Skip to main content

32. Editioun vun der Doheem

Page 1

Foto: Manfred Esser

ORG.: D`ESELEN AUS DER SAUERSTAD DIEKIRCH

DIEKIRCH

16.06.18 AL SEEËREI DOORS OPEN AT 7:30 PM powered by

www.cavalcade.lu

www.sanevent.lu


INDEX INTERESSANT ZE WËSSEN

GEWËNNSPILL 57

SICH DE FEELER

5 x 50€ BONGEN OFFRÉIERT VUN DER METZLEREI VÉI VUM SÉI (HEISCHENT/ MIERSCH)

5

Chrëschtdag D‘Zäit leeft

13

Le Soleil dans la Main Mat Läif a Séil engagéiert

23

Philharmonie Municipale de Diekirch No 150 Joer nach ëmmer an Topform

31

LIBRAIRIE ZIMMER

presentéiert "D’Ieselsouer"

32

RESTAURANT "DE GRIFFEL" presentéiert "de Gaumenschmaus"

34

MODE PASSION

presentéiert den "Lifestyle"

IMPRESSUM Editeur, régie et mise en page: SAN s.à r.l. T: 28 11 42 1 Wincrange & Diekirch doheem@san.lu | www.san.lu Couverture: Photo: Sandro Dimola Model: Rebecca Walsdorf Hair & Make-Up: Make up & styling by Luca

36

3 Froen / 3 Äntwerten

38

Ce sont exclusivement les propriétaires de ces annonces liées qui sont responsables de leur contenu. Lorsque des prix sont indiqués, nous ne donnons pas de garantie pour l'actualité et la correctitude de ces indications de prix. Les indications de prix sont uniquement pour votre information, il ne s'agit pas d'une offre. Aucun droit ne pourra vous être octroyé con­cernant des prix indiqués. L'ensemble de ce journal relève des législations en vigueur sur les dro­­­its d'auteur et de la propriété intellectuelle. Tous les textes, illustrations, images, photos et autres données sont protégés par un droit de reproduction.

PASSION‘ELLE 3 Froen / 3 Äntwerten

41

BEIM OSCAR

De richtegen Outfit fir all Mann

Tirage: 23.000 exemplaires L'éditeur ne peut en aucun cas être tenu responsable de la correctitude des informations indiquées. Tous les renseignements sont donnés sous réserve de changement ou d'erreur.

BY TOM & OLD SCHOOL BARBERS

42

KOCH MONTAGEBAU AG presentéiert "De Baumeeschter"

44

WAGNER TECH De komplette Komfort vum Haus aus enger Hand

49

BAUEN & WUNNEN De Späicher ausbauen : Eng gënsteg Alternativ fir méi Wunnfläch

3


CHRËSCHTDAG

D‘ZÄIT LEEFT

Chrëschtdag gëtt virun allem mat enger gemittlecher, familiärer Atmosphär, guddem Iessen a mat der Adventszäit a Verbindung bruecht. D’Zäit vun de Preparatiounen op dee groussen Dag kann awer séier zimlech stresseg ginn. Net just iwwert d’Deko an d’Iesse muss een sech Gedanke maachen, mee och iwwert d’Kaddoen, déi ee senge Léifste wëllt maachen. Dir hutt e puer Woche viru Chrëschtdag nach keng Iddi, wat schenken? Da bereet dëse Reportage Iech optimal op de Choix vum Kaddo vir. Iwwerdeems kritt Dir och interessant Informatiounen doriwwer, wouhier dee Brauch kënnt a wéi eng speziell Traditiounen et ronderëm de 25. Dezember an anere Länner ginn.

Wat ass eigentlech Chrëschtdag? Chrëschtdag ass d’Fest vun der Gebuert vum Jesus, dem Erléiser vun de Chrëschten. Et handelt sech dobäi ëm eent vun deenen dräi Haaptfester aus dem Kierchejoer. Nieft Ouschteren a Päischten ass och de 25. Dezember ee groussen Dag fir alleguer d’Chrëschte weltwäit. Am Mëttelpunkt vun der wuel am beschte besichter Mass vum Joer steet d’Chrëschtdagsgeschicht. Dës gëtt fir d’Kanner dacks a lieweger Form vun engem Krëppespill opgefouert. Och typesch fir d’Chrëschtzäit sinn den Dännebam, d’Krëppchen an d’Zesummesi mat der Famill. 5


Schmiede - Wemperhardt Marnach - Pommerloch Oberpallen - Belval Plaza


All dës Saachen hunn eng symbolesch Bedeitung. Ugefaange beim Beemchen, deen duerch seng gréng Faarf am Zeeche vun der Hoffnung op d’Liewen trotz der Donkelheet an der Keelt vum Wanter steet. D’Krëppchen an hir Figuren, déi traditionell ënnert de Beemche gestallt ginn, droen dozou bäi, de Kanner d’Geschicht vun der Gebuert vum Gotteskand méi no ze bréngen. Dat gemeinsamt Feieren an dat gutt Iesse sti symbolesch fir d’Unitéit vun alle Chrëschten op der Welt.

Firwat ginn et Kaddoen ? De Brauch, anere Mënschen eppes ze schenken, ass genee sou al wéi d’Mënschheet selwer. Elo stellt sech d’Fro, firwat een dat da grad op Chrëschtdag traditionell esou mécht. Scho bei der Gebuert vum Jesus, déi an der Bibel beschriwwe gëtt, ass rieds vun 3 Kinneken, déi Weirauch, Myrrhe a Gold geschenkt hunn. Kaddoe sinn een Zeeche vu Léift an Unerkennung, awer och vun enger besonnescher Bezéiung tëscht deem, dee schenkt an deem, deen de Kaddo kritt. De Kaddo muss awer net onbedéngt materiell sinn. Mëttlerweil huet sech schonn ee klengen Trend entwéckelt : fir Chrëschtdag spenden amplaz sech eppes ze schenken. Anerer maachen am Virfeld aus, datt si just „wichtelen“ oder sech eppes Selwergemaachtes iwwerreechen. Beim „Wichtelen“ ass et

esou, datt jiddereen een Numm zitt an deemjéinegen da muss ee klenge Kaddo maachen. De Budget ass am Virfeld och festgeluecht, esou datt een net a Gefor leeft, engem eppes Deieres ze kafen a just eng Klengegkeet zréckzekréien.

Léisunge fir de Kaddosdilemma Natierlech wëllt ee senge Léifsten u Chrëschtdag eng Freed maachen, mee heiansdo ass et leider net esou einfach, eppes Passendes ze fannen. Dacks hapert et och ganz einfach un der Zäit. Dobäi besteet hautdesdaags een enorm grousse Choix. Ugefaange bei klassesche Kaddoen ewéi Schockela, Knippercher oder enger gudder Fläsch Wäin bis hin zu Kaddos- oder Erliefnisbongen. Generell ass et hëllefräich, sech am Virfeld Gedanken doriwwer ze maachen, wat déi jeeweileg Persoun gär huet. Meeschtens ass et esou, datt Männer sech iwwer praktesch Kaddoe freeën, mat deenen si eppes kënnen ufänken. Frae kréie léiwer perséinlech Saache geschenkt, bei deenen ee mierkt, datt een sech vill Gedanken doriwwer gemaach huet an net eréischt déi lescht Minutt ee Standard-Kaddo besuergt huet. Wéi wier et, einfach mol een Iessbong ze verschenken? Egal ob fir de Partner, d’Famill oder Kollegen, jiddereen ësst gär gutt. Wien esou eppes verschenkt, denkt dobäi net just un déi aner, mee offréiert sech selwer an engems

7A AVENUE NIC KREINS | L-9536 WILTZ T: +352 95 82 69 | F: +352 95 78 72 | OPDERLANN@FDE.LU

HIFI ELECTROMÉNAGER APPAREILS ÉLECTRIQUES SERVICE DÉPANNAGE INSTALLATIONS ÉLECTRIQUES

JETZT NEU: GESCHENKARTIKEL DER MARKE

7


Fleurs & Plantes

Sapins de Noël Fleurs coupées Roses de Noël Articles cadeaux Bras, 667 6600 Bastogne Tél. 061 21 76 57 Situé à la frontière Wiltz-Bastogne

15, Grand-Rue | L-9710 CLERVAUX | Tél: 92 10 05

Notre magasin est ouvert le dimanche, 17 décembre de 14 à 18 heures.

PENSEZ À VOS CHERS EN LEUR OFFRANT UN JOLI CADEAU DE NOËL. Pensez à nous pour vos cadeaux de fin d’année!

Nous vous souhaitons une bonne et heureuse année 2018!

MAISON HEVER-NORBERT

TEXTILES -20% LINGERIE -10% CONFECTION • BONNETERIE • MERCERIE • CHEMISES DE NUIT • PYJAMAS • SOUS-VÊTEMENTS DAMES ET HOMMES 58, GRAND - RUE | L - 9905 TROISVIERGES | TÉL: 99 81 52

Relax-Center Ettelbréck 9, Grand-rue • L-9050 Ettelbruck :+352 288 606-1 • :+352 288 606 99 : info@lib-lux.com • www.lib-lux.com

Pierre Lorang - Consulting & Services Luxembourg S.à.r.l.

life in balance -15% Op engem éischte Rendez-vous fir entweder

eng „Hot Stone“Fouessreflexzone Relaxatiounsmassage

Bio r

es

on

seance anz

erapie ngth Kla

Äeren Zentrum fir

• Berodung, Formatioun, Konferenzen a Mediatioun am Kader vum Sozialen Dialog an de Betrieber; • Wuelbefannen a Gesondheetsbewosstsinn doheem an op der Schaff (betribleche Gesondheetsmanagement); • Preventioun vu Stress, Belästegung a Burnout; • Ganzheetleche Coaching; • Weiderbildungs-Institut fir Microsoft Office Produkter op Mooss. Beroder a Vertrieder vu brainLight®-Entspanungssystemer.

-50% op enger brainLight®séance an eisem Relax-Center


ee schéinen Owend am Krees vu senge Léifsten. Dem Partner einfach mol schéin Ënnerwäsch ze schenken ass och keng schlecht Iddi – virausgesat et kennt een déi richteg Gréisst. Bijouen an Accessoiren eegenen sech och ëmmer gutt als Kaddoen. Dobäi ass et immens interessant, eng Kombinatioun ze verschenken, wéi beispillsweis eng Mutz, de passende Schal an Händschen oder eng Ketten an deen dorop ofgestëmmte Bracelet. Wann een sech allerdéngs net esou sécher ass, wat ee senge Léifste kéint schenken, da lount et sech, un ee Kaddos- oder Erliefnisbong ze denken. Dobäi bleift den definitive Choix dem Beschenkte bis zum Aléise vum Bong iwwerlooss an et leeft een net a Gefor, Sue fir eppes auszeginn, wat guer net dem Goût vun där Persoun entsprécht.

mir Iech net virenthalen. Eise Choix ass op Spuenien, Norwegen, Polen, Schweden, Venezuela a Südkorea gefall.

Aner Länner, aner Traditiounen

Ee ganz aussergewéinlechen, vläicht och liicht gelungene Brauch, gëtt et an Norwegen. Hei ginn op Chrëschtdag all d’Kierbiischte verstoppt. De Grond dofir ass net, wéi ee menge kéint, datt op deem Dag net gebotzt oder generell geschafft soll ginn. Tatsächlech gleewen d’Norweger drun, datt an där Nuecht béis

A Spuenien setze vill Leit hir Hoffnunge kuerz viru Chrëschtdag op 6 Richteger. D‘Spuenier gi masseweis Sue fir Lottoschäiner aus, well jiddwereen hofft, déi gréissten Zomm vum Joer ze gewannen, déi zënter dem 19. Joerhonnert gewéinlech den 22. Dezember vun hirer Nationallotterie erausgi gëtt. Mëttlerweil ass dat Ganzt zu engem ëffentlechen Evenement erugewuess, bei deem d’Leit sech treffen, fir zesummen d’Opléisung ze kucken. Dës gëtt traditionell vun 22 Kanner gesongen, während praktesch dat ganzt Land op de Chrëschtdagskaddo vum Liewen hofft.

Chrëschtdag kann een net just op eis gewinnte Manéier feieren, mee och op ganz ausgefalen Aart a Weisen. Sechs Beispiller vun ongewinnten Traditioune während de Feierlechkeete ronderëm Chrëschtdag wëlle

dikrich@gudd.lu

www.dikrich.gudd.lu

8, Place de la Libération • L-9255 Diekirch • Tel. : +352 26 80 45 35

CHAUSSURES MAROQUINERIE FOULARDS CEINTURES PARAPLUIES

9


Ech wënschen all menge Clientë schéi Chrëschtdeeg an ee glécklecht neit Joer 2018!

Nëmmen op Rendez-vous.

