Skip to main content

37. Editioun vun der Doheem

Page 1

distributeur agréé

www.blom.lu

E L L E

V A

V O U S

S U R P R E N D R E

!

GARAGE JANG BLOM SA | 49a, rue de la Sûre | L-9161 INGELDORF | Tél.: +352 80 84 86-1 | info@blom.lu


INDEX GEWËNNSPILL 5 45

SICH DE FEELER

5 AKAFSBONGEN AM WÄERT VUN 50€ OFFRÉIERT VUN DER WOHNFABRIK INGELDORF

ENG KUCKENSWÄERT REGIOUN Een Tour duerch d’Éislek

12

2. VEINER PABEIER- A BÉICHERDEEG PFLANZENBÖRSE Naturpark Our

13

WANDERSPAASS FIR GROUSS A KLENG Naturpark Our

14

FUERSCH DUER UM NATURPARKFEST! Naturpark Our

15

ERLIEFNISWANDERUNGEN AN D’VERGAANGENHEET Naturpark Our

16

VISIT TROISVIERGES Dräi gutt Grënn eropzekommen

18

SYNDICAT D’INITIATIVE ET DE TOURISME WILTZ Dag an Nuecht e Besuch wäert

19

KOFFERGROUF STOLZEBUERG Eng spannend Zäitrees

20

AQUANAT’OUR Bei all Wieder eng gutt Iddi

21

SEO - SOCIÉTÉ ÉLECTRIQUE DE L’OUR Energie fir haut a fir muer

IMPRESSUM Editeur, régie et mise en page: SAN s.à r.l. T: 28 11 42 1 Wincrange & Diekirch doheem@san.lu | www.san.lu Couverture: Photo: Christine Eckardt Model: Sabrina Van Maris Make Up & Styling by Luca Tirage: 24.500 exemplaires L'éditeur ne peut en aucun cas être tenu responsable de la correctitude des informations indiquées. Tous les renseignements sont donnés sous réserve de changement ou d'erreur. Ce sont exclusivement les propriétaires de ces annonces, photos et reportagesliées qui sont responsables de leur contenu. Lorsque des prix sont indiqués, nous ne donnons pas de garantie pour l'actualité et la correctitude de ces indications de prix. Les indications de prix sont uniquement pour votre information, il ne s'agit pas d'une offre. Aucun droit ne pourra vous être octroyé con­ cernant des prix indiqués. L'ensemble de ce journal relève des législations en vigueur sur les dro­­­its d'auteur et de la propriété intellectuelle. Tous les textes, illustrations, images, photos et autres données sont protégés par un droit de reproduction.

22

UM KNAPPHAFF Léieren a feieren um Bauerenhaff

23

LIBRAIRIE ZIMMER presentéiert "D'Ieselsouer"

24

„LA FIDUCIA “ presentéiert "De Gaumenschmaus"

26

TREFFPUNKT KOSMETIK presentéiert "De Lifestyle"

28

HOME & OFFICE BUILDING presentéiert "De Baumeeschter"

31

STROUM DOBAUSSEN Alentouren & Elektresch

35

MONTAGE ZENNER Kleng Ännerungen, grouss Wierkung

37

WÉI D’HAUS „SMART“ GËTT Domotik

43

PRODOMO Moderne Sonneschutz

44

WAGNER TECH - SCHMIT NICO S.À R.L. Ee fir (bal) alles

3


„De Griffel“ Restaurant

Authentique Cuisine Alsacienne & Française MENU DU JOUR (midi - 3 plats) lundi, jeudi et vendredi

14€

15, Haaptstrooss I L-9360 Brandenbourg

T. 26 89 79 89 I infodegriffel@pt.lu

www.degriffel.lu

Photo : © Caroline Martin

solarboot naturkundliche führung auf dem obersauerstausee

4

www.naturpark-sure.lu Tel 899331-1


EEN TOUR DUERCH D’ÉISLEK

ENG KUCKENSWÄERT REGIOUN

Ier et an d’Vakanz geet, informéiert een sech an der Reegel schonn am Virfeld iwwer d’Destinatioun. Wat kann een do alles kucke goen, gëtt et ee speziellt Erliefnes a wat kann ee maachen, wann d’Wieder emol net matspillt? Froen iwwer Froen, déi et sech awer duerchaus och iwwer säin Heemechtsland ze stelle lount. Schliisslech ginn et ëmmer nees nei Saachen z’entdecken an et huet ee mat Sécherheet nach laang net alles gesinn. Firwat also net einfach vun der Summervakanz profitéieren, fir eist Éislek méi genee ënner d’Lupp ze huelen?

Natur pur Dee wuel gréisste Schatz vum Éislek si seng onberéiert Landschaften a Kombinatioun mat senger kultureller Offer an de regionalen Produiten. Eng gutt Partie Pied a Wanderweeër féieren duerch wonnerschéi Bëscher an belounen hir Besicher mat onbeschreiflechen Aussiichten. Souguer priméiert Qualitéitswanderweeër sinn am Éislek ze fannen, wéi den „Escapardenne“ an d’„Nat’Our Routen“. Den „Escapardenne“ bezeechent ee Wee mat enger Gesamtlängt vun 159 km, deen duerch déi belsch-lëtzebuergesch Ardenne féiert. 5


©Jochem Matthijsse Photography

T R A I T E U R E V E N T S C AT E R I N G i n f o @ p a r t y s e r v i c e - s ch m i d t . e u w w w. p a r t y s e r v i c e - s ch m i d t . e u

Dudzinski Nina

infirmière diplomée pédicure médicale T. 691 30 53 36

Langer Jenny

pédicure médicale T. 661 40 45 11 Korrektioun vun agewuessenen Neel (Spangentechnik) ouni Péng an Operatioun Behandlung vun: • Waarzelen a pilzbefalen Neel (ouni Péng) • Diabetiker Féiss

L-9912 Troisvierges Tel.: +352 26 909 742

6

„Gutt zu Fouss“ B-4760 Büllingen Tel.: +32 80 643 068

7, op der Schleed L-9273 Diekirch


Déi fënnef Nat’Our Routen widmen sech ëmmer engem bestëmmten Thema: kuriéis Grenzgeschichten, Naturschéinheeten, mëttelalterlech Schlässer a wonnerschéin Panorame begleeden d’Wanderfrënn op dëse Weeër, déi tëscht 12 an 18 km laang sinn. Detailléiert Informatiounen zu dësen a ville weidere Wanderweeër fënnt een op visit-eislek.lu.

Duerch staark Héichtenënnerscheeder a schmuel, fielseg Passagen ass dëse Rondwee awer relativ ustrengend an dohier net ze recommandéiere bei reenegem Wieder.

Speziell Themeweeër

sinn tëscht 4,5 an 8 km laang a besonnesch attraktiv fir Kanner. Déi jeeweileg Startplaze sinn zu Kaundref an zu Esch Sauer. Zu Eschduerf fënnt ee souguer zwee Weeër: de „Champignon“ an d’„Waasserfee“, déi hirersäits fir een NaturErliefniswee steet, deen net just fir Kanner a Schoulklassen ideal ass, mee och déi Erwuesse begeeschtere kann. De Site naturpark-sure.lu hält nach vill weider Weeër bereet, déi duerch de Naturpark Uewersauer féieren.

Nieft klassesche Wander- an Trëppelweeër ginn et am Éislek awer och eng sëlleche Strecken, déi immens attraktiv si fir déi ganz Famill. Sou kann ee beispillsweis um Klangwee zu Houschent op engem 6 km laange Rondwee villfälteg Klangstatioune begéinen, während ee faszinant Landschaften duerchsträift. Déi luede Grouss a Kleng dozou an, Musek ze maachen an ze genéissen. Op naturpark-our.lu gëtt ee méi dozou gewuer. Zu Kautebaach kann een um Déierepad op enger Streck vu 5 km verschidden Déiereskulpturen entdecken oder um Naturléierpad méi iwwer d’Planzen an hir Liewensraim gewuer ginn.

Am Naturpark Uewersauer ginn ënnert dem Leetsproch „Op der Spur vu Waasser an Natur“ véier verschidde Rondweeër fort. Déi

Den Naturpark Our huet am Parc Housen ënnert dem Titel „Mam Robi duerch de Bësch“ ee fir Kanner immens attraktive Rondwee kreéiert, bei deem et vill ze kucken an ze léieren gëtt. Weider Informatiounen dozou fannt Dir op der Säit 13. 7


Märchenhaft Kulissen Verschidde Weeër bidden sech un, fir ee klengen Ausfluch an d’Stied ze maachen oder sech historesch Buerge vu méi no unzekucken. Am Éislek si sechs Buergen a Schlässer ëffentlech zougänglech a wäerten een an der Zäit zréckzeversetzen. Déi befannen sech zu Klierf, Esch Sauer, Useldeng, Buerschent, an der Fiels an zu Veianen. Den 28. Juli kann een um Veianer Schlass beim gréisste MëttelalterSpektakel vu ganz Lëtzebuerg vergaangen Zäiten nei erliewen.

The Family of Man Wie mengt, am Norde vu Lëtzebuerg géif et näischt ze kucke ginn, dee wäert grouss Ae maache beim Ubléck vun deem, wat am Klierfer Schlass ze bewonneren ass. Zënter 1994 ass nämlech eng renomméiert Ausstellung do ënnerbruecht, déi zanterhier vill Visiteuren op Klierf zitt. Et handelt sech ëm déi weltbekannte Fotosammlung „The Family of Man“ vum Edward Steichen, déi Momenter aus

dem Alldagsliewe weist an d‘Natur vum Mënsch representéiert. Si besteet aus 503 Fotoe vun 273 Fotografen aus 68 Länner an ass domat déi gréisste Fotoskollektioun vun der Welt. Den Edward Steichen ass zu Lëtzebuerg gebuer ginn an a fréier Kandheet mat senger Famill an d‘USA ausgewandert, wou hien als Curateur a Fotograf fir de „Museum of Modern Art“ zu New York geschafft huet. Am Optrag vum Musée huet hie seng legendär Fotosammlung zesummegestallt, déi 1955 fir déi éischte Kéier ausgestallt ginn ass. Si ass haut Deel vum UNESCO-Gediechtnes vun der Welt (Memory of the World). Nieft der „Family of Man“ fënnt een am Schlass zu Klierf nach ee Musée mat detailléierte Maquettë vu Lëtzebuerger Buergen a Schlässer an ee weideren iwwer d‘Ardennenoffensiv mat originalen Dokumenter, Waffen an Uniformen.

