ERLIEFT EEN EEZEGAARTEGT VAKANZENDUERF MATZEN AN DE LËTZEBUERGER ARDENNEN.
• Direkt nieft dem AQ UAN AT ’ O U R • Voll equipéiert Wunnhaiser fir 2 bis 16 Persounen • Dat ganzt Joer iwwer op • Kann och kuerzzäiteg gelount ginn
LEIT, DÉI AM PARK RESIDÉIEREN, PROFITÉIERE VUN:
Een eemolege Parcours mat 12 LÄCHER a villen Hënnernesser op syntheteschem Gras, wou Dir mat Frënn a Famill ëmginn vun Natur lëschteg wéi spannend Momenter erliewe kënnt.
1a, An der Deckt, L-9841 Wahlhausen, 2 Réception : 920106 | Brasserie : 26904823 www.lasapiniere.lu | info@lasapiniere.lu
AD VE N
Vu MËTT JUNI 2017 un ass den neien „Adventure Golf“ jidderengem zougänglech
RK A P M A EI
EEN
• Restaurant mat Loungeberäich • Reegelméisseg Erneierung vun der Menüskaart • Extra Zesummestellungen op Ufro • Bar mat grousser iwwerdeckter Terrass • Och fir Soiréeën • Dënschdes zou
N
• 2 Stonnen / Dag Zougang an déi bannescht Schwämm (Aquanat’our) • Gehëtzte baussescht Schwämm (Mee bis September) • Kannerbaseng (Mee bis September) • Gratis Wifi • Tennis a Spillplaz
U T
RE
G
F OL
FIR JIDDEREEN !
INDEX GEWËNNSPILL 53
1x1
SICH DE FEELER
KOMBI DAMPFGARER FIR DEN 10. ANNIVERSAIRE VUN WIDU KITCHEN SOLUTIONS AM WÄERT VUN 1.800 €
INTERESSANT ZE WËSSEN 5
DIKRECH - Eng Rees wäert
15
Claude Haagen, Buergermeeschter vun Dikrech Eng Stad, wou et sech gutt wunne léisst
19
Z.A.E.R. „Op der Héi“ - Wuelstandsfabricken
27
Regional Akafen - Fir Lëtzebuerg. Fir sech.
33
Visit Troisvierges - Ëlwen an der Renaissance
36
Crèchen - E Secteur, dee « boomt »
40
3 FROEN / 3 ÄNTWERTEN 24 STONNE VËLO WËNTGER - D‘Passioun fir de Vëlossport
42
GAUMENSCHMAUS Presentéiert vum Hôtel de la Sûre
45
D’IESELSOUER Presentéiert vun der Librairie Zimmer
IMPRESSUM Editeur, régie et mise en page: SAN s.à r.l. T: 28 11 42 1 Wincrange & Diekirch doheem@san.lu | www.san.lu Couverture: Photo: Sandro Dimola Model: Noemie Laplanche Hair & Make-Up: Luca Make Up & Styling Tirage: 23.000 exemplaires L'éditeur ne peut en aucun cas être tenu responsable de la correctitude des informations indiquées. Tous les renseignements sont donnés sous réserve de changement ou d'erreur. Ce sont exclusivement les propriétaires de ces annonces liées qui sont responsables de leur contenu. Lorsque des prix sont indiqués, nous ne donnons pas de garantie pour l'actualité et la correctitude de ces indications de prix. Les indications de prix sont uniquement pour votre information, il ne s'agit pas d'une offre. Aucun droit ne pourra vous être octroyé concernant des prix indiqués. L'ensemble de ce journal relève des législations en vigueur sur les droits d'auteur et de la propriété intellectuelle. Tous les textes, illustrations, images, photos et autres données sont protégés par un droit de reproduction.
46
ANNONCEUREN Autobus Stephany Beauty Case Camping Bissen Centre de Beauté Ana Link MF-Car Mode Passion Nordstrooss Shopping Mile Schnëppelstuff State Restaurant Pizzeria
BAUEN & WUNNEN Fenster Mersch Inter Concept Electro Widu Kitchen Solutions Wagner Building Systems
3
immobilière
immobilière
Mir beweegen Immobilien L-9280 DIEKIRCH - 9, rue de Stavelot L-2449 LUXEMBOURG - 3, boulevard Royal
L-9280 DIEKIRCH - 9, rue de Stavelot L-2449 LUXEMBOURG - 3, boulevard Royal
T: +352 27 80 83 56 | www.livinghome.lu
T: +352 27 80 83 56 | www.nethome.lu
Michelin 12 ANS À VOTRE Guide SERVICE 2016/2017
Guide Michelin bsejour@pt.lu www.hotel-beausejour.lu 2017
Mail: demichele.luca@yahoo.de Tel: +352 691 307 162
www.makeupbyluca.lu
MAKE UP & STYLING BY LUCA
12, Rue Esplanade | L-9227 Diekirch T: +352 26 80 47 15 | bsejour@pt.lu | www.hotel-beausejour.lu
Stylist (Hoer & Make Up) vum Covermodel vun dëser „Doheem“!
Haute Parfumerie Contemporaine
13, rue de l'Eau I L-9225 Diekirch Tel: +352 80 42 41 I carmenwo@pt.lu
Centre d‘Esthétique & Parfumerie Carmen Wollmering
www.cde.lu
DIKRECH
ENG REES WÄERT
Administrativen Zentrum vum Éislek, Haaptquartéier vun der Lëtzebuerger Arméi a gläichzäiteg ee friddlecht Nascht matzen am Gréngen. Déi mannste Plazen am Land verbannen Urbanismus an Natur esou elegant wéi d‘Sauerstad Dikrech. Trotz der roueger Atmosphär stécht déi 6.500 Awunner staark Uertschaft voller Liewen. Am ganze Land a bis iwwert d‘Grenzen ass Dikrech wéinst sengem Béier bekannt, dee well zënter bal 150 Joer do gebraut gëtt. Dat ass awer bei Wäitem nach net alles. Ronderëm de Kalenner suergen eng grouss Varietéit vun deelweis extrem beléiften Evenementer fir Stëmmung, an och kulturell bréngt Dikrech esou munches op den Dësch.
Firwat et sech op jiddwer Fall lount, virun allem am Summer ee Besuch dohinner ze ënnerhuelen a wéi eng Roll den Iesel dobäi spillt, verréit dëse Reportage.
Eng laang Vergaangenheet Een Trëppeltour duerch d‘Groussgaass geet well duer, fir ze mierken, datt Dikrech net grad virgëschter gebaut ginn ass. D‘Form vun de Weeër an den Arrangement vun den Haiser deiten ouni Zweifel op mëttelalterlech Aflëss hin. Deen däitlechsten Zeie vun där Zäit ass d‘Vollekskierch St. Laurent, besser bekannt ënnert dem Numm „Al Kierch“. Keng ganz 5
Modern Hausdieren, bannescht Dieren a Fënsteren no den neiste Sécherheets- an Energiestandarden aus enger Auswiel vu verschiddenen héichwäertege Materialien an eleganten Designs. Ënnerhalb vun engem Dag iwwerhuelen eis zertifiéiert Handwierker fir Iech den Aus- an Abau.
Qualitéit zënter 1959
FËNSTEREN & DIEREN
21, rue de Larochette • L-7661 MEDERNACH • t: +352 / 87 80 71-1 • info@porteszens.lu
www.porteszens.lu
onpassend Bezeechnung, ëmmerhin ass dat geeschtlecht Gebai am 7. Joerhonnert n. Ch. opgeriicht ginn. Obwuel se sech banne vun de Festungsmauere befonnt huet, war se och de Leit vun ausserhalb zougänglech. Vill Joerhonnerte laang huet se hir Funktioun erfëllt, bis se op emol ze kleng ginn ass. Sou ass also, just e puer honnert Meter wäit ewech, eng nei Kierch gebaut an 1867 a Betrib geholl ginn. Fir déi huet een aalt Franziskanerklouschter misse Plaz maachen. Nodeems déi Dikrecher een neit a méi grousst Gotteshaus dohinner gesat kruten, ass dat aalt séier iwwerflësseg ginn a gouf just nach als Lager genotzt. Zweemol hat de Stadsrot um Enn vum 19. Joerhonnert decidéiert, se ewechrappen ze loossen, wat glécklecherweis vum deemolege Staatsarchitekt Charles Arendt verhënnert ginn ass, well hie vun hirem historesche Wäert iwwerzeegt war. Bei Restauréierungsaarbechten an den 1960er Joren huet sech déi Iwwerzeegung confirméiert. Dobäi ass erauskomm, datt d‘Al Kierch op de Fundamenter vun enger réimescher Hal steet. An der Vergaangenheet hate well Stroossena Bauaarbechten d‘Präsenz vun enger „villa romana“ ënnert dem Buedem vun Dikrech un d‘Liicht bruecht. Sou ass zum Beispill 1939 op der Esplanade ee Mosaik fonnt ginn, deen haut am „Musée des histoires de Diekirch“ ausgestallt ass. Genee betruecht handelt et sech beim Portrait an der Mëtt vun deem Mosaik ëm ee sougenanntent „Vexierbild“, je nodeem aus wéi engem Wénkel een drop kuckt gesäit een een anert Bild. Nieft dem réimesche Relikt sinn am Musée nach aner Stécker exposéiert, déi d‘Geschicht(en) vun Dikrech vu fréier bis haut erzielen.
Uniformen haaptsächlech d‘Ardennenoffensiv an d‘Geschicht vun der Lëtzebuerger Arméi retracéiert. Wien sech éischter zu enger méi moderner Form vun Ënnerhalung higezu fillt, ass sécher am fonkelneie Kino gutt opgehuewen. Deen huet eréischt den 20. Juni seng Dieren opgemaach an ass domat net just den neisten, mee momentan souguer dee modernste Kino am Land. Mat 5 Säll vun enger Gesamtkapassitéit vu 473 Spectateuren, engem Café-Restaurant an engem Loungeberäich ass e wuel relativ iwwersiichtlech, mee eng Besonneschkeet léisst e souguer tëscht der méi grousser Konkurrenz aus dem Süden erausstiechen. De gréisste Sall mat 135 Plazen ass nämlech mam „Dolby Atmos“ Soundsystem equipéiert an deen ass am Moment nach eemoleg zu Lëtzebuerg. 64 Lautsprecher, wouvun der eng ganz Rëtsch um Plafong montéiert sinn, reproduzéieren den Toun vum Film esou, wéi wann ee selwer an der Aktioun dra wier. Dëse Mount kann een dës innovativ Technologie unhand vu Filmer wéi Wonder Woman, Despicable Me 3 oder Transformers: The Last Knight erliewen.
Zentrum fir Kultur Muséeë ginn et an der Sauerstad awer nach e puer méi. Déi reeche vum Automobilsmusée mat enger variabeler Ausstellung vun Oldtimer Autos- a Motoskollektiounen iwwert ee Béiermusée, deen eng Villfalt vu Géigestänn aus a vun der Dikrecher Brauerei aus de leschten 146 Joer weist, bis bei ee Beiemusée, deen de Prozess vum Hunneg-Maachen illustréiert a virun allem fir Schoulklassen interessant ass. Dee gréissten ass den Nationale Militärgeschichtsmusée, deen unhand vu villen Ausstellunge wéi Gefierer, Waffen, Fotoen an 7
POMPES FUNÈBRES Pompes Funèbres Bous-Goergen 50, Grand-Rue L-8510 REDANGE TEL: 23 62 10 67 GSM: 621 186 530 / 621 131 672
ACTIVE DANS L’IMMOBILIER DEPUIS PLUS DE 22 ANS, MELSEN IMMOBILIERE CONSEILLERA AU MIEUX SUR L’ENSEMBLE DU TERRITOIRE LUXEMBOURGEOIS VENDEURS, ACHETEURS, LOCATAIRES, BAILLEURS ET INVESTISSEURS.
20, Esplanade L-9227 DIEKIRCH TEL: 26 87 60 53 GSM: 621 131 672 / 621 753 209 guybous@yahoo.de
Pour tout cela et bien plus, n’hésitez pas à nous contacter au
(+352) 44 83 73‐1 OU INFO@MELSEN-IMMO.LU
16, rue Adolphe L-1116 Luxembourg T (+352) 44 83 73-1 F (+352) 44 62 81 info@melsen-immo.lu www.melsen-immo.lu
BIENTOT OUVERTURE D’UNE AGENCE A DIEKIRCH.
DIE 2 NATURMÖBELSPEZIALISTEN IN LUXEMBURG
www.naturmoebel.lu Miwwelhaus Koeune 4, um Mierscherbierg • L-7526 Mersch Telefon: +352 - 32 59 59 Telefax: +352 - 32 59 60
Wohnfabrik Ingeldorf 10, route d’Ettelbrück • L-9160 Ingeldorf Telefon: +352 – 27 80 84 85 Telefax: +352 – 27 80 84 86
Akafen an Iessen Nodeems een sech un Ausstellungen a Blockbuster sat gesinn huet bleift nach de Bauch ze siedegen. Och an deem Beräich brauch sech Dikrech net ze verstoppe mee erfëllt mat 18 Restauranten, 15 Caféen a 4 Snackbaren all kulinaresch Wënsch. Sief et eng asiatesch, italienesch, portugisesch oder regional Kichen, just ee séiere Maufel fir de klengen Honger oder ee ganze Menü mat e puer Gäng - fir jiddwer Goût ass eppes do. Ee Phänomen, deen ee bedeitenden Impakt op d‘Restauratioun huet, ass d‘Migratioun vun honnerte Schüler aus den dräi Lycéeën an den Zentrum vun der Stad. Vill Restaurateuren hunn hir Offer dorop ugepasst a bidde speziell Studentemenüen zu méi klenge Präisser un.
traditionell Butteker ginn, déi héichwäerteg Markesaachen ubidden a vill Wäert op Berodung leeën. Dobäi kënnt, datt d‘Stad wéinst Butteker, déi op Nischeprodukter spezialiséiert sinn, erausstécht. Dozou ziele Beruffskleedung, Museksinstrumenter oder Bitzgeschir. D‘Beräicher vun de lafenden Akeef an den Haushaltsartikele sinn dem Theo Meder no nach ausbaufäeg. Dëst gëtt awer doduerch kompenséiert, datt all Dënschden an der Foussgängerzone ee Maart vun aacht Stänn mat frësche Liewensmëttel ofgehale gëtt.
Doriwwer eraus eegent sech d‘Foussgängerzon am Zentrum wonnerbar fir eng Shopping-Tour. „Dikrech gëtt vun de Cliente wéinst sengem lokale Feeling appreciéiert. Hei gëtt nach an all Geschäft Lëtzebuergesch geschwat. Ausserdeem hu mir hei eng speziell Atmosphär, déi een net iwwerall fënnt.“, esou den Theo Meder, President vum lokale Geschäftsverband. Dikrech als Akafsstad zeechent sech doduerch aus, datt et kaum Chaînen mee méi kleng, méi
oder Sport ze maachen. Laang Weeër lueden op ee Spadséiergang oder een Ausfluch mam Vëlo an. Am Summer kann d‘Sauer fir Kanufaarte genotzt ginn a souguer Fëschen ass erlaabt. Véier Brécken erméiglechen ee séieren Zougang op déi aner Säit a verbannen d‘Stad mam Camping. Dee gëtt net just vun Touriste genotzt, mee och vu Leit aus Lëtzebuerg, déi no engem Fest net nuets wëllen heemfueren.
Frësch ass och d‘Loft zu Dikrech. Säi grousse Park, dee laanscht d‘Sauer féiert, bitt Natur pur an ass déi ideal Plaz, fir sech ze entspanen
9
Collection Tressage den absolute Summerhit Graphic EXKLUSIV BEI EIS AN DER GROUSSREGIOUN
43, GRAND‘RUE L 9240 DIEKIRCH Tél/Fax : (352) 26 800 778 Email : elvire@pt.lu
ELO OCH ZU DIKRICH KOMMUNIKATIOUN MADE IN LUXEMBOURG 20 Esplanade L-9227 Diekirch t: 28 11 42-1 - www.san.lu
Äre Reesbüro fir Bus a Gruppenreesen bus@voyages-simon.lu
T. +352 80 85 77-40
39, Esp lan ad e 09.09.2017
ROERMOND „Designer Outlet“
23.09.2017
ALDEN BIESEN „Fleur d‘Amour“
06.10.2017
TRIER / TRÈVES
07.10.2017
LÜTTICH / LIÈGE „Nacht der Flammen“
10 www.voyages-simon.lu T. +352 80 85 77 - 73 • montenegro@voyages-simon.lu
WEIHNACHTSMÄRKTE
2017
01.12.2017 02.12.2017
AACHEN
09.12.2017
TRABEN TRARBACH / BERNKASTEL KUES
16.12.2017
KÖLN
FALKENBURG / MAASTRICHT
T. +352 80 85 77 - 43 • portugalexpress@voyages-simon.lu
Eng Stad mat Stëmmung D‘Dikrecher hunn definitiv den Dréi eraus, wann et drëms geet, fir Ënnerhalung ze suergen. Dat ganzt Joer duerch gi Fester gefeiert, Mäert a Concerten ofgehalen, sou datt zu kenger Minutt Langweil kann opkommen. Dat wuel bekanntent Fest zu Dikrech fënnt direkt zimlech am Ufank vum Joer statt. Gemengt ass d‘Cavalcade, déi mat hirem faarwege Cortège aus lëschteg gerëschte Ween all Joer an der Moyenne 25.000 Visiteuren unzitt. Un deem Dag ass dat klengt, rouegt Stiedche voll mat geckeg verkleete Boken, déi gutt gelaunt duerch de Kamellen- a Konfettireen wuselen. Schonn 1870 ass déi éischte Kéier eng Cavalcade duerch Dikrech gezunn a war domat déi éischt am Land. Hautdesdaags gëtt dëst Mega-Event iwwregens zënter 1979 vun engem Veräi mam Numm „ESD - Eselen aus der Sauerstad Dikrich“organiséiert, nodeems deen 1978 gegrënnt ginn ass. Apropos Ieselen, firwat ass ausgerechent dat stuert Houfdéier d‘Symbol vun der Stad? „De Grond dofir ass, datt den Härebierg bis an d‘19. Joerhonnert vu Bauere bewirtschaft ginn ass. Wéinst de géien Häng war den Iesel dat eenzegt Déier, dat sech do beweegen an op de Felder hëllefe konnt.“, erzielt d‘Karin Probst, Presidentin vum Dikrecher Syndicat d‘Initiative. Dem Historiker Jean-Pierre Glaesener no waren et iwwregens nëmmen Hengschten, fir Kämpf ëm ee Weibchen ze verhënneren. Eng weider Theorie beseet, datt fréier zu Dikrech um Palmsonndeg eng Prozessioun ofgehale ginn ass, bei där eng Figur vun engem Iesel mat Jesus um Bockel duerch d‘Stad gedroe ginn ass an domat den Iesel zum Emblem erhuewen huet. D‘Iesele vum Härebierg an och de Palmiesel si mëttlerweil well laang verschwonnen, mee am Erliefnispark laanscht d‘Sauer sinn och haut nach richteg Ieselen ze bewonneren, déi dem ESD gehéieren a vun hinne gefleegt ginn. A wann een déi Tatsaach consideréiert, datt sech déi Agebuere gäre selwer als Iesele bezeechnen, sinn et der nach eng ganz Partie méi. Dat grot Déier ass den Dikrecher esou helleg, datt si him iwwerall Monumenter opgeriicht hunn a souguer am Juni eng eege Feierlechkeet widmen: „Dikrich feiert den Esel“. Zwou Woche laang ginn an der Foussgängerzon Konschtwierker mam Thema Iesel ausgestallt, ier datt dat Ganzt um leschten Dag mat engem Fest am Park säi gelongenen
Ofschloss fënnt. Mee wéi een esou schéi seet, ass all Ofschloss een neien Ufank. Well virun allem am Summer ass zu Dikrech richteg eng lass. Am Juli an am August gi bal all zweeten Dag an der Groussgaass op der Place de la Liberation Open-Air Concerten ofgehalen, haaptsächlech vu lokale Museker. Ideal kombinéiere loossen sech déi mat engem Akaf an der Groussgaass oder engem Pättchen an engem vun de ville Caféen.
„Al Dikkrich“ Säin absoluten Héichpunkt fënnt de Summer an der Distrikts-Haaptstad vum 13.-18. Juli um Traditiounsfest „Al Dikkrich“. Fënnef Owenter laang versammelen sech Jonk an Al am Dikrecher Zentrum, fir bei engem Glas Béier fréier Bekanntschaften erëmzebegéinen a mateneen ze poteren. Déi lokal Veräiner versuergen d‘Leit mat Iessen a Gedrénks. Den Highlight ass 11
Votre concessionnaire Volkswagen
Garage Pepin S.à r.l. 12, route d Ettelbruck, L-9160 Ingeldorf T : +352802088 - 57 www.pepin.lu
• VENTE • PROMOTION • COORDINATION • LOCATION • ESTIMATION CHERCHONS POUR NOS CLIENTS: MAISONS, APPARTEMENTS, TERRAINS
VOS SOLAIRES GRATUITES *
d‘Zeremonie vun der Ouverture. Bei dëser zitt de Buergermeeschter vun „Al Dikkrich“ - senges Zeechens President vum Organisatiounsveräin „Les amis du Vieux Diekirch“ - begleet vun engem Cortège mat der Kutsch duerch d‘Stad, fir de richtege Buergermeeschter virun der Gemeng ofzehuelen. Op der Place Bech kritt den Iwwergangs-Buergermeeschter vum offiziellen de Stadschlëssel iwwerreecht an iwwerhëlt domat symbolesch fir de ganze Weekend d‘Kontroll. Iwwerdeems gi Koppelen, déi sech viru 25, 50, 60 oder souguer 70 Joer zu Dikrech bestuet hunn, geéiert. Déi éischte Kéier ass d‘Volleksfest „Al Dikkrich“ am Joer 1939 opgefouert ginn. Während dem Krich an an de Joren duerno ass et net méi richteg op d‘Been komm, bis de Geschäftsverband 1968 eng Relance gestart huet, fir déi deemoleg Braderie vun Dënschdes méi interessant ze maachen. Duerch ee Kaartentournéier Méindes ass schliisslech den haitegen zäitleche Kader vun „Al Dikkrich“ vu Freides bis Dënschdes festgeluecht ginn. Dëst Joer kommen och d‘Frënn vum Vëlossport bei den Ieselen op hir Käschten. Déi 13. „Semaine européenne du cyclotourisme“ gëtt nämlech vun der Stad Dikrech an Zesummenaarbecht mat der „Fédération du sport cycliste luxembourgeois“ organiséiert.
Vum 22. bis den 29. Juli kënnen d‘Participanten all Dag tëschent dräi ënnerschiddlech laange Circuite wielen an zesumme queesch duerch d‘Land pedalléieren. An der Vergaangenheet ass dësen Evenement a Länner wéi Spuenien, Polen oder Portugal ofgehale ginn, dowéinst erwaarden sech d‘Organisateuren och groussen Zoulaf aus dem Ausland. Fir d‘Amateure vu schéiner Musek dogéint ass éischter den 29. „Forum international pour flûte et piano“ ee Besuch wäert. Deen ass bal zäitgläich mat der Vëlos-Woch zu Dikrech z‘erliewen a besteet aus Optrëtter vu jonke Flüttisten a Pianisten aus der ganzer Welt. Ofgeronnt gëtt de FestivalsSummer mat Attraktioune wéi dem Parkfest oder dem „Special Kids‘ Day“, bis d‘Saison an den Hierscht iwwergeet. Mat esou vill Energie presentéiert sech Dikrech ënnert dem Stréch als eng jonk an dynamesch Stad mat enger héijer Liewensqualitéit. Kulturell, administrativ a sportlech Infrastrukture maachen se och fir Leit vun ausserhalb interessant a kuerz Weeër suerge fir eng confortabel Zirkulatioun. A wann een nach déi vill Evenementer dozourechent, gëtt et definitiv kee Grond méi, fir net op mannst eemol den Iesele Moien soen ze goen.
13
14
CLAUDE HAAGEN, BUERGERMEESCHTER VUN DIKRECH
„ENG STAD, WOU ET SECH GUTT WUNNE LÉISST“
D‘Stad Dikrech kennt wahrscheinlech jiddereen am Land op mannst vum Numm hier. Mee wat mécht des Stad derwäert, fir besichtegt oder souguer bewunnt ze ginn? Dorop ginn et eng Rei Äntwerten, déi de Buergermeeschter Claude Haagen an dësem Interview gëtt. Dobäi geet hien och op d‘Schwieregkeeten an, déi Dikrech nach ze iwwerwannen huet.
Duerch wat stécht Dikrech vis-à-vis vun anere Stied am Land ervir? Claude Haagen: Et gi vill Punkten, déi Dikrech esou besonnesch maachen. Mir leien am Gréngen, mir sinn eng attraktiv Touristestad an eng wichteg administrativ Stad, vu datt mir sämtlech Verwaltungen hei hunn. Dozou kommen eis dräi Lycéeën, duerch déi Dikrech zu enger jonker Studentestad ginn ass, an eis 5 Muséeën an historesch Monumenter, déi eis och kulturell interessant maachen. Natierlech ass Dikrech 15
CARRELAGES SALLE DE BAINS SANITAIRES RÉNOVATION www.jphomeconcept.lu I info@jphomeconcept.lu I tél. 20 60 44 I 10, Route d‘Ettelbruck L-9160 INGELDORF
VOUS ÊTES SUR
à tout ce qu’il vous faut, venez et déc professionnel
La Salle d’expositio
Avez-vous des idées ou avezNotre archit
u ed té erg n o b m en 4 5, err 923 ch H L- kir e
Di
Rénovations - Constructions - Aménagements - Façades - Carrelages Tél.: 28 77 27 77 / Fax: 28 77 05 77-38 / info@carvalho-r.lu / www.carvalho-r.lu
16
och wéinst senge Manifestatioune bekannt. Fester wéi d‘Cavalcade oder Al Dikkrich zéie well zënter Joerzéngten immens vill Leit heihinner. Fir mech perséinlech ass Dikrech aus de genannte Grënn eng Stad, wou et sech gutt wunne léisst.
fir jiddereen eppes do. Hei kann een zwee bis dräi Flott Deeg verbréngen, et ass ee séier vun enger Plaz op der nächster an do tëschent kann ee gutt Iessen an ee Pättchen drénken.
A wéi enge Punkte kann sech Dikrech nach verbesseren a wéi eng Mesurë si virgesinn, fir dat ze erreechen? Claude Haagen: Verbesserungsfäeg ass de Problem vum Transport, wou mir nach am Gaang sinn, no Léisungen ze siche mee wat éierlech gesot net einfach ass. Mir hu vill Duerchgangsverkéier an awer och vill interne Verkéier duerch eise „Circuit“ am Zentrum. Duerch d‘Bussen, de Beruffsverkéier an d‘Touristen ass deen dacks iwwerlaascht. Do musse mer Schrëtt fir Schrëtt virgoen. Mir wëllen d‘Quartieren, wou d‘Leit wunnen, verkéiersberouegt maachen. Eng weider Léisung ass et, grouss Firmaen aus der Stad erauszehuelen, fir se an der neier Industriezon um Fridhaff ënnerzebréngen, déi Enn 2018 opgoe wäert. Iwwert de Fridhaff wäert och eng Strooss féieren, déi direkt un den Härebierg ugebonnen ass. Esou kréie mer den Transport vun de Firmaen a vum Militär aus Dikrech eraus an entlaaschten den Zentrum. Ee weidere Problem, deen all d‘Uertschafte bei der Sauer betrëfft, sinn d‘Iwwerschwemmungen. Déi verhënneren, datt no beim Floss Haiser kënne gebaut ginn. A punkto Urbanisatioun vergréissere mir eis dowéinst gär a Richtung Walebroch an am Zentrum maache mer nach Baulücken zou.
Wéi eng Plaze muss ee bei sengem Besuch op Dikrech onbedéngt kucke goen?
Wat sinn Är Beméiungen als Buergermeeschter, fir d‘Stad Dikrech nach méi attraktiv ze maachen? Claude Haagen: Fir mech ass dat ee Prozess, dee lues a kontrolléiert muss viru goen. Déi neiste Beméiunge vun der Gemeng waren de Bau vum Kino an vun der Z.I. um Fridhaff. Donieft kucke mir, fir d‘Infrastrukturen am Park nach méi ze developpéieren, wéi d‘Vëlos- a Spadséierweeër an d‘Wisen, well och déi zu der Liewensqualitéit bäidroen.
Claude Haagen: Dat hänkt dovun of, ob een éischter sportlech oder éischter kulturell interesséiert ass. Am Summer sinn d‘Kayakspiste an de Rittwee wierklech flott an lueden op ee Spadséiergang, respektiv op eng Faart mam Boot an. Da ginn et am Zentrum interessant Geschäfter, Caféen a Restauranten, a ronderëm den Zentrum eis Muséeën. Eng ganz nei Attraktioun ass eisen héichmoderne Kino. Op jidde Fall ass zu Dikrech
17
• Installation • Service • Energie
L- Holzthum [+352] 26 80 34 64
FENSTER - TÜREN
ÖFEN ALLER ART
www.electrokyll.com
Unsere Ausstellung ist geöffnet: donnerstags und freitags von 11-17 Uhr, samstags von 11-14 Uhr.
KOCH MONTAGEBAU AG 2, am enneschten Eck L-9838 Untereisenbach T +352-92 97 14
w w w. k o c h - a g . l u info@koch-ag.lu F +352-92 97 15
www.malerbetrieb-peters.de PETERS GMBH 13A, Pittenbacherstraße D-54597 Pronsfeld T: +49 65 5690 191-0
18
PETERS SÀRL 23, op der Hei L-9809 Hosingen T: +352 26 78 01 12
Showroom | 20, avenue de la Gare - L-9233 Diekirch
Z.A.E.R. „OP DER HÉI“
WUELSTANDSFABRICKEN
Kaméidi, Knascht a Gestank - dat sinn dacks d‘Wierder, déi vill Leit mam Begrëff Industriezon verbannen. Dës Viruerteeler entspriechen allerdéngs bei Wäitem net all Kéier der Wourecht. Am Géigendeel, fir een Industriegebitt schwätzen och eng Rei vun iwwerzeegende Pro-Argumenter, virun allem dann, wann et gutt organiséiert ass. Am Kanton Klierf befannen sech fënnef sou Zonen, déi vun engem Gemengesyndikat mam Numm SICLER (Syndicat intercommunal pour la promotion du canton de Clervaux) encadréiert ginn. An den nächsten Ausgabe vun der „Doheem“ stelle mir Iech déi verschidde SICLER-Zonë vir. Den éischten Deel vun der Serie behandelt d‘Gebitt „Op der Héi“ zu Housen.
Den Opschwong vum Norden Fir d‘éischt gëllt et ze beliichten, wourëms et sech beim SICLER genee handelt a wéi et zu senger Grënnung komm ass. Am 20. Joerhonnert war déi iewescht Halschent vum Grand-Duché a punkto Infrastrukturen a Liewensqualitéit am Verglach mam Guttland an engem éischter prekären Zoustand. Aarbechtsplaze waren eng Raritéit an déi Aarbecht, déi do war, ass knapps iwwert de landwirtschaftlechen an handwierkleche Secteur erausgaangen. Lues a lues ass Frustratioun beim Vollek entstanen an huet Drock op d‘Gemenge gemaach, fir datt sech eppes un der Lag ännert. 1985 19
Gruppenreisen Unser Spezialgebiet
Bartholme Clervaux Autocars S.A. Gruppenreisen & Busanmietung 38, Op der Hei L-9809 Hosingen Tel. 99 42 57 Fax 99 48 76 bus@sales-lentz.lu
Tel: (+352) 26 91 36 37
20
hunn d‘Gemengen Ëlwen, Wäisswampech, Konstem, Wëntger, Hengescht, Klierf a Munzen zesummen een interkommunale Syndikat etabléiert, fir iwwer Léisunge fir d‘Suergen a Problemer ze diskutéieren, déi d‘Bierger schrëftlech eragereecht hunn. Méi spéit huet sech nach d‘Gemeng Housen ugeschloss. Virrangegt Zil war et, d‘Liewenskonditioune vun de Leit op ekonomeschem, sozialem a kulturellem Niveau ze verbesseren. Déi wichtegst Missioun, fir dat ze erreechen, war d‘Kreatioun vun attraktiven Aarbechtsplazen. Aus dësem Gedanken eraus sinn noenee speziell ausgewisen Arealer definéiert ginn, op
iwwerpréift, ob déi jeeweileg Firma de Konditioune fir eng Zouloossung entsprécht. Bei engem positiven Uerteel gëtt ee Vertrag op maximal 30 Joer ënnerschriwwen, eng Zuel, déi an der Diskussioun iwwert eng Verlängerung steet, well déi éischt Kontrakter ganz geschwënn auslafen. Am Laf vun de Jore sinn entweder Firme vun ënnen erop geplënnert oder ganz neier sinn op d‘Welt gesat ginn. Haut schaffen am ganzen ca. 2300 Mënschen an deene fënnef Zonë vum Klierfer Syndikat. Dësen huet allerdéngs nach vill méi Projeten ënnert sengem Hutt. Deen zweetgréissten dovunner ass seng Museksschoul mat iwwer
600 Schüler. Si zielt zu enger vun de gréissten am Land. Weider Tätegkeete sinn ënnert Anerem den Encadrement vun de fräiwëllege Rettungsdéngschter aus dem Kanton, ee Jugendtreff an ee Berodungsbüro, dee professionell Formatiounen ubitt. deenen sech Betriber konnten nidderloossen a wou si genuch Terrain hunn, ouni raimlech Aschränkungen hiren Aktivitéiten nozegoen. Dat Konzept huet ageschloe wéi ee Sprengsaz vum Bommeleeër, deen zu där Zäit nach säin Onwiese gedriwwen huet. Eng Onmass un Demandë vu Betriber, déi sech an déi nei Zonen implantéiere wollten, hunn d‘Bréifkëscht vum SICLER bal zum Iwwerlafe bruecht an d‘Nofro huet sech bis haut net berouegt. Op Basis vun engem ausgefëllten Dossier gëtt zesumme mam Wirtschaftsministère
Zesummenaarbecht fir méi Erfolleg Wat déi sektoriell Gruppéierung vun de verschiddenen Industriezonen ubelaangt besteet net ëmmer eng kloer Definitioun. Zu Housen hunn sech nämlech Entreprisen aus ënnerschiddleche Wirtschaftssecteuren installéiert. Holzbeaarbechtung, Textilien an Argikultur si just ee klengen Deel vun den diversifizéierte Beräicher. Allgemeng léisst sech awer feststellen, datt mëttelgrouss Handwierksbetriber d‘Zesummestellung domi21
r e o j 8 1 r e t zën
VEIERT O N E R U
MIR H
Auerzäiten: op R.D.V. Dënschdes bis Freides
08h - 12h / 13h - 17h Samschdes
08h-16h
Tel. 92.09.99 39, Haaptstrooss L-9806 Hosingen
!
„Op der Héi“ gi gréisstendeels normal Büroszäite geschafft, just vereenzelt Anlage musse produktiounsbedéngt hir Aktivitéit iwwer 2 Schichte lafe loossen. Géint 7 Auer moies kommen déi éischt Aarbechter un, owes um 6 sinn déi meescht nees fort. Allerspéitstens um 10 wibbelt awer näischt méi, well dat ass Virschrëft. D‘Kaméidis- an Ëmweltbelaaschtung vun der Housener Regionalzon halen sech allgemeng relativ kleng. D‘Garantie dofir gëtt d‘Commodo-Klass 1, der zënter 1998 dem Gesetz no all Industriegebitt ënnerläit. Berechent ginn des Klassen unhand vu gewësse Reglementatiounen a Punkto Sécherheetsvirschrëften, Energieverbrauch, Offéierung vum Ofwaasser asw., a gi vum Ëmweltministère, vun der Gewerbeinspektioun a vum Waasserwirtschaftsamt operluecht. „D‘Nordstrooss, déi laanscht eis féiert an iwwert déi all Dag am Schnëtt 13.000 Autoe fueren, mécht bei Wäitem méi Kaméidi a Knascht wéi eis Zon.“, mengt de Romain Wester, Responsabele vun „Op der Héi“. Tatsächlech dréit d‘Existenz vun enger Regionalzon souguer dozou bäi, d‘Ofgasen ze reduzéieren, andeems déi Ugestallte méi kuerz Weeër bis op d‘Aarbecht fueren.
Ihr Fachmann für den Sommer TERRASSENBÖDEN · MARKISEN · INSEKTENSCHUTZ
W O Q U A L I TÄT Z U H A U S E I S T
néieren. Schwéierindustrie gëtt et do keng. Déi éischt Implantéierung war vun engem Miwwelhaus virun 18 Joer, haut sinn et am Ganzen iwwer 20 Firme mat knapp 800 Beschäftegten op engem Terrain vun 20 ha, esou de Stand vum 1. Januar dëst Joer. Konkurrenz tëscht de Betriber ënnerhalb vun der Zon ass net existent. Am Géigendeel, et besteet dacks eng enk Zesummenaarbecht. Sou organiséieren sech d‘Handwierksbetriber esou, datt bei der Renovatioun jidderee säi Kompetenzberäich erfëllt an de Client mat engem komplette Service zefriddestellt.
FÜR DEN GARTEN • Blockbohlenhäuser • Aktionshäuser • Elementhäuser • 5-Eckhäuser
3D PLANUNG
FENSTER | TÜREN | TREPPEN | GARAGENTORE | REPARATUREN | MARKISEN PARKETT INNENAUSBAU | RESTAURIERUNG | INSEKTENSCHUTZ | MÖBEL NACH MASS
11, rte de Kautenbach | L-9831 Consthum T: +352 / 26 903 710 | F: +352 / 26 903 711 GSM: +352 / 691 921 650 info@denholzmechel.lu
www.denholzmechel.lu
Et ass nach Loft no uewen Den Energiebilan vun der Zone Housen wäert sech ënnerhalb vun den nächste Wochen a Méint souguer nach verbesseren, well de Groussdeel vun de Betriber am Moment un déi lokal Biogasanlag ugeschloss ginn an domat Hëtzt a Stroum gréng produzéiere wäerten. Dëst ass awer net déi eenzeg Ännerung, déi zu
• Pavillons • Carports • Freisitze • Garagen
24 / 24
Stunden Dienst übers ganze Jahr heures pendant toute l’année
Särge & Einäscherungen
11, rte de Kautenbach L-9831 Consthum
Cercueils & incinérations
T: +352 / 26 90 37 10
Transport national & international
GSM: +352 / 691 921 650 info@pf-jacoby.lu
www.pf-jacoby.lu
Transport In-und Ausland Sämtliche Formalitäten 23 Formalités & démarches
Blumen & Zubehör Fleurs & accessoires
C-Tec - zuverlässiger Partner
im Bereich der Lohnfertigung Vom Prototyp bis zur Serienfertigung
Unsere Leistungen: CNC-CAM-Fräsen CNC-Drehen CNC-Lasergravieren Drahterodieren Glasperlstrahlen und Gleitschleifen 3D-Koordinatenmesstechnik
Op der Hei L-9809 Hosingen
Tel.:00352 269120 Fax.:00352 26912020 E-Mail: info@c-tec.lu
www.c-tec.lu
Säit 2006 äre Spezialist am Beräich: Holzhäckselaarbeschten Hackschnitzel fir Chaudièren Hackschnitzel a Rindenmulch fir bei Plantatiounen Zertifizéiert Hackschnitzel a Rindenmulch als Fallschutz fir Kannerspillplazen
5, bei Berck
NEI: Elo och zu Housen !!! Dir fannt eis laanscht d’Dreibunn tëschent dem Schinker an Housen, nierwt der Biogasanlag.
L- 8359 GOEBLANGE Tel.: +352 621 296 290
www.H-TH.eu
Äre kompetente Partner a Saachen Energieholz !
Mail: theinc@pt.lu
Housen um Lafen ass. D‘Zon vergréissert sech ëm 3,5 Hektar a schaaft engersäits Plaz fir eng Expandéierung vu schonn etabléierte Betriber, anerersäits fir den Emplacement vun neien. „Mir géifen eis gär nach méi vergréisseren, mee d‘Erweiderunge vun Industriegebidder ënnersti strenge Reglementéierunge vum Staat, haaptsächlech aus ëmweltleche Grënn“, bedauert de Romain Wester. D‘Entscheedung hänkt dovunner of, ob de Liewensraum vu Planzen an Déieren oder Aarbechtsplazen d‘Prioritéit hunn. „Wéi bei Villem muss een och hei ee Mëttelwee fannen. Vun der Säit vun de Firmen ass den Interessi grouss, ze plënneren an aus dem Duerfkär erauszekommen.“ Aktuell leien dem SICLER 30 Demandë mat enger Equivalenz vu ronn 600 neien Aarbechtsplaze vir, déi opgrond vu feelendem Terrain keng gréng Luucht kënne gesinn. „Mir hunn heiansdo den Androck, den Norde géing e bësse vergiess a vill Betriber éischter a Richtung Süden ugesidelt ginn. Dat ass immens schued, well d‘Leit aus eise Gemengen d‘Méiglechkeet sollen hunn, fir bei eis ze schaffen. Mir wëllen
hei uewen net zu Schlofgemenge verkommen.“ Ob sech d‘Housener Industriegebitt an der Zukunft nach weider vergréissere wäert, respektiv wéini et souwäit wäert sinn, ass nach ongewëss. Fest steet just, datt et momentan un Terrain feelt an den Drock ëmmer méi grouss gëtt. Mee egal zu wiem senge Gonschten d‘Blat sech dréint, d‘Éislek wäert säi Status als roueg Regioun am Gréngen esou séier net verléieren.
MAISON 20A L-9780 WINCRANGE TEL: +352 94 90 45 I INFO@ANOE.LU
WWW.ANOE.LU ATELIER NOE
• Gutbürgerliche Küche • Wild- und Fischspezialitäten • Spezialitäten auf Wunsch erfüllbar • Terrasse mit Blick auf die Our • Parkplatz vorhanden
25
METZLEREI QUINTUS
HAUSGEMACHTEN PRODUKTER PARTYSERVICE
2, RUE G.-D. CHARLOTTE | L-7520 MERSCH | TEL: 26 32 25 38
FLEESCH AUS DEM NATURPARK
4, AM CLEMENSBONGERT | L-9158 HEIDERSCHEID | TEL: 83 92 19 161, RUE DE ROLLINGERGRUND | L-2440 LUXEMBOURG | TEL: 44 78 77 28
AN BIOFLEESCH
WWW.VEIVUMSEI.COM
MËLLICH FLEESCH GEMÉIS HUNNIG GROMPEREN
POUR VOS COMMANDES TÉL. +352 26 53 15 93 I INFO@ NUDDELFABR IK .LU
fabrication artisanale
BIOLOGESCH - DYNAMESCH
MOBIL: 621 35 00 12 19, Haaptstrooss L -9835 Hoscheid - Dickt
WWW.NUDDELFABRIK.LU
© Photo: R. Clement
Produkter aus dem Naturpark Oewersauer
www.naturpark-sure.lu Tel 899331-1
ÄR M Ë LLE C H TA N K ST E L L E N AU S D E M N O RD E N M E L L E C H TA N K S T E L L R OU LLI NGE N
Ohne Gentechnik! Famill Neser-Jochheim
Maison 18A L-9752 Hamiville Tel.: 691 99 40 33
26
Famill Klein-Lanners
10, Am Duerf L-9681 Roullingen Tel.: 691 38 52 94
Mëllech Tankstell Self-Service Famill Sangers-Majerus
1, rue de Redange L-8545 Niederpallen Tel.: 691 62 17 69
REGIONAL AKAFEN
FIR LËTZEBUERG. FIR SECH.
Ëmmer méi Restauranten a Liewensmëttelgeschäfter maache Reklamm domat, regional Produkter unzebidden. Mee wat heescht dat iwwerhaapt? A virun allem, wat huet de Konsument dovunner, wann e „regional“ akeeft? Am Zäitalter vun der Globaliséierung an de grousse multinationale Konzerner ass Kommissioune-Maache bal zu enger Weltrees ginn. Äerdbieren aus Spuenien, Spargelen aus der Tierkei, Hunneg aus Mexiko - vill Produiten hunn ee wäite Wee hannert sech, ier se bei eis am Caddie landen. Bei dem ganze Multikulti
dierf een net vergiessen, datt et och bei eis vill Produzente ginn, déi hir Liewensmëttel entweder bei sech selwer oder am Supermarché verkafen. Sech mat Preferenz fir esou Liewensmëttel ze entscheeden huet vill Virdeeler, a bei Wäitem net eleng fir den Hiersteller.
Fir d‘Ëmwelt Ee vun den entscheedendste Facteure sinn déi kuerz Weeër vum Produit bis bei de Konsument. Dovunner profitéiert an éischter Linn d‘Ëmwelt. 27
28
Uebst oder Fleesch, dat vu wäit hierkënnt, hannerléisst een drastesch méi groussen OfgasFoussofdrock wéi d‘Wuer vum Nopeschduerf. Am schlëmmsten ass et, wa fir den Transport muss de Fliger geholl ginn. Am Duerchschnëtt produzéiert ee Cargofliger 50 kg CO2 pro Tonn Luedung pro 100 km. Ee GroussraumCargofliger huet eng duerchschnëttlech Maximalkapassitéit vun 100 t Luedung. Wann ee voll beluedenen Transporter vu Mexiko op Lëtzebuerg flitt, wat enger Distanz vun ca. 9200km entsprécht, dann ergëtt sech doraus een CO2-Ausstouss vu 460 Tonnen. Natierlech flitt kee Fliger direkt vu Mexiko op Lëtzebuerg, mee dës Rechnung vermëttelt eng Iddi dovun, a wéi enger Gréisstenuerdnung sech d‘Ëmweltbelaaschtung ofspillt. Den Impakt vun engem Camion dogéint, deen d‘Wuer bei de lokale Bauer siche fiert an domat den nooste Supermarché beliwwert, ass domat iwwerhaapt net ze vergläichen.
Fir d‘Wirtschaft Iwwerdeems bedeite laang Distanzen och, datt méi Leit un den ënnerschiddleche Veraarbechtungsschrëtt bedeelegt sinn. Dacks geschéien dës Schrëtt souguer a verschiddene Länner. Ugebaut a gepléckt a China, gewäsch an auszortéiert am Bangladesch, verpaakt an Däitschland, verkaf zu Lëtzebuerg. Wa méi Leit ee Stéck vum Kuch ofkréien, huet dat zwou méiglech Konsequenzen: Entweder bezilt den Endkonsument ee méi héije Präis wéi bei enger Wuer, bei där manner Intermediairen hir Fanger am Spill hunn oder déi Bedeelegt kréie just een Hongerloun ausbezuelt. Iergendeen ass ëmmer de Verléierer. De Keefer muss sech also och d‘Fro stellen, ob de Kaf vun afrikaneschen Äppel ethesch vertrietbar ass. Beim auslännesche Produit verdéngt d‘Verkafsland och vill manner an déi lokal Wirtschaft muss drënner leiden. Am Géigesaz dozou, wann ee Lëtzebuerger Betrib seng Wuer gutt verkeeft a méi Steieren un de Staat bezilt. Dozou addéiert sech och d‘Erhalung a souguer d‘Kreatioun vun Aarbechtsplazen. Ee Produzent, deen dank dem bewossten Akafe vun de Leit ee méi héijen Ëmsaz verzeechent ass mat Wahrscheinlechkeet dozou ugereegt, eng weider Persoun anzestellen, déi mat hirer
Pai d‘Famill iwwer d‘Ronne brénge kann.
Fir d‘Gesondheet Dee wuel wichtegste Kritär, op deen et bei Liewensmëttel ukënnt, ass d‘Qualitéit. Virun allem hei ass ee Lëtzebuerger Produit deem aus dem Ausland dacks wäit iwwerleeën. Dat huet e puer Grënn. Dëst sinn engersäits déi streng Reglementéierungen am Bezuch op d‘Haltung vum Véi, d‘Buedembeaarbechtung, Medikamenter an Zousazstoffer, déi beim Fleesch beispillsweis d‘EU-Normen iwwertreffen. Fir d‘Anhale vun dëse Virschrëfte suerge reegelméisseg gesetzlech Kontrollen. Fir d‘Produkter méi transparent ze maachen an domat dem Konsument d‘Auswiel ze erliichteren, existéieren zu Lëtzebuerg ausserdeem eng Rei Qualitéitslabelen, déi bestätegen, datt déi betraffe Wuer éischtens tatsächlech vun hei aus dem Land staamt an zweetens gewësse Qualitéitsnormen erreecht gi sinn. De Label „Produit du terroir“ befaasst sech ausschliisslech mat Rëndsfleesch, Kär a Gromperen, während fir de „Made in Luxembourg“-Label an der Theorie jiddwer zu Lëtzebuerg hiergestallte Produit eligibel ass.
BISTRO, BAR, CAFÉ & TERRASSE
Ab lo rem op! Tél.: 99 72 81-1 29
Rouge à lèvre PV. 9,95 € Mascara PV. 9,95 €
Réf. ZWO49C PV. 158 €
Parfum PV. 98 €
NOUVEAU! Massen Shopping Center 24, Op der Haart Wemperhardt
Bijoux artisanaux éthiques, sacs à main en liège, produits cosmétiques bio, bougies bio et d’autres accessoires.
Belval Plaza 2, Avenue du Rock‘n Roll Esch sur Alzette
Tel. 26 62 57 73
Email : tagua.contact@gmail.com
Den zweete Grond ass erëm eng Kéier op déi kuerz Weeër zeréckzeféieren. Wat d‘Wuer méi séier beim Konsument ukënnt, wat se logescherweis méi frësch ass. Doduerch brauch de Produzent och net op chemesch Mëttelen zréckzegräifen, déi d‘Haltbarkeet kënschtlech erhéijen. Am Idealfall geet de Keefer direkt bei den Hiersteller selwer akafen. Vill regional Hiersteller bidde genee dëse Service un. Ee Beispill dofir sinn déi sougenannte Mëllechtankstellen, bei deenen een sech déi frësch Mëllech bal direkt aus der Kou kann ofzapen. Een Ënnerscheed, deen ee schmaacht. Rekapitulativ léisst sech soen, datt un engem regionalen Akaf jidderee profitéiert. Wie sengem Land, der Ëmwelt an sech selwer eppes Guddes wëllt doen, dee geheit bei den nächste Kommissiounen am beschten een zweete Bléck op d‘Etikett.
31
Nous dégageons votre horizon.
Un partenariat pour penser votre projet à 360°
PROMOTION IMMOBILIÈRE +352 26 95 71 11 www.hob.lu
FINANCEMENT ET ASSURANCES +352 26 95 77 25 www.schmatz.lu
VENTE, LOCATION, GÉRANCE D’IMMEUBLES +352 26 95 73 01 www.mghimmo.com
ENTREPRISE DE CONSTRUCTION GÉNÉRALE 32
+352 92 06 26-1 www.schilling.lu
VISIT TROISVIERGES
ËLWEN AN DER RENAISSANCE
Viru just e puer Wochen huet Ëlwen d‘Opmierksamkeet op sech gezunn, well vun der Gemeng eng riseg Campagne lancéiert ginn ass, déi d‘Eisebunnerstiedchen zu engem Touristemagnéit maache soll. Dës Campagne stäipt sech op dräi Voleten - Vëlo, Wanderen a Fräizäitaktivitéiten. Ee Bléck dorop, wéi vill Potential wierklech dohannert stécht a wéinst wat sech och fir de Lëtzebuerger eng Rees a Richtung Norde lount.
Rise and fall Fir ze verstoen, firwat an Zukunft ausgerechent
den Tourismus sou staark an de Fokus geréckelt gëtt, muss ee fir d‘éischt op d‘Vergaangenheet zréckkucken. Ëlwen huet eng turbulent Geschicht mat Héichten an Déiften hannert sech. Joerhonnerte laang huet d‘Uertschaft an Isolatioun geleeën, bis se sech no 1866 dank den Eisebunnsstrecken an dräi Richtungen zu engem bedeitenden Handelszentrum entwéckelt huet. Iwwer Joerzéngten huet d‘Stad un der Nordspëtzt floréiert, bis eng vun den Zuchstrecken ewechgerappt ginn ass. Deen zweete Boom huet d‘Bankegeheimnis mat sech bruecht, mee wéi och dat sech opgeléist hat, war Ëlwen wéi ausgestuerwen.
33
Nei Plazen erfuerschen Een neien Opschwong soll elo den Tourismus bréngen. Ironescherweis huet déi fréier Zuchstreck vun Ëlwen bis op Oochen, d‘Vennbunn, den Ustouss dofir ginn. Déi ass an der Tëschenzäit nämlech zu engem beléifte Vëloswee ëmgebaut ginn. Duerch dräi Länner féiert déi 125 km laang Streck an offréiert de Cycliste vill interessant Attraktiounen. Déi noosten a gläichzäiteg bal déi schéinsten dovunner ass de sougenannte Fliedermaustunnel zu Huldang. Wéi den Numm et well suggeréiert, hunn sech an dësem Tunnel, wou fréier d‘Dampmaschinnen duerchgefuer sinn, eng Dose vu verschiddenen, deelweis seelene Fliedermausaarten niddergelooss.
Fir d‘Déieren ze schützen ass den Tunnel der Ëffentlechkeet net zougänglech, mee schonn d‘Weeër fir dohinner a ronderëm versetzen de Visiteur mat faszinéierende Landschaften a Staunen. Wéi an enger Fantasiewelt schlängelt sech d‘Bunn tëscht ale Maueren erduerch, déi mat Arkaden a Moos besat déi ganz Ëmgéigend an eng mysteriéis Ambiance dauchen. Op der Héicht vum Tunnel versuergt eng interaktiv Plattform de virwëlzege Vëlosfuerer oder Wanderer mat Informatiounen iwwer d‘Fliedermais an d‘Eisebunnsgeschicht. Weeër fir den Drotiesel spadséieren ze fueren oder sech d‘Féiss midd ze trëppele ginn et awer nach vill méi. De sougenannten „Fluchthelferweg“ huet sech doduerch een Numm gemaach, datt am 2. Weltkrich d‘Lëtzebuerger Widderstandskämpfer sech iwwert dës Streck virun der Wehrmacht aus dem Stëbs gemaach hunn. Am ganze sinn et 17 Wanderweeër a 6 Vëlosweeër, gutt ausgeschëldert a vu verschiddene Längten a Schwieregkeetsgraden, déi dem Sportbegeeschterten zur Auswiel stinn. Op der Internetsäit vum Ëlwener Tourismusbüro (www.visittroisvierges.lu) sinn alleguer d‘Weeër 34
opgelëscht a mat prakteschen Informatiounen opgepeppt. Iwwerdeems kann sech de Reesenden iwwert den Online-Kaarteservice op der Säit all Route am Detail ukucken a säin Trip komfortabel am Viraus plangen.
Alles fir de Vëlo Ier et op den Tour geet ass et sécherlech net vun Nodeel, nach emol alles ze iwwerpréiwen an de Vëlo a Schoss ze bréngen. Ee platte Pneu oder eng eidel Batterie vum E-Bike gi schonn duer, fir den Ausfluch an d‘Waasser falen ze loossen. Glécklecherweis gëtt de Vëlosfuerer zu Ëlwen net hänke gelooss. Am a virum Touristenzenter fënnt de Cyclist eng Statioun mat allem, wat en nëmme brauch, fir ouni Suergen un de Start ze goen: Loftpompelen, een Automat mat neie Schläich, eng Luetstatioun fir elektresch Vëloen an ee Buttek fir Ersatzdeeler. No der ustrengender Exkursioun dierf den ausgepowerten Athlet säi verschweesste Kierper an enger vun den Duschen ofbrausen, fir sech ofschléissend an engem vun den Ëlwener Restauranten oder Snackbare mat neier Energie vollzetanken.
24 Stonne laang Aktioun Et sinn awer net just Cyclisten a Spadséiergänger, déi op hir Käschte kommen. Virun allem am Summer, wann den Thermometer an de roude Beräich klëmmt, spendéiert déi nei oppe Schwämm eng wëllkomme Killung. Eng 45 Meter laang Spiral-Rutschbahn an ee Stréimungskanal loossen d‘Häerzer vu Waasserrate méi héich schloen. Zwee separat Kannerbasenge suergen dofir, datt och déi Jéngst hir Freed um naassen Erliefnis hunn. D‘Wiss ronderëm d‘Schwämm luet dorop an, no der Erfrëschung säin Duch auszebreeden an sech vun der Sonn dréchnen ze loossen - acrèmen net vergiessen! Un de Joreszäite, wou d‘Wieder net esou matspillt an d‘Loscht fir ze schwammen trotzdeem net noléisst, kann een op déi grouss Haleschwämm zeréckgräifen. Fir déi méi waasserschei ënnert de Visiteure sinn déi reservéierbar Tennis- oder Beachvolleyballfelder eng Optioun. Mee wie seet dann, datt een sech op eppes beschränke muss? Well alleguer d‘Attraktiounen immens no beienee leien, sinn se ouni Problemer matenee
kombinéierbar. Mat de variéierten Aktivitéiten, déi zu Ëlwen ugebuede ginn, kann ee labber ee ganzen Dag do verbréngen, ouni datt Langweil opkënnt an ouni mussen den Auto ze benotzen. Apropos Auto: Ëm de Fräizäitzentrum verdeelt befannen sech ganz vill Parkméiglechkeeten, déi alleguer net méi wéi 5 Minutten zu Fouss ewech sinn. Den einfachste Wee fir dohinner ass awer ëmmer nach den Zuch, déi genannten Attraktioune befannen sech just 10 Minutte vun der Gare ewech.
Iwwerdeems verfügt de Camping iwwer 143 Plazen, dovunner eng 70 fir sech mat der Karawann, mam Campingcar oder mam Zelt z‘installéieren. Bei engem méi laangen Openthalt dierf de Komfort nom Standard vum 21. Joerhonnert natierlech net feelen. Dat heescht, datt d‘Notzer vum Camping Accès op Wäschmaschinn an Trockner hunn. Souguer gratis Wi-Fi ass inklusiv.
A wann ee méi laang wëllt bleiwen?
Bei engem Roadtrip ënner Kollegen erweist sech d‘Méiglechkeet fir eng Iwwernuechtung als besonnesch praktesch: Moies een Tour mam Vëlo, mëttes an d‘Schwämm an eng Ronn Beach-Volleyball oder Tennis, owes um Camping grillen a schlofen. Natierlech besteet niewendrun nach d‘Méiglechkeet, et sech an der lokaler Gastronomie an Hotellerie gutt goen ze loossen. Domat liwwert Ëlwen de beschte Beweis, datt een net wäit muss fueren, fir ee fantastesche Summer kënnen ze verbréngen.
Bei sou Villem, wat et zu a ronderëm Ëlwen ze erliewe gëtt, kënnt vläicht de Gedanken op: Firwat net hei iwwernuechten? Och dat ass méiglech! Nieft den zwee Hoteler gëtt et ee Camping, deen sech just 200 Meter vun der Gare ewech befënnt. Dësen ass mat moderne Chaleten am ganz klengen (10 m2) an am bësse méi grousse Format (32 m2) equipéiert an enthält mat gemittleche Better, Buedzëmmer, Kichen an Heizung all wichteg Ariichtunge, fir sech wuelzefillen. Déi erméigleche bis zu 6 Visiteuren, den Dag ënnert engem Daach auskléngen ze loossen an de Moien drop frësch a monter déi lescht Kreepercher op hir To-DoLëscht ze setzen.
De Camping an d‘Sportsterraine kann een online reservéieren. Méi Detailer doriwwer an iwwert déi ënnerschiddlech Servicer an Infrastrukture sinn op www.visittroisvierges.lu an www.camping-troisvierges.lu opruffbar. 35
CRÈCHEN
E SECTEUR, DEE « BOOMT »
D’Unzuel vun de Crèchen hei am Land hëlt ëmmer méi zou. Kee Wonner, wann ee bedenkt, datt mëttlerweil a ville Fäll déi zwee Elterendeeler schaffe ginn an déi klassesch Roll vun der Hausfra, déi doheem bleift an sech ëm de Stot an d’Kanner këmmert, praktesch um ausstierwen ass. D’Fro, déi dacks schonn an de Käpp vun zukünftegen Eltere schwieft, ass deemno berechtegt : Wouhi mam Kand, wann d’Fra nees schaffe geet ? Bei d’Famill, bei eng Dagesmamm oder vläicht an eng Crèche? A wéi 36
eng Zort vu Crèche ass déi beschten Alternativ fir eis ? Froen iwwer Froen, déi dëse Reportage opzekläre versicht.
Wat fir Crèchë ginn et? Et ginn e puer verschidden Zorte vu Crèchen : staatlecher, kleng Privatcrèchen, déi et just op enger Plaz ginn oder eng Aart Chaîne vun Crèchen, déi all de selwechten Numm hunn an op ënnerschiddleche Plazen unzetreffe sinn.
Deemno fir wéi eng Crèche een sech entscheet muss ee mat laange Waardenzäite rechnen, fir eng Plaz ze kréien. Dowéinst rentéiert et sech natierlech scho während der Schwangerschaft, e puer Crèchë kucken ze goen an sech z’informéieren. Mee firwat sollt een sech bei all de Betreiungsméiglechkeeten, déi et hautdesdaags ginn, iwwerhaapt fir eng Crèche entscheeden? Fir d’éischt emol bidde Crèchen ee professionellen Encadrement fir d’Kanner.
CRÈCHE OUVERT du lundi au samedi de 6.00h à 20.00h
12, rue de Lannen
L-8537 HOSTERT info@minimoyz.lu
Tél.: +352 621 35 07 81
Crèche à Mertzig BABY CONCEPT 43 rue principale 9168 Mertzig Du lundi au vendredi de 6h45 à 18h45
www.minimoyz.lu
Crèche à Pommerloch BABY CONCEPT 2 24 an der Gaass 9638 Pommerloch Du lundi au vendredi de 6h45 à 19h15
Renseignements et inscriptions au
621/66.24.32
Baby Concept accueille vos enfants de 2 mois à 4 ans dans un univers Francophone et Luxembourgeois. Nous travaillons avec le Chèque-service à l’heure et suivant vos besoins. Découvrez notre site
www.babyconcept.lu 37
CLIMATISATION CHAUFFAGE
ENERGIES
SANITAIRE
VENTILATION
REGULATIONS
www.wagner-schaffner.lu
38
11, z.a.c. Klengbousbierg • L-7795 Bissen • Tél. +352 81 24 42-1 • Fax +352 81 71 58
CRÈCHE DE ROLLINGEN / DE MERSCH
CRÈCHE DE WILTZ
CRÈCHE D‘ETTELBRUCK
7, Millekneppchen L-7558 Rollingen / Mersch
23, rue Michel Thilges L-9573 Wiltz
20, avenue Kennedy L-9053 Ettelbruck
Tél.: 691 900 480
Tél.: 24 55 97 78
Tél.: 26 87 74 74
NOUVEAUX LOCAUX EN AUTOMNE 2017
www.lacolline.lu Ouvert toute l'année du lundi au vendredi de 6h30 a 18h30 Horaires élargies sur demande
Personnel pluridisciplinaire et multilingue Locaux modernes et colorés Pédagogie Montessori & HighScope
D’Personal ass speziell dofir ausgebilt ginn a kompetent, fir sech ëm eng Grupp vu Kanner ze këmmeren. Dobäi kënnt natierlech d’Sécherheet vun deene Klengen net ze kuerz. D’Ariichtung ass de Butzen op Mooss gemaach an si komme wierklech just un déi Saachen, wou déi kleng Fangeren eppes ze sichen hunn. Och a Punkto Aktivitéite gëtt alles dem Alter vum Kand ugepasst. Sou ginn et ëmmer nees nei Saachen z’entdecken an de Spaass kënnt bestëmmt net ze kuerz. Ee weidere wichtegen Avantage vun de Crèchen ass natierlech de Kontakt mat anere Kanner, d’Fuerdere vu soziale Kompetenzen ass ee bedeitende Schrëtt fir déi spéider Entwécklung.
Virdeeler vis-à-vis vun enger Dagesmamm D’Crèchen hunn nawell eng Rëtsch Virdeeler par Rapport zu enger Dagesmamm. Ugeholl d’Dagesmamm gëtt emol iwwert ee längeren Zäitraum krank… wie këmmert sech an deem Fall ëm d’Kand ? Dann ass et un den Elteren, eng Persoun ze sichen, déi asprange kann. An enger Crèche dogéint ass ëmmer ee vum Personal do, deen asprange kann, esou datt
L‘ENFANT AU CENTRE DE TOUTES NOS ATTENTIONS
den Elteren de Stress erspuert bleift, extra no enger neier Persoun ze sichen, déi sech ëm hiert Kand këmmere kann. D’Crèchen hunn an der Reegel och ee méi héije Budget ewéi eng Privatpersoun. Doduerch kënnen si ëmmer erëm nei Saachen uschafen an esou duerch Ofwiesslung punkten. An der Crèche steet d’Betreiung vun de Kanner kloer am Virdergrond, während eng Dagesmamm och nach aner Chargen am Alldag meeschtere muss.
Och d’Chèques Services spillen eng Roll Zënter 9 Joer ginn et d’Chèques Services, déi den Eltere beim Finanzement vun der Kannerbetreiung ënnert d’Äerm gräifen. D’Eegebedeelegung vun den Elteren hänkt dobäi vum Akommes, der Zesummesetzung vum Stot an de Stonnen, déi d’Kand an der Ariichtung versuergt gëtt, of.
39
24 STONNE VËLO WËNTGER
D‘PASSIOUN FIR DE VËLOSSPORT
Wa sech zu Wëntger gutt 4000 Leit versammelt hunn, fir ee Schwarm vu fläissege Cyclisten unzefeieren, da kann dat nëmmen eppes heeschen: 24 Stonne Vëlo Wëntger. Dëst Joer geet déi beléifte Vëloscourse, bei där Equippen aus 6 Kategorien un de Start ginn an eng Streck vun 3 km 24 Stonne laang ofpedalléieren, an déi 10. Editioun. President vum Organisatiounscomité ass de Carlo Weber. Hien erzielt, wéi de 24 Stonne Vëlo Wëntger an d‘Liewe geruff ginn ass a wou hien d‘Energie hierhëlt, en all Joer erëm nei opzeféieren.
40
Wéi ass d’Iddi vu 24 Stonne Vëlo Wëntger entstanen an ëmgesat ginn? Carlo Weber: D‘Grondkonzept besteet well mei laang op anere Plazen, mir hunn eis d‘Iddi aus der Belsch ofgekuckt, fir se kënnen op Wëntger ze iwwerdroen. Am Ufank war et awer guer net sou einfach, dat Ganzt un d‘Rullen ze bréngen. D‘Streck féiert iwwert eng Nationale an d‘Geneemegung fir esou eng Strooss spären ze loosse kritt een net einfach esou. Ausserdeem ware mir deemools nach kee Vëlosveräin a missten eis dowéinst eng Dageslizenz vun der
Vëlosfederatioun ausstelle loossen. Och fir sech anzedeelen, wien wat mécht, war eng grouss Erausfuerderung. Mëttlerweil ass dat Ganzt mei einfach, jidderee weess, wat en ze dinn huet an och d‘Autoritéite kennen eis well, sou datt et mat de Geneemegunge mei séier geet. Haut kréie mir souguer gehollef, souwuel vum Gemengepersonal wéi och vun de Ponts et Chaussées, der Police an de Pompjeeën a gi finanziell ënnerstëtzt vun iwwer 70 Sponsoren. Doriwwer si mir richteg glécklech.
Wat sinn Ärer Meenung no déi bedeitendste Momenter aus de leschten 10 Joer? Carlo Weber: Den Highlight ass natierlech all Kéiers, wann een déi onmoosseg vill Cycliste gesäit, déi ganz motivéiert matfueren an d‘Präisiwwerreechung zum Schluss, déi ëmmer immens emotional ass. Jidderee läit sech an den Äerm an ass erliichtert, et gepackt ze hunn. A wann ee gesäit, datt d‘Gewënnerequippen all hiert Präisgeld op der Bühn fir ee gudden Zweck hierginn, da gëtt engem scho waarm ëm d‘Häerz. An de leschten 9 Joer sinn 250.000 Euro zesumme komm, domat konnte mir vill beweegen. Wat ech trotz der negativer Erënnerung wëll ervirhiewen ass den Doud vun eisem Kolleg Camille Arend am Joer 2014, dee just een Dag virum Event bei engem tragesche Fligeraccident ëm d‘Liewe komm ass. Amplaz vun de Feierlechkeeten hu mir dunn een Trauermarsch organiséiert, bei deem ganz vill Leit matgaange sinn. Esou vill Solidaritéit huet mech awer frou gemaach. Hie soll net a Vergiessenheet geroden.
www.velo.wentger.lu
Wat motivéiert Iech, well fir déi 10. Kéier d’Organisatioun vum Vëlo Wëntger ze leeden?
28.&29.JULI
2017
Carlo Weber: Ech si well ëmmer op der Sich no Erausfuerderunge gewiescht. Zënter Jore sinn ech well un der Organisatioun vu villen aneren Eventer bedeelegt, wéi d‘Bauerefest zu Brotebach, d‘Nuit du Sport oder d‘Lernfest zu Wëntger, a si Member an enger Dose Veräiner. Natierlech maachen ech och gäre selwer Sport, och wann ech leider manner dozou komme wéi gewollt, mee ouni sportlech Begeeschterung géif dat net goen. Mech motivéiert och ze gesinn, datt no all deene Joren nach sou vill Fräiwëlleger mat grousser Begeeschterung mathëllefen. All dëst an d‘Freed an de Gesiichter vun den dausende vu Leit, déi all Kéier heihinner kommen, loosse mech u menger Roll als President festhalen.
DI 2 DEEG ASS FRÄIEN ENTRÉE GRATIS PARKING & CAMPING GRATIS FAMILLJEN TOUR (19.00H) 41
GOURMET ET RELAX HÔTEL DE LA SÛRE depuis 1970
GOURMET & RELAX Hôtel de la Sûre
HÔTEL ROCK SPA WELLNESS & BEAUTY RESTAURANT DE STYLE GRANDE TERRASSE BRASSERIE ET BAR AGRÉABLE CATERING, SÉMINAIRES, RÉCEPTIONS, FÊTES…
Rue du Pont 1 I L-9650 Esch-sur-Sûre I Luxembourg
T. +352 83 91 10 info@hotel-de-la-sure.lu 42
www.hotel-de-la-sure.lu
Gutt Iessen an sech verwinne loossen an enger charmanter Atmosphär: Geleeën zu EschSauer, dat als eent vun den eelsten Dierfer am Land vun engem mëttelalterleche Flair ëmginn ass, placéiert sech den Hôtel de la Sûre direkt an ee Kader, fir sech wuel ze fillen. Bausse gutt, mee bannen nach besser. Zënter bal 50 Joer befënnt sech den Hotel an engem Schlass vun 1103 an ass déi ideal Plaz, fir mat der Famill oder romantesch zu Zwee „Vakanz doheem“ ze maachen. Ee komplett equipéierte Wellness-Center, eenzegaarteg am Naturfiels, mat Vitaminne-Sauna, Äis-Pëtz, Dampfbad a weideren héichmodernen Ariichtunge garantéiert eng déif Entspanung, déi duerch Massage-Servicer op den Héichpunkt bruecht gëtt. Owes suergen 8 verschidden Typpe vun Zëmmeren dofir, datt den Dag mat engem gesonde Schlof de perfekten Ofschloss fënnt. Speziell Zëmmere fir Asthmatiker, Zëmmere mat Whirlpool oder Hängeschaukelbett wéi och méi klassesch Kummeren decken all Präisklass an Erwaardungen of. Esou richteg an de Genoss kënnt een am Restaurant Compte Godefroy, deen sech am Hôtel de la Sûre befënnt. Regional Kiche mat Akzent op franséische Spezialitéite ginn hei den Toun un. Dobäi gëtt vill Wäert op d‘Verschaffe vun héichqualitative lokale Produite geluecht. D‘Bianca an de Ronald Streumer mat hirer kompetenter Equipe aus 4 Käch an 2 Hëllefskäch leeën hiert Häerzblutt an d‘Zoubereedung vu jiddwer Plat, sief et just eng kleng Moolzecht oder ee ganze Festmenü. Op der ofwiesslungsräicher Menüskaart fënnt all Gaascht zu all Moment eppes fir säi Goût. Vegan a vegetaresch Leckereien zielen natierlech och dozou. Riets stellt de Restaurant 2 Platen vir, op déi e besonnesch houfreg ass.
GOURMET & RELAX HÔTEL DE LA SÛRE PRESENTÉIERT
GAUMENSCHMAUS
Potthucke D‘Iddi hannert dësem Plat mam aussergewéinlechen Numm, deen de Ronald Streumer seng Eegekreatioun nennt, ass d‘Revaloriséierung vun der Gromper. Déi muss sech meeschtens mat hirer Roll als Bäilag zefridde ginn, während se an der Potthucke komplett am Mëttelpunkt steet.
Dir braucht:
Planche campagnarde Fir all déi, déi vill Ofwiesslung brauchen, ass d‘Planche campagnarde eng gelongen Auswiel. D‘Kombinatioun vu verschidden Zorte Fleesch aus der Regioun Uewersauer a Geméis, Eeër a Meloun deckt all Geschmaach geziilt of a bréngt Balance an de Mond. Besonnesch recommandéiert bei gréissere Gruppe vu Gäscht.
1kg 550g 1-2 3 200g 250g
réi Gromperen gereecherte Speck Mettwurschten Eeër Spelzmiel Ram Salz a Peffer
Sou gëtt et gemaach: • Grompere schielen, kleng rappen an d‘Waasser ausdrécken. • Mat den Eeër, dem Spelzmiel, der Ram, Salz a Peffer gutt vermëschen. • De Buedem vun enger Bakform mam Speck ausleeën a mat der Halschent vum Gromperendeeg fëllen. • D‘Mettwurschten an d‘Mëtt leeën a mam Rescht vum Gromperendeeg bedecken. • Uewe mam Rescht vum Speck zoudecken • Bei 170°C 1,5 bis 2 Stonnen am Uewe baken. • Aus dem Schäffchen eraushuelen an ofkille loossen. • An ca. 2,5cm déck Scheiwe schneiden an op béide Säiten an der Pan mat Botter krupseg broden. • Mat Quetschekraut an enger Zalot zerwéieren.
43
plan K
14 GESCHÄFTE AUF ÜBER 10.000 M2 AUCH SONNTAGS GEÖFFNET BAUPHASE 1 VON 4
44 SERVICES
www.nordstrooss.lu
LIBRAIRIE ZIMMER PRESENTÉIERT
Que se passe-t-il quand un pays démocratique a tenu à plusieurs reprises des élections législatives en un court laps de temps et que les partis politiques ne parviennent plus à s’entendre pour former un gouvernement ? Il faut donc trouver une solution inédite pour débloquer la situation. Mais les choses ne se passent jamais comme prévu... Laurent Moyse est journaliste indépendant et auteur de plusieurs ouvrages à caractère historique. En recourant cette fois à la fiction, il décrypte avec humour le fonctionnement d’une société confrontée à un bouleversement politique inattendu.
Le coup du sort
L
a discussion s’interrompit soudainement quand le premier ministre sortit de la salle de réunion. Visiblement éprouvé, il tenta tout de même de faire bonne figure en décrochant un sourire forcé devant les caméras. Les micros se tendirent, formant devant lui un bouquet multicolore. Le chef du gouvernement commença sur un ton aussi neutre que possible. Il ne voulait pas trahir sa nervosité, sachant qu’on suivait avec une attention soutenue le moindre de ses mouvements et qu’on écoutait dans un silence religieux le moindre son de sa voix. Il respira un bon coup : – Le gouvernement vient de se réunir en séance extraordinaire et de débattre longuement de la suite à donner aux élections. Diverses options ont été envisagées mais elles se sont toutes heurtées à des problèmes insolubles. L’incapacité des partis politiques à trouver un accord pour former une coalition stable apte à diriger le pays nous a obligés à prendre une décision inhabituelle. A situation exceptionnelle, décision exceptionnelle !
Laurent Moyse
D’IESELSOUER Le coup du sort Laurent MOYSE
une fiction politique
Wat geschitt an engem Land, wann déi politesch Parteie mierken, datt d’Regierung d‘Land net méi ka regéieren? Soll een ëmmer un Neiwalen denken? Oder kann et méiglech sinn, datt ewéi an dëser „ficition politique“ aus enger Lotterie ervirgeet, wien den neie Premier gëtt? Dëst Buch beschreift op eng immens detailléiert a witzeg Aart an Weis, wéi den neie Mann un der Spëtzt vum Land mat senger Equipe muss kämpfen, fir d‘Land no vir ze bréngen. Ass dës Utopie iwwerhaapt utopesch? Ech sinn op dëst Buch gestouss duerch ee bekannte Lëtzebuerger Libraire, dee mir mat groussem Enthousiasmus gezielt huet, datt et immens vill Parallelle mat der haitiger Situation an der mëtteleuropäischer Politik ginn. Hien huet net ze vill versprach a mat dem Ausgang vun de leschte franséische Walen ass dëst Buch en absolute Must fir all politesch an net politesch engagéiert Matbierger. Dëst Buch ass a franséischer Sprooch an et ass derwäert, de Laurent Moyse, säin Humor an seng wonnerschéi Sprooch kennenzeléieren.