16, Um Knupp I L-9653 GOESDORF Tél. 81 93 79

www.trinybissen.com

Nous vous sohaitons un joyeux Noël & une bonne année 2018! Maintenant aussi à Erpeldange: Beim Goldknapp 8, rue Gruefwee L-9147 Erpeldange-sur-Sûre Tél.: 26 81 17 42 Passion Coiffure 42, rue de Luxembourg L-9125 Schieren Tél.: 28 77 93 39


Geeschter an Hexen op d’Welt zeréckkommen. Déi sollen op dës Manéier dovun ofgehale ginn, d’Biischten ze klauen an domat fort ze fléien. E weidere witzegen an iwwerraschende Brauch gëtt et a Schweden. Um Dag vun Hellegowend kënnt Mëttes um dräi Auer een « Donald Duck Special » op der Tëlee, deen eng Stonn laang dauert. Traditionnell ginn déi ganz Feierlechkeeten do ronderëm geplangt, fir datt sech déi ganz Famill d’Sendung zesumme kann ukucken. Eng schéin a virun allem och spannend Traditioun existéiert a Polen. Hei steet den Zäitpunkt, un deem d’Kaddoen dierfen opgemaach ginn, wuertwiertlech an de Stären. Dat jéngste Kand huet d’Éier dierfen um Himmel op den éischte Stär ze waarden. Dëse gëllt da souzesoen als Startschoss fir d’Auspaken. Méi sportlech leeft dat Ganzt a Venezuela of. Virun allem an der Haaptstad Caracas hunn d’Leit eng ganz besonnesch Aart a Weis, fir bis an d’Chrëschtmetten ze kommen: Rollschung. Vereenzelt musse souguer Deeler vun der Stad

gespaart ginn, fir datt alleguer d’Rollschungfuerer gutt an der Kierch ukommen. Am westlechen Deel vun der Welt gëtt Chrëschtdag mat der Famill gefeiert. Op deem Dag begéint ee Monnien an Tattaen erëm, déi ee quasi dat ganzt Joer net gesinn huet. A Südkorea dogéint ass Chrëschtdag éischter mat eisem Vältesdag ze vergläichen. Well de 25. Dezember gëtt dohannen ënner Koppele verbruecht an de Kaddo kritt ee vu sengem Partner, respektiv senger Partnerin. Leider bedeit dat, datt Singles sech net op deen Dag kënne freeën mee éischter dorop, wann en eriwwer ass.

D‘Fest vun der Léift Schlussendlech ass et jiddwerengem selwer iwwerlooss, wéi ee Chrëschtdag feiert, mee eng Saach wäert ëmmer d‘selwecht bleiwen : Chrëschtdag ass d‘Fest vun der Léift, bei deem een et genéisst, bei senge Léifsten ze sinn an der Hektik vum Alldag z’entfléien. Mir wënschen Iech alleguer schéi Feierdeeg am Krees vun der Famill an ee gudde Rutsch an dat neit Joer.

Propositions pour noël et nouvel an 2017

TERRINE DE FOIE GRAS MAISON ESCALOPE DE ST JACQUES AU PESTO PIZZA D‘AUBERGINES

RAGOUT DE GIBIER AUX FRUITS SECS FILET DE SANDRE FAÇON ORIENTALE

2, RUE G.-D. CHARLOTTE | L-7520 MERSCH | TEL: 26 32 25 38 4, AM CLEMENSBONGERT | L-9158 HEIDERSCHEID | TEL: 83 92 19 161, RUE DE ROLLINGERGRUND | L-2440 LUXEMBOURG | TEL: 44 78 77 28

WWW.VEIVUMSEI.COM


Fir méi onbeschwéiert Glécksmomenter. D’DKV Luxembourg ass däi staarke Partner fir all Froe ronderëm d’Gesondheet, an déi perfekt privat Krankeversécherung.

mefa-medienfabrik.com

Well s du dir méi wäert bass: dkv.lu

12


LE SOLEIL DANS LA MAIN

MAT LÄIF A SÉIL ENGAGÉIERT

Sech am Liewen net just ëm säin eegent Wuelbefanne suergen, mee sech fir Anerer asetzen an seng Fräizäit notze fir eppes an der Welt ze bewierken - Wat wéi ee gudde Virsaz fir dat neit Joer kléngt, ass fir d’Membere vun der ONG « le Soleil dans la Main » eng Selbstverständlechkeet. Dës engagéiert Equipe, déi sech fir d’Mënschen am Burkina Faso asetzt, feiert dëst Joer hire 15. Anniversaire. Wéi eng Projete sinn an all deene Joren ëmgesat ginn an wéi huet dat Ganzt iwwerhaapt ugefaangen? An dësem Reportage gëtt net just op vergaangen Zäiten zréckgekuckt, mee och een interessante Bléck op déi zukünfteg Aarbecht vun der ONG geheit. 13


n eise eg e ënsche Mir w i Chrëschtd at é sch an d Clientë udde Rutsch ! g 8 an ee it Joer 201 ne

iber der Flé chelau p O i 19, ur / M y.lu Flebo ha t 8 7 a em L-93 m r e f . 0 47 www 26 95 9 : Tel.

: 99 5, Z.I. In Tél. den Allern • L-9911 Troisvierges • ny.lu info@stephany.lu • www.stepha

32 81

Mer wën s eise Clie chen ntë sché i Chrësch tdeeg an ee gudde R utsch!

1895

6 Maison 4 ach te rach nb L-9641 B rg.lu eusbou www.h 45 31 Tél.: 99

ch alzbaa Z.A. S WILTZ L-9559 .lu z@pt jstrot 02 47 6 95 Tél.: 2

te arlot . Ch D . rue G Wiltz .lu 55, 15 lz L-95 owo .imm 2 59-1 w ww 95 8 Tél.:

61a, ru e Princip ale L-9645 Derenb ach jacofr er@pt .lu Tél.: 9 9 46 3 0-1


ee Rapport kréien, woufir genee d’Sue genotzt gi sinn. « Le soleil dans la main » zeechent sech awer och duerch seng kompetent benevoll Memberen a Salariéen aus, déi hiren KnowHow fir déi breet gefächert Projeten asetzen.

Entwécklung iwwer d’Joren An deene 15 Joer huet d’Organisatioun schonn eng sëlleche Projeten ëmgesat an sech mat Läif a Séil am Burkina Faso engagéiert. An dëser Tabell gesidd Dir ee Réckbléck op déi wichtegst Elementer aus der Geschicht vu « le Soleil dans la Main ».

• 2002: Grënnung vun der ONG & éischten Chrëschtmaart zu Klierf

Esou huet alles ugefaangen Am Ufank waren et just dräi Kollegen, déi wëlles haten, zesummen eppes fir ee gudden Zweck ze maachen. Den Eric Lampertz, de Stephan Allard an de Luc Siebenaller hunn sech während hirem Studium Gedanken doriwwer gemaach, selwer aktiv ze ginn an eng eege kleng « association généreuse » ze grënnen. Deemools huet awer keen domat gerechent, datt et esou eng grouss Saach géif ginn. Den 8. Dezember 2002 sinn d’Statuten deposéiert ginn a knapps eng Woch drop waren si mat hirem éischte Stand um Cliärrwer Chrëschtmaart vertrueden. Zu där Zäit sinn et nieft Memberskaarten och Gebeess a Kichelcher ze kafe ginn. Mëttlerweil ass d’Organisatioun op praktesch all gréisserem Evenement am Norde vertrueden.

• 2003: Éischt Rees an de Burkina Faso, fir

Medikamenter a Schoulmaterial dohin ze bréngen

• 2004:

Déi éischt AlphabetisatiounsCoursen an der Province du Boulkiemdé

• 2005: Ëmsetzung vun engem « Centre de tissage, couture & teinture » zu Sabouna

• 2006: Bau vun der Primärschoul zu Bogonam

• 2007: Erneierung vun der Primärschoul zu Ouazélé & Kreatioun vu « Getreidebanken » zu Bogonam & Ouazélé

Wat mécht des ONG esou besonnesch ? « le Soleil dans la Main » ass eng Organisatioun, déi sech nëmmen am Burkina Faso an e puer Gemenge fir déi afrikanesch Populatioun asetzt. Doduerch, datt si esou lokal agéieren, huet sech séier béidsäitegt Vertrauen opgebaut an et gëtt een enke Kontakt mat de Populatioune gefleegt. De Memberen ass et immens wichteg, net just ze hëllefen, mee och d’Leit perséinlech ze kennen, bei deenen hir Hëllef ukënnt. Fir d’Donateure gëtt op Transparenz gesat, andeems déi Leit, déi während dem Joer gespent hunn, ëmmer zum Schluss vum Joer 15


16


• 2008: Prix mérite jeunesse / Centre de Couture fir Persoune mat Handicap zu Ouahigouya

• 2009: Kannerhaus mat 18 Kanner zu Koudougou & Agrément als ONG

• 2010: Bau vun engem klenge Staudamm an enger Rei Waassergrief zu Bogname an an der Emgéigend

• 2011: Bau vun enger Millen zu Bogonam • 2012: Ouverture vun engem Heem fir 20

zousätzlech Kanner am Centre Noomdo zu Koudougou

• 2013: D‘ONG feiert 10 Joer / Ofschloss vum

Projet PEPAB-1, deen zënter 2012 amgaang war (Drénkwaasserzougank a Sanitär fir 6 Dierfer an de Gemenge Kongoussi a Sabcé)

• 2014: Tragedie: Verloscht vum Camille

Arend & Noémie Siebenaller duerch ee Fligeraccident & Start vum Bau vum neien Kannerheem zu Koudougou

• 2015:

Start vum Projet PEBAB-2 (Drénkwaasserzougank a Sanitär) fir eng zéng Dierfer (7 nei Buerungen, 6 Reparatioune vun existéirende Buerungen an 200 Familljentoiletten)

• 2016:

Start vum Projet PASP (Landwirtschaft, Bëscher, Déirenzuucht) - Ënnerstëtzung vu 15 Dierfer mat neie Bebauungstechniken a Bau vu klenge Staudämm a Waassergrief, déi den Ubau vun Uebst a Geméis erméiglechen. Zousätzlech Campagne fir nei Beem ze planzen.

• 2017: Start vum Projet Bangre Veenem

(La lumière du savoir) - Bau vun engem Schoulkomlex zu Koudougou net wäit vum Centre Noomdo.

Centre Noomdo De Startschoss fir de bis ewell gréisste Projet vun der ONG ass 2009 gefall, wéi de Stephan Allard iwwer 3 Joer Congé geholl huet an an de Burkina Faso gereest ass, fir do eng Zort Weesenheem ze grënnen. Wat mat engem gelounten Haus mat enger Kapassitéit fir 18 Kanner ugefaangen huet, ass zënter engem Joer ee grousst Kannerheem fir Weesekanner a Kanner aus extrem aarme Familljeverhältnisser. Bis dee ganze Projet vum Centre Noomdo konnt realiséiert ginn, huet et awer e puer Joer gedauert. 2012 ass een zweet Haus gelount ginn, fir weider Kanner kënnen ënnerzebréngen. Wéi dat dunn och ze kleng ginn ass, huet eng eegen Infrastruktur missen hier. De sougenannte « Chef du village » vu Péyiri, onwäit vu Koudougou, huet der Organisatioun 2013 ee risegen Terrain 17


Patinoire ufort

Bea

Profitez de la vie, chez vous et partout ailleurs ! Agence Principale d’Assurances

Öffnungszeiten Schlittschuhlaufen: Di 13-18 Uhr, Mi-Fr 13-19 Uhr, Sa 11-19 Uhr, So 10-19 Uhr, Montags geschlossen (außer während der Schulferien)

Saiso2n018: 2017 017 .2 28.10 - 018 .2 04.03

Für en lass Schulk rößere und g uf Anfrage hr en a Grupp von 8-12 U Di-Fr eöffnet. g

fkurse Eislau er und Erd für Kin ene: DI + DO wa c h s s e r v i e r u n g ) e (mit R

Ice Hockey Matches : www.ihcbe.lu Ice Karting (mit Reservierung)

Weihnachtsferien :

24. & 31.12.17: 11-16 Uhr 25.12.17: geschlossen 16.12.17 - 01.01.18: 11-19 Uhr

Syndicat d’Initiative et du Tourisme Beaufort 87, Grand-Rue | L-6310 Beaufort | Tél. : +352 83 60 99-302

www.patinoire-beaufort.lu • www.campingplage.lu email: beaufort@pt.lu

NESER & REUTER Maison 18 - L-9752 Hamiville Tél.: 99 47 65 - Fax: 26 91 47 90 neser-reuter@agencefoyer.lu


quasi geschenkt. Net eleng duerch dësen Don, mee och duerch déi vill generéis Spenden aus Lëtzebuerg an e Co-Finanzement vum Ministère, war et méiglech, d’Heem, dat vum Francis Kéré, engem afrikaneschen Architekt geplangt ginn ass, opzeriichten. Am September 2016 sinn dunn déi éischt Kanner dran ënnerbruecht ginn an dëst Joer am Februar ass déi offiziell Aweiung mat sëlleche Representanten vum Burkina Faso a vu Lëtzebuerg gefeiert ginn. Mëttlerweil sinn 69 Kanner während der Schoulzäit am Centre Noomdo zu Koudougou ënnerbruecht. D’Vakanze verbréngen si bei hirer Famill. Noomdo ass afrikanesch an heescht iwwersat: « muer gëtt alles besser ». Een Numm, dee Programm ass. D’Kanner am Alter tëscht 6 an 18 Joer kréien hei eng nei Perspektiv, andeems si rechnen, liesen a schreiwe léieren, mee och duerch Sport an aner Aktivitéite gefërdert ginn. Duerch den Zenter sinn de betraffene Kanner a Jugendlechen deemno agreabel Liewenskonditiounen an engem flotten Encadrement erméiglecht ginn. Ee Kader, dee just duerch déi ronn 20 qualifizéiert Salariéen aus dem Burkina Faso an déi lëtzebuergesch Volontairen assuréiert ka ginn.

Villsäiteg Projeten « le Soleil dans la Main » setzt sech awer net nëmme fir Kanner a Jugendlecher an, mee realiséiert och ganz vill aner Projeten. Virun allem d’Kanner- an d’Fraerechter leien hinnen um Häerz. D’Kanner sollen ee Recht op Bildung kréien, während d’Fraen dobäi ënnerstëtzt ginn, sech z’emanzipéieren. Dëst gëtt beispillsweis doduerch ëmgesat, andeems d’Fraen net just alphabetiséiert ginn, mee och op verschidde Manéiere gewisen kréien, wéi si selwer een Akommes kënne verdéngen. Dëst kann zum Beispill duerch d’Hale vun e puer Hénger, Schwäin oder Geesse geschéien, respektiv duerch d‘Erléire vu Wiewen an Schneideren. D’Organisatioun setzt op Nohaltegkeet, andeems si, am Kader vum Projet PASP am Partenariat mat de Lëtzebuerger ONG‘en „Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren - Service Coopération“ an « SOS Sahel International Luxembourg », immens vill Pëtzer, Staudämm a Bewässerungssystemer baut.