Ganz schéi sportlech Wie gäre sportlech aktiv an am Éislek op der Sich no Action ass, fënnt duerch de ganzen Norde Méiglechkeeten sech op all erdenklech

Neu in Wemperhardt Genießen Sie in einer typischen Pizza Hut Umgebung die großen Pizza Klassiker, die den Erfolg der Marke seit 1958 ausmachen. Die berühmte Pan Pizza mit dickem Pizzateig, die leckere Cheezy Crust mit Käse gefülltem Rand und nicht zu vergessen, die italienische Pizza mit dünnem Pizzateig.

sen Parkplat perhardt • Mas

em art • L-9999 W 15, Op der Ha

7J/7 : 11.30 15 • Geöffnet: 98 90 26 l. Te • z

Coupon für 1 Pizza Small gratis*

Beim Kauf einer Pizza Large Bestellen Sie eine Pizza Large (Pan Pizza oder Cheezy Crust mit Käse gefülltem Rand) und Ihr Pizza Hut Wemperhardt bietet Ihnen eine Pizza Small nach Wahl gratis an. * Dieses Angebot8gilt nur im Pizza Hut Restaurant Wemperhardt bis 31/08/2018. Nicht kombinierbar mit anderen Angeboten oder Ersparnissen (z.B. Maxi Menü). 1 Coupon pro Bestellung einlösbar.

pizzahut.lu

/pizzahut.lu

Mersch • Pommerloch • Remich • Wasserbillig • Wemperhardt

Uhr bis 22.00

Uhr


Manéieren auszepoweren. Nieft enger sëlleche fräi zougängleche Sportplaze fir Fussball, Volleyball, Basket, Pétanque-Terraine fënnt een awer och eng flott Auswiel u bëssen méi exotesche sportlechen Aktivitéiten. Sou kann ee beispillsweis zu Lëlz um Stauséi oder zu Dikrech op der Sauer Kajak fueren, zu Heischent an zu Veianen an de Kloterparken ënnerschiddlech Parcoursen iwwerwannen oder sech beim Fallschiermsprangen zu Näertrech bei Wolz een Adrenalin-Kick gënnen. Fir Vëlosfrënn gëtt et eng Rëtsch Vëlosweeër, déi verschidde Stied matenee verbannen a perfekt fir laang Toure sinn. Dacks fënnt een ënnerwee Bänke fir ze raschten oder flott Picknick-Plazen.

Wie léiwer een usprochsvolle Parcours mam Mountainbike fiert, gëtt an de Bëscher oder engem Bike-Park definitiv fündeg. Um Site bike-info.lu kritt een eng Partie Informatiounen zu de Vëlosweeër vu ganz Lëtzebuerg.

Zäit, fir z’entspanen D’Éislek bitt sech och un als Regioun fir z’entspanen. Rondrëm de Stauséi sinn net just verschidde sportlech Aktivitéite méiglech, mee

et kann een sech iwwerdeems op de grousse, wäitleefege Wisen een Duch ausbreeden an d’Sonn genéissen. De Séi zu Wäisswampech lackelt mat sengem Charme vill Touristen un, awer net just déi aus dem Ausland. Ofgesinn dovun kann een sech et an enger vun den oppene Schwämme (Wolz, Veianen, Ëlwen, Housen) gemittlech maachen an sech no enger killer Erfrëschung an d’Sonn ze leeën, fir ze dréchnen. Fir Entspanung suergen am Norden ausserdeem eng Partie Hoteler a Schwämmen, déi mat hire Wellnessberäicher keng Wënsch oppe loossen. Vu klassesche Massagen iwwer Sauna bis bei d’tierkesch Bidden dierft fir all Goût

eppes dobäi sinn, sou datt jiddwereen déi néideg Entspanung am Éislek ka fannen.

Fir Entdecker De Mënsch huet fënnef Sënner, mee wéi funktionéieren déi iwwerhaapt? Dës Fro kritt een zu Lëllgen am Park Sënnesräich beäntwert. An dësem neien, pedagogesche Fräizäitzentrum kënnen d’Visiteuren op sechs Statiounen op eng spillerech Manéier hir Sënner méi genee 9


kenneléieren an domat experimentéieren. Ënnena befënnt sech ee Restaurant, an deem een de Geschmaachssënn nach emol extra verwinne kann. Am Bausseberäich bidden eng grouss Spillplaz, een Hecke-Labyrith an ee klenge Fussballsterrain deene Klenge genuch Plaz, fir ronderëmzeraiberen. Op sennesraich.lu kann een sech een éischten Androck vum pedagogesche Fräizäitzentrum verschafen. Am Schifermusée zu Uewermaartel un der belscher Grenz gëtt ee bestëmmt och vill Neies

gewuer. Schifer ass fréier vill benotzt ginn, fir den Daach ze decken. Bal 200 Joer laang ass an der Grouf dëst Gestengs ofgebaut ginn. De Musée retracéiert d’Geschicht vun der Leeindustrie a weist, wéi d’Aarbechter fréier geschafft hunn. Ëffnungszäiten, speziell Evenementer a villes méi fënnt een op ardoise.lu. Zu Stolzebuerg bei Veianen gëtt et d’Méiglechkeet 50 Meter ënnert der Äerd d’Koffergrouf kucken ze goen. Dëst kann een am Laf vum Summer souguer spontan an ouni Umeldung maachen. Wéi genee d’Visitten oflafe gitt Dir op der Säit 19 gewuer.

Bei schlechtem Wieder

Votre Agence ING à Weiswampach Horaire étendu sur rendez-vous 08h00 - 09h00 & 17h00 - 18h00

21, Gruuss-Strooss L- 9991 Weiswampach T: (+352) 44 99 79 00

Wann d’Wieder emol net honnertprozenteg matspillt, ass dat kee Grond mussen doheem sëtzen ze bleiwen. Uerschter de Norde sinn eng Rei kuckenswäert Muséeë verspreet. Sou kann ee beispillsweis de frësch renovéierte Landmusée zu Bënzelt bei Wäisswampech kucke goen, deen iwwer d’Liewen an d’Kultur um Land informéiert an dozou ureegt Ver-

RÉPARATION DE TOUTES MARQUES DE VÉHICULES Anc. Garage Schanck

1, Rue Allerbornerknapp • L-9752 HAMIVILLE

VENTE ET MONTAGE pneus, jantes alu, accessoires automobiles, immatriculation et passage véhicules au contrôle technique de sécurité.

RÉPARATION

T. +352 26 62 02 33 • passioncar@pt.lu

carrosserie, pare-brises, mise en peinture de jantes alu

Lundi - Vendredi : 8h - 12h / 13h30 - 18h

ou montage boîtier

PROGRAMMATION MOTEUR

Situé en plein coeur du pittoresque village d’Esch-sur-Sûre. Venez découvrir notre excellente cuisine à la carte et nos suggestions de saison. Nous travaillons que des produits frais préparés sur place par nos soins.

Un plat du jour est servi à midi du lundi au vendredi. Heures d’ouverture: Lundi-Jeudi 11.30-14.30 et 18.30-22.00 Vendredi, Samedi et Dimanche 11.30-14.30 et 18.30-22.30

9, rue du Pont L-9650 Esch-sur-Sûre I Tél.: +352 288 62 51 I www.lesdeuxtours.lu


gläicher tëscht fréier an haut opzestellen. An der Sauerstad Dikrech gëtt et net just den Nationale Militärgeschichtsmusée, mee ënnert anerem och nach Muséeën, déi hire Besicher d’Geschicht vum Automobil an der Beienziichterei méi no bréngen. Am Kär vun Dikrech lëft de „Musée d’Histoire(s)“ Geheimnisser ronderëm d’Vergaangenheet an hir Auswierkungen op eist Alldagsliewen. Nieft enger Partie interessante Museeë kann een och ënnerdaach genuch Action fir déi ganz

Famill fannen. Dëst ass beispillsweis am MIGO, engem Indoor Minigolf a Spill-Park, méiglech. Op ronn 1500 m2 kënnen sech zu Eschwëller bei Wolz Grouss a Kleng beim Minigolf beweisen oder d’Kanner ënner 12 Joer op der spektakulärer Indoor-Spillplaz ameséieren. Een duerchaus eenzegaartegen Fräizäitzentrum an der Groussregioun. Am Éislek fënnt een nach dräi weider Indoor-Spillplazen, op deenen d’Kanner kënne rolzen: op der Schmëdd, am Pommerlach an zu Heischent.

D’Waasserrate gi bei schlechtem Wieder selbstverständlech och net am Ree stoe gelooss. Fir si bidden sech déi sëllechen iwwerdaachte Schwämmenun,déiduerch d’Éislek verstreet sinn. Wien op ënnerhalsam Aart a Weis déi vill Facette vun der Regioun kenne léiere wëllt, ass am Naturparkhaus vum Naturpark Our gutt opgehuewen. D’Dauerausstellung ass vu méindes bis freides vun 9 bis 17 Auer fir jiddweree fräi zougänglech a léisst sech, falls d’Wieder dann nees besser gëtt, gutt mat

engem Erliefnes-Trëppeltuer duerch de Parc Housen verbannen.

Faszinant Éislek Den Norde vu Lëtzebuerg ass ganz kloer eng kuckenswäert Regioun, och wann dat engem am Alldag dacks net bewosst ass. D’Éislek huet immens vill opzeweisen, et ass duerchaus derwäert d’Aen opzehalen a vläicht emol de Schratt ze woen eng komplett Vakanz doheem ze verbréngen. Hei gëtt et vill z’erliewen, sot et weider a genéisst Är flott Heemecht. 11


Schloss Vianden Commune de Vianden

Commune de Vianden Ee grénge Paradäis

2. Veiner Pabeiera Béicherdeeg

D’Kuliss vum Stolzebuerger Schlass floréiert fir den Optakt vum Hierscht. 50 Aussteller presentéieren hei Mëtt September hir schéinste Planzen, mee och Accessoiren an Dekoratioun kommen net ze kuerz. Fachlech Berodung an e Virtrag suergen dofir, datt ee mat Sécherheet nach eppes bäiléiert. Verschidde kreativ Atelieren animéieren d’Kanner dozou sech mat der Planzewelt auserneen ze setzen. Ofgerënnt gëtt den Evenement duerch Live-Musek an eng noBOP 2018 pc COVER_annonce.pdf 1 21/06/2018 grouss kulinaresch Offer.

Commune de Eintritt

Putscheid

4,00 €

Kinder und Studenten gratis

15:02

Stolzembourg

Fotos: Caroline Martin, design fred hilger.lu

cité

V I A N D E N

18. Pflanzenbörse

Auf Schloss Vianden 8. & 9. September 2018

Bourse aux plantes Pflanzen- und Gartenfest

10-18 h

www.cite-litteraire.lu

Entrée

Pabeierkrom emol anescht Um Veianer Schlass dréint sech alles ëm de Pabeier. A verschiddenen Ateliere kréie Grouss a Kleng d’Méiglechkeet selwer Pabeier hierzestellen an ënnerschiddlech Handwierkstechniken an Zesummenhang mam Pabeier, wéi beispillsweis Kalligraphie oder den Drock, kennenzeléieren. Iwwerdeems kritt ee gewisen, wéi een de Pabeier op kreativ Manéiere weiderverwäerte kann. Donieft gëtt och d’Méiglechkeet gebueden al Bicher op der Plaz ze kafen an sech vun inzeenéierte Liesunge matrappen ze loossen. Een duerchaus spannend a léierräicht Erliefnis fir déi ganz Famill!