éditions
ISBN 978-99959-912-6-5
er_coup_moyse.indd 1
Le coup du sort Laurent Moyse
Ernster Editions
9/24/16 10:55 AM
ISBN 978-99959-9126-5
14,80 € Dem Sibbi seng Wierder Georges Hausemer / Anja Thielen Dëst Buch am praktesch-quadratesche Format ass menges Wëssens no dat eenzegt „Pixi“ Buch op Lëtzebuergesch, dat an de Bicherbutteker disponibel ass. Mat senge klenge Moosse vun 12x12 cm passt et an all Posch an ass zënter der éischter Oplag vun 2008 de Klassiker fir mat an d‘Vakanzewallis. Op ronn 20 Säite léiert een den Sibbi kennen. Hien ass ee verfroossenen an gemittleche Bier: Hie spillt gär mat den Zéiwen a kraazt sech nach vill léiwer um Kapp. De Sibbi spillt awer och gär mat de Wierder an ausserdeem hält hien och ganz gären déi eng oder aner Mëttesrascht. Eng léif Geschicht fir déi Kleng, vum bekannten Auteur Georges Hausemer, dee jo dëst Joer mam Batty-WeberPräis ausgezeechent gouf. D’Illustratioune si vun Anja Thielen.
Editions Guy Binsfeld ISBN 978-2-87954-193-8
2,50 € Mon Luxembourg Stéphane Bern Dëst groussformategt Billerbuch weist op 150 Säiten dem bekannte franséische Fernsehsmoderator seng Vue op „säin“ Lëtzebuerg, esou wéi hien et mat senge Grousseltere kennegeléiert huet a wéi et sech zu senger Liiblings-Heemecht entwéckelt huet. An zwee grousse Kapitelen, dat éischt iwwert d’Stad an dat zweet iwwert de Rescht vum Land, léisst eis de Fotograf Guillaume Laubier all déi wichteg a grouss Plaze Revue passéieren. Den opulent barocken Text vum „Monsieur Histoire“ ass eng Hommage un eise Patrimoine, eng detailléiert an pointéiert Zesummefaassung vun der Lëtzebuerger Geschicht an erstreckt sech iwwert dat ganzt Buch. Um Schluss vum Buch fënnt een nach dem Auteur seng „coup de coeurs“ fir déi bescht Adressen a kulturell saisonal Héichpunkten. Dëst Buch ass ee franséischsproochege Schatz fir all déi Leit, déi net wëssen, firwat eist Ländchen esou schéin ass. Et ass eng Hommage un eist Herrschaftshaus. Et ass zäitgenëssesch an huet och aktuell Fotoen. Wann een eppes Negatives muss fanne bei dëser dach ganz nobeler Approche, dann ass et, datt d’Buch leider ee ganz strenge Geroch no schlechtem Faarfdrock huet.
Editions Flammarion (France 2016)
ISBN 978-2-0813-9428-5
35,00 €
11, rue Saint Antoine L-9205 Diekirch
Tél: 80 95 59 Fax: 80 71 62
Lun. - Ven. 08:30 - 18:00 Sam. 09:00 - 17:00
www.zimmer.lu 45
20 Beauty
years of
Quality
20
Service
super cadeaux
à gagner lors de votre prochaine visite
27, rue des Tondeurs L-9570 Wiltz Tél: +352 95 91 71
www.beauty-lounge.lu beauty-lounge@facebook
5a, rue Prince Jean L-9052 Ettelbruck Tél.: +352 27 03 33 70
WOMEN AAIKO / AIRFIELD / ARMANI / CAMBIO / CAROLINE BISS / ELISA CAVALETTI / FRACOMINA / FREEMAN / GAUDI / GIGUE / GUESS / HIGH / KARL LAGERFELD TASCHEN / KOCCA / LIU JO / LIU JEANS / LIU JO SPORT / LUISA CERANO / MARC AUREL / MARCCAIN COLLECTION & SPORT / MAXMARA WEEKEND / MICHAEL KORS / PATRIZIA PEPE / PEPE JEANS / PRINCESS / REPEAT / RIANI / RICH&ROYAL / SARAH PACINI / SAVE THE DUCK / SCAPA SPORTS / SCOTCH&SODA / SPORTALM / SUPERDRY / TOMMY HILFIGER / TWIN SET
SALE
7/7 Tage geöffnet 10 - 19h00
BIS ZUM 30.07.
MEN
-30%-50%-70% WEISWAMPACH Gruuss Strooss 64 T. +352 26 908 440
DIE NEUEN KOLLEKTIONEN SIND SCHON DA!
www.passion.lu
Iesscafé - Bistro | Fëscherbuttik Terrasse beim Waasser kleng Indoorspillplaz Familljefester an Partyen Kannergebuertsdeeg
7 SQUARE / ANTONY MORATO / ARMANI JEANS / A FISH NAMED FRED / BOSS BLACK / CAVALLARO / CLUB OF GENTS / BOSS GREEN / DIGEL / DSTREZZED BOSS ORANGE / DU4 / FYNCH HATTON / GARDEUR / HACKETT / KARL LAGERFELD / MMX / ROY ROBSON / SAND / SCOTCH&SODA / SAVE THE DUCK / SEIDENSTICKER / SUN 68 / SUPERDRY / THOMAS BRADLEY
vun Abrëll bis Oktober
7/7 Deeg op
Och am Wanter méiglech op Ufro
11, Millewee | L- 9659 Heiderscheidergrund | Tel: +352-839004 | Fax: +352-899142 www.camping-bissen.lu | info@camping-bissen.lu
VORHER
-10 € NACHHER
Salon de Coiffure & Centre Esthétique Esthéticienne diplômée
Eis Equipe ass Dastes bis Samschdes op Rendez-vous fir Iech do.
4, rue du curé | L-9640 Boulaide Tél.: 99 36 71
NEI VUM 15. JULI UN!
Erfëllt Iech den Dram vu vollen a laange Wimperen! Super Summerpromotioun vum 15. Juli bis den 31. August 2017 -10 € op Ären neie Wimperen.
Vum Kapp bis bei d’Féiss - Alles an Ärer Beauty Case. Pour la beauté et le bien-être de la tête aux pieds.
Garage toute marque Nos services: • mécanique • carrosserie • pneus • location • SNCT • Service Auto Crew Bosch Réparation Jantes / Vélos
MF-car s.àr.l. • 38 , rue Michel Thilges • L-9573 WILTZ • T: 95 80 67 • mf-car@pt.lu
PORTE OUVERTE 17. SEPTEMBER 2017 VUN 11-18 AUER WEIHNACHTLICHES RÜDESHEIM 07.12.2017 – 10.12.2017
Unsere Leistungen: PREIS PRO PERSON
im DZ: 480 € EZ: 545 €
Tag 1: Anreise mit Stadtführung in Rüdesheim und Abendessen in der Drosselgasse Tag 2: Tag zur freien Verfügung in Mainz Tag 3: Tag zur freien Verfügung Weihnachtsmarkt Tag 4: Weihnachtsmarkt Wiesbaden und Heimreise 5, Z.I. In den Allern
Fahrt im Reisebus Abholdienst Mittagessen Hinfahrt in Bernkastel-Kues 3x Übernachtung im Hotel Jagdschloss 1x Abendessen im Hotel 1x Abendessen in der Drosselgasse 1x 1,5 Std. Stadtführung Rüdesheim 1x 1,5 Std. Stadtführung Mainz 1x Mittagessen in Mainz Kurtaxe
Für weitere Informationen stehen wir Ihnen zur Verfügung:
Tel: 998132-1 | Email: info@stephany.lu Diese Reise wird nur durchgeführt bei einer Mindestteilnehmerzahl von 15 Personen, sollte diese nicht erreicht werden bis zum 01.10.2017, wird die Reise storniert und die Anzahlung zurücküberwiesen.
| L-9911 TROISVIERGES | FAX: 979670 | TEL: 998132-1 |
www.stephany.lu
M U Ä
L I B
JU
10Jahre by Manfred Wiesen
10 erstgekaufte KÜCHEN erhalten KOMBI-Dampfgarer ab 03. Juli 2017
Zum Jubiläum auf alles
WIR FEIERN
SIE PROFITIEREN Aktion gültig bis Ende 2017
Besuchen Sie unseren neuen Ausstellungsraum! 67, Gruuss Strooss L-9991 WEISWAMPACH Tel: +352 26 90 97 66
• Beratung • Innenarchitektur • Ausführung • Montage
by Manfred Wiesen
ÖFFNUNGSZEITEN Mo-Fr: 09-12 & 13-18 Uhr Sa: 09-16 Uhr 14-18 Uhr So: 51
info@widu-kitchens.com • www.widu-kitchens.com
Z.A. Solupla, 32i, rue de Niederpallen • L-8506 Redange •
26880209 • info@electro.lu • www.electro.lu
Elektrotechnik Alarm- und Sicherheitstechnik Beleuchtungstechnik Antennentechnik
PORTE OUVERTE
zu Brotebach an der neier
EXPO 3O.O9.+ O1.1O.2O17
FENÊTRES EN BOIS | FENÊTRES EN BOIS-ALU PORTES EXTÉRIEURES | PROTECTIONS SOLAIRES Maison 2A | L-9641 Brachtenbach | T: 99 4O 67 - 1 | F: 99 42 74 info@fenstermersch.lu | www.fenstermersch.lu
„SICH DE FEELER“
GEWËNNSPILL Ze gewanne gëtt et ee
Kombi Dampfgarer fir den 10. Anniversaire vun
um Wäert vun
1.800 €
Sicht déi 5 Feeler op der Foto an schéckt eis d’Souche bis spéitstens den 21. Juli 2017
Affranchir s.v.p.
DOHEEM - SAN s.àr.l. Maison 16 L-9780 Wincrange
AUSFËLLEN A GEWANNEN
53
10. SEPTEMBER 2017
Einlass: 18.00 / Beginn: 20.00 Dauer: +- 90 Min
FESTIVALPLATZ
WILTZ
WWW-E-TICKET.LU - WWW.TICKET-REGIONAL.DE - WWW.EVENTIM.DE
D‘GEWËNNER VUM SPILL AUS DEM MAGASINN DOHEEM N°28 NUMM:
_____________________
VIRNUMM:
_____________________
ADRESS:
_____________________ _____________________
PLZ:
_ ____________________
UERTSCHAFT: _____________________ TÉL: E-MAIL:
_____________________ _____________________
Just gëlteg wann alles komplett ausgefëllt ass an déi 54 5 Feeler fonnt gi sinn.
Bong am Wäert vun 500 € fir een 3-gängegt Owesiesse mat Iwwernuechtung fir 4 Persounen am Uerspelter Schlass
- Rodesch Marcelle, Niederfeulen
2 Tickets - 21. Juli „Losers Cirque Company“ (Festival Wiltz)
- Wolff Jean-Pierre, Diekrich
2 Tickets - 2. Juli „Das Dschungelbuch“ (Festival Wiltz)
- Reimen Carmen, Wiltz
2 Tickets - 1. Juli „Voyage Musical - du Nil à l‘oural“ (Festival Wiltz)
- Peeters Angela, Bettendorf
MIR SETZE [BAL] ALLES A BEWEGUNG WËNTGER & DIKRICH | www.san.lu
56