NUT FAIR • MARCHE AUX NOIX • NOTENMARKT
Veiner Nessmoort
www.vianden.lu
7. Oktober 2018 10 -19 Auer
INDEX REPORTAGEN
BAUEN & WUNNEN
5 MANÉIERE FIR ZE HËTZEN 9 CHAUFFAGE THOUSSAINT Wärmepompel: Ëmweltfrëndlech a Käschteneffizient 10 FIRE PLUS (ANC. OP DER ELTZ) Faszinatioun Feier 13 CARPORT V.S. GARAGE 21 MARBRERIE STEMPER Faszinatioun Steen 23 RECATOIT Jidderzäit fir Iech do 24 HOME FOCUS DESIGN Kreativ Miwwele fir jiddwereen 26 GO KITCHENS Den einfache Wee bei seng Dramkichen 28 WAGNER TECH - WAGNER BUILDING SYSTEMS Wéi eng onsiichtbar Hand 30 CARGILUX BY CRÉATIONS GILLET Anescht ass net verkéiert 36 MGH IMMO presentéiert „De Baumeeschter“ 38 AGENCE PAUL REINIG Eng Entscheedung fir d’Liewen
40 AGENCE GÉNÉRALE CLAUDE FABER presentéiert „De Versécherungsexpert“ 42 GARAGE BLOM presentéiert „De Road Runner“ 45 KROPEMANNSFEST Réidener Traditioun 46 ADLER MODE presentéiert „De Lifestyle“ 49 LINGERIE ELVIRE Dram-Ënnerwäsch fir jiddwereen 51 OPTIK & AKUSTIK FACELOOK Fir méi Liewensqualitéit 52 BITZ A KAFFI HAUS Produktiv ofschalten 53 LIBRAIRIE ZIMMER presentéiert „D’Ieselsouer“ 54 DIKKRICHER STUFF presentéiert „De Gaumenschmaus“ 57 INDUSTRIE ZU BIISSEN Ee richtegt Virbild 61 AMECO Ee villsäitege Familljebetrib 62 GOODYEAR Zäit fir ee Pneuewiessel 64 SECURITEC Mat Sécherheet fir Iech do 66 SCHRÄINEREI MOMA Kreativ Qualitéit op Mooss 67 BEIENZIICHTEREI KOCH-CLEES Frësch aus dem Beiestack 69 LOKAL PRODUITEN Ëmdenke lount sech 74 OURDALLER Natur pur vun der Our 77 TÉI VUM SÉI 25 Joer Kraider aus dem Naturpark
IMPRESSUM Editeur, régie et mise en page: SAN s.à r.l. T: 28 11 42 1 Wincrange & Diekirch doheem@san.lu | www.san.lu Couverture: Photo: Sandro Dimola Lieu: Esch-sur-Sûre Tirage: 24.500 exemplaires
L'éditeur ne peut en aucun cas être tenu responsable de la correctitude des informations indiquées. Tous les renseignements sont donnés sous réserve de changement ou d'erreur. Ce sont exclusivement les propriétaires de ces annonces, photos et reportagesliées qui sont responsables de leur contenu. Lorsque des prix sont indiqués, nous ne donnons pas de garantie pour l'actualité et la correctitude de ces indications de prix. Les indications de prix sont uniquement pour votre information, il ne s'agit pas d'une offre. Aucun droit ne pourra vous être octroyé concernant des prix indiqués. L'ensemble de ce journal relève des législations en vigueur sur les dro its d'auteur et de la propriété intellectuelle. Tous les textes, illustrations, images, photos et autres données sont protégés par un droit de reproduction.
3
DÖLCO®-Systempartner Die Firma Sanitaire Percy Rauchs ist seit vielen Jahren Ihr kompetenter Ansprech partner bei allen Fragen rund um die Themen Heizung, Sanitär und Haustechnik. Seit Ende 2015 sind wir außerdem als einer von europaweit über 3.000 DÖLCO®-Partnerbetrieben in der Wasserschadenbeseitigung tätig. Wir zeichnen uns durch den Einsatz moderner Austrocknungs-und Messtechnologien in und an Bauwerken sowie eine kompetente und verlässliche Arbeitsweise aus. Firmeninhaber Percy Rauchs im DÖLCO Schulungszentrum
Badezimmer-Komplett& Teilsanierung ALLES AUS EINER HAND Beratung, 3D-Planung, Barrierefreie Badezimmer, Wellness
Wartung & Kundendienst Klein & Kleinstreparaturen Neuinstallation Öl-, Gas-, Holz-, Pellets- & Brennwert kessel, Warmwasserspeicher, Wärmepumpe, Solaranlage, Regen wasser, kontrollierte Wohnraumlüftung, erneuerbare Energien
DÖLCO®-Systempartner Schadensanalyse, Leckageortung, Feuchtemesstechnik, Trocknungen, Versicherungs-Abwicklungen u.v.m.
BAUEN & WUNNEN
MANÉIERE FIR ZE HËTZEN
Wann ee wëllt nei bauen, muss een sech honnerte verschidde Froe stellen. Eng dovunner ass, wat fir eng Heizungsanlag am Haus zum Asaz komme soll. Dës Fro stellt sech awer net nëmme beim Neibau, mee och am Fall wou am bestoenden Haus déi al Heizung duerch ee méi modernen an energieeffiziente System ersat soll ginn. Dësen Artikel vermëttelt Iech een zolitten Iwwerbléck op déi gängegst Heizungsaarten zu Lëtzebuerg a verréit, no wéi enge Kritären een seng Auswiel sollt treffen.
Heizung mat Gas oder Masutt Dës Aarte vun Heizung sinn an eisem Land déi verbreetsten, well de System sech zënter Joerzéngten etabléiert huet. Gas a Masuttsheizunge si béid flexibel an deem Sënn, datt souwuel déif wéi och immens héich Temperature kënnen erreecht ginn. Am Verglach zu der Heizung mat Masutt huet Gas allerdéngs bedeitend Virdeeler: Si hëlt net vill Plaz ewech, well de Brennstoff net am Haus gelagert gëtt, mee d'Versuergung iwwer eng Leitung séchergestallt gëtt. Iwwerdeems ass hir Installatioun nom haitege Stand méi bëlleg 5
SHOWROOM IN SCHIEREN
SANITAIRES CARRELAGES MENUISERIE CUISINE RÉNOVATION
8-10, rue de la gare L-9122 Schieren Tel: +352 81 94 84 1 Email: info@willy-putz.lu
www.willy-putz.lu
ÖFEN ALLER ART
KAMINE
Kaminöfen / Steinbacköfen Kachelöfen / Holzherde Gartengrills
KOCH MONTAGEBAU AG 2, am enneschten Eck L-9838 Untereisenbach T +352-92 97 14
Unsere Ausstellung ist geöffnet: donnerstags und freitags von 11-17 Uhr, samstags von 11-14 Uhr.
NEU & EXKLUSIV
Ihr Fachhändler für den Norden Luxemburgs & Ostbelgien
Besuchen Sie unsere neue Website:
Grand-Rue 60b | L-9905 Troisvierges | Tel.: +352 26 90 81 58
6
F +352-92 97 15 info@koch-ag.lu w w w. k o c h - a g . l u
an de Präis vum Gas méi konstant wéi dee vum Masutt. A Punkto Ëmweltfrëndlechkeet huet Gas och d'Nues vir, virun allem wann een d'Chance huet, un eng Biogasanlag ugeschloss ze sinn. D'Viraussetzung awer, fir sech eng Gasheizung kënnen zouzeleeën, ass eng Gasleitung an senger Strooss. Béid Heizungsaarte lafe mat enger Chaudière, déi eng Liewensdauer vu ronn 15 Joer (Gas), respektiv 20 Joer (Masutt) virschreift. Fir weiderhin d'Betribssécherheet vu senger Anlag ze garantéieren, sollt d'Chaudière no där Zäit ersat ginn. Nei Modeller nom Brennwäert-Prinzip sinn donieft bis zu 20% méi käschteneffizient. Fir laangfristeg Suen ze spueren, gëtt och recommandéiert déi al Pompel z'ersetzen. Bei de Modeller vu fréier gëtt d'Leeschtung nämlech manuell agestallt, wat dacks dozou féiert, datt se méi Stroum verbraucht wéi noutwenneg. Modern Pompelen dogéint reegelen hir Leeschtung automatesch. Masutt- a Gasheizungen eegnen sech gutt a Bestandsgebaier mat enger déiwer bis mëttelméisseger Wärmeschutzklass. Modern Gebaier nom Nidderegenergiestandard dinn sech mat enger Heizung, déi mat fossille Brennstoffer leeft, schwéier. Fir d'Energieklass vun engem Haus ze bestëmmen, gëtt och no der Ëmweltbelaaschtung gekuckt an een Haus, dat reng mat Gas oder Masutt leeft, kann eng AAA-Klass net erreechen.
Holzpellet-Heizung Net just am Gesetzbuch, och an der Gesellschaft weist sech ee verstäerkt Bewosstsinn fir d'Ëmwelt an hire Schutz, deementspriechend huelen erneierbar Energien u Beléiftheet zou. Datt ee beim ëmweltbewossten Hëtze vu staatleche Subsidë ka profitéieren, mécht d'Saach natierlech nach méi interessant. Ee vun de Brennstoffer, deen dofir a Fro kënnt, ass Holz. Dëst Material gëtt als CO2-neutral gewäert, well et een nowuessende Rohstoff ass an am Verglach zu Ueleg a Gas relativ kuerz Transportweeër hannert sech huet, soulaang een et net vum aneren Enn vun der Welt bezitt. Holz fir ze hëtzen existéiert a verschiddene Formen, fir déi meescht Leit kommen awer just Pellets a Fro. Heibäi handelt et sech ëm
kleng, pëllefërmeg Stécker aus gedréchentem a gepresstem Seemiel. Dës Pellets ënnerleie strenge Qualitéitskritären, si bestinn aus héichwäertegem Holz an enthalen extrem wéineg Fiichtegkeet. Doduerch hunn se een héije Brennwäert an hannerloosse just wéineg Äschen, déi e puer mol am Joer mussen entsuergt ginn. Wéi beim Masutt besteet bei der Pelletheizung den Nodeel, datt de Brennstoff iergendwou gelagert muss ginn, an zwar an engem dréchene Raum, deen sech méiglechst no um Kessel befënnt. De Lagerraum an de Kessel sinn nämlech iwwer ee Rouer verbonnen an d'Pellets ginn automatesch an de Brennraum geleet. Mee wou hëlt een dës Pellets hier? Wéi beim Masutt léisst een sech déi reegelméisseg mam Camion bréngen. Alternativ kritt en se och a Säck ze kafen, fir säi Lager manuell ze befëllen. Wéi vill Pellets ee brauch, hänkt vun der Leeschtung vun der Anlag of. Generell kann ee soen, datt pro kW Leeschtung knapp 1m3 u Lagerraum noutwenneg ass. Bei der Installatioun vun enger Pelletheizung kann ee bis zu 40% vu staatleche Subsidë profitéieren, et mussen awer gewësse Grondbestëmmungen am Bezuch op hir Leeschtung erfëllt sinn. Amplaz vu Pellets besteet och d'Méiglechkeet, mat Stéckholz ze hëtzen. Dës Optioun rentéiert sech allerdéngs just fir Leit, déi einfachen Zougang zu dësem Holz hunn an déi extra Aarbecht a Kaf huelen, de Kessel manuell ze fëllen.
D'Wärmepompel Eng Manéier fir ze hëtzen, déi virun allem a Passivhaiser gär genotzt gëtt, ass d'Wärmepompel. Jee no Typ gëtt iwwer Sonden Energie aus dem Buedem, respektiv aus der Loft op ee Gas iwwerdroen, dat well bei ganz nidderegen Temperature verdonst. Mat Hëllef vu Stroum gëtt dëst Gas op ee méi héijen Temperaturniveau bruecht, deen et erlaabt, d'Haus an d'Brauchwaasser ze hëtzen. Wat et méi waarm dobaussen ass, wat manner Stroum als zousätzlech Energiequell gebraucht gëtt an de System méi effizient leeft. ÄerdWärmepompele sinn allgemeng méi effizient, well d'Wäermt vun der Sonn am Buedem méi laang gespäichert bleift wéi an der Loft. Wéinst Schutzoplage vum Grondwaasser ass et a verschiddene Regiounen allerdéngs 7
iwwerhaapt net méiglech, déif Buerunge fir seng Pompel z'ënnerhuelen. Och fir Modeller, déi manner déif vergruewe ginn, brauch een dacks eng Geneemegung vun der Gemeng, dofir am Zweiwelsfall virun enger Decisioun op der Gemeng nofroen. Och bei der Wärmepompel leet de Staat gäre bäi, dat mat 25% fir d'Loft- a 50% fir d'Äerd-Wärmepompel. A schlecht isoléierten Haiser, wou vill Hëtzt verluer geet, eegent sech eng Wärmepompel kaum bis iwwerhaapt net, well si nimools déi selwecht Hëtzleeschtung erreecht ewéi Heizunge mat Verbrennung.
Solarthermie D'Sonn als Energiequell ze benotzen, ass mat Ofstand déi ëmweltfrëndlechst Aart a Weis an ausserdeem déi eenzeg, bei där de "Brennstoff"
gratis ass. Mat engem Duerchschnëtt vu knapp 1600 Sonnestonnen am Joer zu Lëtzebuerg (Verglach: a Spuenien sinn et der 3000) geet eng Solaranlag als eenzeg Quell fir ze hëtzen net duer, si léisst sech awer mat alle genannten Hëtzsystemer kombinéieren. An der Uschafung ass se relativ deier, laangfristeg rentéiert se sech awer, well si ka bis zu 70% vun der Energie fir d'Erzeegung vu waarmem Waasser liwweren. Fir op esou Zuelen ze kommen, sollt d'Anlag a Richtung Süden orientéiert ginn an net duerch Beem oder aner Haiser am Schiet leien. Donieft mussen d'Leitungen an de Späichertank vum waarme Waasser immens gutt isoléiert ginn. Bei der Installatioun vun enger thermescher Solaranlag kann ee bis zu 50% vu staatleche Subsidë profitéieren, soulaang gewësse Grondbestëmmungen am Bezuch op hir Gréisst a Leeschtung erfëllt sinn.
CHAUFFAGE THOUSSAINT
WÄRMEPOMPEL: ËMWELTFRËNDLECH A KÄSCHTENEFFIZIENT
Chauffage Thoussaint huet iwwer 20 Joer Erfarung am Beräich Heizung a Sanitär. Hir Stäerkt läit bei den neien Technologien, déi Energie ze spueren hëllefen an de Komfort an der Wunneng däitlech erhéijen. Mëttlerweil ass d'Wärmepompel een effizient Mëttel, fir Energie ze spueren. Si bezitt nämlech ¾ vun der Energie, déi fir ze hëtze gebraucht gëtt, aus dem Ëmfeld. Dës Energie ass an der Loft, am Buedem an am Grondwaasser gespäichert. Modern an effizient Wärmepompelen notzen dës Energiespäicher, andeems si véiermol méi Energie produzeiere wéi se verbrauchen. Iwwerdeems erzeegt eng Wärme-pompel keen Damp an doduerch och kee schiedlechen CO2. Praktesch dorunner ass och, datt kee Kamäin a keng Lagerplaz fir de Brennstoff gebraucht gëtt. Mat enger effizienter Wärmepompel sinn Onkäschte fir d'Liwwerung, den Ënnerhalt an d'Astellung, genee wéi onstabil Masuttspräisser eng Saach vun der Vergaangenheet. Informéiert Iech bei Chauffage Thoussaint!
Unsere Kernkompetenzen • • • • •
Wärmepumpen Belüftungstechnicken Solaranlagen Brennwertkessel Pellets
• Miniblockheizkraftwerke • Sanitär • Kundenservice
76 Hauptstrooss | L - 9753 Heinerscheid info@thoussaint.lu | Tél: 621 492 561 www.thoussaint.lu
9
FIRE PLUS (ANC. OP DER ELTZ)
FASZINATIOUN FEIER
Ginn d’Deeg méi kal, wënscht een sech dacks ee gudden Uewen erbäi, deen engem d’Haus net just anstänneg hëtzt, mee och eng heemeleg Atmosphär verbreet. Firwat sollt een sech den Dram vun engem gemittlechen Owend virum Uewen net erfëllen? Matzen am Préizerdaul, zu Platen, fënnt een an engem attraktiven, moderne Showroom eng grouss Auswiel un Iewe fir all Raumgréisst, Goût a Budget. Héichwäerteg Qualitéitsiewe vun der renomméierter Mark skantherm kann een sech hei ukucken, upaken an testen. Si iwwerzeegen duerch hir elegant Optik an effikasst Hëtzen. Fire Plus bitt ee kompetente Service, deen op jorelaanger Experienz baséiert. Vum Plangen a Berode bis zur Liwwerung an dem Montage kritt een alles aus enger Hand. D’Famill Oberlinkels brennt fir dat wat se mécht a steet hire Clienten och gär bei spezielle Wënsch a Gestaltungsfroe berodend zur Säit. Ee flotte Kader an ee sympathescht Team, wou de Fonke garantéiert iwwerspréngt! 10
Kommt laanscht an iwwerzeegt Iech selwer! Ëffnungszäiten: Sonndes & Méindes: zou Dënschdes: 13:30-18:30 Mëttwochs: 13:30-21:00 (Feierowend) Donneschdes: 13:30-18:30 Freides: 13:30-18:30 Samschdes: 09:00-17:00 100, rue Principale | L-8611 Platen (Préizerdaul) Tél: 23 62 00 33 | fireplus@pt.lu www.fireplus.lu
11
Ihr Fachmann für Innenausbau
Fenster | Rollläden | Türen | Treppen | Garagentore | Parkett | Markisen | Insektenschutz Terrassen & Verandas | Gartenhäuser | Innenausbau | Restaurierung | Möbel nach Maß ...