Fotos: Caroline Martin, design www.fredhilger.lu

5,00 € 2,50 €

15. & 16. September 2018 10 h - 18 h

www.naturpark-our.lu


NATURPARK OUR

WANDERSPAASS FIR GROUSS A KLENG

/ Caroline Martin

/ Liz Hacken

WALDERLEBNISPFAD

Mam Robi duerch de Bësch im Parc Hosingen

Spilleresch d’Natur kenneléieren, d’Geschécklechkeet testen an dobäi déi schéi Landschaft genéissen - alles dat ass méiglech um Erliefnispad am Bësch vum Park Housen. De Bëschwichtel Robi erwaart Grouss a Kleng op néng Statiounen, déi op 3 km verdeelt sinn. Ënner anerem kënnt ee laanscht ee Klotergerüst, ee Seelparcours an een Hochsitz. Eng perfekt Plaz, fir dotëschent ze raschten, bitt eng Picknickplaz mat Hängematten an engem Bett am Bësch. Nieft dem Erliefnispad waarden awer och zwee weider Wanderweeër vun 3 a vu 7 km dorop, fir entdeckt ze ginn. Iwwerdeems gëtt et ee Bëschmusee, an deem een d’Villfältegkeet vun de Beem kenneléiere kann an d’Méiglechkeet huet säi Wësse bei enger Rallye ze testen. De Froebou dofir kritt ee beim Startschëld nieft dem Musee a wann een e fäerdeg ausgefëllt ofgëtt oder eraschéckt, dierf een sech iwwer eng kleng Iwwerraschung freeën.

PRÜM 45 km

B

D PARC HOSINGEN

TRIER 80 km

F

Naturpark Our | 12, Parc | L-9836 Hosingen | www.naturpark-our.lu

OU_Anzeige 73x116 mm RZ 140618.indd 1

13

14.06.18 13:39


NATURPARK OUR

FUERSCH DUER UM NATURPARKFEST!

Nieft den übleche Buslinne gëtt fir déi siwent Editioun vum Naturparkfest eng Navette ugebueden, déi gratis vun der Kautebaacher Gare bis an de Parc Housen fiert. Falls een awer mam eegenen Auto wëllt kommen ass ee gebieden déi ausgeschëldert Parkplazen ze notzen. Egal wéi een dohi kënnt, eent steet fest: de Wee an de Parc Housen lount sech!

design www.fredhilger.lu

Entdecken, fuerschen an erliewen - ënnert deem Motto steet och dëst Joer nees d’Naturparkfest am Parc Housen. 30 Workshops, déi ronderëm d’Auer zougänglech sinn, animéiere virun allem Kanner a Familljen d’Charakteristike vun engem Naturpark aktiv z’erfuerschen. Donieft ginn et verschidde Shows, ganz besonnesch déi vum „Magic Andy“, déi op eng lëschteg Manéier fir spannend Erkenntnisser suergen. Déi Kleng kënnen um Naturparkfest net just een immens ofwiesslungsräichen Dag verbréngen, mee kréien alleguer een Diplom fir hiert Matmaachen an hunn donieft d’Méiglechkeet flott Präisser ze gewannen.

e Navett GratiesKautebaach Gar

Sonndeg, 5. August 2018 11h00 - 18h00

Parc Housen - Centre écologique Fräien Entrée

Entdecken, fuerschen an erliewen!

Soutenu par le Fonds National de la Recherche, Luxembourg

Weider Informatioune fannt Dir op www.naturpark-our.lu. NO-NOfeST'18 ANNONCE_73x116.indd 1

14

26/06/2018 17:29


NATURPARK OUR

ERLIEFNISWANDERUNGEN AN D’VERGAANGENHEET

Brüssel

Dréint een d’Zäit 500 Joer zréck, stellt ee fest, datt d’Kommunikatioun definitiv net sou einfach war wéi haut. D’Post gouf vu Reider verdeelt a war wochelaang ënnerwee, bis se beim Destinatär ukomm ass. Zu Aasselbur bei Ëlwen war déi eenzeg Postreiderstatioun vu ganz Lëtzebuerg. A genee op där Plaz, um Posteck zu Aasselbur, ass de Start vun den historesch-humoristesche Wanderungen, déi op enger Streck vu 5 km iwwer d’original Postweeër aus dem 16. an 17. Joerhonnert féieren an de Participanten d’Méiglechkeet ginn a Form vun Theateroptrëtter verschidde Personnagen aus där Zäit kennenzeléieren.

History-T’Our in Asselborn Geführte Wanderungen auf den Spuren der Postreiter im Éislek Asselborn Flamisoul

Arzfeld

michamps

Nei dëst Joer ass eng Nuetswanderung, déi de 14. August um 18:30 Auer start an doduerch an enger ganz spezieller Atmosphär stattfënnt. Iwwerdeems ginn och guidéiert Wanderungen zu Arzfeld, net wäit hannert der däitscher Grenz, ugebueden. Weider Informatiounen an alleguer d’Datumer fannt Dir op www.postweg.eu.

sonntags, 15h00: 29. Juli, 12./19./26. Aug. + ‘Postwee by Night’: 14. August um 18h30 5 km, 3 Stunden Anmeldung + Info: Tel.: +352 90 81 88-1 reception@naturpark-our.lu

www.postweg.eu 15


4, rue d´Asselborn | L-9907 Troisvierges Tél. : 24 51 48 81 | info@visittroisvierges.lu www.visittroisvierges.lu

VISIT TROISVIERGES

DRÄI GUTT GRËNN EROPZEKOMMEN

Vakanz maache muss net ëmmer heeschen, datt een säin Heemechtsland verléisst. Net wäit vun der Hausdier kann een duerchaus Beandrockendes gesinn an erliewen. Esou Beispillsweis och zu a ronderëm Ëlwen. De Marco van Miltenburg vum Touristebüro Visit Troisvierges huet eis dräi ganz gutt Grënn verroden, firwat sech een Ausfluch an den héijen Norden och fir d’Leit vun hei lount. Een attraktiven „Activity Parc“ Déi gehëtzten oppe Schwämm mat Buvette a Restaurant, déi 2016 erneiert ginn ass, suergt 16

fir Erfrëschung u waarmen Deeg a wäert mat hirer 45 Meter laanger Rutsch an zwee flotte Kannerbasenge mat Waasserspiller virun allem Jonker begeeschteren. Wien op der Sich no Entspanung ass, kann sech iwwer Massagedüsen freeën. Schwëmmer kënnen dat ganzt Joer iwwer vun der iwwerdaachter Schwämm profitéieren. Vu September u ginn nees Schwamm-, Aquagym- an Aquabikecoursen ugebueden, fir déi een sech elo schonn um Site sportfunculture.be aschreiwe kann. Den 22. September ass vun 9 Auer moies un eng Porte Ouverte vun der Schwämm, wou een dës Sportaarte kenneléiere kann.


Iwwerdeems bitt Ëlwen eng Partie ëffentlech Sportsplazen, wou ee beispillsweis Basketball, Fussball oder d’Boule-Spill ka spillen. D’Terraine vum Beachvolleyball a vum Tennis muss een am Virfeld online reservéieren (gratis!), fir een Zougangscode geschéckt ze kréien. De modernen, gemittleche Camping offréiert eng Rei besonnesch Iwwernuechtungsméiglechkeete wéi Safarizelter oder „Eco-Hütten“. Zu gudder Lescht fënnt een ëm Ëlwen verschidde lokal Trëppel- a Vëlosweeër, op deenen ee mat der Famill op den Tour ka goen. Am Laf vun der Summervakanz ginn ënnerschiddlech Vakanzenaktivitéite fir Kanner ab 6 Joer ugebueden. Umelle kann een seng Kanner iwwert de Site sportfunculture.be.

Eng Touristenattraktioun ouni Grenzen D’Vennbunn ass ee vun de längste Weeër an Europa, dee laanscht eng fréier Zuchstreck verleeft. E féiert op 125 km duerch dräi Länner: Lëtzebuerg, d’Belsch an Däitschland. Wann ee vun Ëlwen aus fortgeet, kann ee mam Vëlo, zu Fouss, mat Inlineskates oder soss engem net motoriséierte Fortbeweegungsmëttel iwwer St.Vith bis op Oochen kommen. Ënnerwee stéisst een op faszinant Landschaften a ka méi iwwert déi historesch Hannergrënn vun der Streck gewuer ginn. Iwwerdeems kann een op verschiddene Statiounen eppes iwwer d’Nopeschlänner an hir flott Natur léieren.

Aktivitéiten

Vennbunn

De Fliedermaustunnel bei Huldang Iwwert d’Vennbunn féiert deen eenzege Wee bei de sougenannte Fliedermaustunnel an der Géigend vun Huldang. Duerch dësen Tunnel si fréier d’Damplokomotive gefuer. Mëttlerweil hunn sech an deem verloossenen Tunnel awer op mannst 13 verschidden Zorte Fliedermais agelieft. Dorënner sinn och ganz seelen an zu Lëtzebuerg biswëll onbekannten Aarte festgestallt ginn. Den Tunnel selwer ass de Visiteuren net zougänglech, well en als Naturschutzgebitt deklaréiert ginn ass. Et kann een awer op engem flotten Entdeckungspad méi iwwer d’Fliedermais an hir Gewunnechte gewuer ginn. Dëst ass mat Hëllef vun Infoschëlter an enger Audio- a Medienstatioun méiglech, déi souwuel kleng wéi och grouss Entdecker iwwerzeege kënnen. Weider Informatioune ginn et um Site fledermaustunnel.naturpark-our.lu.

