir s.v.p.
DOHEEM - SAN s.àr.l. Maison 16 L-9780 Wincrange
AUSFËLLEN A GEWANNEN
49
11, rue de Kautenbach
Särge & Einäscherungen
L-9831 Consthum
Cercueils & incinérations
T: +352 / 26 90 37 10
Transport In-und Ausland
F: +352 / 26 90 37 11
Transport national & international
GSM: +352 / 691 921 650 info@pf-jacoby.lu
Sämtliche Formalitäten Formalités & démarches
www.pf-jacoby.lu
Blumen & Zubehör Fleurs & accessoires
24 / 24
Stunden Dienst übers ganze Jahr auch während den Feiertagen heures pendant toute l’année même les jours fériés
Anzeigenservice & Dankeskarten Service annonces mortuaires & cartes remerciements
Just gëlteg wann alles komplett ausgefëllt ass an déi 5 Feeler fonnt gi sinn.
NUMM: VIRNUMM: ADRESS:
PLZ: UERTSCHAFT: TEL: E-MAIL:
D’GEWËNNER VUM SPILL AUS DEM MAGASINN DOHEEM N°38 15 x 20€ BONGEN ANZELÉISEN AN ENGEM RYANHAIR SALON - Colette Wark, Insenborn - Annette Bertemes, Troisvierges - Maggy Frick, Erpeldange/Sûre - Christiane Miller-Weyland, Bastendorf - Astrid Wilmes, Vichten - Christiane Bossers, Vichten - Elvire Scholtes, Colmar-Berg - Noémie Dos Reis Monteiro, Eschdorf - Véronique Orban, Vichten - Josiane Devillet, Wiltz - Chantal Reding, Platen - Edouard Haupert-Schon, Wiltz - Nico Gelhausen, Niederfeulen - Elisabeth Da Silva, Weiswampach - Olga Huet, Buschrodt
Déi Donnéeën, déi Dir androt, gi just dofir benotzt Iech am Fall vun engem Gewënn ze kontaktéieren an 50 ënnert kengen Ëmstänn un Drëtter weidergeleet. Fir de Schutz vun Ären Donnéeën ze garantéieren, ginn se no der Verlousung vernicht.
2B AVENUE DE LA GARE Mo-Fr Sa
08:00-12:00 08:00-12:00
tel : 95 80 51 info@clement.lu
DEKO
matériaux clement
L-9540 WI LTZ 13:00-18:00 13:00-17:00
fax : 95 89 33 www.clement.lu
FARBEN & BEIZEN TAPETEN LAMPEN & LEUCHTEN LEISTEN & MEHR
JOTUN FARBMISCHER - FARBTON NACH WAHL
INNEN
INNENAUSBAU & -GESTALTUNG FUSSBÖDEN TÜREN DECKEN- & WANDGESTALTUNG SANITÄR & HEIZUNG
GARTEN
AUSSEN WERKZEUG
BADMÖBEL & FLIESEN
DOHEEM_NOV2018.indd 1
WERKZEUGE & EISENWAREN BAUZUBEHÖR BAUCHEMIE ELEKTRIZITÄT & BELEUCHTUNG ARBEITSBEKLEIDUNG SAISONARTIKEL BEDACHUNG FASSADEN BAUELEMENTE TROCKENBAU ISOLATION ROHBAUSTOFFE
GARTENMÖBEL KINDERSPIELGERÄTE TERRASSENBÖDEN & -DIELEN GARTENGESTALTUNG & -DEKORATION GRILLGERÄTE & -ZUBEHÖR AUSSENBELEUCHTUNG
51 04/10/2018 10:05:14
*Je nach Zustand Ihrer Sitzgruppe beim Ankauf einer 5-sitzigen Ledergarnitur.
Ver. Her.: Galerie Leder Design sa · Luxemburger Straße 81 · B-4780 St. Vith · design www.pavonet.be
FFEN
A F O S E S S 0 GR ! E HM TAG
AUFSO K R E V S
& SONN S G A T SAMS
*
A N K C RÜ
! DITIONEN N O K N E R CHLAGBA S N U U Z UND DAS G N U L H A Z RUPPE IN G Z T I S E LT 5€ bis zu 37 T IHRE A M r IM e N lt ä D . N Jahre u LEDERLA , z.B. 10 ig z it s 0€ itur, 5 bis zu 75 rn
Stoffga
.B. 10 sitzig, z
tur, 5-
rni Lederga
, z.B. , 5-sitzig
rnitur
Stoffga
5 bis 10
Jahre hre
is 10 Ja
z.B. 5 b -sitzig,
rnitur, 5
Lederga
. älter
Jahre u
500 € 0€ bis zu 100 bis zu
ALTES SOFA RAUS, NEUES SOFA REIN! Lederland nimmt wieder ihre alte Sitzgruppe in Zahlung und das zu unschlagbaren Konditionen! Einfach Rechnung oder Foto Ihrer alten Sitzgruppe mitbringen! Wir freuen uns auf Ihren Besuch! 52
LEDERLAND SANKT VITH · WWW.LEDERLAND-SANKT-VITH.BE Luxemburger Straße 81 · B-4780 Sankt Vith · +32 (0)80 28 10 10 · sanktvith@lederland.info · www.lederland-sankt-vith.be · Täglich von 10.00 -18.30 Uhr · Auch sa. und so.