Doduerch ass et de lokalen Awunner méiglech, eegent Geméis an Uebst unzeplanzen. Ëmmer erëm ginn och Iessensspende gemaach. En immens wichtege Volet ass iwwerdeems d’Hygiène. Heizou gehéieren d’Ukämpfe géint d’Aids-Problematik a géint d’Beschneidung vun de Meedercher, grad esou wéi fir Saachen, déi fir eis banal sinn, wéi beispillsweis d’Hänn wäschen. Nieft der Hygiène spillt awer och d’Gesondheet eng bedeitend Roll beim Schafe vun enger besserer Liewensqualitéit am Burkina Faso. Dacks gi Medikamenter oder wichteg Impfunge gespent. D’Organisatioun leet net just Wäert op eng gutt schoulesch Bildung bei de Kanner, mee och déi Erwuesse sollen heivu profitéieren. Alphabetisatiouns-Course gi reegelméisseg ugebueden an hu schonn iwwer 2500 Burkinabéën dozou verhollef, liesen a schreiwen ze kënnen. Iwwerdeems setzt déi engagéiert Equipe sech fir d’Reforestatioun an. Déi massiv Ofholzungen hunn an Afrika Spueren hannerlooss an et muss dringend eppes dogéint ënnerholl ginn, datt d’Sahara weider wiisst. « le Soleil dans la Main » planzt net just Beem, mee weist de Leit och, wéi si se kënne fleegen.

Ee schwéiere Verloscht Ee gravéierent Joer fir « le Soleil dans la Main » war d’Joer 2014. Deemools waren de Camille Arend, President vun der ONG, an d’Noémie 19


51, op der Strooss

L-9940 Asselborn

Tél: 99 75 91

info@toitures-mutsch.lu

SCHÉI FEIERDEEG Dikrich & Wëntger

www.san.lu

MAISON 20A L-9780 WINCRANGE TEL: +352 94 90 45 I INFO@ANOE.LU

WWW.ANOE.LU ATELIER NOE

20


Siebenaller an de Burkina Faso gereest, fir den éischte Steen vum Centre Noomdo ze setzen. Leider war dat hir lescht Missioun. Um Heemwee ass hire Fliger tëscht Ouagadougou an Algers iwwert dem Mali erofgefall. Kee vun de Passagéieren huet iwwerlieft. Dorënner déi zwee liewensfrou, oppen an hëllefsbereet Lëtzebuerger. Vill ze fréi sinn si aus dem Liewe gerappt ginn. D’Organisatioun huet doduerch net just Memberen, mee gutt Frënn verluer.

Ee Bléck no vir Och wann et net ëmmer einfach war, huet d’Equipe ni doru gezweiwelt, weiderhin am Burkina Faso aktiv ze bleiwen an hir Leidenschaft weiderzeféieren. « De Camille an d’Noémie liewen nach ëmmer ënnert eis. Mir wäerten si ni vergiessen an alles, wat mir maachen, geschitt och an hirem Numm.», sou de Filipe Lima, Member vun der Organisatioun, deen domat all de Benevollen aus der Séil schwätzt. Zesumme kucken si am Kader vun hirem 15. Anniversaire net just op déi vergaangen Zäiten zréck, mee och no vir. Bangre Veenem, d’Liicht vum Wëssen, nennt sech de nächste grousse Projet, deen si an Ugrëff huelen. Et handelt sech dobäi ëm de Bau vun engem Schoulkomplex fir iwwer 1000 Schüler, deen aus enger Spillschoul, enger Primärschoul, engem Lycée, engem Centre Culturel, engem Alphabetisatiounszentrum an engem Weiderbildungsatelier besteet, deen 2018 soll realiséiert ginn. Bei der Ëmsetzung gëtt, wéi beim Centre Noomdo, vill Wäert op eng käschtegënschteg, mee effikass Bauweis geluecht, déi vun hirem Salarié, dem Här David Demange, dee vu Beruff Architekt ass, mat

entworf an ëmgesat gëtt. Och bei der finanzieller Ënnerstëtzung vu Projete wäert et eng Neierung ginn : « Zukünfteg kënnen d’Donateure geziilt eraussichen, fir wat hir Sue solle genotzt ginn, an dat sou konkret wei méiglech, andeems si zum Beispill 10 Schoulbänken oder 5 Beem spenden. », sou den Filipe Lima.

Loscht, selwer aktiv ze ginn ? Wien elo selwer Loscht kritt huet, sech aktiv fir dëse gudden Zweck anzesetzen, deen huet ganz ënnerschiddlech Méiglechkeeten, dëst ëmzesetzen. Sief et klassesch, andeems een en Don mécht, op engem vun hire Stänn ee Produit keeft oder einfach direkt selwer als aktive Member iwwerall do eng Hand upéckt, wou se grad gebraucht gëtt. Wien intensiv materliewe wëll, wéi et am Burkina Faso ass an sech direkt op der Plaz wëllt asetzen, dee kann sech jidderzäit beim SNJ (Service National de la Jeunesse) mellen, fir eng Zäit vu 6 Méint als Volontaire an Afrika ze verbréngen. Natierlech kann een sech och op eng Manéier engagéieren, déi dacks vergiess gëtt : Reklamm fir d’Organisatioun maachen oder si moralesch ënnerstëtzen, andeems een hinnen eegen Iddien oder einfach just seng Meenung matdeelt zu deem, wat si alles maachen. Mir sinn houfreg, d’Organisatioun « le Soleil dans la Main » net just grafesch ze begleeden, mee och selwer aktiv z’ënnerstëtzen, andeems mir een Deel vum Erléis vun deenen Annoncen, déi bei dëser Reportage stinn, un si spenden. Ee grousse Merci och un alleguer d’Annonceuren, déi sech zesumme mat eis fir dëse Geste entscheet hunn, an een éierleche Respekt fir all déi benevole Membere vu « le Soleil dans la Main ».

Wellt Dir Iech menschlech a finanziell bedeelegen? BCEE LUXEMBOURG: LU74 0019 1955 6943 7000 SWIFT/BIC: BCEELULL

Merci LUXEMBOURG - BURKINA FASO

21


Achats-Ventes Locations Evaluations Gestion d'immeubles 12-14, avenue de la Gare L-9233 DIEKIRCH T. 80 83 23-1

10-12, avenue Salentiny L-9080 ETTELBRUCK T. 26 81 59-1

245, rue de Beggen L-1221 LUXEMBOURG T.26 43 07 19

Assurances toutes branches Promotions immobilières

www.reinig.lu / info@reinig.lu

12, Esplanade | L-9227 Diekirch

Dir fannt eis vum 8. Januar un an eisem neie Cabinet

T: +352 26 80 47 15 | bsejour@pt.lu hotel-beausejour.lu

„Gutt zu Fouss“

ënnert der Adress : 7, an der Schleed L-9273 Diekirch Nina: 691 30 53 36 Jenny 661 40 45 11

Joyeux Noël et une bonne année 2018! Schéi Chrëschtdeeg an ee glécklecht neit Joer 2018!

Mir, Pedikür

Dudzinski Nina a Langer Jenny

aus der Résidence Mandelieu, plënneren

Literie / Puériculture Tout pour l'enfant de 0 à 14 ans Articles de cadeau Listes de naissance Vêtements pour céremonies

2, place Joseph Bech L-9211 DIEKIRCH Tél.: 80 33 37

22

Guide Michelin 2017


PHILHARMONIE MUNICIPALE DE DIEKIRCH

NO 150 JOER NACH ËMMER AN TOPFORM

Musek ass déi eenzeg Sprooch, déi jiddereen op der Welt versteet. Schonn zënter Éiwegkeete maache Mënschen zesumme Musek, well se sech duerch si verbonne fillen. Och bei eis zu Lëtzebuerg existéiere vill Gesellschaften, wou an d‘Säite gegraff, an d‘Trompett geblosen an op d‘Tromm geschloe gëtt. Eng dovunner ass d‘„Philharmonie Municipale de Diekirch„, déi 2018 well 150 Joer Bestoe feiert. Wéi alles ugefaangen huet, wat bis haut esou geschitt ass a wéi et soll weider goen, gëtt op dëse Säite verroden.

Als den offizielle Grënnungsdatum vun der Dikrecher Stadmusek gëllt de 15. November 1868. Éischte President war de Prosper Brassel an éischten Dirigent de Jean-Paul Fischer. D‘Industrialiséierung an d‘Opkomme vu soziale Rechter hunn am ganze Land fir Opbrochstëmmung gesuergt. D‘Leit hunn haart geschafft an dowéinst een Ausgläich gebraucht. Zesumme Musek ze maache war deemools eng vun de wéinege Geleeënheeten, ënner d‘Leit ze kommen. Och an anere Stied an der Regioun si Philharmonië gegrënnt ginn, wéi zu Wooltz (1794), Veianen (1848) oder Ettelbréck (1852), an déi sinn deelweis nach vill méi al. Fréier Dokumenter beleeën allerdéngs, datt schonn 23


26 80 33 99 4, rue Alexis Heck L-9242 Diekirch

Luxhair s.àr.l. Heures d'ouverture: fermé lundi

malous.coiffure@pt.lu

Boulangerie - Pâtisserie mardi à jeudi 08h30 - 13h00 • 14h00 -17h30

tous les jours sur RDV sauf le jeudi

vendredi 08h30 - 18h30 samedi 08h00 - 15h30

Snack Maria & Alves 17, Esplanade | L-9227 Diekirch | Tél.: 26 80 38 47

www.beimfranco.lu nonsolovino@pt.lu

tel. +352 26 80 48 58 14 Grand-Rue L-9240 DIEKIRCH

Centre de pédicure médicale Résidence Mandelieu 40, rue Edmond - Jean Klein L-9251 Diekirch

Happy feet

Solange Glodt • 621 329 407

24

• Agewuessen Zéiwenneel • Pilzbefalen Neel • Diabetesch Féiss

péd. méd. • manucure dipl. 10 Joer Erfarung, dovunner 3 mat der Mme Yvette Schennetten

Op Wonsch kommen ech coc h bei Iech heem

SPEZIALISATIOUNEN

• 2te Stack, Lift a Parking sinn do Ab Januar um 1te Stack

fir Hänn

• Fleeg vun Hänn an Neel


1826 eng Museksgesellschaft an der Sauerstad soll existéiert hunn, woubäi net kloer ervir geet, ob et sech ëm ee Kiercheveräin oder eng tatsächlech Biergervereenegung gehandelt huet. An der Mëtt vum 19. Joerhonnert huet sech den „2. Jägerbataillon“ zu Dikrech am haitegen „Ale Gebai“ vum Kolléisch stationéiert. Vun deem Zäitpunkt un huet d‘Militärmusek héchstwahrscheinlech mat reegelméissegen ëffentlechen Optrëtter zu besonneschen Uläss fir d‘Ënnerhalung vum Vollek gesuergt, sou datt ee Besoin no engem biergerleche Museksveräin

ginn. Während dem 2. Weltkrich, wéi Lëtzebuerg vum Drëtte Räich besat war, sollt d‘Dikrecher Musek zu engem „Fanfarenzug“ vun der SA ëmfonctionnéiert ginn. D‘Museker hunn sech allerdéngs dogéint gewiert, wat dozou gefouert huet, datt den Orchester opgeléist an den deemolege President Nic Pesch verhaft ginn ass. Wéi de Krich endlech eriwwer war, huet d‘Veräinsliewen nei opgebléit an d‘Dikrecher Museker hunn sech 1946 nees zesummegedoen. Den Nic Pesch hat säi Posten erëm iwwerholl a war bis 1955 President bliwwen.

net bestanen huet. Dës Theorie gëtt doduerch gestäerkt, datt just ee Joer nodeems den „2. Jägerbataillon“ duerch den Traité vu London 1867 ofgezu ginn ass, de Wonsch no Musek erëm do war an déi haiteg „Philharmonie Municipale de Diekirch“ aus dem Buedem getrëppelt ginn ass.

Vill Jore sinn zanterhier vergaangen, an obwuel sech am Veräin esou munches gedoen huet, ass seng Funktioun ëmmer déi selwecht bliwwen. Als Stadmusek ass e verflicht, bei offiziellen Zeremonien zu Dikrech opzetrieden a mat der Orchestermusek fir déi richteg Stëmmung ze suergen. Zu de reegelméissegen Evenementer, op deenen d‘Philharmonie Municipale de Diekirch all Kéier vertrueden ass, zielen d‘Volleksfest „Al Dikrich“, de Meekranz an Nationalfeierdag. Donieft gëtt den

Grouss Erausfuerderunge gemeeschtert De 75. Anniversaire ass leider vun engem traurege Geschéien an de Schied geréckelt

25


Hämmelsmarsch puer mol am Joer opgefouert. Déi Dikrecher Museker sinn awer net just dann a Formatioun, wann se vun der Gemeng gebraucht ginn. Zu den offiziellen Optrëtter addéiert sech hiren eegenen ofwiesslungsräiche Programm aus traditionellen a moderne Lidder, mat deem déi aktuell 65 Memberen hir Nolauschterer erfreeën. Eng besonnesch interessant Erfarung sinn dobäi Partnerconcerte mat aneren, deels auslänneschen Orchesteren, wat alt erëm beweist, datt Musek jidderee verbënnt, egal wéi grouss déi geografesch Distanz och ass.

Onvergiesslech Erliefnisser An der Vergaangenheet hunn déi Dikrecher scho puer mol bewisen, datt si sech mat hirer Leeschtung net hannert anere Veräiner musse verstoppen. An den 1960er Joren huet d‘UGDA, den Daachverband vun de Lëtzebuerger Museksveräiner, all Joer ee grousse Concours organiséiert. Dëse war fir d‘Museker deemools wéi eng „musikalesch Championsleague“, bei där d‘Gewënner héich ugesi waren. Beim Virspille virun enger grousser Jury huet ee

missen all Regëster zéien, fir am nationale Klassement kënnen eropzeklammen. 1969 war dat erfollegräichst Joer fir déi Dikrecher, wéi si de „1er prix avec distinction“ gewonnen haten an opgestige sinn an d‘“division d‘excellence“. Souguer op internationalem Niveau huet d‘“Philharmonie Municipale de Diekirch“ esou munche Succès opzeweisen. Sou ass se beispillsweis d‘lescht Joer op der Meeschterschaft FFM2016 zu Montreux an der Schwäiz als eenzeg auslännesch Formatioun géint iwwer 500 schwäizer Museksveräiner ugetrueden a konnt an der zweethéchster Kategorie déi 103. Plaz beleeën. Fir ee klenge Veräin, deen auswäerts gespillt huet, ass dat kee schlecht Resultat. Et sinn esou Momenter, déi eng dreiwend Kraaft hannert der Dikrecher Philharmonie bilden. Well virun allem am 21. Joerhonnert, wou et eng onmoosseg grouss Auswiel un Ënnerhalungsméiglechkeete ginn, hu lokal Veräiner et ëmmer méi schwéier, hir Leit zesummen ze kréien an ze halen. Bei ronn 100 Prouwen a Sortien am Joer dobäi ze si

Mir wënschen all eise Clientë schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch!

STUFF

Grousse Choix un Pizzaen an tartes flambées 21, route d’Ettelbruck L-9230 Diekirch Tél.: 27 76 64 65 LU.-DI.: 10.00-01.00 hrs Kichen: 11.30-14.00 hrs 18.00-22.00 hrs Al Schwemm

Hausgemaachte Kniddelen & ausgefale Burgeren 10, Place de la Libération L-9255 Diekirch Tél.: 26 80 08 03 Dikkricher Stuff

LU.-JE.: 10.00-01.00 hrs VE.-SA.: 10.00-03.00 hrs DI.: 10.00-01.00 hrs Kichen: 11.30-14.00 hrs 18.00-22.00 hrs

3 +26 1 GRATIS OP ALL D’PIZZAEN *

3 + 1 GRATIS OP ALL D’BURGEREN*

*gëllt och op all d’tartes flambées

*gëllt och op all d’Kniddelen

Dës Aktioun gëllt vum 11. Dezember bis den 11. Februar op Presentatioun vun dësem Bong

Dës Aktioun gëllt vum 11. Dezember bis den 11. Februar op Presentatioun vun dësem Bong


verlaangt eng gewëssen Disziplin, déi net just mam Applaus no engem Concert oder enger Medail no engem gewonnene Concours belount gëtt, mee virun allem mat der déiwer Frëndschaft tëscht de Memberen. Och vum pedagogeschen a gesondheetleche Standpunkt aus gekuckt huet zesumme Musizéiere vill positiv Auswierkungen, virun allem am jonken Alter. Nach bis an d‘Nonzeger Joren huet an der Dikrecher Stadmusek eng Jugendsektioun quasi onofhängeg vun de „Groussen“ bestanen. Wéinst engem Mangel un Nowuess ass de Jugendorchester ëmmer méi kleng ginn an huet sech op engem Punkt einfach opgeléist. Dësen nei an d‘Liewen ze ruffe war d‘Zil vum Bob Minette, deen zënter dësem Joer Dirigent vum neie Jugendorchester ass. De 27-Järegen ass fréier selwer Member vun der Dikrecher Philharmonie gewiescht, wouduerch et fir hien ee perséinlecht Uleies ass, de Veräin no vir ze bréngen. „Et ass eng enorm Beräicherung souwuel fir eis Stad, wéi och fir d‘Memberen, datt esou ee jonken an dynamesche Veräin nees existéiert“. De Jugendorchester ass am Moment nach relativ kleng, mee de Bob hofft, geschwënn nach méi Kanner a Jugendlecher kënnen ze begeeschteren. Eenzeg Viraussetzung fir de Rekrutement ass et, säin Instrument op mannst well 1 Joer gespillt ze hunn, fir een zolitte Basisniveau kënne virzeweisen. De Bäitrëtt an een Orchester ass eng wäertvoll Ergänzung zum eenzelen Instrumentalcours an der Museksschoul, well ee léiert, als Deel vun engem Ensembel ënnert der Leedung vun engem Dirigent ze spillen.

ginn. Dës Filmausschnëtter, déi de Paul Maas zesummegesat huet, sinn exakt op d‘Musek ofgestëmmt.“ D‘Konzept ass well fréier vun den Dikrecher Musikanten opgefouert ginn, mee d‘nächst Joer fir d‘éischte Kéier op méi groussem a spektakuläre Moossstaf. Genee sou villverspriechend ass de MilitärmusekFestival am Mäerz. „Dofir hu mir net nëmmen den Ensembel vum Härebierg, mee och de ‚Bundespolizeiorchester‘ vu München an d‘‘Koninklijke Marechaussee‘ aus Holland agelueden, déi mat eis wäerte spillen“, esou de Robert Bohnert. Och no 2018 ass nach net Schluss. An der Zukunft sinn nach méi Kollaboratiounen tëscht den Uertschafte vun der Nordstad virgesinn. Mam Ernie Hammes, dee vun 2016 un neien Haaptdirigent ass an sech als Trompettist international een Numm gemaach huet, wëllt een nei Weeër aschloen an een héije musikaleschen Niveau bäibehalen. Dat wichtegst ass a bleift awer ëmmer nach déi gutt Stëmmung an eng familiär Atmosphär tëscht de Museker. Den detailléierte Programm vun 2018 an Infoen, fir selwer Member ze ginn, fënnt een op www.pmd.lu

Ee Bléck no vir Annerhalleft Joerhonnert existéiert d‘Dikrecher Stadmusek ewell, mee zum alen Eise gehéiert de Veräin nach laang net. Am Géigendeel, fir hiren 150. Anniversaire gëtt nächst Joer een extra grousse Programm opgeluecht. Lass geet et den 21. Januar mat engem grousse Partnerconcert zesumme mat der Ettelbrécker Philharmonie an der aler Seeërei zu Dikrech. Ee vun den Highlights ass de „Best of Movies“Concert am Juni an der Philharmonie an der Stad. De „Bouni“ Robert Bohnert, President vun der Vereenegung, erzielt: „Bei dëser aussergewéinlecher Opféierung gi Soundtracks live zu de passende Filmausschnëtter gespillt, déi an deem Moment op Leinwand projezéiert 27


SAN’DESIGN "Story Telling" duerch Kommunikatioun. Mir entwéckele fir Iech eng visuell Identitéit, déi Iech erausstieche léisst a gläichzäiteg eng Iddi iwwert Är Visioun an Är Déngschter vermëttelt. Eis passionéiert, reaktiv a multidisziplinär Equipe kreéiert Iech eng grafesch Linn, deklinéierbar op all méiglech Kommunikatiounsweeër (Logoen, Visittekaarten, Broschüren, Flyeren, Annoncen, Plakater, asw.), fir datt Iech Är Clientë vun haut a vu muer ëmmer an iwwerall erëmerkennen. Op Wonsch schreiwe mir och professionell a lieweg Texter fir Är Printmedien oder verbesseren Är eegen.

28

SAN’DIGITAL Är virtuell Visittekaart. Hautdesdaags ass eng digital Präsenz vun enger Entreprise een absolute Must, fir erfollegräich ze sinn. SAN bitt "Design um Bildschierm" un a siedegt domat all Är digital Besoinen : Berodung, Opstellung vun Ärer Websäit a vum Textinhalt, digitale Marketing, Gestioun vun Äre sozialen Netzwierker oder Gestaltung vun Newsletteren. Fir datt Är Websäit méi einfach op Google a Co. ze fannen ass, proposéiere mir och Search Engine Optimization (SEO). Mir garantéierten eise Clienten eng effizient digital Kommunikatioun, déi zu moossbare Resultater féiert.


SAN’VISUAL Mir fänke Momenter an. Digital Kamerae vun haut hunn d'Potential, aussergewéinlech schéi Biller ze liwweren, ob eenzel oder beweegt. Fir dëst Potential fräizesetze brauch ee Kënnen a Passioun - Eegenschaften, déi perfekt op eis zoutreffen. Sief et ee Photoshooting an eisem Studio oder dobaussen, een Imagefilm oder ee Reklammevideo - Är Visioun gëtt vun eisem Bildsensor festgehalen a verwierklecht. Mir schaffe mat héichwäertegem Material a leeschten an all Produktiounsstadium eng propper Aarbecht. Et ass Zäit, fir de Fokus nei ze setzen. SAN’CONCEPT Dir sot eis, wat Dir wëllt erreechen - mir soen Iech wéi! Excellent Resultater erfuerderen eng kompetent Berodung a kohärent Strategien. Et brauch een ee Konzept. Mir definéiere mat Iech zesummen déi strategesch Ausriichtunge vun Ärer Kommunikatioun, fir Iech eng zolidd Positionéierung vun Ärer Firma oder Mark ze garantéieren. An engem ausféierleche Gespréich leeë mir prezis Moossname fest, fir net nëmmen Äre Bekanntheetsgrad ze hiewen, mee och een dauerhaft positiven Androck beim Client ze hannerloossen. MarketingAnalysen, Vermaartungsmethouden, Cibléiere vun der Clientèle, Entwécklung an Ëmsetzung vun Äre Kommunikatiouns-Pläng : mir verschafen Iech an Äre Clienten een neie Bléck op Är Entreprise a berécksiichtegen dobäi Äre Budget an Är Ziler. SAN’EVENT Fir datt Äert Event nach laang a gudder Erënnerung bleift. Dir wëllt gären eng Porte Ouverte, eng Aweiung, eng Konferenz, ee Fest oder soss eng Veranstaltung op d'Bee stelle mee wësst net wéi? Da kommt bei SAN, well mir këmmeren eis ëm alles. Mat Iech leeë mir fest, wat alles u Material fir den Event noutwenneg ass an definéieren de Budget. Mir stellen dann eng kompetent Equipe zesummen, an där jiddwer Member net nëmme genee weess, wat en ze dinn huet mee déi Aufgaben och mat Motivatioun a Fläiss erleedegt (Receptioun, Musek, Animatioun, Catering etc.). Duerno suerge mir dofir, datt esou vill Leit wéi méiglech vum Evenement gewuer ginn a Loscht kréie fir deelzehuelen. D’Equipe vu SAN begleet Iech vun Ufank bis Schluss a suergt dofir, datt Äert Evenement zu engem onvergiesslechen Erliefnis gëtt. SAN’CARD Ee Service fir jiddereen. SAN ass och fir Privatpersounen do, déi Aluedungen, Remerciements-, Gebuerts-, Kommiouns-, Hochzäitsoder Doudeskaarten brauchen. Design no Virlag oder op Mooss, Dir entscheet, wéi Äre Produit um Schluss soll ausgesinn. Mir hunn eis Passioun zum Beruff gemaach.

San s.àr.l. 16a Maison L-9780 Wincrange 20 Esplanade L-9227 Diekirch t: +352 28 11 42–1 san@san.lu www.san.lu


www.blom.lu ÄREN NEIEN

DISTRIBUTEUR AGRÉÉ

REPARATEUR AGRÉÉ

JIMNY

LEGENDE 2.0

COME-BACK Fondé en 1987, le Garage Jang Blom SA se présente comme entreprise familiale dynamique et expérimentée en accueillant sa clientèle de façon conviviale. Depuis janvier 2017, nous sommes distributeur agréé Suzuki et nous sommes fiers de proposer à notre clientèle un produit innovant et de qualité.

GARAGE JANG BLOM SA | 49a, rue de la Sûre | L-9161 INGELDORF | Tél.: +352 80 84 86-1 | info@blom.lu


LIBRAIRIE ZIMMER PRESENTÉIERT

D’IESELSOUER

100 Jahre Militärfahrzeuge in Luxemburg Roland Gaul / Benoît Niedercorn Wee kennt de Roland Gaul net zu Dikrich. Hien ass fest verwuess mam „Krichsmusée“ an huet als Ofschloss vu senger aktiver Amtszäit een informatiivt a léierräicht Buch iwwert d’Lëtzebuerger Arméi erausbruecht. Zesumme mam Benoît Niederkorn kucken si mat 150 grousse Fotoen op de Fuerpark vun eiser Arméi zeréck. Vill Text fënnt een net op de knapp 300 Säiten, mee dat as och net noutwenneg, d’Fotoe sinn ausdrocksstaark genuch. Fotoen, deen esou munchen eng Héngerhaut wäerte kréie loossen. E perfekte Kaddo fir all Militärfreak an och fir déi, déi den éischten an zweete Weltkrich net wëllen a Vergiessenheet gerode loossen.

Editions revue

ISBN: 978-99959-45-33-6

45,00 € Polizei-und Zollfahrzeuge in Luxemburg seit 2010 Steve Picco & Mike Zoller No enger kuerzer Introduktioun iwwert déi verschidden Zorte vun Asazween vun der Police an der Douane fënnt een duerno op circa 180 Säite vill faarweg Fotoen iwwert déi läscht Modeller vun hire Gefierer. Déi mannst vun eis wëssen, wéi vill verschidde Ween dës zwou Administratiounen hunn. Dir fannt Autoen, Jeepen, Camionen, Motorrieder, Helikopteren, Panzeren an nach e puer anerer. D‘Fotoe sinn alleguerten „am Asaz“ geknipst ginn. Et war also keen organiséierte Fotoshooting. Dëst ass ganz flott, well Dir um Hannergrond erkenne kënnt, wou dës Gefierer dann och dagdeeglech gebraucht ginn. D‘Policeween sinn awer hei kloer an der Iwwerzuel, ronn 3x sou vill Bildmaterial iwwer d‘Police wéi iwwer d‘Douane.

Editions Rol Schleich ISBN: 9789995988791

35,00 € Flughafen-Aéroport-Airport Luxembourg FINDEL 1937-2017 Part 1 Serge Braun An elo geet et an d‘Loft, oder op mannst op den Tarmac. An dësem éischte Band hëlt de Serge Braun all eis Amateure vun der Fligerei mat op de Findel. Hie stellt eis d‘Passagéierfligerei op 3 Sprooche ( D/F/L) vir. Dëst Buch ass eng Hommage un d‘Luxair, un all hir Fligertyppe vun der klenger Fokker bis bei de grousse Boeing. Am leschten Deel vum Buch weist den Auteur a Fotograf och déi aner Fluchgesellschaften, déi 2017 vum Findel fortgeflunn an ukomm sinn. Ausser de Fligere gesäit een och d‘Evolutioun vum „Terminal“, vun engem klengen onscheinbare Schapp bis hin zu enger moderner Glaskonstruktioun. Et sinn nach 2 weider Bänn an Planung, deen nächsten iwwer d‘Frachtfligerei mat der Cargolux an deen drëtten iwwer d‘Sports- a Privatfligeren an e puer flotten Eventfotoe vum Findel.

Editions revue

ISBN: 9789995993436

44,00 € 6 & 11, rue Saint Antoine L-9205 Diekirch

Tél: 80 95 59 Fax: 80 71 62

Lun. - Ven. 08:30 - 18:00 Sam. 09:00 - 17:00

www.zimmer.lu 31


Authenteschen elsässesche Kascht

MENU DE NOËL Noël nous serons ouvert dimanche 24, lundi 25 et mardi 26 décembre uniquement les midis.

BON CADEAU

Pensez aussi à nos bons cadeaux.

MENU DU JOUR (midi - 3 plats) lundi, jeudi et vendredi Plats à emporter

14€

Den Elsass ass virun allem bekannt fir seng Wäiner a seng groussaarteg Kichen. Fir sech mat den typesche Spezialitéiten ewéi „tarte flambée“ oder „coq au vin“ ze verwinnen, muss een awer net onbedéngt bis iwwer d‘Grenz. Eng méi no Optioun ass „de Griffel“ zu Branebuerg. An dësem klenge léiwe Restaurant zerwéieren d‘Martine an de Ludovic Bello Platen aus hirer Heemecht, dem Elsass. Besonnesch beléift bei de Gäscht ass hir selwergemaachten „tarte flambée“. Genee sou derwäert fir ze schmaachen ass eng traditionell Spezialitéit mam Numm „baeckeoffe“. Déi besteet aus Gromperen, Geméis a verschidden Zorte Fleesch, mat Wäin marinéiert an an enger Keramikschossel am Uewe gekacht. Fréier hunn d‘Fraen, déi an de Wéngerte geschafft hunn, dëst Iessen am Uewe vum Duerfbäcker zoubereet - dowéinst den Numm „baeckeoffe“. Am „Griffel“ ass et de Ludovic Bello, deen sech ëm d‘Zoubereedung vu kulinarescher Konscht bekëmmert. Zwee Joer als Offizéierskach an der franséischer Marinn a 15 Joer als Kichechef am eegene Restaurant zu Baerenthal am Elsass hu seng Fäegkeete bis an den Detail geschlaff, an déi presentéiert en elo senge Gäscht zu Branebuerg um Teller. Ee gudde Kach eleng ass

awer just een Deel vun deem, wat ee gelongent Iessen ausmécht. Genee sou entscheedend ass d‘Qualitéit vun de Wueren, déi verschafft ginn. Déi bezéien d‘Martine an de Ludovic gréisstendeels aus den Nopeschdierfer. Frësch a saisonal Produiten aus der Regioun garantéieren all Kéiers een Héichgenoss. „De Griffel“ organiséiert reegelméisseg Themenowenter an offréiert Dagesmenüen, „plats à emporter“ esou wéi ee grousse Chrëschtdagsmenü. Déi dräi Chrëschtdeeg ass de Restaurant mëttes op. Op hirer Websäit kann een sech iwwert hir aktuell Offer informéieren. 32


DE GRIFFEL PRESENTÉIERT

DE GAUMENSCHMAUS

Choucroute garnie d‘Alsace

D‘Choucroute ass ee Plat, deen an der ganzer Groussregioun bekannt ass a wouvunner et verschidde Varietéite ginn. Den Aussoe vum „Griffel“ senge Gäscht no wier d‘elsässesch Versioun méi liicht wéi déi lëtzebuergesch. Ob dat stëmmt? Kacht se no a fannt et eraus!

Dir braucht (fir 6 Leit): 1,5kg 500g 500g 500g 500g 6 6 1,2kg 1l 1 10-15

réit Sauermous gereecherte Speck gesalzte Speck Gesolpertes Kasseler Wirschtercher Mettwurschten Gromperen Riesling Ënn Wakelterkären

Esou gëtt et gemaach: •

D‘Sauermous ënner kalem Waasser wäschen an ofdrëpse loossen.

•

D‘Ënn kleng schneiden a mam Sauermous, mat Botter an Ueleg liicht ubroden.

•

D‘Gesolpertes, de Kasseler, de Speck an Mettwurschten een nom aneren dobäiginn.

•

Dann d‘Wakelterkären, d‘Lorberblieder an d‘Neelcheskäpp dra geheien a mat Riesling iwwergéissen, bis d‘Fleesch bedeckt ass.

•

Dat Ganzt op klenger Flam 1,5 Stonne laang kache loossen.

•

Duerno d‘Gromperen dobäiginn an 30 min laang mat zouenem Deckel kachen.

•

Als lescht d‘Wirschtercher dobäileeën a 5 min laang kachen.

•

Virum Zerwéieren d‘Fleesch schneiden.

e puer Lorberblieder an Neelcheskäpp

33


7/7 Tage geöffnet 10 - 19h00 WEISWAMPACH Gruuss Strooss 64

T. +352 26 908 440

www.passion.lu

Wou Moud, d’Passioun ass Mode Passion zu Wäisswampech huet op ronn 800m2 alles ze bidden, wat d’Dammen- an och d’Härenhäerz méi héich schloe léisst. Déi neiste Kollektioune vun héichklassege Marken ewéi beispillsweis Marccain, Guess oder Liu Jeans, Boss Black an Armani sinn alleguer ënnert dësem Daach vereent a lackele virun allem Clienten, déi sech fir e speziellen Ulass wëllen akleeden, an d’Geschäft. Ugefaangen huet dat Ganzt awer net zu Wäisswampech, mee mam HS Mode, deen d’Karin Haep an hir Duechter 2003 zu St.Vith opgemaach hunn. Zwee Joer méi spéit ass schonn dat zweet Geschäft vun hinnen zu St.Vith opgaangen: Fashion by HS Mode. 2013 huet schliisslech hiren drëtte Buttek zu Büllingen seng Dieren opgemaach. „De bestännege Wiessel an der Welt vun der Moud ass einfach eppes Wonnerbares, well et ni langweileg gëtt“, sou d’Madame Haep. Als Patronne këmmert si sech virun allem ëm déi ganz Organisatioun an ëm den Akaf vun de Kollektiounen. Sief et Berlin, Florenz, Mailand oder Barcelona, hir ass kee Wee ze wäit, fir sech déi neisten Trends vun de grousse Marken unzekucken an se fir hiert Geschäft anzekafen. An der Reegel geschitt dat scho 4 bis 5 Méint ier d’Saache bei Mode Passion an de Regaler ze fanne sinn. Just ee klengen Deel vum Sortiment gëtt nach spontan den aktuellen Trends ugepasst. „Virun 10 Joer war d’Moud nach vill méi langweileg an et ass ze vill op Trends gesat ginn. Mëttlerweil ass dat awer net méi de Fall. D’Moud ass méi villfälteg ginn an et kann alles am Trend sinn, well d’Aart a Weis, fir Saachen ze kombinéieren, eng immens grouss Roll spillt“, erkläert d‘Madame Haep. Bei der Auswiel an der Kombinatioun vun de Kleedungsstécker gräift déi ganz Equipe vu Mode Passion hire Clienten natierlech gären ënnert d’Äerm.

MEN 7SQUARE / ARMANI JEANS / A FISH NAMED FRED / BOSS BLACK / BOSS GREEN / BOSS ORANGE / CAVALLARO / CLUB OF GENTS / DIGEL / DSTREZZED / JOOP / FYNCH-HATTON / GARDEUR / HAUPT / JOOP / KARL LAGERFELD / MAERZ / MMX ROY ROBSON / SCOTCH&SODA / STENSTROMS / THOMAS BRADLEY / THOMAS MAINE

WOMEN AAIKO / AIRFIELD / ARMANI / CAMBIO / CAROLINE BISS / ELISA CAVALETTI / FRACOMINA / GAUDI /GUESS / HALE BOB / HIGH / KARL LAGERFELD / KOCCA / LIU JO / LIU JEANS / LIU JO SPORT / LUISA CERANO / MARC AUREL / MARCCAIN COLLECTION / MARCCAIN SPORT / MAXMARA WEEKEND / MARIE MERO / MICHAEL KORS / PATRIZIA PEPE / PEPE JEANS / PRINCESS / REPEAT / RIANI / RICH&ROYAL / RIVER WOODS / SARAH PACINI / SCAPA SPORTS / SCOTCH&SODA / SILVIAN HEACH / SPORTALM / SUPERDRY / TWIN SET / YAYA

2018 gëtt bei Mode Passion de Fokus nach méi staark op d’Häremoud geluecht. D’Männer dierfen sech op eng Partie nei Marke freeën. D’Madame Haep an hir Duechter hunn sech awer och schon ee konkret Zil fir d’Zukunft gesat. 2019 soll e weidert Geschäft mat enger Gréisst vun 1000m2 ageweit ginn an e fuschneit Konzept mat sech bréngen. Et dierf een also scho gespaant sinn...


MODE PASSION PRESENTÉIERT

LIFESTYLE

D‘Madame Haep gëtt hire Clienten nach zwee hëllefräich Rotschléi mat op de Wee. Deen éischte befaasst sech mat der Aktualitéit aus der Dammen- an Häremoud, während deen zweeten sech méi geziilt un d‘Männer riicht. Wat läit dann aktuell am Trend?

Op wat muss ee beim Kaf vun engem Paltong oppassen?

Dëst Joer hunn sech bei den Dammen déi waarm Hierschtfaarwen duerchgesat: beige, brong, gro, kaki an allen Nuancë gemëscht mat Faarwen ewéi beispillsweis rout a giel, déi ee méi kräftegen Akzent setzen. D’Moud ass den Ament zimlech sportlech. Villes gëtt einfach mat Sneakers kombinéiert. Blousen a Pullovere si staark gemustert, mee och de klasseschen Toun an Toun Look vun uewe bis ënne bleift weiderhin ugesot. Kuerz: et ass fir jiddwereen eppes dobäi. Fir d’Häre leien d’Faarwe kaki, beige a bordeaux rout am Trend. Iwwerdeems ass blo an der Häremoud net ewechzedenken.

Fir unzefänke sollt een drop oppassen, datt d’Manchette vum Hiem 1 bis 2 Zentimeter aus dem Paltong erauskucken an datt uewen de Col vum Hiem liicht iwwert deem vum Paltong eraussteet. Bei engem zougeknäppte Paltong dierfen op kee Fall Falen um Réck ze gesi sinn. Iwwerdeems soll e gutt sëtzen an op kenger Plaz spanen. De Mann soll sech trotz sengem schicke Look awer nach kënne beweegen an sech wuelfillen. Genee op dëse Komfort gëtt bei moderne Paltonge vill Wäert geluecht.

35


24, op der Haart | L-9999 Wemperhardt Tél: 26 90 84 54 | info@bytom.lu www.bytom.lu

BY TOM & OLD SCHOOL BARBERS

D’SPEZIALISTE FIR ÄR HOER

D‘Feierdeeg réckele méi no an Dir wëllt onbedéngt nach dëst Joer ee flotten neie Look verpasst kréien? Da sidd Dir am Salon by Tom oder bei den Old School Barbers am Shopping-Center Massen an zu Lëntgen a beschten Hänn. Hei gëtt an enger entspanter Atmosphär gekuckt, wat zu Ärer Gesiichtsform passt an no enger perséinlecher Berodung mat enger erstaunlecher Verwandlung ugefaangen. De Miralem Tursunovic vun den Old School Barbers an d‘Géraldine Schmit aus dem Salon by Tom erzielen, wat hir Salonen esou besonnesch mécht.

36

Firwat sollt een sech de Baart professionell maache loossen an net selwer Hand uleeën ? Miralem Tursunovic : De Baart ass eng Philosophie fir sech. Et ass immens wichteg, datt en der Gesiichtsform vum Mann ugepasst gëtt. Mir ënnerstëtzen eis Clienten dobäi, de passende Schnëtt ze fannen a stinn hinne gäre mat eiser jorelaanger Erfarung zur Säit. Doduerch, datt mir alles manuell maachen, hält d’Glättung méi laang wéi wann een sech de Baart selwer géif doheem maachen.


De Beruff vum Barbier limitéiert sech allerdéngs, anescht wéi vill Leit mengen, net just op de Baart. Mir maachen och Couppe vu klassesch bis modern. Iwwerdeems ass ee Besuch am Barber Shop net mat deem bei engem normale Coiffer ze vergläichen. Et ass tatsächlech eng Zort Wellness fir de Mann. Ënnerstrach gëtt dat Gefill duerch d’Benotze vun äthereschen Ueleger, Crèmen a waarme Kompressen. Bei eis stëmmt och de ganze Kader : An eisem männlech-traditionell ageriichte Salon hu mir Blues- a Rock-Musek lafen an et kritt ee souguer ee Glas Whisky oder Rum ugebueden. Deemno feelt et eise Clienten un näischt, fir sech kënnen esou richteg wuel ze fillen an z’entspanen.

Wat hieft de Salon by Tom vis-à-vis vun aneren ervir? Géraldine Schmit : Mir huelen eis ëmmer gär gutt Zäit fir eng intensiv perséinlech Berodung a kucken zesumme mam Client, wat am beschte bei seng Gesiichtskonture passt. Eis Equipe, vum Léiermeedche bis bei d‘Coiffeuse mat laangjäreger Erfarung, geet regelméisseg an eng Formatioun an eiser hauseegener Akademie zu Ettelbréck, fir déi neisten Trends ze léieren an och a Punkto Fierf- a Schneidtechnik um neiste Stand ze bleiwen. Mir schaffe vill mat Produite vun der Mark Kevin Murphy, déi sech ganz besonnesch doduerch auszeechnen, datt se keng Parabener, Silikoner an Sulfater enthalen. Iwwerdeems ginn dës Produiten net un Déiere getest. Eng Gamme vu ganz natierleche Produiten op Basis vun äthereschen Ueleger, déi mir net just fir d’Hoerwäsch, mee och beim Fierwe benotzen. Weiderhi schaffen mir och immens gär mat Produite vun Olaplex, déi d’Hoer beim Fierwen an Entfierwe schützen a fir eng brillant Textur suergen.

T : 24 51 48 63

Mir stellen lech flott Corbeillen zesummen.

Denkt och un eis Kaddosbongen.

Méindes - Freides : 09:00 - 19:00 Samschdes : 08:00 - 18:00

Gëtt et 2018 eppes Neies am Salon op der Wämperhaart ? Géraldine Schmit : Jo, mir si schonn am Gaang eis op een neie Service virzebereeden, dee mir aktuell just an eisem Salon zu Lëntgen ubidden : Hoerergänzungen. Dat ass ganz interessant fir Leit, déi un Hoerausfall leiden an sech erëm méi voll Hoer wënschen. An engem ofgetrennte Raum gëtt de Client op eng diskret Manéier behandelt a kritt esou erëm zu sengen Dramhoer verhollef. An dësem Beräich schaffe mir mat de Marken Hairdreams an Haar Vital.

T : 26 90 84 54

37 Iwwer d‘Feierdeeg hu mir den 24. & 31. 12 vun 09:00 - 14:00 op. De 25. & 26. 12 hu mir zou.


2, Arelerstrooss | L-8552 Oberpallen Tél: 26 62 09 93 | passionelle.hub@gmail.com www.passionelle.lu

PASSION‘ELLE

FIR ALL PERSOUN DE PASSENDE BIJOU

Ee kuerzt Gespréich geet well duer, fir ze mierken, datt d‘Nicole Schwachtgen sech fir dat begeeschtert, wat si verkeeft. Si ass d‘Patronne vun der Bijouterie Passion‘elle an huet 2008 am Pall Center zu Uewerpallen hiren éischte Buttek opgemaach. Mëttlerweil ginn et 8 Geschäfter uerchter d‘Land. Och wann den Numm vum Betrib mat „elle“ ophält, limitéiert sech d‘Offer net just op Fraenartikelen, och fir Männer ass eppes do. An dësem Interview erzielt d‘Nicole, wat Passion‘elle ausmécht a verréit Detailer iwwert hir grouss Leidenschaft.

38

Wéi positionéiert sech Äre Bijousbuttek? Nicole Schwachtgen: Mir si keng Bijouterie „haut de gamme“, mee mir proposéiere virun allem Stécker, déi bei déi aktuell Moud passen. Esou wéi d‘Moud wiesselen eis Kollektiounen. Zwar fënnt ee bei eis och traditionell Saache wéi Hochzäitsréng, mee de Fokus läit op „bijoux fantaisie“ vu bekannte Marken ewéi Swarovski, Icewatch, Pandora an Thomas Sabo. Ausser enger grousser Auswiel offréiere mir och ee kompetente Service après-vente. Eis spezialiséiert Equipe aus Auer-


mécher an Techniker reparéiert oder personaliséiert Aueren a Bijouen a mir flécken neierdéngs souguer Handyen a Computeren.

Wéi fannen ech de passende Bijou fir bei mäi Kleedungsstil? Nicole Schwachtgen: Meng Meedercher an de Geschäfter sinn extra ausgebilt, fir zesumme mam Client déi richteg Stécker ze fannen, sief et op Basis vun enger Foto oder nëmmen engem Stéck Stoff. Si huelen sech genuch Zäit bei der Auswiel, fir datt um Enn jiddereen zefridden ass. Duerno gëtt de Bijou net just an Tut gepaakt, mee de Client kritt nach wichteg Tuyaue mat op de Wee, wéi e mat dem Bijou oder der Auer soll ëmgoen. Ech well och ervirsträichen, datt mir ee Lëtzebuerger Betrib sinn a mir dowéinst eis Berodungen och op Lëtzebuergesch ginn.

Wat passionéiert Iech un Ärem Beruff? Nicole Schwachtgen: Fir mech ass et eng grouss Freed, aussergewéinlech Stécker kënnen unzebidden. Ech gi ganz vill op Ausstellungen a ganz Europa, fir mir nei Kollektiounen unzekucken, déi op anere Plazen am Trend leien an och eise Clienten hei zu Lëtzebuerg kéinte gefalen. Op sou Ausstellungen ze goen ass vill Opwand, mee et mécht mir immens vill Spaass. D‘Bijouen, déi ech vun do kréien, hunn einfach eng Perséinlechkeet. Ech hunn de Createur a seng Hannergrënn kennegeléiert an heiansdo souguer gesinn, wéi de Bijou gemaach gëtt. Dowéinst hunn ech all Kéier eng interessant Geschicht driwwer ze erzielen. Ech mierken, dat kënnt och beim Client gutt un. Fir sou Bijouen an aner extravagant Produiten hunn ech een zweet Geschäft, Tagua Natur Konzept. Do kritt ee Bio-Kosmetik wéi Schminksaachen, Crèmen oder Parfum a vegan Nische-Produiten an Accessoiren, alles aus natierleche Stoffer a vu méi klengen Hiersteller aus Europa. Sou Saache si fir mech eng Passioun. Ech wëll weisen, datt et och Alternative ginn zu de grousse Chaînen.

39


40


BEIM OSCAR

DE RICHTEGEN OUTFIT FIR ALL MANN net op een nidderegt Kierpergewiicht limitéiert sinn. Aus Boxen, Pulloveren, Hiemer, Paltongen, Krawatten, Hitt, Jacketten, Schong an Ënnerwäsch vu Marken ewéi Camel Active, Casa Moda, Lee Cooper a ville méi loossen sech fir all Wieder a fir all Situatioun déi passend Outfits zesummestellen. Wien sech a sengem Sënn fir Fashion nach onsécher spiert, kann sech gär vum Delfina a vum Vinciane berode loossen. De Service an d‘Auswiel „beim Oscar“ gi vun de Clientë vill gelueft a dowéinst kommen der vill zënter Joren ëmmer nees zeréck. Stammclientë profitéieren ausserdeem vu Prozenter.

De Kleedungsstil ass ee Spigel vun der Perséinlechkeet an huet ee groussen Afloss dorop, wéi ee vun der Welt wouergeholl gëtt. Dat Wichtegst awer ass: Et fillt een sech wuel a selbstbewosst, wann een eppes unhuet, dat gutt ausgesäit an engem gefält. De moderne Mann mécht sech Gedanken iwwert den Inhalt vu sengem Kleederschaf. Sief et fir ee Virstellungsgespréich, een Date oder een Tour duerch d‘Uertschaft, all Situatioun verlaangt déi passend Tenue. Wann een sech adequat wëllt undoen, dann ass ee „beim Oscar“ zu Wooltz an der Groussgaass genee richteg. Dëse Kleederbuttek huet vum Hutt bis bei d‘Schong alles, fir de stilbewossten Här sengem Alter, senger Perséinlechkeet a Kierperform entspriechend anzekleeden. Och méi korpulent Männer, déi a reguläre Geschäfter Schwieregkeeten hunn, hiert Wonschgezei an hirer Gréisst ze fannen, si „beim Oscar“ beschtens opgehuewen. Well mat Gréisste bis zu 10XL ass et eng vun den eenzege Plazen am Land, wou d‘Kollektiounen

Zënter engem Mount huet den „Oscar“ och een Onlineshop, an deem een seng Kleeder ganz einfach vun doheem aus bestellen an sech heem liwwere loosse kann. Op hirer Websäit www.chezoscar.com kann een sech dat ganzt Sortiment ukucken an no Kleedungsstéck, Präis, Gréisst, Faarf a Mark eraussichen. Sollt d‘Gezei emol net passen, kann een et per Post zeréckschécken oder am Buttek ëmtauschen. An am Fall wou emol eppes esou just net passt, kann een sech d‘Kleedungsstéck gratis bei hinne retuschéiere loossen.

Grand Rue 43 I L-9530 Wiltz info@chezoscar.com Tél.: + 352 95 72 62

www.chezoscar.com

41


Waarm duerch de Wanter

KOCH MONTAGEBAU AG 2, am enneschten Eck L-9838 Untereisenbach T +352-92 97 14

F +352-92 97 15 info@koch-ag.lu w w w. k o c h - a g . l u

Unsere Ausstellung ist geöffnet: donnerstags und freitags von 11-17 Uhr, samstags von 11-14 Uhr.

ÖFEN ALLER ART

KAMINE

Gemittlech an der Fotell mat enger Taass waarme Schocki virum Kamäinfeier leien, während dobaussen d‘Schnéiflacke falen. Dëst ass d‘Virstellung vum perfekte Wanterowend. Fir datt dës Virstellung Realitéit gëtt, bitt Koch Montagebau AG verschidde Modeller vun Iewen aus Skandinavien un. Et gëtt tëscht 2 Grondaarte vun Iewen ënnerscheet: De Konvektiounsuewen zitt wéi eng Heizung d‘Loft vun ënne laanscht de Feierraum a stéisst se no uewen eraus. Dësen Typ huet ee méi klengt Gewiicht, erzeegt séier Hëtzt, mee hält se net laang nodeems d‘Feier aus ass. Déi 2. Aart ass de Späicheruewen oder „Grundofen“. Dësen huet eng immens grouss Mass an erhëtzt sech lues, bleift awer bis zu 24 Stonne laang waarm, nodeems d‘Feier aus ass. D‘Wäermt, déi een Uewen ofgëtt, ass eng natierlech Stralungswäermt, déi wéi bei der Sonnestralung als besonnesch agreabel empfonnt gëtt. Hëtzt kann een allerdéngs net just benotze fir d‘Haus waarm ze halen, mee och fir ze kachen. An dësem Sënn huet Koch Montagebau AG nach duerch Holz bedriwwe Kachmaschinnen an hirem Sortiment. Kache wéi virun 200 Joer, ganz onofhängeg vum Stroum - een Ënnerscheed, deen ee schmaacht. Dobäi huet een d‘Wiel tëscht engem traditionellen an engem modernen Design, je nodeem wat a seng perséinlech Bannenariichtung passt. De weidere Virdeel ass, datt ee mat enger holzbedriwwener Kachmaschinn gläichzäiteg hëtze ka wéi mat engem Uewen. Bei richteger Benotzung ass d‘Holzverbrennung immens ëmweltfrëndlech a wann ee säin Holz beim Noper oder beim Bopi keeft, kënnt ee souguer méi bëlleg ewech wéi beim Stroum. Koch Montagebau AG ass net just Spezialist fir Iewen, mee och fir Fënsteren an Dieren. Als Partner vun den däitsche Qualitéitshiersteller German Windows a PaX verkeeft d‘Firma Hausdieren a Fënsteren, déi a Punkto Energieeffizienz a Sécherheet den neiste Standarden entspriechen an duerch eng elegant Optik iwwerzeegen. Domat ass ee beim Achim Koch a senger Equipe un der richteger Adress fir säin Doheem prett fir de Wanter ze maachen.


KOCH MONTAGEBAU AG PRESENTÉIERT

DE BAUMEESCHTER

Kee Kamäin brennt ouni Holz, mee net all Holz ass gutt fir d‘Verbrennung gëeegent. Dofir gëtt den Achim Koch nach 2 Tipps, déi ee bei der Auswiel soll berécksiichtegen.

Wéi al dierf d‘Holz sinn?

Wéi eng Zort Holz ass déi bescht?

Eng propper Verbrennung erreecht ee just mat dréchenem Holz. Dowéinst muss et 2 bis 3 Joer laang ofgelagert ginn, ier een et an den Uewe geheit. Vill méi laang lagere soll een awer och net, well sech den Heizwäert mat der Zäit reduzéiert.

All Holzaart huet aner Brenneegenschaften. Bichenholz gëllt als dat bescht Brennholz bezeechent, well et sech liicht ufänke léisst, eng grouss Flam entwéckelt a laang brennt. Eng weider gutt Holzaart fir ze verbrennen ass Bierkenholz.

43


WAGNER TECH

DE KOMPLETTE KOMFORT VUM HAUS AUS ENGER HAND

Ee Gebai ass net just een huelt Konstrukt aus Bëtong a Steng, vill weider Facteure suergen eréischt dofir, datt een doranner liewen oder schaffe kann. Fir een optimaalt Ëmfeld ze schafen, mussen d‘Gebai oder Deeler dovun hirer Funktioun entspriechend gehëtzt oder gekillt sinn, elektresch Geräter musse kënne bedriwwe ginn, frësch Loft muss kënnen zirkuléieren an Drénkwaasser muss kënnen eran, respektiv Ofwaasser erausfléissen. All dës Eegenschafte si fir de moderne Mënsch quasi eng Selbstverständlechkeet, mee vum selwen entsteet dëse Komfort net. Dofir, datt am Gebai alles esou leeft wéi et soll, suergt WAGNER TECH. 44

Dëse Gruppement setzt sech ënner anerem aus de Betriber WAGNER Building Systems, Chauffage-Sanitaire Schmit Nico an FD-Electric zesummen. Jiddwer Firma huet hir eege Kompetenzberäicher an zesumme maachen se aus engem Gebai de perfekten Aarbechtsoder Wunnraum, sief et een Eefamilljenhaus, eng grouss Residenz, privat oder ëffentlech Institutiounen. Mat 2 Standuerter (Houschter Déckt/Housen an d‘Stad Lëtzebuerg) huet WAGNER TECH dat ganzt Land ofgedeckt an kann all Plaz banne kuerzer Zäit erreechen. Dëst ass ee grousse Virdeel bei hirem 24-StonnenService, wann dringend eng Reparatur néideg ass.


vis-à-vis vum normale Lëften. Duerch den Automatismus muss een net méi selwer drun denken, d‘Fënster op an e puer Minutten duerno nees zou ze maachen. Iwwerdeems geet bei enger oppener Fënster een Deel vun der Wäermt am Raum verluer. D‘Lëftungsanlagen aus dem Haus Schmit Nico sinn no den aktuelle Standarde mat engem sougenannte „Wärmetauscher“ equipéiert. D‘Réier mat der verbrauchter Loft, déi d‘Haus verléisst an d‘Réier mat der frëscher Loft vu bausse lafen an deem Gerät laanschteneen, sou datt déi kal Bausseloft een Deel vun der Wäermt aus der Banneloft ophëlt. Esou geet vill manner Energie verluer a laangfristeg bedeit dat méi niddereg Heizkäschten.

360° Komfort Je nodeem, zu wéi engem Zweck d‘Gebai genotzt gëtt, bestinn aner Uspréch un seng Konzeptioun. Den Uspriechpartner fir Privatclienten, wann et ëm Heizung, Lëftung a Sanitär geet, ass d‘Schmit Nico s.àr.l. Mat enger grousser Palett u verschiddene Systemer ass fir jiddwer Typ vun Haus eng Léisung do. Dozou ziele Gasheizungen, Wärmepompelen, Foussbuedemheizungen an Heizungssystemer, déi mat Biomass wéi Holzpellets, Hackschnitzel oder Stéckholz bedriwwe ginn. Dës lescht Optioun ass eng effikass an ëmweltfrëndlech Alternativ zu fossille Brennstoffer, déi op eisem Planéit ëmmer méi rar ginn. Déi gréissten Energiequell, déi een am Haus kann notzen, ass gläichzäiteg gratis, nämlech d‘Sonnewäermt. Mat Hëllef vun der Sonn ka souwuel Wäermt wéi och Stroum erzeegt ginn, ouni datt Emissiounen entstinn. Zudeem besteet de weidere Virdeel, datt erneierbar Energië vum Staat subventionéiert ginn. Et spuert een also net just Suen, mee et kritt ee souguer nach eppes zeréck.

Ee vun de wichtegste Raim am Haus ass d‘Buedzëmmer. Am Duerchschnëtt verbréngt de Mënsch 3 Joer vu sengem Liewen an dësem Raum. Kee Wonner, datt d‘Buedzëmmer héijen Uspréch un d‘Optik an d‘Funktionalitéit gerecht muss ginn. Schmit Nico s.àr.l. iwwerhëlt des Aufgab integral a bekëmmert sech ëm den Amenagement oder d‘Renovatioun vum ganze Buedzëmmer - vum Verleeë vun de Leitungen iwwert d‘Bidden an d‘Dusch bis zu de Plättercher. Keen Ëremploe mat x-veschiddene Firmen, well et kënnt alles aus enger Hand.

Mam Passivhausgesetz vum Januar 2017 sinn d‘Isolatiounswäerter vun Neibaute méi héich wéi bei Haiser nom fréiere Bauprinzip. Doduerch ass keng natierlech Loftzirkulatioun méi méiglech. De Loftaustausch gëtt dowéinst vun enger zentraler Lëftungsanlag iwwerholl. Esou eng Anlag huet entscheedend Virdeeler 45


Alles automatesch

Déi richteg Technik fir grouss Gebaier

An der haiteger Zäit geet et net méi duer, wann een als Elektriker Kabele verleet a Steckdouse placéiert. D‘Zukunft vun den elektreschen Installatiounen am Haus läit bei der Domotik, der Automatiséierung vu Funktiounen. FD-Electric huet sech op dëse Volet spezialiséiert an ass an

WAGNER Building Systems offréiert grondsätzlech déi selwecht Servicer wéi ChauffageSanitaire Nico Schmit an FD-Electric, mee op groussem Moossstaf. Net just Privathaiser brauche Lëftungssystemer, Waasser a Stroumleitungen, Heizungen an elektresch Installa-

der Lag, een „intelligent Haus“ ze konzipéieren. Fir E-Mailen ze checken, Noriichten a Fotoen op d‘sozial Netzwierker ze posten oder fir Videoen ze kucken ass de Smartphone oder Tablet aus dem Alldag net méi ewechzedenken. Firwat soll een déi Apparater net och kënne benotzen, fir verschidde Funktiounen am Haus ze kontrolléieren? D‘Luucht un an ausmaachen, d‘Rolllueden erop an eroffuere loossen, d‘Heizung op an zoudréinen oder d‘Musek un an ausmaachen - FD-Electric vereent all dës an nach méi Aktiounen op enger eenzeger Steiereenheet, op Wonsch souguer um Handy oder Tablet. D‘Automatiséierung geet souguer esou wäit, datt d‘Haus vun selwen unhand vum Stand vun der Sonn d‘Beliichtung reegelt an d‘Storen ajustéiert. Dat erhéicht net just de Komfort mee verklengert och de Betrag vun der Energierechnung. Modern Funktioune kënnen och an d‘Sécherheetskonzept vum Haus integréiert ginn, andeems d‘Astellunge vun der Alarmanlag oder vum Feiermelder op d‘perséinlech Wënsch ugepasst a verännert kënne ginn.

tiounen, mee och Gemengegebaier, Schoulen, Akafszentren an Entreprisen. Grouss Gebaier si logistesch vill méi komplex wéi Privatbauten an dowéinst ass dee richtege Partner fir d‘Technik gefrot. WAGNER Building Systems bitt natierlech och individuell Léisunge fir professionell Clienten. Dozou zielen d‘Climatisatioun op breeder Fläch, wéi zum Beispill d‘Killung vu Serverraim. Am Beräich Elektrotechnik schafft WAGNER Building Systems bei grousse Projete mat FD-Electric zesummen, während d‘Installatioun vu Sécherheetssystemer an Datennetzwierker vun CTTL iwwerholl gëtt. Professionell a bestänneg Léisungen no den aktuellen Ufuerderunge sinn de Grond, fir wat vill Clienten aus dem ëffentlechen a private Secteur WAGNER Building Systems vertrauen.

46


Eng kompetent Begleedung Et ass awer net just d‘Installatioun vun héichwäerteger technescher Infrastruktur, déi de Gruppement WAGNER TECH ausmaachen. Zu de Servicer zielt och d‘Maintenance vun de Systemer. Grad bei komplexen Installatioune sinn erfueren Techniker gefrot, fir Prozesser an hir Leeschtung konstant op déi jeeweileg Besoinen ofzestëmmen. WAGNER Facility Management ass de kompetente Partner fir genee dës Aufgab. Eng professionell Gestioun vum Gebai schaaft den ideale Kader, an deem eng Firma oder Institutioun op Héichtoure ka lafen. A wann emol eppes sollt ausfalen, dann ass d‘Equipe vu WAGNER TECH zu jiddwer Auerzäit séier op der Plaz, fir ee Problem an enger Anlag banne kierzester Zäit aus der Welt ze schafen.

Ee fir alles Vill Facteuren entscheeden doriwwer, wéi wuel een sech a sengem Wunnraum oder Aarbechtsëmfeld fillt. Ëmsou besser ass et, wann ee fir alles een Uspriechpartner huet.

Chauffage

Climatisation

Réseaux informatiques

 +352 84 92 03 1

Electricité

Sanitaire

WAGNER TECH an hir 230 Mataarbechter begleeden Iech a maachen aus Ärem Gebai eng héicheffizient Ariichtung an aus Ärem Haus een Doheem.

Ventilation

Systèmes de sécurité

Régulation et Automatisation

 contact@wagnertech. lu

Facility Management

 www.wagnertech. lu


GESUND DURCH DIE KALTE JAHRESZEIT Unsere Wärmekabinen sind moderne Gesundheitsoasen, individuell auf Ihre Bedürfnisse abgestimmt. Mit einer Sauna oder Infrarotkabine tanken Sie notwendige Energie und entspannen Körper und Geist.

Patentierter Salzverdampfer Gesundheit für Haut & Atemwege

BESUCHEN SIE UNSERE NEUE GROSSE SAUNA& INFRAROTKABINENAUSSTELLUNG TÄGLICH GEÖFFNET VON MO-SA: 9 -16 UHR WIR FERTIGEN AUF MASS!

48

INNENARCHITEKTUR KÜCHENSTUDIO SCHREINEREI

L-9911 Troisvierges | Industriezone 11 Tel. +352 979 310 info@heinen-schreinerei.com WWW.HEINEN-SCHREINEREI.COM


BAUEN & WUNNEN

DE SPÄICHER AUSBAUEN : ENG GËNSTEG ALTERNATIV FIR MÉI WUNNFLÄCH

Beim Wuert „Späicher“ denkt een net onbedéngt direkt un eng gemittlech hell Plaz mat enger schéiner Vue, mee éischter un eng däischter Ofstell- oder Wäschkummer. Dëst klassescht Bild vum Späicher ass awer scho laang net méi aktuell. Ëmmer méi heefeg gëtt sech dofir entscheet, de Späicher auszebauen, fir doduerch vun zousätzlecher Wunnfläch kënnen ze profitéieren. Op wat muss een dobäi oppassen a virun allem, wéi kann een d’Daachschréien optimal notzen ?

Iert ee ka lassleeën Fir unzefänke muss iwwerluecht ginn, ob de Späicher iwwerhaapt dofir gëeegent ass, ausgebaut ze ginn. Dëst trëfft nämlech bei Wäitem net op all Späicher zou. Et stellt sech als relativ schwéier eraus, eng Daachkummer auszebauen, déi net op mannst eng Héicht vun 2,30m huet, well soss eng bedréckend Atmosphär opkënnt an ee permanent a Gefor leeft, sech éierens de Kapp ze stoussen. Eng wichteg Roll spillt och d’Neigung vum Daach. Een Neigungswénkel tëscht 20 an 35 Grad ass just gëeegent fir ee kuerzen Openthalt. 49


Big Easy Eck-Kombination ( Abbildung ähnlich )

Viele Kombinationsmöglichkeiten ab

2.900 €

POLSTERMÖBEL-AKTIONSWOCHEN Sofa Cloud B 184 cm Preis in Stoff ab 750 € in Leder ab 1.360 €

4, um Mierscherbierg L-7526 Mersch Tel.: +352-32 59 59

10, route d‘Ettelbrück L-9160 Ingeldorf Tel.: +352-27 80 84 85

Sofa Cloud B 224 cm Preis in Stoff ab 850 € in Leder ab 1.530 €

DIE 2 NATURMÖBELSPEZIALISTEN IN LUXEMBURG www.naturmoebel.lu


An esou engem Fall kann ee beispillsweis ee Gäschtezëmmer ënnert dem Daach ariichten. Ab enger Neigung vu 35 Grad schwätzt ee vun optimale Konditiounen, fir de Späicher auszebauen. Doduerch ass nämlech genuch Wunnraum mat enger Héicht vun 2,30m garantéiert. Doriwwer eraus muss sech natierlech d’Investitioun lounen an de Späicher soumat eng gewësse potentiell Wunnfläch ze bidden hun. Et wëll ee jo schliisslech net Zäit, Suen a virun allem haart Aarbecht dra stiechen, fir am Endeffekt just eng kleng Kummer weider ze hunn. Ier konkret Pläng gemaach ginn, sollt een sech genee ukucken, ob den Daach iwwerall dicht ass an d’Holz fräi ass vun Insekten oder Schimmel, déi d’Statik kéinten a Gefor bréngen. Deemno wéi ëmfangräich d’Ausbauen sech gestalt, muss een och nach drun denke bei der Gemeng eng Geneemegung unzefroen. Dëst ass beispillsweis de Fall, wann sech d’Ausgesi vum Gebai bedeitend vu bausse verännert, andeems een zum Beispill een Deel bäibaut.

FENSTER | TÜREN | TREPPEN | GARAGENTORE | REPARATUREN MARKISEN | PARKETT | INNENAUSBAU | RESTAURIERUNG INSEKTENSCHUTZ | MÖBEL NACH MASS

Fachmann für Innenausbau und Möbel

Immens wichteg ass eng gutt Isolatioun. Modern Dämmstoffer suerge fir eng agreabel Temperatur, andeems si am Summer virun der Hëtzt an am Wanter virun der Keelt schützen. Wien net un enger anstänneger Isolatioun spuert, kann duerno vill beim Hëtze spueren. Nieft der Isoléierung sollt een awer och genuch Luucht aplangen, andeems ee grouss Fënsteren oder eng sougenannten „Dachgaube“ asetzt. Bei der Entscheedung tëscht dësen zwou Optioune muss een iwwerleeën, wat engem méi wichteg ass. Grouss Daachfënstere suerge fir bis zu dräi mol méi Luucht, während „Dachgauben“ d‘Wunnfläch liicht vergréisseren. Egal wéi ee Choix een trëfft, de Sonneschutz sollt ee bei den Daachfënsteren op kee Fall vergiessen. Ëmmerhin ass een der Sonn ënnert dem Daach ëmmer ee Stéck méi no. Iwwerdeems muss am Virfeld iwwerpréift ginn, ob Stroum- a Waasserleitungen ouni Problem kënne weider gefouert ginn oder ob eventuell nei Leitunge musse geluecht ginn. Ausserdeem sollt een och net vergiessen, den Accès fir op de Späicher eventuell unzepassen. Wann ee bis ewell just eng Luck mat enger klappreger hëlzener Trap hat, da wier et gutt sech beim Ausbau vum Späicher an engems Gedanken iwwert eng nei, stabil Trap ze maachen.

W O Q U A L I TÄT Z U H A U S E I S T

11, rte de Kautenbach | L-9831 Consthum T: +352 / 26 903 710 | F: +352 / 26 903 711 GSM: +352 / 691 921 650 info@denholzmechel.lu

www.denholzmechel.lu


HANDWERK und INSPIRATION Tel.: +352 97 99 47 Fax: +352 26 95 79 02 TVA LU163.743.72

Anstreicherbetrieb E-Mail: mayeresdecor@pt.lu 30, Gruuss Strooss L-9991 Weiswampach

M

DE C O R S.à.r.l

Särge & Einäscherungen Cercueils & incinérations

Transport In-und Ausland Transport national & international

Sämtliche Formalitäten Formalités & démarches

24 / 24 52

F: +352 / 26 903 711 · GSM: +352 / 691 921 650

Blumen & Zubehör

info@pf-jacoby.lu ·

Fleurs & accessoires

www.pf-jacoby.lu

Stunden Dienst übers ganze Jahr auch während den Feiertagen

heures pendant toute l’année même les jours fériés

1 1 , r u e d e Ka u t e n b a c h · L - 9 8 3 1 C o n s t h u m

T: + 3 5 2 / 2 6 9 0 3 7 1 0


Offizielles Physiotherm Virdeeler vun engem Ausbau Den Ausbau vum Späicher bréngt net just vill Aarbecht mat sech, mee och eng Partie attraktiv Virdeeler. D’Wunnfläch vum Haus gëtt méi grouss an bitt a ville Fäll d’Méiglechkeet, sech selwer ze verwierklechen an sech een individualiséierte Beräich ënnert dem Daach ze gënnen. Esou kéint een zum Beispill eng kleng Wellness-Oas mat Whirlpool a Sauna oder een Hobby-Atelier ariichten. Déi besonnesch gemittlech Atmosphär ënnert dem Daach léisst sech awer och gutt fir ee klengen HomeCinema notzen. Déi méi klassesch Optioun wier et, den „neie“ Späicher als ee weidert Kannerzëmmer oder als Büro ze notzen. Et ginn eng Hällewull u Méiglechkeeten, de Späicher méi heemeleg ze maachen. D‘Kiischt um Kuch vun deem Ganzen ass de gesteigerte Wäert vum Haus duerch ee Plus u benotzbarem Wunnraum.

Raumwonner schafen Net just beim Plange vum Ausbau, mee och beim Ariichte vum fäerdege Raum muss een op e puer Saachen oppassen. Ee Raum mat Daachschréie kann nämlech zimlech séier kleng an iwwerfëllt ausgesinn. Fir datt dat net geschitt, gëllt bei de Miwwelen d’Devise : « Manner ass méi ! ». Et soll een de Raum relativ oppe gestalten an niddereg Miwwelen auswielen, well een doduerch d’Héicht vum Raum betoune kann an eng optesch Vergréisserung entstoe léisst. An den Daachschréie rentéiert et sech, d’Miwwelen op Mooss maachen ze loossen, well doduerch am mannste Plaz verluer geet. Oppe Regaler, Rollcontainer an niddereg „Sideboards“ schafen zousätzleche Stauraum. Och Tiräng, déi an d’Schréien agebaut ginn, suerge fir eng effikass Notzung vun der Plaz, déi Daachschréien ze bidden hunn. Et rentéiert sech och duerchaus, sech intensiv Gedanken iwwer d‘Faarf ze maachen. Dës kann de Raum méi grouss wierke loossen an déi speziell Atmosphär ënnert dem Daach ënnersträichen. Hell Téin, wéi zum Beispill Polarwäiss, Pastell- oder liicht Capuccinotéin wierke Wonner. Kräfteg Faarwen ewéi Bordeaux-Rout op der Mauer vun där d’Daachschréien ausginn, suergen dofir, datt een sech

Beratungscenter für Ostbelgien und

den Norden Luxemburgs

Entdecken Sie die

WELTNEUHEIT! Die Infrarotgondel

Diese einzigartige Gondel ist eine Original Ski-Gondel aus dem Zillertal. Sie wurde innen – in Zirbenholz als Infrarotkabine mit Saunaofen eingerichtet. Ganz sicher findet sich in Ihrem Garten ein schönes Plätzchen für diese einmalige Kabine. Zu sehen und zu testen bei uns vor dem WohnAtelier von DE.KO design&wohnen in Emmels-Belgien!

Wäre das nicht ein tolles Weihnachtsgeschenk?

In unserer Ausstellung zeigen wir 10 Infrarotkabinen verschiedener Hersteller. Die Kabinen können Sie in unserem Testraum unverbindlich testen. Rufen Sie uns an und wir vereinbaren einen Termin.

NEUE Öffnungszeiten Mo-Fr: 9-12.30 & 13-17 Uhr Sa: 9-13 Uhr Jetzt auch nach Terminabsprache ebenfalls außerhalb der Öffnungszeiten

Herzborn 6, Emmels 4780 ST. VITH Tel. +32 (0) 80 22 64 13 www.kohnen.be

Besuchen Sie unser

SCH REINER W ERKSTATT KOHNE N


C . B .C L EA N Lux

Sàrl

Äre Partner fir RENOVATIOUN, BÄIBAU ODER NEIBAU

En route vers l’excellence ! Lavage de vitres et de panneaux photovoltaïques Nettoyage après incendie Nettoyage et décapage de toutes surfaces par technique d’aérogommage (Abrasifs éco-naturels) Techniques de débouchage de canalisations Inspections par caméra TV

QUALITATIV AARBECHT

FËNSTEREN

PVC, ALU-PVC, ALU-HOLZ, ALU

ROLLLUEDEN / RAFFSTOREN FËNSTERBÄNKEN BANNEN A BAUSSEN

HÉICHWÄERTEG

M ATERI ALER VU BEKANNTE MARKEN.

BOTZE VUN FËNSTEREN A VERANDAEN

INSEKTENSCHUTZ DIEREN

ZËMMERDIEREN, HAUSDIEREN, KELLERDIEREN, FEIERSCHUTZDIEREN, NIEWENAGANGSDIEREN

GARAGEPAARTEN VUN HÖRMANN

KAMÄINER

MAT BRENNHOLZ ODER PELLETS

BUEDZËMMER

ARIICHTUNGEN, MIWWELEN

GRATIS Devisen

sinn bei eis selbstverständlech!

T. 621 888 143

2, Beim Kazebësch L-9830 BOCKHOLTZ ddimitrov@pro-domo.lu

www.pro-domo.lu

4, Am Hock L-9991 Weiswampach Tél.: +352 26 99 70 02 Mail: cbclean@pt.lu


fillt wéi an engem gemittlechen Zelt. Eng Couche oder een Teppech an der selwechter Faarf setzen de Raum gekonnt an Zeen a kreéieren een eenheetlecht Bild. D’Beliichtung spillt natierlech eng besonnesch grouss Roll ënnert dem Daach. Wéinst dem spatze Plafong ass net all Luucht als Späicherluucht gëeegent. Op kee Fall sollt een een „Deckenfluter“ oder eng Luucht, déi wäit vum Plafong erofhänkt, benotzen. Vill besser ass et, zwee Beliichtungsniveauen ze kreéieren, déi fir eng gewëssen optesch Déift suergen. Spotten an LED-Reien, déi un de Miwwele befestegt ginn, eegenen sech dofir ganz gutt. Vereenzelt kann een dann nach mat e puer klenge Luuchte gekonnt Akzenter op bestëmmten Detailer setzen. Nieft all dëse klengen, awer hëllefräichen Tipps gëtt awer och nach handwierklecht Geschéck, Zäit a Material gebraucht, ier de Späicher kann ausgebaut ginn. Dëst ass mat Sécherheet een eemolegt Erliefnis, op dat een zum Schluss voller Stolz kann zeréckkucken, wann ee bis mam Späicher eppes Schéines verbënnt.

VÉRANDAS - FENÊTRES - PORTES VOLETS - PROTECTIONS SOLAIRES 30, Um Bierg L-9689 Tarchamps Tel.: (00352) 26

95 07 31 • Fax : (00352) 26 95 07 32

info@verandalux.lu •

www.verandalux.lu

CHAUFFAGE

SANITAIRE

CLIMATISATION

VENTILATION

ENERGIES

REGULATIONS

Revêtement en aluminium sur mesure 30, Um Bierg L-9689 Tarchamps Tel.: (00352) 26

95 07 31 • Fax : (00352) 26 95 07 32

info@mato.lu • www.mato.lu

11, z.a.c. Klengbousbierg L-7795 Bissen Tél. +352 81 24 42-1 • Fax +352 81 71 58

www.wagner-schaffner.lu


Derenbach

LOT 1

4 maisons unifamiliales

LOT 2

Voici, en avant-première, notre future réalisation qui se situera à Derenbach. Les maisons seront situées sur des terrains de 4,34 à 5,24 Ares et mettront à votre disposition de 133m2 à 144m2 de surface habitable.

LOT 4

ouster

Bei de Sch

Huldange

LOT 3

Lotissement «Op d’schleid»

Vers "Goedange"

LOT 1 5,10 Ar

Espace Vert

LOT 2 5,20 Ar

P

P

P

P

LOT 3 5,24 Ar

LOT 4 5,33 Ar

P

LOT 5 5,11 Ar

P

LOT 6 4,97 Ar

P

LOT 7 6,56 Ar

LOT 10 8,64 Ar

P P

Vers "Weiswampach" Luxembourg

P

LOT 8 6,00 Ar

LOT 11 6,64 Ar P

S

Vers "Schmiede" Belgique

Ces 12 lots sont à votre disposition. Que ce soit avec ou sans contrat de construction.

E

Début des travaux d’infrastructure: Début 2018.

N

O

12 terrains d’une superficie de 4,97 à 8,64 ares pour la construction de maisons unifamiliales (4 façades).

LOT 9 6,59 Ar

P

LOT 12 7,44 Ar

Op d'Schléid

Plus d’informations sur demande.

Tarchamps /Pommerloch Résidence «STANER» 6 appartements & 2 duplex de 53 à 124 m2

Les appartements comprennent un salon/cuisine/salle à manger, de une à trois chambre(s) à coucher, une salle de bain, un wc séparé, un espace de rangement, une ou deux place(s) de parking intérieure(s) et une cave. Un local commun dédié aux vélos et poussettes est également prévu au sous-sol. Deux de ces appartements sont des duplex et ont donc accès au second étage de la résidence. Ces duplex bénéficient d’une suite parentale (chambre + SDB + dressing) et d’une grande terrasse surplombant la propriété. La résidence « Staner » est un bien qu’il faut absolument découvrir & qu’il ne faut manquer sous aucun prétexte !

6, Beelerstrooss L-9991 Weiswampach Tél.: 26.95.78.18 Fax: 26.95.78.28 info@romabau.com


VÉI VUM SÉI PRESENTÉIERT

D‘GEWËNNSPILL SICH DE FEELER Ze gewanne ginn et

5 x 50€ BONGEN,

anzeléisen an de Metzlereien zu Heischent oder zu Miersch.

Sicht déi 5 Feeler op der Foto an schéckt eis d’Souche bis spéitstens den 20. Dezember 2017 ran.

Affranchir s.v.p.

DOHEEM - SAN s.àr.l. Maison 16a L-9780 Wincrange

AUSFËLLEN A GEWANNEN

57


NUMM: VIRNUMM: ADRESS:

PLZ: UERTSCHAFT: TEL: E-MAIL: Just gëlteg wann alles komplett ausgefëllt ass an déi 58 5 Feeler fonnt gi sinn.

D‘GEWËNNER VUM SPILL AUS DEM MAGASINN DOHEEM N°31 10x 25€ BONGEN OFFRÉIERT VU LIZI (DIEKIRCH) - Siebenaller Suzanne, Moestroff - Schaul Karin, Derenbach - Heck Joe, Merscheid - Barroso Felix Anabela, Ermsdorf - Barthel Viviane, Perlé - Steines Michelle, Schieren - Schuster Maria, Grosbous - Theis Sandra, Bettendorf - Pilger Bianca, Lieler - Schiltz Caroline, Beckerich


E KLENGE PROJET HEI, E GROUSSE PROJET DO, DE MERCI ASS FIR JIDDEREEN DO. OCH AM NEIE JOER SOLLT DIR NET AM DÄISCHTERE SETZEN, MIR SINN OCH DANN DO FIR IECH Z’ËNNERSTËTZEN.

Ana Jana

Virginie

Offrez la beauté en cadeaux A CEUX QUE VOUS AIMEZ Soins de beauté Massages

Maquillages fêtes Produits de beauté

de nombreux Coffrets à offrir

Wiltz

27, rue des Tondeurs Tél: 95 91 71

découvrez nos Chèques Cadeaux et Abonnements

Nadine Katia Sharon Cindy

Institut de beauté doté de la dernière technologie

1

www.beauty-lounge.lu

Ettelbruck

5a, rue Prince Jean Tél: 27 03 33 70


BESICHT EIS SONNDES, DEN 31.12.2017 & FEIERT MAT EIS! VUN 11:00 - 16:00 AUER

LOOSST EIS D’JOER ZESUMMEN OFSCHLÉISSEN A KOMMT EE GUTT GLAS CRÉMANT AN ÄR NORDSTROOSS SHOPPING MILE GENÉISSEN!

D’UNION COMMERCIALE VUN DER

NORDSTROOSS SHOPPING MILE MARNACH

WËNSCHT IECH SCHÉI FEIERDEEG

Marnach

NM COIFFURE

Agence WEISS

7/7

DEEG OP

BEAUTÉ


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
32. Editioun vun der Doheem by SAN – Creative Studio - Issuu