Fliedermaustunnel

Camping www.camping-troisvierges.lu 4, rue d‘Asselborn • L-9905 Troisvierges Tél.: 24 51 48 81 • info@visittroisvierges.lu

www.visittroisvierges.lu Entdeckt www.troisvierges.lu a neiem Design

17


SYNDICAT D’INITIATIVE ET DE TOURISME WILTZ

DAG AN NUECHT E BESUCH WÄERT

MIGO INDOOR MINIGOLF & SPILLPARK ESCHWEILER – WILTZ (L) SPILLPARK

Tourist Info

Syndicat d'Initiative Wiltz

MINIGOLF 2, Kierchewee, L-9651 ESCHWEILER – WILTZ (L) Tel.: (+352) 28 20 26 66 oder Tel.: (+352) 95 74 44 E-Mail: migo@touristinfowiltz.lu

www.migo.lu

Den éischten a landeswäit eenzege Béiermusée vu Lëtzebuerg fënnt een zu Wooltz an de fréiere Päerdsställ vum Schlass. An fënnef Raim kritt ee verschidde Perspektiven op d’Konscht vum Béierbrauen vermëttelt. Souwuel d’Geschicht wéi och d’Technik sinn op eng uspriechend Aart a Weis duergestallt. De Musée ass awer duerchaus net just fir ze kucken, mee et ass och méiglech an engem Seminaire selwer zum Braumeeschter ze ginn an dono seng Kreatioun ze degustéieren. An engem besonnesche Liicht kann een sech Wooltz bei de geféierte Fakelzich, déi de 24. an 31. Juli, sou wéi de 7. August ugebuede ginn, genee ukucken. Fir un dëser flotter Aktivitéit deelzehuele muss een sech aus organisatoresche Grënn am Virfeld beim Tourist Info zu Wooltz umellen. D’Onkäschte belafen sech op 2,50€ pro Persoun. Eng kleng Investitioun, déi sech garantéiert lount!

18

Château de Wiltz | L-9516 Wiltz Tél.: 95 74 44 | info@touristinfowiltz.lu www.touristinfowiltz.lu


KOFFERGROUF STOLZEBUERG

ENG SPANNEND ZÄITREES

Loscht sech op eng opreegend Rees 50 Meter ënnert der Äerd ze maachen? Dann ass déi fréier Koffergrouf zu Stolzebuerg definitiv eng Besiichtung wäert. Ausgerüst mat engem Helm, Waasserschutzkleedung a Gummisstiwwelen, déi een op der Plaz ausgeléint kritt, gëtt een duerch al Stollen geleet a kann an d’Welt vun den deemolege Minnenaarbechter andauchen. De Site ass vun Ouschtere bis Oktober zougänglech. D’Besichtegung vun der Koffergrouf léisst sech gutt mam 1,5 km laange Léierpad „Mir ginn op d’Grouf“ kombinéieren. Zu Stolzebuerg am Musée gëtt een nach méi iwwer d’Geologie vum Éislek an d’Geschicht vun der Koffergrouf gewuer. Dëse Musée ass iwwerdeems den Treffpunkt fir d’Visitte vun der Koffergrouf, fir déi keng Umellung erfuerderlech ass. D’Datummer dovunner fënnt een op www.stolzembourg.lu. Op dëser Säit kann een och eng Gruppevisite ausserhalb vun de festgeluechten Auerzäite reservéieren.

5A, Rue Principale | L-9463 Stolzembourg fzanter@pt.lu www.stolzembourg.lu

19


BEI ALL WIEDER ENG GUTT IDDI

AQUANAT’OUR

Zënter fënnef Joer fënnt een am Parc Housen eng Schwämm, déi Kleng a Grouss begeeschtert: AquaNat’Our. Entspanung fënnt een am Hamam, der grousser Saunalandschaft (bannen a baussen), dem waarme Basseng oder beim Sonnen op der grousser Wiss. Déi vill Attraktioune suergen dofir, datt mat Sécherheet kengem langweileg gëtt. Iwwerdeems gi während der Vakanz all Dag tëscht 14 an 18 Auer flott Aktivitéite fir d’Kanner ugebueden. E weideren Highlight ass den italienesche Restaurant Montallegro, deen och Bistroen an der Schwämm an am Saunaberäich bedreift. Eenzegaarteg zu Lëtzebuerg ass den natierleche Séi, deen duerch säin turquoiset Waasser bestécht a fir eng agreabel Erfrëschung u waarmen Deeg suergt. Ganz Besonnesch ass och eng Sauna, déi sech an der Mëtt vun engem Weier befënnt. Verschidden Evenementer a speziell Opgëss suerge bei de Saunagänger fir Begeeschterung. Den AquaNat’Our ass bei all Wieder ee Besuch wäert. Iwwerzeegt Iech selwer! 20

1A, Parc | L-9836 Hosingen Tél.: 24 51 99 00 | info@aquanatour.lu www.aquanatour.lu


SEO - SOCIÉTÉ ÉLECTRIQUE DE L’OUR

ENERGIE FIR HAUT A FIR MUER

Eent vun de gréisste Pompelspäicherwierker an Europa befënnt sech zu Stolzebuerg bei Veianen. D’Société Électrique de l’Our, kuerz SEO, bedreift eng Anlag, déi mat Hëllef vu Waasserkraaft Stroum produzéiert. Mam gespäicherte Waasser kann och an héije Verbrauchszäite genuch Energie hiergestallt ginn, fir eng optimal Stroumversuergung ze garantéieren. Wéi dat genee funktionéiert, kann een sech all Dag tëscht 10 an 20 Auer an hirem Visiteurszentrum ukucken. Iwwerdeems gëtt eng guidéiert Tour, déi ca. 2 Stonnen dauert, ugebueden. Dofir muss een allerdéngs op mannst zu 10 Persoune sinn an sech zwou Wochen am Virfeld umellen. Wien de grousse Waasserreservoir wëllt gesinn, dee kënnt am beschte mam Auto, well en sech e puer Kilometer weider um Niklosbierg befënnt. Op dëser Plaz ass eng Plattform opgeriicht, vun där een eng immens Vue iwwer dee risege Baseng an d’Landschaft ronderëm huet. Een Ubléck, deen een sech op kee Fall dierf entgoe loossen!

3, rue de l‘Energie | L- 9463 Stolzembourg Tél: 2827-1 | visites@seo.lu www.seo.lu

21


Um Knapphaff

LÉIEREN A FEIEREN UM BAUERENHAFF

De Knapphaff ass ee pedagogesche Bauerenhaff, op deem Kanner bei enger Rei Aktivitéiten d’Déieren, d’Ëmwelt an den Ëmgang mat natierleche Produite kenneléieren dierfen. Esou kréien déi Kleng beispillsweis erkläert, wat déi verschidden Déieren iessen, dierfen se fidderen a souguer ausmëschten. Dobausse gëtt geplanzt, Kraut gerappt a Feier gemaach. Bannen an der Bakstuff kënnen d’Kanner ënner Opsiicht Deeg preparéieren, aus deem si Wafelen an aner Schneekegkeeten hierstellen. Um Knapphaff si souwuel Schoulklassen, Klassen aus der éducation différenciée, Maison Relais’en, Crèchen ewéi och Privatleit wëllkomm. De Gebuertsdag vun Ärem Kand léisst sech besonnesch flott um Knapphaff feieren. Un engem Dag voller Spaass kréien d’Gebuertsdagskand an seng Frënn een attraktiven an ofwiesslungsräiche Programm gebueden a genéissen zum Schluss de Gebuertsdagskuch zesummen an der Bakstuff. Mat Sécherheet een onvergiesslecht Erliefnis! 22

55, Duerfstrooss | L-9759 Knaphoscheid Tél.: 661 704 692 | info@um-knapphaff.lu www.um-knapphaff.lu


LIBRAIRIE ZIMMER PRESENTÉIERT

D’IESELSOUER

Kachen a Brachen mat Bierefriichten An Zesummenaarbecht mat der Natur & Ëmwelt a.s.b.l. huet d‘Revue elo kierzlech een neit Kachbuch erausginn. Am handleche Format mat mëllen Deckele fannt Dir 67 lecker Rezepter mat Bierefriichten. Et kritt een net nëmmen Desserten an Chutneys gebueden, mee si hunn e vasten Iwwerfluch iwwer all d‘Komponenten aus der haiteger Kichen zesummegestallt. Awer och traditionell Rezepter ewéi eng gréng Kréischelstaart stinn dran. Mat grousse Fotoen an engem modernen Design fënnt hei all Hongerege säi Liiblingsplat.

Editions REVUE

ISBN 978-9-99594-538-1

15,00 € Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge Nico Helminger 2017 huet den Nico Helminger dëst Wierk erausginn, fir dat hien Enn Juni 2018 de Servais-Präis kritt huet. D‘Buch kënnt an enger fir Bicherfrënn wonnerschéiner Opmaachung. Ënnert dem bluttrouden, gebonnenen Deckel mat dem klassesche Binsfeld Design-Ëmschlag fënnt een eng Rei Erzielungen, déi sech zu engem Roman zesummendinn. Bannen am Buch trëfft den Design sech mat der wonnerbarer Literatur vun deem Auteur, dee scho virun 10 Joer fir säi Liewenswierk de Batty Weber-Präis krut. Hien hätt deen och nach emol verdéngt, well seng Sprooch ass räich u Wierder an Detailer, déi Fudder fir de Kappkino sinn. An trotz der Déckt vum Buch (484 Säiten) ass ee séier paff, datt een et scho ganz gelies huet.

Editions Guy Binsfeld ISBN 978-9-99594-231-1

26,00 € De Fäert-Uasch: Ze léif fir dës Welt? Cathy Clement / Biller: Benjamin Frank No enger laanger Paus mellt d‘Cathy Clement sech zréck. Déi jonk Autorin huet an hirer Teenie-Zäit Bicher fir Jugendlecher a jonk Erwuessener geschriwwen. Elo bal 20 Joer méi spéit ass hatt zréck an der Bicherzeen mat engem neie Buch fir grouss Kanner. An dësem Buch geet et ëm dat klengt Maude, dat ee ganz sensibelt Kand ass an heiansdo Hëllef brauch vu sengem „Mut-Monster“ (de Fäert-Uasch). Et ass eng léif Geschicht, geschriwwen an der Jugendsprooch mat dach ville Kraaftausdréck, e bëssen am Minetter Genre. Huet Dir Kanner am Cycle 4 oder op 7ème, dann huelt hinnen dëst Buch am klenge Format mat an d‘Vakanz. Si wäerten sech driwwer freeën.

Editions Schortgen

ISBN 978-9-99593-658-7

13,50 € 6 & 11, rue Saint Antoine L-9205 Diekirch

Tél: 80 95 59 Fax: 80 71 62

Lun. - Ven. 08:30 - 18:00 Sam. 09:00 - 17:00

www.zimmer.lu 23


Portugal trëfft op Italien La Fiducia ass Italienesch a bedeit „Vertrauen“. Et ass net nëmmen den Numm vum Restaurant, mee och d‘Zil, dat de Patron Carlos Dos Santos an seng Equipe sech virun 12 Joer bei der Ouverture gesat hunn: D‘Vertraue vun de Clienten ze gewannen, datt all Besuch ee Genoss ass. Dofir suerge frësch an héichwäerteg Ingredienten, déi an all hire Menuë verschafft ginn. „Mir maachen all eis Saache selwer, souguer Zoossen an Desserten. Nëmmen esou kënne mir eise Clienten all Kéier garantéieren, datt d‘Qualitéit vum Iessen excellent ass“, verséchert de Carlos. Et ass awer och d‘Vertrauen doranner, positiv iwwerrascht ze ginn, wann een sech un eppes Neies eruntraut. An éischter Linn ass La Fiducia zwar een italienesche Restaurant, mee dem portugisesche Patron ass et wichteg, de Leit vun hei och d‘Kichen aus senger Heemecht kënnen ze weisen. „Am Verglach zu der italienescher Kiche kennt de Lëtzebuerger déi portugisesch net esou gutt an zéckt dowéinst éischter, esou eppes ze bestellen. Mee bei eis hu portugisesch Platen och bei eiser lëtzebuergescher Clientèle ee grousse Succès. Dofir recommandéieren ech jidderengem, op mannst emol Portugisesch hei ze probéieren.“ Déi haaptsächlech mediterran Offer gëtt ausserdeem mat enger Auswiel vu klasseschem Lëtzebuerger Kascht ofgeronnt.

