Skip to main content

36. Editioun vun der Doheem

Page 1

2

A VENDRE

3 maisons clé en main en bois massif (AAA) L-9906 TROISVIERGES 14, rue Staedtgen

VE

ND

Maison 3 facades coté gauche 490.910,00 € HTVA

Maison mitoyenne 433.410,00 € HTVA

16,35 ares/ 156 m² Surf.hab.

4,13 ares/ 156 m² Surf.hab.

Intérieur Cuisine, Séjour Salle de bain, Salle de douche WC séparé, Hall d'entrée 3 Chambres ,Cave Extérieur Ja Balcon , Jardin

U

Intérieur Cuisine, Séjour Salle de bain, Salle de douche WC séparé, Hall d'entrée 3 Chambres ,Cave Extérieur Ja Balcon , Jardin

Maison 3 facades coté droit 472.410,00 € HTVA 6,27 ares / 156 m² Surf.hab. Intérieur Cuisine, Séjour Salle de bain, Salle de douche WC séparé, Hall d'entrée 3 Chambres ,Cave Extérieur Ja Balcon , Jardin

+++ Cuisine équipée de qualité d‘une valeur de 20.000,-€ comprise +++ Primes déductibles jusqu‘à 24.000,-€ (+6.000,-€ pour les forages dans la terre) - encore à retirer du prix d‘achat!

www.petersgroup.lu - 00352 97 96 40


INDEX GEWËNNSPILL 45

SICH DE FEELER

1 x 250€ AKAFSBONG FIR MÉCKEGITTERE VUN DER MARK M&S SPROSSENELEMENTE OFFRÉIERT VUN DEN HOLZMËCHEL

5

WAT EEN DËST JOER DO ERWAART Foire Agricole Ettelbréck

11

ENG REES ZRÉCK AN D’MËTTELALTER Useldeng

15

KLENG NATIOUN, GROUSS FEIERLECHKEETEN Nationalfeierdag

19

SCHUTZ VIRU SONN AN HËTZT De Summer ka kommen

25

WUELFILLEN TRËFFT OP HIGH-TECH Buedzëmmertrends 2018

31

WAGNER TECH - FD ELECTRIC Fir Är Sécherheet ass gesuergt

32

presentéiert "De Baumeeschter"

IMPRESSUM Editeur, régie et mise en page: SAN s.à r.l. T: 28 11 42 1 Wincrange & Diekirch doheem@san.lu | www.san.lu

34

WASHTIME presentéiert "De Road Runner"

Couverture: Photo: Mary Schumacher Model: Jessica Schleijpen Hair & Make-Up: Céline Feltgen

36

Tirage: 24.500 exemplaires

38

L'éditeur ne peut en aucun cas être tenu responsable de la correctitude des informations indiquées. Tous les renseignements sont donnés sous réserve de changement ou d'erreur.

DEN HOLZMËCHEL

RESTAURANT PANORAMA MAARNECH presentéiert "De Gaumenschmaus"

LUXHERBALIST presentéiert "De Lifestyle"

40

MY SECRET Endlech nees schéin Hoer

Ce sont exclusivement les propriétaires de ces annonces liées qui sont responsables de leur contenu. Lorsque des prix sont indiqués, nous ne donnons pas de garantie pour l'actualité et la correctitude de ces indications de prix. Les indications de prix sont uniquement pour votre information, il ne s'agit pas d'une offre. Aucun droit ne pourra vous être octroyé con­cernant des prix indiqués.

41

L'ensemble de ce journal relève des législations en vigueur sur les dro­­­its d'auteur et de la propriété intellectuelle. Tous les textes, illustrations, images, photos et autres données sont protégés par un droit de reproduction.

47

BEAUTYINSIDE Méi séier bei d’Bikinifigur

LIBRAIRIE ZIMMER presentéiert "D'Ieselsouer"

3


4


FOIRE AGRICOLE ETTELBRÉCK

WAT EEN DËST JOER DO ERWAART

Obwuel d‘Landwirtschaft zu Lëtzebuerg fréier déi dominant ekonomesch Aktivitéit war, mécht si haut nëmmen nach 0,3% vun eisem PIB aus. Trotzdeem ass d‘Agrikultur nach ëmmer ee wichtegen Aascht um Bam vun der Wirtschaft. Ee kloren Zeien dovunner ass d‘Foire Agricole zu Ettelbréck, déi mat enger Fläch vun 110.000 m2 an am Schnëtt iwwer 35.000 Visiteuren déi gréissten Expositioun ënner fräiem Himmel am Grand-Duché ass. All Joer um éischte Weekend am Juli versammelen sech ronn 300 Exposanten aus dem grénge Secteur, fir dem Public ze weisen, wat Baueren, Bëschaarbechter a Co. an eisem Ländchen esou ze bidden hunn.

Schonn zënter 135 Joer existéiert dëst Evenement, dat ursprénglech als einfache Véimaart ugefaangen huet. Haut zitt et sech iwwer dräi Deeg an ass souwuel ee wichtegen Treffpunkt fir d‘Vertrieder aus dem Liewensmëttelberäich, wéi och een interessante pedagogesche Site mat héijem Ënnerhalungswäert. Schliisslech ginn et vun Déiere bis Maschinnen esou munch Saachen do ze bewonneren a souguer Optrëtter ginn ugebueden, wéi d‘PäerdsShow vum leschte Joer. Och dëst Joer ass nees ee Spektakel mat Päerd virgesinn. Wat soss nach esou um Programm steet, wäerte mir Iech elo erzielen. 5


NISSAN NAVARA. POUR CEUXNAVARA. QUI ONT DU FLAIR. NISSAN POUR CEUX QUI ONT DU FLAIR.

Modèle exposé : Nissan NAVARA Double Cabine Tekna avec accessoires Modèle exposé : Nissan NAVARA Double Cabine Tekna avec accessoires

IL Y A DÉJÀ UN IL Y A DÉJÀ UN NISSAN NAVARA

àpd 24.590 € (TVA incl.) NISSAN NAVARA

(2)

àpd 24.590 € (TVA incl.)

prime conditionnelle de reprise(3) incluse. (2) prime conditionnelle de reprise(3) incluse.

TESTEZ-LE CHEZ VOTRE CONCESSIONNAIRE NISSAN BY LENTZ Route de Thionville 535 L-5887 Alzingen 00 352 44 45 45 TESTEZ-LE CHEZ VOTRE CONCESSIONNAIRE NISSAN Tél. BY LENTZ Zone Industrielle Lëtzebuerger Heck L-3844 Schifflange (Foetz) Tél. 00 352 57 44 22 Rue dede Bastogne 170 Route Thionville 535 Zone Industrielle Lëtzebuerger Heck Rue de Bastogne 170

L-9011 L-5887 L-3844 L-9011

Ettelbruck Alzingen Schifflange (Foetz) Ettelbruck

Tél. 81 26 Tél. 00 00 352 352 44 45 84 45 Tél. 00 352 57 44 22 Tél. 00 352 81 26 84

Pour plus de renseignements : contact.lu@caravenue.com Pour plus de renseignements : contact.lu@caravenue.com

(1) 5 ans / 160.000 km (le premier atteint) de garantie constructeur sur la gamme LCV. Termes et exclusions applicables. Pour plus d’informations, veuillez consulter les Termes et Conditions de Garantie Étendue. L’émetteur de cette Garantie Étendue est Nissan International Insurance Ltd. (2) Prix, remise (3.800 €) et prime conditionnelle de reprise (1.200 €) déduites, calculé sur base d’un prix catalogue recommandé de 29.590 € pour le Nissan NAVARA KC 2.3 DCi Visia. Off re uniquement valable pour les particuliers du 01/05/2018 au 30/06/2018. (3) Prime de reprise : contactez votre concessionnaire Nissan pour plus d’informations sur la prime de reprise éventuelle de votre voiture. La voiture doit être immatriculée depuis au moins 6 mois au nom de son dernier propriétaire. La nouvelle Nissan doit (1) 5 ans / 160.000 km premier garantie constructeur sur la gamme et exclusions Pour- plus d’informations, veuillez consulter les Termes et Conditions de Garantie être immatriculée au (le même nomatteint) que la de voiture reprise. Annonceur : Nissan BeluxLCV. s.a. Termes (Importateur), Bist 12, applicables. 2630 Aartselaar TVA BE0838.306.068 - RPM Anvers -beluxfr@nissanservices.eu. Photos non Étendue. L’émetteur de cette environnementales Garantie Étendue est Nissan International Insurance Ltd. (2) Prix, remise (3.800 €) et prime conditionnelle de reprise (1.200 €) déduites, calculé sur base d’un prix catalogue contractuelles. Informations : A.R. 19/03/2004 : www.nissan.be recommandé de 29.590 € pour le Nissan NAVARA KC 2.3 DCi Visia. Off re uniquement valable pour les particuliers du 01/05/2018 au 30/06/2018. (3) Prime de reprise : contactez votre concessionnaire Nissan pour plus d’informations sur la prime de reprise éventuelle de votre voiture. La voiture doit être immatriculée depuis au moins 6 mois au nom de son dernier propriétaire. La nouvelle Nissan doit être immatriculée au même nom que la voiture reprise. Annonceur : Nissan Belux s.a. (Importateur), Bist 12, 2630 Aartselaar - TVA BE0838.306.068 - RPM Anvers -beluxfr@nissanservices.eu. Photos non contractuelles. Informations environnementales : A.R. 19/03/2004 : www.nissan.be

NAVARA

167 -199 G/KM

6,3 - 7,6 L/100 KM

NISSAN.LU

NAVARA

167 -199 G/KM

6,3 - 7,6 L/100 KM

NISSAN.LU

ByLentz_ANNONCE_NAVARA_210x297_MAGAZINE_01.indd 1

11-05-18 15:36

ByLentz_ANNONCE_NAVARA_210x297_MAGAZINE_01.indd 1

11-05-18 15:36


Sou schmaacht Lëtzebuerg Eent vun den Ziler vun der Foire Agricole ass et, fir Liewensmëttel, déi bei eis produzéiert ginn, Reklamm ze maachen. Ugefouert gëtt dës Missioun vun „Sou Schmaacht Lëtzebuerg“, enger Sensibiliséierungs-Campagne, déi 2009 vun der Landwirtschaftskummer an Zesummenaarbecht mam Ministère op d‘Bee gestallt ginn ass. Dës Campagne viséiert net just de Konsument, mee versicht och d‘Restaurateuren dovun z‘iwwerzeegen, méi Lëtzebuerger Produiten an hire Menüen ze verschaffen an hëlleft hinne bei der Ëmsetzung. Mee firwat sollt een sech iwwerhaapt fir ee Lëtzebuerger Produit entscheeden? „Op Liewensmëttel aus eiser Regioun zeréckzegräifen huet eng ganz Partie Virdeeler“, erkläert d‘Ghislaine Soisson, Projetscheffin vu Sou Schmaacht Lëtzebuerg. „Well d‘Uebst oder d‘Geméis méi kuerz Weeër bis op déi Plaz muss zréckleeën, wou

et verschafft gëtt, kann et da gepléckt ginn, wann et schonn zeideg ass an huet dowéinst méi Goût a méi Vitaminnen. Och de Risk, datt d‘Wuer ënnerwee verdierft oder beschiedegt gëtt, ass méi kleng an et entsteet manner Ëmweltbelaaschtung. Zu gudder Lescht dréit een dozou bäi, Aarbechtsplazen an der Regioun z‘erhalen.“ Op der Foire wäert Sou Schmaacht Lëtzebuerg mat engem 1.400 m2 groussen Zelt vertruede sinn, ënnert deem eng ganz Rei Liewensmëttelproduzenten aus dem Land sech virstellen.

Biologesch Landwirtschaft zu Lëtzebuerg Dozou zielt och „Bio Lëtzebuerg“, den Daachverband vun de Lëtzebuerger Bio-Baueren. De Grondgedanke bei der biologescher Landwirtschaft besteet doran, säi Feld méi natierlech a méi nohalteg ze bewirtschaften, andeems een op mineraleschen Dünger an op chemesch-

7


synthetesch Onkraut- oder Insektemëttel verzicht. Dat Ganzt geet awer nach méi wäit. D‘Direktesch vu Bio Lëtzebuerg Daniela Noesen erzielt: „De Biobauer versicht weiderzedenken an seng Aktivitéiten dem Wuel vum Déier an der Ëmwelt auszeriichten. Dozou gehéieren zum Beispill eng aartgerecht Haltung vum Véi an d‘Handelen am Sënn vun der Kreeslafwirtschaft. Fir dëst optimal ëmzesetzen, hu mir den Institut fir biologesch Landwirtschaft an Agrarkultur (IBLA), deen un neie Léisungen an Techniken am Bio-Secteur schafft.“ Ee Beispill dovunner ass de Projet „Romeo und Julia“, wou an engem Héngerbetrib souwuel weiblech wéi och männlech Déieren opgezunn an Eeër a Fleesch verkaaft ginn, amplaz datt d‘Hunnen als Jippelcher eliminéiert ginn. D‘Associatioun Bio Lëtzebuerg ass 1988 mam Zil gegrënnt ginn, d‘biologesch Landwirtschaft bei eis am Land ze fërderen an eng Zesummenaarbecht z‘erliichteren. Aktuell existéieren 132 Bio-Betriber am Grand-Duché, wouvunner der 81 Member vun der Vereenegung sinn.

Solidaresch Landwirtschaft D‘Iddi vun der Nohaltegkeet steet och bei der sougenannter solidarescher Landwirtschaft, kuerz SOLAWI, am Mëttelpunkt. Et handelt sech heibäi praktesch ëm eng Aart Abonnement op Liewensmëttel, wou de Konsument dem Bauer fir déi ganz Saison l e r am u tViraus a n ee t sfixe e ’Betrag c l elrereegelméisseg urtuatna nt ssäi e ’ c bezilt an dofir Kuerf t s e ’ c mat Uebst an/oder Geméis kritt. De Sënn dovunner ass, datt d‘Produktioun finanziell ofgeséchert ass an de Bauer sech net de Marchéspräisser ënnerwerfe muss. Et besteet een direkte Kontakt tëscht Produzent a Konsument ouni Tëschenhändler, wouduerch manner Offall a Form vu Verpakung entsteet an d‘Wuer quasi direkt vum Feld an d‘Kachdëppe kënnt. Trotz senge Virdeeler ass SOLAWI zu Lëtzebuerg nach relativ onbekannt, just sechs Betriber bidden se am Moment un. Mat hirem Stand op der Foire Agricole wëllt dës Beweegung d‘Visiteuren doriwwer opkläeren an nach méi Produzente vun deem Prinzip iwwerzeegen.

en vouloir plus en vouloir plus

lpriroiloulo uvovnn e susslu p e ulp rioluov ne

Plus vous nous faites confiance, plus vous y gagnez. Avecvous OPERA PLUS, vous bénéficiez Plus nous faites confiance, plusnaturellement vous y gagnez.

ittaériécpooso,n ceéstiéeiff coiasR,neeusqienff iaR euqnaB evitarépooecvé aB

infos en agence ou sur www.raiffeisen.lu infos en agence ou sur www.raiffeisen.lu

evitarépooc étéicos ,nesieffiaR euqnaB

deOPERA tout un éventail tarifaires. Avec PLUS, vousd’avantages bénéficiez naturellement de tout un éventail d’avantages tarifaires.

Banque Raiffeisen, société coopérative Banque Raiffeisen, société coopérative

c’est naturel c’est naturel

.zengag y suov sulp ,ecnafinoc setiaf suon suov sulP .zen.zgteanngegm yase ,eelp cicn,fieaécfinné uLfoPsnuAsoR unE oP soucvlePsvuAlP esvrustouavlnpszu uecotivsae,fStsiUa gullyo aob ficnsso svuO tnem l.e zaetnisczefiegéiacntfiénébanvséaub’odsvlui,aS EAPtRO serurlliteaarfn irta nPu uEocPteO evdA tneelm u otU vnL,eSPvUéALR cevA .ser.isaefirria etga aa ’dva lia éenvuétnuuottueodt ed atfisra setngaavtn ’dtnlieavtn

ul.nesieffiar.www rus uo ecnega ne sofni ul.n wrw usruuso ueocneecgnaegnae nseofsnoifni uel.snieesfifeiaffri.a .wwwrw


Fro de Bauer

Wood Cluster

Bei sou ville verschiddenen Aarte vun der Landwirtschaft kann den Normalbierger gär mol den Iwwerbléck verléieren. Heiansdo ass et och einfach net evident, wéi ee Liewensmëttel, dat ee quasi all Dag zou sech hëlt, iwwerhaapt hiergestallt gëtt. Mat hirer Initiativ „Fro de Bauer“ wëllt d‘Vereenegung vun der Lëtzebuerger Landjugend an de Jongbauere Kloerheet verschafen. Op der Foire Agricole wäerten si de Visiteuren d‘Méiglechkeet bidden, Äntwerten op all hir Froen am Bezuch op d‘Landwirtschaft ze kréien. „Et ass erstaunlech, wéi vill Leit hautdesdaags déi elementärste Saachen net méi wëssen“, seet de Jerome Reuter, MatResponsabele vum Projet. „Froen, déi d‘Leit eis stellen, si beispillsweis: ass eng Kou männlech, wann se Haren huet? Oder: Gëtt eng brong Kou aner Mëllech wéi eng wäiss? Mee amplaz datt mir eis doriwwer opreegen oder de Geck domat maachen, versiche mir ze hëllefen.“ De Service Fro de Bauer fonctionnéiert och iwwert hir Internetsäit, op där jiddereen hinnen seng Froen iwwer een Online-Formulaire eraschécke kann.

D‘Landwirtschaft steet op der Foire ganz kloer am Mëttelpunkt, mee déi aner gréng Beruffer si grad sou present. Dat wieren ënner aneren déi aus der Holzindustrie. Zu Lëtzebuerg gi pro Joer 500.000 m3 Holz recoltéiert, dat an den 1.500 Entreprisen, déi zum Secteur gehéieren, verschafft gëtt. Et ass ee Material, dat immens villsäiteg agesat ka ginn: Um Bau, fir Energie ze gewannen, fir z‘isoléieren, als Basis vu Pabeier, fir Miwwelen hierzestellen a vill weider Zwecker. 2016 ass de „Wood Cluster“ vun der Organisatioun Luxinnovation gegrënnt ginn. Et ass eng Plattform, op där Wëssen an Iddie gesammelt ginn, fir d‘Acteuren aus der Holzindustrie ze stäerken an eng besser Zesummenaarbecht ze erméiglechen, déi hoffentlech an neien, innovative Projete resultéiert. Zu Ettelbréck wëllt de Wood Cluster de Leit weisen, wat fir Funktionalitéiten de Bësch dem Mënsch ze bidden huet a wat alles hannert der Holzproduktioun stécht. Vläicht ass jo deen een oder aneren interesséiert, selwer emol do ze schaffen.

Revêtement en aluminium sur mesure 30, Um Bierg L-9689 Tarchamps Tel.: (00352) 26

95 07 31 • Fax : (00352) 26 95 07 32

info@mato.lu • www.mato.lu

Portails et Clôtures

Serrures et sécurité Atelier de ferronnerie

VENTE MATÉRIEL AGRICOLE ET INDUSTRIEL

32, Sellerstrooss L-8562 SCHWEICH Tel.: +352 23 630 334 www.bartholome-seyler.com

1 Zone Industrielle L-9166 Mertzig • T 88 81 10 - 1 • besenius.lu

9


WorldSkills Luxembourg Andeems een all Dag säi Bescht gëtt, fir an sengem Handwierk op den héchsten Niveau ze kommen an do ze bleiwen, dreift een de Fortschrëtt virun. Eng gutt Motivatiounssprëtz si Beruffsconcoursen ewéi de WorldSkills, bei deem déi Bescht aus verschiddene Secteure an aus verschiddene Länner géinteneen untrieden an Aufgabe meeschtere mussen. D‘Lëtzebuerger Sektioun vun de WorldSkills wäert mat Lycéeën aus dem Norden Handwierksberuffer op der Foire Agricole virstellen a probéieren, Kleng a Grouss unhand vun Atelieren dofir ze begeeschteren. Iwwerdeems wäert d‘Equipe vun de Charpentieren, déi sech op den EuroSkills vun dësem Joer virbereet, dohannen un hirem Projet schaffen a luet d‘Visiteuren dozou an, hir e bëssen iwwer d‘Schëller ze kucken.

iwwer déi grouss Foussgängerzon, an där sech ronn 70 Geschäfter befannen. Grad bei guddem Wieder kann do gutt spadséieren, e bëssen akafen oder einfach nëmmen eng Glace iessen. Iwwerdeems gëtt an där Strooss all Freide Moien ee Maart ofgehalen, op deem ee frëscht Uebst, Geméis an aner Liewensmëttel kafe kann. De Besoin fir Kultur gëtt mat reegelméissegen Eventer an Optrëtter an der Däichhal oder an hirem Kulturzentrum ofgedeckt a souguer de Frënd vun der Natur fillt sech zu Ettelbréck gutt opgehuewen, well eng ganz Rei Wanderweeër vun do aus lassféieren. Aus wéi engem Grond och ëmmer een dës Uertschaft besicht, de Wee bis dohinner ass dank dem gutt ausgebauten ëffentlechen Transport ni ze wäit.

Wat et soss nach ze kucke gëtt Och dann, wann d‘Däichwisen net vun Trakteren a Kéi besat sinn, ass Ettelbréck ee Besuch wäert. D‘Haaptattraktioun ass dat ganzt Joer

www.atelier-welter.lu info@atelier-welter.lu Gönnen Sie Ihrer Photovoltaikanlage eine regelmäßige REINIGUNG UND WARTUNG Sie wünschen sich, dass Ihre Photovoltaikanlage fortwährend einen hohen Ertrag erzielt? Am besten unter optimalen Bedingungen? Dann gönnen Sie Ihrer Anlage eine professionelle Reinigung. Verschmutzte Module können zu Ertragseinbußen führen. Diese können z. B. durch Ablagerungen aus landwirtschaftlichen Betrieben, Abgasen, Vogelkot oder Blütenstaub entstehen. Leider ist der natürliche Reinigungseffekt durch Schnee und Regen bei manchen Anlagen nicht ausreichend. Nur eine saubere Anlage kann effizient Strom produzieren. Darum legen wir Ihnen eine regelmäßige Reinigung ans Herz. Unser Photovoltaik-Team übernimmt für Sie die Reinigung. Mit einer speziellen Ausrüstung reinigen wir Ihre Anlage besonders schonend. Je nach Art der Anlage, ob aufgeständert oder aufliegend, erfolgt die Reinigung mit einer oder zwei rotierenden Scheibenbürsten und Warmwasser. Zur Vermeidung von Kalkablagerungen wird dem Wasser ein mildes Spezial-Reinigungsmittel beigefügt.

Wenn unser Photovoltaik-Team ohnehin auf Ihr Dach "klettert", sollten Sie bei dieser Gelegenheit gerade noch Ihre Anlage checken lassen. Unsere Spezialisten nehmen dabei Ihre gesamte Anlage unter die Lupe. Wie ist der Zustand der Module? Beeinträchtigen defekte Module die Leistung? Haben Hagel oder Vandalismus zu Glasbruch geführt? Sind die Module ausreichend befestigt? Auch Unterkonstruktion und Kabel werden in Augenschein genommen. Sitzen alle Schrauben fest? Sind alle Kabel richtig montiert? Haben Marder Kabel durch Bisse beschädigt? Hat eindringendes Wasser zu Schäden im Modulanschluss geführt? Ein besonderes Augenmerk legen wir auf die Isolationsmessung. Defekte Isolierungen können zum Ausfall einzelner Module, der gesamten Anlage oder sogar zum Brand führen. Eine Funktionsüberprüfung des Wechselrichters bildet den Abschluss unserer Wartungsarbeiten.


USELDENG

ENG REES ZRÉCK AN D’MËTTELALTER

Zënter 12 Joer gëtt ufangs Juni am pittoresken Duerf Useldeng fir ee Weekend d’Zäit ëm ronn 1000 Joer zréckgedréint. Joer fir Joer gëtt dëst Evenement méi grouss an d’Organisateuren, d’Härenequipe vum FC Jeunesse Useldange, loossen sech ëmmer nees nei Attraktiounen afalen, fir sou vill Visiteure wéi méiglech op d’Useldenger Buerg ze lackelen. Mir geheien ee Bléck op dat, wat een dëst Joer do erwaart.

Een Erliefnis fir Grouss a Kleng Ee Punkt, op deen d’Organisateuren immens vill Wäert leeën, ass d’Kanneranimatioun. Déi Kleng sollen sech deen Dag gutt ameséieren, andeems si zum Beispill am Keramik-Atelier, der Käerzefabrik oder der Kofferschmëdd vun deene Grousse gewise kréien, wéi déi jeeweileg Wueren entstinn. Eng ganz flott Aktivitéit ass och zesummen ee klengt Haischen aus Leem

a Stréi ze bauen, wou den Team-Geescht op d’Prouf gestallt gëtt. Beim Kanner-RitterTurnéier besteet d’Méiglechkeet all seng Energie erausloossen, éier een sech eng Ronn um handbedriwwenen hëlzene Karussell gënnt. Selbstverständlech suergt och d’Musek fir eng mëttelalterlech Ambiance. Déi wuel wäitste Rees huet déi tschechesch Band Bohemian Bards hannert sech, déi mat hirer schmasseger Aart a Weis gutt Stëmmung garantéiert. Aus ofgeleeënen Däller a Bëscher matzen aus der Schwäiz entstamen d’Spillleit vu Koenix. Hire Museksstil ass wëll an ausgeloossen, inspiréiert u Folkmusek gemëscht mat mëttelalterleche Melodien aus hirer schwäizer Heemecht. Ergänzt gëtt déi musikalesch Offer vun der belscher Band Prima Nocta, déi an der Mëttelalterzeen als eng vun deene bekanntste gëllt. Si verbanne keltesche Folklor mat Folk 11


05.09.2018 - 09.09.2018

LÜNEBURGER HEIDE Preis pro Person DZ 495€ / EZ 565€

03.08.2018 – 12.08.2018

Mit Stadt- und Schlossführung Celle:

FRANKREICH UND ITALIEN

Preis pro Person DZ 515€

(ANNECY, PIEMONT, TURIN) Preis pro Person DZ Preis pro Person EZ

1225€ 1640€

28.10.2018 - 29.10.2018

Lust auf Wein und historische Städte? Dann begleiten Sie uns auf eine 10 tägige Reise nach Frankreich und Italien.

Musical „Der Glöckner von Notre Dame“ in STUTTGART Preis pro Person DZ 275€ Preis pro Person EZ 300€ Erleben Sie mit uns die Stadt Stuttgart und das schöne Musical „Der Glöckner von Notre Dame“.

Wir stehen Ihnen selbstverständlich bei Fragen zur Verfügung und senden Ihnen gerne unsere Programme zu. Mehr Details über unsere Reisen finden Sie auf unserer Internetseite.

5 , Z . I . I n d e n A l l e r n ( B . P. 1 1 )

/ EZ 585€

Entdecken Sie mit uns die wunderschöne Lüneburger Heide. Bei einer Rundfahrt können Sie Heidjerhöfe, Hünengräber und noch mehr bestaunen.

81 32 | GES | Tél.: 99 | L-9911 TROISVIER

70 Fax.: 97 96

tep | info@s

h a n y. l u

www.stephany.lu

ABRASION MICRODERMIQUE AU DIAMANT Un traitement de luxe avec des

MICRO NEEDLING

diamants

pour les plus hautes exigences dermaceutiques Rajeunissement de la peau Raffermissement de la peau Réduction des rides En cas de cicatrices En cas de vergetures Eclaircissement en cas de troubles de la pigmentation Diminution des pores dilatés Amélioration du grain de peau

Wiltz

27, rue des Tondeurs Tél: 95 91 71

Institut de beauté doté de la dernière technologie

1

www.beauty-lounge.lu

12

Ettelbruck

5a, rue Prince Jean Tél: 27 03 33 70


Schong hierstellt. Gaukler a Jongleure ginn dem Evenement mat hire Virféierungen ee weidere speziellen Touch.

Iesse wéi an alen Zäiten Är Adress fir italienesch Wäiner an Delikatessen

Mëttelalterleche Kascht ronnt de Kader of. Zu der kulinarescher Auswiel gehéiert den eenzegaartege Ritter-Burger, deen sech duerch seng speziell Zooss auszeechent. Fir vegetaresch Varianten ass mat der Ollapotrita, enger Geméiszopp mat Brout, a mam Ritterfladen gesuergt. De Menü vum Dag ass samschdes ee säftege Brot a sonndes Fierkel um Spiiss. Ganz nei kritt een dëst Joer séiss a gehäerzte Panescher oder Saumon, deen direkt um Feier gereechert gëtt. Wien awer léiwer Iessen aus eiser Zäit zou sech hëlt fënnt zu Useldeng eng Rei Restauranten, déi mat Sécherheet fir all Goût eppes ze bidden hunn.

Den Héichpunkt vun dëser Editioun

a Rock an erzeegen sou hire ganz eegene Sound. Ee weidere Stëmmungsgarant ass de Kasimir von Knöterich, deen de Public mat senger 1-Mann-Kapell ze iwwerzeege weess. Mat 70 Stänn gëtt et dëst Joer nees genuch z’entdecken, wann d’Rad vun der Zäit während zwee Deeg bis an de Mëttelalter zréckgedréint gëtt. Egal ob Zoossissen, Kéis, Bijouen, Kleeder, Lieder oder Aaxten, hei misst jiddwereen eppes fannen. Besonnesch Highlights sinn dobäi ee Kalligraphie-Stand an de Stand vun engem Schouster, deen op der Plaz

D’Organisateuren hu fir dëst Joer een immens interessanten neie Programmpunkt ugekënnegt: eng Show mat Gräifvullen. Déi gëtt op béiden Deeg jeeweils zweemol am Laf vum Mëtteg opgefouert an dauert ongeféier 20 Minutten. Falls een se awer allen zwou sollt verpassen, huet een d’Méiglechkeet tëscht de Virféierungen déi 20 aussergewéinlech Vullen an aller Rou ze bewonneren. Um Weekend vum 9. an 10. Juni gëtt deemno ee villverspriechende Spektakel op a ronderëm déi Useldenger Buerg gebueden, dee laang vergaangen Zäiten nei opliewen deet.

13


BOUCHERIE VÉI VUM SÉI HEIDERSCHEID TEL : 83 92 19 BOUCHERIE VÉI VUM SÉI MERSCH TEL: 26 32 25 38 BIOMETZLEREI QUINTUS ROLLINGERGRUND TEL: 44 78 77 28 METZLEREI QUINTUS COLMAR BERG

HAUSGEMACHTEN PRODUKTER BIOFLEESCH

P RT PA R YS Y ERVICE

FLEESCH AUS DEM NAT A URPA AT P RK PA

TEL: 83 52 90

LET

WWW.VEIVUMSEI.COM OM

14

U

ERG


NATIONALFEIERDAG

KLENG NATIOUN, GROUSS FEIERLECHKEETEN

All Land huet säi speziellen Dag, op deem d’Wäerter vun der Natioun gefeiert ginn an d’Vollek extra houfreg op seng Traditiounen a Spezialitéiten ass. An eiser Nationalhymn „Ons Heemecht“, déi vum Michel Lentz geschriwwen a vum Jean-Antoine Zinnen a Melodie gefaasst ginn ass, kënnt dëse Stolz zum Ausdrock. Wat sinn d’Hannergrënn vum Lëtzebuerger Nationalfeierdag a wat mécht en esou besonnesch? Nieft den Äntwerten op dës Froe liwwert eis Reportage nach Informatiounen iwwer zwee bedeitend Labelen, déi Qualitéitswueren an -déngschter aus eisem Land kennzeechnen.

Dat gewëssen Extra Lëtzebuerg ass wahrscheinlech dat eenzegt Land op der Welt, dat ganz offiziell schonn um Virowend vu sengem Nationalfeierdag mat de Feierlechkeeten ufänkt. Den offizielle Startschoss gëtt déi feierlech Ofléisung vun der Garde, déi géint véier Auer nomëttes virun dem groussherzogleche Palais stattfënnt. Während déi groussherzoglech Koppel am fréien Owend all Joer eng aner Lëtzebuerger Uertschaft besicht, weist sech ëmmer ee Member vun der groussherzoglecher Famill zu Esch, der zweetgréisster Stad aus dem Land. Nom Fakelzuch 15


T R A I T E U R E V E N T S C AT E R I N G i n f o @ p a r t y s e r v i c e - s ch m i d t . e u w w w. p a r t y s e r v i c e - s ch m i d t . e u

Dudzinski Nina

infirmière diplomée pédicure médicale T. 691 30 53 36

Langer Jenny

pédicure médicale T. 661 40 45 11 Korrektioun vun agewuessenen Neel (Spangentechnik) ouni Péng an Operatioun Behandlung vun: • Waarzelen a pilzbefalen Neel (ouni Péng) • Diabetiker Féiss

„Gutt zu Fouss“ 7, op der Schleed L-9273 Diekirch

16

L-9912 Troisvierges Tel.: +352 26 909 742

B-4760 Büllingen Tel.: +32 80 643 068


an engem schéine Freedefeier geet et op den ëffentleche Plazen eréischt richteg lass. Verschidde Concerten an DJ’en suerge fir eng Ambiance, déi d’Leit richteg opbléien a feiere léisst. Um 23. Juni, dem offiziellen Nationalfeierdag, ass ee grousse Programm virgesinn. Lass geet et am Laf vum Moie mat enger offizieller Zeremonie an der Stater Philharmonie. Dono ginn 21 Kanouneschëss vum Fetschenhaff aus lancéiert. Op der Avenue de la Liberté am Kär vun der Stad gëtt schliisslech een traditionellen Appel ofgehalen, ier déi grouss Militärparad an eng Zivilparad duerch déi beliefte Stroossen zéien. Am Nomëtteg ginn d’Festivitéiten op Nationalfeierdag mam Te Deum, enger traditioneller Mass an der Stater Kathedral, respektiv op verschiddenen anere Plazen uechter d’Land, offiziell op en Enn.

Den Ursprong Wéi den Nationalfeierdag zu Lëtzebuerg am 18. Joerhonnert an d’Liewe geruff ginn ass, gouf en um Gebuertsdag vum aktuelle Groussherzog zelebréiert. Dës Traditioun war bäibehale ginn, bis d’Grande-Duchesse Charlotte op den Troun geklomme war. Si hat nämlech den 23. Januar Gebuertsdag, also am Wanter. 1961 ass aus klimatesche Grënn entscheet ginn, de Lëtzebuerger Nationalfeierdag ëm sechs Méint op den 23. Juni ze verleeën. Dësen Datum gouf vun den Nofolger oprecht erhalen a markéiert zanterdeems een Dag, dee vu gesondem Patriotismus gepräägt ass.

Op de Spuere vun der groussherzoglecher Famill Zu Lëtzebuerg huet een net just d’Méiglechkeet sech der groussherzoglecher Famill bei enger Visitt vum Palais méi no ze spieren, mee och andeems een op verschidde Produiten a Servicer zréckzegräift, déi vun hinne perséinlech genotzt ginn. Déi erkennt een um groussherzogleche Wope mat der Beschrëftung „Fournisseur de la Cour“. Fir mat dësem Label ausgezeechent ze ginn, muss een op mannst zënter fënnef Joer reegelméisseg un den Haff liwweren an eng schrëftlech Demande erareechen, déi vun enger Kommissioun analyséiert gëtt. Wann déi gréng Luucht ginn huet, dierf de jeeweilege Betrib mam Label Reklamm maachen. Esou huet de Konsument d’Méiglechkeet Betriber, déi reegelméisseg héich Qualitéit un den Haff liwweren, z’erkennen an sech beim Akafe wéi ee Kinnek ze fillen.

An der Heemecht produzéiert Produiten a Servicer aus der Regioun ginn ëmmer méi beléift an dat net ouni Grond. De regionale Bezuch an de perséinleche Kontakt zu den Hiersteller ginn dem Konsument Sécherheet a Vertrauen an dat, wat e keeft. Op d’Initiativ vum Ausseministère, der Chambre de Commerce an der Chambre des Métiers gouf dohier 1984 de Label „Made in Luxembourg“ agefouert. Dobäi handelt et sech ëm eng

FENÊTRES EN BOIS | FENÊTRES EN BOIS-ALU PORTES EXTÉRIEURES | PROTECTIONS SOLAIRES Maison 2A L-9641 Brachtenbach T: 99 4O 67 - 1 F: 99 42 74 info@fenstermersch.lu www.fenstermersch.lu

17


registréiert Mark, déi d’Lëtzebuerger Hierkonft vum Produit oder Service vermëttelt an d’Zil verfollegt eng national an och international Differenzéierung vun de Betriber um Marché ze erméiglechen. Qualitativ lëtzebuergesch Produiten a Servicer solle promouvéiert ginn an d’Betriber sech duerch hir Origine demarkéiere kënnen. Och am Ausland gëtt mat Hëllef vum Label ee rout-wäiss-bloe Foussofdrock hannerlooss. Fir dem Label „Made in Luxembourg“ kënne bäizetrieden, muss de Betrib bestëmmte Kritären erfëllen. Fir unzefänke muss en entweder an der Chambre de Commerce oder an der Chambre des Métiers als Member vertruede sinn. Wann ee fir de Label kandidéiere wëllt, muss een säi Produit oder Service an engem Schreiwes virstellen. Nodeems den administrativen Deel ofgeschloss ass, kënnt eng Inspektioun op d‘Plaz a „préift“ de Betrib. Gekuckt gëtt hei, ob all d’Konditiounen erfëllt ginn an d’Qualitéit vun de Wueren oder dem Service de Virschrëften entsprécht. Wann de Betrib de „Made in Luxembourg“-Label fir ee Produit oder Service zougesprach krut, muss e just nach eng Kotisatioun iwwerweisen a kritt dann een Zertifikat, deen offiziell bestätegt, datt een d’Erlaabnes huet de Label ze benotzen. Vun deem Moment un ass de Label fënnef Joer laang gëlteg a kann no enger weiderer Kontroll nees erneiert ginn. Mëttlerweil droe scho ronn 880 Betriber uechter d’Land de Label „Made in Luxembourg“, deen de Konsumente vermëttelt, datt et sech ëm héichqualitativ lokal Wueren oder Déngschtleeschtungen handelt an deen d’Entreprise zu engem houfrege Vertrieder vu Lëtzebuerger Qualitéit mécht. Allerdéngs ass et sou, datt een de Label ëmmer nach haaptsächlech op Produite gesäit an en am Secteur vun den Déngschtleeschtunge weiderhi relativ wéineg verbreet ass. Sou oder sou huet de Label „Made in Luxembourg“ awer am Moment grousse Succès, deen sech duerchaus net brauch ze verstoppen. Duerch de Label weist eist Land bis iwwert seng Grenzen eraus, datt et méi wéi just seng Finanzwelt ze bidden huet, an datt Qualitéit nach ëmmer méi wichteg ass wéi d’Quantitéit oder de Präis.

Ee gudde Moment, fir ëmzedenken Eisen Nationalfeierdag bitt eng ideal Geleeënheet, fir sech Gedanken ëm ee méi bewosste Konsum vu lokale Produiten an Déngschtleeschtungen ze maachen. Domat hëlleft een net just der regionaler Wirtschaft, mee et deet een an engems der Ëmwelt eppes Guddes, well d’Transportweeër méi kuerz sinn an doduerch däitlech manner CO2-Emissiounen entstinn. Donieft kritt een dank de Labele méi konkret Informatiounen iwwer d’Hierkonft vum Produit oder vun der Déngschtleeschtung an et fillt en sech méi staark domat verbonnen. Am grousse Kader gekuckt wierkt sech dat positiv op d’Gemeinschaftsgefill ënnert de Leit am Land aus. Sech an eiser globaliséierter Welt dofir ze entscheeden, regional hiergestallte Wueren ze kafen oder lokal Servicer an Usproch ze huelen huet deemno net just fir den eenzele Verbraucher eng Partie Virdeeler, mee och fir d’Gesellschaft am Allgemengen. Den Éierendag vun der Lëtzebuerger Natioun léisst eis alleguer houfreg op eist klengt Ländche blécken, „dat mir sou déif an onsen Hierzer dron.“

NATURSCHLAFSYSTEME

FiT iN dEN TAg oHNE VERSpANNUNgEN UNd RüCkENSCHMERzEN

beliegen Jetzt Pro ellUng er AUSSt r e S n U in ViergeS in troiS

bio

Milbenstopp

biologisch wirksam durch Auszüge der Ölessenzen von Zitrone, Lavendel und Eukalyptus

Von Ärzten & therapeuten empfohlen L-9911 Troisvierges | Industriezone 11 | Tel.+352 979 310 info@heinenag.com | www.pronatura.lu

18


SCHUTZ VIRU SONN AN HËTZT

DE SUMMER KA KOMMEN

Bei héijen Temperature wënscht een sech näischt méi wéi eng Ofkillung oder op mannst e bësse Schiet. Fir dëst Joer gutt op d’Summerhëtzt virbereet ze sinn, huele mir eis am Folgenden dem Thema Sonneschutz un an informéieren iwwer ënnerschiddlech Manéieren, mat deenen een am waarme Summer ee kille Kapp behält.

De flexibele Sonneschutz Den albekannte Sonneprabbeli kritt ee mëttlerweil net just an immens ville Varianten, Materialer a Faarwen, mee en ass virun allem extrem flexibel wat de Positionnement ugeet.

Duerch seng einfach Installatioun ass en ee praktesche Begleeder duerch de Summer, deen, egal wéi d’Sonn grad steet, verléisslech Schiet spendéiert. Ee weidere Virdeel vum Sonneprabbeli ass, datt en sech séier an onkomplizéiert auswiessele léisst, falls en net méi bei déi nei Terrassemiwwele passt oder einfach déi beschten Zäit hannert sech huet.

De Klassiker Ee Klassiker, deen net just praktesch ass, mee och nach schéin ausgesäit, ass d’Markis. Si kann op verschidde Manéiere befestegt ginn: 19


entweder als sougenannten „freitragende Markise“ mat enger Schinn un der Mauer fest gemaach, esou datt si sech jee no Besoin erauszéie léisst, oder un enger Pergola montéiert. Dëst zolidd Gerüst ass virun allem fir groussflächeg Markisen ze recommandéieren.

Kapuzinerkresse a Bambus si beléift fir dësen Zweck. Den Nodeel vun der natierlecher Léisung ass d’Dauer, déi d’Planz brauch, bis se grouss genuch ass, fir effektiv Schiet ze erzeegen. Fir d’Iwwergangszäit lount et sech deemno ee Prabbeli oder Ähnleches virzegesinn.

Dacks besteet d’Markis aus engem waasserofweisende Material. Op jidde Fall sollt ee beim Kaf awer och Wäert drop leeën, datt d’Faarf laang erhale bleift. Dëst erkennt een um Zousaz „spinndüsengefärbt“ oder „teinté dans la masse“, wat bedeit, datt de Fuedem scho virun der Ufäerdegung komplett duerchgefierft ginn ass an net eréischt nodréiglech Faarf opgedroe gouf. Wann een dorop oppasst, brauch een net ze fäerten, datt d’Markis séier blatzeg gëtt.

Zwou Mécke mat enger Baatsch

Elegant a modern Tëscht dem Sonneprabbeli an der Markis reit sech de Sonnesegel an. Den entscheedende Virdeel dobäi ass, datt e während de waarme Méint fest kann hänke bleiwen, sou datt een en net virun all Benotzung frësch spane muss, an een en trotzdeem virum Wanter einfach ofmontéiere kann. Just bei Donnerwieder a staarkem Wand ass recommandéiert de Sonnesegel eranzehuelen, fir datt keng Schied um Stoff entstinn.

Natierlech Hëllef Eng natierlech Alternativ, fir sech virun der Sonn ze verstoppen, ass den Asaz vu Planzen. Dëst nennt een dann „grénge Siichtschutz“. Virun allem Kloterplanzen, déi sech u spezielle Gitteren no uewe schaffen, bidden agreabele Schiet a gläichzäiteg ee schéinen Ubléck.

Eng Léisung, déi sech direkt duebel rentéiert, ass eng hëlze Palissad, déi souwuel als Sonne-, wéi och als Siichtschutz funktionéiert. Dës Optioun ass besonnesch a Stied vill ze gesinn. Eng einfach Holzmauer léisst sech mat wéinegen Handgrëffer individuell a kreativ gestalten, esou datt se zu engem richtegen Highlight ka ginn. Et kann een zum Beispill schéi faarweg Blummendëppen oder eng Luuchteketten, déi owes fir eng gemittlech Atmosphär suergt, drun hänken. Méi flexibel wéi déi klassesch Palissad ass ee Paravent, och bekannt ënnert dem Numm „spuenesch Mauer“. Si huet am Prinzip déi selwecht Eegenschafte wéi d’Palissad: Schutz virun der Sonn an de Blécker vu baussen. Dat Praktescht un esou enger ass allerdéngs, datt een se einfach zesummeklappen an an den Eck stelle kann, wann mol méi Plaz op der Terrass gebraucht gëtt. Iwwerdeems léisst se sech ganz liicht dem Stand vun der Sonn no réckelen, fir de ganzen Dag iwwer am Schiet kënnen ze sëtzen. Paravente kritt een aus ville verschiddene Materialer, wéi beispillsweis aus Stoff, Holz, Polyrattan oder Bambus. Selbstverständlech lount et sech beim Kaf drop opzepassen, datt d’Material och wiederbestänneg ass, ëmmerhi wëllt ee jo esou laang wéi méiglech vu senger „spuenescher Mauer“ profitéieren.

Am Haus

VÉRANDAS - FENÊTRES - PORTES VOLETS - PROTECTIONS SOLAIRES 30, Um Bierg L-9689 Tarchamps Tel.: (00352) 26

95 07 31 • Fax : (00352) 26 95 07 32

info@verandalux.lu •

20

www.verandalux.lu

Net just dobausse kann een sech eng Plaz schafen, wou een sech virun der Sonn an der Hëtzt zréckzéie kann, och bannen am Haus ginn et verschidde Méiglechkeeten net ze vill an d’Schweessen ze kommen. Ee Rot, deen sech scho vill ronderëm geschwat huet, ass d’Rolllueden de ganzen Dag erofzeloossen a just moies fréi an owes spéit, wann et dobausse méi kill ass, anstänneg ze lëften.


4, um Mierscherbierg L-7526 Mersch Tel.: +352-32 59 59

10, route d‘Ettelbrück L-9160 Ingeldorf Tel.: +352-27 80 84 85

DIE 2 NATURMÖBELSPEZIALISTEN IN LUXEMBURG www.naturmoebel.lu


Wiem dat eleng awer net duergeet, dee kann sech eng Klimaanlag uschafen. A Standardgebaier kommen zwee Modeller a Fro: de Splitmodell an de Monoblock. Bei der SplitVersioun ass d‘Technik op zwee Geräter opgedeelt, déi mat engem Schlauch verbonne sinn. Eent dovunner befënnt sech am Raum, dee gekillt soll ginn, dat anert ass baussen un der Fassad montéiert. De Grond fir dës Opdeelung ass de Kaméidi vum Kompresser am bausseschten Apparat. Wann ee vill Raim gläichzäiteg wëllt killen, ass eng Multisplit-Anlag eng Optioun. Déi zweet Aart vu Klimaanlag ass de Monoblock. Do befannen sech all d‘Komponenten an engem Gerät, dat fräi positionéiert ka ginn. Ee Schlauch, deen een aus der Fënster eraushänkt, leet déi waarm Loft no baussen. D‘Flexibilitéit vun dëser Variant kënnt leider net ouni Nodeeler. Éischtens huet een de Kaméidi vum Kompresser dobannen, zweetens entsteet am Raum een Ënnerdrock, deen nees waarm Loft unzitt an de Prozess manner effikass mécht. Wie mengt, net dacks genuch vun der Klimaanlag kënnen ze profitéieren, kann alternativ an ee gudde Ventilator investéieren, deen heiansdo zum Asaz kënnt. Als Dauerléisung ass ee Ventilator awer net ze recommandéieren, well deen, ähnlech wéi mobil Heizapparater, relativ vill Stroum verbraucht. Et existéiert awer nach eng weider Alternativ. Wien eng Wärmepompel bei sech installéiert huet, bei där de Kreeslaf sech ëmkéiere léisst, kann se am Summer ähnlech wéi eng Klimaanlag benotzen. De grousse Virdeel vun dëser Optioun ass, datt d’Haus groussflächeg gekillt ka ginn, an zwar ouni Loftzuch a Kaméidi. Iwwerdeems kann d’Hëtzt, déi aus de Raim ofgeleet gëtt, geholl gi fir waarmt Waasser.

Optimal Resultater duerch Kombinatioun Et gi vill verschidde Méiglechkeeten sech géint d’Sonn an d’Hëtzt ze schützen an se hunn alleguer hir Vir- an Nodeeler. Déi beschte Resultater loossen sech duerch d’Kombinatioun vun e puer vun de Méiglechkeeten erreechen, déi mir Iech hei presentéiert hunn. Selbstverständlech spillen och dat eegent Verhalen a perséinlecht Gefill eng grouss Roll, wann et drëms geet, déi ideal Léisung fir säin Doheem ze fannen. Op alle Fall hoffe mir, datt mir Iech ee Stéck weider konnten hëllefen am Kampf géint extrem Temperaturen.

CHAUFFAGE

CLIMATISATION ENERGIES SANITAIRE VENTILATION REGULATIONS

11, z.a.c. Klengbousbierg L-7795 Bissen Tél. +352 81 24 42-1 • Fax +352 81 71 58

www.wagner-schaffner.lu 23


SHOWROOM IN SCHIEREN

SANITAIRES CARRELAGES MENUISERIE CUISINE RÉNOVATION

8-10, rue de la gare L-9122 Schieren Tel: +352 81 94 84 1 Email: info@willy-putz.lu

www.willy-putz.lu

INSEKTENSCHUTZ DIEREN

ZËMMERDIEREN, HAUSDIEREN, KELLERDIEREN, FEIERSCHUTZDIEREN, NIEWENAGANGSDIEREN

Äre Partner fir RENOVATIOUN, BÄIBAU ODER NEIBAU

GARAGEPAARTEN VUN HÖRMANN

FËNSTEREN

FËNSTERBÄNKEN

KAMÄINER

ROLLLUEDEN RAFFSTOREN

BOTZE VUN FËNSTEREN

BUEDZËMMER

PVC, ALU-PVC, ALU-HOLZ, ALU VUN ROMA

BANNEN A BAUSSEN A VERANDAEN

MAT BRENNHOLZ ODER PELLETS

ARIICHTUNGEN, MIWWELEN

GRATIS Devisen

sinn bei eis selbstverständlech!

T. 621 888 143 2, Beim Kazebësch L-9830 BOCKHOLTZ ddimitrov@pro-domo.lu

www.pro-domo.lu

Wir suchen Sie!!! Anlagenmechaniker/in SHK Mit abgeschlossener Berufsausbildung, für den Bereich Heizung-, Sanitär- und Lüftungstechnik. Wir bieten Ihnen: -

Umgang mit modernster Technik Möglichkeit zu regelmäßiger Fortbildung Teamarbeit Arbeiten mit Eigenverantwortung Leistungsgerechte Bezahlung

Bewerbungsunterlagen bitte an: rauchs.laura@pt.lu

24

Sie sind interessiert? ----Verlieren Sie keine Zeit!!! Schicken Sie uns Ihre Bewerbungsunterlagen.

Chauffage / Sanitaire Percy Rauchs sárl 26, Rue de vieux Marché - L-9419 Vianden T +352 80 32 98 / p-rauchs@pt.lu


BUEDZËMMERTRENDS 2018

WUELFILLEN TRËFFT OP HIGH-TECH

D’Buedzëmmer déngt mëttlerweil net méi just dem Zweck, sech propper ze maachen, mee gëtt hautdesdaags als een Deel vum Wunnraum ugesinn, deen deementspriechend d’Perséinlechkeet vu sengem Benotzer soll spigelen a beschtméiglech op seng Besoinen zougeschnidde soll sinn. Entspriechend zesummestelle kann een sech säi Buedzëmmer awer nëmmen dann, wann ee weess, wat de Marché esou ze bidden huet. Wat sinn déi neisten Tendenzen a wéi eng interessant technesch Neiheete ginn et? Dës Reportage mécht ganz bestëmmt Loscht drop, de ganz perséinlechen Dram vum perfekte Buedzëmmer ze verwierklechen.

Am richtege Liicht stoen Wie kennt et net? Moies trëppelt een zimlech verschlof de Wee bis an d’Buedzëmmer, wou een sech allneemes iwwert déi grell Luucht iergert, déi dem ugestrieften duussen Erwächen een décke Stréch duerch d’Rechnung mécht. Fir dës Situatioun net all Dag nei mussen ze duerchliewen, sollt een sech vun Ufank u Gedanke bei der Auswiel vun der Beliichtung maachen. Et lount sech op intelligent a gläichzäiteg stëmmungsvoll Beliichtungselementer zréckzegräifen. Wéi kéint dat konkret ausgesinn? 25


D’Tendenz geet an d’Richtung vun e puer verschiddene Liichtquellen, déi jee no Besoin kënne fir déi passend Beliichtung suergen. Eng Luucht, déi un der Mauer befestegt ass, suergt beispillsweis fir eng indirekt an doduerch méi ästhetesch Beliichtung a kann an engems flott Akzenter setzen, fir eng gemittlech Atmosphär ze schafen. LED-Sträifen, déi hannert der Heizung verluecht oder um Buedem ubruecht ginn, leie staark am Trend. Duerch d’Méiglechkeet se an ënnerschiddleche Faarwe liichten ze loossen, packen dës kleng Elementer et duerchaus, ganz ënnerschiddlech Stëmmungen ze kreéieren an engem säi Buedzëmmer ëmmer nees vun enger neier Säit ze weisen. Ee weideren entscheedende Wuelfill-Facteur ass d’Dimmbarkeet vun de Luuchten. Doduerch, datt een d’Méiglechkeet huet d’Beliichtung jee no Besoin méi duuss oder méi grell anzestellen, ass een immens flexibel an huet praktesch fir all Gebrauch déi passend Hellegkeet.

Materialtrends Net just d’Beliichtung, mee och dat, wat een doduerch ze gesi kritt, spillt eng grouss Roll um Wee bis bei ee perfekt Buedzëmmer. Erlaabt ass mëttlerweil alles, wat gefält. D’Buedzëmmer muss hautdesdaags net méi just mat klassesche Plättercher agekleet sinn. Et huet een ee grousse Choix tëscht ënner anerem Natursteen, Echtholz, Tapéiten oder groussformatege Plättercher, déi aktuell ganz ugesot sinn. D’Tendenz geet virun allem an d’Richtung vun Naturmaterialer. Wien Echtholz am Buedzëmmer net traut, kann eventuell op Bio-Buedem aus Vinyl oder Plättercher mat Holzimitatioun zréckgräifen. Déi gesinn net just aus wéi Holz, mee fillen sech deelweis duerch hir Struktur souguer esou un. Buedzëmmeren ouni Foue si staark um kommen an domat och d’Gestaltung vu Maueren a Biedem, déi komplett ouni Fouen auskommen. Dëst ass duerch mineralescht Verbotzen an ähnlech Spachteltechnike méiglech. D’Materialer, déi een dofir benotzt, si virun allem duerch hir antistatesch a klimareguléierend Eegenschaften an hir vill Gestaltungsméiglechkeeten eng gutt Wiel. 26

Eng aussergewéinlech Optik léisst sech perfekt duerch modern Tapéiten, déi extra fir fiicht Raim geduecht sinn oder mat flotte Fotoen, déi am XXL-Format hanner Glas gefaasst sinn, erzeegen. Si maache besonnesch op der Mauer hannert der Dusch eng gutt Figur. Duerch modern Technike loossen sech deemno eng Hällewull kreativ Iddien am Buedzëmmer verwierklechen.

Faarfakzenter setzen A moderne Buedzëmmere fënnt ee seele grell Faarwen. Déi meescht Leit wënschen sech waarm an desaturéiert Téin an hirer WuelfillOas. Sandfaarwen, déi un déi lescht Vakanz um Mier erënneren, si ganz beléift. 2018 ass weiderhin déi sougenannte Bëtongs-Optik ugesot, déi vu rustikal bis minimalisteschelegant fir jiddwereen eppes ze bidden huet. Déi absolut Trendfaarf vun dësem Joer ass awer „Greige“. Dobäi handelt et sech ëm ee Faarftoun, deen tëscht beige a gro läit an domat déi optimal Léisung fir Koppele bitt, déi sech net tëscht dësen zwee Faarftéin entscheede kënnen. Erfonnt gouf „Greige“ vum Designer Giorgio Armani, dee fir seng elegant monochrom Palett bekannt ass. Mëttlerweil ass déi Faarf och an der Wunnwelt ukomm an net just am Buedzëmmer topaktuell.

Kleng Raim optesch vergréisseren An engem klenge Buedzëmmer ass et besonnesch wichteg op eng intelligent Manéier fir genuch Plaz ze suergen, fir seng Saache kënnen ze versuergen. Dobäi lount et sech virun allem d’Nischen ze notzen a praktesch Regaler dran ze integréieren. Iwwerdeems soll een awer oppassen de Raum net ze vill voll ze stellen an en éischter oppen ze halen, andeems een sech mat zouene Miwwelstécker zréckhält. Ee Spigel hëlleft ausserdeem dobäi, de klenge Raum optesch méi grouss a méi hell wierken ze loossen. Ee passend Beliichtungskonzept kann dës Wierkung nach entscheedend beaflossen an d’Benotze vun natierleche Materialer suergt fir eng stilvoll Ambiance. All dës Elementer zesumme wierken sech positiv op déi gefillte Raumgréisst aus.


CHAPES SANITAIRES CARRELAGES RÉALISATION DE VOTRE SALLE DE BAINS DE

by créations gillet

17B Rue Abbé Welter

L-9690 Watrange (Walter)

Tél.: +352 950 821

info@creations-gillet.com www.creations-gillet.com

VISITEZ NOTRE

SHOWROOM

À BASTOGNE 167 Luzery - B-6600 Bastogne Tél.: +32 61 21 38 94

■ Vente et pose de tous types de carrelages ■ Réalisations de tous types de chapes ■ Réalisation rapide de votre salle de bains en 1 semaine

Ouvert du lundi au samedi de 9h à 12h30 et de 14h à 18h

■ Installateur agréé Corian ■ Agrégation pour travaux en France et au Luxembourg

27


IHR BAUUNTERNEHMEN FÜR ALLE BAU - UND RENOVIERUNGSARBEITEN Seit

30 Jahren

Géidgerweeg 69

Neubau

W

W

L-9980 Wilwerdange

Renovierung

Tél.: 20 60 44 I Fax: 20 60 44 44

info@jphomeconcept.lu

W

W

Tel & Fax: 99 76 67

Außenanlagen

W

W

jmmaus@pt.lu

Verlegung von Fliesen

MÉI WÉI 10 JOER ERFARUNG

10, Route d‘Ettelbruck I L-9160 INGELDORF

Besicht och eis Säit JP HOME CONCEPT

www.jphomeconcept.lu

BUEDZËMMEREN RENOVATIOUNEN SANITÄR PLÄTTERCHER Mir schwätzen

28


Wuelbefannen a Verbindung mat High-Tech Ëmmer méi Aspekter aus eisem Alldag gi vun der Technik bestëmmt an esou och an de véier Wänn. Dacks ass Rieds vun engem intelligenten Haus, dat senge Bewunner d’Liewe soll vereinfachen. Wéi kéint dat konkret am Buedzëmmer ausgesinn? D’Digitaliséierung bleift och virun der Buedzëmmerdier net stoen, och wa vill Leit se hei nach net sou séier unhuelen. An awer ginn et bestëmmte Funktiounen, déi schonn am Gaang sinn sech duerchzesetzen. Esou zum Beispill d’Steierung vun der Beliichtung an der Musek via Smartphone. Et ginn awer nach vill weider Méiglechkeeten sech de Buedzëmmeropenthalt mat engem Klick méi agreabel ze maachen. Et kann ee beispillsweis mam Smartphone d’Heizung opdréinen an d’Bidden schonn alafe loossen, ier een iwwerhaapt doheem ass, fir no engem stressegen Aarbechtsdag direkt kënnen an dat waarmt Waasser ze klammen an sech e bëssen Entspanung ze gënnen.

MAßARBEITEN

Bei den Toilettë gi mat Hëllef vu Gerochssaugeren oder der sougenannter „Selbstreinigungsfunktion“ nei Standarden an der Hygiene gesat. Mëttlerweil gi vill Toiletten ouni Spullrand produzéiert, well si net just méi hygienesch, mee och méi liicht propper ze maache sinn. Fir d’Zukunft stinn och schonn néi Entwécklungen an de Startlächer. Dozou zielen eng Toilette, déi d’Harnwäerter moosst an se un den Hausdokter iwwermëttele kann, a vill weider effizient High-Tech Produiten.

Op d’Besoinen zougeschnidden Nieft deene ganzen Tendenze sollt een awer virun allem drop oppassen, datt d’Buedzëmmer einfach propper ze maachen ass an op zukünfteg Situatioune wéi d’ Liewe mat klenge Kanner oder den drëtten Alter zougeschnidde sinn. Dee bedeitendsten Trend wäert ni aus der Moud geroden: sech selwer sou gutt wéi méiglech am eegene Buedzëmmer ze verwierklechen an sech doduerch seng eege kleng Wuelfill-Oas ze zauberen, déi sécherlech och d’Gäscht ze faszinéiere weess.

GARTENHÄUSER

CARPORTS

& VIELES MEHR AUS HOLZ

GARAGEN

Beratung Fundament Montage

4A route de Diekirch L-9381 MOESTROFF

(+352) 80 71 90 chalet@pt.lu www.chaletcenter.lu

NEU & EXKLUSIV

Ihr Fachhändler für den Norden Luxemburgs & Ostbelgien

Besuchen Sie unsere neue Website:

Grand-Rue 60b | L-9905 Troisvierges | Tel.: +352 26 90 81 58

29


2B AVENUE DE LA GARE Mo-Fr Sa

08:00-12:00 08:00-12:00

tel : 95 80 51 info@clement.lu

13:00-18:00 13:00-17:00

fax : 95 89 33 www.clement.lu

GARTENMÖBEL KINDERSPIELGERÄTE TERRASSENBÖDEN & -DIELEN GARTENGESTALTUNG & -DEKORATION GRILLGERÄTE & -ZUBEHÖR AUSSENBELEUCHTUNG BEDACHUNG

AUSSEN

GARTEN

matériaux clement

L-9540 WI LTZ

FASSADEN BAUELEMENTE TROCKENBAU ISOLATION ROHBAUSTOFFE

INNEN

INNENAUSBAU & -GESTALTUNG FUSSBÖDEN TÜREN DECKEN- & WANDGESTALTUNG SANITÄR & HEIZUNG

WERKZEUG

BADMÖBEL & FLIESEN

WERKZEUGE & EISENWAREN BAUZUBEHÖR BAUCHEMIE ELEKTRIZITÄT & BELEUCHTUNG

DEKO

SAISONARTIKEL

30

FARBEN & BEIZEN TAPETEN LAMPEN & LEUCHTEN LEISTEN & MEHR


WAGNER TECH - FD ELECTRIC

FIR ÄR SÉCHERHEET ASS GESUERGT Eng aner Optioun ass de Peripherie-System. Soulaang dësen ugeschalt ass erkennt en unhand vu Magnéitkontakt, wann eng Dier oder Fënster opgemaach gëtt a léist dann den Alarm aus. Eng vun den Dieren, beispillsweis d‘Hausdier, kann een esou astellen, datt den Alarm eréischt eng gewëssen Zäit nodeems een se opgemaach huet ausgeléist gëtt. Dat erlaabt et engem, nom Heemkommen d‘Anlag ze desaktivéieren. Wien sech mat enger Alarmanlag eleng nach net sécher genuch spiert, kann se mat engem Video-Iwwerwaachungssystem vun FD ELECTRIC ergänzen.

Am Fall vu Feier Am leschte Joer huet d‘Police zu Lëtzebuerg iwwer 3400 versichten a gelongen Abréch registréiert. Dat sinn der ronn 9 den Dag an ee klore Beweis dofir wéi wichteg et ass, sech a säin Eegentum entspriechend ze schützen. Déi effikassten Aart a Weis dofir ass eng Alarmanlag, déi zouverlässeg ass an sech gläichzäiteg ouni groussen Opwand astelle léisst. Anlagen, déi dës Kritären erfëllen, kritt Dir bei FD ELECTRIC. Ee richteg interessante Modell ass d‘„Easy Series“ vu BOSCH. Dat klengt Gerät gëtt mat engem Badge, deen een sech un d‘Schlësselkludder kann hänken, gesteiert a liwwert geschwaten Informatiounen an der gewielter Sprooch. Ausgeléist gëtt den Alarm iwwer ee Beweegungssensor. Wann sech also am Haus eppes beweegt, während een net doheem ass, geet d‘Siren un an et kritt een eng Noriicht op den Handy geschéckt. Leit mat Hausdéiere kënnen ee Sensor bestellen, deen nëmmen op Mouvementer mat engem bestëmmte Gewiicht reagéiert an d‘Déier deemno ignoréiert.

Eng gutt Alarmanlag ass net just bei engem Abroch fir Iech do. Wann se un Dampmelder gekoppelt gëtt, kann se och viru Feier schützen. Bei staarker Dampentwécklung geet eng Siren un an de Besëtzer, respektiv eng Vertrauenspersoun, gëtt iwwert den Handy benoriichtegt. Am Eeschtfall kann deejéinegen dann direkt d‘Pompjeeë kontaktéieren. Egal ob bei Brand oder Bandit, mat FD ELECTRIC sidd Dir wuertwiertlech op der sécherer Säit.

JOBS @ WAGNERTECH  +352 84 92 03 1  contact@wagnertech.lu

31


Aus dem beschten Holz geschnëtzt

FENSTER | TÜREN | TREPPEN | GARAGENTORE | MARKISEN | REPARATUREN | PARKETT | INNENAUSBAU | RESTAURIERUNG INSEKTENSCHUTZ | MÖBEL NACH MASS

W O Q U A L I TÄT Z U H A U S E I S T

Ihr Fachmann für Möbelbau

info@denholzmechel.lu I www.denholzmechel.lu 32

11, rte de Kautenbach | L-9831 Consthum T: +352 / 26 903 710 | F: +352 / 26 903 711 | GSM: +352 / 691 921 650

Holz kënnt quasi iwwerall am a ronderëm d‘Haus zum Asaz. Et ass ee bestännegt a robust Material, dat sech trotzdeem relativ einfach beaarbechte léisst an dobäi nach ëmweltfrëndlech ass. De Marcel Jacoby, Schräinermeeschter a Patron vun der Firma „Den Holzmëchel“, huet dësen natierleche Baustoff zum Mëttelpunkt vu sengem Beruffsliewe gemaach. A wat hien dorausser entstoe léisst ass definitiv impressionant: Aus engem réie Bamstamm zauberen de Marcel an seng 10-käppeg Equipe héichwäerteg Miwwelstécker an alle Gréissten a Formen - genee sou wéi de Client se gären hätt. Dank hirer neier computergesteierter Fräs an engem méi groussen Atelier verleeft d‘Aarbecht souguer nach méi prezis an effizient wéi virdrun an a Punkto Dimensioune ginn et quasi keng Grenze méi no uewen. Dat geet souguer esou wäit, datt si déi ganz Bannenariichtung vu Kichen a Buedzëmmeren ubidden. Virun all Optrag fäerdegt Den Holzmëchel eng 3D-Zeechnung an een Devis op Basis vum Entretien mam Client an den Obmoossunge bei him doheem. De fäerdege Produit iwwertrëfft um Enn all Katalogsmiwwel am Hibléck op Individualitéit, Qualitéit a Präis. Trotz der Spezialisatioun op Miwwelen offréiert Den Holzmëchel dank senge Partnerbetriber nach vill aner Produiten a Servicer. Dëst si Fënsteren an Hausdieren, Terrassen a Verandaen, Markisen, Garagenan Industriepaarten, Daachisolatiounen an Insekteschutz. Hei iwwerhëlt hir Equipe net just de Verkaf, mee och de ganze Montage vun Ufank bis Schluss. Et muss een also keng zweet Firma engagéieren. Genee sou ee komplette Service bitt dem Marcel Jacoby seng zweet Firma „Pompes Funèbres Jacoby“, déi am Doudesfall de ganzen Encadrement vum Begriefnis, respektiv der Anäscherung iwwerhëlt: Den Transport vum Verstuerwenen, d‘Formalitéite mat der Gemeng, Doudesannoncen, Remerciementskaarten an esou weider. De Verloscht vun engem Mënsch, deen engem no stoung, ass esou scho schlëmm genuch an dofir hëlleft engem PF Jacoby, datt een sech net nach ëm déi Saache ronderëm muss bekëmmeren.


DEN HOLZMËCHEL PRESENTÉIERT

DE BAUMEESCHTER

Fir sou laang wéi méiglech vu senge Produiten aus Holz kënnen ze profitéieren, gëtt de Marcel zwee wäertvoll Tipps zum Thema Fënsteren an al Miwwelstécker.

Wourunner mierken ech, ob et sech lount mäin ale Schaf restauréieren ze loossen?

Wéi halen ech meng hëlze Fënstere schéin?

Eng Restauratioun lount sech nëmmen, wann et sech beim Miwwel ëm een antikt Eenzelstéck aus Massivholz handelt. Dëst erkennt een dorunner, datt hannen um Schaf den Numm vum Schräiner an d‘Baujoer ageritzt oder agebrannt sinn, respektiv een Ziedel mat dësen Informatiounen drop gepecht ass. Massiv Beschléi a Scharnéiere sinn ee weidert Unzeechen dofir, datt et sech wahrscheinlech ëm een héichwäertegt Stéck handelt, dat derwäert ass restauréieren ze loossen.

Fënsteren, déi baussen dem Wieder ausgesat sinn, mussen all Joer mat spezielle Fleegemëttel behandelt ginn. Soubal ee gesäit, datt d‘Lasur un de Fënstere bausse blatzeg gëtt oder kleng Plaze kritt, muss direkt dono gekuckt ginn. Dobäi musse just d‘Rummen ugeschlaff a mat der richteger Lasur behandelt ginn. Et dierf een awer op kee Fall ze laang domat waarden, well wann d‘Faarf hallef of ass, dann ass et meeschtens schonn ze spéit an d‘Holz bannendra faul. Wann een sech just emol am Joer een Dag Zäit hëlt fir den Entretien vu senge Fënsteren, dann huet ee laang Freed dorunner. 33


De gréisste Centre de Lavage zu Lëtzebuerg! Bei Washtime um Rouscht dréint sech alles ronderëm de propperen Auto. Et ass eng riseg Anlag, wou een op ronn 1000 m2 säi Gefier op all méiglech Manéieren nees Blénken deet. Hei huet een d’Wiel, den Auto selwer propper ze maachen, duerch d’Wäschanlag ze fueren oder den Auto komplett op der Hand botzen ze loossen. Déi verschidden Optioune sinn och matenee kombinéierbar. Sou kann ee beispillsweis d’Karosserie maschinell botzen an den Interieur vun de Spezialisten op Héichglanz brénge loossen. Washtime ass awer net just eng excellent Adress fir den Auto, mee och grouss Gefierer wéi Campingcaren, Camionen oder Busser sinn hei a beschten Hänn. Beim gréisste Centre de Lavage zu Lëtzebuerg brauch een net ze fäerten, laang mussen ze waarden - net emol bei guddem Wieder! Hir Anlag ass bei ronn 40 Autoen an der Stonn héich performant a garantéiert doduerch, datt et séier viru geet. Wann een den Auto bannen a baussen op der Hand botze loosse wëllt, lount et sech am Virfeld ee Rendez-vous ze fixéieren. De Self-Wash dogéint ass zu all Moment accessibel a ka quasi ronderëm d’Auer a souguer op de Feierdeeg genotzt ginn. Hir Servicer ginn nach duerch ee fonkelneie Shop ofgeronnt, an deem ee Botz- a Fleegeproduiten esou wéi passend Accessoirë vu renomméierte Marke wéi Flowey, Meguiars, Chemical Guys an Autofinesse fënnt. Déi ëmfangräich Offer vu Washtime huet d’Zil, all Client déi optimal Léisung ze bidden an dobäi ëmmer ee perséinleche Kontakt z’assuréieren. Net just d’Villfältegkeet mécht si besonnesch, mee och déi excellent Qualitéit, d’Schnellegkeet an d’Professionalitéit. Gutt Grënn also, den Auto um Rouscht nees richteg propper ze maachen!

Tél.: 26 36 73 78 6, route de Luxembourg L-7759 Roost Ouvert du lundi au samedi de 8h à 19h Le dimanche de 9h30 à 16h30


WASHTIME PRESENTÉIERT

DE ROAD RUNNER

Fir tatsächlech all Client gerecht ze ginn, bitt Washtime zwou exceptionnell Offere fir Privatleit a Betriber un, déi d’Autoswäsch nach vill méi komfortabel maachen:

Wat sinn d’Virdeeler dovun, den Auto op der Hand wäschen ze loossen? Selbstverständlech mierkt ee bei engem Auto, deen op der Hand gebotzt ginn ass, datt en immens propper ass. Bannen a bausse gëtt mat spezifesche Produite geschafft, déi perfekt op déi Beräicher vum Auto ofgestëmmt sinn. Fir Betriber, déi an der Ëmgéigend vum Rouscht léien, hu mir eis eng speziell Offer iwwerluecht. Hir Mataarbechter hunn d’Méiglechkeet hiren Auto während hire Schaffzäite bei eis botzen ze loossen, ouni sech mussen ze deplacéieren. Mir kommen de knaschtegen Auto op de Betribsparking sichen a bréngen en dono nees propper zréck. Bezuelt gëtt deen Ament einfach op der Plaz.

Wéi eng speziell Offer kréie Betriber gebueden? Als Patron vun enger Entreprise huet een d’Méiglechkeet mat eis ee Kontrakt ze schléissen. D’Mataarbechter kënnen dann egal wéini mam Aarbechtsauto passéieren a musse just ënnerschreiwen, datt si do waren. Um Enn vum Mount kritt de Patron dann d’Rechnung vun all den Autoswäsche vun deem Mount geschéckt.

35


RESTAURANT-PIZZERIA

Ni méi mat eidelem Mo akafen 2, rue du Curé L-9640 BOULAIDE

lundi-vendredi: 11.00h - 15.00h et 18.00h - 01.00h samedi et dimanche: 11.00h - 00.00h

info@bauschelter-stuff.lu I www.bauschelter-stuff.lu

Enn September 2017 ass zu Maarnech d‘Nordstrooss Shopping Mile opgaangen a bitt den Awunner aus der Regioun zanterdeem vill nei Akafsméiglechkeeten. Fir d‘leiflecht Wuel vun de Clientë suergt de Panorama Maarnech. Dëse geraimegen, zweestäckege Restaurant mécht sengem Numm all Éier, well en uewen duerch seng grouss Fënsteren de Gäscht iwwert dem Iessen eng fantastesch Vue op déi ganz Uertschaft verschaaft an domat eng eemoleg Ambiance kreéiert. Geleet gëtt de Restaurant vum Loïc Salis an Arthur Schockmel, déi och Bedreiwer vun der beléifter „Bauschelter Stuff“ sinn. Deemno orientéiert sech dat kulinarescht Konzept vun hirem neie Restaurant zu Maarnech un deem zu Bauschelt: Een ëmfangräiche Mix aus lëtzebuergescher, italienescher a franséischer Kichen, déi souwuel klassesch Platen ewéi och méi ausgefale Spezialitéiten ofdeckt. Donieft gëtt d‘Kaart nach duerch saisonal Suggestiounen an ofwiesslungsräich Dagesmenüen ergänzt. Fir all Goût ass also eppes do. Dat Besonnescht um Panorama Maarnech ass, datt d‘Kiche vu moies hallwer 12 bis owes 10 riicht duerch op ass an een zu jidder Zäit eppes vun der Kaart

2, Marbuergerstrooss L-9764 Marnach

ka bestellen. Generell huet de Restaurant 75 Sëtzplazen, mee dank der variabeler Ariichtung kënnen och gréisser Gruppe vu bis zu 100 Leit empfaange ginn, wouduerch en eng ideal Plaz fir Evenementer a privat Feierlechkeeten duerstellt. Mee ganz egal wéi vill Gäscht kommen, d‘Equipe leet all Kéier grousse Wäert op eng schéi Presentatioun an ee frëndlechen, perséinleche Service. Kommt laanscht, loosst Iech vum Chefkach verwinnen a genéisst déi entspaanten Atmosphär am hellen, groussraimegen a moderne Restaurant Panorama Maarnech am Haaptgebai vun der Nordstrooss Shopping Mile zu Maarnech. 36

lundi-dimanche: 9h00 - 00h00 I cuisine en continu de 11h30 - 22h00

www.panorama-maarnech.lu I info@panorama-maarnech.lu


„PANORAMA MAARNECH“ PRESENTÉIERT

DE GAUMENSCHMAUS

Pavé de Saumon au Cappuccino de Safran

Elo bei méi waarmem Wieder deet et gutt, eppes Liichtes z‘iessen, dat iwwerdeems d‘Summerfigur schount. De Saumon ass ee gesonde Klassiker, deen dank dem SafranSchaum eng erfrëschend, exquisit Nout unhëlt.

Dir braucht (fir 4 Persounen): 4 Stécker Saumon (jeeweils 180g) 4 jonk Muerten 1 gréng Courgette

Esou gëtt et gemaach: • •

D‘Muerten a véier schneiden a mat e bësse Botter püréieren.

•

De Bakuewen op 150° virhëtzen.

•

De Fësch an der Pan mat der Haut no ënnen ubroden an den Thymian mat e bësse Botter dobäiginn.

•

Dono de Fësch am Uewe jee no Virléift 5-10 Minutte baken.

•

D‘Geméis mat kleng geschniddene Schallotten am Olivenueleg réischteren.

•

De Muertepüree, de Saumon an d‘Geméis op engem groussen Teller presentéieren.

•

D‘Mëllech mam Safran mëschen, op ca. 50°C erhëtzen a mam Handmixer esou laang mixen, bis ee Schaum entsteet. Dëse Schaum op den Teller dobäiginn.

100g Staachebounen 1/2 Choufleur 1/2 l Mëllech Frëschen Thymian Safran

D‘Geméis schneiden a virkachen.

37


Äre Spezialist fir Heelplanzen

SPILL MAT

A GEWANN! Schéckt bis den 30.06 eng Mail mam Betreff „Gewënnspill Doheem“ un luxherbalist@pt.lu a mat bësse Chance gewannt Dir:

10 Bongen

am Wäert vu

50€

anzeléisen am Geschäft um Gréiweknapp.

All d‘Participanten, déi net gewonnen hunn, kréien 20% Remise op den éischten Akaf am Buttek* *dës Aktioun leeft bis den 30. September 2018 a gëllt net op Akeef am Online-Shop

Dir kënnt all eis Produkter op

www.luxherbalist.com ONLINE BESTELLEN

GRATIS

LIWWERUNG

Vu 75€ u liwwere mir gratis bei Iech heem ënnerhalb vu Lëtzebuerg.

EISE BUTTEK ASS NËMMEN OP RENDEZ-VOUS OP

Tel. 621 753 339

luxherbalist@pt.lu Maison 24 I L-7433 GREVENKNAPP

38 www.luxherbalist.com

„Alternativ“ Medezin, déi op Heelplanze baséiert, gëtt hautdesdaags erëm vill gefrot. Hir excellent Wierkung huet och den Yves Habscheid vu Luxherbalist erkannt an decidéiert, selwer ee Buttek mat Produiten aus Heelplanzen opzemaachen. „D’Erfarung huet mir scho méi dacks gewisen, datt a munche Fäll Heelplanzen tatsächlech déi bescht Medezin sinn an immens gutt hëllefen. Dës Hëllef wollt ech och anere Leit hei am Land zougänglech maachen a mat Hëllef vu perséinlecher Berodung op hir Besoinen agoen, fir zesummen déi beschte Léisung ze fannen“, erkläert den Yves Habscheid. Ätheresch Ueleger, Heelplanzen als lassenen Téi, verschidden Zorte Pëllen, déi Champignonen, Knospen oder Sëlwer a konzentréierter Form enthalen, si just e puer Beispiller vu senger ëmfangräicher Offer. Immens gefrot ass de lassenen Téi vun der „Armoise annuelle“, dee komplementar bei der Kriibsbehandlung oder präventiv géint Malaria agesat ka ginn. Een anert planzlecht Wonnermëttel ass eng Pëll, déi d’Liewer bei hirer Aarbecht ënnerstëtzt a geholl ka ginn, wann ee gréissert Fest bevir steet. Genee esou interessant ass de Kudzu, deem seng Stoffer sech als hëllefräich am Kampf géint Sucht, wéi zum Beispill Fëmmen, erwisen hunn. Donieft fënnt ee bei Luxherbalist eng breet Gamme un Naturkosmetik, déi vu Shampoing an Duschgel bis bei Deoen a Gesiichtscrèmë reecht a fir all Hauttyp déi passend Produiten huet. Dem Yves Habscheid säi Buttek existéiert eréischt zanter Enn 2017 a befënnt sech um Gréiweknapp, net wäit vu Miersch. Dësen ass nëmmen op Rendez-vous op. Wie léiwer vun doheem aus bestellt kann dat iwwert säin Online-Shop maachen (www.luxherbalist.com). Déi perséinlech Berodung iwwer d’Produite kann een an deem Fall och gäre via Mail oder Telefon an Usproch huelen. Profitéiert och vum exklusive Gewënnspill bei Luxherbalist! (all Infoe lénks an der Annonce)


LUXHERBALIST PRESENTÉIERT

DE LIFESTYLE

Den Yves Habscheid verréit Iech an den Tipps, wéi een sech virun Zecke schütze kann an hien erkläert, wéi eng natierlech Produiten an der Hausapdikt net dierfe feelen.

Wat hëlleft gutt géint Zecken? Et kann een sech virun deenen Déiercher schützen, andeems een entweder eng Crème oder ee Spray aus eiser Gamme Aroma-Tiques benotzt, ier ee virun d’Dier geet. Déi hëllefen iwweregens och gutt géint Steechmécken. Et gëtt fir all Alter ee Produit fir sech ze schützen esou wéi ee Komplex vun äthereschen Ueleger am Fall wou ee vun enger Zeck oder engem aneren Insekt gepickt gouf. Zesumme mat verschiddene Planzen, déi jee no Symptomer an hirer Stäerkt erausgesicht ginn, wierkt et optimal géint Zecken.

Wat fir planzlech Produiten dierfen doheem net feelen? An der Hausapdikt soll géint all Iwwelen, déi méi heefeg optrieden, ee Mëttel ze fanne sinn. Dat wier zum Beispill de Baum’Sil, eng Sallef, déi Entzündunge berouegt oder bei Kappwéi hëlleft. Bei Péng an de Gelenker, am Réck oder an de Muskelen ass de Baume Souverain eng gutt Léisung. Een anert Mëttel nennt sech Psyllium, dat d’Daarmaktivitéite reguléiert an dofir souwuel bei Duerchfall wéi och bei Verstopfung ageholl ka ginn. Besonnesch ze recommandéieren ass den äthereschen Ueleg vum Ravintsara, dee gutt géint viral Krankheete wierkt.

39


MY SECRET

ENDLECH NEES SCHÉIN HOER

Si proposéieren Extensions, Hoerverdichtungen, Mikrolines a Perrécke vun de Marken Hairdreams an Haar Vital. Bei all dëse Léisunge gëtt Diskretioun natierlech grouss geschriwwen. An engem exklusive Salon gëtt een net just perséinlech an éierlech beroden, wéi een Traitement dee passenden ass, mee et kritt een och direkt wichteg Rotschléi, wéi een seng nei Hoer selwer optimal fleegt. Hir Experte garantéieren Iech ee Resultat, dat all Är Erwaardungen iwwertreffe wäert. Iwwerzeegt Iech selwer, andeems Dir Äre Rendez-vous fir eng éischt Berodung am Salon My Secret zu Lëntgen ufrot!

© Haar Vital GmbH, Fotos: Janosch Simon

Egal ob Mann oder Fra, jidderee kann an d’Situatioun kommen, wou d’Hoer um Kapp méi dënn ginn oder souguer komplett verschwannen. De Salon My Secret zu Lëntgen ass dorop perfekt virbereet a proposéiert eng breet Gamme u Léisungen, fir senge Clienten an esou engem Fall mat Rot a Léisungen zur Säit ze stoen.

78, rte principale | L-7450 Lintgen (Résidence Trierweiler) Tél: 26 32 14 - 63 | info@mysecret.lu www.mysecret.lu

40


beautyinside

MÉI SÉIER BEI D’BIKINIFIGUR

De Summer steet virun der Dier mee de Kierper ass nach net prett, fir sech ze weisen? Am Schéinheetssalon beautyinside zu Lëntgen kann een der Bikinifigur mat Traitementer wéi Activea oder Skin V6 op d’Spréng hëllefen. Den Activea ass een Ultraschallapparat, deen an enger Seance vu 45 Minutten eng Zon um Kierper strafft. De Skin V6 dogéint regroupéiert vill verschidde Funktiounen a ka souwuel um Kierper wéi och am Gesiicht benotzt ginn. Domat kann een zum Beispill Narbe reduzéieren an d’Haut méi duuss maachen. Iwwerdeems kann en och géint Dehnungssträifen a Cellulite agesat ginn. Béid Traitementer loossen sech gutt matenee kombinéieren a wierke vun der éischter Seance un. Fir optimal Resultater z’erreechen, soll een sech gesond ernären a vill Waasser drénken. Donieft bitt beautyinside nach vill aner Behandlungen, fir Äre Kierper op de Summer virzebereeden. Kommt laanscht a loosst Iech beroden!

78, rte principale | L-7450 Lintgen (Résidence Trierweiler) Tél: 32 64 32 - 30 | beaute@bytom.lu www.beautyinside.lu

41


SAN’DESIGN "Story Telling" duerch Kommunikatioun. Mir entwéckele fir Iech eng visuell Identitéit, déi Iech erausstieche léisst a gläichzäiteg eng Iddi iwwert Är Visioun an Är Déngschter vermëttelt. Eis passionéiert, reaktiv a multidisziplinär Equipe kreéiert Iech eng grafesch Linn, deklinéierbar op all méiglech Kommunikatiounsweeër (Logoen, Visittekaarten, Broschüren, Flyeren, Annoncen, Plakater, asw.), fir datt Iech Är Clientë vun haut a vu muer ëmmer an iwwerall erëmerkennen. Op Wonsch schreiwe mir och professionell a lieweg Texter fir Är Printmedien oder verbesseren Är eegen.

42

SAN’DIGITAL Är virtuell Visittekaart. Hautdesdaags ass eng digital Präsenz vun enger Entreprise een absolute Must, fir erfollegräich ze sinn. SAN bitt "Design um Bildschierm" un a siedegt domat all Är digital Besoinen : Berodung, Opstellung vun Ärer Websäit a vum Textinhalt, digitale Marketing, Gestioun vun Äre sozialen Netzwierker oder Gestaltung vun Newsletteren. Fir datt Är Websäit méi einfach op Google a Co. ze fannen ass, proposéiere mir och Search Engine Optimization (SEO). Mir garantéierten eise Clienten eng effizient digital Kommunikatioun, déi zu moossbare Resultater féiert.


SAN’VISUAL Mir fänke Momenter an. Digital Kamerae vun haut hunn d'Potential, aussergewéinlech schéi Biller ze liwweren, ob eenzel oder beweegt. Fir dëst Potential fräizesetze brauch ee Kënnen a Passioun - Eegenschaften, déi perfekt op eis zoutreffen. Sief et ee Photoshooting an eisem Studio oder dobaussen, een Imagefilm oder ee Reklammevideo - Är Visioun gëtt vun eisem Bildsensor festgehalen a verwierklecht. Mir schaffe mat héichwäertegem Material a leeschten an all Produktiounsstadium eng propper Aarbecht. Et ass Zäit, fir de Fokus nei ze setzen. SAN’CONCEPT Dir sot eis, wat Dir wëllt erreechen - mir soen Iech wéi! Excellent Resultater erfuerderen eng kompetent Berodung a kohärent Strategien. Et brauch een ee Konzept. Mir definéiere mat Iech zesummen déi strategesch Ausriichtunge vun Ärer Kommunikatioun, fir Iech eng zolidd Positionéierung vun Ärer Firma oder Mark ze garantéieren. An engem ausféierleche Gespréich leeë mir prezis Moossname fest, fir net nëmmen Äre Bekanntheetsgrad ze hiewen, mee och een dauerhaft positiven Androck beim Client ze hannerloossen. MarketingAnalysen, Vermaartungsmethouden, Cibléiere vun der Clientèle, Entwécklung an Ëmsetzung vun Äre Kommunikatiouns-Pläng : mir verschafen Iech an Äre Clienten een neie Bléck op Är Entreprise a berécksiichtegen dobäi Äre Budget an Är Ziler. SAN’EVENT Fir datt Äert Event nach laang a gudder Erënnerung bleift. Dir wëllt gären eng Porte Ouverte, eng Aweiung, eng Konferenz, ee Fest oder soss eng Veranstaltung op d'Bee stelle mee wësst net wéi? Da kommt bei SAN, well mir këmmeren eis ëm alles. Mat Iech leeë mir fest, wat alles u Material fir den Event noutwenneg ass an definéieren de Budget. Mir stellen dann eng kompetent Equipe zesummen, an där jiddwer Member net nëmme genee weess, wat en ze dinn huet mee déi Aufgaben och mat Motivatioun a Fläiss erleedegt (Receptioun, Musek, Animatioun, Catering etc.). Duerno suerge mir dofir, datt esou vill Leit wéi méiglech vum Evenement gewuer ginn a Loscht kréie fir deelzehuelen. D’Equipe vu SAN begleet Iech vun Ufank bis Schluss a suergt dofir, datt Äert Evenement zu engem onvergiesslechen Erliefnis gëtt. SAN’CARD Ee Service fir jiddereen. SAN ass och fir Privatpersounen do, déi Aluedungen, Remerciements-, Gebuerts-, Kommiouns-, Hochzäitsoder Doudeskaarten brauchen. Design no Virlag oder op Mooss, Dir entscheet, wéi Äre Produit um Schluss soll ausgesinn. Mir hunn eis Passioun zum Beruff gemaach.

San s.àr.l. 16a Maison L-9780 Wincrange 20 Esplanade L-9227 Diekirch t: +352 28 11 42–1 san@san.lu www.san.lu


12, rue de Lannen L-8537 HOSTERT Tél.: +352 621 35 07 81 info@minimoyz.lu www.minimoyz.lu OUVERT lundi au samedi de 6.00h à 20.00h

Mir schwätze Lëtzebuergesch L’équipe pédagogique est composée d’une responsable éducatrice diplômée ayant une expérience professionnelle de plus de 12 années, de deux éducatrices graduées, ainsi que d’autres personnes qualifiés... Rythme biologique de l‘enfant respecté. L’épanouissement personnel de l’enfant étant à la base de notre philosophie pédagogique : nous proposons de multiples activités sensorielles, langagières, psychomotrices, découvertes ainsi que des jeux et des animations vertes, dans une atmosphère propice à l’entraide, au respect de soi et des autres et au développement de l’autonomie. Plus d‘informations sur notre site: www.minimoyz.lu

ons i t a m i t s E & ns o i t a c o L , s e Vent -9515 WILTZ . Charlotte L G.-D iane 55, Rue iv V e c n e id Rés

u immowolz.l

44

95 82 59-1


DEN HOLZMËCHEL PRESENTÉIERT

D’GEWËNNSPILL

SICH DE FEELER Ze gewanne gëtt et

1 x 250€ AKAFSBONG

FIR MÉCKEGITTERE VUN DER MARK M&S SPROSSENELEMENTE, OFFRÉIERT VUN

Sicht déi 5 Feeler op der Foto an schéckt eis d’Souche bis spéitstens de 15. Juni 2018 ran.

Affranchir s.v.p.

DOHEEM - SAN s.à r.l. Maison 16 L-9780 Wincrange

AUSFËLLEN A GEWANNEN

45


DOORS OPEN AT 7:30 PM I CONCERT STARTS AT 8:30 PM

AFTER PARTY ab 22:30 Auer

FRÄIEN ENTRÉE mam

DIEKIRCH

16.06.18

Foto: Manfred Esser

Happ Birth y day

AL SEEËREI

ORG.: D’ESELEN AUS DER SAUERSTAD DIEKIRCH

NUMM:

D’GEWËNNER VUM SPILL AUS DEM MAGASINN DOHEEM N°35

VIRNUMM:

OFFRÉIERT VUN DER GARAGE BLOM 1 TANKKAART AM WÄERT VUN 50€

ADRESS:

- Ludivig Paul, Bourscheid - Marnach-Muller Christiane, Hoscheid-Dickt - Pauly Christiane, Vichten - Peiffer Elisabeth, Lipperscheid - Nelissen Micheline, Grevels

PLZ:

1 SUZUKI SWIFT AUER

UERTSCHAFT:

- Wiesen Claudine, Baschleiden

TEL:

1 BONG FIR ENG REVISIOUN / EE VIDANGE AM WÄERT VUN 250€ - Schaul Daniel, Schieren

E-MAIL: Just gëlteg wann alles komplett ausgefëllt ass an déi 46 5 Feeler fonnt gi sinn.


LIBRAIRIE ZIMMER PRESENTÉIERT

D’IESELSOUER

Den Eppes Jhemp Hoscheit / Biller: Dorota Wünsch D’Surri an d’Ulma, zwou kleng Mais, fannen nieft der Superdreckskëscht ee komeschen, blechene Spillkamerod an nennen hien „den Eppes“. Hir Elteren hunn him nei Batterien an de Réck gesat an elo testen déi zwou Maisercher, wien de Roboter méi gären huet. Ee flott Buch iwwer Frëndschaft fir méi grouss Kanner, gären ab Cycle 3.

Editions Guy Binsfeld ISBN 978-2-87954-273-7

18,00 €

Den Tigerche Mischi Henriette Nittel / Biller: Gaby Didier Den Tigerche Mischi, eng reng Hauskaz, dreemt vun der grousser Fräiheet. Hien ass senger Famill fortgelaf an erlieft eng sëllechen Aventuren dobaussen an der friemer, neier Welt. Et ass allerdéngs guer net sou einfach, déi ze meeschteren. D’Henriette Nittel huet dës Kéier ee Buch fir méi kleng Kanner geschriwwen. Den Text ass ugepasst op déi Kleng vun 3 Joer un. Et si grouss Biller, awer och vill Text dran. Eng léif Geschicht fir virzeliesen.

Editions Rol Schleich ISBN 978-99959-887-6-0

20,00 €

Den Hu an dat klengt Gespenst Renée Weber Den Hu ass een Uhu, deen an engem décke Bam wunnt. Well hien am Dag schléift, nervt hien seng Kollegen an der Nuecht mat sengem Gehurels. Dowéinst flitt hien e klengen Tour bei een aalt Schlass a léiert do een neie Kolleg kennen: ee klengt Gespenst. Dat hëlt den Hu mat, fir zesummen d‘Welt z‘entdecken. Dëst neit Wierk vum Renée Weber ass genee sou ee gutt Kannerbuch wéi de Bommel oder de klenge Felix. D’Buch mécht Sënn vun Ufank bis Schluss an huet schéin Illustratioune vun der Autorin.

Op der Lay

ISBN 978-2-87967-229-8

17,90 €

6 & 11, rue Saint Antoine L-9205 Diekirch

Tél: 80 95 59 Fax: 80 71 62

Lun. - Ven. 08:30 - 18:00 Sam. 09:00 - 17:00

www.zimmer.lu 47


distributeur agréé

www.blom.lu

E L L E

V A

V O U S

S U R P R E N D R E

!

48

GARAGE JANG BLOM SA | 49a, rue de la Sûre | L-9161 INGELDORF | Tél.: +352 80 84 86-1 | info@blom.lu


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
36. Editioun vun der Doheem by SAN – Creative Studio - Issuu