Skip to main content

28. Editioun vun der Doheem

Page 1

DRINKLANGE RÉSIDENCE « A KURZELT » À DRINKLANGE, ELWENTERSTROOSS

14 appartements de 51,91 m2 à 121,01 m2 6 appartements 1 studio 7 duplex

HAUT STANDING

Prix à partir de 195.000 € tva 3% classe énergétique AB

BASCHLEIDEN LOTISSEMENT « A SCHMATTEN » À BASCHLEIDEN

3 maisons de 198 m2 à 220 m2 Prix à partir de 483.195 € classe énergétique A B

L-9280 DIEKIRCH 9, rue de Stavelot I L-2449 LUXEMBOURG 3, boulevard Royal T: +352 27 80 83 56 I www.livinghome.lu 2


INDEX GEWËNNSPILL 49

SICH DEN FEHLER

1x1

3-GÄNGEGT OWESIESSEN MAT IWWERNUECHTUNG FIR 4 PERSOUNEN AM UERSPELTER SCHLASS AM WÄERT VU 500 €.

2x1

TICKETS - 1. JULI „VOYAGE MUSICAL - DU NIL À L‘OURAL“

Infos: http://www.festivalwiltz.lu/de/node/2

2x1

TICKETS - 2. JULI „DAS DSCHUNGELBUCH“

Infos: http://www.festivalwiltz.lu/de/node/4

2x1

TICKETS - 21. JULI „LOSERS CIRQUE COMPANY“

Infos: http://www.festivalwiltz.lu/de/node/10

INTERESSANT ZE WËSSEN 5

WOLZ - Eng Stad a Beweegung

13

FESTIVAL DE WILTZ - Ee ganze Mount laang um Héichpunkt

19

BÄCKEREI JOS & JEAN-MARIE Wou alles nach op der Hand gemaach gëtt

24

PARK SENNESRAÏCH - Een Erliefnis fir déi ganz Famill

3 FROEN / 3 ÄNTWERTEN 28

Qualitéit garantéiert 30

33

D’IESELSOUER - Librairie Zimmer presentéiert

34

ANNONCEUREN Chalets Petry Spa & Relax Mode Passion Logomotif Mallorca-Bodega Photographie et Editions Rol Schleich Beauty Lounge by Ana

Editeur, régie et mise en page: SAN s.à r.l. T: 28 11 42 1 Wincrange & Diekirch doheem@san.lu | www.san.lu

Tirage: 23.000 exemplaires L'éditeur ne peut en aucun cas être tenu responsable de la correctitude des informations indiquées. Tous les renseignements sont donnés sous réserve de changement ou d'erreur. Ce sont exclusivement les propriétaires de ces annonces liées qui sont responsables de leur contenu. Lorsque des prix sont indiqués, nous ne donnons pas de garantie pour l'actualité et la correctitude de ces indications de prix. Les indications de prix sont uniquement pour votre information, il ne s'agit pas d'une offre. Aucun droit ne pourra vous être octroyé con­cernant des prix indiqués. L'ensemble de ce journal relève des législations en vigueur sur les dro­­­its d'auteur et de la propriété intellectuelle. Tous les textes, illustrations, textes, images, photos et autres données sont protégés par un droit de reproduction.

DEN HOLZMËCHEL Nëmmen Holz?

IMPRESSUM

Couverture: Photo: Sandro Dimola Model: Lynn Kaufmann Hair & Make-Up: Sarah Kauth

METZLEREI VUM SÉI

A votre service

39

BAUEN & WUNNEN Luxglass Immo Wolz Peters Malermeister & Bodenleger Eschbour Energy Fusion Lux Majerus Parmentier DB Immo Glasaspekt JP Home Concept Fa. Braun Fa. Grünholz Daachdrop Percy Rauchs Vianden Entreprise Weber Koch Bau- & Ofenhaus

3


www.peinturemarcfeltus.lu

Fir een gudden Ustrach benotzen eis qualifizéiert Usträicher déi beschten Qualitéit. Och bei eis am Buttek ze kréien.

store twist

LULAFLEX, les stores sur mesures

store plissé

store californiens

store rouleau

store textil

22, Grand-Rue / L-9530 Wiltz / Tél: 958842 info@peinturemarcfeltus.lu / www.peinturemarcfeltus.lu Heures d‘Ouverture: Lu - Ve 8.00-18.00 heures / Sa 9.00-16.30 heures


WOLZ

ENG STAD A BEWEEGUNG

Si kuckt op eng laang Geschicht zeréck, war am Mëttelalter an driwwer eraus den Haaptstëtzpunkt fir eng ganz Rei vu bedeitende Grofen, déi noenee bis viru ronn 225 Joer am berühmte Schlass residéiert hunn. Wolz ass allerdéngs bei Wäitem keng Stad, déi sech op hirer Vergaangenheet ausrout - am Géigendeel. Si huet an der Zukunft immens vill wëlles. Virun 2 Méint nach ass d‘Opmierksamkeet vum ganze Land op d‘Ardennenhaaptstad gelenkt ginn, wéi si hire risege Bauprojet „Wunne mat der Wooltz“ presentéiert hat. Bedéngt duerch dës Initiativ wäert d‘Awunnerzuel geschwë massiv klammen. Doriwwer eraus ass

d‘Gemeng Wolz immens engagéiert fir hiren Tourismussecteur auszebauen an doduerch nach méi Leit unzelackelen. Wéi een Impakt kéint dësen Zoufloss vu Mënschen op de lokale Commerce hunn? A wat ass et iwwerhaapt, deem der Gemeng seng Bezeechnung „centre de développement et d‘attraction (CDA)“ ze verdanken huet?

Wolz ass am Ëmbau Ufank Mäerz ass der Ëffentlechkeet een enorme Wunnengsbauprojet virgestallt ginn, deen an den nächste Joerzéngte grondleeënd 5


ENTREPRISE DE TERRASSEMENT, DE VOIRIE ET DE PAVAGE

DUMONG MARCEL A chaque instant une main libre pour un style de bon goût, grâce à notre longue expérience!

25, um Knupp L-9653 Goesdorf Tel.: 89 91 35 Fax: 89 92 19 GSM: 691 41 42 43 info@dumongmarcel.lu 1

HEURES D’OUVERTURE Mardi: Mercredi: Jeudi: Vendredi: Samedi:

38, Grand-Rue L-9530 WILTZ

09.00-18.00 09.00-20.00 09.00-18.00 09.00-18.00 08.00-15.30

SÄIT 1979 Tél 95 83 69

Sur rendez-vous

Tél 97 90 54

Tél.: 95 81 07 | Fax: 95 79 23 czeimes@pt.lu

www.optiquebley.lu • optbley@pt.lu

43a Grand-Rue L-9905 Troisvierges

15 rue des Tondeurs L-9570 Wiltz

GARAGE STROTZ SARL NOUVELLE CITROËN C3 Dépannage/Remorquage 7/7 jours - 24/24 heures Z.A. Salzbaach | L-9559 WILTZ | Tél.: (+352) 26 95 02 47 | Fax: (+352) 26 95 02 48 | E-Mail: jstrotz@pt.lu

VITRERIE DU NORD Tél : +352 621 572 785 | vitreriedunord@hotmail.fr | www.vitreriedunord.lu


Verännerungen an der Stad Wolz mat sech brénge wäert. Am fréieren Industriegebitt am Zentrum vun der Stad solle bis 2030 op engem Terrain vu 25,5 Hektar 782 nei Wunnengen entstoen, an déi 1800 nei Awunner eraplënnere sollen. Op deem Terrain entstinn och ëffentlech Gebaier wéi eng Crèche, eng Schoul, eng Museksschoul an ee Kannermusée. Rechent een de Masterplang „Haargarten“, een ähnleche Wunnengsbauprogramm um ale Betribsterrain vun der Firma Circuit Foil,

dobäi, erginn sech ënnert dem Stréch 1000 nei Wunnenge fir am Ganzen 2300 Leit. Déi éischt solle schätzungweis schonn 2021 do kënne wunnen. Ier datt iwwerhaapt Haiser opgeriicht kënne ginn, muss d‘Baach „Wooltz“, op déi sech den Numm vum Projet bezitt an déi no 100 Joer Industrie vill gelidden huet, vollstänneg sanéiert ginn. Dozou kënnt, datt d‘Stroossennetz deelweis nei ugeluecht gëtt. Duerch d‘Ewechrappe vun der aler Zuchstreck, déi op Baaschtnech gefouert huet, wäert eng nei Strooss duerch de Garer Quartier féieren, déi praktesch vis-à-vis vum Wëltzer Lycée op der Rue Michel Thilges erauskënnt. Domat gëtt d‘Sakgaass bei der Gare opgebrach an den ëffentlechen Transport méi effizient. Ënnerhalb vum neie Quartier solle kleng Butteker an eng Bäckerei entstoen. Mee wéi gesäit et mat den zwee Haapt-Geschäftszentren an der Groussgaass an zu Nidderwolz aus? De Fränk Arndt, Buergermeeschter vun der Gemeng Wolz, gesäit eng Vergréisserung éischter als onwahrscheinlech. „Eis Prioritéit ass et, dat ze behalen, wat mer hunn“, mengt de 57-järegen LSAP-Politiker. Als Grond dofir gesäit hien engersäits d‘Pommerlach, waat just 10 Kilometer wäit ewech läit an an direkter Konkurrenz mat de Geschäfter zu Wolz steet, anersäits déi ëmmer méi heefeg Akeef a lafend Operatiounen op digitaler Basis. „Ëmmer méi 7


Brot aus dem Steinbackofen

STEINOFENBÄCKEREI In alter handwerklicher Tradition werden Brot und Brötchen im Steinbackofen gebacken. Das gibt dem Brot den einmaligen Geschmack wie zu Großmutter’s Zeiten.