2, rue Prince Jean L-9052 Ettelbrück

T. +352 26 87 43 15 24

Heures d‘ouverture : 11h30 - 14h00 et de 18h00 - 22h00 fermé le mardi

Wien net onbedéngt am Restaurant, mee léiwer doheem wëllt iessen, dee ka vum Liwwerservice vu La Fiducia profitéieren, deen am Ëmkrees vun 12 km funktionéiert. Dat besonnescht ass, datt si ouni Ausnam alles vun der Kaart liwweren an immens vill Wäert op d‘Presentatioun leeën. Fir déi Jonk mat méi klengem Budget hunn si och eng interessant Offer: Schüler kréien an de Mëttegpausen 20% Reduktioun op all d‘Plate vun der Kaart.


„LA FIDUCIA “ PRESENTÉIERT

DE GAUMENSCHMAUS

Trio Di Gnocchi Dëse Plat vereent dräi verschidden Zorten Gnocchi (Kiischtentomat, Pesto a Kéis) a bitt domat an enger Kéier vill Ofwiesslung. Et ass eng Variant vum bekannten „Trio de pâtes“ speziell fir Leit, déi méi frou mat Gnocchi sinn.

Esou gëtt et gemaach: •

200ml Crème culinaire opkachen, 150g selwergemaachte Pesto dobäiginn, e puer Min. op klenger Flam kache loossen, mat Peffer a Salz wierzen.

Dir braucht (fir déi 3 Zoossen): 400ml

Crème culinaire

150g

Pesto

•

Kéismëschung

(Gouda, Gorgonzola, Taleggio, Parmesan)

250ml

Tomatenzooss

100g

renge Parmesan

14 Blieder frësche Basilikum 2 geschnidde Knuewelekszéiwen Kiischtentomaten Rucola Olivenueleg wäisse Wäin

Kéis-Zooss: 200ml Crème culinaire opkachen, 150g Kéismëschung dobäiginn, e puer Min. op klenger Flam kache loossen, mat Peffer a Salz wierzen.

(60g frësche Basilikum, 70g Parmesan, 3 TL Pinienkären, 2 Knuewelekszéiwen, 30cl Olivenueleg, Salz)

150g

Pesto-Zooss:

•

Tomaten-Rucola-Zooss: Olivenueleg an enger Pan erhëtzen, Kiischtentomaten, d‘Hallschent vum Basilikum an de Knuewelek dran ubroden a mat wäissem Wäin ofläschen. Tomatenzooss dobäimëschen an d‘Flëssegkeet reduzéieren. Mat Peffer a Salz wierzen a mam Rescht vum Basilikum, Rucola a Parmesan garnéieren.

25


Kosmetik ouni Grenzen „Ech verkafe kee Produit, mee ee Resultat“, erkläert d’Alexa Peters, Patronne vum Treffpunkt Kosmetik. Erfollegräich féiert hatt zwee Schéinheetssalonen, jeeweils zu Wäisswampech an zu Nieder-Emmels an der Belsch. D’Alexa a säin Team si spezialiséiert op Anti-Aging souwuel fir Frae wéi fir Männer, mee selbstverständlech sinn och Jonker wëllkomm. Well donieft ëmfaasst hir Offer Soine géint Akne, eng ëmfangräich Typ-Berodung fir de passende Make-Up, déi medezinesch Pedikür a vill weider Servicer. All Haut ass anescht an deementspriechend reagéiert se ënnerschiddlech op verschidde Produiten a Soinen. Aus dësem Grond steet déi perséinlech Berodung ëmmer un éischter Plaz. Fir unzefänke gëtt, och wann ee just eng Crème kafe wëllt, all Kéier eng Analyse vum aktuellen Zoustand vun der Haut gemaach. D’Haut gëtt komplett gerengegt an da wuertwiertlech ënner d’Lupp geholl. Dono gi verschidde Produite getest, fir ze kucken, wéi d’Haut se ophëlt a wéi d’Empfanne vum Client ass. Nom Hauttest gëtt zesummen ee Plang opgestallt, op deem genee notéiert ass, wat d’Haut an deem Moment brauch. Dacks feele Vitaminnen oder verschidde Mineralstoffer. Op der Lëscht gëtt och notéiert, wéi eng Behandlungen d’Alexa a säin Team recommandéieren. Selbstverständlech entscheet awer de Client, wéi eng dovunner hie gären an Usproch hëlt.

ÖFFNUNGSZEITEN Termine nach Vereinbarung Tél.: 26 95 75 90 info@beauty-shop.lu

Mo. & Fr. 9 - 17.00 Uhr Di. & Do. 9 - 19.30 Uhr Mi. & Sa. 9 - 12.00 Uhr

Duarrefstrooss 14 I L – 9990 Weiswampach

www.treffpunkt-kosmetik.lu Sie können unsere Produkte jederzeit über unseren Onlineshop bestellen unter:

www.beauty-shop.lu 26 GRATIS LIEFERUNG ab einem Einkaufswert in Höhe von 25 €.

Treffpunkt Kosmetik gëtt et schonn zënter 17 Joer zu Wäisswampech. „Ouni Resultat keng Freed“ ass hire Leetsproch, deen si éiergäizeg befollegen, fir dem Client dat beschtméiglecht Resultat ze garantéieren. Zéckt net laang a séchert Iech Äre Rendez-vous, fir vu Kapp bis Fouss gesond, gefleegt a schéin auszegesinn!


TREFFPUNKT KOSMETIK PRESENTÉIERT

DE LIFESTYLE

D’Alexa erkläert, wéi een sech doheem a Form vu Gedrénks eppes Guddes doen a wéi ee bei him am Salon d’Haut no engem Sonnebrand reparéiere loosse kann.

Woumat kann een sech een erfrëschend, gesond Summergedrénks maachen? De Rio Grande Aloe Vera Drink ass genee dat richtegt, fir sech a sengem Kierper eppes Guddes ze doen. Dëst Gedrénks stäerkt d’Bindegewebe an den Immunsystem a reegt de Stoffwiessel un. Wann een et pur drénkt, schmaacht et zimlech speziell, dofir recommandéieren ech et mat aneren Ingredienten ze mëschen. Esou kann een sech lecker, exotesch Drinks maachen, déi dem Kierper richteg Power ginn. Bei eis kritt een och e puer gutt Rezepter verroden, déi een onbedéngt muss probéieren.

Wéi eng Behandlung ass am Summer besonnesch hëllefräich? Den OxSynergie ass eng effikass Sauerstoffbehandlung, déi eng intensiv Regeneratioun vu sensibeler an irritéierter Haut bewierkt, wéi beispillsweis no engem Sonnebrand. Bei där Therapie gëtt de pH-Wäert vun der Haut reguléiert a schiedlech Bakterien ofstierwe gelooss. Nom Traitement huet een ee méi vitalen Teint an eng däitlech méi straff Haut. D’ Behandlung mam medezinesche Sauerstoff besteet aus véier Schrëtt: Fir d’éischt gëtt d’Haut mat engem Massageroller entspaant, doropshi kritt een eng manuell Massage, da kënnt d’Oxygenatioun, bei där 100-prozentege Sauerstoff op d’Haut trëfft an zum Schluss gëtt d’Reparatioun mat besonnesch staarke Repairstoffer ugereegt. 27


Äre Wunnprojet a sécheren Hänn Jidderee weess, datt de Bau, respektiv de Kaf vun engem Haus oder Appartement mat onheemlech vill Opwand verbonne sinn. Geneemegungen a Kreditter ufroen, Entreprisen eraussichen an engagéieren, Präisser vergläichen – den Iwwerbléck iwwert de ganze Projet ze behalen ass eng Aufgab, bei där ee gäre gro Hoer kritt. Wéi kann een sech déi Saach méi einfach maachen?

VENTE, LOCATION ET PROMOTION IMMOBILIÈRE IMMOBILIENVERKAUF, -VERMIETUNG UND BAUTRÄGERSCHAFT CLIENTS BELGES Vendez ou louez votre bien situé en Belgique PARTICULIERS L’habitation de vos rêves selon votre budget

BELGISCHE KUNDEN Wir verkaufen oder vermieten Ihre Immobilie in Belgien PRIVATPERSONEN Ihr Traumhaus in Ihrem Budgetrahmen

PROFESSIONNELS Un bien qui correspond à vos besoins et exigences

GEWERBLICHE KUNDEN Eine Immobilie, die Ihren Bedürfnissen und Anforderungen entspricht

INVESTISSEURS Rentabilisez votre budget grâce à notre connaissance du marché

INVESTOREN Dank unserer Marktkenntnis legen Sie Ihr Budget optimal an

NOUS AVONS LE PROJET QUI VOUS CORRESPOND… WIR HABEN DAS PROJEKT, DAS ZU IHNEN PASST!

28 Bingen & Partners S.A. | 5, Om Knupp | L-9991 Weiswampach

+352 26 95 71 11 | info@hob.lu | www.hob.lu

Den Immobiliëpromoteur Home & Office Building vun der Wämperhaart (Gemeng Wäisswampech) hëlleft dobäi, d‘Steng um Wee bis bei déi eege Wunneng aus dem Wee ze raumen. Ugefaange mat der finanzieller Berodung doriwwer, wat mam Budget méiglech ass, iwwer d‘Erstellung vun den Dossiere fir de Prêt oder staatlech Subsiden unzefroen, d‘Eraussichen an d‘Koordinatioun vun Architekt a Sous-Traitanten bis bei déi lescht Detailaarbechte kuerz virun der Fäerdegstellung. Mat 35 Joer Erfarung am Finanzsecteur an dräi Partnerbanken zu Lëtzebuerg garantéiert Home & Office Building déi beschte Konditioune beim Kredit. Als onofhängege Promoteur realiséiert Home & Office Building an Zesummenaarbecht mat sengem Associé Schilling & Fils an aneren, ausschliisslech regionale Sous-Traitanten och eege Bauprojeten, déi fir de Verkaf bestëmmt sinn. Clienten, déi sech fir esou ee Projet entscheeden, kënne sécher sinn, datt d‘Qualitéit vun den Aarbechten excellent ass an a Punkto Geneemegungen alles passt. Op hirer Internetsäit www.hob.lu kann een sech alleguerten hir Objete fir ze verlounen oder ze verkafen ukucken. Zesumme mat der Firma Schilling, dem Versécherungsexpert Schmatz & Partners an der Immobiliëgesellschaft MGH Immo gehéiert Home & Office Building zum Gruppement Horizon 360°. Dëse vereent déi véier Betriber ënnert engem Daach a versprécht dem Client eng integral a kompetent Betreiung vu sengem Bau- oder Wunnprojet.


