INDEX GEWËNNSPILL 53
SICH DE FEELER
10 x 125€ BONGEN AN 1 HOLZLAUFLERNRAD OFFRÉIERT VUN DER SCHRÄINEREI HEINEN (ËLWEN)
5
WANN DEN HUES D’EEËR BRÉNGT Ouschteren
11
LIBRAIRIE ZIMMER
13
EE WICHTEGE SCHRATT AN DE GLAWEN
18
OLD SCHOOL BARBERS
20
MARED INDOOR
23
DEN OPTIMALE START AN DE SUMMER
27
SÄIN EEGENT LAND NEI ERLIEWEN
presentéiert "D’Ieselsouer"
Déi éischt helleg Kommioun
presentéieren "De Lifestyle"
3 Froen / 3 Äntwerten
Auto
IMPRESSUM Editeur, régie et mise en page: SAN s.à r.l. T: 28 11 42 1 Wincrange & Diekirch doheem@san.lu | www.san.lu
Vakanz Doheem
33
ALLES AM GRÉNGE BERÄICH
40
HIBISCUS LUXEMBOURG
L'éditeur ne peut en aucun cas être tenu responsable de la correctitude des informations indiquées. Tous les renseignements sont donnés sous réserve de changement ou d'erreur.
42
CREATECH
Ce sont exclusivement les propriétaires de ces annonces liées qui sont responsables de leur contenu. Lorsque des prix sont indiqués, nous ne donnons pas de garantie pour l'actualité et la correctitude de ces indications de prix. Les indications de prix sont uniquement pour votre information, il ne s'agit pas d'une offre. Aucun droit ne pourra vous être octroyé concernant des prix indiqués.
45
HAUS KAFEN ODER BAUEN?
L'ensemble de ce journal relève des législations en vigueur sur les droits d'auteur et de la propriété intellectuelle. Tous les textes, illustrations, images, photos et autres données sont protégés par un droit de reproduction.
51
CHAUFFAGE-SANITAIRE SCHMIT NICO
Couverture: Photo: Sandro Dimola Model: Nell Pixius Hair & Make-Up: Céline Feltgen Tirage: 24.500 exemplaires
Bauen & Wunnen
presentéiert "De gréngen Domm"
presentéiert "De Baumeeschter"
Bauen & Wunnen
An e puer Schrëtt zu engem neie Buedzëmmer
3
Haute Parfumerie Contemporaine
13, rue de l'Eau I L-9225 Diekirch Tel: +352 80 42 41 I carmenwo@pt.lu
Centre d‘Esthétique & Parfumerie Carmen Wollmering
www.cde.lu
OUSCHTEREN
WANN DEN HUES D’EEËR BRÉNGT
Ouschteren ass fir d‘Chrëschten no Chrëschtdag dat wichtegst Fest vun hirem Glawen. Ronderëm dës Festivitéite sinn eng Partie Traditiounen entstanen, beispillsweis déi gefierften Eeër an d’Sich dono. Mee wou kommen dës Bräich hier a wéi eng Bedeitung stécht dohannert? Mir verroden Iech ausserdeem nach de Programm vun de bekannten Ouschtermäert zu Dikrech an zu Klierf.
Den Ursprong De Grond fir d’Feierlechkeeten op Ouschteren ass d’Operstéiung vum Jesus. Karfreideg ass
hien der Iwwerliwwerung no gekräizegt ginn an dräi Deeg drop, op Ouschtersonndeg, nees zum Liewen erwächt. Ouschteren ass deemno eng Aart Gediechtnesfeier, bei där un dee besonnesche Moment vun der Operstéiung vum Gotteskand geduecht gëtt. Den Datum fir d’Ouschterfest ass net fix, mee variéiert vu Joer zu Joer. Dat hänkt domat zesummen, datt der Iwwermëttlung no den Doud vum Jesus an d’Woch vum jiddesche Pascha-Fest gefall ass. Well dëst Fest net ëmmer op de selwechten Datum fält, kann Ouschteren an d’Zäitspan tëscht dem 22. Mäerz an dem 25. Abrëll falen. Traditionell gëtt 40 Deeg virun Ouschtere 5
POMPES FUNÈBRES
BESTATTUNGEN
Happy feet
Incinérations sans adhésion à une association Transport national et international Formalités et démarches Incinérations et cercueils Fleurs et accessoires
Ech wënsche menger Clientèle schéin Ouschteren
Pédicure médicale
Résidence Mandelieu, um 1. Stack 40, rue Edmond - Jean Klein L-9251 Diekirch
Pompes Funèbres Bous-Goergen 50, Grand-Rue L-8510 REDANGE TEL: 23 62 10 67 GSM: 621 186 530 / 621 131 672
Solange Glodt • 621 329 407 péd. méd. • manucure dipl. 10 Joer Erfarung, dovunner 3 mat der Mme Yvette Schennetten Op Wonsch kommen ech och bei Iech heem
20, Esplanade L-9227 DIEKIRCH TEL: 26 87 60 53 GSM: 621 131 672 / 621 753 209 guybous@yahoo.de
SPEZIALISATIOUNEN • Agewuessen Zéiwenneel • Paraffinbad fir Féiss an Hänn • Pilzbefalen Neel • Fleeg vun Hänn an Neel • Diabetesch Féiss • Manikür
MIR WËNSCHEN EISER CLIENTÈLE SCHÉIN
OUSCHTEREN 36, Grand-Rue | L-9240 Diekirch I T: 80 97 56 | efaber@pt.lu
MAISON CORTINA VÊTEMENTS PROFESSIONNELS Cuisine • Restauration et hôtellerie • Paramédical Médical • Mécaniciens • Artisans et bâtiments
BRODERIE SUR VÊTEMENTS POSSIBLE MERCERIE Gütermann • Prym
4 rue du Marché • L-9260 Diekirch • Tél : 27 80 82 22 maisoncortina@hotmail.com
6
gefaascht, ier et dann um groussen Dag an eng Zäit voller Freed iwwergeet. 2018 gëtt den Dag vun der Operstéiung vum Jesus den 1. Abrëll gefeiert. Den Ouschtersonndeg markéiert den Ufank vun der Ouschterzäit, déi am ganze 50 Deeg, d.h. bis Päischten nach mat, dauert.
Firwat ginn et op Ouschteren Eeër? A ville Kulture weltwäit steet d’Ee symbolesch als Zeeche vun der Fruchtbarkeet a vun neiem Liewen. Doduerch passt et bei d’Operstéiung. Am 12. Joerhonnert sinn an der kathoulescher Kierch d’Eeër, déi d’Hénger während der Faaschtenzäit geluecht hunn, geweit ginn. Doduerch, datt et verbuede war, während der Period vum Faaschten Eeër z’iessen, hunn déi sech ugesammelt an op Ouschtere goufen et der immens vill. D’Iddi, fir d’Eeër ze fierwen, ass opkomm, well et sou méi einfach war, déi geweiten Eeër vun den net geweiten z‘ënnerscheeden. Hautdesdaags ass d‘Eeërfierwen awer haaptsächlech just nach eng flott Beschäftegung fir d’Kanner.
Wat huet den Hues domat ze dinn?
wann een dra bléist. Den Numm „Emaischen“ geet op d‘Uertschaft „Emmaus“ an der Géigend vu Jerusalem zeréck, wou zwee vum Jesus senge Jünger eng Christus-Erscheinung haten. Am Ufank vum 19. Joerhonnert war d‘Emaischen zu Lëtzebuerg wuertwiertlech een Dëppefest, well Ouschterméinde speziell vun den Dëppemaacher gefeiert ginn ass, andeems si un deem Dag hire Maart ofgehalen hunn.
Dikrecher Virfreed op Ouschteren Eng weider Traditioun sinn d‘Ouschtermäert, wéi zum Beispill deen zu Dikrech. Dee gëtt et schonn esou laang, datt sech kee méi genee erënnert, wéini en iwwerhaapt fir déi éischte Kéier ofgehale ginn ass. Et ass awer eréischt zënter dem Joer 2000, wou en e bësse méi grouss opgezu gëtt. De Maart bitt, nieft ronn 30 ganz ënnerschiddleche Stänn, Animatioun fir Grouss a Kleng. Wat genee dëst Joer um Programm steet huet eis d’Carine BreuskinProbst vum Syndicat d’Initiative verroden. An Zesummenaarbecht mat der Union
Ähnlech wéi d’Ee huet och den Ouschterhues eng symbolesch Bedeitung. Den Hues ass dat éischt Deier, dat am Fréijoer Klenger kritt. Dohier steet och hie fir d’Operstéiung. D’Relatioun zu de faarwegen Ouschtereeër ass duerch seng enk Verbindung zum Mënsch entstanen an ass em praktesch vum selwen an de Schouss gefall. A Form vun Dekoratioun ass den Hues während der Ouschterzäit omnipresent, well déi bei deene Meeschten zum gréissten Deel aus Huesen an Eeër an alle Gréissten a Faarwe besteet. Besonnesch op Ouschtermäert kann ee schéin Iddie fir seng eegen Ariichtung fannen. Donieft ginn et lecker Spezialitéiten.
D‘Emaischen Eng al Lëtzebuerger Traditioun un Ouschterméinden ass d‘Emaischen, déi am alen Deel vun der Haaptstad an zu Nouspelt ofgehale gëtt. Dobäi handelt et sech ëm ee Volleksfest, dat haaptsächlech op Mäert baséiert, op deene Wueren aus Leem oder Keramik verkaf ginn. Representativ sinn déi sougenannte „Péckvillercher“, kleng Keramik-Päifen a Vulleform, déi vullen-ähnlech Téin vun sech ginn, 7
• BERATUNG VOR ORT • INNENARCHITEKTUR • MONTAGE • AUSFÜHRUNG • NEUE IDEEN • ALLES AUS EINER HAND
VIELE
AKTIONEN
ZUR NEUERÖFFNUN Aktion gültig bis Ende Dezember 2018 in DIEKIRCH & WEISWAMPACH
Beim Kauf einer Küche
SPÜLMASCHINE
GRATIS
Aktion gültig bis Ende März 2018 in DIEKIRCH & WEISWAMPACH
by Manfred Wiesen
Besuchen Sie uns vom 21. 03. - 25.03.2018 auf der "Springbreak Luxembourg"
Messe in der Luxexpo! 67, Gruuss Strooss L-9991 WEISWAMPACH ÖFFNUNGSZEITEN Mo-Fr: 09-12 & 13-18 Uhr
Tel: +352 26 90 97 66 Fax: +352 26 95 76 03
Neue Filiale in Diekirch
Sa: 09-16 Uhr So: 14-18 Uhr
Ganz gleich ob Klassik, Landhaus-Stil oder trendiges Lifestyle-Design. Unsere Küchen kombinieren zeitloses Design mit hoher Funktionalität.
Feiern Sie mit uns mit einem Glas Schampus zusätzlich zu den aktuellen Sonderaktionen!
WIR FREUEN UNS AUF IHREN BESUCH! info@widu-kitchens.com • www.widu-kitchens.com 31, Avenue de la Gare DIEKIRCH
Tel: +352 26 90 97 66 Fax: +352 26 95 76 03
ÖFFNUNGSZEITEN Mo-Fr: 09-12 & 13-18 Uhr
Sa: 09-16 Uhr So: auf Anfrage
Commerciale vun Dikrech stellen si Joer fir Joer den traditionellen Ouschtermaart op d’Been. Dëst Joer ass d’Evenement de 24. a 25. Mäerz a fält deemno op de Weekend virun Ouschteren. „Dat besonnescht un eisem Ouschtermaart ass déi familiär Ambiance an d’Diversitéit vun de Stänn. Mir leeë ganz vill Wäert drop, datt ënnerschiddlech Produite vun héijer Qualitéit ugebuede ginn“, erkläert d’Madamm BreuskinProbst. Ganz besonnesch flott fir d’Familljen, déi mat hire Kanner op d’Plaz kommen, ass een Zelt, an deem sech alles ëm déi Kleng dréint. Vu Facepainting iwwer een Ieselsspill bis hin zu engem Bastelatelier, deen sech mam Thema Ouschtere befaasst, dierft fir all Kand eppes Passendes dobäi sinn. Iwwerdeems sinn och ee Sprangschlass an een attraktive Spilleck op der Plaz opgeriicht a waarde just drop, vun de Kanner genotzt ze ginn. Samschdes a sonndes ass den Ouschtermaart vun 11 bis 18 Auer. Sonndes kann een awer och scho vu 7 Auer moies u gutt Affären um Floumaart am Kolléischshaff maachen. Do gëtt
nämlech vun den Dikricher Pompjeeën ee grousse Floumaart mat iwwer 100 Stänn organiséiert, op deem een all méiglech kleng Schätz fanne kann. Och d’Geschäfter si sonndes vu 14 bis 18 Auer op a liwweren domat ee weidere Grond, de Wee bis op Dikrech anzeschloen. „Fir déi Leit, déi mam Auto kommen, recommandéiere mir d’Parkhaus op der Esplanade ze notzen, well ee vun do aus ganz no um Maart an un de Butteker drun ass“, réit d’Madamm Breuskin-Probst. Mat all dësen Informatioune kann een de Weekend virun Ouschteren elo schonn optimal plangen. Weider Informatioune fënnt een op „diekirch.lu“.
Ouschterhuesen a Muskelmänner Och méi wäit uewen am Grand-Duché wäert d‘Ouschterstëmmung opbléie wéi eng Krokusblumm. Un Ouschterméinden, den 2. Abrëll vun 11 bis 18 Auer, ass nämlech den „Cliärrwer Ustermaart“ zu Klierf. D‘Veräiner aus Klierf an Ëmgéigend wäerten d‘Visiteure mat Iessen a Gedrénks verwinnen, während privat Maartleit eng Varietéit un handgemaachte
Können Sie den Frühling hören?
Dudzinski Nina
infirmière diplomée pédicure médicale T. 691 30 53 36
Langer Jenny
pédicure médicale T. 661 40 45 11 Korrektioun vun agewuessenen Neel (Spangentechnik) ouni Péng an Operatioun
Kostenlosen Hörtest machen und gratis Oticon Opn™ Hörgeräte testen. Jetzt gleich bei uns!
Behandlung vun: • Waarzelen a pilzbefalen Neel (ouni Péng) • Diabetiker Féiss
„Gutt zu Fouss“
Grand‘ Rue 36, L-9710 Clervaux • www.facelook.lu Tél. 26 90 39 43 • info@facelook.lu
7, op der Schleed L-9273 Diekirch
9
Produite verkafen, dorënner Bijouen, Dekoratioun, Gebeess, Gewierzer, Petzien, Poschen a vill weider Saachen. Op Ouschteren dierf natierlech och den Ouschterhues net feelen. Hie wäert deen Dag zu Klierf ënnerwee sinn, begleet vu sengen Assistenten an der Harmonie Municipale Clervaux, an Ouschtereeër u Grouss a Kleng verdeelen. De groussen Highlight um Klierfer Ouschtermaart dëst Joer ass den Optrëtt vum bekannte Lëtzebuerger Kraaftmënsch Georges Christen. De 55-järege Muskelmann zerrappt Telefonsbicher, verbéit Neel, zitt Camione mat den Zänn an huet iwwer 20 international Rekorder opgestallt. An der Zäit huet de Georges Christen souguer als stäerkste Mann vun der Welt gegollt. Den Ouschtermaart gëtt zënter 2012 vum Tourist Center Clervaux an Zesummenaarbecht mat der Klierfer Union Commerciale organiséiert.
15, Grand-Rue | L-9710 CLERVAUX | Tél: 92 10 05
Lundi de Pâques (Ouschtermaart le 02/04/18) Ouvert l’après-midi
DÉCOUVREZ LA NOUVELLE COLLECTION PRINTEMPS / ÉTÉ 2018
REMISE DE 10% sur présentation de ce coupon du 19 mars jusqu‘au 7 avril 2018
TRAITEUR E V E N T S CAT E R I N G i n f o @ p a r t y s e r v i c e - s ch m i d t . e u w w w. p a r t y s e r v i c e - s ch m i d t . e u
L-9912 Troisvierges Tel.: +352 26 909 742 B-4760 Büllingen Tel.: +32 80 643 068
10
LIBRAIRIE ZIMMER PRESENTÉIERT
D’IESELSOUER Der totale Rausch Norman Ohler
Den Auteur huet 5 Joer laang an Däitschland an an den USA an alen Archiven an nei opgemaachten Dossieren iwwert den zweete Weltkrich recherchéiert. Säi Buch ass a 25 Sproochen iwwersat ginn. Een Exploit fir deen zu Zweebrécken gebuerenen Auteur. Dëst Buch ass kee klassescht Krichsbuch, et ass am Romanformat geschriwwen, mee et bleift ee fundéiert Sachbuch mat ville ganz perfiden Detailer doriwwer, wéi den Adolf Hitler an déi däitsch Zaldoten hir grausam Doten ënner Drogenafloss begaangen hunn. Krichsbicher schuddere mech, awer dëst Buch ass fir mech schonns en haarde Brocken. Et ass ee Buch, dat een nëmmen a klenge Portioune ka liesen, ze vill beieneen ass ze vill. Mee firwat kënnt dat alles elo eréischt eraus, wisou ass dat geheim gehale ginn? Wahnsinn, wéi een d‘Leit ka manipuléieren, wann se ënner Medikamenter stinn a wéi et iwwerhaapt dozou komm ass, datt dat Medikament esou vill Succès hat. Schlëmm ass och, datt dat net weider bekannt ass an datt net dovunner geschwat ginn ass.
Kiepenheuer & Witsch GmbH ISBN 978-3-462-05035-6
10,99 € V wéi vreckt, w wéi Vitess Samuel Hamen Hei ass ee ganz gelongene literareschen Debut vum Samuel Hamen. Déi meescht Dikrecher géifen dem Samuel dat heite Buch vläicht net zoutrauen. Beim Auteur muss een hannert säi braavt Ausgesi kucken. Hien huet et fauschtdéck hannert den Oueren. Dëst Buch ass näischt fir Liebesromanfanatiker. Et gëtt kee rosa Happyend, et ass virun allem eng verwurrelt an iersënneg, verréckt, skurril a komesch Geschicht iwwert den Erzieler an e puer vu sengen Therapiestonne beim Dr. Coster. A ganz laangen an vun Däitschproffe gepriedegte Schachtelsätz kréie mir d’Geschécklechkeet an der Sprooch vum dësem nach ganz jonken Auteur mat. Dat ass Literatur pur. Verschiddener géifen et krank Literatur nennen, mee dann haten déi ni Spaass mam Goethe sengem Faust op der Première. Et ass kee Buch fir am Zuch ze liesen, léiwer a Rou a mat dem néidege Kapp, fir all Detail kënnen op der Zong zergoen ze loossen. Majo, da lass, kämpft iech derduerch, et ass derwäert!
Editions Guy Binsfeld ISBN 978-9 9959-4235-9
22,00 € Schulcafé Pustekuchen: Die Mogelmuffins Kati Naumann Een einfacht, schéint a gutt geschriwwent däitscht Kannerbuch. Ee Buch fir Meedercher, et kéint awer och vu Jonge gelies ginn. Op alle Fall ass et mol eppes anescht ewéi all déi Päerds- a „Conni- Happy Welt“-Bicher. Et geet ëm d’Tilli an seng „Moma“ . D‘Moma ass dem Tilly seng Bom an si huet eng kleng Patisserie an der Schoul. D‘Moma hëlleft hire Liiblingsschüler natierlech och bei klenge Katastrophen, esou zum Beispill wëllt si „Mogelmuffins“ baken, also Muffins mat engem Knäipziedel dran, fir an der ugekënnegter Geosprüfung ze hëllefen. Dat wier alles ze vill einfach, an esou kënnt et wéi et komme muss: Eng ganz streng Joffer fënnt et eraus a wëllt elo der Moma hire Schoulcafé zou maache loossen. Do huet si awer d’Rechnung ouni hir Schüler gemaach. Dëst Buch kritt een och als Audio-Book op CD an am Hierscht 2018 kënnt well den 2. Band eraus. Ze genéisse mat engem selwergemaachte Muffin an engem Schocki à la „Moma Pustekuchen“.
Franckh-Kosmos
ISBN 978-3-8032-3492-6
12,99 €
6 & 11, rue Saint Antoine L-9205 Diekirch
Tél: 80 95 59 Fax: 80 71 62
Lun. - Ven. 08:30 - 18:00 Sam. 09:00 - 17:00
www.zimmer.lu 11
REMERCIEMENTSKAARTEN OP MOOSS
San s.àr.l. 16a Maison L-9780 Wincrange
Mat der Ouschterzäit kënnt d‘Kommiounszäit. Sot Äre Léifste Merci fir hir Kaddoen an hir Presenz a schenkt hinnen op der Kommioun vun Ärem Kand eng personaliséiert Remerciementskaart. Bei SAN kritt Dir eng Kaart op Mooss gemaach, déi ganz Äre Wënsch entsprieche wäert. Et ass eng schéi Manéier, dëse besonneschen Dag éiweg an Erënnerung ze halen.
20 Esplanade L-9227 Diekirch t: +352 28 11 42–1 san@san.lu www.san.lu
DÉI ÉISCHT HELLEG KOMMIOUN
EE WICHTEGE SCHRATT AN DE GLAWEN
Fréier war genee virgeschriwwen, wéi d‘kierchlech Fester gefeiert ginn an an der Reegel huet sech och all Mënsch dorunner gehalen. Mëttlerweil ass dat Ganzt awer méi oppen an et gëtt net méi erwaart, alles no bestëmmte Virgaben z’organiséieren. Dat bréngt mat sech, datt ee bei villen Aspekter een enorme Choix huet an et net liicht ass sech ze decidéieren, op wéi eng Manéier een d’Kommioun feiere wëllt. Am Folgenden decke mir net just d’Hannergrënn vun dëser aler chrëschtlecher Traditioun op, mee ginn och Ureegungen dozou, wéi een d‘Kommioun kéint organiséieren.
D’Hannergrënn Den Ursprong vun de Bräich ronderëm déi éischt helleg Kommioun ass an der Bibel niddergeschriwwen. Beim sougenannten „letzten Abendmahl“ huet de Jesus der Iwwerliwwerung no d’Brout gebrach a mat senge Jünger gedeelt. Dëse Geste huet sech spéiderhin an der Kierch esou entwéckelt, datt d’Empfänke vun der Hostie symbolesch fir d’Gemeinschaft tëscht Christus an all eenzelem Gleewege steet, esou wéi och tëscht de Gleewegen ënnerteneen. Beim Kommunizéiere ginn d’Chrëschten ëmmer nees un d’Liewen, den Doud an d’Operstéiung vu Jesus erënnert. 13
• Belval • Dudelange
• Marnach • Oberpallen
www.passionelle.lu
• Pommerloch • Strassen • Schmiede • Wemperhardt passionellelux
D’Kanddaf, d’Kommioun a spéider d’Firmung stinn am Chrëschtentum fir déi verschidden Etappen um Wee fir erwuessen ze ginn. Ritualer sinn aus der Siicht vun Entwécklungspsychologen immens wichteg fir Kanner, well se Orientéierung schafen a bestëmmte Schrëtt an der Entwécklung markéieren. Och wann ee selwer vläicht net esou gleeweg ass, sollt ee säi Kand am Glawen ënnerstëtzen an sech Zäit dofir huelen, sech mat him zesummen op d’Kommioun virzebereeden. Fir d’Kanner spillt et eng grouss Roll ze spieren, datt d’Elteren sech och fir déi Saachen interesséieren, déi si grad beschäftegen.
D’Traditioun Am 3. Schouljoer, respektiv am Alter vun ongeféier 9 Joer, maachen déi meescht chrëschtlech Kanner hir éischt helleg Kommioun. Dorënner versteet een, datt si fir d’éischte Kéier an hirem Liewen eng Hostie kréien. D’Virbereedungszäit op dee groussen Dag gëtt duerch de sougenannte Kommiounsunterrecht an déi obligatoresch Beicht markéiert. Um
BOUCHERIE VÉI VUM SÉI HEIDERSCHEID TEL : 83 92 19 BOUCHERIE VÉI VUM SÉI MERSCH TEL: 26 32 25 38 BIOMETZLEREI QUINTUS ROLLINGERGRUND TEL: 44 78 77 28 METZLEREI QUINTUS COLMAR BERG TEL: 83 52 90
Dag vun der Kommioun bréngen d’Kanner nees hir Dafkäerz mat an d’Kierch. Fréier ass d’Kommioun op dem éischte Sonndeg no Ouschtere gefeiert ginn. Mëttlerweil sinn d’Datumer awer vu Gemeng zu Gemeng ganz ënnerschiddlech.
D’Organisatioun Fir dee besonneschen Dag vun der éischter Kommioun a gudder Erënnerung ze behalen a schéi Souveniren ze schafen, sollt ee fréi genuch ufänken sech Gedanken ëm d’Organisatioun ze maachen. Fir unzefänke sollt een sech gutt iwwerleeën, ob een am grousse Stil oder am klenge familiäre Krees wëllt feieren. Mat enger Lëscht verschaaft een sech séier den Iwwerbléck. Doduerch, datt beim Fest vun der Kommioun d’Kand am Mëttelpunkt steet, sollt een säi Kand och froen, ob et eng bestëmmte Persoun onbedéngt wëllt dobäi hunn an deem Wonsch dann och nokommen. Wa bis festgeluecht ass, wéi laang d’Lëscht vun de geluedene Gäscht ass, da kann een ufänken ee Budget festzeleeën. Dobäi hängt et natierlech
HAUSGEMACHTEN PRODUKTER BIOFLEESCH
PARTYSERVICE
FLEESCH AUS DEM NATURPARK X ZU
G 4 .. ZEBUER
LET Im weißen Feld der Anzeige können Sie Ihre Händleradresse ergänzen.
WWW.VEIVUMSEI.COM
You can enter your dealer address in the white box in the advertisement.
15
ganz dovun of, ob ee wëlles huet doheem ze feieren oder léiwer op ee gelounte Sall oder ee Restaurant zréckgräift. Wa bis d’Fro vun der Locatioun ausdiskutéiert ass, da geet et un d’Iessen. Entscheet een sech fir ee Restaurant, bleift nach d’Fro vum Menü ze klären. Am Fall wou een sech fir ee Sall oder déi eege véier Wänn decidéiert, muss een nach tëscht zwou Optioune wielen: Entweder selwer Hand uleeën oder ee Catering bestellen. Selbstverständlech loossen sech d’Optiounen och vermëschen, andeems ee beispillsweis d’Häppercher an d’Entrée selwer preparéiert, den Haaptplat an den Dessert awer éierens bestellt.
Kommioun ass iwwerdeems eng schéi Geleeënheet, fir Suen un Hëllefsorganisatiounen ze spenden an sech op dës Aart a Weis fir de gudden Zweck z’engagéieren.
Kaddoen
E schéine Geste, fir jiddwerengem merci ze soen, deen sech um Dag vun der éischter helleger Kommioun bedeelegt huet, dierf um Schluss net feelen. Meeschtens gëtt dëse Geste a Form vun engem klassesche Remerciement verschéckt. Fir besonnesch schéi Kärtercher ze hunn, lount sech de Wee bis bei ee professionelle Fotograf a bis an eng lokal Kommunikatiounsagence, déi no engem perséinleche Gespréich een individuelle Layout maache kann.
Iwwerdeems muss een sech als Elteren och fréi genuch mat der Fro vun de Kaddoen ausenee setzen. Dobäi sollt een net just d’Kand froen, wat et sech wënscht, mee och eventuell d’Méiglechkeet notzen an engem Geschäft eng Kommiounslëscht ze maachen, fir z‘evitéieren, datt d’Kand e puer mol dat selwecht offréiert oder Saache geschenkt kritt, mat deenen et näischt kann ufänken. Déi éischt helleg
D’Kommioun war an ass ëmmer nach eng schéin Traditioun, déi fir d’Kanner eng immens flott Erfarung duerstellt. Fir schéin Erënnerungen ze schafen, lount et sech iwwert den eegene Schied ze sprangen an säi Kand bei deem ganze Prozess z’ënnerstëtzen an ze begleeden. Egal ob grouss oder kleng gefeiert gëtt, mir wënsche jidderengem eng onvergiesslech Kommioun am Krees vun der Famill.
Tél. (+352) 27 33 85 00 Gsm. (+352) 621 229 526 restobeimbatty@gmail.com
1-3, um Mierscherbierg L-7526 Mersch
Grand‘ Rue 36, L-9710 Clervaux • www.facelook.lu Tél. 26 90 39 43 • info@facelook.lu
16
LISTO Shopping Center Mersch
r o i r e p Su and
cuts
shaves
Fre e Blues a nd Rock‘n Roll included!
DUDELANGE I LINTGEN I WEMPERHARDT
Old School Barbers I info@oldschoolbarbers.lu I www.oldschoolbarbers.lu
Eng Wellness-Oas fir de Mann Op dräi Plazen am Grand-Duché gëtt et ee Salon, an deem d’Männer dierfe Männer sinn: d’Old School Barbers sinn op der Wämperhaart, zu Lëntgen an zu Diddeleng ze fannen. Do kritt een net just d’Hoer geschnidden an de Baart gemaach, mee et gëtt ee richteg verwinnt. Hire spezielle Service ass net ze vergläiche mat deem vun engem traditionellen Härecoiffer. D’Ambiance am Salon ass eenzegaarteg: bei Blues- a Rockmusek kritt een ee Glas Whisky oder Rum ugebueden, fir d’Experienz perfekt ofzeronnen. D’Equipe vun den Old School Barbers ass beschtens op d’Besoine vum Mann spezialiséiert. „Ee gudde Barbier mécht aus, datt e super Hoer schneide kann an awer och alles ronderëm d’Thema Baart weess. Do ass et tatsächlech net mat der klassecher Naassrasur gedoen, mee de Styling an déi richteg Fleeg spillen och eng grouss Roll“, erkläert den Tom Trummer, Patron vun den Old School Barbers. Fir Männer, déi sech eppes trauen an och mol eppes Neies wëllen ausprobéieren, gëtt an de Salonen op der Wämperhaart an zu Lëntgen Epilatioun mam Fuedem ugebueden. Dës Methoud ass immens effikass a suergt dofir, datt länger Zäit keen Hoer méi opdaucht. D’Old School Barbers proposéieren och ee grousse Choix u Kaddosiddien. Bei hinne kann een sech beispillsweis eng flott Corbeille mat Ueleger, Pommaden, Shampoing a Villem méi zesummestelle loossen, extra fir de Mann, Papp oder Kolleg mat Baart. Klassesch Kaddosbongen oder Gadgete wéi een Hoodie, een T-Shirt oder eng Taass mam Logo vum Salon vervollstännegen dës Offer. D’Produiten, déi ee bei den Old School Barbers ze kafe kritt, si vun héichwäerteger Qualitéit a mat Suergfalt erausgesicht. Selbstverständlech kritt een op der Plaz d’Benotzung vun de Produiten erkläert an deen een oder aneren zousätzlechen Tipp mat op de Wee. Deemno feelt et de Clienten un näischt, fir sech an deem besonnesche Kader vum Barber Shop gutt opgehuewen ze fillen. Schliisslech ass hei de Slogan „There is no school like old school“ Programm.
OLD SCHOOL BARBERS PRESENTÉIEREN
DE LIFESTYLE
Den Tom Trummer, Patron vun den Old School Barbers, gëtt de Männer souwuel mat wéi och ouni Baart nëtzlech Rotschléi mat op de Wee, fir méi gefleegt auszegesinn.
Wéi fleegt een säi Baart richteg?
Bitt Dir ee spezielle Gesiichts-Soin fir d’Männer?
Et soll een op kee Fall dee selwechte Shampoing fir de Baart benotze wéi fir de Kapp. Ënnert dem Baart ass d’Gesiichtshaut, déi nach vill méi sensibel ass wéi d’Kapphaut. Deementspriechend soll een ee Baartshampoing benotzen. Mat deem eleng ass d’Saach awer nach net gedoen.
Et gëtt tatsächlech eng Gesiichtsmask, déi bei de Männer immens beléift ass, well si et fäerdeg bréngt, d’Poren déif ze rengegen. Et handelt sech dobäi ëm eng schwaarz Flëssegkeet, déi op d’Gesiicht opgedroe gëtt an dann ca. 15 bis 20 Minutten awierke muss. Während dëser Zäit dréchent se a mécht d’Haut dobäi esou richteg propper. Nodeems se ganz gedréchent ass, gëtt se einfach erofgezunn an d’Haut fillt sech immens duuss un. Dës Mask kritt ee bei eis ze kafen, fir sech och doheem ëm seng Haut kënnen ze këmmeren.
Eng extra Portioun Fiichtegkeet kréien d’Baarthoer duerch ätheresch Ueleger oder Baartbotter. Ee Baart soll gefleegt ausgesinn an sech och esou ufillen. Eng breetgefächert Gamme u Produite fënnt een an eise Salonen, wou een och kompetent berode gëtt, wéi een se richteg benotzt. Baartfleeg bedeit virun allem Aarbecht, mee wann déi bis gemaach ass, kritt een d’Belounung a Form vun engem excellente Resultat.
19
2, Quartier des artisans | B-6672 Deiffelt Tél: +32 80 510 410 | info@mared-indoor.be www.mared-indoor.be
MARED INDOOR
SPILL A SPAASS FIR GROUSS A KLENG
Ee Kand muss kënne rolzen, rondrëmraiberen an sech einfach esou richteg austoben. Am Mared Indoor dierf et genee dat. An dëser 1500 m2 grousser Indoor-Spillplaz op der Schmëdd nieft dem Knauf Shopping Center fënnt een ee risegt Klotergerüst, verschidden Zorte Rutschbahnen a vill weider Ariichtungen, op deenen déi Jonk sech dierfen ameséieren. Et kann ee mat Frënn oder als Schoulausfluch mat der Klass dohinner goen. Dat ass awer nach laang net alles. D‘Besëtzer vum Mared Indoor erzielen, firwat et sech definitiv lount, een Nomëtteg do ze verbréngen. 20
Wéi ee Service mécht Mared Indoor besonnesch? Marc Van der Linden: De Mared Indoor ass déi ideal Plaz, fir Gebuertsdag ze feieren. Mir hunn dofir eis speziell „Mared Party“ op d‘Been gestallt. D‘Kanner dierfe bis 7 Auer owes an eiser Anlag spillen, si kréie Gedrénks, Gebuertsdagskuch, Partyhitt a fir d‘Gebuertsdagskand gëtt et souguer ee klenge Kaddo. D‘Grupp huet hir eegen Hütt mat engem groussen Dësch, wou si sech kann zréckzéien a setzen, fir z‘iessen an ze
Montags & Dienstags: geschlossen
drénken. Während d‘Kanner sech ameséieren, kënnen déi Erwuesse bei enger Taass Kaffi ee Buch liesen oder am Internet surfen. Fir déi Kleng gëtt et eng onvergiesslech Feier an d‘Eltere profitéieren och, well een duerno einfach heem geet an näischt brauch ze botzen an opzeraumen. D‘Zuel vun de Kanner, déi un der „Mared Party“ kënnen deelhuelen, ass ab engem Minimum vu 5 no uewen onbegrenzt.
Mittwoch - Freitag: 13:00 - 19:00 Samstags & Sonntags: 10:00 - 19:00
Hutt Dir och eppes fir déi Grouss? Marc Van der Linden: Fir Erwuessener a Kanner vun 10 Joer un an enger minimaler Gréisst vun 1,30m hu mir eise Kloterpark. Et ass een 120m laange Parcours mat 15 ënnerschiddlechen Hënnernesser, deen sech iwwert dem Spillberäich befënnt. En ass guer net esou einfach ze meeschteren, mee et soll jo eng Erausfuerderung sinn. Natierlech ass fir d‘Sécherheet perfekt gesuergt. Et ass net méiglech, fir ze falen, well et ass een de ganze Wee iwwer un ee Stolseel ugebonnen an ier een ufänkt kritt ee genee Instruktiounen. Während dem Parcours gëtt ee vun engem Mataarbechter begleet, deen ënne mattrëppelt an engem Uweisunge gëtt bei Schwieregkeeten. Zousätzlech zum Parcours hu mir och Kloterwänn. Well de Kloterpark eng aner Clientèle usprécht huet en och een aneren Entréespräis wéi de Spillberäich.
Wat gëtt et Neies bei Mared Indoor? Edwin Kappert: Zënter kuerzem hu mir een neit interaktiivt Spill bei eis, dat d‘Schnellegkeet an d‘Konzentratioun fërdert an natierlech vill Spaass mécht. Zwee Spiller triede géinteneen un a mussen un der Mauer Knäppercher, déi an hirer Faarf opliichten, sou séier wéi méiglech drécken. Dee Spiller, deen seng Faarf am meeschten ausgedréckt huet, gewënnt. Um Schluss vun enger Partie ass een normalerweis gutt ausgepowert. D‘Spill ka vu jidderengem fräi genotzt ginn, ouni extra ze bezuelen. D‘Zil vum Spill an am Fong vum ganze Mared Indoor ass et, d‘Kanner dozou ze bréngen, sech méi ze beweegen amplaz virum Computer ze hocken.
Quartier des Artisans 2
B-6 6 7 2 De iffe lt
bei Knauf Shopping Center
Tél.: +32 80 510 410 www.mared-indoor.be
Mared Indoor
21
distributeur agréé
www.blom.lu
LES MEILLEURES CONDITIONS D’ICI AU JAPON!
À PARTIR DE
€12.199
(1)
AV E C P R I M E D E R E P R I S E
Swift: CO2 : 90 - 114g/km
: 4,0 - 5,0l/100km
Prime additionnelle sur la valeur résiduelle de votre véhicule peu importe son âge. (2) Prime de recyclage valable lors de la reprise d’un véhicule immatriculé à votre nom depuis plus de 6 mois. Le nom de l’acheteur du nouveau véhicule doit correspondre au Si vous n’avez pas de véhicule à détruire, vous pouvez bénéficier de notre prime de reprise, avec une Swift 1.2L GA 5 portes à par tir de € 12.199. Photo non contractuelle. Informations environnementales [AR 19/03/2004]: www.suzuki.be. Suzuki Belgium se ré et matériaux. Prix valable du 1/12/2017 jusqu’au 31/12/2017. (1)
Swift: CO2 : 90 - 114g/km
: 4,0 - 5,0l/100km
GARAGE JANG BLOM SA | 49a, rue de la Sûre | L-9161 INGELDORF | Tél.: +352 80 84 86-1 | info@blom.lu
AUTO
DEN OPTIMALE START AN DE SUMMER
W W W . S U Z U K I . B E
D’Wieder gëtt lues awer sécher besser, d’Fréijoersbotz gëtt gemaach an déi éischt Preparatiounen op de Summer stinn um Programm. Virun dëse Preparatioune sollt och den Auto net verschount bleiwen. Et ass immens wichteg, net just d’Pneuen ze wiesselen, mee och eng ganz Partie aner Saachen am Aen ze behalen, iert een eng wäit Streck fiert. Op wat genee ee sollt oppassen a wéi een eng Autospann um Wee fir an d’Vakanz kann evitéieren huet eis de Frank Maas, Responsabele vum Diagnostic Center vum ACL, verroden.
Alles ronderëm de Pneu Déi éischt Saach, un déi di meescht Leit denken, ass effektiv de Wiessel vun de Wanter- op d’Summerpneuen. „Iert een d’Pneue wiesselt sollt ee kucken, ob se iwwerhaapt nach genuch Profil hunn. Een neie Pneu huet ongeféier 8mm a sollt net bis ënner 3mm gefuer ginn“, sou de Frank Maas. Iwwerdeems spillt och den Alter vum Pneu eng Roll bei senger Qualitéit. Mëttlerweil ass et bewisen, datt ee Pneu no 5 Joer un Effikassitéit ofhëlt. Den Alter vum
Iwwer 25 Joer laang Erfarung
Reparatioun vun alle Marken BMW Old- & Youngtimer • US Cars Occasiounen • Pneueservice Technesch Kontroll
47, an der Fraesbich • L-8509 Redange/Attert
Tel: 26 62 12 71
À PARTIR DE
OU
€10.699
(2)
AV E C P R I M E D E R E C YC L AG E
nom du propriétaire du véhicule repris. Le véhicule repris sera détruit par Recycar. éserve le droit d’apporter, sans préavis, des modifications aux spécifications, coloris
23
Propper an de Summer starten
Pneu kann ee mat Hëllef vum Datum, deen dropsteet, erausfannen. Op all Pneu fënnt een d’Bezeechnung DOT mat 4 Zuelen. Déi éischt zwou sti fir d’Woch an déi lescht zwou fir d’Joer, an deem de Pneu hiergestallt ginn ass. Iwwerdeems sollt een oppassen se mat der Dréirichtung ze montéieren. Bei ville Summerpneuen ass et egal, mee et ginn der awer och, déi eng virgeschriwwen Dréirichtung hunn an déi muss op alle Fall respektéiert ginn, fir datt de Pneu säin optimalen Halt op der Strooss behält. Eng weider wichteg Informatioun betrëfft Pneuen, déi een ënnerschiddleche Profil hunn. „An esou engem Fall gehéieren déi gutt Pneuen op di hënnescht Achs, ganz egal, ob den Auto vir oder hanne gedriwwen ass. De Grond dofir ass ganz einfach, datt doduerch d’Stabilitéit an de Kéiere garantéiert ass“, erkläert de Frank Maas vum ACL. Nodeems d’Pneuen de Wanter iwwer an der Garage stockéiert waren, ass d’Loft souzesoen eraus. De Loftdrock stëmmt net méi an et muss een nees nofëllen. Meeschtens fënnt een an der Beschreiwung, an der Dier oder am Tankdeckel eng Indikatioun, wéi vill Drock an de Pneu gehéiert. „Iert ee mat engem prall gefëllten Auto an d’Vakanz fiert, ass et immens wichteg, de Loftdrock deementspriechend un d’Charge vum Auto z’adaptéieren“, réit de Frank Maas.
Tel.: 90 80 98-1
Net just d’Fréijoersbotz am Haus steet bei ville Leit um Programm, mee och eng anstänneg Autoswäsch, iert an de Summer gestart gëtt, ass ganz beléift. Ee propperen Auto ass net nëmme méi schéin unzekucken, mee och manner ufälleg dozou, Schued vum Wanter dovunzedroen. Duerch d’Salz, dat am Wanter op de Stroosse läit, sammelt sech eng Schicht dovun ënnert dem Auto un a kann sech do annisten. Salz ass ganz aggressiv a kann an deene schlëmmste Fäll zu Rascht féieren. Fir dat z’evitéieren, sollt een eng grouss Botz vum Auto duerchféieren. Virun allem sollt een dobäi net vergiessen eng sougenannten „Unterbodenwäsche“ ze maachen. Eng weider Saach, déi séier emol a Vergiessenheet geréit, ass d’Erneiere vum WischerWaasser. Während d’Wischer-Waasser am Wanter kloer ausgeluecht ass fir d’Salz aus der Fënster ze kréien, ass de Produit fir de Summer gëeegent, fir géint d’Mécken an hir Iwwerreschter virzegoen. Wann een nach ee Rescht vum Wanterproduit dran huet, ass et awer guer kee Problem, dee vum Summer mat dobäi ze schëdden. Do ka guer näischt geschéien.
Hoscheid-Dickt
Entretien et réparation | Atelier de mécanique Atelier de carrosserie | Accessoires Toute la gamme de véhicule de tourisme Citroën Toute la gamme de véhicule utilitaire Citroën
24
Heefeg mierkt een nom Wanter, datt d’Wischeren net méi esou gutt funktionéieren. Dat kann domat zesummenhänken, datt si iwwert de Wanter staark strapazéiert ginn an dacks festfréieren. Wann een d’Gefill huet, datt se net méi richteg wësche mee éischter schruppen, da gëtt et héich Zäit, d’Wischerblieder auszetauschen.
Iert et an d’Vakanz geet Fir op Nummer sécher ze goen, datt den Auto an engem awandfräien Zoustand ass, iert een domat eng wäit Streck bis an d’Vakanz fiert, lount et sech ee klengen Check-Up maachen ze loossen. Dobäi gëtt d’Zouverlässegkeet an d‘Sécherheet kontrolléiert. Ënnert anerem gehéieren dozou Tester vun de Bremsen, vum Motor, den Amortisseuren an de Luuchten. Awer och d’Gurter an d’Sëtzer ginn iwwerpréift. De Frank Maas vum ACL réit: „Huelt Iech am beschte schonn ab Abrëll ee Rendez-vous. Esou huet Dir net just manner Stress kuerz ier et fort geet, mee kënnt och mat Zäiten an d’Garage, falls eppes um Auto net an der Rei wier. Wann een den Check-Up eréischt op de leschte Stëppel maache léisst, ass et gutt méiglech, datt een dann net méi bäikënnt an der Garage, fir d’Reparature gemaach ze kréien“. Et lount sech deemno, fréi un ze sinn.
„Wichteg ass, datt een déi schwéier Valissen esou wäit ënne wéi méiglech placéiert, fir de Schwéierpunkt vum Auto niddreg ze halen an d’Fuerverhalen net ze beanträchtegen. Et sollt een oppassen, datt sou mann wéi méiglech Géigestänn fräi rondrëmleien, fir z’evitéieren, datt se bei engem Accident duerch d’Géigend geschleidert kënne ginn. An deem Fall kann nämlech souguer eng CD-Këscht immens geféierlech ginn“. Den Auto soll net iwwer d’Kant vum Sëtz beluede ginn, et sief dann et hätt een een Trenngitter oder een Netz. Sollt een awer nach Gepäck ze vill hunn, da kann een et beispillsweis tëscht d’Sëtzer stiechen, fir datt et net ronderëmflitt. Eng weider Léisung bitt eng Këscht um Daach vum Auto. Dës sollt ee gutt befestegen an op kee Fall d’Gewiichtslimite, déi den Hiersteller dropgeschriwwen huet, iwwerschreiden. All dës Informatioune sollen zu engem stressa virun allem pannefräie Start an d’Summervakanz bäidroen. Zesumme mam ACL wënsche mir Iech ee Summer voller Sécherheet an datt Dir gutt op Ärer Vakanzendestinatioun ukommt. Bonne Route!
Et ginn awer och eng Partie Saachen, déi ee selwer kann am A behalen, iert ee bis op d’Vakanzendestinatioun fiert. Huet den Auto nach genuch Wischer-Waasser? Ass de Loftdrock un d’Charge vum Auto ugepasst? Dat si Froen, déi ee séier selwer beäntwerte kann. Da ginn et awer och nach puer Rotschléi vum Frank Maas, wéi een den Auto sollt belueden:
30 ROUTE D‘ETTELBRUCK
L -9230 DIEKIRCH Tel +352 80 97 41 Fax +352 80 99 17
www.nordcar.lu
nordcar@pt.lu
✓ Réparation toutes marques ✓ Débosselage et DSP ✓ Restauration d‘anciens véhicules ✓ Peinture tous genres ✓ Entretien et polissage
✓ Révision toutes marques
✓ Vente de véhicules d‘occasion ✓ Reprise de véhicules ✓ Vente d‘accessoires
25
05.09.2018 - 09.09.2018
LÜNEBURGER HEIDE Preis pro Person DZ 495€ / EZ 565€
03.08.2018 – 12.08.2018
Mit Stadt- und Schlossführung Celle:
FRANKREICH UND ITALIEN
Preis pro Person DZ 515€
(ANNECY, PIEMONT, TURIN) Preis pro Person DZ Preis pro Person EZ
1225€ 1640€
28.10.2018 - 29.10.2018
Lust auf Wein und historische Städte? Dann begleiten Sie uns auf eine 10 tägige Reise nach Frankreich und Italien.
Musical „Der Glöckner von Notre Dame“ in STUTTGART Preis pro Person DZ 275€ Preis pro Person EZ 300€ Erleben Sie mit uns die Stadt Stuttgart und das schöne Musical „Der Glöckner von Notre Dame“.
Wir stehen Ihnen selbstverständlich bei Fragen zur Verfügung und senden Ihnen gerne unsere Programme zu. Mehr Details über unsere Reisen finden Sie auf unserer Internetseite.
5 , Z . I . I n d e n A l l e r n ( B . P. 1 1 )
/ EZ 585€
Entdecken Sie mit uns die wunderschöne Lüneburger Heide. Bei einer Rundfahrt können Sie Heidjerhöfe, Hünengräber und noch mehr bestaunen.
GES | | L-9911 TROISVIER
te | info@s .: 97 96 70 x a F 2 | 3 1 8 9 9 Tél.:
p h a n y. l
u
www.stephany.lu
www.ballooning-50-nord.lu 15, Diekricherstrooss L-9455 FOUHREN Réservations: T: +352 84 90 27
OFFREZ UN
CADEAU EXCEPTIONNEL une expérience unique et inoubliable:
un vol en mongolfière
26
VAKANZ DOHEEM
SÄIN EEGENT LAND NEI ERLIEWEN
Nëmmen ewech hei, denken sech vill Leit, soubal de Congé oder d‘Schoulvakanz ufänkt a klammen an den nächste Fliger. Eng Rees an een exotescht Land huet ganz kloer säi Reiz, mee och deen 2586 km2 klenge Fleck op der Europa-Kaart, deen sech Lëtzebuerg nennt, kann sech als eng wonnerschéi Vakanzendestinatioun erausstellen. Ee Bléck op wat fir eng Virdeeler een dovunner huet, Vakanz doheem ze maachen a wat een esou maache kann.
Iwwerzeegend Virdeeler Och wann ee well zënter Joerzéngten hei
wunnt, kënnen déi mannst éierlech behaapten, alles an hirem Land gesinn ze hunn. Emol net erauszefléien an déi grouss, wäit Welt gëtt engem déi ideal Geleeënheet, hei zu Lëtzebuerg op Plazen ze goen, op deenen een nach net gewiescht ass mee wou et sech definitiv rentéiert hinzegoen. Op e puer vun deene Plaze wäerte mer geschwënn nach agoen. Et ass relativ offensichtlech, mee am eegene Land Vakanz ze maachen ass och vum finanzielle Standpunkt aus gesinn net oninteressant. D‘Zomm fir zwou Woche mat der ganzer Famill fort ze fléien an déi Zäit am Hotel 27
z‘iwwernuechte geet am Normalfall an de 4-stellege Beräich eran. Eng anstänneg Rees ass zwar hir Sue wäert, mee déi huet ee ganz einfach gespuert, andeems een seng nächst Rees ënnerhalb vum Grand-Duché oder am Grenzgebitt ënnerhëlt.
Natur pur Lëtzebuerg ass bekannt fir seng wonnerschéi Landschaften. Am Norden ass déi nieft ganz ville Beem och vun de Séier gepräägt. Am Summer sinn de Stauséi an d‘Séier bei Wäiswampech eng grouss Attraktioun, well se bei héijen Temperaturen eng herrlech Ofkillung spendéieren. Am Fréijoer dogéint, wann et waarm, awer keng erdréckend Hëtzt ass, deet een Tour mam Vëlo oder zu Fouss duerch Felder, Wisen a Bëscher richteg gutt. Et verpasst een sech dobäi net just eng Energiesprëtz, mee et kann een um Wee souguer nach esou munches entdecken. Besonnesch fir Kanner ass et interessant a léierräich, eis Fauna a Flora mat eegenen Aen ze gesinn. Am ganzen Éislek existéiert ee relativ ausgebautent Netz
28
u Wander- a Vëlosweeër. Op der Gemeng oder beim Syndicat d‘Initiative kritt ee Kaarten an aner nëtzlech Informatioune mat op de Wee. Dofir einfach de Rucksak mat Proviant fëllen an eraus an d‘Natur! Eng vun de schéinste Plazen am Land ass wahrscheinlech de Mëllerdall. An der sougenannter „Klenger Lëtzebuerger Schwäiz“ gesäit ee Landschaften, déi zum Deel aus engem Mäerchen entsprongen ze si schéngen. Faszinant Fielsformatioune stoussen op wëll Waasserfäll a verwénkelt Weeër. Déi bekanntste Plaz am Mëllerdall ass de Schéissendëmpel. Dräi Waasserfäll ergéissen sech an dëse Weier, deen am Hannergrond vun enger stengener Boubréck gekréint gëtt. En ass eng vun den am meeschte fotograféierten Uerter an der Regioun, mee et lount sech, en emol an der Realitéit ze gesinn. De ganze Mëllerdall Trail ass ee Pad, deen zum Dreemen aluet.
Kultur a Geschicht Natur gëtt et bei eis genuch, mee och am Beräich
Kultur huet dat klengt Ländchen engeges ze bidden. Landeswäit ginn et ronn 100 Muséeën a kulturell Sitten, déi besiichtegt kënne ginn. Eng Visite gëtt een Abléck op d‘Liewe vu fréier, gesellschaftlech Faiten oder op d‘Welt vun der Konscht an ass eng wäertvoll Beräicherung fir d‘Allgemengwëssen. Donieft ass Lëtzebuerg d‘Land vun de Schlässer a Buergen, 76 sinn der am Ganze registréiert. Déi bekanntsten am Norde stinn zu Klierf, zu Buerschent an zu Veianen. Op der Internetsäit musees.lu kann ee Muséeën a weider kulturell Sitten zu Lëtzebuerg no Thema a Regioun sichen.
Eng Rees an der Zäit Lëtzebuerg ass eent vun de räichste Länner vun der Welt. Dëse Status hu mir virun allem der Stolindustrie ze verdanken, déi eis Wirtschaft am 19. an 20. Joerhonnert an d‘Luucht katapultéiert huet. Ee wichtegen Zäitzeie vun deemools ass de Fond-de-Gras. Et ass eng fréier Ëmluedstatioun, déi d‘Eiseminne mat der Péitenger Gare verbonnen huet. De Site gehéiert zum Deel de Gemengen Déifferdeng
100% raffermissement
a Péiteng. Um Fond-de-Gras loossen sech historesch Eisebunnshalen an Zich vu virun iwwer 100 Joer bewonneren. An dat bescht ass: et kann ee souguer domat fueren. Mat der Minièresbunn gëtt een tëschent dem Fond-deGras a Lasauvage duerch al Minne gefouert, wou Eisenäerz ofgebaut ginn ass, op deem de Wuelstand vum Land baséiert. Genee sou spannend ass eng Faart mam „Train 1900“, engem historesche Passagéierzuch, deen tëscht dem Fond-de-Gras a Péiteng zirkuléiert. Ee Besuch un den ënneschten Eck vum Land léisst d‘Zäit ëm ee Joerhonnert zrécklafen an et kann een ee bedeitend Stéck Geschicht vu Lëtzebuerg hautno erliewen.
An de Fiels gehaen Beim Thema Geschicht kënnt een net laanscht d‘Stad Lëtzebuerg, well schliisslech ass et do, wou de Siegfried mat senger „Lützelburg“ de Grondsteen vum ganze Land geluecht hat. Déi wuel faszinantste Plaz, fir kucken ze goen, sinn d‘Kasematten. Dësen haut 17 km laangen Tunnelkomplex ass am 17. an 18. Joerhonnert
musculaire
La stimulation musculaire à un niveau de confort et de performance encore jamais atteint !
5a, rue Prince Jean Tél: 27 03 33 70
ISSE
Cryothérapie
Effet permanents sans douleur !
T EN ISS EM
L’amincissement par le froid à -20°
RM
Ettelbruck
GRA
RA FFE
27, rue des Tondeurs Tél: 95 91 71
cm
LITE
Wiltz
de 2 à 4 Perdez utes in en 15 m
CELLU
Mincir, Remodeler, Affiner, Drainer Tonifier et Raffermir votre Corps dès la première séance
e t i l u l l la ce
29
fir Verdeedegungszwecker gebaut ginn. A Krichszäiten hunn d‘Leit souguer do gewunnt a geschafft. Haut sinn Deeler vun de Kasematte fir d‘Ëffentlechkeet zougänglech an ee Beweis dofir, wat fir Wonnerwierker fréier méiglech waren.
Erhuelung läit esou no De richtege Vakanzefeeling kënnt bei deene Meeschten eréischt dann op, wann een an engem Hotel dierf schlofen. Dofir muss een awer net onbedéngt wäit fort. Een Openthalt vun enger oder zwou Nuechten an engem Hotel oder enger Vakanzewunneng an der Géigend zesumme mat sengem Partner kann eng enorm erhuelsam Erfarung sinn. Am Restaurant léisst een sech kulinaresch verwinnen, an der Schwämm oder am Wellnessberäich vergësst ee fir e puer Momenter den Alldag an hëlt sech duerno de verdéngte Schlof an engem Kinneksbett. Och wann ee just e puer Kilometer vun doheem ewech ass kënnt een esou op mannst fir kuerz Zäit a Vakanzestëmmung, ouni sech finanziell ee Been auszerappen.
(Net) wäit fort Wann et een trotz allem bis iwwer d‘Landesgrenzen ewechzitt, muss een net direkt de Fliger huelen. Och eng Rees mam Zuch oder Bus an d‘not Ausland kann zu enger Aventure ginn. Einfach mol mat Frënn oder Famill een Ausfluch an eng Stad an engem vun den Nopeschlänner ënnerhuelen, shoppe goen, kulturell Sitte besiichtegen a gutt iessen - esou schaaft een Erënnerungen. Am beschten ass et, esou eng Rees mat engem Evenement wéi engem Theaterstéck oder Concert opzewäerten. Et gesäit een also, datt déi einfach Saachen heiansdo déi bescht sinn. Natierlech sinn eis Breeten net mat enger Vakanz op enger tropescher Insel ze vergläichen, mee fir eppes z‘erliewen an sech z‘erhuelen eegnen si sech bal grad esou gutt. Dofir einfach mol eng Kéier Vakanz doheem maachen. Well wéi seet ee sou schéin: Doheem ass et nach ëmmer am schéinsten.
Apilah Cottages
www.apilah.com
Fir ee Weekend oder eng Vakanz am Éislek Dir plënnert a wëllt nik am Chantier schlofen Dir renovéiert a braucht een Ënnerdaach Dir kritt Besuch an hutt keng Plaz
30
Wohnfabrik Ingeldorf 31 10, route d’Ettelbrück | L-9160 Ingeldorf Tel. +352 – 27 80 84 85 | www.naturmoebel.lu
Die abgebildeten Möbel finden Sie im Miwwelhaus Koeune in Mersch.
Miwwelhaus Koeune 4, um Mierscherbierg | L-7526 Mersch Tel. +352 – 32 59 59 | www.naturmoebel.lu
PORTE OUVERTE
23, 24 & 25 März 2018 Öffnungszeiten von 10:00 bis 18:00 Uhr
32
BAUEN & WUNNEN
ALLES AM GRÉNGE BERÄICH
En ass d‘Erweiderung vum Haus a vun der Perséinlechkeet, eng Plaz, wou een seng Passioun ausliewen oder einfach e bëssen entspane kann: de Gaart. Et gëtt en a ville Gréissten, Formen a Faarwen a mam Fréijoer kënnt nees déi Zäit, an där en sech vu senger schéinster Säit weist. Déi Meescht dreeme vun engem Gaart, an deem et lénks a riets blitt, wou een d‘Waasser dauschen héiert an een an all Eck eppes entdecke kann. Fir dësen Dram op mannst e puer Schrëtt méi no un d‘Wierklechkeet ze bréngen, versuerge mir Iech mat enger Rëtsch interessanten Ureegungen a Rotschléi.
Déi éischt Schrëtt Ier ee säi Gaart uleet an sech Gedanke mécht, wou ee wat wëllt hisetzen, muss een säi Grondstéck kenneléieren. Wéi ass d‘Beschafenheet vum Buedem, wou fale wéini Schieter, u wéi eng Plaze kënnt quasi keng Sonn... dës Froe musse beäntwert ginn, éier een Decisiounen hëlt. All Planz huet hir Bedierfnesser, deemno kann een eng Blumm, déi vill Sonn brauch, net an ee killen, fiichten Eck setzen an ëmgedréint. Weiderhi muss een och recherchéieren, wéi eng Planzen sech ënnertenee verdroen. De lokale Gäertner kann do gutt Tipps mat op de Wee ginn. 33
ENTREPRISE DE JARDINAGE
Pinus Jardina
ENTREPRISE DE JARDINAGE ET D‘ESPACES
SOINS DU JARDIN
Pinus Jardinage s.à r.l
Siege social: L-3315 Bergem Succursale: L-9741 Boxhorn L-9741 Boxhorn Maison 28 L-3315 Bergem 6, rue de Noertzange Gsm: 621 65 38 82 Gsm: 621 65 38 82 E-Mail: pinus.jardinage@yahoo.com E-Mail : pinus.jardinage@ya CONCEPTION • REALISATION • CONSEIL • ENTRETIEN
41, rue de Kaundorf L-9678 Nothum Tel. 621 320 496 info@soinsdujardin.lu www.soinsdujardin.lu
Depuis 1991 à vos services
Atelier de
POTERIE Tél.: 621 224 510
Mëttwochs - freides: 14:00 - 18:00 Samschdes: 13:00 - 17:00 an op Rendez-vous
www.téikan-a-ko.lu mady@teikan-a-ko.lu
Téikan-a-ko
Mady Roef
12, rue Hicht L-6238 Breidweiler
Besicht mäi Stand op der „Tendances Jardins 2018“ vum 20. bis 24. Abrëll 2018 zu Ierpeldeng un der Sauer. Ech freeë mech op Iech!
Gsm: 691 825 607 verbiestcedric@pt.lu
jardin.verbiest
Verbiest Cédric JARDINIER PAYSAGISTE Maison 60b L-9641 Brachtenbach
Aménagements parcs et jardins : Création de pelouse - Gazons fleuris - Plantations - Clôtures et portails - Terrassements - Pavages - Maçonneries paysagères (murs secs, gabions...) - Pièces d‘eau - Constructions en bois (terrasses, abris de jardin, pergolas...)
Entretien parcs et jardins : 34 Tontes - Tailles - Scarifications - Elagages et abattages d‘arbres Nettoyage haute pression...
Een Architekt fäerdegt Pläng un, fir datt d‘Haus um Schluss esou ausgesäit wéi een et sech virgestallt huet. Et ass also keng schlecht Iddi, dee selwechte Prinzip op de Gaart ze iwwerdroen an sech eng relativ prezis Skizz ze zeechnen. Esou ass et méi einfach sech eng sënnvoll Unuerdnung vun den eenzelen Elementer a Beräicher z‘iwwerleeën, well een et sech souzesoe verbildlecht. Donieft verhënnert een esou, datt ee blannemännerches Saachen egal wou hisetzt an duerno mierkt, datt d‘Rechnung net wierklech opgeet.
Eng Plaz fir sech z‘entspanen De gréissten Deel vum Grondstéck hannert dem Haus ass mat gréisster Wahrscheinlechkeet fir Planzen a Wiss reservéiert, mee fir déi kënnen ze bewonneren, ass ee Beräich fir sech ze sëtze ganz wichteg. Deene meeschte Leit dierf eng Terrass net feelen. Well se dobaussen dem Wieder ausgesat ass, sollt een sech do fir ee Belag entscheeden, dee méiglechst bestänneg an einfach ze fleegen ass. Natursteen ass hei eng gutt Wiel. Wie léiwer eng hëlzen Terrass
Portails et Clôtures
Serrures et sécurité Atelier de ferronnerie
wëllt, wielt am beschten Teak- oder Meräsholz (de: Lärche), well sech dës Holzaarte gutt fir dobaussen eegnen. Dës Kritären treffen och bei der Auswiel vun de Gaardemiwwelen zou. Fir datt d‘Holz seng Schéinheet laang behält, ass ze recommandéieren, et emol am Joer mat speziellem Ueleg unzesträichen. Esou richteg genéisse kann een seng Sëtzplaz awer just, wann een net grad an der Sonn gegrillt gëtt oder engem de Wand an d‘Gesiicht bléist. Eng Pergola ass eng immens ästhetesch Léisung fir dëse Problem. Dat hëlzent Gestell ka souwuel op der Terrass wéi och op der Wiss stoen, fir wann een am Summer den Dësch an d‘Still gären am Gras stoen huet. Een alternative Sonneschutz ass déi albekannte Markis, allerdéngs ass een dobäi méi staark limitéiert wou een se kann installéieren. Déi flexibelst Léisung ass dann ëmmer nach de Prabbeli.
Onerwënschte Gäscht Jiddereen, deen op mannst emol an engem Gaart gekoschtert huet, kennt et: d‘Onkraut.
1 Zone Industrielle L-9166 Mertzig • T 88 81 10 - 1 • besenius.lu
4 Zone Industrielle L-9166 Mertzig • T 88 80 84
35
1 Zone Industrielle L-9166 Mertzig • T 88 81 10 - 1
Eng richteg Plo, well et hëlt de Blummen an dem Geméis wichteg Nährstoffer a Waasser ewech an et gesäit einfach ellen aus. Zwar kënne vill Planzen, déi mir als Onkraut bezeechnen, als Heelkraider benotzt ginn, mee am Gaart hunn se näischt verluer. Fir ze verhënneren, datt dës Plogeeschter iwwerhaapt opdauchen, ass et unzeroden, Wuerzelreschter aus dem Buedem ze schären an duerno beim Asetze vun de Blummen a Sträich d‘Beet mat engem sougenannten „Unkrautvlies“ ze bedecken. Esou ass et fir de Som vum Onkraut schwéier, wann net souguer onméiglech, an de Buedem ze gelaangen oder sech nom Keime bis un d‘Uewerfläch duerchzekämpfen. Och Rindenmulch oder Kiselsteng halen d‘Onkraut of, mee manner zouverlässeg. Wann ee keng virgewuesse Planz, mee de Som an de Buedem setzt, kann een dës Methoud natierlech net uwenden, well soss net just d‘Onkraut mee och dat geséitent Gréngs net duerchkënnt. An deem Fall bleift näischt aneres iwwereg, wéi et z‘eliminéieren. Onkraut rappe geet am beschten nom Reen, wann
36
de Buedem opgeweecht ass. Esou léisst et sech an de meeschte Fäll ouni Problem mat der Hand erauszéien. Eng Alternativ ass et, déi onerwënschte Gäscht am Gaart direkt mat kachendem Waasser z‘iwwergéissen. Dat sensibelt Banneliewe vun der Planz gëtt dobäi zerstéiert a stierft of. Vu chemeschen Onkrautmëttel ass generell ofzeroden, well d‘Gëftstoffer an de Buedem sickeren an do de gudde Planzen an den Insekte kënne schueden. Am schlëmmste Fall ka souguer d‘Grondwaasser veronrengegt ginn.
D‘Ränner net vergiessen Esou wéi een ee schéint Bild arummt gehéiert och eng Rumm ronderëm d‘Konschtwierk Gaart. Sief et, fir säi Grondstéck ofzegrenzen, sech virun onerwënschte Blécker ze schützen oder ze verhënneren, datt sech den Hond duerch d‘Bascht mécht - eng Aart vun Oftrennung sollt een net vergiessen. Wéi bei Villem huet een och hei eng Hällewull u Méiglechkeeten. Si reeche vum einfachen Drot iwwer eng hëlze Palissad bis hin zu enger Heck.
Ier een sech fir eppes entscheet, muss een eng Rei Reglementatiounen a Betruecht zéien. Dës wieren zum Beispill, wéi héich den Zonk dierf sinn an a wéi engem Ofstand zum Noper e muss stoen. Bei den Hecke sinn dës Virschrëften an der Reegel nach méi streng. Dofir am beschte bei der Gemeng nofroen, wat een dierf a wat net. Déi einfachst an och déi bëllegst Variant ass den Drot. Dovunner keeft een sech ee ganze Rouleau a befestegt en u Péil, déi a selwechtem Ofstand ongeféier 2 bis 3 Meter vuneneen ewech ronderëm den Terrain placéiert ginn. Eng visuell Barrière bitt den Drot allerdéngs net, do muss een e scho mat enger Heck kombinéieren. Mam Uleeë vun esou enger Heck huet een e bësse méi Opwand, ausserdeem muss een sech nom Asetze vu jonke Planzen e puer Joer gedëllegen, bis se als Siichtschutz daachen. Beim Aplanze gëllt et opzepassen, datt een eng riicht Linn zitt. Eng Wäschléngt niddereg iwwert dem Buedem ze spanen ass eng gutt Hëllef. Iwwerdeems muss unhand vun der Aart vun der Planz gekuckt ginn, a wéi engem Ofstand
ENTREPRISE DE TERRASSEMENT, DE VOIRIE ET DE PAVAGE
DUMONG MARCEL 25, um Knupp L-9653 Goesdorf Tel.: 89 91 35 Fax: 89 92 19 GSM: 691 41 42 43 info@dumongmarcel.lu
MAßARBEITEN
De gréngen Teppech De gréissten Deel vun der Fläch am Gaart wäert wahrscheinlech d‘Wiss ausmaachen. An déi muss gefleegt ginn. Dës Fleeg besteet aus Netzen, der Behandlung mat Dünger a Kallek, Vertikutéieren (Moos ewech maachen) an natierlech reegelméissegem Méinen. Fir ze netze kann een eng automatesch Bewässerungsanlag installéieren, esou brauch een net drun ze denken an och net den Noper z‘engagéieren, wann een an d‘Vakanz fiert. Dünger a Kallek streeën ass och keen enormen Opwand, well een et just dräimol am Joer brauch ze maachen. Vertikutéiere souguer just emol. D‘Méinen dogéint hëlt vill méi Zäit ewech, an der Haaptsaison muss et emol an der Woch gemaach ginn. Wéi opwänneg dës Aufgab ass hänkt natierlech dovun of, wéi grouss de Gaart ass a wéi en opgebaut ass. Ginn et vill Elementer, wou ee mat der Méimaschinn muss laanscht fueren amplaz riicht Linnen ze zéien, dann ass ee logescherweis méi laang am Gaangen. Et erliichtert een sech dës Aufgab, andeems d‘Ränner vun der Wiss méi héich leie wéi d‘Beräicher, un déi se ugrenzt. Beispillsweis kann een d‘Terrass e bësse méi déif leeë wéi d‘Wiss. Doduerch kann ee ganz einfach mat der Méimaschinn iwwert de Rand fueren a muss net mat der Schéier nohëllefen.
GARTENHÄUSER
CARPORTS
& VIELES MEHR AUS HOLZ
een se setzt. Beléiften Aarte sinn de franséische Pällem, Kellechholz an Thuja, well se sech ouni Problemer schneide loossen, schéin ausgesinn a Wand a Blécker gutt ofhalen. Déi ideal Zäit, fir se an de Buedem ze setzen, ass Ufank Fréijoer oder am fréien Hierscht.
GARAGEN
Beratung Fundament Montage
4A route de Diekirch L-9381 MOESTROFF
(+352) 80 71 90 chalet@pt.lu www.chaletcenter.lu
37
Wien sech déi ganz Aarbecht erspuere wëllt, kann sech fir eng synthetesch Wiss entscheeden. D‘Modeller vun haut si bal net méi vu richtegem Gras z‘ënnerscheeden. An de grousse Virdeel läit op der Hand: Gras, dat net lieft, brauch net geschnidden ze ginn. Dat eenzegt, wat ee bei der kënschtlecher Wiss ëmmer nees maache muss, sinn Äscht a Blieder mam Reech oder Lafbléiser z‘eliminéieren. Well wann déi sech drop zersetzen, dann huet een herno Bulli. Eng synthetesch Wiss ass allerdéngs net fir d‘Éiwegkeet, no 10 bis 15 Joer muss se vollstänneg ersat ginn.
Ee Weier am Gaart Et gëtt wahrscheinlech näischt am ganze Gaart, dat esou ee grousse positiven Afloss op seng Schéinheet huet wéi ee Weier. Dem Waasser nozekucken an ze lauschteren huet op vill Mënsche souguer een entspanenden Effekt. Sech een einfache Weier am eegene Gaart unzeleeën ass mol guer net esou komplizéiert, wann een e puer Saache berécksiichtegt. Och wann et ëmgedréint schéngt ass ee grousse Weier tatsächlech méi liicht z‘ënnerhale wéi ee klengen. Dat läit dorunner, datt gréisser Gewässer et méi einfach hunn, een ekologescht Gläichgewiicht opzebauen. Wat et méi kleng ass, wat et méi ufälleg ass fir Algen. Wann ee wëllt Fësch an de Weier setzen, muss een onbedéngt eng Filteranlag virgesinn. D‘Offäll vun de Fësch a Fudderreschter sinn nämlech
Tél.: 621 27 78 64 | hherve@pt.lu
www.her velejardinier.lu
Fir d‘éischt muss een sech iwwerleeën, wou de Weier soll hikommen. Déi ideal Plaz läit de gréissten Deel vum Dag iwwer am Schied (ca. 5 Sonnestonnen) a wäit genuch ewech vun de Beem, sou datt keng Blieder an d‘Waasser falen. Déi zwee Facteure si wichteg, fir de Wuesstem vun Alge méiglechst kleng ze halen. Wat d‘Form ubelaangt huet ee grondsätzlech zwou Méiglechkeeten. Déi geleefegst ass et, fräi ze gruewen an d‘Lach mat enger Folie ofzedecken. Fir ze verhënneren, datt de Weier am Wanter ganz duerchfréiert, soll en op jidde Fall méi déif wéi 80 cm sinn. Dëst ass awer net d‘Déift vum ganze Lach. En natierleche Weier gëtt vun den Uwänner bis bei d‘Mëtt etappeweis méi déif. Ier een d‘Lach mat Folie ausleet, muss een eng 10 cm déck Schicht Sand driwwer streeën an duerno nach mat engem sougenannten „Teichvlies“ auskleeden. Wann een dat net mécht, riskéiert een, datt d‘Folie beim Afëlle vum Waasser duerch Wuerzelen oder Steng am Ënnergrond beschiedegt gëtt. D‘Alternativ zu der Folie ass ee virgefäerdegte Baseng. Deen ass op alle Fall méi robust mee beim Gruewe muss een exakt virgoen, domadder en herno an d‘Lach passt. Ass de Wéier fäerdeg, muss een e just nach bannendran a ronderëm mat Waasserplanze
Entretien
Création
Tonte de pelouse Scarification pelouse Taille des haies et arbustes Débroussaillage Abattage, élaguage des arbres Taille et nettoyage des fruitiers Lutte contre les nuisibles Arrosage Apport d‘engrais & amendement etc.
Nouveau gazon (semé/roulé) Pièce d‘eau et fontaine Terrasse et palissade en bois Clôture et portail Petite maçonnerie Vente de plantes Arrosage automatique Montage chalet T Terrassement etc.
Nous vous proposons tous les services vices disponibles dans le domaine du jardinage et entretien d‘espaces verts. Nos travaux sont réalisés par des professionnels qualifiés. Nos devis et conseils sont gratuits,, les plans selon acceptation du devis. Contrat d‘entretien à l‘année pour les résidences, entreprises ou particuliers. particuliers
38
de perfekten Nährbuedem fir Algen. Déi gesinn am Waasser net nëmmen ellen aus mee huelen den anere Liewewiesen och Sauerstoff ewech.
besetzen an de Rescht kënnt vum selwen. Lues a lues wäerten déi éischt Waasserbewunner do hiert neit Doheem fannen.
De leschten Touch Wann all d‘Haaptelementer am Gaart de Virstellungen entspriechen, kann ee mat geziilt agesater Dekoratioun nach de Punkt op den i setzen. Dekoratiounsartikele fir Hannenausser kënnen zu engem richtege Sammlerobjet ginn an doduerch de Gaart iwwerfëllen. Dëst soll awer net d‘Zil sinn. Si kënnen dobäi hëllefen, méi plakeg Plazen optesch méi interessant ze maachen oder duerch eng sënnvoll Placéierung de Fokus op beispillsweis d‘Beeter oder de Weier lenken. Dekoratiounsartikele kënne Blummebacken, Luuchten, Wandrieder oder Skulpturen aus Metall, Steen oder Keramik sinn. Fir wat een sech entscheet hänkt vum Stil vum Gaart a virun allem vum eegene Goût of.
E puer Wierder als Ofschloss Ee Gaart kann ee bal net als ee Beräich bezeechnen, mee éischter als een Zesummespill vu verschiddene Beräicher. Deemno sinn d‘Gestaltungsméiglechkeeten onendlech a gi wäit iwwert déi Punkten eraus, déi an dësem Text ugeschwat gi sinn. Mee dat mécht och de Reiz dorunner aus, et kann ee praktesch senger Fantasie fräie Laf loossen. Kuckt d‘Aarbecht dobaussen net als eng verdrësslech Flicht, mee als ee faszinante Prozess, deen ee bedeitenden Deel vum Ärer Wunnfläch méi heemeleg mécht.
12, rue de Lannen L-8537 HOSTERT Tél.: +352 621 35 07 81 info@minimoyz.lu www.minimoyz.lu OUVERT lundi au samedi de 6.00h à 20.00h
Mir schwätze Lëtzebuergesch L’équipe pédagogique est composée d’une responsable éducatrice diplômée ayant une expérience professionnelle de plus de 12 années, de deux éducatrices graduées, ainsi que d’autres personnes qualifiés... Rythme biologique de l‘enfant respecté. L’épanouissement personnel de l’enfant étant à la base de notre philosophie pédagogique : nous proposons de multiples activités sensorielles, langagières, psychomotrices, découvertes ainsi que des jeux et des animations vertes, dans une atmosphère propice à l’entraide, au respect de soi et des autres et au développement de l’autonomie. Plus d‘informations sur notre site: www.minimoyz.lu
39
Aires de jeux Plantations Brise-vues Escaliers Élagage Bassins Events Gazons Parking Terrasses Entretien du jardin Murs de soutènement
Zu jidder Zäit ee schéine Gaart Ee schéine Gaart ass fir d‘Liewensqualitéit praktesch genee esou wichteg wéi ee schéint Haus. Dëser Ausso wäerte wuel déi meescht Leit zoustëmmen. Leider feelt et awer dacks un Zäit, Motivatioun an um néidege Fachwëssen, fir sech dee Gaart, deen ee verdéngt huet, selwer unzeleeën. An dësem Fall brauch een d‘Hëllef vun engem staarke Partner.
www.hibiscus.lu
77 route d‘Arlon L - 8311 Capellen Tél.: 621 288 095 ou 20 600 860 info@hibiscus.lu
Hibiscus Luxembourg ass déi richteg Adress, fir Äre Gaart net just ze verschéineren, mee och dofir ze suergen, datt en dës Gestalt iwwer Jore behält. Firwat? Well Hibiscus nëmmen héichwäerteg Materialer benotzt, déi bei all Wieder jorelaang iwwerdaueren. Dat gëllt fir alleguer hir Leeschtungen, sief et de Bau vun enger Terrass oder enger ganzer Privatspillplaz, engem Weier mat Waasserfall oder engem Parking virun der Dier. Besonnesch ass och, datt si bei all hiren Aarbechten ee Schratt méi wäit denken. Esou verkafen si dem Client beispillsweis net einfach eng Bëtongstrap a ginn hirer Wee, mee setzen och nach op de Säite kleng Maueren, déi de Bulli ewechhalen a maache ronderëm d‘Wiss nees an d‘Rei. All dat ass am Präis mat abegraff a kënnt op den Devis stoen. „Eis ass et wichteg, datt de Client genee weess, wat e kritt“, seet den Nicolas Gits, Patron vun Hibiscus. Deementspriechend stinn op hirem Devis all Materialer, déi si verschaffen a souguer Fotoen dovunner, wéi de Projet um Schluss wäert ausgesinn. Doduerch ass ee Maximum un Transparenz séchergestallt. Wéi wier et, wann sech d‘Wiss vum selwe géing méinen an d‘Hecken sech vum selwe géinge schneiden? Immens, oder? Mat engem Abonnement bei Hibiscus kënnt de Gäertner reegelméisseg zu enger ofgeschwater Zäit a suergt dofir, datt de Gaart dat ganzt Joer iwwer perfekt ausgesäit, ouni datt Dir musst ee Fanger kromm maachen. Mat Hibiscus braucht Dir Iech ni méi dobaussen ze ploen!
HIBISCUS LUXEMBOURG PRESENTÉIERT
DE GRÉNGEN DOMM
Fir all déi Leit, déi nach déi eng oder aner Klengegkeet hannert dem Haus selwer erleedege wëllen, huet Hibiscus zwee Tipps speziell fir d‘Fréijoer.
De Gaart nom Wanter nei beliewen
Wéi een seng Wiss gréng behält
Elo am Mäerz ass déi ideal Zäit, fir Blummen an Hecken ze setzen, well et nach gutt fiicht ass an déi jonk Planzen net genetzt brauchen ze ginn. Et ass och de richtegen Zäitpunkt, fir de Gaart propper ze maachen. Also d‘Terrass botzen, Äscht oprafen an déi Planzen zréckschneiden, déi am Hierscht vernoléissegt gi sinn.
Ier nom Wanter fir d‘éischte Kéier geméint gëtt, muss een d‘Gras stäerken. Am Mäerz gëtt de Moos ewechgemaach an d‘Wiss mat Dünger a Kallek behandelt. 3 Méint duerno soll se eng zweete Kéier behandelt ginn. Et sollt ee besser kee bëllegen Discounter-Dünger wielen, well deen de Wuesstem ze staark ukuerbelt. Beim Méine sollt d‘Wiss ni méi kuerz wéi 5cm geschnidde ginn. Soss ass se méi ufälleg fir Moos, dréchent méi séier aus a wiisst ze séier no. Wann ee manner schneit, huet een och manner Grasoffäll.
41
Qualitéit, déi iwwerzeegt D’Firma Createch ass op 2 Tätegkeetsfelder spezialiséiert: Spillplazen a Buedembeleeg. Dës zwee Aarbechtsberäicher passe perfekt beieneen. Schliisslech gëtt virun allem op ëffentleche Spillplaze grousse Wäert op de passende Buedembelag geluecht, fir de Verletzungsrisiko ze reduzéieren. Createch ass selbstverständlech net just fir d’Gemengen een optimalen Uspriechpartner, mee bitt och héichwäerteg Leeschtunge fir Privatpersounen. Nieft sécherheetsgepréifte Spillplazen ass Createch spezialiséiert op zwou ganz besonnesch Zorte vu Buedembeleeg: TerraWay a Coelan. Déi zwee kéinte bal net méi ënnerschiddlech vunenee sinn, mee an hire jeeweilegen Asazberäicher stellen se aner Buedembeleeg an de Schied. Firwat den TerraWay an de Coelan benotzt ginn a wat hir Virdeeler sinn, gitt Dir an eisen „Tipps“ gewuer.
Tél.: 26 59 10 16 info@createch.lu www.createch.lu
en
ir M
ko m m m de me su ze . be n op r ,f en sc hte Rendez-vous bei Iech fann Pro e z n duit f r Är Besoine
• Spillplazen • Beschichtungssystemer • Fallschutzbeleeg • Buedembeleeg
Duerno
Virdrun
Bei Createch kritt een net just déi verschidde Méiglechkeete vu Beleeg a Faarwe gewisen, mee et gëtt een och individuell a kompetent beroden. De Patron Guy Wanderscheid hëlt sech dofir gär perséinlech Zäit fir all eenzele Client. Wann d’Decisioun bis getraff ass, kritt een de Buedembelag fachmännesch verluecht a kann sech iwwert ee schéint an zouverlässegt Resultat freeën. „Dat schéinst u menger Aarbecht ass einfach d’Resultat ze gesinn: zefridde Clienten a Leeschtungen, déi een als Patron houfreg maachen“, verréit de Guy Wanderscheid a freet sech elo schonn drop, Iech vun der héichwäerteger Qualitéit vun de Produiten a Servicer vu Createch z’iwwerzeegen.
CREATECH PRESENTÉIERT
DE BAUMEESCHTER
Am Folgenden erkläre mir net just d’Virdeeler vum TerraWay a vum Coelan, mee stellen och ee komplett neie Produit vu Createch vir: d’Velo-Boxx.
Wat sinn d’Ënnerscheeder tëscht dem TerraWay an dem Coelan?
Wat huet Dir elo Neies am Sortiment?
Den TerraWay ass ee Belag, deen sech gutt fir dobaussen eegent. En ass waasserduerchlässeg, et bilden sech keng Pill an en ass ëmweltschounend. Optimal Asazgebidder si Garagenafaarten, Parkplazen, Gaardeweeër oder ronderëm eng oppe Schwämm, well sech d’Material net ze staark erhëtzt. Et kritt een en a ville Formen a Faarwen. De Coelan dogéint ass dofir geduecht, fir gutt ofzedichten op Balconen, Terrassen, Garagen oder Trapen. Ee weideren Ënnerscheed ass, datt en och bannen am Haus agesat ka ginn, dacks an der Kichen oder am Buedzëmmer. Eng séier Renovéierung, déi manner Knascht a Kaméidi mat sech bréngt, ass mam Coelan méiglech, well en einfach iwwert den ale Belag ka geluecht ginn.
Mir sinn neierdéngs den offizielle Lëtzebuerger Vertrieder vun der sougenannter „Velo-Boxx“. Dobäi handelt et sech ëm eng Zort Mini-Garage fir de Vëlo oder de Moto, déi een a verschiddene Gréissten a Faarwen ze kafe kritt. Dat Besonnescht un dësem Ënnerdaach ass, datt en nëmmen sou vill Plaz ewechhëlt wéi néideg an awer zougespaart ka ginn. Net just fir Privatleit, mee och fir den ëffentleche Raum oder fir Schoule respektiv Schwämmen ass d’Velo-Boxx gëeegent. Verschidden Extrae kënnen als Optioun dobäi bestallt ginn, beispillsweis LED-Beliichtung, eng Luedstatioun oder d’Personaliséierung mat engem Logo. 43
Tél.: 20 60 44 I Fax: 20 60 44 44
info@jphomeconcept.lu
MÉI WÉI 10 JOER ERFARUNG
10, Route d‘Ettelbruck I L-9160 INGELDORF
Besicht och eis Säit JP HOME CONCEPT
www.jphomeconcept.lu
BUEDZËMMEREN virdrun
duerno
RENOVATIOUNEN SANITÄR PLÄTTERCHER Mir schwätzen
DÖLCO®-Systempartner Die Firma Sanitaire Percy Rauchs ist seit vielen Jahren Ihr kompetenter Ansprechpartner bei allen Fragen rund um die Themen Heizung, Sanitär und Haustechnik. Seit Ende 2015 sind wir außerdem als einer von europaweit über 3.000 DÖLCO®Partnerbetrieben in der Wasserschadenbeseitigung tätig. Wir zeichnen uns durch den Einsatz moderner Austrocknungs-und Messtechnologien in und an Bauwerken sowie eine kompetente und verlässliche Arbeitsweise aus. Firmeninhaber Percy Rauchs im DÖLCO Schulungszentrum
Badezimmer-Komplett& Teilsanierung ALLES AUS EINER HAND Beratung, 3D-Planung, Barrierefreie Badezimmer, Wellness
Wartung & Kundendienst Klein & Kleinstreparaturen Neuinstallation
Wasserschaden Probleme mit Feuchtigkeit
Öl-, Gas-, Holz-, Pellets- & Brennwert kessel, Warmwasserspeicher, Wärmepumpe, Solaranlage, Regen wasser, kontrollierte Wohnraumlüftung, erneuerbare Energien
DÖLCO®-Systempartner Schadensanalyse, Leckageortung, Feuchtemesstechnik, Trocknungen, Versicherungs-Abwicklungen u.v.m.
44
BAUEN & WUNNEN
HAUS KAFEN ODER BAUEN?
De Wee bis bei d’Dramhaus ass net einfach a bréngt vill Froe mat sech. Eng dovun ass: Kafen ech mir een Haus, dat scho gebaut ass, respektiv am Gaangen ass gebaut ze ginn, oder wëll ech mech beim Bau vu mengen eegene véier Wänn selwer verwierklechen? Béides huet selbstverständlech seng Vir- an Nodeeler, déi mir an dëser Reportage emol kuerz a kompakt zesummefaassen.
Kompromësser agoen? Fir Unzefänke muss een sech d’Fro stellen, ob a wéi vill Kompromësser ee bereet ass anzegoen. Bestoend Haiser hunn dacks ee ganz spezielle Charme, sinn awer an deene
mannste Fäll perfekt. Beispillsweis kéint et méiglech sinn, datt een en Haus fënnt, dat vu bausse guer net dem perséinleche Goût entsprécht, awer bannen immens iwwerzeegt. Oder et huet een sech jorelaang virgestallt an een Haus ze plënneren, dat op kenger Säit ugebaut ass a wou ee mat Sécherheet seng Rou huet, mee fënnt schlussendlech awer eent, dat ugebaut ass an engem trotzdeem gefält. Heiansdo ginn et och just Klengegkeeten, déi ee stéieren, mee relativ séier ëmzeännere sinn, wéi zum Beispill ee Buedzëmmer mat Bidden amplaz vun enger Dusch. An deem Fall muss ee just e bësse Virstellungskraaft matbréngen a schonn ass d’Bild vun der Immobilie, déi een sech grad ukuckt, e Stéck méi positiv. 45
DONATO MALVA & FEDERICO TINELLI
37, av. J.F. Kennedy L-9053 Ettelbruck
MARIO GOMES
37, av. J.F. Kennedy L-9053 Ettelbruck
Tél.: 27 75 02 51
www.gestic.lu info@gestic.lu
46
304a, rte de Thionville L-5884 Howald
Tél.: 621 323 127 ou 691 24 11 81 www.newgest.lu info@newgest.lu
Wien absolut keng Kompromësser wëllt agoen, mee een Doheem sicht, dat komplett mat den eegene Virstellungen iwwerteneestëmmt, ass meeschtens besser opgehuewen, wann en een eegent Haus baut, dat zu 100% no senge Wënsch ka realiséiert ginn. Een entscheedende Virdeel vum Hausbau ass och, datt een sech d’Plaz, wou d’Haus histoe kënnt, selwer eraussiche kann an net gezwongen ass an eng bestëmmte Géigend ze plënneren, just well dat Haus, dat ee kafe wëllt, sech grad do befënnt. Dës Fräiheet zitt sech weider iwwert d’Architektur, d’Raumopdeelung bis bei d‘Technik vu bannendran. Wat een alles kann ëmsetzen hänkt selbstverständlech och mam perséinleche Budget zesummen.
Wéi séier soll et goen? E weideren entscheedende Facteur ass den Zäitpunkt, un deem een an déi eege véier Wänn ka plënneren. Ass ee presséiert oder huet een Zäit? Een Haus ze bauen ass ee Projet, deen sech net vun haut op muer realiséiere léisst. Dozou gehéiert vill Gedold an och eng gewësse Freed dorunner, Entscheedungen ze treffen. Anerefalls huet een, wéi et esou schéin am däitsche Spréchwuert heescht, „die Qual der Wahl“. D’Iwwerleeën an d’Hannerfroe vun deenen Iwwerleeunge gehéiert grad esou zum Bau vun engem eegenen Doheem wéi d’Gewëssheet, datt zum Schluss ëmmer iergendeppes net esou leeft wéi geplangt, wouwéinst den Dag vun der Fäerdegstellung ee Stéck no hanne verréckelt gëtt. Wichteg ze bedenken ass och, datt ee massiv gebautent Haus eleng scho wéinst der Dréchnungszäit 8 Méint bis 1 Joer brauch. Eng méi séier Alternativ dozou sinn Haiser aus Holz. Wann een sech awer doheem net méi wuel fillt oder sou séier wéi méiglech eng Plaz fir ze wunne brauch, dann ass engem besser gehollef sech bei bestoenden Haiser ëmzekucken oder interessant Bauprojeten, déi sech schonn an der Endphas befannen, a Betruecht ze zéien. Dës Haiser sinn dacks net just méi séier ze kréien, mee an deene meeschte Fäll souguer déi méi gënschteg Optioun. Déi Suen, déi ee beim Kaf par Rapport zum Bau vun engem Haus spuert, kann een da fir aner Saachen notzen, andeems een sech beispillsweis eng eege kleng Wellness-Oas bei sech ariicht.
CHAUFFAGE
SANITAIRE
CLIMATISATION
VENTILATION
ENERGIES
REGULATIONS
11, z.a.c. Klengbousbierg L-7795 Bissen Tél. +352 81 24 42-1 • Fax +352 81 71 58
www.wagner-schaffner.lu 47
FOR YOUR LIVING@HOME NETTOYAGE I REPASSAGE ESPACES VERTS ENTRETIEN DE VOS ESPACES VERTS
NOUS OFFRONS
GRATUITEMENT
Tonte de pelouse, enlèvement des déchets inclus Bêche de jardin Nettoyage des terrasses et trottoirs Petits travaux d‘entretien Petites réparations Déblayage de neige
l’entretien de votre jardin et alentours + le passeport énergétique (dans le cadre d’un mandat exclusif)
CARINE DEI CAMILLO & PASCAL POOS L-9217 DIEKIRCH 4, rue du Curé T: +352 27 80 83 56 I www.livinghome.lu
L-9217 DIEKIRCH 4, rue du Curé T: +352 27 80 83 56 I www.nethome.lu
Verstoppte Käschten
D’Thema Energie
Souwuel beim Kaf vun engem bestoenden Haus wéi och beim Neibau kann et ëmmer emol zu net virgesinne Käschte kommen. Dohier sollt een net ze genee rechnen, mee léiwer gutt vill Sputt aplangen, am Fall wou mol eng Iwwerraschung opkënnt. Beim Kaf vum Haus sollt een sech am Virfeld ee Bild dovunner maachen, wat misst renovéiert ginn an op wéi ee Montant sech dës Ausgaben ongeféier géife belafen.
Ee grousst Thema beim Wunnen ass och d’Energieeffizienz vum Objet. Doduerch, datt nei Haiser nom Nullenergiestandard musse gebaut ginn, huet ee laangfristeg manner Heizkäschte wéi bei engem ale Gebai. Duerch déi quasi onbegrenzte Flexibilitéit kann ee säin Haus direkt aus poréise Leemsteng baue loossen, déi vu sech aus d’Haus isoléieren. Doduerch ass een net op eng extra Isolationsschicht ugewisen a Wärmebrécke kënne
NEU & EXKLUSIV
Ihr Fachhändler für den Norden Luxemburgs & Ostbelgien
Besuchen Sie unsere neue Website:
Grand-Rue 60b | L-9905 Troisvierges | Tel.: +352 26 90 81 58
SHOWROOM IN SCHIEREN
SANITAIRES CARRELAGES MENUISERIE CUISINE RÉNOVATION
8-10, rue de la gare L-9122 Schieren Tel: +352 819 484 1 Email: info@willy-putz.lu
www.willy-putz.lu
FËNSTEREN
INSEKTENSCHUTZ
PVC, ALU-PVC, ALU-HOLZ, ALU
DIEREN
ROLLLUEDEN VUN ROMA RAFFSTOREN
ZËMMERDIEREN, HAUSDIEREN, KELLERDIEREN, FEIERSCHUTZDIEREN, NIEWENAGANGSDIEREN
FËNSTERBÄNKEN BANNEN A BAUSSEN
BOTZE VUN FËNSTEREN
GRATIS Devisen
sinn bei eis selbstverständlech!
KAMÄINER
MAT BRENNHOLZ ODER PELLETS
BUEDZËMMER
ARIICHTUNGEN, MIWWELEN
Äre Partner fir RENOVATIOUN, BÄIBAU ODER NEIBAU
GARAGEPAARTEN VUN HÖRMANN
T. 621 888 143
2, Beim Kazebësch L-9830 BOCKHOLTZ ddimitrov@pro-domo.lu
www.pro-domo.lu
49
besser evitéiert ginn. Natierlech ass bei engem Bestandsgebai eng energetesch Sanéierung méiglech, mee déi bréngt nieft dem Präis fir d’Haus selwer nach zousätzlech Ausgabe mat sech an ass an der Reegel manner effizient. FENSTER | TÜREN | TREPPEN | GARAGENTORE | MARKISEN | REPARATUREN | PARKETT | INNENAUSBAU | RESTAURIERUNG INSEKTENSCHUTZ | MÖBEL NACH MASS
W O Q U A L I TÄT Z U H A U S E I S T
Ihr Fachmann für den Sommer
Eng wichteg Roll spillt och de Finanzement. Déi mannst kënnen esou grouss Zommen einfach aus dem Hutt zauberen a sinn op ee Prêt ugewisen. Fir deen awer geneemegt ze kréien, lount et sech scho laang am Viraus unzefänke mat spueren. Ee Bauspuervertrag kéint hei eng gutt Optioun sinn. Dee funktionéiert nom Solidaritéitsprinzip: Vill Leit bezuele reegelméisseg an. Wa bis eng bestëmmten Zomm erreecht ass, huet deejéinegen, deen abezilt, ee Recht op ee Prêt zu engem nidderegen Zënssaz. Dës Suen dierfen nëmme fir Zwecker benotzt ginn, déi mam Wunnen ze dinn hunn, wéi beispillsweis de Kaf oder Bau vun engem Haus, respektiv eng Renovatioun oder Moderniséierung. Ee weidere Virdeel vum Bauspuervertrag ass, datt een e ka vun de Steieren ofsetzen. Beim Zréckbezuele vum Prêt sollt een op alle Fall oppassen, datt een den Taux net ze héich usetzt an sech ee klenge Spillraum léisst, fir ongeplangte Käschten ëmmer nach kënnen ze begläichen. Op der anerer Säit soll een awer besser e bësse méi een héije Prêt ufroe wéi virgesinn, fir sécher kënnen ze sinn, datt een alles, wat esou ufält, finanzéiere kann.
Wuelfillen ass dat, wat zielt
FÜR DEN GARTEN • Blockbohlenhäuser • Aktionshäuser • Elementhäuser • 5-Eckhäuser
• Pavillons • Carports • Freisitze • Garagen
info@denholzmechel.lu I www.denholzmechel.lu 50
Finanzéierung gutt duerchdenken
11, rte de Kautenbach | L-9831 Consthum T: +352 / 26 903 710 | F: +352 / 26 903 711 | GSM: +352 / 691 921 650
Ganz egal, ob een sech dofir entscheet ee fäerdegt Haus oder ee geplangte Projet ze kafen oder awer komplett nei baut, eng Saach sollt een ni vergiessen: Dat Wichtegst ass, datt een sech wuel fillt a sengen eegene véier Wänn. Sech fir eng vun den zwou Optiounen z’entscheeden ass sécherlech net einfach, mee huet een immensen Impakt op déi perséinlech Liewensqualitéit an déi allgemeng Zefriddenheet. Schlussendlech sollt een seng Sue mat guddem Gewëssen an dee Projet stiechen, hannert deem ee voll a ganz steet.
CHAUFFAGE-SANITAIRE SCHMIT NICO
AN E PUER SCHRËTT ZU ENGEM NEIE BUEDZËMMER kënnt sécher sinn, datt alles passt, kritt Dir mat Hëllef vun engem 3D-Modell um Computer gewisen, wéi déi ausgewielten Dusch, Toilette a Co. bei Iech wäerten ausgesinn. Hutt Dir Äre Choix getraff, dann ass de Raum prett fir eng immens Transformatioun!
D‘Plättercher hu keng schéi Faarf, d‘Mauere vun der Dusch sinn iergendwéi bedréckend an et gëtt vun Dag zu Dag méi schwéier, an déi al Bidden eranzekommen... Dat aalt Buedzëmmer wëllt engem net méi sou richteg gefalen. Virun allem, wann den 3. Alter ufänkt méi no ze kommen, ass et duerchaus sënnvoll, iwwert een neit Buedzëmmer nozedenken: Méi modern, méi oppen an altersgerecht. Bei ChauffageSanitaire Schmit Nico kritt Dir Äert neit Buedzëmmer schlësselfäerdeg aus enger Hand! Wéi lafen d‘Schrëtt bis zum neie Buedzëmmer of? Bei enger éischter Inspektioun beréit Iech Schmit Nico doheem genee iwwert déi optimal Léisunge fir Äre Raum an Är Situatioun. Duerno braucht Dir just nach bei ee vun hire Partner, Fa. Rinnen Clervaux oder Home Center Willy Putz, laanschtzegoen an déi gewënschten Elementer vun Ärem zukünftege Buedzëmmer erauszesichen. Fir datt Dir Iech
Nach ier et lass geet, kritt Dir ee prezise Plang dovunner, wéi een Dag wat geschitt a wéi eng Firma déi jeeweileg Etappen ausféiert - vum Erausrappe vum ale Sanitär bis bei d‘Installéiere vun der leschter Luucht. Esou behaalt Dir zu jidder Zäit de vollen Iwwerbléck. Well d‘Aarbechte bei Iech am Wunnhaus stattfannen, si Propretéit an Diskretioun déi iewescht Prioritéit. Dir gitt Zeien dovunner, wéi Ären Dram vun engem méi modernen a praktesche Buedzëmmer Stéck fir Stéck Realitéit gëtt. An ier Dir Iech ëmsinn hutt kënnt Dir et well fir d‘éischte Kéier benotzen! Entscheet Iech mat Chauffage-Sanitaire Schmit Nico fir den onkomplizéierte Wee an erfëllt Iech elo den Dram vun Ärem neie Buedzëmmer!
JOBS @ WAGNERTECH +352 84 92 03 1 contact@wagnertech.lu
51
NATURSCHLAFSYSTEME
FiT iN dEN TAg oHNE VERSpANNUNgEN UNd RüCkENSCHMERzEN
beliegen Jetzt Pro ellUng er AUSSt r e S n U in ViergeS in troiS
d a r n r e l f Holzlau nnen a ze gew bio
Milbenstopp
biologisch wirksam durch Auszüge der Ölessenzen von Zitrone, Lavendel und Eukalyptus
Von Ärzten & therapeuten empfohlen L-9911 Troisvierges | Industriezone 11 | Tel.+352 979 310 info@heinenag.com | www.pronatura.lu
s n o i t a m i t s E s& n o i t a c o L , s Vente -9515 WILTZ . Charlotte L .-D ne 55, Rue G ia iv V e c n e Résid
u immowolz.l
52
95 82 59-1
D‘SCHRÄINEREI HEINEN PRESENTÉIERT
D’GEWËNNSPILL
SICH DE FEELER Ze gewanne ginn et
10 x 125€ BONGEN
AN 1 HOLZLAUFLERNRAD
anzeléise bei eis zu Ëlwen.
Sicht déi 5 Feeler op der Foto an schéckt eis d’Souche bis spéitstens de 06. April 2018 eran.
Affranchir s.v.p.
DOHEEM - SAN s.à r.l. Maison 16 L-9780 Wincrange
AUSFËLLEN A GEWANNEN
53
Särge & Einäscherungen Cercueils & incinérations
Transport In-und Ausland Transport national & international
Sämtliche Formalitäten Formalités & démarches
24 / 24
F: +352 / 26 903 711 · GSM: +352 / 691 921 650
Blumen & Zubehör
info@pf-jacoby.lu ·
Fleurs & accessoires
www.pf-jacoby.lu
1 1 , r u e d e Ka u t e n b a c h · L - 9 8 3 1 C o n s t h u m
Stunden Dienst übers ganze Jahr auch während den Feiertagen heures pendant toute l’année même les jours fériés
T: + 3 5 2 / 2 6 9 0 3 7 1 0
WAT ECH AM LÉIFSTE GEWANNE WËLL: 10 x 125€ BONGEN FIR D‘SCHRÄINEREI HEINEN 1 HOLZLAUFLERNRAD
NUMM: VIRNUMM: ADRESS:
D’GEWËNNER VUM SPILL AUS DEM MAGASINN DOHEEM N°33 10 x 125€ BONGEN OFFRÉIERT VU WIDU S.À R.L. (DIKRICH/WÄISSWAMPECH)
PLZ: UERTSCHAFT: TEL: E-MAIL: Just gëlteg wann alles komplett ausgefëllt ass an déi 54 5 Feeler fonnt gi sinn.
- Gremling Sonja, Eschdorf - Simoes Silva Lucas, Heinerscheid - Pletsch Josiane, Boevange - Armbruster François, Diekirch - Pepin Jeanny, Schweich - Reding Chantal, Platen - Visser Felix, Neidhausen - Hansay Chantal, Bigonville - Ottelé Aloyse, Niederfeulen - Burquel Lucien, Warken
Ver. Her.: Galerie Leder Design sa · Luxemburger Straße 81 · B-4780 St. Vith · design www.pavonet.be
KOL N! E U E N E FFE DI O R T E G IST EIN
PR
NELLE OFESSIO
BERATU
T R O F O S B A * R E Z T I S ! S 3 I E R P 2 / 1 M U Z
IHR TRAUMSOFA FÜR DIE HÄLFTE DES PREISES! Profitieren Sie ab sofort und sichern Sie sich Ihr Sofa zu unschlagbaren Konditionen! Wir freuen uns auf Sie!
LEDERLAND SANKT VITH · WWW.LEDERLAND-SANKT-VITH.BE Luxemburger Straße 81 · B-4780 Sankt Vith · +32 (0)80 28 10 10 · sanktvith@lederland.info · Täglich von 10.00 -18.30 Uhr · Auch sa. und so.
*Angebot gültig beim Kauf einer 5-sitzigen Lederland Garnitur. Nicht kombinierbar mit anderen Rabatten oder Sonderangeboten.
DEN N O SEN: V S T E K M E R I N D TIONALE TION 2018 A N R E T IN LEK
AUF) UREN ND VERK TELLTE GARNIT U G N U T S A ET (BER 0 AUSGE GEÖFFN · MEHR ALS 20 S G A T N · SON I HAUS UREN UNG FRE -GARNIT · LIEFER m² NUR LEDER RTEN 00 EDERSO 0 L 3 0 F 7 U D A STEN · UN PEZIALI FARBEN S 0 7 M 2 O R V NG · ÜBE