11, rte de Kautenbach L-9831 Consthum
GSM: +352 / 691 921 650
info@denholzmechel.lu
T: +352 / 26 903 710 F: +352 / 26 903 711
www.denholzmechel.lu
BAUEN & WUNNEN
CARPORT V.S. GARAGE
Mat 662 Autoe pro 1000 Awunner si mir Europameeschter doran, vill Autoen ze besëtzen. Dat eegent Gefier ass dem Lëtzebuerger wichteg, deemno ass et eng primär Suerg, wéi een et sou gutt et geet viru Schied ka schützen. Doheem bidden sech large gekuckt zwou Méiglechkeeten, den Auto ënnerzestellen: De Carport an d'Garage. Wat fir Optiounen een a béide Katgorien huet, wéi eng Vir- an Nodeeler déi hunn a wat fir Aspekter ee bei senger Entscheedung onbedéngt berécksiichtege sollt - dat ass d'Thema vun dëser Reportage.
Carport: Oppe Konstruktioun mat Charme Ee Carport ass an de meeschte Fäll een Daach op engem hëlzene Gestell, dat entweder fräi steet oder un d'Haus ugebonnen ass. Well e méi filigran an doduerch manner opfälleg ass, integréiert sech de Carport am Verglach zu enger Garage méi einfach an d'Gesamtoptik vum Grondstéck, soulaang een net een ze vill extravagante Modell wielt. Déi oppe Konstruktioun eegent sech ausserdeem perfekt als Iwwerdaachung bei engem Familljefest dobaussen. Manner Bausubstanz an een einfachen Opbau resultéieren och an 13
+350m2
de Showroom
La qualité c‘est notre métier +10 ANS D‘EXPÉRIENCE
info@jphomeconcept.lu Tél.: 20 60 44 I Fax: 20 60 44 44 10, Route d‘Ettelbruck I L-9160 INGELDORF
www.jphomeconcept.lu
SALLE DE BAINS RÉNOVATIONS SANITAIRES CARRELAGES
S u i v e z - n o u s su r
JP HOME CONCEPT
Nous parlons
engem méi déiwe Präis, wat d'Haaptargument fir de Carport ass. Dëse Präis spigelt sech leider an der schwaacher Schutzleeschtung. Ouni zoue Maueren an Dieren ass e fir jiddereen zougänglech, wouduerch den Auto potentiell dem Vandalismus duerch Mënsch oder Marder ausgesat ass an am schlëmmste Fall souguer geklaut ka ginn. Viru méi klengen Iwwele wéi dem Wieder ass den Auto nëmmen deelweis geschützt. Schnéi, Reen a Sonneliicht ginn zwar gréissendeels ofgehalen, am Wanter entsteet trotzdeem Frascht. Dat eenzegt, virun deem de Carport tatsächlech besser schützt wéi eng Garage, ass Rascht, well d'Gefier duerch déi optimal Loftzirkulatioun net iwwer ee laangen Zäitraum fiicht bleift. Ee weideren entscheedenden Nodeel ass d'Material. Och déi beschte Qualitéit un Holz brauch reegelméisseg Opmierksamkeet a Form vun engem Ustrach mat enger Lasur, fir datt de Carport sech un enger laanger Liewensdauer kann erfreeën. Virun allem bei engem méi grousse Modell mat Säitewänn kascht dës Aufgab op Dauer vill Zäit a Suen. Wien dësen
QUALITATIV AARBECHT
HÉICHWÄERTEG
M ATERI ALER VU BEKANNTE MARKEN.
Opwand net fir néideg hält, dee ka säi Carport no e puer Joer op de Kompost geheien. Et huet een zwar och d'Méiglechkeet, sech ee Carport aus Metall zouzeleeën, allerdéngs ass de Präisvirdeel vis-à-vis vun der Garage dann ee gutt Stéck méi kleng.
Garage: Déi zolitt Variant Wann een un eng Garage denkt, dann huet een normalerweis d'Bild vun der typescher gemauerter a mam Haus verbonnener Garage am Kapp. Bei engem Neibau ass dës Form vu Garage déi gängegst. Wann een sech awer nodréiglech eng wënscht, rentéiert se sech mat engem Bléck op de Bauopwand an hir héich Käschte wahrscheinlech net. Virun allem, well et attraktiv Alternative ginn, nämlech fäerdeg Garagen. Hei muss een sech nees tëschent zwou Varianten decidéieren: D'Garage aus Bëtong oder aus Stolblech. Déi zwou ënnerscheeden sech a ganz villen Aspekter vuneneen an heiansdo léisst den Terrain souguer just eng vu béiden zou.
FËNSTEREN
PVC, ALU-PVC, ALU-HOLZ, ALU
ROLLLUEDEN / RAFFSTOREN VUN ROMA
FËNSTERBÄNKEN
BANNEN A BAUSSEN
BOTZE VUN FËNSTEREN A VERANDAEN
Äre Partner fir RENOVATIOUN, BÄIBAU ODER NEIBAU
INSEKTENSCHUTZ DIEREN
ZËMMERDIEREN, HAUSDIEREN, KELLERDIEREN, FEIERSCHUTZDIEREN, NIEWENAGANGSDIEREN
GARAGEPAARTEN VUN HÖRMANN
KAMÄINER
MAT BRENNHOLZ ODER PELLETS
BUEDZËMMER
ARIICHTUNGEN, MIWWELEN
GRATIS Devisen
sinn bei eis selbstverständlech!
T. 621 888 143
2, Beim Kazebësch L-9830 BOCKHOLTZ ddimitrov@pro-domo.lu
www.pro-domo.lu 15
Fäerdeg Garage aus Bëtong Eng Bëtongsgarage erbréngt déi selwecht Schutzleeschtung wéi eng Stolgarage, mam klengen Ënnerscheed, datt se ee Stéck besser doran ass, d'Temparatur konstant ze halen. Bei richteg kalen Temperature fänkt den Auto awer och do u mat fréieren. Nieft der Tatsaach, datt Bëtong schlecht isoléiert, läit dat un de Loftlächer, déi dran agebaut sinn. Ee seriöen Hiersteller baut donieft eng Pente vun 0,2 0,4% an de Buedem, fir ze verhënneren, datt Pill ënnert dem Auto entstinn. Esou ass de Problem vun der Fiichtegkeet sou gutt et geet geléist. De gréisste Virdeel vun der Bëtongsgarage weist sech an hirer Stabilitéit. Wann d'Maueren déck genuch gebaut sinn ass si staark genuch, fir an de Buedem agegruewen ze ginn. Wann den Terrain also an engem Hang läit, ass si déi
MAßARBEITEN
Eng Bëtongsgarage kënnt ëmmer mat Buedemplack, et brauch een also just ee Fundament fir d'Maueren („Streifenfundament“). Ausserdeem gëtt se ëmmer als Ganzt geliwwert, wouduerch se just op hir Plaz gesat gëtt an direkt benotzt ka ginn. Dësen Aspekt kann sech leider och als Nodeel erausstellen. Well d'Bëtongsgarage extrem vill Gewiicht huet, gëtt se mat engem Schwéiertransporter bruecht an dee brauch genuch Plaz, fir bäizefueren. Anerefalls muss se mam Kran montéiert ginn, wat nach emol extra op de Portmonni schléit. Duerch hiert Gewiicht ass och net all Terrain an der Lag eng Garage aus Bëtong ze droen. Een Ënnergrond aus opgekéiptem Buedem ass beispillsweis
GARTENHÄUSER
CARPORTS
& VIELES MEHR AUS HOLZ
beschten Optioun. Iwwerdeems ass et méiglech, dës Garage als Daachterrass ze notzen, wann se clever um Haus placéiert ass. Et muss ee just am Viraus méi ee staarken Daach abaue loossen.
GARAGEN
Beratung Fundament Montage
4A route de Diekirch L-9381 MOESTROFF
(+352) 80 71 90 chalet@pt.lu www.chaletcenter.lu
17
iwwerhaapt net dofir gëeegent, no gewësser Zäit géif d'Garage asacken a méiglecherweis souguer Rëss kréien. Dofir sollt een sech iwwer d'Eegeschafte vu sengem Terrain a Kenntnis setzen.
Fäerdeg Garage aus Stolblech Vum Numm hier kéint ee mengen, datt et sech heibäi ëm een ellene, blechene Schapp handelt. Dat ass awer net de Fall, hautdesdaags si Stolgaragë vu bausse verbotzt a loossen sech optesch bal net vun enger aus Bëtong ënnerscheeden. Doduerch kann se faarflech perfekt un de Rescht vum Haus upasst ginn. Eng Stolgarage ass vill méi liicht, wat hiren Transport an hire Montage immens vereinfacht. Anescht wéi d'Bëtongsgarage gëtt si iwweregens net als Ganzt geliwwert, mee a Form vun Eenzelstécker, déi op der Plaz zesummegebaut ginn. Dëst erlaabt vill méi grouss Dimensiounen. Eng Duebelgarage als Ganzt ze transportéieren ass schliisslech quasi onméiglech. Fir datt ee vill Jore laang Freed u senger Stolgarage huet, sinn zwee wichteg Punkten ze bedenken. Stol usech ass extrem ufälleg fir
18
Rascht. Ee Produit a gudder Qualitéit ass dofir vollstänndeg verzénkt. Eng Garage, déi just deelweis oder iwwerhaapt net verzénkt ass, kascht natierlech manner, mee no spéitstens e puer Jore wäert ee mierken, datt een dat kritt, fir dat ee bezilt. Eng zweet Saach, déi an der Stolgarage net dierf feelen, ass ee Kondenswaasserschutz um Plafong. Dëse kënnt a Form vun engem spezielle Bannebotz oder engem mineralesche Vlies. Trotz Loftlächer entsteet ëmmer eng gewësse Fiichtegkeet an der Garage. Well d'Metall déi net ophuele kann, setzt sech ouni Schutz Kondensat um Plafong of, deen no enger Zäit fir elle Verfierwunge suerge kann.
E puer Wierder als Ofschloss Souwuel de Carport wéi och d'Bëtongs- an d'Stolblechgarage hunn hir Vir- an Nodeeler. Mir roden Iech, Är Entscheedung net um bëllegste Präis z'orientéiren mee un den Eegenschaften, déi am beschten zu Äre Besoinen an zu Ärem Terrain passen. Anerefalls ass souguer déi bëllegst Variant vill ze deier, well se Är Erwaardungen net erfëllt.
black line Küche
Miwwelhaus Koeune 4, um Mierscherbierg | L-7526 Mersch Tel. +352 – 32 59 59 | www.naturmoebel.lu
Wohnfabrik Ingeldorf 10, route d’Ettelbrück | L-9160 Ingeldorf Tel. +352 – 27 80 84 85 | www.naturmoebel.lu
Die abgebildeten Möbel finden Sie im Miwwelhaus Koeune in Mersch.
tak Auszugstisch
4, rue du Moulin L-9126 SCHIEREN Tél.: 81 20 40-1 info@dicato.lu www.dicato.lu
MAISONS UNIFAMILIALES | FAÇADE | PLÂTRE CONSTRUCTIONS DE RÉSIDENCES | CHAPE TRANSFORMATIONS ET RÉNOVATIONS DALLAGE | AMÉNAGEMENT EXTÉRIEUR
4, Zone Industrielle L-9166 Mertzig Tél.: 88 90 20 metallisation@dicato.lu www.dicato.lu
GRENAILLAGE | METALLISATION | SABLAGE AU SABLE QUARTZ | MICROBILLAGE MISE EN PEINTURE | POLYMERISATION
MARBRERIE STEMPER
FASZINATIOUN STEEN
D'Marbrerie STEMPER, ee klengen Traditiounsbetrib vu Mäerzeg, erschaaft aus Natursteen Wierker fir Generatiounen. Hir Panoplie zielt zënter 2014 nieft Déngschtleeschtungen am Kierfechtsberäich allméiglech Aarbechten am a ronderëm de Bau, dorënner Trapen, Kicheplacken, Buedembeleeg an Terrassen. Och an der Renovatioun a Restauratioun vun aler Natursteensubstanz engagéiert sech d’Marbrerie STEMPER mat grousser Leidenschaft. Vill Produkter ginn an hirem Atelier individuell an op Mooss hiergestallt, deelweis nach op der Hand. Wann och de Rohstoff aus Steebréch weltwäit kënnt, bezitt d'Marbrerie Stemper déi verschidden Tranchen ewéi Granit, Marber asw. vun zertifiéierten europäesche Fournisseuren. „Vill Leit fillen sech onsécher virum Natursteen“, seet de François STEMPER, Patron vun der Firma, „mee mat der richteger Berodung brauch een näischt ze fäerten.“ Well a Punkto Optik an Durabilitéit mécht kee Material dem Natursteen eppes vir.
GRANITS MARBRES MONUMENTS ESCALIERS RENOVATIONS TERRASSES
5A Zone Industrielle | L-9166 Mertzig Tél: 83 82 22 | f.stemper@gilson.lu www.stemper-stones.lu
21
Ären Immobilien-Par t ner - ImmoWolz.lu Ären Immobilien-Par t ner - ImmoWolz.lu
2 05
2m
Vente Vente -- Location Location - Estimation Estimation
info@immowolz.lu immowolz.lu info@immowolz.lu immowolz.lu Résidence Viviane 55, rue Grande-Duchesse Charlotte L-9515 Wiltz Résidence Viviane 55, rue Grande-Duchesse Charlotte L-9515 Wiltz
RECATOIT
JIDDERZÄIT FIR IECH DO
Bei eeleren Haiser besteet de Risiko, datt den Daach seng Funktioun net méi richteg erfëllt a spéitstens, wann et ufänkt mat drëpsen ass et Zäit fir een neien. D'Firma Recatoit vun Huldang ass op Renovatiounen a Reparature vum Daach spezialiséiert. De Betrib, deen zanter 1924 existéiert, bitt d'Frëschandeckung, d'Charpente, Blechaarbechten a Schiferfassaden un. De Jean-Luc Michels, Chef vu Recatoit, schätzt de perséinleche Kontakt mam Client. Hien ass net just all Schaffdag selwer um Schantjen, mee këmmert sech och ëm de Suivi. Dee fänkt schonn domat un, datt hien eegestänneg bei de Client fiert, fir den Devis z'erklären. „Mir huelen all Optrag eescht, sief et eng grouss Renovatioun oder just ee Kullang, dee gefléckt muss ginn“. Wann eng dringend Reparatur néideg ass, wéi no engem Stuerm, fiert Recatoit souguer weekends eraus, fir sou séier wéi méiglech ze hëllefen. Eng Firma, op déi jidderzäit Verlooss ass.
8, Op d'Burrigplatz | L-9964 Huldange Tél: 26 95 74 66 | info@recatoit.lu
23
Tél: 661 343 667 | you@homefocus-design.lu www.homefocus-design.lu
HOME FOCUS DESIGN
KREATIV MIWWELE FIR JIDDWEREEN
Een Haus gëtt eréischt zu engem richtegen Doheem, wann een sech komplett dra wuelfillt. Dëst Gefill kann awer net ëmmer bei klassesche Miwwelstécker opkommen. Heiansdo brauchen déi einfach een individuellen Design, an deen een seng eegen Iddie mat abrénge kann. Home Focus Design ass dofir genee de richtegen Uspriechpartner. Firwat et sech definitiv lount dat jonkt an immens kreatiivt Team ze kontaktéieren, wann ee frësche Wand an den eegene véier Wänn brauch, verréit de Bruno Leite, Grënner vun Home Focus Design.
24
Wat mécht Home Focus Design besonnesch? Bruno Leite: Eis Clientë mussen sech net deplacéieren, mir komme bei si heem, fir eis alles genee unzekucken an iwwert hir Wënsch ze schwätzen. Mir entwéckelen net just Miwwelen a verschiddene Stiler, mee gesinn se als Deel vun engem Gesamtbild, dat mam Rescht vum Interieur harmonéiere soll. Bei eis kritt een déi ënnerschiddlechst Miwwelstécker aus enger Hand. Mir maachen zum Beispill individuell Couchen, Still, Kichen oder och Buedzëmmermiwwelen. Alleguer hunn se eng héich Qualitéit,
mee sinn zu erschwéngleche Präisser ze kréien. Fir d’Projeten och selwer kënnen ze finaliséieren, bidde mir an Zesummenhang mat enger Commande och beispillsweis d’Verleeë vu passende Plättercher oder den Ustrach vum Raum mat un. Eist Team ass jonk, kreativ an immens flexibel. Dohier ass et eis méiglech op Rendez-vous bis 8 Auer owes bei de Client heem ze goen, fir iwwert säi Projet ze schwätzen.
Tél.:+352 661 343 667 you@homefocus-design.lu www.homefocus-design.lu
Wéi ass den Oflaf vum éischte Rendez-vous bis bei de finale Produit? Bruno Leite: Wann de Client eis kontaktéiert, kucke mir sou séier wéi méiglech ee Rendez-vous bei him doheem ze fixéieren. Dëst huet zwee Grënn: mir kënnen direkt op der Plaz kucken, wéi den Interieur ausgesäit an de Client fillt sech wuel. Mir schwätzen iwwert d’Virstellungen, weisen e puer Projeten, déi mir scho realiséiert hunn a moossen aus. Dono ginn nach e puer Fotoe vum Raum gemaach. Heiansdo ginn op der Plaz schonn éischt Entwërf op der Hand gezeechent, fir d’Wënsch vum Client ze konkretiséieren. Iwwerdeems brénge mir verschidde Materialexemplairë mat. Bei Granitplacke fir d’Kiche kritt een och d’Méiglechkeet ze testen, wéi se sech botze loossen. Mir kënnen dës Exemplairen souguer eng Zäit laang beim Client loossen, fir datt en seng Auswiel a Rou kann treffen an och eventuell Famill a Frënn kann ëm hir Meenung froen. Nom éischte Rendez-vous gëtt een 3D-Projet virbereet, deen dem Client bei engem weidere perséinleche Rendez-vous virgestallt gëtt. Dono kënnen ëmmer nach Upassunge gemaach ginn. Wann de Client zefridden ass mam Entworf, kritt en ee gratis Devis a soubal deen ënnerschriwwen ass gëtt mat der Ëmsetzung vum Projet ugefaangen.
Wat mécht dir am meeschte Freed un dengem Beruff? Bruno Leite: Meng Aarbecht ass immens ofwiesslungsräich. Ech sinn duerch an duerch ee kreative Mënsch an zeechnen och ganz vill op der Hand. De Kontakt mam Client mécht mir vill Freed, well ech net just genee lauschteren, wat en sech virstellt, mee och eege Proposë maachen. Am schéinsten ass dee Moment, wou d’Leit hire fäerdege Projet fir d’éischte Kéier gesinn an een d’Freed an hiren Ae gesäit.
Aménagement intérieur de A-Z en métal et en bois
Réalisation de projets du plan en 3D jusqu‘au finissage
Meubles sur mesure • Cuisines • Dressoirs • Salles de Bains
3, Kiricheneck | L-9990 Weiswampach Tél: 97 81 97 | info@go-kitchens.lu www.go-kitchens.lu
GO KITCHENS
DEN EINFACHE WEE BEI SENG DRAMKICHEN
Kichen ass net gläich Kichen. Wien sech eng Ariichtung fir déi nächst 25 Joer uschaaft, soll virun der Ënnerschrëft all Detail exakt duerchgeplangt hunn an sech sécher sinn, datt déi gewielte Konstellatioun absolut perfekt ass. Hei kënnt ee seriéisen an erfuerene Kichenhändler wéi GO Kitchens vu Wäisswampech an d'Spill. De Georges Oestreicher, Kapp vun der Firma an zënter 18 Joer an der Branche, erkläert, wourop et bei der Wiel vun enger Kiche wierklech ukënnt a wéi GO Kitchens senge Clienten dëse Prozess immens erliichtert.
26
Wéi sichen ech déi perfekte Kiche fir mech eraus? Georges Oestreicher: All Mënsch huet säi Charakter an d'Kiche soll deem entspriechen. Saachen, déi deem engen extrem wichteg sinn, hu fir deen anere vläicht just eng zweetrangeg Bedeitung. Optik ass ee Facteur no deem vill Leit kucken, mee se muss och praktesch sinn. Wat déi individuell Besoinen an d'Preferenze sinn, ermëttele mir fir d'éischt zesumme bei engem Berodungsgespréich. D'Basis fir anstänneg kënnen ze schaffen ass d'Héicht vun de Kichemiwwelen.
Küchen-Werksverkauf ZUM ZUM GROSSEN GROSSEN MÖBEL-FESTIVAL MÖBEL-FESTIVAL
An eiser 600 m2 grousser Ausstellung weise mir Modeller a verschiddenen Aarbechtshéichten, déi de Client kann testen, fir z'ermëttelen, op wéi enger Héicht hien sech am wuelste fillt. Eng visuell Hëllef bei der Auswiel vun der perfekter Kiche offréiere mir bei GO Kitchens mat eisem „Magic Table“.
Wat ass de „Magic Table“? Georges Oestreicher: Et handelt sech ëm eng Aart Computer a Form vun engem Dësch mat engem 55 Zoll Touchscreen. Dësen huet verschidde Funktiounen, déi bei der Personaliséierung vun der Kichen eng grouss Ënnerstëtzung leeschten. Wann een d'Moosse vu sengem Raum an d'Positioun vun de Fënsteren agëtt, rechent de Computer 10 bis 15 verschidde Kichen an 3D. Esou gesäit een op ee Bléck wat engem gefält a wat net. Esou huet een eng gutt Referenz fir d'Ufäerdegung vun den detailléierte Pläng. De „Magic Table“ erlaabt eis och, dem Client Produiten a Geräter a Liewensgréisst ze weisen, déi mir deen Ament grad net am Haus hunn, a mat ville Videoe kann een sech déi neisten Apparater erkläre loossen. Well de „Magic Table“ einfach ze benotzen ass, kann de Client no enger kuerzer Aféierung och ouni Hëllef vun eis domat ëmgoen an sech déi Zäit huelen, déi e brauch.
Vereinbaren Sie am be Vereinbaren Sie am besten noch heute n noch he einen Termin für Ihr ste einen rmin für Ihr pe rsönlichesute pe rsö PlanungsgTe ches präch unter: +352nli97 Planungsges präch unter: +352 97 81 97 Vertreteres 81 97 Vertreter de derr Ind Indus ustri trie e sin sind d vo vorr Or Or t! t!
U UN NSE SERE RE ST STA ARK RKEN EN M A RK EN PART RTN NER MARKENPA ER
Wéi erkennen ech, ob et sech ëm eng héichwäerteg Kichen handelt? Georges Oestreicher: Eng héichwäerteg Kichen zeechent sech an éischter Linn duerch hir Materialer aus. Esou huet ee beispillsweis d'Wiel tëscht Fronten aus Massivholz oder Spanplacken, déi mat enger Folie iwwerzu sinn. Natierlech ass d'Liewensdauer vun der zweeter Variant e gutt Stéck méi kuerz. Eng entscheedend Roll spillen och d'Beschléi vun de Schief. Op den éischte Bléck ass den Ënnerscheed tëscht ganz bëllegen a méi deiere Modeller net ze erkennen, mee no spéitstens 2 Joer mierkt een, datt een dat kritt, fir dat ee bezilt. Mir hunn extra déi verschidde Beschléi-Varianten ausgestallt, fir dem Client d'Ënnerscheeder an der Qualitéit kënnen ze weisen. Mir schaffe just mat Markenhiersteller zesummen, deenen hir Produiten eis zu 100% iwwerzeegen. An dat gëllt net just fir d'Beschléi.
*Energieeffizienzklasse Spektren: Geschirrspüler A+++ bis D, Kühl- und Gefrierschränke A+++ bis D, *Energieeffizienzklasse Spektren: Geschirrspüler A+++ bis D, Kühl- und Gefrierschränke A+++ bis D, Backöfen und Herde A+++ bis D, Dunstabzüge A+ bis F, Leuchten A++ bis E. Backöfen und Herde A+++ bis D, Dunstabzüge A+ bis F, Leuchten A++ bis E.
✁ ✁
Alle Alle frei frei geplanten geplanten
✁ ✁
Bei allen Bei allen Neubestellungen Neubestellungen
Lieferung Küchen Lieferung Küchen Küchen & zu einmaligen
& Montage WerksWerks- Montage
zu einmaligen
preisen! GRATIS preisen! GRATIS
0
%
Finanzierung Finanzierung * *
bei 24 Monaten bei 24 Monaten Laufzeit Laufzeit
* Effektiver Jahreszins von 0,0 % bei einer *Laufzeit Effektiver 0,0 % bei einer bisJahreszins 24 Monatevon entspricht einem Laufzeit bis 24 Monate entspricht einem gebundenen Sollzins von 0,00 %. Bonität gebundenen Sollzins von 0,00 %. Bonität vorausgesetzt. Finanzierung durch vorausgesetzt. Alpha Credit Finanzierung s.a., prêteur, durch rue Alpha Credit s.a., prêteur, rue Ravenstein 60/15, B-1000 Bruxelles, Ravenstein 60/15, B-1000 TVA BE 0445.781.316, RPMBruxelles, Bruxelles. TVA Gültig BE 0445.781.316, RPM 2018. Bruxelles. bis 07. Oktober Gültig bis 07. Oktober 2018.
GO Kitchens S.à.r.l. GO Kitchens3,S.à.r.l. Kiricheneck Kiricheneck 3, L-9990 Weiswampach L-9990 Weiswampach Tel. +352 97 81 97 Tel. +352 97 81 97 www.go-kitchens.lu www.go-kitchens.lu info@go-kitchens.lu info@go-kitchens.lu
www.go-kitchens.lu • info@go-kitchens.lu • Öffnungszeiten: www.go-kitchens.lu • info@go-kitchens.lu • Öffnungszeiten: Di. - Fr. 9 - 18 Uhr, Di. - Fr. 9 - 18 Uhr, Sa. 9 - 17 Uhr und jeden So. von 14 - 18 Uhr Sa. 9 - 17 Uhr und jeden So. von 14 - 18 Uhr
WAGNER TECH - WAGNER BUILDING SYSTEMS
WÉI ENG ONSIICHTBAR HAND
An Ärem Liewe sidd Dir bestëmmt schonn honnert Mol an engem Akafszentrum gewiescht, mee hutt Dir Iech schonn eng Kéier beklot, datt et ze waarm, ze kal, ze stéckeg oder ze däischter ass? Wahrscheinlech net, schliisslech ass et eng Selbstverständlechkeet, oder? Ass et net, an dat mierkt een, wann een emol hannert d'Kulisse vun esou risege Gebaier kuckt. Enorm grouss a komplex Maschinne suergen dofir, datt déi Leit, déi sech am Gebai ophalen, sech wuelfillen. Maschinnen, déi vu WAGNER Building Systems installéiert a betreit ginn. Op engem Fundament WAGNER Building Systems ass ee vun de fënnef Betriber, déi dem Gruppement WAGNER TECH ugehéieren. Op zwee Standuerter, zu 28
Gaasperech an op der Houschter Déckt, schaffen 80 Mataarbechter dorunner, datt souwuel a méi klengen ewéi an immens grousse Gebaier a Punkto Technik alles esou leeft wéi et soll. Dozou zielen Eefamilljenhaiser, Büroskomplexer, Akafszentren, Spideeler an anerer. Ee bedeitenden Deel vun hirer Aktivitéit beleeft sech op d'Installatioun vun där Technik. „Un der Basis ass d'Technik am Héichhaus quasi déi selwecht wéi an engem Privathaus. Well et sech awer ëm ee ganz anere Moossstaf handelt, ass bei grousse Gebaier ee vill méi spezifeschen Know-How gefrot“, erkläert de Pedro Oliveira, Chef vum Gruppement WAGNER TECH. A ville Fäll ass d'Vereenegung vun der Expertise aus méi Beräicher néideg. Esou këmmert sech d'Firma FDElectric ëm déi allgemeng Elektroinstallatiounen, WAGNER Building Systems ëm Heizung-Klima-
Lëftung an CTTL ëm d'Sécherheetstechnik wéi Videoiwwerwaachung oder den „appel infirmier“ an de Kliniken. Ganz nom Slogan vu WAGNER TECH kritt de Client déi ganz Technik „aus enger Hand“.
No der Aarbecht ass virun der Aarbecht Wann d'Anlage bis stinn a lafen, ass just eng Hallschent vun der Aarbecht ofgeschloss. Déi zweet besteet doranner, reegelméisseg dono ze kucken, fir d'Betribssécherheet ze garantéieren an de Wäert vun den Anlagen z'erhalen. „Wéi eis Aarbecht ausgesäit ass vu Client zu Client verschidden. Eenzel Clienten hunn intern een Techniker bei sech, deen nieft sengen normalen Aufgaben d'Geräter betreit a mir gi just fir d'Maintenance oder bei Problemer geruff. Bei anere Gebaier, wou multipel komplex Anlagen installéiert sinn a wou de Client wëllt sécherstellen, datt déi no de Virschrëften a Gesetzer bedriwwe ginn, ass een oder méi Techniker vun eis permanent do, fir sech drëms ze bekëmmeren“, esou den Här Oliveira. Zwar lafen haut vill Prozesser automatesch, trotzdeem muss een Expert op der Plaz sinn, deen den Energieverbrauch iwwerwaacht, Inspektioune mécht an ee preventive Maintenanceplang ausféiert. Nëmmen esou kann de Risiko vu gréissere Problemer miniméiert an eng maximal Energieeffizienz garantéiert ginn. De gelongenen technesche Gebaimanagement mécht sech zum Beispill doranner bemierkbar, datt manner Chargë musse bezuelt ginn.
D'Zukunft am Bléck WAGNER Building Systems kennt op Gronn vu joerzéngtelaanger Erfarung d'Erwaardunge vun hire Clienten zimlech genee. Dës Erwaardunge riichten sech dacks no den Entwécklunge vum Marché an déi gëllt et am Aen ze behalen. Den Här Oliveira erzielt: „An e puer Jore wäerten déi Anlagen, déi mir bauen, all zentral iwwert den Internet duerch eng Aart kënschtlech Intelligenz matenee vernetzt sinn a kënnen z.B. vum selwe gesinn, wéi an den nächsten Deeg d'Wieder ass an sech dorop astellen. Oder unhand vum Agenda um Handy weess d'Gebai, datt dee Mataarbechter deen Dag net méi op de Büro kënnt an dréint d'Heizung erof. Mir schaffe kontinuéierlech dorun, eist Wëssen an déi Richtungen auszebauen, fir datt mir ëmmer um leschte Stand vun der Technik sinn an eise Clienten déi richteg Léisunge kënnen ubidden.“
ANESCHT ASS NET VERKÉIERT
CARGILUX BY CRÉATIONS GILLET
Een neit Buedzëmmer am moderne Stil ka wonnerschéin ausgesinn, mee wat, wann een eppes méi Ausgefalenes wëllt hunn? Cargilux by Créations Gillet presentéiert an hirem 1000 m2 grousse Showroom zu Baaschtnech (B) eenzegaarteg Buedzëmmeren an de Stiler Retro, Barock, Zäitgenësseg a ville weideren, déi een nach ni gesinn huet. Dir frot Iech, wéi esou eent bei Iech kéint ausgesinn? Probéiert et aus, d'Ausmoossen an d'Pläng si gratis! Cargilux ass „installateur agrée“ vu Corian, engem bestännege Material, dat sech ideal fir grouss Flächen am Buedzëmmer eegent, einfach ze ënnerhalen ass a praktesch all Formen a Faarwen unhuele kann. Déi grouss Passioun vum belsche Familljebetrib an der zweeter Generatioun sinn awer Plättercher. De Client fënnt net just eng riseg Auswiel un alle Formater fir bannen a baussen, mee kritt souguer d'Chape an d'Verleeë vu Plättercher bis zu 3 Meter gebueden. Kommt laanscht a besicht Cargilux zu Baaschtnech! 30
Sauna oder Hammam doheem Neierdéngs proposéiert Cargilux an Zesummenaarbecht mat der Firma TYLO och Saunaen an Hammame fir doheem. Wien sech eng perséinlech Wellness-Oas an sengem neie Buedzëmmer wënscht, kritt béides vun elo un aus enger Hand!
17B Rue Abbé Welter | L-9690 Watrange (Walter) Tél: 95 08 21 167 Luzery | B-6600 Bastogne Tél: 0032 61 21 38 94 info@creations-gillet.com www.creations-gillet.com
31
matériaux clement 2B Avenue de la Gare - WILTZ
GARTEN
GARTENMÖBEL KINDERSPIELGERÄTE TERRASSENBÖDEN & DIELEN GARTENGESTALTUNG & DEKORATION GRILLGERÄTE & -ZUBEHÖR
AUSSEN
AUSSENBELEUCHTUNG
BEDACHUNG FASSADEN BAUELEMENTE TROCKENBAU ISOLATION ROHBAUSTOFFE
INNEN
INNENAUSBAU & GESTALTUNG FUSSBÖDEN TÜREN DECKEN & WANDGESTALTUNG SANITÄR & HEIZUNG
+
Services
* Farbmischmaschine * Lieferservice * Plattenzuschnitte
WERKZEUG
info@clement.lu www.clement.lu WERKZEUGE & EISENWAREN BAUZUBEHÖR BAUCHEMIE ELEKTRIZITÄT & BELEUCHTUNG
DEKO
SAISONARTIKEL
FARBEN & BEIZEN TAPETEN LAMPEN & LEUCHTEN LEISTEN & MEHR
Unsere Öffnungszeiten Montag bis Freitag 08:00-12:00 Samstag 08:00-12:00 Tél. : +352 95 80 51
13:00-18:00 13:00-17:00
Fax : +352 95 89 33
Matériaux Clement s.a. 2B avenue de la Gare L- 9540 WILTZ
DÉBUT CONSTRUCTION 2019
RÉSIDENCE
A KURZELT DRINKLANGE Future construction d’une résidence sise dans la commune de Troisvierges à L-9952 Drinklange, se composant comme suit:
NOUS RECHERCHONS
DES TERRAINS À BÂTIR POUR NOTRE CLIENTÈLE
CONSTRUCTEUR:
CARINE DEI CAMILLO & PASCAL POOS L-9217 DIEKIRCH 4, rue du Curé T: +352 27 80 83 56 I www.livinghome.lu
PROMOTEUR:
MIR BOTZEN ÄERT HAUS VUM BUEDEM BIS BEI DE PLAFONG
EIS PRIORITÉIT ASS PROPRETÉIT BANNE WÉI BAUSSEN
nethome jardinage
MIR ERLEEDEGEN ALL HIERSCHTAARBECHTEN AM GAART VIRUM WANTER.
L-9217 DIEKIRCH 4, rue du Curé T: +352 27 80 83 56 I www.nethome.lu
GÉRANCE D’IMMEUBLES LOCATION & VENTE
Transparence et qualité sont les deux clés du succès de notre activité.
Notre objectif est d’accomplir les tâches exécutives de la copropriété. Nous sommes en charge de la gestion des parties communes de l’immeuble, conformément aux dispositions légales, et au respect du règlement de copropriété. Nous mettons à votre disposition nos compétences juridiques et techniques pour l’administration de votre immeuble. Vente et location de biens immobiliers d’occasion
mgh immo s.à r.l. 5, Om Knupp | L-9991 Weiswampach Tél: +352 26 95 73 01 | GSM: +352 691 19 70 07
www.mghimmo.com
Wien an engem eegenen Haus wunnt, ass fir dat ganzt Gebai selwer verantwortlech. Wéi gesäit et dogéint an enger Residenz aus, wou d'Bewunner just fir hiert eegent Appartement zoustänneg sinn? Hei suergt ee sougenannte Syndic, also eng Agence fir d'Gestioun vum Gebai, dofir, datt d'Zesummeliewe fonctionnéiert. mgh immo vu Wäisswampech ass esou ee Syndic. Hinnen hir Aufgab ass et, datt an de Wunnkomplexer alles esou leeft wéi et soll. De Lift muss fonctionnéieren, déi ëffentlech Räimlechkeete vum Gebai musse propper sinn, d'Heizung an d'Luuchte musse goen... an natierlech mussen d'Rechnunge bezuelt ginn. Déi Sue kommen a Form vun enger Avance vun de jeeweilege Proprietären. Um Enn vum Joer gëtt schliisslech gekuckt, ob de Budget mat dësen Avancen opgeet oder ob d'Bewunner Suen zeréck kréien, respektiv nobezuele mussen. „Als Responsabele fir ee gesond Zesummeliewe si mir och den Uspriechpartner fir eis Clienten am Fall vun engem Problem. Souguer wann et just eng Klengegkeet ass, hu mir ëmmer een oppent Ouer“, erkläert d'Cheffin Mireille Gritten, déi zënter 2002 an der Immobiliëbranche aktiv ass. Problemer kënnen awer och ausserhalb vun de Büroszäiten optrieden. An sou engem Fall kënnen d'Bewunner op de Service d'Urgence vun mgh immo zeréckgräifen: „Mir si frou kënnen ze soen, datt mir ee séieren a verléisslechen techneschen Déngscht hunn, deen de Leit weiderhëlleft“. mgh immo ass Member am „Groupement des Syndics Professionnels du Luxembourg (GSPL)“. Den zweeten Aktivitéitsvolet vun der Agence ass de Verkaf an d'Verloune vu Büroen a Wunnengen. „Mir sinn ëmmer op der Sich no neien Objeten. Wien säin Haus oder Büro verkafe wëllt, kann sech jidderzäit bei eis mellen“, seet de Kevin Dederichs, Délégué commercial. Zesumme mat der Baufirma Schilling, dem Versécherungsexpert Schmatz & Partners an dem Immobiliëpromoteur Home & Office Building gehéiert mgh immo zum Gruppement Horizon 360°. Dëse vereent déi véier Betriber ënnert engem Daach a versprécht dem Client eng integral a kompetent Betreiung vu sengem Bau- oder Wunnprojet.
MGH IMMO PRESENTÉIERT
DE BAUMEESCHTER
Wann een sech eng eege Wunneng keeft, falen nieft dem Kafpräis nach lauter Niewekäschten un. mgh immo verréit Detailer doriwwer.
Wéi eng Niewekäschte fale bei der Co-Proprietéit un? D'Käschten, déi reegelméisseg ufalen, sinn d'Versécherung vum Gebai, den Ënnerhalt vum Lift, d'Botze vun den Trapen a Gäng, d'Gaardenaarbecht, de Stroum, d'Bezuelung vun der Syndic an eng Reserve falls eppes futti geet. Als Syndic maache mir ee Budget, deen als Avancë vun all de CoProprietären op Basis vun den Dausendstel, déi hinne gehéieren, bezuelt muss ginn. Wéi vill Dausendstel eng Wunneng huet ass vum Kadaster virginn. Just Waasser an Heizungskäschte fléissen do net mat eran, well déi op de reelle Verbrauch vum jeweilege Proprietär gerechent ginn.
Wéi eng Niewekäschten huet de Keefer vun engem Bestandsgebai? Déi grouss Niewekäschte si 7% Droit d'Enregistrement, déi op de Verkafspräis dropgerechent ginn. Mee jiddwereen, deen zu Lëtzebuerg déi éischte Kéier eng Immobilie keeft, fir selwer dran ze wunnen, huet d'Recht op 20.000 € Kaddo vum Staat. Dat nennt een de bëllegen Akt. Wann een sech een Haus keeft, ginn déi Sue vum Droit d'Enregistrement ofgerechent. Falls sech de Montant annulléiert, muss een awer eng pauschal Zomm vun 100 € bezuelen, well pro forma ëmmer den Enregistrement verrechent muss ginn. 0,9% vum Verkafspräis kritt nach den Notaire a wann een ee Prêt bei der Bank huet, ginn nach 0,8% un d'Hypothéik. 37
10-12, Avenue de la Gare | L-9233 Diekirch Tél.: 80 83 23 1 | info@reinig.lu www.reinig.lu
AGENCE PAUL REINIG
ENG ENTSCHEEDUNG FIR D’LIEWEN
Immobilië sinn eng Matière, déi dacks fir Veronsécherung suergt a bei där ee gären ee kompetente Partner u senger Säit huet, deen engem hëlleft déi richteg Decisiounen ze treffen. D’Agence Paul Reinig iwwerhëlt zënter méi wéi 40 Joer d'Roll vum Intermediaire, deen d’Realiteit vum Marché mat der Virstellung vum Client beschtméiglech ze verbanne versicht. An dësem Interview erzielt den Här Reinig iwwer d'Servicer vu senger Agence a verréit, firwat et sech definitiv rentéiert an de Steen z’investéieren.
38
Wat kritt de Client vun der Agence Paul Reinig gebueden? Paul Reinig: Mir sinn eng etabléiert Immobilienagence a bidden eng komplett Offer ronderëm d'Gebai. Primär besteet déi natierlech aus dem Verkaf, Ukaf an der Locatioun vu Wunnhaiser an Appartementer. Eis Servicer halen do awer bei Wäitem net op. Zënter 20 Joer steet den Numm Reinig fir ee Promoteur, dee souwuel Residenzen ewéi och Haiser baut. Donieft bidde mir d’Gérance vun Immobilien, d'Schätzung vu Gebaier an all Zort vun Assurancen un.
Expérience depuis 1975 Erfarung zënter 1975 Eis Agence huet iwwer 40 Joer Erfarung an der Matière an ass mat dräi Büroen am Land, zu Dikrech, Ettelbréck an an der Stad, fir déi meescht Leit gutt erreechbar. Doduerch, datt alleguer eis Büroen iwwer d’Mëttegstonn op hunn, si mir nach méi accessibel. Et muss een am Virfeld kee Rendez-vous ufroen, et kann een och einfach spontan laanschtkommen a sech berode loossen. De perséinleche Kontakt zum Client huet fir eis een héije Stellewäert. Am Hibléck op d'Zukunft: D'Agence Paul Reinig bleift mat Sécherheet net op engem Punkt stoen. Mir plange fir kontinuéierlech ze wuessen an eis weider z'entwéckelen. Upassen un nei Erausfuerderungen a Verännerungen um Marché si fir eis Prioritéit.
Wéi gesäit eng Gérance vun der Agence Reinig aus? Paul Reinig: Mir iwwerhuelen déi administrativ Aarbechten a kënne Problemer, déi am Laf vun de Joren entstinn, fréizäiteg erkennen an och behiewen. Bei eis kritt een déi passend Assurance an een techneschen Déngscht, dee Reparaturen eegestänneg duerchféiere kann, gutt z’erreechen ass a séier op där Plaz ass, wou e gebraucht gëtt. All eis Démarchë sécheren de prakteschen Alldag. Mir geréieren de Budget, bezuelen d‘Rechnungen an organiséiere fir de Joresofschloss eng Versammlung, wou mir d'Ofrechnung mat allen Detailer presentéieren an erklären, wou d'Suen investéiert goufen.
Achats/Ventes · Locations · Evaluations Kaf/Verkaf · Locatioun · Evaluatioun Gestion d‘immeubles Gestioun vun Immobilien Assurances toutes branches Verséchereng vun all Typ Promotions immobilières Immobilien Promotioun
Une équipe - 3 agences Eng Equipe - 3 Agencen
Firwat ass d’Investitioun an Immobilien esou interessant? Paul Reinig: Immobilië sinn eng sécher Investitioun, déi een attraktive Verdéngscht versprécht. Iwwerdeems ginn et wéineg Placementer, bei deenen een investéiert an duerno awer nach sou ee groussen Afloss drop huet. Als Proprietär vun enger Immobilie huet een d’Fräiheet vill Decisiounen dierfen ze treffen an domat selwer Afloss op d’Entwécklung vu sengem Kapital. Wann een sech gutt drëms këmmert kann een de Wäert bedeitend steigeren. An eppes ass sécher: Et ass ni ze fréi an Immobilien z’investéieren!
12-14, avenue de la Gare L-9233 DIEKIRCH T. 80 83 23-1
12-14, avenue de la Gare L-9233 DIEKIRCH 10-12, avenue Salentiny T. 80 83 23 - 1 L-9080 ETTELBRUCK T. 26 81 59-1
10-12, avenue Salentiny L-9080 ETTELBRUCK 245, rue de Beggen T. LUXEMBOURG 26 81 59 - 1 L-1221 T.26 43 07 19
245, rue de Beggen L-1221 LUXEMBOURG www.reinig.lu / info@reinig.lu T. 26 43 07 19 39
www.reinig.lu · info@reinig.lu
Experienz trëfft op éierlech Berodung Einfach just verséchert ze si geet scho laang net méi duer. Perséinlech Berodung a konkret Informatiounen iwwer ënnerschiddlech Méiglechkeete fir sech a säin Ëmfeld géint potenziell Schied ofzeséchere gewënnt ëmmer méi u Bedeitung. D’Assurance Générale Claude Faber vun Dikrech iwwerhëlt dës Charge gären an zéckt net Iech mat engem gudde Rot zur Säit ze stoen. „Eis ass de perséinleche Kontakt mam Client extrem wichteg. Fir eis steet hien ëmmer un éischter Plaz a mir orientéieren eis u senge Besoinen. De Client gëtt als Partner ugesinn, ausserdeem bidde mir Rotschléi un, déi iwwert den normalen Assurancen-Business erausginn. (Steieren, CTS asw.)“, erkläert de Claude Faber. Seng Berodung offréiert hien an den dräi offizielle Landessproochen, esou wéi op Englesch a Portugisesch. Aktuell sinn zwou Sparte vu Versécherungen ëmmer méi beléift: d’Multimedia-Versécherung an d’Formule Sérénité+. Dës Formule, déi eréischt viru kuerzem agefouert ginn ass, gräift bei Schied, déi duerch Naturgeforen opkommen. Esou beispillsweis bei Iwwerschwemmungen, Äerdbiewen oder Reewaasserschied. An Zäite vum Klimawandel, deen sech och zu Lëtzebuerg bemierkbar mécht, ass et eng Iwwerleeung wäert sech mat Zäite géint dës potenziell Geforen ofzesécheren. A Punkto Steieren ass de September besonnesch interessant, well en den Ufank vum leschte Quartal vum Joer markéiert. Sou kann een d’Zousazpensiounen an Spuerversécherungen vun de Steieren ofsetzen an doduerch héich Steiererliichterunge genéissen. 15 Joer ass et hier, datt d’Agence Générale Claude Faber zu Dikrech hir Dieren opgemaach huet. Domat war et déi éischt AXA Agence, déi et an dëser Géigend ginn ass. Generalagent ass hien awer schonn zënter 30 Joer: „A menger Carrière hunn ech enorm vill Leit kennegeléiert an nei Frënn kritt. Ech hunn ëmmer de Maximum investéiert, fir Leit bei hire Problemer ze hëllefen. D’Fidelitéit vun eise Clientë confirméiert eise Succès.“
D’AGENCE GÉNÉRALE CLAUDE FABER PRESENTÉIERT
DE VERSÉCHERUNGSEXPERT
De Claude Faber stellt zwee gratis Servicer vir, vun deenen een nom Ofschloss vun enger AXAAutosversécherung Gebrauch ka maachen.
Wat ass den Taxi-Joker a wie kann dovu profitéieren? Sollt een emol een iwwert den Duuscht gedronk hunn oder einfach ze midd sinn, fir selwer bis heem ze fueren, spendéiert AXA den Taxi fir den Heemwee vu bis zu 70 km. Soubal een seng Autosversécherung bei AXA ofgeschloss huet, kann ee bis zu dräimol am Joer dësen Taxi-Joker an Usproch huelen. D’Nummer fënnt ee souwuel op der grénger Kaart wéi och an der MyAXA-App. Mat dësem spezielle Service, dee komplett gratis ass (et muss een d’Suen och net virstrecken) droe mir eisen Deel dozou bäi d’Stroosse méi sécher ze maachen an d’Zuele vun den Accidenter ze reduzéieren.
Wéi een anere gratis Service kritt ee beim Ofschloss vun enger Kaskosversécherung offréiert? Wann de Client keng Zäit huet selwer mat sengem Auto an d’Garage ze fueren, këmmere mir eis ëm alles. Dëse Service nennt sech Pick Up & Delivery. Mir kommen Ären Auto bei Iech heem oder op d’Aarbecht sichen, ginn Iech falls néideg een Ersatzauto amplaz a bréngen en och soubal e fäerdeg ass frësch gebotzt nees zréck an huelen den Ersatzauto erëm mat.
Ëffnungszäiten: Méindes bis Freides: 8:00 - 12:00 & 13:00 - 17:00 48, Esplanade | L-9227 Diekirch Tél: 26 81 57 - 1 | claude.faber.agent@axa.lu www.axa.lu/fr/agence-diekirch
41
D'Autosgarage un der Sauer
www.blom.lu
distributeur agréé
Zënter 30 Joer këmmert sech d'Autosgarage Blom zu Angelduerf ëm d'Gesondheet vun hire véierriederege Clienten. Dank modernen Diagnostikapparater, héichwäertegem Geschir an engem zolitten Know-How wëssen de Jang an d'Cora Blom mat hirer Equipe ëmmer, wou grad de Pneu dréckt, an zwar bei alle Marken! Reparaturen un der Karosserie an un der Mechanik iwwert d'Maintenance vu Klimaanlage mat engem spezielle Kältemëttel bis hin zu kniwwelegen Aarbechten un der Elektronik keng Erausfuerderung ass hinnen ze grouss. Dëst läit och dorun, datt si hiert Wësse reegelméisseg op Formatiounen erweideren. „Grad well ëmmer méi Elektronik am Spill ass, muss een an der haiteger Zäit stänneg um Ball bleiwen. All neien Auto stellt nei Ufuerderungen a mir mussen den Duerchbléck behalen", erzielt de Jang. D'Cliente wëssen hiert Engagement duerchaus ze schätzen, verschiddener komme souguer aus dem Ausland extra bis op Angelduerf. Ee kloert Zeeche fir éischtklassege Service. Zënter 2008 ass d'Garage Blom réparateur agrée vum franséischen Hiersteller Citroën an eréischt zënter Ufank leschtem Joer offiziellen Distributeur vu Suzuki. „Mir hunn eis fir dës Mark entscheet, well si verléisslech Autoe produzéiert an eng immens fiabel Clientèle huet", erkläert d'Cora Blom. No annerhallwem Joer Zesummenaarbecht mam japaneschen Hiersteller konnten si eng grouss Zefriddenheet verzeechnen. Am Mee huet Suzuki mat sengem neie Swift Sport 2018 nach eng Schëpp dropgeluecht. Dësen Auto mat engem 1,4 Liter 4 Zylinder Boosterjet Bensinsmotor mat TurboOpbereedung bréngt eng Leeschtung vun 140 PS op den Dësch, dat bei engem interessante Verbrauchswäert vu 6L / 100km. Natierlech ass en an der Garage Blom ze kréien. Nieft dem Verkaf an der fachgerechter Reparatur vu motoriséierte Ween bitt den Angelduerfer Betrib och 24/7 Depannage an ass am Noutfall séier op der Plaz.
GARAGE JANG BLOM SA 49a, rue de la Sûre | L-9161 INGELDORF
Tél.: +352 80 84 86-1 | info@blom.lu
Fir sech nach besser ëm hir Clientë kënnen ze këmmeren, wäert d'Garage Blom am Laf vum nächste Joer an déi nei Industriezon ZANO um Friddhaff plënneren an sech vergréisseren.
GARAGE BLOM PRESENTÉIERT
DE ROAD RUNNER
D'Hierschtsaison kënnt ëmmer méi no. Fir datt den Auto ideal dorop virbereet ass, huet d'Garage Blom nach zwee Tipps fir Iech Lieser.
Den Check Up no der Vakanz
D'Virbereedung op den Hierscht
Vill Leit vergiessen, den Auto emol ganz duerchkontrolléieren ze loossen, ier se domat an d'Vakanz fueren. Wann no villen honnerte Kilometere keen Tëschefall opgetrueden ass, hat ee Chance, mee dann ass et grad no der Vakanz wichteg een allgemengen Check Up ze maachen. Dat wieren zum Beispill d'Kontroll vum Ueleg a vum Waasser, vum Loftdrock an de Pneuen asw. Eng laang Faart bis an d'Vakanz an zréck ass net just fir de Chauffeur ustrengend, mee virun allem fir den Auto.
An der méi killer Joreszäit sinn d'Konditiounen op der Strooss anescht wéi am Summer, virun allem wéinst de Blieder. Dowéinst sollt een onbedéngt d'Pneue kontrolléiere loossen. Fir een optimale Schutz vum Lack ze garantéieren, kann een den Auto bei eis op der Hand wäschen a fleege loossen. Op Wonsch bidde mir och Polissage un, fir datt den Dreck sech net sou séier ka festsetzen.
43
La nouvelle VOLVO V60 LE NOUVEAU MODÈLE FAMILIAL
La nouvelle VOLVO V60 La nouvelle Volvo V60 est un break fait pour les familles d’aujourd’hui, véritablement conçu pour protéger ce que vous avez de plus cher.
LE NOUVEAU MODÈLE FAMILIAL
Grâce à une combinaison de savoir-faire suédois, de fonctionnalités intelligentes et de technologies de sécurité très pointues, la Volvo V60 vous offrira de superbes moments, La nouvelle Volvo V60 est un break fait pour les familles d’aujourd’hui, à vous et à tous ceux qui vous accompagnent. véritablement conçu pour protéger ce que vous avez de plus cher. Voiture familiale créée pour une nouvelle génération, la nouvelle Volvo V60 est réinventée avec Grâce à une combinaison de savoir-faire suédois, de fonctionnalités intelligentes un espace intérieur vaste et multifonctionnel et un design tout à fait nouveau. et de technologies de sécurité très pointues, la Volvo V60 vous offrira de superbes moments, Bref, un break polyvalent, sportif et dynamique, imaginé pour vous faire profiter du meilleur de la vie. à vous et à tous ceux qui vous accompagnent. Voiture familiale créée pour une nouvelle génération, la nouvelle Volvo V60 est réinventée avec un espace intérieur vaste et multifonctionnel et un design tout à fait nouveau. Bref, un break polyvalent, sportif et dynamique, imaginé pour vous faire profiter du meilleur de la vie.
2,1 – 7,6 L/100 KM I 49 – 176 G CO2/KM (NEDC correlated)
2,0 - 7,8 L/100 KM I 46 - 181 G CO2/KM (NEDC correlated) 2,1 – 7,6 L/100 KM I 49 – 176 Autopolis Nord 8 Zone artisanale et commerciale L-9085 Ettelbruck www.autopolis.lu (+352) 81 24 99
G CO2/KM (NEDC correlated)
2,0 - 7,8 L/100 KM I 46 - 181 G CO2/KM (NEDC correlated)
Autopolis Nord 8 Zone artisanale et commerciale L-9085 Ettelbruck (+352) 81 24 99
www.autopolis.lu
Informations environnementales (A.R. 19/03/2004) : www.volvocars.be. Visuel présenté à titre d’illustration.
KROPEMANNSFEST
RÉIDENER TRADITIOUN
Een Dag am Joer dréint sech zu Réiden alles ëm d’Waassergespenst Kropemann. Eng Manifestatioun, déi di ganz Famill ze begeeschtere weess. Den Optakt gëtt wéi ëmmer moies um 10 Auer vun engem politeschen Theaterstéck vum Jeannot Nehrenhausen markéiert. D’Familljeministesch Corinne Cahen, d’Cécile Hemmen an de Claude Turmes wäerten zesumme mat hire Matspiller d’Spectateuren zum Laache bréngen. Een Highlight vun der 7. Editioun ass eng Show vun 3 Stonnen, déi vum Käpt’n Ändä an dem Matrous K1000 zesumme mat der Fada’s Family opgefouert gëtt. Iwwerdeems gëtt et eng nei Kropemanns-Spezialitéit. Nieft Baguette, Wurscht, Béier, Likör a Keramik kritt een elo och spezielle Kropemanns-GIN ze kafen. Déi éischt Kéier an der Geschicht vum Kropemannsfest ass een Ofschloss virgesinn, bei där de Kropemann vun engem Cortège bis zréck bei d’Atert begleet gëtt, wou en nees am Waasser verschwënnt bis d’nächst Joer. Ee kuckenswäerte Spektakel!
45
Mo-So: 09:30 - 19:00
außer am 25.12. & 01.01.
Op der Haart 15
WÄMPERHAART gegenüber vom Shopping Center Massen
ÄNDERUNGSSERVICE BÜCHER KOSTENLOSE PARKPLÄTZE SCHMUCK SCHUHE ADLER CLUB RUHEZONE WASSERSPENDER
Adler - alles passt! „Wann d’ADLER-Mataarbechterin méi Frendin wéi Beroderin ass - da passt et.“ Ënnert dësem Motto vereent den ADLER-Buttek op der Wämperhaart schonn zënter zwee Joer eenzegartege Service mat engem ëmfangräiche Choix u Marken. Een interessante Mix aus renomméierte Labele wéi Zabaione, Punt Roma oder Lerros a präis-attraktiven eegene Marke wéi My Own oder Via Cortesa loossen d’Dammenhäerze méi héich schloen a brénge frësche Wand an d’Kleederschief vun den Hären. „Mir freeën eis, eis Clienten ëmmer erëm mat den neisten Highlights aus der Moud z’iwwerraschen. Damme mat enger gréisserer Taille kënne mir mat der Thea-Kollektioun gutt zerwéieren. Och d’Häre komme mat dem Label Lerros voll op hir Käschten. Fir d’Fans vun Dirndl & Co. bidde mir iwwerdeems eng breet Palett un Truechten un. Mäin Team an ech sti bei der Auswiel natierlech ëmmer hëllefräich zur Säit“, versprécht de Camille Seil, Gérant vun der ADLER-Filial op der Wämperhaart. „Mir hunn och Kannerkleedung vun Tom Tailor, sou datt mir déi Kleng - moudesch gesinn - grouss erausbréngen“, erzielt hie weider. Nieft senge moudeschen Trends zeechent sech ADLER virun allem duerch säin um Client orientéierte Service aus. Gratis Parkplazen, ee Waasserspender an een Ännerungsservice suergen zousätzlech fir een onvergiesslecht Akafserliefnis. Mat enger kulanter Ofwécklung vum Ëmtausch an enger sougenannter „Ruhezone“ fillen sech d’Cliente bei ADLER duerchaus wuel.
MARKEN ALPHORN/BEXLEYS EDITION/BEXLEYS EXCLUSIVE/ BEXLEYS MAN/ BEXLEYS WOMAN/ BIG FASHION/EAGLE DENIM/EIBSEE/ J.CLUB/JAKO/KJBRAND/LERROS/ MALVA/MUSTANG/MY OWN/ NUR DIE/ PADOCK'S/PIONEER/PUMA/ PUNT ROMA/STEILMANN/SUPRAX/ SWAROVSKI CRYSTALS ROSES & ANGELS/ SCHIESSER/SENATOR/SLOGGI/SPEIDEL/ THEA/ TOM TAILOR KIDS/TRIUMPH/ VIA CORTESA/VIANIA/ VIVENTY/ BERND BERGER/WRANGLER/ZABAIONE
www.adlermode.com
ADLER feiert dëst Joer säi 70. Anniversaire an ass mat iwwer 180 Geschäfter an Däitschland, Éisträich, zu Lëtzebuerg, an der Schwäiz an engem Onlineshop eng vun de gréissten däitsche Moudechaînen. Nieft dem Buttek op der Wämperhaart fanne Clienten zu Lëtzebuerg zwee weiderer zu Féitz an zu Stroossen. „Getrei dem Motto ‚mir feieren d’Liewen‘ kënnen d’Clienten sech am Kader vum Anniversaire iwwer flott Aktiounen an Offere freeën“, seet den Thomas Freude, CEO vun der ADLERAktiengesellschaft.
ADLER MODE PRESENTÉIERT
DE LIFESTYLE
Adler Mode verkeeft am Buttek an online Truechte fir op d’Oktoberfest. Op wéi eng Säit ee beim Dirndl de Putsch sollt bannen, wat et Exklusives fir d’Häre gëtt a wat sech hannert dem Click & Collect verstoppt verréit de Camille Seil, Gerant op der Wämperhaart.
Wéi eng Bedeitung huet d’Positioun vum Putsch vum Dirndl a wat gëtt et Spezielles fir d’Männer fir d’Oktoberfest? Dréit een de Putsch vum Dirndl op der rietser Säit, bedeit dat, datt een a festen Hänn ass. Op der lénker Säit placéiert signaliséiert de Putsch, datt ee Single ass an de Putsch vir an der Mëtt weist, datt een nach Jongfra ass. Witfraen a Serveusë bannen hire Putsch hannen an der Mëtt. Nieft engem grousse Choix un Dirndlen fënnt ee bei eis och alleguer d’Accessoiren an déi passend Schong. D’Männer fannen exklusiv bei eis eng traditionell „Lederhose“ mam roude Léiw drop. Esou ass ee mat Sécherheet een Highlight op all Oktoberfest.
Wéi eng Virdeeler bitt de Click & Collect? D’Click & Collect Funktioun erméiglecht de Clienten d’Wueren online ze bestellen an se an den iwwer 180 Butteker an Däitschland, Éisträich, Lëtzebuerg an der Schwäiz ofzehuelen, falls néideg ëmzetauschen oder zréckzeginn, sou wéi no der Berodung am Buttek mat passenden Deeler z’ergänzen. Duerch dësen zousätzleche Service gëtt den Onlineshop mat de reelle Geschäfter verbonnen. D’Clientë kënnen esou engersäits ronderëm d’Auer vum Onlineshop profitéieren an anerersäits jidderzäit an een Adler-Geschäft kommen, fir kompetent a virun allem perséinlech beroden ze ginn.
47
ABRASION MICRODERMIQUE AU DIAMANT
Un traitement de luxe
MICRO NEEDLING
avec des
diamants
pour les plus hautes exigences dermaceutiques Rajeunissement de la peau Raffermissement de la peau Réduction des rides En cas de cicatrices En cas de vergetures Eclaircissement en cas de troubles de la pigmentation Diminution des pores dilatés Amélioration du grain de peau
Institut de beauté doté de la dernière technologie
1
Wiltz
27, rue des Tondeurs Tél: 95 91 71
www.beauty-lounge.lu
Dudzinski Nina
infirmière diplomée pédicure médicale T. 691 30 53 36
Langer Jenny
pédicure médicale T. 661 40 45 11 Korrektioun vun agewuessenen Neel (Spangentechnik) ouni Péng an Operatioun Behandlung vun: • Waarzelen a pilzbefalen Neel (ouni Péng) • Diabetiker Féiss
„Gutt zu Fouss“ 7, op der Schleed L-9273 Diekirch
48
Ettelbruck
5a, rue Prince Jean Tél: 27 03 33 70
LINGERIE ELVIRE
DRAM-ËNNERWÄSCH FIR JIDDWEREEN
Ee BH ass wéi eng gutt Frëndin: en ënnerstëtzt, léisst een net hänken an et dréit een en no um Häerz. A genee dofir ass et wichteg sech Zäit ze huele beim Kaf vun der Ënnerwäsch. Si soll eng perfekt Passform hunn a sech wéi eng zweet Haut ufillen. D’Elvire Meder-Scholtes an hiert Team stinn Iech gäre berodend zur Säit. Et ass wichteg, datt all Cliente genee dat fënnt wat hirem Goût a hirem Stil entsprécht. Si soll beim Kaf e Glécksgefill oder e Wow-Effekt hunn. „E klenge Wellness fir Kierper a Geescht.“ Zënter 15 Joer gëtt et d’Lingerie Elvire zu Dikrich. De Buttek iwwerzeegt mat sengem Service, sengem elegante Kader a senger grousser Auswiel. D’Damme fannen déi gréisst Offer an der Géigend vu Prima Donna, Marie Jo, Twist a ville weideren Topmarken an alle Gréissten. Donieft bitt d’Lingerie Elvire Beachwear, Pyjamaen, Nuetshiemer, Buedmäntel an Accessoirë fir Dammen an Hären un.
43, Grand-Rue | L-9240 Diekirch Tél.: 26 80 07 78 | elvire@pt.lu Facebook: Lingerie Elvire
49
28.11.2018 – 02.12.2018
Foto: © Kultour Z.
Das Weihnachtsland im ERZGEBIRGE Preis pro Person im DZ 645€ Preis pro Person im EZ 705€
08.02.2019 – 17.02.2019
Polarlichterzeit in FINNISCH LAPPLAND
1830€ 1895€ Preis pro Person im EZ (Bettkabine innen) 2290€ Preis pro Person im EZ (Bettkabine außen) 2390€ Preis pro Person im DZ (Bettkabine innen)
Preis pro Person im DZ (Bettkabine außen)
-9911 TROISVIERG 5 , Z . I . I n d e n A l l e r n ( B . P. 1 1 ) | L
1 32 | ES | Tél.: 99 8
o@ste 70 | inf Fax.: 97 96
p h a n y. l
u
www.stephany.lu
TRAITEUR E V E N T S CAT E R I N G i n f o @ p a r t y s e r v i c e - s ch m i d t . e u w w w. p a r t y s e r v i c e - s ch m i d t . e u
L-9912 Troisvierges Tel.: +352 26 909 742 B-4760 Büllingen Tel.: +32 80 643 068
50
OPTIK & AKUSTIK FACELOOK
FIR MÉI LIEWENSQUALITÉIT
De Verloscht vum Gehéier huet net just Afloss op déi Person, déi dovu betraff ass, mee och op Frënn a Famill. Zënter bal 20 Joer schafft de François Fagnoul selbststänneg als international unerkannten Akustiker a beméit sech drëms senge Clienten ee positiivt Liewensgefill ze ginn. An sengem modernen Héierzentrum Facelook zu Klierf gëtt fortschrëttlech Technologie an héchster Tounqualitéit gebueden. Är Problemer vum Gehéier gi genee analyséiert, gemooss an op d'Recommandatioun vum Ouerendokter u komfortabel Héiersystemer ugepasst. Facelook bitt kabellos an digital Héiersystemer fir all Präis a vu bekannte Marken ewéi Phonak, Oticon, Starkey, Signia, Widex avw. Zu hire Servicer zielen den Entretien an d'Fleeg vun dësen Héiersystemer, genee esou wéi een ëmfangräiche Service après Vente. Iwwerdeems bidden si In-Ear-Monitoring an individuellen Ouereschutz fir all Besoin an all Situatioun.
36, Grand-Rue | L-9710 Clervaux Tél: 26 90 39 43 www.facelook.lu
51
BITZ A KAFFI HAUS
PRODUKTIV OFSCHALTEN
Zu Dikrech huet viru kuerzem ee Stoffbuttek opgemaach, deen definitiv méi wéi just de Verkaf vu Stoffer a Bitzmaterial ze bidden huet. D’Bitz a Kaffi Haus ass een Treffpunkt fir Jonk an Al, wou een ee Kaffi drénken an donieft vill bäiléiere kann. Ufänger hunn d’Wiel un enger Partie Workshops deelzehuelen, déi vun de Bitz-Basics bis hin zu méi komplexen Theme reechen. Et ginn och speziell Coursë fir Kanner vun 10 bis 14 Joer ugebueden. D’Material kritt een op der Plaz bereetgestallt. Et muss ee just am Virfeld säi Stoff eraussichen a wäschen. Wien sech scho bëssen auskennt an trotzdeem Hëllef bei engem Projet brauch, kann sech fir een Atelier umellen. D’Bitz- an Overlock-Maschinne kënnen och just gelount ginn. Iwwerdeems ass d’Bitz a Kaffi Haus dee richtegen Uspriechpartner, wann een sech eng eege Maschinn zouleeë wëllt. Ee Choix u Maschinne vun der Mark Juki ass op Stock an et kritt een eng Aféierung offréiert. 52
30, Grand-Rue | L-9240 Diekirch Tél.: 26 80 45 01 / 621 136 566 | winny@bitzakaffihaus.lu Ëffnungszäiten: Dënschdes bis Samschdes vun 10-13h & 14-18h FB: Bitz a Kaffi Haus
LIBRAIRIE ZIMMER PRESENTÉIERT
D’IESELSOUER
D’Bomi ass dout - Eng Schachnovell Joseph Kayser Ee klengt, stuppegt Buch mat engem Liichttuerm drop – de Cover léisst u Vakanz denken, an ëm déi geet et och am Buch. De Julien war nach ni an enger Vakanz, mee dëse Summer ass alles anescht an hie fiert mat sengen Elteren a mat der Bomi un d'Mier. Op knapps 90 Säite léiert een de Julien an seng Passioun fir Schach kennen an et waart een drop, datt d'Bomi stierft. Déi läscht 10 Säite si voller Aktioun an et muss een einfach schmunzelen. Eng flott Lektür fir op der Plage.
Editions Schortgen
ISBN 978-99959-36-57-0
13,50 € Sympathesch Kauzen Henri Losch Um Deckel steet: „Et ass net alles wouer, wat an dësem Buch geschriwwe steet.“ Den Henri Losch bréngt eis mat sengem neie Buch a 24 klenge Geschichte bäi, datt net ëmmer alles „Mainstream“ ass. Et ginn där echter Kauzen, déi net an dat genormte Bild vun eiser Gesellschaft erapassen, fréier net an haut scho guer net. An awer waren a sinn déi stigmatiséiert Leit Deel vun eiser Kultur. Mir missten eis emol Froe stellen, ob dat fir jiddweree vun eis net och de Fall ass. Loosse mir si Deel vun eisem Liewe ginn oder weise mir mat de Fanger op déi, déi anescht sinn? Loosst Iech entféieren a skuril Geschichte vu fréier an haut.
Editions Guy Binsfeld ISBN 78-99959-42-44-1
22,90 €
Eine ungewöhnliche Freundschaft / Die geheimnisvolle Kiste Cycle 3, Schoul Géisdrëf D’Joffere Maïté Kreutz, Edith Collette a Monique Schmit hu mat hirem 3. a 4. Schouljoer ee ganz besonnesche Projet gemaach: Si hunn ee Buch erausginn. Si hu jeeweils an hirer Klass d’Geschicht erfonnt, geschriwwen an och illustréiert. Si kruten dobäi Hëllef vun der bekannter Kannerbuchautorin Susy Schmit. D'Kanner hunn dat ganzt Schouljoer dru geschafft an si kënnen houfreg sinn op hiert Resultat. Déi zwou onofhängeg Geschichte sinn op Däitsch geschriwwen an et geet ëm Frëndschaft a Wäerter. D’Illustratioune sinn zum Deel fräi gemoolt, heiansdo mat Schablounen oder mat Collagetechnike verschafft. Si schwätze Kanner bis Enn Grondschoul un. Ënnerstëtzt dëse flotte Projet, vläicht och fir de Cours „vie et société“, wann Dir Enseignant sidd!
ISBN 978-99959-93-44-3
20,00 €
6 & 11, rue Saint Antoine L-9205 Diekirch
Tél: 80 95 59 Fax: 80 71 62
Lun. - Ven. 08:30 - 18:00 Sam. 09:00 - 17:00
www.zimmer.lu 53
Burger a Kniddelen emol anescht
STUFF 10, Place de la Libération L-9255 Diekirch Tél.: 26 80 08 03
Wien denkt, Lëtzebuerger Kiche wier langweileg, dee war nach net an der Dikkricher Stuff. Et ass ee Café-Bistro, deen zanter Éiwegkeeten op der Place de la Libération zu Dikrech existéiert, awer virun dräi Joer vergréissert gouf an zënterhier ënnert engem ganz neie Konzept leeft. Wou et fréier just Gedrénks an einfach Snacks gi sinn, kommen haut vill Gäscht wéinst der immens ofwiesslungsräicher Menüskaart. Virun allem Lëtzebuerger Plate si vertrueden, allerdéngs mat engem modernen, jugendlechen Touch. Esou proposéiert d'Stuff Kniddelen an néng Variatiounen, dorënner mat Saumon, Poulet Curry oder gratinéiert. „Meng Iddi war et, dat Traditionellt mat eppes Modernem ze verbannen“, seet de Chris Bodilsen, Patron vun der Dikkricher Stuff. Dës Iddi weist sech och bei hire Burgeren: 11 verschiddener ginn ugebueden, dorënner richteg kreativer wéi de Farmer's Burger mat Ananas-Chutney oder den immens beléifte Gromperekichelchers-Burger. Nieft dësen ausgefalene Spezialitéite schätzen d'Gäscht, datt alles op der Plaz frësch zoubereet gëtt. „Mir schaffe vill mat regionale Produiten a maachen alles selwer, souguer Zoossen ewéi eis BBQ an d'Mayonnaise. Fir déi gi mir vill gelueft“, erzielt den Jim Paulus, deen d'Dikkricher Stuff zesumme mam Chris leet.
LU.-JE.: 10.00-01.00 hrs VE.-SA.: 10.00-03.00 hrs DI.: 10.00-01.00 hrs Kichen: 11.30-14.00 hrs 18.00-22.00 hrs Dikkricher Stuff
eg e D 2 36 er o J m a op!
54
Trotz hirem jugendleche Charakter versammelen sech an der Dikkricher Stuff Leit vun all Alter an aus alle Gesellschaftsschichten. An dat besonnesch während de Mëttespausen, well et séier viru geet an ee sécher ka sinn, mat Zäiten nees op der Schaff oder an der Schoul ze sinn. Wann een de Plat du Jour hëlt, deen all Dag frësch zoubereet gëtt, geet et souguer nach méi séier. Et lount sech awer, am Viraus ze reservéieren. Mee och ouni virdrun unzeruffe brauch ee quasi net ze fäerten, emol virun enger zouener Dier ze stoen. D'Dikkricher Stuff huet just eng Hand voll Deeg am Joer zou.
DIKKRICHER STUFF PRESENTÉIERT
DE GAUMENSCHMAUS
Burger du Chef
D'Dikkricher Stuff ass Expert, wann et ëm Burgere geet. Dir wëllt gären ee vun hire beléifte Burgeren doheem nomaachen? Hei ass d'Rezept dofir!
Esou gëtt et gemaach: Fir d'éischt alles preparéieren a kleng schnëppelen. D'réi Ham schéin dënn schneiden. Déi dënn Tranchë vum Rëndsfilet kuerz ubroden.
Dir braucht: 200g dënn geschniddene Rëndsfilet 4 Tranchë Parma-Ham 1 gutt Bréitchen 1 Spigelee Frësch Tomat Mozzarella Selwergemaachte Pesto Rucola
D'Bréitchen an zwee schneiden an op béide Säite liicht toasten. All d'Ingredienten an dëser Reiefolleg op déi ënnescht Hallschent vum Bréitche leeën: Tomat, de Filet, Mozzarella, d'Ham, de Pesto, d'Spigelee an de Rucola. Zum Schluss nach den Deckel drop an zerwéieren!
55
«« Made Doheem » Made Doheem » � Palissage ,Agriculture, Fils industriels � Palissage ,Agriculture, Fils industriels y Fils barbelés, Clôtures, Pointes, Fils à vignes et accessoires, Treillis soudés, fils galvanisés y Fils barbelés, Clôtures, Pointes, Fils à vignes et accessoires, Treillis soudés, fils galvanisés
Contactez-nous : Contactez-nous :
ArcelorMittal Bissen ArcelorMittal Bissen Route de Finstersthal Route Finstersthal 7769deBissen, Luxembourg 7769 Bissen, Luxembourg + 352 835 772 332 +www.arcelormittal.com 352 835 772 332 www.arcelormittal.com
� Fibres d’acier � Fibres d’acier y Pour le renforcement du béton
y Pour le renforcement du béton
DAILY CONNECTIONS
BENELUX | SCANDINAVIA
DAULUX S.A. CUSTOMIZED LOGISTICS
EST. 1987 | PART OF H. DAUGAARD GROUP 10, Route de Luxembourg | L-7759 Roost | +352 268836 20 | daulux.com
INDUSTRIE ZU BIISSEN
EE RICHTEGT VIRBILD
Wat seng Gréisst an Awunnerzuel ubelaangt, spillt Biissen zu Lëtzebuerg am ënneschte Mëttelfeld. Kuckt een sech dogéint seng wirtschaftlech Entwécklung un, kéint dës Gemeng am Zentrum vum Land ganz geschwënn an der éischter Liga matspillen. Virun allem an de leschten 10 Joer huet sech esou munches gedoen an dat, wat an nächster Zäit dobäikënnt, ass souguer nach méi impressionnant. „Doheem“ huet mam Buergermeeschter Jos Schummer iwwer d'Vergaan-genheet, d'Géigewaart an d'Zukunft vun der Biisser Wirtschaft geschwat.
Een eisene Pionéier D'industriell Vergaangenheet vu Biissen léisst sech bis an d'17. Joerhonnert retracéieren. Si huet hiren Ursprong an der Entdeckung vun eisenhaltegem Gestengs, dat op de Baueren hire Felder an héije Quantitéiten ze fanne war. Nach bis an d'Mëtt vum 19. Joerhonnert ass dëst Eisenäerz ausgegruewen, ageschmolt, weiderverschafft an zu engem groussen Deel an d'Belsch exportéiert ginn. Tatsächlech huet d'Eisenindustrie zu Biissen eréischt richteg ugefaangen ze floréieren, wéi d'Äerzgewënnung op en Enn gaangen ass. 1887 ass déi bekannten 57
Neelfabrick opgaangen, wou joerzéngtelaang Neel an Handaarbecht vun den Nolschmatten, de sougenannte „Klautercher“, hiergestallt goufen. De Fortschrëtt am Maschinnebau huet schlussendlech dozou gefouert, datt d'Produktioun vun 1910 un maschinell gelaf ass. Am selwechte Joer koum et och zu der Grënnung vun der „société métallurgique de Bissen“, déi d'ARBED 12 Joer méi spéit iwwerholl huet. Mëttlerweil ginn zu Biissen keng Neel méi gemaach, well d'Produktioun an den 90er Joeren an Osteuropa verluecht ginn ass, fir um Marché präislech kompetitiv ze bleiwen. Trotzdeem gëtt de Begrëff „Klautchen“ bis haut mat der Uertschaft an hiren Awunner associéiert. D'Fabrick ass allerdéngs nach ëmmer aktiv. Aktuell ginn do sëllechen Zorten Dréit gemaach, déi an den ënnerschiddlechste Gebidder wéi der Konstruktioun, dem Wäibau oder der Autoindustrie zum Asaz kommen. „Biissen ass op Nischeproduite spezialiséiert. Well d'Fabrick hir Produktioun der Demande um Marché stänneg ugepasst huet, ass et hir gelongen, bis haut erfollegräich ze bleiwen“, seet de Buergermeeschter Jos Schummer. Mat ronn 400 Mataarbechter ass déi fréier Neelfabrick souguer de gréissten industrielle Betrib zu Biissen.
Den industriellen Trio Mat der Geschicht vun der Eisenindustrie ass just ee Kapitel vun der Biisser Wirtschaft erzielt. Déi héchste Konzentratioun un ekonomescher Aktivitéit befënnt sech knapp ee Kilometer ëstlech, nämlech am Uertsdeel Rouscht. An iwwer 30 Betriber, verdeelt op dräi Artisanalzone mat enger Fläch vun am Ganze 46ha, si gutt 1500 Persoune beschäftegt. Wéi an de meeschten Aktivitéitszone sinn d'Secteure gemëscht. Fir e puer Beispiller ze nennen, ginn um Rouscht gliese Fassaden, Baudeeler fir Maschinnen, Leitplanken, Schräiner- an Daachdeckeraarbechten, Autoen an Heizungsservicer ugebueden, respektiv hiergestallt. Ausserdeem befannen sech do d'Kontrollstatioun fir Camionen an deen eenzegen Datenzenter op der Welt, dee vollstänneg mat grénger Energie gekillt gëtt. Déi eelst vun den dräi Biisser Zonen nennt sech „Klengbousbierg I“ a gouf ufanks den 2000er op d'Initiativ vum deemolege Buergermeeschter Camille Petry realiséiert an 2008 fäerdeggestallt. „Eng Rei Betriber aus dem
Duerf si fortgeplënnert, well si keng Plaz haten, fir sech ze vergréisseren. Mir wollten awer net all eis Betriber verléieren an hunn hinnen dowéinst an der Gemeng eng 'Zone d'Activité Commerciale' amenagéiert“, erzielt den haitege Buergermeeschter. Ee Besoin no méi Plaz huet definitiv bestanen. Net just d'Entreprisen aus dem Duerf sinn op de Rouscht geréckelt, och vun ausserhalb sinn immens vill Demanden erakomm. Den neie Gemengerot ënnert der Leedung vum Jos Schummer huet dowéinst 2011 decidéiert, d'Zon Klengbousbierg z'erweideren. „Klengbousbierg II“ heescht den neien Deel, deen eréischt d'lescht Joer fäerdeggestallt ginn ass a wou sech momentan 16 Betriber befannen. Déi drëtt Zon, genannt „Am Seif“, befënnt sech südlech vum Klengbousbierg a setzt sech zanter 2010 aus zwou gréissere Societéiten zesummen. Eng drëtt fänkt nach dëst Joer u mat Bauen a bréngt an noer Zukunft 700 zousätzlech Aarbechtsplaze mat sech. Och an den zwou aneren Zone rullen d'Baggeren, wat op weider Expansiounen hindeit.
Ee Sege fir jiddereen Datt esou vill Firmae vum Duerfkär op de Rouscht geplënnert sinn, huet net nëmme fir d'Geschäftsleit, mee och fir d'Awunner bedeitend Virdeeler. De Parkplazeproblem wéinst den Autoe vun den Employéen, esou wéi d'Gefor fir d'Schoulkanner duerch de ville Verkéier konnte staark reduzéiert ginn. Iwwerdeems ass de Kaméidi, deen duerch d'Schaffen ënnerhalb vum Wunnperimeter entstanen ass, ewechgefall. Ee Park tëscht der Uertschaft an dem Klengbousbierg schaaft zousätzlech eng akustesch a visuell Barrière.
nach bis viru kuerzem „Luxembourg Automotive Campus“ geheescht huet. Esou wäerte beispillsweis Sensoren oder Autoen ouni Chauffeur do getest ginn. Well sech d'Fuerschung awer net eleng op dëse Beräich limitéiere soll, gouf den Numm geännert. Bis de Campus a Betrib geholl gëtt, dauert et net méi laang. Schonn Enn Summer sollen d'Infrastrukturaarbechte fäerdeg sinn a wann de ganze Site bis vollstänneg um Lafen ass, kéinte bis zu 4000 Leit do schaffen. „Mir hu grouss Erwaardungen un dësen neie Site. D'Technologien, déi do entwéckelt wäerte ginn, kënne spéider potentiell op der ganzer Welt genotzt ginn“, esou de Buergermeeschter. Wichteg ervirzehiewen ass awer, datt um Innovation Campus keng Produktioun wäert stattfannen.
Den Dossier Google D'lescht Joer huet d'Gemeng Biissen Schlagzeile gemaach, well d'Firma Google wëlles huet, ee Rechenzenter mat risege Serverraim do ze bauen. Dofir huet de kaliforneschen InternetGigant een 33,7ha groussen Terrain kaaft. Dëse Projet bedeit, wann e realiséiert gëtt, een erhiefleche Boost fir de Ruff an d'Wirtschaft vum ganze Land. Ier et allerdéngs lassgeet, mussen op där Fläch eng ganz Rei Etüde gemaach ginn, fir z'iwwerpréiwen, ob ee Gebaikomplex an där Gréisstenuerdnung iwwerhaapt do gebaut dierf ginn. Et gëtt ënner anerem gekuckt, ob sech ënnert dem Buedem archeologesch Schätz befannen, ob sech an deem Gebitt geschützten Déierenaarten ophalen a wéi den enorme Stroum- a Waasserverbrauch ofgedeckt ka ginn. „Nëmme well et ëm Google geet heescht dat net, datt mir eng Extrawurscht broden“, verséchert de Buergermeeschter Schummer.
Innovatioun made in Bissen D'Gemeng Biissen gesäit hir Zukunft an der Fuerschung u modernen Technologien. Fir dës Fuerschung z'erméiglechen, entsteet momentan um fréiere Site vun der Goodyear Wire Plant tëscht dem Klengbousbierg an dem Seif de 14ha groussen „Innovation Campus“. Dee soll Betriber ewéi Universitéiten eng Plattform bidden, fir nei Technologien z'entwéckelen. Virun allem den Automobilsecteur ass uviséiert, wouduerch den Terrain 59
„Wa beispillsweis eng Réimervilla dohannen ausgegruewe gëtt, kann dat de Projet ëm eng ganz Rei Joren no hanne geheien.“ D'Etüde sinn aktuell nach am Gaangen, am Hierscht sollen d'Resultater dovunner bekannt ginn.
Gespaant op dat, wat nach kënnt Déi ganz Entwécklungen, déi zu Biissen geschéien a geschitt sinn, hunn am Endeffekt een Zil: d'Gemeng fir spéider Zäiten ofzesécheren an de Liewensstandard op engem héijen Niveau ze halen. De Jos Schummer: „Déi Suen, déi dank eiser staarker Wirtschaft d'Gemengekeess fëllen, fléissen an déi lokal Infrastrukturen a kommen domat de Bierger zegutt“. Ënnert dem Stréch presentéiert sech Biissen als eng zukunftsorientéiert Gemeng, déi an nächster Zäit ganz bestëmmt nach vill vun sech héiere loosse wäert.
CHAUFFAGE
SANITAIRE
CLIMATISATION
VENTILATION
ENERGIES
REGULATIONS
11, z.a.c. Klengbousbierg L-7795 Bissen Tél. +352 81 24 42-1 • Fax +352 81 71 58
www.wagner-schaffner.lu
ZAC 1A, Klengbousbierg | BISSEN Tél. 621 618 702 Mo - Fr 09:00 - 20:00 | Sa 11:00 - 15:00
AMECO
EE VILLSÄITEGE FAMILLJEBETRIB
Et kennt een d’AMECO vun de Stroossen, laanscht déi de Betrib Leitplanke fir eis Sécherheet setzt. De Familljebetrib, dee vum Pauly Albert zesumme mat senge Kanner geleet gëtt, bitt awer nach vill méi. An sengen iwwer 20.000 m2 groussen Ateliere fënnt een eng Dréierei a Fräserei, Schweess- a Schlässerei an och ee Service fir industriell Montagen a Maintenanceaarbechte mat elektresche Kranen, esou wéi eegen Transportméiglechkeeten. Der AMECO hiren Defi ass et, hire Clienten eng Mécanique vun A-Z ze proposéieren. Dëst vun der Consultatioun a Conceptioun, iwwer d'Fabrikatioun a Beaarbechtung, bis hin zu Zesummebau, dem Transport an dem Montage beim Client. Sief et fir Eenzelstécker oder komplett Maschinnen, AMECO ass dofir ageriicht. D’Hierstelle vu Gelänner, Trapen a mechanesche Stécker vun all Zort gehéieren zum alldeegleche Repertoire vun dëser Firma.
2, route de Bissen | L-7759 Roost / Bissen Tél.: 85 97 91-1 | ameco@ameco.lu www.ameco.lu
61
GOODYEAR
ZÄIT FIR EE PNEUEWIESSEL
Wann d’Deeg méi kuerz an d’Temperaturen erof ginn, gëtt et héich Zäit fir Pneuen, déi op wanterlech Wiederkonditiounen ugepasst sinn. Wanterpneuen hu méi kuerz Bremsweeër an dëse Konditioune wéi Summerpneuen a bidden dohier méi Sécherheet op der Strooss. Bremstester vu Goodyear weisen, datt een Auto mat Summerpneue bei Tempo 80 op Schnéi iwwer 40 Meter méi wäit un d’Stoe kënnt wéi een Auto mat Wanterpneuen. Dat gëllt virun allem fir déi méi schwéier a ganz beléiften SUVModeller, och wann si allradgedriwwe sinn. D’Gummimëschungs- an d’Lamellentechnologie spillen eng bedeitend Roll, wann et drëms geet kuerz Bremsweeër op naassen, veräisten a verschneite Stroossen ze garantéieren. Raffinéiert Mëschungen, déi och bei niddregen Temperature flexibel bleiwen, suerge fir den néidegen Halt. D’Mëschung kann awer just a Verbindung mat spezielle Lamellen hir voll Wierkung entfalen. 62
Wenn es wieder kalt wird. So lang ist der Bremsweg aus 80 km/h auf nasser Fahrbahn bei 2°C.
Den neien High Performance Wanterpneu ‘UltraGrip Performance Gen-1’ vu Goodyear suergt duerch seng innovativ Lamellen am Lafflächeberäich fir ee gudden Halt an der kaler Joreszäit. An der grousser Oplagfläch ass eng Villzuel vun dëse Lamelle verschafft, déi während dem Asaz vum Pneu eng gutt Leeschtung um Äis erméiglechen. Iwwerdeems bidden All-Wieder-Pneuen am Summer wéi am Wanter ee gudden Ënnersaz. Wien an enger Regioun wunnt, wou just e puer Deeg am Joer Schnéi leie bleift an net geplangt huet mam Auto an d’Schivakanz ze fueren, deen ass mat den All-Wieder-Pneue ‘Vector 4Seasons Gen-2’ vu Goodyear wuertwiertlech um richtege Wee.
Avenue Gordon Smith | L-7750 Colmar-Berg Tél: 81 99 1 | GICL@goodyear.com www.goodyear.eu
63
Z.I. 19, rue Geespelt | L-3378 Livange Tél: 26 300 221 | info@securitec.lu www.securitec.lu
SECURITEC
MAT SÉCHERHEET FIR IECH DO
Wann et owes éischter däischter gëtt, gëllt et nees besonnesch gutt op säin Haus opzepassen an et sou gutt wéi méiglech géint Abriecher ze schützen. Statistesch gesi geschéien nämlech déi meescht Abréch an der Zäit vun Oktober bis Dezember. Fir esou eng ellen Erfarung z’evitéieren, rentéiert et sech mat engem Spezialist fir Sécherheetstechnik eng perséinlech Léisung zesummenzestellen. De Gilbert Reyland, Grënner vu SecuriTec, erkläert, wat si besonnesch mécht, stellt een innovative Schlëssel vir a kënnegt Neiegkeete fir d’Zukunft un. 64
Firwat sollt een sech fir SecuriTec entscheeden? Gilbert Reyland: Mir sinn ee Lëtzebuerger Betrib, dee vill Wäert op eng kompetent a virun allem perséinlech Berodung leet. Mir verkafen net just Produiten, mee bidden eng Léisung un. Dës ass ni vun der Staang, mee ëmmer un de Besoine vum Client orientéiert. Mir kommen am ganze Land op d’Plaz kucken a proposéieren eng individuell Léisung. D’Berodung an den Devis si selbstverständlech gratis an ouni Engagement. Mir probéieren ëmmer ee gudde Service zu faire Präisser ze
bidden. Den Investissement an seng eege Sécherheet muss net ëmmer zwéngend héich sinn, och mat engem klenge Budget kann ee scho vill bewierken. Iwwerdeems hu mir 365 Deeg am Joer, 24 Stonnen op 24 eng Permanence, sou datt mir mat Sécherheet ëmmer fir Iech do sinn.
Wat ass den iLOQ? Gilbert Reyland: Den iLOQ ass déi eenzeg elektronesch Schliessanlag op der Welt, déi sech autonom mat Energie versuergt a weder op Batterien, nach op Kabelen ugewisen ass. De Schlëssel ka ganz einfach programméiert ginn, sou datt ee verschiddene Persounen just fir ee bestëmmten Zäitraum Accès zu engem Gebai oder Raum ka ginn. Sollt emol ee Schlëssel verluer goen, brauch ee weder d’Schlass ze wiesselen, nach een Abroch ze fäerten. De Schlëssel léisst sech mat e puer Klicks aus dem System läschen, sou datt en net méi genotzt ka ginn an d’Sécherheet weiderhi garantéiert ass. Iwwerdeems ass den iLOQ-System immens sécher, well e staark verschlësselt ass. De Schlëssel huet keng spezifesch Afräsungen, mee ass duerch eng villschichteg digital Verschlësselung geschützt. Den Zylinder protokolléiert all Kéier wou een d’Dier opmécht an doriwwer eraus och all Versuch se opzekréien. Duerch een Zougangsprotokoll kann all Zort vu Mëssbrauch noverfollegt a fir d’Zukunft verhënnert ginn. iLOQ ass een innovative System, dee sech souwuel fir Betriber wéi och fir Privatleit ubitt.
Wat sinn Är Pläng fir d’Zukunft? Gilbert Reyland: Eis Raimlechkeeten zu Léiweng sinn eis ze kleng ginn, dofir si mir aktuell am Gaang ee fuschneit Gebai zu Bissen opzeriichten. Dëst soll viraussiichtlech am Fréijoer/Summer 2019 fäerdeg gestallt ginn an dann als Siège genotzt ginn, während Léiweng weiderhin als Annexe dozou bestoe bleift. De Showroom zu Biissen wäert ronn 200 m2 hunn an eng breet Palett vun eise Produite weisen: Alarmen, Kameraen, biometresch Fangerofdrocklieser, Sécherheetszylinderen, Feiermelder a Panzerschief si just een Deel dovunner. Duerch d’Lag zu Biissen denke mir, datt mir optimal opgestallt sinn, fir dat ganzt Land mat Sécherheet ze versuergen. Wie méi iwwer eis gewuer wëllt ginn, kann eis och gäre vum 13. bis den 21. Oktober op der Home & Living Expo um Stand N°8 D46 / HALL 8 besiche kommen. Mir freeën eis op Iech.
A ween passt op Äert Haus op ? Waart net bis et ze spéit ass !
SCHRÄINEREI MOMA
KREATIV QUALITÉIT OP MOOSS
D'Schräinerei MOMA ass den idealen Uspriechpartner fir jiddwereen, deen op der Sich no eppes ass, dat een net fäerdeg vun der Staang kritt. Den nach relativ jonke Betrib vu Biissen offréiert de Bannenausbau op klengem a grousse Moossstaf fir Privatleit an Entreprisen. Sief et komplett Raim oder just eenzel Miwwelen, d'Equipe vu MOMA schafft mam Client individuell Léisungen aus, déi an hirem Atelier mat moderne Maschinnen an handwierklechem Geschéck op Mooss realiséiert ginn. Eng zweet Spezialitéit vu MOMA ass d'Entwécklung vu Funktiounsraim fir Maison Relais'en, Crèchen a Schoulen. Als erfuerene Pedagog a fréiere Schoulinspekter kennt de Grënner Guy Masselter d'Bedierfnesser vun de Kanner a weess, wéi sou ee Raum sollt ausgesinn an opgebaut gëtt. Nieft Funktionalitéit ass och Sécherheet eng iewescht Prioritéit, wouwéinst all d'Anlage vu MOMA vun der Kontrollinstanz LUXCONTROL genee iwwerpréift ginn. 66
1, ZAC Klengbousbierg | L-7795 Bissen Tél: 26 88 75 36 www.moma.lu
BEIENZIICHTEREI KOCH-CLEES
FRËSCH AUS DEM BEIESTACK
Op schéinen, sonnege Plazen an den Naturparken Uewersauer an Our si fläisseg Beie vun der Beienziichterei Koch-Clees am Asaz. Si liewen an hëlzene Beiekëschten, an deenen eng Trennung tëscht Brut- an Hunnegwabe gemaach gëtt. D’Vitalitéit an d’Gesondheet vun de Beiestäck gëtt duerch eng aartgerecht Fleeg garantéiert. Doduerch entsteet een natierlechen Hunneg, deen duerch seng excellent Qualitéit iwwerzeegt. Dëse lokale Produit ass net just immens räich un Enzymer, mee en hält sech och besonnesch laang, well den Hunneg eréischt da geschleidert gëtt, wann e wierklech zeideg ass. Bei der Beienziichterei Koch-Clees an der Schleef fënnt een nieft rengem Hunneg och nach Drëpp, Seef, handgemaachte Käerzen an eng grouss Gamme u Schéinheetsproduite vun der däitscher Mark „Cum Natura“. Et kann een sech op der Plaz och eng flott Corbeille zesummestellen oder verschidde Produiten als Remerciement fir eng Kanddaf oder eng Hochzäit personaliséiere loossen.
33, Schleif | L-9654 Schleif Tél: 27 40 44 42 / 691 36 20 27 | beienziichterei.koch@vo.lu www.beienziichtereikoch.com
67
Happy feet Pédicure médicale
Résidence Mandelieu, um 1. Stack 40, rue Edmond - Jean Klein L-9251 Diekirch
Solange Glodt • 621 329 407 péd. méd. • manucure dipl. 10 Joer Erfarung, dovunner 3 mat der Mme Yvette Schennetten Op Wonsch kommen ech och bei Iech heem
SPEZIALISATIOUNEN • Agewuessen Zéiwenneel • Paraffinbad fir Féiss an Hänn • Pilzbefalen Neel • Fleeg vun Hänn an Neel • Diabetesch Féiss • Manikür
BOUCHERIE VÉI VUM SÉI
HEIDERSCHEID l TEL : 83 92 19 MERSCH l TEL: 26 32 25 38
COLMAR BERG
l
TEL: 83 52 90
METZLEREI QUINTUS ROLLINGERGRUND
l
TEL: 44 78 77 28
WWW.VEIVUMSEI.COM
„De Griffel“ Restaurant
Authentique Cuisine Alsacienne & Française MENU DU JOUR (midi - 3 plats) lundi, jeudi et vendredi
15, Haaptstrooss I L-9360 Brandenbourg
T. 26 89 79 89 I infodegriffel@pt.lu
www.degriffel.lu
68
14€
LOKAL PRODUITEN
ËMDENKE LOUNT SECH
De Beruff vum Bauer ass weltwäit vun enormer Wichtegkeet, fir d’Bevëlkerung z’ernieren, och hei zu Lëtzebuerg. Et gi vill Grënn sech dofir z’entscheeden, regional a saisonal Liewensmëttel ze kafen. Am Gespréich mam Landwirtschaftsminister Fernand Etgen hu mir iwwert dës Grënn, d’Aarbecht vum Ministère an d’Zukunftsvisioune fir d’Landwirtschaft zu Lëtzebuerg esou wéi iwwer d’Promotioun vu regionaler a saisonaler Wuer geschwat.
Virdeeler regional a saisonal anzekafen D’Avantagen, déi de Konsum vu regionale Produite mat sech bréngt, sinn immens villsäiteg a concernéiere jiddwereen. Déi kuerz Transportweeër suergen engersäits fir manner CO2-Emissiounen a garantéieren dem Konsument anerersäits eng frësch Wuer. D’Liewensmëttel verdierwen net sou séier, well se éischter beim Keefer ukommen. Doduerch brauch de Produzent och net op chemesch Mëttelen zréckzegräifen, déi d'Haltbarkeet kënschtlech erhéijen. Am Idealfall geet de Keefer direkt bei den Hiersteller selwer akafen. Vill regional Betriber bidde genee dëse Service un. 69
PSSST… STRENGGEHEIME NEUHEITEN Wajos hat aus den Herbst-Klassikern Apfel und Aronia Beere einfach mal neue Essig-Spezialitäten kreiert. Und die gibt’s nicht nur im Herbst – auch im Frühling, Sommer und Winter verfeinern sie Salate mit ihrem fruchtig-süßen, leicht herben und köstlich intensiven Geschmack. Jetzt vorbeikommen, Flasche aussuchen, Produkt abfüllen lassen und zu Hause genießen.
WAJOS – Die Genussmanufaktur Shopping-Center Massen | Op der Haart 24 | 9999 Wemperhardt Luxemburg Tel.: +352 (0) 24 51 49 08 | E-Mail: massen@wajos.lu www.wajos.de
Iwwerdeems gëtt duerch de Kaf vu regionalen a saisonale Produiten ee méi verantwortlechen Ëmgang mat Liewensmëttel gefërdert. Doduerch, datt een eng méi perséinlech Relatioun zu der Wuer huet, ass ee manner dozou tendéiert eppes ewechzeschmäissen.
regionalen Akaf jidderee profitéiert. Wie sengem Land, der Ëmwelt an sech selwer eppes Guddes wëllt doen, dee geheit bei den nächste Kommissiounen am beschten een zweete Bléck op d'Etikett.
Wann een de Bauer a säi Betrib selwer gesinn huet, stellt de Kaf vu senge Produiten net just eng Kommissioun duer, mee et leescht een aktiv Ënnerstëtzung. Et ass eng Zort perséinlecht Investissement an dat eegent Land a seng Leit. Et dréit ee selwer ee Stéck dozou bäi, datt Aarbechtsplazen erhale ginn an eventuell souguer neier geschafe ginn.
Erausfuederunge vu Lëtzebuerger Baueren
D’Qualitéit vu Lëtzebuerger Produiten ass immens héich. Dëst léisst sech op streng Reglementéierungen am Bezuch op d'Haltung vum Véi, d'Buedembeaarbechtung, Medikamenter an Zousazstoffer an deementspriechend gesetzlech Kontrollen zréckféieren. Eng Rei Labele maachen et dem Lëtzebuerger Konsument méi liicht op den éischte Bléck z’erkennen, datt d’Wuer aus dem Grand-Duché staamt a gewësse Qualitéitsnormen erfëllt. Rekapitulativ léisst sech soen, datt un engem
„De Lëtzebuerger Bauer huet et schonn eleng wéinst de Wiederkonditiounen, un déi en sech upasse muss, net einfach. Dobäi kënnt, datt den Zougang zum Waasser méi schwéier a käschtenintensiv ass wéi op anere Plazen“, erkläert de Landwirtschaftsminister Fernand Etgen. De Klimawandel mécht och virum Grand-Duché keen Halt an Extremjore wäerten d’Reegel ginn. Donieft spillt selbstverstänlech och d’Präispolitik eng grouss Roll. Regional Produite mussen sech an de Butteker géint Bëllegimporter, déi eng wäit Rees hannert sech hunn, duerchsetzen. Dacks gëtt d’Bezeechnung Bio vun de Konsumente falsch interpretéiert, well vill Leit mengen, et wier automatesch regional a saisonal produzéiert. Dobäi ginn et och bei 71
de biologesch ugebaute Produiten Importer aus honnerte verschiddene Länner. Ee geneeë Bléck op d’Etikett verschaaft Kloerheet. An de leschte Jore sinn d’Reglementéierungen an der Landwirtschaft am Grand-Duché am Allgemenge méi streng ginn an doduerch d’Standarden am Verglach zu enger Rei anere Länner méi héich.
Ënnerstëtzung vum Ministère
sou datt de Ministère 65% bei der Prime bäileet, fir den Akommensverloscht zum Deel ze kompenséieren. Iwwerdeems gëtt an d’Innovatioun an d’Fuerschung investéiert. Bestoend an nei Forme vun der Landwirtschaft gi mat Hëllef vun diverse Kampagnen a speziellen Evenementer promouvéiert. Dat wuel bekanntesten a gréissten Evenement ass d’Foire Agricole zu Ettelbréck, déi Joer fir Joer zéngdausende Visiteure begeeschtert. „Mir hunn eng Rei vu Sensibiliséierungsmoossname getraff, souwuel an de Schoulen ewéi op aneren ëffenleche Plazen a maachen alles wat an eiser Muecht steet, fir regional Produiten net just ze fërderen, mee och iwwer hir Entstoensweis z’informéieren“, erzielt de Fernand Etgen. Alleguer d’Moossnamen, wéi och ausféierlech Informatiounen an d’Aktualitéit aus dem landwirtschaftleche Secteur sinn um Site agriculture.public.lu ze fannen.
„Mir probéieren d’Lëtzebuerger Produzenten sou gutt wéi méiglech op verschidde Manéieren z’ënnerstëtzen. Si sollen net just finanziell gehollef kréien, mee och vu perséinlecher Berodung profitéieren“, seet de Fernand Etgen mat Iwwerzeegung. „De Beruff vum Bauer erfuerdert immens vill Know-How, souwuel op der technescher wéi op der organisationeller Säit. Et gëtt vill Wäert drop geluecht, datt d’Produzente reegelméisseg a Formatioune ginn a kompetent Uspriechpartner fir hir Froen zur Säit gestallt kréien.“
D’Vollek steet dohannert
Nieft enger Partie Investitiounssubsidë kann de Bauer sech seng Kulture verséchere loossen,
Virun dräi Méint ass zu Lëtzebuerg eng Etüd vun TNS-Ilres an Zesummenaarbecht mam
72
de Landwirtschaftsministère sech un dëser Demande an encouragéiert d’Produzenten hir Wueren op dës Manéier unzebauen. Trotzdeem ass et wichteg, datt och déi regulär Methoud vum Ubau bäibehale gëtt. „Schlussendlech ass et dem Konsument säi Choix, wéi eng Produiten an de Regaler bleiwen a wéi eng verschwannen“, ënnersträicht de Fernand Etgen am Interview.
Landwirtschaftsministère gemaach ginn. Dobäi ass et drëms gaang erauszefannen, wéi ee Bild d’Lëtzebuerger Populatioun vun der Landwirtschaft hei am Land huet. Den zoustännege Minister Fernand Etgen weist sech immens zefridden mat de Resultater. Déi grouss Majoritéit vun de Lëtzebuerger huet grousst Vertrauen an d’landwirtschaftlech Produiten aus dem Grand-Duché a fënnt, datt dës eng gutt Qualitéit hunn. D’Konsumenten interesséieren sech virun allem fir d’Hierkonft an de Produzent, déi hannert dem Produit stiechen. Deemno hunn 71% vun de Befroten uginn, datt si bereet wiere méi fir regional Wueren ze bezuele wéi fir importéiert Liewensmëttel. „Et mierkt een, datt d’Iessgewunneschte vun de Konsumenten sech verännert hunn an si de Produzente méi no stinn. Doduerch ass eng verstäerkt Relatioun zu de Liewensmëttel opgetrueden, woubäi dem Konsument nieft excellenter Qualitéit och d’Aspekter vum Naturan Déiereschutz méi wichteg gi sinn“, erkläert de Landwirtschafts- a Konsumenteschutzminister. Dëst ass eng immens positiv Entwécklung, déi den aktuellen Trend regional a saisonal Produiten z’iessen ënnersträicht.
Aktuell Tendenzen Opfälleg ass, datt d’Nofro u biologesch ugebaute Produite bestänneg wiisst. Deemno orientéiert
Nei Vermaartungsstrategië fir regional Produiten si lues awer sécher och hei am Land um Kommen. Esou zum Beispill déi solidaresch Landwirtschaft. Heibäi produzéiert de Bauer oder Gäertner fir eng fest Grupp vu Konsumenten, déi praktesch eng Zort Abonnement bei him hunn an dofir reegelméisseg frësch Produite vum Haff kréien. Dës Strategie huet fir de Bauer de Virdeel, datt hien net un déi variabel Präisser vum fräie Marché gebonn ass an de Konsument weess genee, wou seng Liewensmëttel hierkommen an datt se garantéiert frësch sinn. Bei verschiddene solidaresche Landwirtschafts-Projeten ass et souguer méiglech, datt een sech als Konsument selwer un der Produktioun oder Plangung bedeelegt.
E Bléck an d’Zukunft D’Landwirtschaft ass, entgéint deem wat ee villäicht kéint mengen, een innovative Secteur, deen sech permanent weiderentwéckelt. Aktuell gëtt de Schwéierpunkt souwuel bei der Produktioun, wéi och bei der Vermaartung op d’Digitaliséierung geluecht. De Fernand Etgen duerft sech op enger Foire zu Mailand schonn ee Bild maachen, wéi Digitalisatioun an Transparenz am landwirtschaftleche Beräich an Zukunft kéinten d’Akafe vereinfachen. D’Visioun fir 2030 gesäit esou aus: Op all Produit ass ee Barcode ze fannen, op deem alleguer d’Informatiounen hannerluecht sinn. Mat enger App kann een dëse scannen an et gesäit een direkt, ob beispillsweis een Ingrédient dran ass, deen een net verdréit, wou d’Wuer hierkënnt oder och wéi vill Kalorien se huet. De Konsument kann dës App esou astellen, datt all d’Informatiounen, déi him wichteg sinn, als éischt ugewise ginn, ouni laang mussen ze sichen. Bis et tatsächlech esou wäit ass dauert et awer nach eng gutt Zäitchen… et dierf een also gespaant sinn, wat d’Zukunft soss nach alles mat sech bréngt. 73
OURDALLER
NATUR PUR VUN DER OUR
Et kann een eng Regioun wuel kaum besser promouvéiere wéi duerch regional Produiten. A genee dëse Wee huet d’Bauereninitiativ fir d’Éislek an den Naturpark Our, kuerz BEO, mat hiren Ourdaller Wuere gewielt. „Duerch eis diversifiéiert Gamme u Produiten hu mir dem Ourdall eng Identitéit geschaf, ouni déi en zimlech onbekannt wier“, seet den Norbert Eilenbecker, President vun der BEO, houfreg. D’Palett vun den Ourdaller Produite reecht vu fënnef Zorte kalgepressten Ueleg iwwer sechs Moschterzorten an Hunneg bis hin zu glutenfräie Kären, Mieler an Nuddelen. Déi ganz Offer beleeft sech mëttlerweil op ca. 50 verschidde Produiten. Ganz besonnesch stécht dobäi d’Liiblingsplanz vum Här Eilenbecker eraus: den Hanf. Mat hire Bléien a Blieder ginn zu Kaalber mëttlerweil véier Zorten Hanftéi gemaach. Iwwerdeems ass geplangt am Hierscht den éischten Ourdaller Hanf-Béier op de Marché ze bréngen. Schmaache lount sech! 74
Käre fir all Geleeënheet „Mir probéieren ëmmer nees nei Produiten anzeféieren an eis weider z’entwéckelen“, seet den Här Eilenbecker voller Freed. Esou ass kierzlech eng ganz Gamme u Kärproduiten erauskomm, déi op sechs verschidden Zorte baséiert: Läin, Wëllkar, Mohn, Hanf, Moschtert a Sonneblummen. Si sinn all glutenfräi an immens nahrhaft. Virun allem d’Hanf- a Läinproduiten hunn eng immens fërderlech Wierkung op d’Gesondheet. Et kritt ee souwuel d’Käre wéi och geschielten Hanf, deen ee beispillsweis fir Zoossen, Müsli oder Smoothië benotze kann. Ausserdeem kritt een Hanf- a Läinmiel, esou wéi gequetschte Läinkären a gemuele Mohnkäre fir ze baken. 2, am Eck | L-9757 Kalborn info@beo.lu | www.beo.lu Ourdaller S.C. | Tél: 99 85 12 Cannad’Our S. à r.l. | Tél: 99 85 13 / GSM: 691 998 513
75
www.born-meyer.com
Für Sie machen wir uns gerne die Hände schmutzig!
Z.I. Giällewee 7 · L-9749 Fischbach · Tel.: +352 26 10 38 50 · info@born-meyer.com
Elektrotechnik Haus & Automation Lichttechnik Sicherheitstechnik TV & Multimedia Heiz- & Klimatechnik Regenerative Energie
25 Jor Téi vum Séi date de parution: 17 septembre polices vectoriées
1/8 Page horizo Format Imprimé Prix: 190,00 € 97 83 87
Vivez.
En toute confiance.
Serge MALGET Agence Principale d’Assurances 2, Grand-Rue - Clervaux 1, an der Hueschtert - Welscheid Tél.: 92 00 93 - www.malget.lu
76
TÉI VUM SÉI
25 JOER KRAIDER AUS DEM NATURPARK
Téi ass no Waasser dat beléiftste Gedrénks op der Welt. A munche Länner gi pro Persoun bis zu 300 Liter am Joer dovu consomméiert. Och bei eis zu Lëtzebuerg gëtt gären Téi gedronk - a souguer hiergestallt! 1993, also viru 25 Joer, hunn sech am Naturpark Uewersauer eng Grupp vu Baueren ënnert dem Numm Kraidergenossenschaft zesummegedoen, déi zanterhier Heel- a Gewierzkraider ubaut an se an hirer eegener Téifabrick an der Schleef bei Wanseler weiderverschafft. „Téi vum Séi“ ass den Numm vun där Mark, déi mëttlerweil am ganze Land bekannt ass. Wéi esou een Téi iwwerhaapt gemaach gëtt a firwat den „Téi vum Séi“ ee Stéck
besser ass wéi munch aneren, gitt Dir an dësem Artikel gewuer.
Am Ufank e puer Kären Aktuell ëmfaasst d'Gamme aus dem Naturpark Uewersauer 20 verschidden Téizorten a 15 verschidde Kichekraider. Deemno ass den Entstéiungsprozess all Kéiers e bëssen anescht. Um Beispill vun der Kamilleblumm, déi iwwerdeems d'Symbol fir den „Téi vum Séi“ ass, léisst sech de Wee vum Téi gutt tracéieren. Am Géigesaz zu villen anere Kraider, déi als 77
• Buedemaarbechten • Réibau
• Betonnière mat 17m Pompel
• Ëmbauaarbechten
• Steematerial aus eegenem Steebroch
• Baussenaarbechten
• Kippertransport
• Agrarbau
• Verbesseren an Festegen vum Buedem mat Kallek / Zement
• Schlësselfäerdeg Gebaier • Fäerdege Bëtong • Bëtongspompel 36m
• Baumaterialien
• Betonnière mat 24m Pompel 3, Kierfechtstrooss, L-9749 FISCHBACH / CLERVAUX T +352 92 06 26-1 F +352 92 01 04 entreprise@schilling.lu
www.schilling.lu
jonk Planzen an de Buedem gesat musse ginn, gëtt d'Kamill geséint. De Som vun der Kamill ass esou reng, datt pro Hektar just zwee Kilo gestreet ginn. Ier dat allerdéngs ka geschéien, muss d'Feld entspriechend preparéiert ginn. Nodeems et emol geplout ginn ass, gëtt et mat enger sougenannter „Umkehrfräse“ beschafft. Dëst bewierkt, datt Steng a Geäscht vergruewe ginn an nëmmen de renge Buedem op der Uewerfläch zum Virschäi kënnt. Well d'Kamill Sonneliicht brauch fir ze keimen, gëtt de Som just an eng ganz niddereg Rill geluecht.
schiedleche Bestanddeeler. Hunn se gréng Luucht vum Labo kritt, ginn d'Kraider gebotzt, kleng geschnidden a verpaakt, ier datt se am Buttek vum Séi zu Heischend, an de CactusSupermarchéën an nach op weidere Plazen ze fanne sinn. All Joer ginn an der Schleef ronn 8 Tonne gedréchent Kraider produzéiert, wat knapp 3 Milliounen Tasen Téi entsprécht.
Wann d'Wieder deem Ganzen net duerch ze vill oder ze mann Reen ee Stréch duerch d'Rechnung mécht, ass et no sechs bis aacht Wochen esou wäit fir den nächste Schratt: D'Plécken. Fir de Kamillentéi gëtt just de Kapp vun der Blumm gebraucht, dowéinst ass d'Schneitmaschinn esou agestallt, datt se méiglechst no un der Bléi ofschneit. Natierlech ass net all Blumm genee d'selwecht grouss, wouduerch se an der Téifabrick nach emol an enger spezieller Maschinn hirem Rengegkeetsgrad no zortéiert ginn. „Bei der geschniddener Kamill ënnerscheede mir tëscht dräi verschiddene Graden. Den éischte Grad enthält just Bléien, déi mir als lassenen Téi verkafen. Bei den zwee aneren ass nach e bësse Still mat drun, an déi verschaffe mir als rengen Téi fir an d'Säckelcher“, erkläert de Charel Marx, President vun der Kraidergenossenschaft Uewersauer.
Den zweeten Deel vun der Produktioun
Irreprochabel Qualitéit
D'Saison vun der Recolte vun alle Kraider, déi op ronn 8 Hektar am Naturpark ugebaut ginn, geet vu Mee bis Oktober. Nodeems de Bauer d'Planze gepléckt huet, ginn se sou séier wéi méiglech an d'Téifabrick gefouert, fir se ze dréchnen. Während den Dréchnungsprozess a gréisseren Industrië bei ronn 70°C ofleeft, kréien d'Kraider „vum Séi“ bei maximal 40°C a modernen Drécheschief duerch Loftzirkulatioun hir Fiichtegkeet entzunn. Dës ass eng immens schounend Methoud, bei där d'Faarf, de Geschmaach an déi wäertvoll Inhaltstoffer vun de Planze perfekt erhale bleiwen. Zwee bis dräi Deeg leien se am Schaf, bis déi ganz Fiichtegkeet eraus ass. Duerno ginn se an engem klimatiséierte Raum stockéiert, bis unhand vun Analysen am Labo séchergestallt ass, datt d'Planze fräi si vu Mikroben oder anere
Et sinn net just déi schounend Veraarbechtung an déi streng Kontroll vun de Kraider, déi um Schluss een héichwäertege Produit garantéieren, mee och d'Qualitéit vun der Wuer un sech. D'Kraidergenossenschaft ass dozou verflicht, op allméiglech chemesch Substanzen ewéi Planzeschutzmëttel, Pestiziden oder Dünger ze verzichten. Och an de spéidere Veraarbechtungsschrëtter komme keng kënschtlech Stoffer zum Asaz. Ergo ass een „Téi vum Séi“-Produit absolut fräi vu Konservéierungsmëttel, Faarf-, Aroma- an aneren Zousazstoffer. Déi meescht Téien aus dem Supermarché, virun allem déi an der niddereger Präisklass, kënnen dat net vun sech behaapten. 2017 ass d'Mark „Téi vum Séi“ bei de Luxembourg Food Awards, engem Concours fir d'Fërderung vu virbild79
leche Produktiounsmethouden an der Liewensmëttelindustrie, fir hir exemplaresch Qualitéit mam éischte Präis belount ginn. De gréissten Deel vun deem, wat am Téisäckelche lant, kënnt aus dem Naturpark Uewersauer. Bei verschiddenen Téimëschunge sinn awer och nach aner Planzen oder Friichten enthalen, déi net bei eis ugebaut kënne ginn. Déi stamen allerdéngs aus zertifiéiert biologescher Landwirtschaft a sinn um Pak extra markéiert. D'Konventioun mat dem Naturpark schreift vir, datt eng Téimëschung op mannst zu 51% Kraider aus dem Naturpark enthale muss, fir ënnert der Appellatioun „vum Séi“ dierfe verkaf ze ginn. „Mir leien awer wäit iwwert dëser Zuel“, verséchert de Charel Marx. Op dësem Punkt dann alles Guddes fir de 25. an op nach vill weider Joren!
80
RYANHAIR PRESENTÉIERT
D‘GEWËNNSPILL SICH DE FEELER Ze gewanne ginn et
15 x 20€ BONGEN anzeléisen an engem Ryanhair Salon.
Sicht déi 5 Feeler op der Foto an schéckt eis d’Souche bis spéitstens den 8. Oktober 2018 ran.
Affranchir s.v.p.
DOHEEM - SAN s.àr.l. Maison 16 L-9780 Wincrange
AUSFËLLEN A GEWANNEN
81
12, rue de Lannen L-8537 HOSTERT Tél.: +352 621 35 07 81 info@minimoyz.lu www.minimoyz.lu OUVERT lundi au samedi de 6.00h à 20.00h
Mir schwätze Lëtzebuergesch L’équipe pédagogique est composée d’une responsable éducatrice diplômée ayant une expérience professionnelle de plus de 12 années, de deux éducatrices graduées, ainsi que d’autres personnes qualifiés... Rythme biologique de l‘enfant respecté. L’épanouissement personnel de l’enfant étant à la base de notre philosophie pédagogique : nous proposons de multiples activités sensorielles, langagières, psychomotrices, découvertes ainsi que des jeux et des animations vertes, dans une atmosphère propice à l’entraide, au respect de soi et des autres et au développement de l’autonomie. Plus d‘informations sur notre site: www.minimoyz.lu
Just gëlteg wann alles komplett ausgefëllt ass an déi 5 Feeler fonnt gi sinn.
NUMM: VIRNUMM: ADRESS:
PLZ: UERTSCHAFT: TEL:
D‘GEWËNNER VUM SPILL AUS DEM MAGASINN DOHEEM N°37 5 X 50€ BONGEN OFFRÉIERT VUN DER WOHNFABRIK - Andy Steffen, Hupperdange - Denise Schickes-Molitor, Troine-Route - Jeff Peiffer, Dahl - Sylvie Weiler, Hosingen - Benedicte Dahlem, Arsdorf
E-MAIL: Déi Donnéeën, déi Dir androt, gi just dofir benotzt Iech am Fall vun engem Gewënn ze kontaktéieren an 82 ënnert kengen Ëmstänn un Drëtter weidergeleet. Fir de Schutz vun Ären Donnéeën ze garantéieren, ginn se no der Verlousung vernicht.
*Je nach Zustand Ihrer Sitzgruppe beim Ankauf einer 5-sitzigen Ledergarnitur.
Ver. Her.: Galerie Leder Design sa · Luxemburger Straße 81 · B-4780 St. Vith · design www.pavonet.be
FFEN
AUFSO K R E V S
A F O S E S S 0 GR ! E M H A N K C Ü R TAG
ONN S & S G SAMSTA
*
lter hre u. ä
Ja , z.B. 10
5-sitzig arnitur,
Stoffg
it
itur, 5-s
rn Lederga
, z.B. , 5-sitzig
rnitur
Stoffga
rnitur, 5
Lederga
5 bis 10
Jahre hre
is 10 Ja
.B. 5 b sitzig, z
-
er
re u. ält
10 Jah zig, z.B.
375 € 0€ bis zu 75 bis zu
500 € 0€ bis zu 100 bis zu
ALTES SOFA RAUS, NEUES SOFA REIN! Lederland nimmt wieder ihre alte Sitzgruppe in Zahlung und das zu unschlagbaren Konditionen! Einfach Rechnung oder Foto Ihrer alten Sitzgruppe mitbringen! Wir freuen uns auf Sie!
LEDERLAND SANKT VITH · WWW.LEDERLAND-SANKT-VITH.BE Luxemburger Straße 81 · B-4780 Sankt Vith · +32 (0)80 28 10 10 · sanktvith@lederland.info · www.lederland-sankt-vith.be · Täglich von 10.00 -18.30 Uhr · Auch sa. und so.