HOME & OFFICE BUILDING PRESENTÉIERT

DE BAUMEESCHTER

Beim Kaf vun Immobilië kann ee vill falsch maachen. Den Här Bingen, Grënner vun Home & Office Building, gëtt dowéinst zwee wichteg Rotschléi, déi ee bei senger Entscheedung sollt berécksiichtegen.

Wéi eng Aart vun Immobilie versprécht dee beschte Rendement, wann een dran investéiert?

Wourop soll een oppassen, wann een en Haus oder Appartement keeft, fir selwer dran ze wunnen?

Een nei gebautent Appartement vu 50 bis 80 m2 mat maximal zwou Schlofkummeren ass ideal, fir dran z‘investéieren. Dem Gesetz no kann ee während 7 Joer 6% vum Bauwäert (ouni den Terrain) als Amortissement vun de Steieren ofsetzen. A ville Fäll gläicht dee Montant sech mam Revenu aus, deen een huet, wann een d‘Appartement verlount an et brauch een deemno sou laang keng Steieren op säin Akommes ze bezuelen. Iwwerdeems bezilt ee beim Kaf vun de Pläng vun engem Neibau vill manner Droit d‘Enregistrement. An de Steen z‘investéieren ass op alle Fall méi rentabel wéi d‘Suen op der Bank leien ze hunn.

Vill Leit kucken an éischter Linn nom Präis. Wann awer tëschent zwee Haiser vun der selwechter Gréisst an der selwechter Géigend ee bedeitende Präisënnerscheed besteet, muss een sech Froe stellen: Wéi ass d‘Qualitéit vun de Materialer, wie sinn d‘Sous-Traitanten a wou kommen se hier? Dacks verstoppen sech hannert dem méi bëllege Verkafspräis Käschten, déi een den éischten Ament net gesäit. Am Zweiwelsfall sollt een einfach emol beim Promoteur nofroen.

29


5A, Zone Industrielle - L-9166 MERTZIG +352 83 82 22 info@stemper-stones.lu

GRANITS MARBRES MONUMENTS ESCALIERS RENOVATIONS TERRASSES

WWW.STEMPER-STONES.LU 30


ALENTOUREN & ELEKTRESCH

STROUM DOBAUSSEN

Soubal d’Temperature klammen, kënnt dobaussen am Gaart a ronderëm d’Haus nees Liewen op. D’Hecke gi geschnidden, d’Gras geméint an d’Onkraut erausgerappt. D’Blummen an d’Beem fänken un ze bléien a verbreeden hire besonnesche Charme. Schlussendlech ginn nach d’Terrassemiwwele erausgestallt, fir sech et matzendra gemittlech ze maachen an sech seng Portioun Sonneliicht fir den Dag ze gënnen. Wann een sech den Openthalt dobaussen nach méi komfortabel maache wëllt, lount et sech ee Stroumuschloss am Gréngen unzeleeën. Wéi dat geet a wat een alles berécksiichtege muss, gitt Dir an dësem Artikel gewuer.

Eng bedeitend Ennerstëtzung Effektiv spillt d’Elektresch eng grouss Roll an eisem Alldag. Et suergt dofir, datt eis wuertwiertlech eng Luucht ugeet, eis ganz waarm ëm d’Häerz gëtt an ënnerstëtzt eis bei alldeeglechen Aufgaben, déi doduerch méi séier a méi liicht vun der Hand ginn. Dobäi kënnt, datt de Stroum et erméiglecht eis op verschidde Manéieren ze beschäftegen an iwwer divers Medie mateneen ze kommunizéieren. D’Elektresch kann awer och bewierken, datt een sech gutt opgehuewe fillt, andeems een sech eng Sécherheetsanlag installéiert. Dës an nach vill weider Funktioune maachen d’Elektrizitéit zu engem bedeitende Bestanddeel vun eisem Liewen. Firwat also net och dobaussen? 31


ENTREPRISE DE TERRASSEMENT, DE VOIRIE ET DE PAVAGE

DUMONG MARCEL

NATURSCHLAFSYSTEME

FiT iN dEN TAg oHNE VERSpANNUNgEN UNd RüCkENSCHMERzEN

beliegen Jetzt Pro ellUng er AUSSt r e S n U in ViergeS in troiS

25, um Knupp • L-9653 Goesdorf Tel.: 89 91 35 GSM : 691 41 42 43 info@dumongmarcel.lu

bio

Milbenstopp

biologisch wirksam durch Auszüge der Ölessenzen von Zitrone, Lavendel und Eukalyptus

Von Ärzten & therapeuten empfohlen

www.dumongmarcel.lu

Tél.: 20 60 44 I Fax: 20 60 44 44

info@jphomeconcept.lu

L-9911 Troisvierges | Industriezone 11 | Tel.+352 979 310 info@heinenag.com | www.pronatura.lu

MÉI WÉI 10 JOER ERFARUNG

10, Route d‘Ettelbruck I L-9160 INGELDORF

Besicht och eis Säit JP HOME CONCEPT

www.jphomeconcept.lu

BUEDZËMMEREN RENOVATIOUNEN SANITÄR PLÄTTERCHER Mir schwätzen

32


Temporär oder permanent?

Steckdousen dobaussen

Fir den Elektriker gëllen de Gaart a seng Alentouren als ee Fiichtraum. Wënscht een sech deemno Stroum ausserhalb vum Haus, muss een onbedéngt drop oppassen, datt all d’Bestanddeeler vun der Elektroinstallatioun Sprëtzwaasser, Fiichtegkeet an Nätzt verdroen. Wann ee just fir eng Saison vum Elektresch am Gaart wëllt profitéieren, geet et schonn duer speziell Gummikabelen ze verleeën, déi op d’Konditioune vun dobaussen ugepasst sinn. Doduerch, datt si net mussen ënnert dem Buedem verluecht ginn, sinn se flexibel a kënne jee no Besoin einfach an eng aner Richtung gezu ginn an de Benotzer do mat Stroum versuergen, wou e grad gebraucht gëtt. Den Nodeel bei dëser Variant ass awer, datt jee nodeem wéi de Kabel verleeft, d’Gefor besteet driwwer ze falen.

All d’Stroumuschlëss, déi sech dobausse befannen, musse virun Nätzt geschützt sinn. Déi ideal Léisung heifir si Steckdouse mat Klappdeckelen. De Schutz virum Waasser soll awer net bei der Steckdous ophalen. Alleguer d’Materialer an d’Geräter, déi domatt a Verbindung bruecht ginn, solle bestëmmte Sécherheetskritären erfëllen, fir déi Persounen ze schützen, déi domat a Verbindung kommen. Waasser gëllt als den natierleche Feind vum Elektresch, well et Stroum leet. Sécherheet ass dohier den A an O.

Wie permanent op Stroum ausserhalb vum Haus ugewisen ass, iwwerleet sech dat beschtefalls schonn, ier de Gaart komplett amenagéiert ginn ass. A sou engem Fall gëtt nämlech ee sougenannten „Erdkabel“ verluecht, deen an der Reegel ca. 80 cm déif am Buedem läit. Fir een optimale Schutz ass recommandéiert de Kabel duerch ee klenge Rouer lafen ze loossen an dësen ënnen an uewe mat enger ca. 10 cm déiwer Schicht Sand anzedecken. Wëllt een absolut op Nummer sécher goen, kann een iwwert déi iewescht Sandschicht ee Warnband oder Zille leeën. Doduerch ass de Kabel beispillsweis viru Stéch mam Spuet protegéiert. Ganz besonnesch dann, wann een ee Weier uleet, ass et sënnvoll sech fir een „Erdkabel“ z’entscheeden, schliisslech wëllt ee laang eppes dovun hunn. Iwwerdeems mussen d’Steckdousen aus Sécherheetsgrënn een Ofstand vun op mannst zwee Meter vum Weier hunn. Eng Alternativ zum „Erdkabel“ ass ee mat PVC isoléierte Kabel.

Eng wichteg Klengegkeet Egal ob de Stroum just fir eng Saison bausse soll fleissen oder eng dauerhaft elektresch Versuergung virgesinn ass, eng Saach sollt op kee Fall vergiess ginn: ee sougenannte „Fehlerstrom-Schutzschalter“, kuerz FI-Schalter. Dëst Gerät moosst de Floss vum Stroum a blockéiert en, soubal e minimal Ënnerscheeder bemierkt. Dës Funktioun kann, zum Beispill am Fall vu beschiedegte Kabelen, Mënscheliewe retten.

Ee Gefill vu Sécherheet Beweegungsmelder, déi dofir suergen, datt bei all Beweegung an engem bestëmmte Radius eng Luucht ugeet, ginn engem ee Gefill vu Sécherheet. Well si schrecken net just deen een oder anere potenziellen Abriecher of, mee garantéieren engem och, datt een ni am Däischtere muss nom Hausschlëssel sichen oder mam Auto d’Garagenafaart versichen ze geroden. Nach méi einfach ass d’Heemkommen no Sonnenënnergang mat Beweegungsmeldersystemer, déi schonn ee Schratt méi wäit denken. Sou gëtt et beispillsweis ee Sensor, dee matkritt, datt een am Gaang ass den Auto ze parken an dës Informatioun automatesch un de Beweegungsmelder aus dem Trapenhaus weiderleet. Doropshi gëtt d’Luucht do schonn uschalt, ier een iwwerhaapt bis bei d’Trapenhaus komm ass.

De Profi um Wierk Elektrizitéit net just am Haus notzen ze kënnen, mee och am Gaart dovun ze profitéieren, erliichtert villes. Iwwert de prakteschen Deel eraus loossen sech och eng Partie ästhetesch Moossnamen ergräifen, déi de Gaart och bei schlechtem Wieder oder kalen Temperature liichten doen. Am Wanter kann een an deem Fall vu bannen op seng Chrëschtdagsbeliichtung kucken an déi wonnerschéin Atmosphär genéissen, déi ee selwer geschaf huet. Bei neie Stroumuschlëss sollt een op alle Fall ee professionellen Elektriker engagéieren, virun allem fir baussen. Schliisslech si Fiichtegkeet a Stroum eng ganz geféierlech Mëschung, un déi een den Expert sollt eruloossen. 33


VENTILATION CHAUFFAGE

ENERGIES

SANITAIRE

CLIMATISATION

REGULATIONS

www.wagner-schaffner.lu 11, z.a.c. Klengbousbierg • L-7795 Bissen • Tél. +352 81 24 42-1 • Fax +352 81 71 58


MONTAGE ZENNER

KLENG ÄNNERUNGEN, GROUSS WIERKUNG

Besëtzt een en Haus oder Appartement, fale gäre mol déi eng oder aner Aarbechten un, well iergendeppes net (méi) esou ass wéi een sech et wënscht. Op emol gefält engem de Buedem net méi, d’Diere fänken un ze schruppen oder et wëllt een nei Fënsteren hunn. Dacks denkt een dann et misst een alleguer dës Aarbechte matenee maache loossen, amplaz Stéck fir Stéck. Fir esou ee Fall ass Montage Zenner vu Kautebaach genee de richtegen Uspriechpartner. Ob elo ee ganze Raum ee neie Buedembelag brauch oder just e puer kleng Reparature musse gemaach ginn, de Serge Zenner an seng Equipe loossen Iech net am Stach. Bei jiddwer Optrag leet de klengen, sympathesche Lëtzebuerger Betrib vill Wäert op eng individuell Berodung a präziist Schaffen. An si bidden net just Montage a Renovatiounen un, mee och eng riseg Panoplie u Produiten a Materialer. Frot Iech elo Äre perséinleche Rendez-vous an iwwerzeegt Iech vun hirem Service!

FENSTER

REPARATUREN

TÜREN

GARTENHÄUSER

FUSSBODEN

AUßENAUSSTATTUNG

DECKENBEKLEIDUNG

GARAGENTORE

INNENAUSBAU

KÜCHENMONTAGE

KAUTENBACH Tel. +352 26 95 44 41 | info@montagezenner.lu Öffnungszeiten: MO - FR 8 - 19:00 UHR | SA 9 - 16:00 UHR

www.montagezenner.lu 35


So geht Energiesparen einfach von der Hand Energiesparen, Komfort und Sicherheit genießen Mit der ViCare App können Sie ganz komfortabel die Heizung bedienen und Energie sparen – zu jeder Zeit, von jedem Ort aus. So haben Sie den Anlagenstatus immer im Blick. Mit einer Wischbewegung stellen Sie die gewünschte Raumtemperatur ein; per Fingertipp wählen Sie eine TagesablaufVorlage und sparen automatisch Energie. www.viessmann.de

5 Jahre Garantie* bei Anlagenaufschaltung über die ViCare App * Voraussetzungen unter www.viessmann.de/5-jahre-garantie

Wir beraten Sie gern:

Viessmann Luxemburg 35, Rue JF Kennedy L-7327 STEINSEL

Tel. : 26 33 62 - 1 Fax : 26 33 62 - 31

info@viessmann.lu www.viessmann.lu

EV-Konnektivität_5JG_3sp_4c_FB.indd 1

23.04.18 16:32

ons i t a m i t s E & ns o i t a c o L , s e Vent ILTZ tte L-9515 W harlo

C 55, Rue G.-D. e n ia iv V Résidence

u immowolz.l

36

95 82 59-1


DOMOTIK

WÉI D’HAUS „SMART“ GËTT

Déi meescht Leit hunn en de ganzen Dag iwwer am Grapp a si wuertwiertlech vun em ofhängeg: de Smartphone. Duerch seng quasi onendlech verschidde Funktiounen erlaabt dëse klengen Apparat et, sech den Alldag a ville Beräicher méi einfach a méi agreabel ze maachen. Wéi wier et dann, wann een de Prinzip vum Smartphone op méi ee grousse Moossstaf iwwerdroe géif, nämlech op dat ganzt Haus? Domotik ass de Begrëff dofir, zesummegesat aus dem laténgesche Wuert „Domus“ fir Haus an „Automatik“. Konkret heescht dat, datt fir gewéinlech manuell gesteiert Prozesser mat elektreschem Uschloss, beispillsweis d‘Heizung

oder d‘Beliichtung, komplett automatesch funktionéieren oder op Distanz kontrolléiert kënne ginn. Wien elo denkt, dat wiere just technesch Spillereien, déi kee Mënsch brauch, kuckt sech doheem besser emol méi genee ëm. Luuchten, déi vum selwen uginn, wann ee laanschtgeet oder eng Alarmanlag, déi duerch Beweegung aktivéiert gëtt – dëst si Beispiller vun der Domotik, déi vill Leit schonn zënter laangem bei sech hunn. Wat fir interessant Méiglechkeeten sech soss nach bidden an op wéi eng Manéieren een seng Wunneng ee Stéck méi „smart“ ka maachen, gitt Dir an dësem Artikel gewuer.

37


Ganz nei Perspektiven

schlosse Funktiounen op enger eenzeger Plattform – ieren op enger App um Handy – iwwerwaacht a souguer ferngesteiert ginn. Doduerch besteet d‘Méiglechkeet, e puer Astellungen ze regruppéieren an domat een Zeenario virzeprogramméieren, deen ee jidderzäit opruffen oder ausschalte kann. Ee Beispill fir esou een Zeenario ass den Nuetsmodus, dee mat engem Klick d‘Luuchten am ganzen Haus ausmécht, de Stroum vun den onbenotzten Apparater hëlt an d‘Heizung op 18°C reegelt. Een anere léisst moies nom Opstoe gläichzäiteg d‘Rolllueden eropfueren a mécht d‘Kaffismaschinn un, ouni datt de Bewunner sech muss beweegen. Eng nëtzlech an heefeg genotzte Funktioun no dësem Prinzip ass och de „Panikschalter“, deen ee bei verdächtege Geräicher am Haus ka betätegen an deen all d‘Luuchten umécht oder een Alarm ausléist, fir Abriecher ze verjoen. Dat bescht ass, datt sech all d‘Astellunge personaliséieren an op déi eegen Uspréch upasse loossen. Een Zeenario kann och automatiséiert ginn, sou datt en sech un enger bestëmmter Auerzäit oder ënner soss enger Konditioun vum selwen aktivéiert. Déi eenzeg Limitten, déi bei der Ariichtung vun engem intelligenten Haus existéieren, sinn de Budget an déi perséinlech Preferenzen.

De Computer an den Handy si laang net méi déi eenzeg Geräter, déi Zougrëff op den Internet erlaben. Alldeeglech Haushaltsapparater an Installatiounen ewéi d‘Luuchten, den Thermostat, d‘Wäschmaschinn, de Frigo, jo souguer d‘Schell un der Dier si mëttlerweil online. „The internet of things“ nennt sech dëse Phenomen. D‘Sensoren, déi dran agebaut oder op enger bestëmmter Plaz separat montéiert sinn, huelen Informatiounen iwwer verschidden Zoustänn op an iwwermëttelen déi entweder un ee Gerät, fir eng Aktioun auszeféieren, oder direkt un den Hausbesëtzer. Dee kann da beispillsweis, wann e grad am Buttek ass, mam Handy op déi agebaute Kamera am Frigo zougräifen a kucken, ob nach genuch Botter do ass. Oder de Sensor un der Fënster erkennt, datt se op ass a seet dem Thermostat, datt een d‘Heizung soll zeréckdréinen. An et geet nach weider: Modern Bewässerungssystemer am Gaart moossen d‘Fiichtegkeet am Buedem an nätzen d‘Geméis nëmmen dann, wann et Waasser brauch. E puer Meter weider erkennt eng Kamera un der Schell vun der Hausdier Visiteuren an erméiglecht dem Besëtzer, d‘Persoun virun der Dier ze gesinn oder mat hir ze kommunizéieren, och wann e kilometerwäit vun doheem fort ass.

D‘Virdeeler vun der Domotik

Jee nodeem, wéi ee System ee fir säi Smart Home benotzt, kënnen alleguerten déi uge-

Et ass jo schéin a gutt, datt alles automatesch geet oder sech op Distanz regléiere léisst, mee

Electricité générale info@electro-ampere.lu

Photovoltaïque Câblage informatique Eclairage Alarmes Smart Home

38


differenz zu engem normale Modell aus. D‘selwecht ass et mat Luuchten, déi sech automatesch dimmen, wann d‘Sonn erauskënnt an doduerch vill Stroum spueren.

wat bréngt engem dat? Do ginn et direkt e puer iwwerzeegend Argumenter. All Dag moies an owes duerch d‘Haus lafen an d‘Rolllueden eropan erofzéien, d‘Heizung un- an ausmaachen, staubsaugen, de Gaart nätzen... all dës kleng Aufgaben huelen zesummegerechent vill Zäit ewech. A si mer emol éierlech, heiansdo huet een einfach keng Loscht drop. Wann een déi verdrësslech Flichten automatiséiert oder op mannst vereinfacht, spuert een Zäit, déi ee mat eppes verbrénge kann, dat ee gären huet. Bei munche Leit ass et och mol keng Saach vum Wëllen, mee vun der kierperlecher Kapassitéit. Fir Mënsche mat enger Behënnerung oder am héijen Alter kann d‘Domotik eng enorm Erliichterung am Alldag duerstellen an hinnen dobäi hëllefen, trotz hiren Aschränkungen onofhängeg ze liewen.

Wéi een un d‘Saach erugeet Wien sech de Komfort vum 21. Joerhonnert an dat eegent Haus huele wëllt, huet gläich e puer Méiglechkeeten. Déi einfachst an déi séierst besteet doran, sech eenzel Smart-Geräter unzeschafen, déi direkt ugeschloss a benotzt kënne ginn. Ee Staubsauger-Roboter, speziell Luuchtebiere mat WiFi oder eng intelligent Steckdous si populär Optiounen. Kontrolléiere loossen si sech duerch eng App um Handy, ee separate Sensor oder souguer mat der Stëmm! Bei der drëtter Optioun huet een ee sougenannte „Voice Assistant“, deen iwwer WiFi un déi intelligent Geräter gekoppelt ass an op geschwaten Uweisunge lauschtert. Ee méiglechen Zeenario ass, datt een sengem Voice Assistant seet: „Maach de Ventilator un“. Dee gëtt dëse Kommando un déi intelligent Steckdous weider, déi dann de Stroumfloss bei

De wahrscheinlech bedeitendste Virdeel ass awer wuel deen, datt verschidden intelligent Installatiounen sech selwer ofbezuelen. Deemno kann ee „smarten“ Thermostat d‘Energierechnung ëm duerchschnëttlech 15% reduzéieren a gläicht domat op Dauer seng Präis-

Visitez notre smarthouse à Ehlerange !

MAßARBEITEN

GARTENHÄUSER

CARPORTS

& VIELES MEHR AUS HOLZ

GARAGEN

Beratung Fundament Montage

4A route de Diekirch L-9381 MOESTROFF

(+352) 80 71 90 chalet@pt.lu www.chaletcenter.lu

39


de Ventilator aktivéiert. Ee Voice Assistant kann awer och onofhängeg benotzt ginn. Et kann een en zum Beispill froen, wéi muer d‘Wieder gëtt oder wat alles um elektronesche Kalenner steet. Entscheet een sech fir Smart Home Geräter, déi iwwer WiFi kommunizéieren, sollt een dofir suergen, datt d‘Verbindung iwwerall am Haus stabill ass an noutfalls een Extender kafen, fir d‘Signal ze verstäerken. Déi zweet Methoud ass méi bestänneg, flexibel a verléisslech, léisst sech awer just bei engem Neibau oder enger gréisserer Renovatioun ëmsetzen. Rieds ass vum KNX, dem weltwäite Standard fir d‘Automatiséierung vu Gebaier. Parallel zu de Stroumkabele gëtt vum Elektriker eng speziell KNX-Leitung verluecht, déi alleguerten d‘Bestanddeeler vun der intelligenter Technik iwwer een eenzege Kabel matenee verbënnt. Dës besonnesch Leitung erlaabt et, d‘Funktioun vun den Uschlëss ouni Opwand zu jidder Zäit ze veränneren, esou wéi se grad gebraucht ginn. A well et sech ëm een internationale Standard handelt, kënnen d‘Geräter vun ënnerschiddlechen Hiersteller ouni Problem matenee verbonne ginn, wat och

SHOWROOM IN SCHIEREN 8-10, rue de la gare L-9122 Schieren Tel: +352 81 94 84 1 Email: info@willy-putz.lu

am Fall vun enger Beschiedegung d‘Sich no engem Ersatzdeel immens erliichtert. An der Reegel huet een Haus, dat mam KNX equipéiert ass, ee Bildschierm am Agangsberäich oder an der Schlofkummer, deen engem den Iwwerbléck op alleguerten d‘Funktioune gëtt a vun deem se sech beaarbechte loossen. Natierlech kann een dee Menu och um Smart Phone oder Tablet opruffen a vun do aus seng Astellunge maachen.

Déi gëlle Mëtt fannen Et ass schonn erstaunlech, wat an der haiteger Zäit alles méiglech ass. Allerdéngs kéint een dozou tendéieren, sech mat där ganzer Technik z‘iwwerhuelen. Dofir ass et sënnvoll, sech virun enger Uschafung konkret Gedanken doriwwer ze maachen, wat een tatsächlech brauch a wou. Eng hëllefräich Methoud dofir ass, sech eng Skizz vun all de Raim am Haus ze zeechnen an op deene Plazen intelligent Apparater oder Funktiounen ze notéieren, wou se effektiv Ënnerstëtzung oder ee Plus u Liewensqualitéit mat sech kënne bréngen. Nëmmen esou ass et och wierklech ee Smart Home.

SANITAIRES CARRELAGES MENUISERIE CUISINE RÉNOVATION

www.willy-putz.lu

Für Sie machen wir uns gerne die Hände schmutzig!

40

www.born-meyer.com


4, um Mierscherbierg L-7526 Mersch Tel.: +352-32 59 59

10, route d‘Ettelbrück L-9160 Ingeldorf Tel.: +352-27 80 84 85

DIE 2 NATURMÖBELSPEZIALISTEN 41 IN LUXEMBURG www.naturmoebel.lu


RÉSIDENCE

A KURZELT DRINKLANGE Future construction d’une résidence sise dans la commune de Troisvierges à L-9952 Drinklange, se composant comme suit:

NOUS RECHERCHONS

DES TERRAINS À BÂTIR POUR NOTRE CLIENTÈLE

CONSTRUCTEUR:

CARINE DEI CAMILLO & PASCAL POOS L-9217 DIEKIRCH 4, rue du Curé 42 27 80 83 56 I www.livinghome.lu T: +352

PROMOTEUR:


PRODOMO

MODERNE SONNESCHUTZ

Ee gudde Sonneschutz kann engem d’Liewe während de waarme Méint däitlech méi agreabel maachen. Den neisten Trend si sougenannten Textilscreens, eng Aart Rolllued aus ganz dënnem Stoff. Si bidden een effikasse Schutz viru Sonn an Hëtzt, gesinn elegant aus, si wiederfest a kënnen och op grousse Fënsteren zum Asaz kommen. Textilscreens sinn an ënnerschiddleche Faarwen an Nuancë vun Transparenz ze kréien, sou datt een och dann duerchkucke kann a genuch natierlecht Liicht eraléisst, wann se erofgelooss sinn. ProDomo vu Boukels bei Housen ass net just a Punkto Sonneschutz ee kompetenten Uspriechpartner. Zu hirer Offer gehéieren och Fënsteren an Dieren, Garagëpaarten, Kamäiner a Buedzëmmeren. De Patron beréit de Client perséinlech an informéiert en, falls och nach aner Saache misste gemaach ginn. Frot Iech elo een éischte Rendez-vous fir een Devis a loosst Iech vum kompetente Service an héijer Qualitéit iwwerzeegen!

2, Beim Kazebësch| L-9830 Bockholz Tél: +352 621 888 143 | ddimitrov@pro-domo.lu www.pro-domo.lu

43


WAGNER TECH - SCHMIT NICO S.ÀR.L.

EE FIR (BAL) ALLES

24h Panneservice. Zu all Dageszäit, och weekends an op Feierdeeg, kann een an d‘Zentral uruffen, déi dann direkt ee vun hiren Heizungstechniker dohinner schéckt, deen sech ëm de Problem bekëmmert.

WAGNER TECH

Schonn zënter 28 Joer suergt Chauffage-Sanitaire Schmit Nico dofir, datt bei senge Clienten d‘Raumklima jidderzäit optimal ass. Mat bal dräi Joerzéngten Erfarung um Marché ass de Betrib vun der Houschter Déckt een absolute Spezialist fir all Typ vun Heizungen a Lëftungstechnik. Ganz besonnesch staark ass d‘Equipe an den erneierbaren Energien a bitt souwuel Solaranlagen a Wärmepompelen ewéi och mat Biomass (Holz) bedriwwen Heizungen als den offizielle Vertrieder vum éisträicheschen Hiersteller ETA. Eng aner Stäerkt vu Schmit Nico si Buedzëmmerrenovatiounen. An Zesummenaarbech mat hire Partner verwandelen si een almoudescht, donkelt Buedzëmmer an eng hell, modern an op Wonsch altersgerecht Wuelfill-Oas. Dëst ënnerhalb vu kierzester Zäit a mat grousser Récksiicht op Propretéit an Diskretioun. Wéi bei allen techneschen Installatiounen ass net auszeschléissen, datt emol eng Pann optrëtt. An esou engem Fall ass Verlooss op hire 44

Zënter 2013 gehéiert Chauffage-Sanitaire Schmit Nico zum Gruppement WAGNER TECH. Dëse besteet aus 5 Betriber, déi sech zesummen ëm déi ganz Technik vun engem Gebai bekëmmeren: Elektresch Installatiounen, Heizung, Klima- a Lëftungsanlag, Sécherheetssystemer asw. Ganz no sengem Slogan „Alles aus enger Hand“ ass d‘Zil vu WAGNER TECH, de Client mat all den ënnerschiddleche Komponente vun der Gebaitechnik integral kënnen ze versuergen, wouduerch en nëmmen ee Kontrakt an een Uspriechpartner huet. A Privathaiser sinn et haaptsächlech Schmit Nico an FD Electric, déi intervenéieren. Virun allem bei engem Neibau oder enger gréisserer Renovatioun, wou an der Reegel immens vill verschidde Betriber um Chantier bedeelegt sinn, weist sech de Virdeel vu WAGNER TECH als eenzegen Interlocuteur immens däitlech.

Gewinner des 32“-TV von des WAGNERTECH-Gewinnspiels der Doheem Ausgabe Nr. 35:

Samuel Leite aus Niederfeulen


D’WOHNFABRIK INGELDORF PRESENTÉIERT

D’GEWËNNSPILL

SICH DE FEELER Ze gewanne ginn et

5 x 50€ BONGEN

ANZELÉISEN AN DER WOHNFABRIK ZU ANGELDUERF.

Sicht déi 5 Feeler op der Foto an schéckt eis d’Souche bis spéitstens de 17. August 2018 ran.

Affranchir s.v.p.

DOHEEM - SAN s.à r.l. Maison 16 L-9780 Wincrange

AUSFËLLEN A GEWANNEN

45


NUMM: VIRNUMM: ADRESS:

DE GEWËNNER VUM SPILL AUS DEM MAGASINN DOHEEM N°36

PLZ:

1 AKAFSBONG AM WÄERT VUN 250€ OFFRÉIERT VUN DEN HOLZMËCHEL

UERTSCHAFT:

- Schumacher Josette, Bigonville

TEL: E-MAIL: Déi Donnéeën, déi Dir androt gi just dofir benotzt Iech am Fall vun engem Gewënn ze kontaktéieren a ginn ënnert kengen Ëmstänn un Drëtter weidergeleet. Fir d'Protektioun vun Ären Donnéeën ze garantéieren, ginn se no der Verlousung vernicht.

46

Just gëlteg wann alles komplett ausgefëllt ass an déi 5 Feeler fonnt gi sinn.


Ihr Fachmann für den Sommer FÜR DEN GARTEN • Blockbohlenhäuser • Aktionshäuser • Elementhäuser • 5-Eckhäuser • Pavillons • Carports • Freisitze • Garagen

47


% -40 % 55

Verantwortlicher Herausgeber: Galerie Leder Design sa · Luxemburger Straße 81 · B-4780 St. Vith · design www.pavonet.be

*Nicht kumulierbar mit anderen Rabattaktionen, gültig bis zum 31.07.2018

BIS ZU

S G A T S M AUCH SA TAGS N UND SON ET. GEÖFFN RTE E I S I T A KLIM G N U L L E T AUSS

*

JETZT PROFITIEREN & TOLLE SCHNÄPPCHEN SICHERN ! Der Sommerschlussverkauf hat begonnen. Sichern Sie sich bis zu 55 Prozent Preisnachlass auf über 100 Ausstellungsmodelle. Wer jetzt nicht zuschlägt, ist selber schuld. Wir freuen uns auf Sie!

V S S %

LEDERLAND SANKT VITH · WWW.LEDERLAND-SANKT-VITH.BE 48 Luxemburger Straße 81 · B-4780 Sankt Vith · +32 (0)80 28 10 10 · sanktvith@lederland.info · Täglich von 10.00 -18.30 Uhr · Auch samstags und sonntags


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook