al_dikkrich_brochure_A5_WEB

Page 1


25 20

DONNESDES 10.Juli

18:30 Vernissage vun der ‘Palette’ am Kulturhaus

20:00 Concert d’Ouverture an der Aler Kiirch mam Galletrio ronderëm de Mathieu Clement, Fräien Entrée, Don fir d’Amicale Fleegheem «Bei der Sauer» vun Dikrich.

D’Gedrénksstänn sinn Donnesdes nach zou.

Concerts d’Ouverture

All Jar gi mir eis grouss Méi, ee flotten Optaktconcert an deem eenzegaartege Kader vun der aler Kiirch op d’Been ze stellen.

Dee Concert ass traditionell vun der Dikricher Brauerei finanziell ënnerstëtzt. Dëst Jar spillt den 2020 gegrënnte «Galletrio», déi agespillte Formatioun ronderëm de Mathieu Clement huet sech op der Musikhochschule Köln kennegeléiert, a präsentéiert nieft schwongvollem Jazz och Eegekompositiounen vun den 3 Memberen.

FREDDES 11.Juli

19:00 19:45

Empfang vun de Brautkoppelen am Haff vum Ale Kolléisch

Opstelle vum Cortège: Police, Eselen aus der Sauerstad Dikrich, Béierrull, Dikricher Musik, Brautkoppelen, Oldtimeren, Solschlësselcher, Guiden a Scouten, Handball, Basketball, Volleyball, Schwammclub, Noumer Musik, Vertreeder vum Syndicat d’Initiative a vun der Dikricher Brauerei, de Comité vun ‚ Al Dikkrich’, Kutsch mam Direkter vun der Brauerei a mat de Buergermeeschteren vun Dikrich a vun ‚Al Dikkrich’

Départ vum Cortège

Schlësseliwwerreechung vun de Gemengepappen un de Schäfferot vun ‚ Al Dikkrich’ um Bottermaart, uschléissend Fräibéier bei alle Veräiner, offréiert vun der Dikricher Brauerei

Concert vun der Noumer Musik um Bottermaart

Danzmusik hannert der Aler Kiirch mam Sandy Botsch, DJs Funka & Schar-L

Serrures et Sécurité

SAMSDES 12.Juli

14:30 Hämmelsmarsch an der Foussgängerzon gespillt vun der Dikricher Musik

20:00 Concert vun der Veiner Musik um Bottermaart

21:30 03:00 Grusse Kiirmesbal hannert der Aler Kiirch mam

Lisa Mariotto an DJs YaHu & Gregges

E bësse Geschicht

„Al Dikkrich“, d‘Kiirmes bei der Aler Kiirch St.Laurent, gouf 1968 op Initiativ vun der lokaler Union Commerciale nei op d’Bee gestallt, nodeems fréier Tentativë virum Krich an an de 50ger Jaren keen Erfolleg haten. Zanter 1970 leit d’Organisatioun vun der Kiirmes an den Hänn vum Comité « Les Amis du Vieux Diekirch ».

D’Fest dauert haut wéi deemools fënnef Deeg, organiséiert ginn traditionell de Cortège, Concerten, Conveniaten an Ausstellunge ronderëm déi Al Kiirch. Donieft gouf am Laf vun der Zäit och den Zentrum vun Dikrich verschingert, zum Beispill mam Zinniklos a sengem Eesel um Bottermaart, mam Goldeesel an der Grussgaass oder mat bronze Stroosseschëlder an de Gaasse vun Dikrich.

D’Philosophie vum Fest bleift déiselwecht: alleguer déi Dikricher Veräiner, déi dobäi sinn, maachen extra Efforten an der Jugendaarbecht, déi esou iwwer dee Wee soll ënnerstëtzt ginn.

4, rue vieille

L-9290 Diekirch

Tel.: +352 - 26 80 48 27

E-Mail: info@gorges.lu www.go r ges.lu

SONNDES 13.Juli

10:30 11:30

Houmass an der Aler

Kiirch mam

Dikricher Cäcilieveräin

Concert-Aperitif mat der Garnisounsmusik

Dikrich hannert der Aler

Kiirch

Receptioun fir déijéineg, déi viru 50 Jar zu Dikrich an d’ischt Schulljar gaange sinn

Kiirmeskast

Um Menü

• Paschtéit, Fritten an Zalot

• Fierkelshämmchen mat gebootschte Gromperen

• vegetaresch Lasagne

12:00 12:30 20:00 13:00 14:30 17:00 17:00 18:30 01:00

Sprangschlässer fir d’Kanner

Danzmusik mat

Vocals on Tour offréiert vun der Agence Croisé

S.A. vun Dikrich

Stëmmung hannert der Aler Kiirch mat Sigma 7

Concert vun der Dikricher Musik um Bottermaart

PROJ EC T

MÉINDES 14.Juli

18:00 Aschreiwe fir de Konter a Matt Turnéier

19:00

20:00 21:00 Ischt Ronn

Concert vun der Baastenduerfer Musik um Bottermaart

03:00

Danzmusik am Béiergaart mam Jos Schartz a Patrick Wilmes

Konter a Matt online léieren a spillen

Traditionell gëtt op Al Dikkrich Méindes ëmmer Kaarte gespillt, an eisen Tournoi erfreet sech nach ëmmer gréisster Beléiftheet, et ass dee gréissten hei am Land, also quasi d’Weltmeeschterschaft am Konter a Matt. :-)

Fir dat dëst esou bleift hu mir een Online-Tutorial entwéckelt, iwwer deen een d’Spill ka léieren. Mee och routinéiert Spiller kënnen sech hei fir eng Partie rendez-vous ginn, via een automatesche Code ass den eegenen Dësch reservéiert.

Eis kënschtlech Matspiller am Programm sinn nach keng Profien, an dat ass och gutt esou!

Mir schaffen nach u méi performante Bots a weidere Verbesserungen.

DËNSDES 15.Juli

17:00 Staminet mat den Dikricher Lett, Verwaltungen a Betriber

20:00

20:00 21:00

17:00 03:00

Musikalesch Animatioun mat Les Brasseurs ronderëm d’Al Kiirch offréiert vun der Agence Croisé S.A. vun Dikrich

Concert vun der Foulschter Musik um Bottermaart

Danzmusik mat Vocals on Tour mam DJ Luke.

An eegener Saach:

Eist Fest ass eent vun de leschten am Land, dat nach ëmmer komplett ouni Entrée gefeiert gëtt, an dat soll och esou bleiwen. Wann dir eis awer op fräiwëlliger Basis wëllt ënnerstëtzen, kënnt dir gären ee klengen Don maache via de QR-Code hei niewendrun. Är Suen droen dozou bäi, eis Infrastrukturen ze verbesseren an ze erneieren, wat eis, a virun allem alleguer de Veräiner, déi bei eis matschaffen, ganz vill hëlleft.

Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.