5, am Duerf L – 9776 Wilwerwiltz Tel.: 92 14 23

63, Grand Rue L – 9530 Wiltz Tel.: 95 80 45

patisserie-zeimes@pt.lu

Verschiedene Brotsorten werden mit selbstgeführtem Sauerteig hergestellt. Wir backen unsere Steinofenbrotsorten mit Roggenmehl, Weizenmehl, Wasser, Sauerteig, Salz und Hefe.

Mehr brauchen wir nicht! Dabei lassen wir uns viel Zeit. Zeit, die das Brot braucht, um die Geschmacksstoffe zu bilden. Geschmacksstoffe, die wir in einem optimalen Backprozess im Steinbackofen für Sie konservieren.

Heutiges Steinofenbrot hält sich bei entsprechend optimaler Lagerung in Steingut eine Woche lang frisch.

Résidence Burrewée

1, Gruberbeerig • L-9538 Wiltz Boîte postale 67 • L-9501 Wiltz Tél.: +352 95 71 96-1 • Fax: +352 95 70 80 www.fidfunck.lu


Banken huele Leit aus de Guicheten well vill Leit hautdesdaags hier Iwwerweisungen iwwer Internet maachen.“ Trotzdem ass hien dovun iwwerzeegt, datt Wolz alles ubitt, wat een sech vun engem Geschäftszentrum erwaarden dierf. „Mir hunn hei alles, wat den alldeegleche Gebrauch ofdeckt. Supermarchéen, 2 Apdikten, ee Spidol, een Aen- an een Zänndokter, eng Krankekeess, 2 Optiker, d‘Post, all gréisser Banken an ee Reesbüro.“ Am Masterplang ass iwwerdeems op Héicht vun der Gare eng zousätzlech Verkafsfläch vu 1.500 m2 fir eng Epicerie an eventuell een, zwee ganz kleng Butteker virgesinn.

„The place to be“ fir Spill a Sport Mee ee bléienden Handel steet souwisou net un éischter Plaz vun der Gemeng hirer Prioritéitelëscht. Déi huet neemlech momentan den touristesche Volet am Viséier. Am Moment bestinn zu Wolz 3 Muséeën a mam Kannermusée soll an e puer Joer nach ee véierten dobäikommen. Mam Klammpark

am ale Fabrikskamäin un der Wooltz bitt sech eng Offer, déi een net iwwerall fënnt. Mat esou „Nicheproduiten“, wéi de Fränk Arndt se nennt, wëllt d‘Gemeng nei Leit unzéien. Eng weider interessant Anlag, déi elo nach ee Schantjen ass, ass den Indoor-Minigolf zu Eschweiler, deen och ee grousse Spill- a Kloterberäich souwéi ee Restaurant enthale soll. Dee wuel bedeitendsten Touristemagnéit vun der Gemeng ass de Fräizäitzentrum „Kaul“. Dëst Gebitt ass virun allem am Summer wéinst sengem Camping a senger Schwämm eng villbesichten Attraktioun. De Camping hat lescht Joer 986 Reservéierungen ze verzeechnen an een Ëmsaz vu bal 200.000€. Cirka 60% vun den Touriste sinn aus Holland komm, déi aner aus Lëtzebuerg oder aus den Nopeschlänner. Fir déi grouss Nofro ze decke gëtt de Camping dëst Joer ëm 4 Mobil-Homen an 10 feste Chalete mat enger Weieranlag erweidert. Am Ganze sollen 2017 dem Budget no iwwert eng hallef Millioun Euro an d‘“Kaul“ investéiert ginn. Fir net mussen um Dréchenen ze leie suergt déi

Passez par

21 Rue des Tondeurs | L- 9570 Wiltz | Tél .: 26 95 37 09 | wiltz@laforet . lu

9

Max Mondloch: 661 41 71 31 | Yohan Jost: 621 38 79 19 | www.laforet.lu/agence_LaforetWiltz


10


660 m2 grouss oppe Schwämm. Wann d‘Sonn dréckt an d‘Temperaturen an d‘Luucht ginn, versammelen sech d‘Bewunner aus der ganzer Ëmgéigend am a ronderëm de Baseng fir am Waasser d‘Hëtzt ze bekämpfen, respektiv sech brong brutzelen ze loossen. Ofgesi vun der Schwämm a vum Camping sinn et verschidde Sportsterrainen, zwou Spillplazen an ee Bike Park, déi klengen a méi grousse Visiteuren d‘Langweil verdreiwen. Ausserdeem ass de Bau vun engem Skatepark geplangt, deen d‘Anlag nach weider opwäerte soll.

Kuerz gesot presentéiert sech Wolz souwuel als eng modern wéi och eng traditiounsbewosst Stad, an der sou séier keng Langweil opkënnt an déi mat Sécherheet nach an nächster Zäit vun sech héiere loosse wäert.

Gutt Stëmmung garantéiert A Punkto Festlechkeete brauch sech Wolz och net ze verstoppen. Am Summer gi gläich dräi Evenementer ofgehalen, déi sech a ganz Lëtzebuerg a souguer iwwert d‘Grenzen eraus een Numm gemaach hunn. Am Juni um Päischtméindeg geet et lass mam Gënzefest, bei deem eng Parad vu festlech gerëschte Ween mat der Kapell duerch d‘Stad zitt a wou déi nei Gënzekinnigin d‘Kroun opgesat kritt. Um Enn vum selwechte Mount nach ass et de Festival de Wiltz (ganzen Artikel op Säit 13), deen an de folgende 4 Woche mat Concerten, Danz- an Theateropféierungen dausende Leit an d‘Ardennestad lackelt. Ofgeschloss gëtt de summerlechen Trio am September mat der wuel populäerster Festivitéit, der „Nuit des Lampions“. Dës Veranstaltung proposéiert bei Dagesliicht kulturell Spektakelen, ier se no Sonnenënnergang de Wëltzer Gaart a seng Ëmgéigend mat enger Onzuel vu Lampionen a Liichtinstallatiounen ophellen a mat Lightshowen a Musek an eng festlech Atmosphär dauche léisst.

11


MIBALUX, FABRIQUANT DE PORTES DE GARAGES SECTIONNELLES RÉSIDENTIELLES ET INDUSTRIELLES. MOTEUR GRATUIT (résidentiel)

• Qualité haut de gamme à des prix ultra concurrentiels.

à la commande d’une porte durant la période

|24H

24

SERVICE

DU 15/05 AU 15/06.

• Placées par nos monteurs.

Grand Rue 28-29

•

• Garantie 10 ans moyennant souscription d’un entretien annuel.

www.mibaluxservices.lu

Tel: +352 26 91 72 33

7| 7J

L-9530 Wiltz •

Fax: +352 26 91 72 34

Agence Générale SCHON S.à r.l. 5, rue Bettlange L-9657 Harlange Téléphone: 26 95 06 50

Institut de beauté

16, Grand-rue L-9530 Wiltz www.assurances-schon.lu

Bové Mylène esthéticienne et pédicure médicale diplomée

SOINS DU VISAGE

ÉPILATIONS VISAGE ET CORPS

MANICURES

PÉDICURES MÉDICALES

Tél.: +352 95 90 45 (uniquement sur RDV) 8, rue du X Septembre | L-9560 Wiltz

Horaire : Lundi & Mercredi de 9h à 20h Mardi, Jeudi & Vendredi de 9h à 12h Pour nos clients du 3 ème âge nous proposons aussi nos soins de pédicure médicale le mardi, jeudi et vendredi après-midi au Home Servior « Genzebléi » de Wiltz.


FESTIVAL DE WILTZ - 65. EDITIOUN

EE GANZE MOUNT LAANG UM HÉICHPUNKT

En ass ee feste Bestanddeel vun der Lëtzebuerger Kultur a lackelt all Joer dausende vu Leit aus allen Ecker an d‘Ardennenhaaptstad. Schonn zënter 65 Joer begeeschtert de Wëltzer Festival duerch Theater, Concerten an aner Opféierungen. An enger summerlecher Ambiance bei Sonnenënnergang mat de Kollegen d‘Musek genéissen an zesummen onvergiesslech Owenter mat gär mol méi wéi just engem Glas Béier verbréngen - dat sinn d‘Erënnerungen, déi beim Gedanken un de Festival opkommen. Dëst Joer huet e wëlles, sech ënnert enger neier Form ze presentéieren.

D‘ASBL „COOPERATIONS“, déi sech nieft dem Festival ënner Anerem och ëm d‘Organisatioun vun der beléifter „Nuit des Lampions“ bekëmmert, huet sech all Méi gi fir am Optrag vun der Gemeng Wolz ee besonnesch attraktive Programm zesummenzestellen. Den Event setzt sech aus enger faarweger Mëschung aus 10 Spektakele vu Lëtzebuerger wéi internationale Kënschtler aus der Musekszeen zesummen, déi tëscht dem 28. Juni an dem 23. Juli verdeelt optrieden, haaptsächlech weekends. „Doheem“ huet mam Elvira Mittheis vu „COOPERATIONS“ geschwat an ass gewuer 13


ginn, firwat et sech dëse Summer definitiv lount, de Wee fir a Richtung Wolz anzeschloen. D‘Stad nei beliewen D‘Grënnung vum Wëltzer Festival am Joer 1953 geet op eng Initiativ vu Fräiwëllegen zeréck, déi de kale Schied vum 2. Weltkrich, deen nach ëmmer iwwert dem Land louch, endgülteg verdreiwen an eng nei Sonn op déi vun der Zerstéierung getraffe Stad Wolz geheie wollten. An der Zäit vum groussen Opbau war eng Oflenkung vum aarbechtsräichen Alldag duerchaus wëllkomm, sou datt well am éischte Joer vill Leit aus der Regioun sech am Schlasshaff versammelt hu fir d‘Theateropféierunge kucken ze goen an sech ameséieren ze kënnen. An de Joren duerno ass de Festival widderholl an am Laf vun der Zäit duerch aner kulturell Virstellungen erweidert ginn. Mëttlerweil ass en eng Traditioun a kann houfreg op eng erfollegräich Vergaangenheet zeréck kucken. Zu dësem Erfolleg hu Stars wéi de Miles Davis, den David Garrett, Silbermond an Zaz bäigedroen, awer och de Fläiss vun de ville Fräiwëllegen, déi all Joer hannert de Kulisse gehollef hunn. Trotz héijem Asaz huet de Festival déi lescht Joren u Popularitéit verluer. Während 2002 nach 15.000 Tickete verkaf gi sinn, waren d‘Zuele mat knapp 4.000 Visiteure lescht Joer sou déif wéi nach ni. Dëst ass den Haaptgrond, firwat d‘Organisateuren d‘Steierrad dréinen an den Event an eng nei Richtung lenke wëllen. „Vun dësem Joer u weise mir eng méi oppen, dynamesch a modern Versioun vum Wëltzer Festival“, seet

14

d‘Elvira Mittheis. „Eis läit et speziell um Häerz, Lëtzebuerger Artisten ze fërderen. Gläichzäiteg brénge mir och méi Varietéit eran. Mat der Kombinatioun vu Genren erhoffe mir eis, nei Leit uspriechen ze kënnen.“ Wéi gesäit déi Kombinatioun konkret aus? Ee Beispill ass déi spuenesch Grupp Flamenco Dance Company aus Sevilla. Si bitt eng eenzegaarteg Hybrid-Performance mat der Opféierung vun der weltbekannter Oper „Carmen“ vum Georges Bizet, déi als feierege Flamenco-Danz ëminterpretéiert gi wäert. Leit, déi frou mat klassescher Chouermusek sinn, wäerte vill Freed um „Voyage musical - du Nil à l‘Oural“ fannen. D‘Elvira Mittheis féiert aus: „Béi dësem Optrëtt wäerte 5 Choueren zesummen op der Bühn optrieden. Dëst ass logistesch schwéier ëmzesetzen an dofir fënnt een dat relativ seelen, wat deem Ganzen eng gewëssen Exklusivitéit schenkt.“

All Sënner mat abezunn Ee méi aussergewéinleche Kombinatiounsakt ass den „Dinner-Concert“ vun der Wëltzer Musek, déi vum Serge Tonnar a vu Legotrip Verstäerkung kréien. Währenddeems datt Lidder vun iwwerall aus der Welt gespillt ginn, kënnen d‘Gäscht sech zäitgläich mam dozou passenden Iessen de Gomm verwinnen. Déi kulinaresch Spezialitéite gi vun de


verschiddenen auslännesche Communautéite vu Wolz preparéiert a suergen dofir, datt d‘Musek nët nëmmen d‘Gehéier mee och de Geschmaachssënn usprieche wäert. Natierlech kréien och d‘Frënn vu moderner Musek éierbar eng op d‘Oueren. Ee villverspriechenden Optrëtt, op dee mat Virfreed gelauert gëtt, ass dee vum schwedesche SingerSongwriter mat argentinesche Wuerzelen, dem José Gonzáles. Hien huet sech mat senge Lidder, déi deelweis a Filmer a souguer a groussen amerikanesche Serië wéi „Scrubs“ a „Bones“ gespillt gi sinn, eng immens Renommée

opgebaut. Den Haaptakt vum Festival ass de Concert vum Agnes Obel. D‘Sängerin a Pianistin aus Dänemark stécht duerch säi Stil, deen sech als mystesch-okkultistesch beschreiwe léisst, ervir an entféiert seng Nolauschterer mat enger graziéiser Stëmm, déi duerch d‘Schanke bis an d‘Séil duerchdréngt, an eng friem Welt. Zu Wolz wäert d‘Agnes Obel säin neien Album „Citizen of Glass“ virstellen. Ee méi jonke Public gëtt mat der MusicalOpféierung vun „Das Dschungelbuch“ ugeschwat. D‘Stéck gëtt souwuel sonndes wéi och méindes gespillt, sou datt Familljen a Schoulklassen d‘Méiglechkeet wäerten hunn, de Mogli a seng Frënn live ze erliewen. All dës Optrëtter wäerte wéi gewinnt am Open-Air Amphitheater ofgehale ginn, deen eng Kapassitéit vun 1.300 Leit huet. Just déi zwee Jazz-Concerte vun de Lëtzebuerger Bands Maxime Bender a Pol Belardi‘s Force gi beim „Hexentuerm“ gespillt, deen sech zwou Trëppelminutte vum Amphitheater befënnt. Et ass also jiddwer Goût ofgedeckt. Wuertwiertlech, well den neie CateringBeräich, dee beim Festival opgeriicht gëtt, ass dofir do, datt Honger an Duuscht der gudder 15


15, place des Tilleuls Tél: 95 82 04

L-9575 WILTZ

www.optom.lu

LENTILLES DE CONTACT— CONTRÔLES VISUELS— APPAREILS AUDITIFS— JUMELLES—LOUPES—BOUSSOLES—STATIONS METEO—SOLAIRES

Öffnungszeiten: Montags-Sonntags: 11h00-01h00 Donnerstags: geschlossen

Entdecken Sie unsere Studenten- und Tagesmenüs! 3, place des Tilleuls | L-9575 Wiltz | Tél.: 95 06 20

info@cafe-renert.lu

Une réception, une réunion ? Pensez à nos plateaux de petits pains frais et variés ! 4, rue Grande Duchesse Charlotte

L-9515 WILTZ

Tél.: 26 95 33 63 lecroquantwiltz@gmail.com

lundi, mercredi + vendredi: 9h -16h | mardi + jeudi: 9h -14h30

LA MAISON DES FLEURS Mardi - vendredi Samedi

8h30 -12h et 13h -18h 9h -12h et 13h -16h

42, Grand Rue ∙ L-9530 WILTZ ∙ Tel.: 95 76 26

24 Stonnen Seniorenhëllef an Betreiung doheem.

Mateneen.lu Anna Bielakowska mateneen.lu@outlook.com

+352 691 826 727

Vermittlung polnischer Haushaltshilfen zur Pflege und Betreuung Ihrer Angehörigen in der vertrauten Atmosphäre des eigenen Heims.

16, Um Knupp | L-9653 GOESDORF | Tél. 81 93 79 www.trinybissen.com


Stëmmung net an de Wee kommen. Souguer wann d‘Wierder emol net matspille sollt, suergt ee Schutzdaach dofir, datt jiddereen dréche bleift. Mee well sech alles am Fräie befënnt, wäert d‘Open-Air Atmosphär trotzdem net verluer goen.

Super Stëmmung de ganzen Dag Nei ass dëst Joer och eng Ausstellung mat Fotoen, Momentopname vum Festival aus de leschte 65 Joer, déi a ganz Wolz verdeelt wäerten opgestallt ginn. Déi sollen d‘Entwécklunggeschicht weisen a vläicht souguer Erënnerunge vu méi räife Visiteure waakreg rëselen. Dës Fotoe lueden net nëmmen dozou an, d‘Vergaangenheet vum Wëltzer Festival ze entdecken, mee och d‘Stad selwer. Als „centre de développement et d‘attraction (CDA)“ huet déi neemlech vill ze bidde fir datt et engem net esou séier langweileg gëtt. Sou kann ee mëttes am Bikepark Vëlo fueren, an der „Kaul“ schwammen an owes schliisslech ee Concert kucke goen. Iwwert den Transport brauch sech iwwerdeems keng Suerge gemaach ze ginn. Een Ticket fir eng Opféierung vum Festival gëllt gläichzäiteg als „titre de

transport“ fir Bus an Zuch. Fir d‘Leit aus dem Süde gëtt vun der CFL eng speziell Navette organiséiert a garantéiert domat ee séchert Heemkommen nom Spektakel. Net op den Auto ugewisen ze sinn huet den zousätzleche Virdeel, datt ee roueg ee Glas méi drénken dierf. Tickete fir de Festival ginn am Kino „Prabbeli“ zu Wolz an neierdéngs och op www.luxembourgticket.lu verkaf. Beim Kaf vun engem FestivalPass kritt ee 15% Rabatt, beim Kaf vu méi wéi 3 Ticketen 10%. Weider Infoen iwwert all 10 Optrëtter stinn op www.festivalwiltz.lu

Das ganze Dach aus einer Hand : • Abdichtungen und Bauwerksabdichtungen • Dacheindeckungen aller Art • Dachfenster Velux / Roto / Lideko • Dachsanierungen

info@hermes-bedachungen.com

• Fassadengestaltungen • Holzhausbau • Holzbau

www.lideko.de

23, op der Hei | L-9809 Hosingen Tel. : (+352) 26 90 32 84 Fax : (+352) 26 90 32 88

Ihr Partner für Lideko Dachschiebeund Balkonausstiegsfenster mit Größe bis zu 2,56 m x 3,06 m in Luxemburg.

• Reparatur - Service • Wärmedämmung / Speicherausbau

17


mois 500€ Chaque

1 gagnant

de


BÄCKEREI JOS & JEAN-MARIE

WOU ALLES NACH OP DER HAND GEMAACH GËTT

Ouni si ze kenne kéint ee bal net drop kommen, datt de Jos an de Jean-Marie Neuberg iwwerhaapt Famill matenee sinn. De JeanMarie ass immens grouss, huet ee breet Grinsen an eng kraaftvoll Stëmm. De 7 Joer méi ale Jos dogéint mécht ee méi reservéierten Androck an ass duerch säi Brëll a seng wëll gestylten Hoer ze erkennen. Wat si verbënnt, ass hier Léift fir d‘Baken. Déi huet si dozou verleet, viru 15 Joer hiren eegene Betrib ze grënnen, deen zënterhier duerch de Plafong geschoss ass. 2002 ugefaange mat 5 Butteker an 18 Ugestallter, sou zielt d‘Bäckerei Jos & Jean-Marie haut 15 Geschäfter am ganze Land,

beschäftegt ronn 125 Leit a beliwwert souguer grouss Supermarchéë wéi de Cactus. Zwee Bridder, eng Erfollegsgeschicht.

Baken am Blutt De Wonsch fir eng Carrière als Bäcker anzeschloen ass ganz natierlech komm. Duerch hier zwee Monnien, déi selwer Besëtzer vu jeeweils engem Bäckerbetrib waren, konnt de Jos schonn als jonke Kärel seng éischt Erfahrunge sammelen, andeems hien an de Schoulvakanzen do gehollef huet. De JeanMarie ass méi spéit nogeréckelt. 10 Joer 19


Wëllkomm am Naturpark Öewersauer, der Waasserregioun vu Lëtzebuerg! 3

1

1

Interaktiv Ausstellung iwwer de Naturpark (Am Naturparkzenter)

2

Musée vun der Duchfabrik, Touristeninformatioun a Buttik mat regionale Produkter

3

Geféierten Tour mam Solarboot um Stauséi

15 route de Lultzhausen

L-9650 Esch-sur-Sûre

T. (+352) 89 93 31-1

2

F. (+352) 89 95 20

info@naturpark-sure.lu

www.naturpark-sure.lu

11, Zone Industrielle | L-9166 MERTZIG Tél.: 88 91 16 | Fax: 88 90 34 | www.top-garden.lu

... plangen vun Gäert ... uleeën vun Terrassen, Weeër, an Garagenafaarten ... an entretien

GRENAILLAGE | METALLISATION | SABLAGE AU SABLE QUARTZ | MICROBILLAGE MISE EN PEINTURE | POLYMERISATION

4, Zone Industrielle | L-9166 Mertzig | Tél.: 88 90 20 | metallisation@dicato.lu | www.dicato.lu


laang hunn si zesumme fir hiere Monni Arthur geschafft, bis d‘Verlaangen no Onofhängegkeet de Schratt an een neit Liewe mat sech bruecht huet. De 15. Mee 2002, de geneeën Datum hunn si ëmmer nach am Kapp, grënnen déi zwee Bridder hiren eegene Bäckerbetrib, nodeems si 2 Butteker zu Feelen an zu Ettelbréck vu Kollegen iwwerholl haten. Zu deem Zäitpunkt ware si well Besëtzer vun 3 Butteker zu Rammerech, Eschduerf an am Préizerdaul. „Mir wollten eis gär weiderentwéckelen an eis eegen Iddien ëmsetzen“, verréit de Jean-Marie. De Jos

baakt haut nach all Dag selwer. De Jean-Marie dogéint bekëmmert sech haaptsächlech ëm den administrativen Deel, just un de Feierdeeg péckt hien nach an der Bakstuff eng Hand mat un. Sech konstant weiderentwéckelen ass och eng Zutat an hirem Erfollegsrezept. Déi wichtegst Komponent ass allerdéngs: „Schaffen, schaffen, schaffen“, sou de Jean-Marie. An dat am 24 Stonnen-Zyklus. Duerch déi grouss Varietéit u Produiten ass et onméiglech, alles zu der selwechter Zäit ze maachen. Bei Jos & Jean-Marie ass genee festgeluecht, wéini wat gebak gëtt. De Jos erzielt: „Owes um 6 fänken déi éischt Bäcker mam Brout un an am 2 Stonnen-Takt réckelt ëmmer déi nächst Equipe no. Am Dag gi Schockela, Petits Fours (Kichelcher a Bliederdeeggebäck) a gréisser Saache wéi Kuche produzéiert, nuets gëtt déi kleng Patisserie gemaach.“ All Moien um 5 fuere schliisslech 7 Camionnettë vun hirer Bäckerei zu Mäerzeg fort a beliwweren all hir Butteker an extern Clienten duerchter d‘Land.

Regional Produktioun am Virdergrond Den Zyklus fänkt net beim Baken u mee beim Kaf vun den Ingredienten. Fir ze bake brauch een ënner Anerem Zocker a Salz, Mëllech a Miel, wéi et am berühmten däitsche 21


31, Schleef L-9654 SCHLEIF

AUS DER REGIOUN FIR D´REGIOUN

Tél.: +352 26 95 30 72 Fax: +352 26 95 30 76

14, rue St Roch L-9687 SURRÉ Tél.: +352 26 91 71 11

info@teivumsei.lu

www.teivumsei.lu

Vente et pose de revêtements de sols en linoléum, pvc, parquet flottant, parquet, caoutchouc et tapis-plein. Ponçage et vitification parquet. Vente et pose de jalousies, stores, rollos et moustiquaires.

16, Op der Louh L-9676 NŒRTRANGE Tél./Fax: +352 95 97 44

10, rue Fred A. Gilson ∙ L-9167 Mertzig Tél.: 26 88 08 25 ∙ Fax: 26 88 08 50 ∙ GSM: 621 249 900 E-mail: info@sol-designer.lu ∙ www.sol-designer.lu

www.bvs.naturpark.lu

+ +3 352 to 52 88 ww m@ 62 8 3 w. ka 1 14 342 ka se se l.l 2 72 3 l.lu u 5

EN S SE IS CA • S RE LE e SU AB L ell ME C tri R CY us SU RE nd ig ES ES e I rtz TT AG on Me LE LL ,Z 6 PA MBA 12 916 E LBO IS

•

maisons clés en main

•

résidences

•

constructions générales

Christian Simon Conducteur de chantier

Luis Pinheiro Chef d’équipe façadiers

clk.lu

Vous avez un projet ? Demandez-nous conseil !

Toutes les compétences pour construire votre maison de A à Z (+352) 88 82 01

22

2, Zone Industrielle L-9166 Mertzig

www.clk.lu


plakeger Fra iwwert den Helikopter bis zu enger Nostellung vum Tour de France hu mir well esou munch aussergewéinlech Kuchen aus dem Uewe geholl. Dëst ass nëmme méiglech, well mir nach alles op der Hand maachen.“ Trotz der Tatsaach, datt Jos & Jean-Marie ee grousse Betrib ass an all Dag am Schnëtt 5.000 Bréidercher, 10.000 Mëtschen an 2.000 Stécker Brout hierstellt, ass hier Aarbecht mat der Ausnahm vun e puer assistéierte Maschinne quasi reng artisanal. Déi Form vun Aarbecht ass natierlech ustrengend an zäitopwänneg, mee fir de Wuel vun hire Clienten huelen si och mol déi eng oder aner Iwwerstonn op sech. De Jos féiert aus: „Wa mir eis Kuchen zu engem Präis géife verkafen, dee proportional zu eiser Aarbechtszäit ass, da géifen se deelweis bis zu 700€ kaschten. Souvill kënnen a wëlle mir de Leit net ofverlaangen. Dofir ass dësen Opwand reng finanziell gesinn ee Verloscht, mee eis Aarbecht mécht eis vill Spaass a soulaang de Client zefridden ass si mir et och.“

Kannerlidd „Backe, backe Kuchen“ heescht. Wou kommen déi iwwerhaapt hier? Jos & JeanMarie ass mam Label „Produits du terroir“ ausgezeechent, deen 1995 vun der Chamber fir Landwirtschaft lancéiert ginn ass. Dëse Label beweist, datt de Betrib Miel verschafft, dat zu 100% vu Lëtzebuerger Felder staamt. Als „Bäckerei vum Séi“ kritt Jos & Jean-Marie säi Miel aus dem Naturpark Uewersauer. Och Mëllechproduiten, Eeër an Hunneg hëlt de Betrib vu lokale Fournisseuren. Mee wéi gesäit et mat Ingredienten aus, déi net zu Lëtzebuerg ugebaut oder produzéiert ginn? „Beim Zocker a beim Kakao leeë mer Wäert drop, nëmme Produiten aus fairem Handel ze benotzen.“

Dëse Mount feieren de Jos an de Jean-Marie 15 Joer Bestoe vun hirer Firma a schmäissen eng grouss betribsintern Feier. Zu dësem Ulass wëllen si hir Mataarbechter éieren, déi schonn zënter Jore mat vill Fläiss un hirer Säit täteg sinn. Hir Cliente sollen natirlech och net ze kuerz kommen, dofir verspillen si all Mount 500€, déi ee gléckleche Gewënner dierf mat heem huelen. Ee Gang zeréckschalten no 15 Joer ass keng Optioun - am Géigendeel: Den Zär steet op Wuesstem. „Mir wëllen nach méi grouss an nach méi produktiv ginn“, kënnegt de Jean-Marie un. D‘Erausfuerderung dobäi ass, fir trotz der Vergréisserung den intime Kontakt zu de Clienten oprecht ze erhalen. Fir datt et och no weidere 15 Joer nach esou ass, ginn si sech all Méi, verspriechen déi Zwee.

Eng weider Eegenschaft, op déi d‘Firma vun de Bridder houfreg ass, ass hir Flexibilitéit. Amplaz datt no Katalog gebak gëtt, ass alles wat si maachen op Wonsch vum Client upassbar. Dëst mécht sech virun allem bei de personaliséierte Kuche bemierkbar, well do sinn hir Bäcker „kreativ ouni Grenzen“, wéi och hire Slogan fir de Radio verréit. „A punkto Kuchen hu mir well déi gelungensten Optreeg kritt. Vun der 23


PARK SENNESRÄICH

EEN ERLIEFNIS FIR DÉI GANZ FAMILL

Fräizäitzentren, wou ee mat der Famill higoen a mat enger Varietéit vun Aktivitéiten ee flotten Nomëtte verbrénge kann, fannen sech am Norde vu Lëtzebuerg net immens heefeg. Nach manner erwaart een sech esou eng Plaz an engem klengen Duerf mat knapp 150 Awunner. Zu Lëllgen (Lullange), enger klenger Uertschaft an der Gemeng Wëntger, steet allerdéngs genee sou een Zentrum. Woubäi de Plural wéinst der Villsäitegkeet vu Servicer wuel éischter ubruecht wier. Rieds ass vum „Centre pédagogique et de loisirs“ Park Sënnesräich, enger Anlag mat souwuel engem Outdoor- wéi engem Indoorberäich an engem Restaurant, dem Bistro Sënnesräich. D‘Haaptattraktioun 24

nennt sech „salle des 5 sens“, also Raum vun de 5 Sënner. Unhand vu 6 Beräicher kënnen d‘Visiteuren op spilleresch Aart a Weis erausfannen, wéi eis 5 Sënner an eist Gehir funktionéieren, wéi se op verschidden Aflëss reagéieren a wéi liicht si sech austrickse loossen. Dat ass awer nach laang net alles. Mee eppes nom aneren.

Sozial Integratioun vu behënnerte Matmënschen De Park Sënnesräich ass eng vun de Strukture vum Lëlljer Gaart. De Lëlljer Gaart ass eng geschützten an zum Deel staatlech finanzéiert


Struktur, déi zënter 2003 geeschteg behënnerte Mënschen adaptéiert Aarbechtsplazen zouséchert. De Gaart ass enk verbonne mam Foyer Éisleker Heem, engem Wunnheem fir Leit mat geeschteger Behënnerung. Béid Strukture schaffen zesummen a si vuneneen ofhängeg. Am Lëlljer Gaart si ronn 45 „salariés handicapés“ an den 7 Atelieren beschäftegt. Zu deenen Atelieren zielen ënner anerem eng Gäertnerei, eng Wäscherei an eben de Park an de Bistro Sënnesräich. Zil war et fir ee Kader ze schafen, wou behënnert an net behënnert Leit zesumme schaffen, verbonne mat enger Offer fir Clienten, déi gläichzäiteg de Behënnerten de Kontakt mat der Baussewelt erméiglecht. Wéi all Ugestallten ënnerstinn och déi behënnert Mataarbechter engem Aarbechtskontrakt an hunn domat Rechter a Flichten, un déi si sech hale mussen. Trotz dem philanthropeschen Hannergrond ass de Park Sënnesräich eng Ariichtung, déi fir Rentabilitéit suerge muss an déi ka just duerch Produktivitéit erreecht ginn. Eng Aarbecht, déi fuerdert ouni ze iwwerfuerderen, gëtt de Behënnerte Motivatioun a Selbstvertrauen wichteg Komponente fir ee glécklecht Liewe kënnen ze féieren.

Seng eege Sënner nei erliewen Zeréck bei d‘Offer vum Park Sënnesräich. Bannen ass ee groussraimege Beräich fir d‘spillerescht Kenneléieren an Erliewe vun de fënnef Sënner destinéiert. Eenzelpersounen a méi kleng Gruppe kënnen de Sall op eege Fauscht entdecken, bei gréissere Gruppe gi Féierungen ugebueden. Op de 6 Statioune fënnt de Visiteur nieft de ville verschiddenen Aktivitéiten och déi jeeweileg Erklärungen iwwert de Fonctionnement vun de Sënner. Dëst ass besonnesch fir Schoulklassen interessant, well déi Manéier fir ze léieren net nëmmen eng wëllkommen Ofwiesslung visà-vis vum didaktesche Cours duerstellt, mee och well d‘Kanner duerch déi praxisorientéiert Erfahrungen d‘Matière dohannert méi einfach kënne verstoen. Sou erginn d‘Explikatiounen iwwert d‘Papillen op der Zong an d‘Rezeptoren an der Nues méi Sënn, wann een se bei Rich- a Schmaach-Experimenter selwer benotze kann. Datt d‘Aen net ëmmer een honnertprozenteg feelerfräit Bild vun der Wierklechkeet vermëttelen, beweisen Installatioune mat opteschen Effekter. A wéi et sech ufillt, wann

Climatisation, réfrigération & pompe à chaleur

POLONI VITTORIO Gérant

Maison 107 | L-9960 HOFFELT 6, am Pëtz | Zone artisanale | L-9576 WEIDINGEN Tél.: +352 94 93 82 | Fax: +352 26 91 45 61 GSM: +352 691 949 382 deliclim@pt.lu

www.deliclim.lu

25


Seefeblosen ze maachen an enger Maschinn, déi d‘Planéitekonstellatioune visualiséiert, erwaarden d‘Visiteuren nach vill aner interessant Iwwerraschungen. 20a, maison L-9780 Wincrange Tel: +352 949045 Fax: +352 949057 info@anoe.lu www.anoe.lu Atelier Noe

ee Sënn iwwerhaapt net méi funktionéiert, kann een an der Donkelkummer erliewen. Wéi eng Reaktioune léist de Kierper aus, wann en sech op emol iwwerhaapt net méi op d‘Aen verloosse kann? An engem ofgetrennte Beräich vun der „salle des 5 sens“ gi wëssenschaftlech Disziplinne wéi Astronomie, Physik, Elektronik an Technik op eng spilleresch Art an Weis vermëttelt. Nieft der Méiglechkeet, extra grouss

Eng zousätzlech Offer vum Park Sënnesräich ass de sougenannten „Airtramp“. Dëst ass ee speziell konzipéiert, risegt Loftkëssen, dat d‘Motorik trainéieren an d‘Bluttzirkulatioun stimuléiere soll. Fir et dierfen ze benotzen, muss aus Sécherheetsgrënn eng ausgebilte Betreiungspersoun dobäi sinn.

Fir Bauch a Séil Ënnena befënnt sech schliisslech de Restaurant, déi schéinste Plaz, fir säi Geschmaachssënn op d‘Prouf ze stellen. Trotz der Tatsaach, datt geeschteg Behënnerter am Team integréiert sinn, bestinn déi selwecht Uspréch un d‘Qualitéit vum Iessen a vum Service wéi an all anerem Restaurant. All Plat gëtt suergfälteg zoubereet a verléisst d‘Kichen nëmmen dann, wann alles stëmmt. De Bistro Sënnesräich leet vill Wäert drop, méiglechst op

PORTE OUVERTE

zu Brotebach an der neier

EXPO 3O.O9.+ O1.1O.2O17

FENÊTRES EN BOIS | FENÊTRES EN BOIS-ALU PORTES EXTÉRIEURES | PROTECTIONS SOLAIRES 26

Maison 2A | L-9641 Brachtenbach | T: 99 4O 67 - 1 | F: 99 42 74 info@fenstermersch.lu | www.fenstermersch.lu


regional a saisonal Produiten zréckzegräifen. Fir hire rezente Spargelowend si Spargele benotzt ginn, déi an der Gemeng Wëntger gewuess sin. Themenowenter wéi dësen organiséiert de Bistro Sënnesräich reegelméisseg. Mëttes verloosse virun allem Dagesmenüen d‘Kichen, mee och Bestellung no der Kaart ass méiglech. Well de Bistro Sënnesräich och als Kantin fir d‘internt Personal déngt, ass de Raum an zwee Beräicher opgedeelt: ee fir déi Ugestallten an ee fir d‘Gäscht. Am Summer ass virun allem d‘Terrass immens praktesch, well een de ganzen Outdoor-Beräich am Bléck huet. Am viischten Deel vum Outdoor-Beraïch befënnt sech eng Spillplaz mat Schaukelen a Klotergerüster, wou déi Kleng kënne rondrëmraiberen, während d‘Elteren nach um Iessdësch sëtzen oder d‘Sonn genéissen. No hannen eraus erstreckt sech ee Park mat Spadséierweeër, engem Heckelabyrinth, enger Entspaanungszon mat Weieren, engem Kraidergaart an engem klenge Fussballsterrain. De baussechten Deel vum Park Sënnesräich ass jidderengem fräi zougänglech an och gutt zougänglech. Souwuel bausse wei bannen ass déi ganz Anlag esou opgebaut, datt och kierperlech behënnert Leit sech ouni Aschränkunge beweege kënnen. Dat bedeit natierlech och, datt d‘Toiletten deementspriechend ageriicht sinn. Den 3., 4., a 5. Juni 2017 gëtt de Park Sënnesraïch der Ëffentlechkeet virgestallt a während deenen dräi Deeg ass d‘Entrée gratis. Interesséierter hunn d‘Méiglechkeet, den neie Fräizäitzentrum am Norde fir déi éischte Kéier a senger Vollstännegkeet ze erliewen. De Bistro mam Bausseberäich ass well méi laang a Betrib. Op hirer Facebook-Säit an Internetsäit verëffentlechen d‘Bedreiwer vum Park reegelméisseg Neiegkeeten iwwert hir Offer an iwwer d‘Menüen am Bistro. Interesséierter kënnen sech ausserdeem iwwert déi aner Servicer, déi vum Lëlljer Gaart ugebuede ginn, op hirer Internetsäit schlau maachen: www.lelljer-gaart.lu / www.sennesraich.lu

CHAUFFAGE

CLIMATISATION ENERGIES SANITAIRE VENTILATION REGULATIONS

11, z.a.c. Klengbousbierg L-7795 Bissen Tél. +352 81 24 42-1 • Fax +352 81 71 58

www.wagner-schaffner.lu 27


METZLEREI VÉI VUM SÉI

QUALITÉIT GARANTÉIERT

Virun 20 Joer ass d‘Lëtzebuerger Metzlerei Véi vum Séi an d‘Liewe geruff ginn. Wat deemools eng Genossenschaft vu Bauere war, déi hiert Fleesch an hirer Metzlerei verschafft a verkaf hat, ass haut een eegestännege Betrib mat 3 Butteker am Land. Véi vum Séi am Norde befënnt sech zu Heischent am „Buttik vum Séi“ a gëtt vum Metzlermeeschter Joël Quintus geleet. Hien erzielt, fir wat de Begrëff „Véi vum Séi“ eng Garantie fir Qualitéit ass a wéi eng Produite besonnesch am Summer eng exzellent Wiel sinn. 28

4, am Clemensbongert | L-9158 Heiderscheid Tél: +352 83 92 19 | joq@pt.lu www.veivumsei.com

Wat ënnerscheet Iech vun anere Metzlereien? Joël Quintus: An anere Metzlereien ass et dacks esou, datt d‘Fleesch séier no der Schluechtung verkaf gëtt. Tatsächlech huet Fleesch direkt no der Schluechtung net vill Goût an ass meeschtens zéi. Mir bei Véi vum Séi huelen eis nach d‘Zäit fir eist Rëndsfleesch a spezieller Lagerung 4 Woche laang ofhänken ze loossen. Op Däitsch nennt een dëst „Fleischreifung“. Doduerch gëtt eist Fleesch zaart a kritt e besonnesch gudde


Geschmaach. Donieft bidde mir och „dryaged“ Rëndsfleesch, dat bis zu 8 Wochen ofhänkt an nach méi intensiv am Goût a botterzaart ass. Mir sinn houfreg kënnen ze soen, datt iwwer 90% vun de Saachen, déi mir verkafen, aus eegener Produktioun sinn. Ee Punkt, deen eis och ervirhieft, ass eisen extrem ëmfangräiche Partyservice. Mee eis gréisste Stäerkt ass natierlech de Qualitéitslabel „vum Séi“. Wat dréckt de Label „vum Séi“ aus? Joël Quintus: Et ginn eng Rëtsch vu Produiten, déi mam Label „vum Séi“ ausgezeechent sinn. „Téi vum Séi“, „Gebäck vum Séi“, asw. All dës Produite stamen aus dem Naturpark Uewersauer an ënnerleie reegelméissege Qualitéitskontrollen. Fir Véi vum Séi bedeit dat, datt eist Véi am Naturpark gebuer a grouss ginn ass, datt et aartgerecht gehale gëtt an d‘Fudder keng Antibiotiken, Medikamenter an aner schiedlech, respektiv mannerwäerteg Substanzen enthalen dierf. D‘Béischten, déi geschluecht ginn, sinn Ochsen, Ränner, Kälwen a Kallwer. Donieft sinn d‘Baueren, déi un der Fleeschproduktioun bedeelegt sinn, verflicht fir Moossnahme fir den Ëmwelt- a Waasserschutz ze ënnerhuelen. Fir datt all dës Bedingungen och wierklech agehale ginn, ginn ëmmer erëm staatlech Kontrollen an Analysen duerchgefouert.

Wéi eng Produite lafen am Moment besonnesch gutt? Joël Quintus: De Summer steet virun der Dier an domat geet geschwënn d‘Grillsaison nees un. Mir bidden eng breet Auswiel vun iwwer 50 verschiddene Grillsaachen. Vu Fleesch, Poulet, Geméis a Fësch ass alles dobäi. Fir Zaloten an Zoossen ass och beschtens gesuergt. Nieft dem Fleesch kann de Client sech och ee Grillmeeschter bei eis bestellen. Da muss en sech um Fest ëm näischt këmmeren a ka perfekt gegrilltent Fleesch genéissen. Och immens beléift ass eise Partyservice, deen eng riseg Offer vu kalen a waarmen Entréeën, Buffet, ganz Menüe mat Bäilagen, Zoppen an Desserten enthält. Mir liwweren alles, riichten op an huelen duerno erëm alles mat ewech. Op Wonsch stelle mir och Garçonen / Serveusen bereet. Dëse Service ass op all Client upassbar. Méi ausféierlech Infoe dozou stinn op eiser Websäit.

METZLEREI QUINTUS HAUSGEMACHTEN PRODUKTER PARTYSERVICE FLEESCH AUS DEM NATURPARK AN BIOFLEESCH

2, RUE G.-D. CHARLOTTE | L-7520 MERSCH | TEL: 26 32 25 38 4, AM CLEMENSBONGERT | L-9158 HEIDERSCHEID | TEL: 83 92 19 161, RUE DE ROLLINGERGRUND | L-2440 LUXEMBOURG 29| TEL: 44 78 77 28

WWW.VEIVUMSEI.COM


DEN HOLZMËCHEL

NËMMEN HOLZ?

Den Holzmëchel. Een Numm, den ee grinsen deet. Dobäi ass d‘Firma vum Marcel Jacoby alles anescht wéi ee Witz. De Schräinerbetrib proposéiert net nëmmen allméiglech Déngschter a Produktioune ronderëm d‘Thema Holz, mee weess seng Clienten och mat villen aneren Aarbechten am an ëm d‘Haus duerch Qualitéit an Zouverlässegkeet ze iwwerzeegen. Firwat ee souguer bei Garagëpaarten, Elektronik an der Organisation vun engem Begriefnis zu Konstem net um Holzwee ass, erzielt de Marcel Jacoby an dësem Interview. 30

11, route de Kautenbach | L-9831 Consthum Tél.: +352 26 90 37 10 | info@denholzmechel.lu www.denholzmechel.lu

Fir wat geet ee bei den Holzmëchel? Marcel Jacoby: Alles, wat an de Beruff vum Schräiner erageet, bitt den Holzmëchel un. Mee anescht wéi bei Ville baue mir nach alles selwer, an dat op Mooss. Miwwelen, déi mir maachen, ginn zu 100% individuell no de Wënsch vum Client hiergestallt. Dofir benotze mir natierlech nëmmen héichwäertegt Holz. Dëst gëllt och fir eis aner Aarbechte wéi Gaardenhaisercher, Trockenbau, Parkettbiedem an Trapen. Am Beräich Montage bidde mir eng breet Palett vu Servicer. Do iwwerhuele mir vum Holzmëchel


och de Finissage, wéi d‘Verspachtelen oder den Ustréch, fir datt de Client net extra eng zweet Firma engagéiere muss. Den Holzmëchel ass am Gaang, sech ze vergréisseren. Duerch eisen neien Atelier wäerte mir geschwënn nach méi effizient a méi grouss kënne produzéieren. Mir leeschten eng séier a propper Aarbecht, déi de Client zefridde stellt. Den Devis bei eis ass iwwregens gratis. Ginn Är Servicer iwwert déi reng Holzaarbecht eraus? Marcel Jacoby: Op jidde Fall. Wat dat ubelaangt, hiewe mir eis kloer vu klassesche Schräinerbetriber of. Datt mir mat ville Firmaen zesummeschaffen erlaabt eis, vill Servicer unzebidden, déi wäit iwwer d‘Holz erausginn. Den Holzmëchel këmmert sech ëm Terrassen a Verandaen, Markisen, Garagen- an Industriepaarten, Daachisolatiounen, Reparaturen an nach méi. Bei Aarbecht mat Elektresch organiséiere mir fir de Client een Elektriker, also muss hien sech net selwer drëms bekëmmeren. Wann an der Kichen eng Renovatioun muss geschéien huele mir och direkt de Plätterchersleeër an de Sanitär mat bäi. Kuerz gesot huet ee mam Holzmëchel een Uspriechpartner fir alles. Op eiser Websäit kann een transparent noliesen, bei wéi engen Déngschtleeschtunge mir mat wéi enge Partner zesummeschaffen. Är Firma huet nach eng Ofzweigung, déi sech ëm Begriefnisser këmmert? Marcel Jacoby: Jo, den Holzmëchel huet nach eng Ofzweigung mam Numm Pompes Funèbres Jacoby. Deen ass un der selwechter Adress wéi den Holzmëchel. Pompes Funèbres Jacoby leescht de komplette Service fir de Verstuerwenen. Dozou zielen den Transport vun der Läich, souwuel am In- wéi am Ausland, d‘Doudesannoncen, d‘Organisatioun vum Begriefnis, Blummen a Remerciementen. Wann de Verstuerwene soll ageäschert ginn, iwwerhuele mir d‘Formalitéite mam Crematoire a mat der Gemeng. Zu Consthum hu mir iwwerdeems een Ausstellungsraum mat jeeweils 20 Urnen a Särg, déi d‘Leit sech kënnen ukucke komme fir sech ee Modell eraussichen. De Verloscht vun enger Persoun, déi engem nostoung, ass fir déi Hannerbliwwen esou well schwéier genuch, do huet een net nach de Kapp fir sech eegestänneg ëm alles ze këmmeren. Pompes Funèbres Jacoby léisst de Client net eleng.

FENSTER | TÜREN | TREPPEN | GARAGENTORE | REPARATUREN MARKISEN | PARKETT INNENAUSBAU | RESTAURIERUNG INSEKTENSCHUTZ | MÖBEL NACH MASS

Fachmann für Innenausbau und Möbel 3D PLANUNG

W O Q U A L I TÄT Z U H A U S E I S T 11, rte de Kautenbach | L-9831 Consthum T: +352 / 26 903 710 | F: +352 / 26 903 711 GSM: +352 / 691 921 650 info@denholzmechel.lu

ww.denholzmechel.lu

31


32


LIBRAIRIE ZIMMER PRESENTÉIERT

D’IESELSOUER Zikelalarm Roland Meyer

Eng kabarettistesch Liesung iwwer d’Erzéihung zu Lëtzebuerg. Ween den Roland Meyer an seng Kabaret’sstécker kennt, wees dat heen keen Blaat firun den Mond hellt. Nodems heen Liesungen gemach huet mat sengem Zikelalarm, an immensen Succès dermat haat, as dann dono och dëst Buch an suguer och eng Fortsetzung dervun erauskomm. Ween et nach net gelees huet; tjo deen muss et nach machen, et féiert keen Wee derlanst sich „aus dem Nähkästchen plaudern“ ze loossen. Dat Buch beréiert, et léisst en Ofdrock, et get net spuerlos lanscht…. Mir sollen eis all froen wéi weit mir bei dem Zirkus do matmachen an waat dat fir eis Kanner daagdeeglich bedeit. Et as mat Secherheet eent vun den excellentesten Bicher fir seng Virurdeeler ze préifen déi een sou geent Enseignant’en, Politiker, (Helikopter-)Elteren, Musiksproffen an Edukatrice’n huet. Dir wert laachen, kraischen an den Kapp rësselen. Et as schlemm, ganz schlemm, mee dat schlemmst as, dat den Mann Recht huet. Et as Kabaret JO mee awer verdammt no un der Realitéit. Bei Verlag soen se: „Da bedeit den Titel Zikelalarm mat Sécherheet kee falschen Alarm. Mä gudd laache kann awer bei deem Buch jiddereen – ausser vläicht eis Politiker, mä do dauert et nach, bis déi d’Kompetenzsockelen erreechen!“

Op der Lay, 2015

ISBN 978 2 87967 2069

9,90 €

Pirat Bernd Marcel Gonner Oder Seeräuber sterben nie

Den Bernd Marcel Gonner, en Daitschen mat Dikricher Wuerzelen huet mat dësem Buch den „Concours littéraire national 2016 an der Kategorie Kannerliteratur“ gewonn. Elo as dann Buch och endlich disponibel. Et as eng ganz léif Geschichtchen iwert en Igel deen sengt Been brëcht an doduerch Frëndschaft mam Pol fënnt. Den Pol an den Igel, deen den Numm Pirat kritt, erliewen zesummen verschieden Abenteuer vum deeglichen Liewen. Iwer 7 Kapitelen léieren mir waat wichtig an dëser Frëndschaft as an d‘Geschicht geet och esou aus,ewéi d’Liewen aus geet… Virleesen kennt dir des Geschicht den Kanner ab 8 Jor, fir selwer ze liesen mussen se awer 9-10 Jor hun, well et as vill Text an weinig dofir immens schéin Illustratiounen. D’Buch as op daitsch geschriwen

Bicherhaischen editioun, 2017 ISBN978 99959 99902

15,00 €

Heilpflanzen & Gewürzkräuter Paul Felten - Guy Zimmer

Luxemburgs bekannteste Heilpflanzen und Gewürzkräuter aus Natur und Garten Nieft dem albekannte Bestëmmungsbuch „Déieren, Planzen an Steng“, dat well zënter menger Schoulzäit an nach ëmmer am selwechte Format disponibel ass, gëtt et elo endlech zënter leschtem Joer een neit Buch iwwer d‘Planzen, déi hei bei eis doheem wuessen. D’ASBL „natur & ëmwelt“ huet zesumme mat der Revue ee léierräichen an interessanten Iwwerbléck iwwert déi wichteg Blummen, Beem, Planzen a Kraider erausbruecht. Et fënnt een op knapp 200 Säite mat engem kompletten „Artenverzeichnis“, ville Fotoen an Piktogrammer eng Jett Informatiounen zesummegedroe vum dem Apdikter G. Zimmer an dem Pädagog P. Felten . Fir d‘Monographie ginn op enger duebeler Säit déi botanesch, kulturgeschichtlech, pharmazeutesch an eventuell kulinaresch Mierkmoler ervirgehuewen. Den Numm ass souwuel op Latäin, Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch hannerluecht.

Editions de Cliärrwer Kanton asbl, 2016 ISBN-13 : 978-99959-45-06-0

29,00 € 11, rue Saint Antoine L-9205 Diekirch

Tél: 80 95 59 Fax: 80 71 62

Lun. - Ven. 08:30 - 18:00 Sam. 09:00 - 17:00

www.zimmer.lu 33


Exklusive Wellnesschalets Am Südzipfel des Naturparks Our in Luxemburg entstehen derzeit sechs Wellnesschalets für jeweils bis zu 8 Personen. Ziel ist es, höchste Ansprüche hinsichtlich Lage, Behaglichkeit, Komfort, Ausstattung und Service zu erfüllen. Entsprechend wurden die parkartige Anlage mit Teich, einer Massagehütte und den Chalets konzipiert. Der Standort ist ideal : gut zu erreichen, ungestörte Ortsrand- und Sackgassenlage, unverbaubare Sicht über die sanften Hügel des romantischen Ourtals. Es ist ein idealer Ausgangspunkt für Wander-, Rad- und Mountainbiketouren. Zugleich offeriert das nahe Vianden ein vielfältiges kulinarisches, kulturelles und touristisches Angebot.

CHALET ALZETTE

·

CHALET ERNZ

·

CHALET MOSEL

34

9, an der Gaessel · L-9452 Bettel · Tel. : +352 28 11 74 - 1


Im Sommer 2017 bezugsfertig Die Wellnesschalets, die Massagehütte und der Frühstücksraum nebst Weinkeller im angrenzenden Gebäude werden im Sommer 2017 fertiggestellt sein. Derzeit steht der Innenausbau mit hochwertigen, teilweise sehr alten Hölzern an. Wir haben hierfür einen erfahrenen Schreinerbetrieb aus Österreich gewinnen können, der für die individuelle Note der einzelnen Themenchalets sorgt. Bitte verschaffen Sie sich auf unserer Webseite einen ersten Eindruck über unser Angebot. Hier können Sie Bilder der Chalets und des Geländes finden. Es handelt sich hierbei um Computervisualisierungen, die von der späteren Realität abweichen können. Ab sofort können Sie unsere Chalets über die Website buchen.

CHALET OUR

·

CHALET PETRUSSE

·

CHALET SAUER

35

info@chaletspetryspa.lu · www.chaletspetryspa.lu


Mallorca-Bodega Exclusive Weine aus Mallorca

Rich Simon strahlt wenn er über seinen Weinhandel erzählt. Mit seiner Mallorca-Bodega hat sich der RTL Sport-Journalist einen Traum erfüllt. Seit gut 2 Jahren ist die Mallorca-Bodega in Stegen Treffpunkt für Weinliebhaber. Wie der Name schon verrät, werden aber nur mallorquinische Weine angeboten. „Die Auswahlverfahren unserer Winzer sind streng“ betont der Inhaber. „Wir arbeiten nur mit kleinen Bodegas zusammen und es ist uns wichtig, dass neben bekannten internationalen Rebsorten auch autochthone mallorquinische Trauben in den Weinen verarbeitet werden“, erklärt Rich Simon weiter. Etwa 40 verschiedene Weine stehen in der Mallorca-Bodega zur Auswahl. Aber auch Flor de Sel, d‘Gin, Hierbas, Palo, Olivenöl und verschiedene Schinken-, Wurst- und Käsesorten findet man im Sortiment wieder. Geschenkkörbe werden je nach Budget zusammengestellt.

Feste Öffnungszeiten gibt es keine. Die Mallorca-Bodega passt sich Ihrer freien Zeit an. Für eine private Weinprobe genügt ein Anruf. Am 30. Mai findet die Frühjahrsverkostung ab 19.00 Uhr statt. Hier stehen die neuen Weißweine und Roséweine im Mittelpunkt. Aber auch die verschiedenen Rotweine können verkostet werden.

17, Rue Nic Pletschette | L-9186 Stegen Tel.: 26 80 47 20 | www.mallorca-bodega.lu Mallorca-Bodega.lu


www.luxglass.lu Luxglass est une jeune entreprise énergique fondée en mars 2012. Après une expérience de 28 ans dans le secteur verrier, Carlos Pimenta a décidé de faire son propre chemin professionnel. Avec son charisme, Carlos et son équipe ont réussi à dynamiser Luxglass pour tous vos projets verriers. Ils se tiennent à votre disposition pour mener à bien tous vos travaux que vous soyez professionnels ou particuliers. Vous aurez l‘assurance d‘un travail soigné grâce aux compétences de nos équipes de pose nous mettons notre savoir-faire aux services d‘architectes, de prof. du bâtiments, d‘administration ainsi qu‘aux particuliers et nous apporterons une plus grande attention à vos demandes.

Luxglass SA | 3 , Grevels-Barrière | L-8059 Bertrange | Tél.: +352 26 37 69 | Fax: +352 26 37 69 69 | info@luxglass.lu

VENTE EXCLUSIVE – 3 RESIDENCES À WILTZ

RESIDENCE „DU GENÊT“| rue G.D. Charlotte, Wiltz

Pour plus d‘informations, contactez-nous :

30, rue des Tondeurs L-9570 Wiltz Fax: 95 92 90 Tél: 95 82 59-1 info@immowolz.lu www.immowolz.lu

RESIDENCE „AN DER GEITZT“| rue des Sports, Wiltz

RESIDENCE „DU PONT“| rue du Pont, Wiltz

39


THE ART OF HOME FASHION

IDEENCENTER FÜR RAUMGESTALTUNG VOM MALERBETRIEB PETERS S.A.R.L.

SPANNDECKEN & KREATIVE RÄUME

GROßER SHOWROOM FÜR LICHT- & SPANNDECKEN / INNENAUSBAU / BODENBELÄGE / TAPETENVERKAUF

BODENBELÄGE & FERTIGPARKETT

Ein Raum ist mehr als nur 4 Wände. Erst der Boden gibt ihm seinen unverwechselbaren Charakter. Zum Wohlfühlen oder Enstpannen für Sie und Ihre Gäste.

www.malerbetrieb-peters.de

DIE SPANN-LICHT-DECKEN VON PETERS

Wir beraten Sie persönlich in allen Fragen der Spanndeckengestaltung, damit die Wohnatmosphäre ganz Ihren persönlichen Vorstellungen entspricht.

HOCHWERTIGE TAPEZIERUNGEN Hochwertige Tapeten in ganz individuellen Mustern können auch Ihr Ambiente noch exklusiver gestalten.

PETERS GMBH 13A, Pittenbacherstraße D-54597 Pronsfeld T: +49 65 5690 191-0

PETERS SÀRL 23, op der Hei L-9809 Hosingen T: +352 26 78 01 12

Öffnungszeiten in Hosingen:

geöffnet von Montag bis Freitag von 09:30 Uhr bis 12:30 Uhr und von 13:30 Uhr bis 17:00 Uhr


Flame your Lifestyle

FRÜHJAHR = BAUSTART Sie träumen von einem gemütlichen FEUERABEND in Ihrem neuen Wohnhaus oder Umbau? Überprüfen Sie mit unserem Planungsbüro, ob ALLE technischen Angaben wie Schornsteinproportionen, Verbrennungsluft, Raumluftwächter, usw. für Ihre zukünftige Feuerstelle in Ordnung sind!

Eine gute Vorbereitung spart Zeit, Ärger und Geld!

NEU & EXCLUSIV Ihr Fachhändler für den Norden Luxembourg & Ostbelgien

KAMINE | ÖFEN | HAUSEIGENES PLANUNGSBÜRO Grand-Rue 60b

L-9905 TROISVIERGES Tel.: +352 26 90 81 58

info@fusionlux.lu | fusionlu@pt.lu

w w w.fusion-lux.lu

41


43


Nos services

Durch kompetente Partner bieten wir Ihnen bei der Projektabwicklung einen außergewöhnlichen Komplettservice rund ums Glas. Aus einer breit angelegten Produktpalette aufgrund kompetenter Partner, erarbeiten wir für Sie exklusive Lösungen aus. Bei uns finden Sie professionelle Beratung.

•

Portes en verre

•

Portes coulissantes

•

Garde-corps en verre

•

Cabine de douche en verre

•

Miroirs

•

Revêtement mural/Paroi arrière de cuisine

•

Cloisons en verre

•

Centre service de réparation

Unsere Leistungen •

Ganzglastüren

•

Glasschiebetüren

•

Glasgeländer

•

Ganzglasduschen

•

Spiegel

•

Wandverkleidung/Küchenrückwände

•

Glastrennwände

•

Reparatur Service Center

GLASASPEKT | 31, rue de la Gare | L-9233 Diekirch | GSM : +352 621 664 497 | Tél. : +352 263 787 74 | info@glasaspekt.lu

www.glasaspekt.lu

follow us on


CLASSE ENERGIE

AAA

Appartements à vendre

F ISCONSULT R EAL E STATE R E A L E S TAT E C O M PA N Y

AGENCE IMMOBILIÈRE 26.72.31.82 dbimmobiliere@gmail.com https://www.facebook.com/dbimmobiliere

26.64.92.13 661.119.230 661.153.360 contact@fisconsult-realestate.com www.fisconsult-realestate.com

Appartements neufs à vendre ESCHWEILER - WILTZ A partir de 328 963 € - TVA 3% Appartements de standing de 90 à 152 m² 45

Jardins + Caves + parkings intérieurs


47


HEIZUNG SANITÄR HAUSTECHNIK +352 80 32 98 Dépannage +352 691 / 84 95 95 26, rue du vieux Marché Email : p-rauchs@pt.lu www.p-rauchs.lu

Badezimmer-Komplett& Teilsanierung ALLES AUS EINER HAND Beratung, 3D-Planung, Wellness, Barrierefreie Badezimmer


„SICH DE FEELER“

GEWËNNSPILL Ze gewanne gëtt et ee BONG fir een 3-gängegt Owesiesse

mat Iwwernuechtung fir 4 Persounen am Uerspelter Schlass am Wäert vu 500 €

Sicht déi 5 Feeler op der Foto an schéckt eis d’Souche bis spéitstens den 31. Mai 2017

Affranchir s.v.p.

DOHEEM - SAN s.àr.l. Maison 16 L-9780 Wincrange

+3x2

ENTRÉESBILLJETEN ZE GEWANNEN ... w.e.g. ausfëllen an aschécken

49


D‘GEWËNNER VUM SPILL AUS DEM MAGASINN DOHEEM N°27

NACH ZE GEWANNEN:

Spill: Bong „Logomotif“ vun 125 € - Goudembourg Bruno, Perlé - Kreins Gilbert, Marnach

Spill: 2 Entréesbilljeten fir „Eure Mütter“ - Calmes Nathalie, Nocher - Majerus Fernand, Doncols - Schmol Karin, Lullange

FESTIVAL DE WILTZ operated by COOPERATIONS ASBL 8 rue de la Montagne L-9538 Wiltz www.cooperations.lu www.festivalwiltz.lu

Spill: 2 Entréesbilljeten fir „CUBE 21“ - Warken Felix, Ettelbreck „De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrousen“

- Krier Josette, Baschleiden „ E living an america“

- Wilhelmus Linda, Marnach „Birth of the cool“

WAT ECH AM LÉIFSTE GEWANNE WËLL: NUMM:

_____________________

VIRNUMM:

_____________________

ADRESS:

_____________________ _____________________

PLZ:

_ ____________________

UERTSCHAFT: _____________________ TÉL:

_____________________

E-MAIL:

_____________________

Just gëlteg wann alles komplett ausgefëllt ass an déi 50 5 Feeler fonnt gi sinn.

BONG AM WÄERT VUN 500 € FIR EEN 3-GÄNGEGT OWESIESSE MAT IWWERNUECHTUNG FIR 4 PERSOUNEN AM UERSPELTER SCHLASS 2 TICKETS - 1. JULI „VOYAGE MUSICAL - DU NIL À L‘OURAL“ Infos: http://www.festivalwiltz.lu/de/node/2

2 TICKETS - 2. JULI „DAS DSCHUNGELBUCH“ Infos: http://www.festivalwiltz.lu/de/node/4

2 TICKETS - 21. JULI „LOSERS CIRQUE COMPANY“

Infos: http://www.festivalwiltz.lu/de/node/10

Wann ee méi ukräizt sinn d'Gewënnchance méi grouss.


FENSTER - TÜREN

ÖFEN ALLER ART

KOCH MONTAGEBAU A G 2, am enneschten Eck L-9838 U ntereisenbach T + 352-92 9 7 14

F +352-92 97 15 info@koch-ag.lu ww w. koch-a g. lu

Unsere Ausstellung ist geöffnet: donnerstags und freitags von 11-17 Uhr, samstags von 11-14 Uhr.

51


52


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook