Skip to main content

Newsletter DP Walfer Mee/Juni 2022

Page 1

Walfer

NEWSLETTER

VUN DER SEKTIOUN WALFER


Guy Arendt Deputéierten

De Guy Arendt ass de President vun der DP-Sektioun Walfer. Hie war vun 2003 bis 2015 Buergermeeschter vu Walfer. 2013 ass hien eng éischte Kéier an d’Chamber gewielt ginn. Um Krautmaart ass hien ë.a. Member vun der Budgets- a Finanzkommissioun a presidéiert d’Digitaliséierungskommissioun, wou hie sech fir d’Simplification administrative a fir d’Digitaliséierung vum Staat asetzt. Als Rapporter vun der Reform vum Pressehëllefgesetz huet hien derzou bäigedroen, datt Lëtzebuerg eng modern a villsäiteg Medielandschaft behält.

Guy Arendt est le président de la section locale du DP à Walferdange. Il a été maire de Walferdange de 2003 à 2015. En 2013, il est élu pour la première fois à la Chambre des députés, où il est, entre autres, membre de la commission des Finances et du Budget et préside la commission de la Digitalisation, des Médias et de la Communication. Dans ce rôle il promeut la simplification administrative et la digitalisation de l’État. En tant que rapporteur de la loi relative aux aides pour la presse, il a contribué à ce que le Luxembourg continue d’avoir un paysage médiatique moderne et diversifié.

An dëser Editioun Dans cette édition Är DP Mandataire vu Walfer Vos mandataires du DP de Walferdange Schoul École PAG – Bautepolitik Politique de construction

Contournement Walferdange


3

JUNI 2022 | WALFER.DP.LU

DP-Fraktioun am Walfer Gemengerot Fraction DP au conseil communal

Foto Vlnr | Photo dgàd: Laurent Schanck, Eliane Irthum, Nic Wiot, Josée Altmann-Friederes, Alain Weins


4

JUNI 2022 | WALFER.DP.LU

Comité DP WALFER Foto Vlnr | Photo dgàd: Gigo Lamesch (trésorier), Guy Medinger, Josée Altmann-Friederes, Guy Arendt (président), Martine Gortan-Thill, Laurent Schanck (vice-président), Elisabeth Gallinaro, Alain Weins, Nic Wiot, Eliane Irthum (secrétaire), Travis Sprabary Nët op der Foto | Absents sur la photo: Nico Binsfeld, Jean-Pierre Feidt dit Chouche, Manou Ginter, Malou Weber-Kaesz


635 Schüler/innen Tendenz steigend

635 élèves tendance à la hausse

D’Zuel vun den Schüler/innen am Fondamental klëmmt weider zu Walfer. Gläichzäiteg sinn eng Partie Lotissementer autoriséiert ginn, esou dass deemnächst nach méi Kanner eng Plaz an der Schoul brauchen. Bis elo gëtt et awer keng konkret Pläng fir eng vun eisen 3 Schoulen auszebauen. Déi viregt Schäfferéit haten de Prinzip, dass (ongeféier) all 5-6 Joer e Schoulgebai nei gebaut oder erweidert ginn ass, fir esou enger ganzer Generatioun erëm Plaz an dem jeeweilege Gebai ze schafen. Zënter 2018 ass awer mat deem Prinzip gebrach ginn. Am Budget 2022 steet alt erëm kee Poste fir e Schoulgebai ze vergréisseren. Et ass just ee Betrag fir eng Etude virgesinn, déi soll weisen, ob a wou muss vergréissert ginn. Domat geet leider e wäertvollt Joer verluer. Dobäi hätten esou Aarbechten scho längst mussen an d’Weeër geleet ginn. Et däerf ee sech net hannert Etude verstoppen, déi deier kaschten. Et geet duer, fir d’Zuel vun de Neigebuerenen an vun de neie Logementer ze kucken, fir d’Besoinen an der Gemeng ze berechnen An déi wäerten enorm sinn. Mir wëllen, dass d’Politik vum successiven Ausbau vun de Schoulen erëm opgeholl gëtt, fir dass d’Kanner net musse spéider op enkstem Raum an a schlechten Konditioune léieren.

Le nombre d’élèves dans l’enseignement fondamental augmente à Walferdange. Parallèlement, de plus en plus de lotissements sont autorisés, de sorte qu’un nombre croissant d´enfants auront bientôt besoin d’une place à l’école. Mais actuellement, il n’y a pas de plan concret pour agrandir l’une des trois écoles situées dans la commune. Les précédents collèges échevinaux avaient fait en sorte qu’une nouvelle école était construite ou agrandie tous les 5 à 6 ans, de sorte à créer de la place pour toute une génération scolaire dans l’école concernée. Mais à partir de 2018, cette planification n’a pas été reconduite. Le budget 2022 ne prévoit aucun poste budgétaire pour agrandir une école, mais on y trouve seulement un montant pour prévoir une étude sur les besoins scolaires. Malheureusement, il s’agit d’une perte de temps considérable. Au lieu de prévoir des études qui coûtent chers, il suffirait simplement de comparer le nombre de nouveau-nés et le nombre de nouveaux logements pour calculer le nombre de places nécessaires. La conclusion est claire : le besoin est énorme. Nous souhaitons que la politique d’extension successive des écoles soit à nouveau mise en place afin d’éviter que les enfants ne se retrouvent dans des salles de classe trop remplies et doivent apprendre dans de mauvaises conditions et dans des salles de classes inadaptées.


6

JUNI 2022 | WALFER.DP.LU

PAG - Politique de construction

PAG – Bautepolitik Eng nohalteg Uertsentwécklung an doduerch d’Kombinatioun teschend Liewensqualitéit a Schafen vu Wunnraum ass duerch e gudden Uertentwecklungsplang (PAG) méiglech. Walfer war eng vun den éischten Gemengen déi 2011 e PAG hat deen op dem neie Gesetz vun 2004 baséiert wor. Schonn ab 2016 gouf un engem neien ugepassten PAG geplangt deen eigentlech sollt 2018 an d’Prozedur goen. Leider huet déi nei Majoritéit deemools d’Aarbechten op Äis geluecht, esou dass Walfer bis haut nach ëmmer keen ugepassten Urbanismusplang huet. Well zënter 2011 sech d‘Gesetzer geännert hunn an een och gesinn huet, dass et nach Onkloerheeten gouf, heescht dat, dass mir ouni neien PAG haut eng schwiereg Zukunftsplanung hunn. D’Bebauung kann aktuell net méi no eendeitegen Reegelen kontrolléiert ginn, et gëtt e bëssen „Fall pro Fall“ geschafft. Eng nohalteg Uertsentwecklung ass dowéinst schwiereg. Liewensqualitéit an Ëmweltschutz bleiwen op der Streck, awer gläichzäiteg gëtt et och keen intelligente Wunnengsbau, fir dass zum Beispill déi jonk Walfer Leit och an hirer Uertschaft kenne bleiwen. Duerfir wëlle mir dass deen aktuelle PAG esou séier wéi méiglech fäerdeg gestallt gëtt.

Un plan d’aménagement général (PAG) adapté permettrait un développement durable, en combinant qualité de vie et augmentation de l’espace de vie. Walferdange a été l’une des premières communes luxembourgeoises à disposer en 2011 d’un nouveau PAG basé sur la loi de 2004. Dès 2016, il était prévu de mettre à jour ce document et donc de préparer un PAG adapté à la législation récente. La procédure de consultation publique aurait dû débuter début 2018. Malheureusement, la nouvelle majorité au Conseil Communal a arrêté les travaux de remise à jour du PAG, de sorte que Walferdange n’a actuellement pas de plan d’urbanisme adapté. Effectivement les lois sur l’aménagement ont changé depuis 2011. D’autre part, différentes imprécisions devaient être adaptées. Cependant, sans nouveau PAG la planification future de notre commune est rendue très difficile. Actuellement, l’urbanisation ne peut plus être effectuées par des règles claires et uniformes. Les décisions sont donc de plus en plus prises au cas par cas. La qualité de vie et la protection de l’environnement sont ainsi trop souvent négligés. Enfin une politique de logements intelligente et durable qui permettrait aux jeunes de Walferdange de trouver un logement dans leur commune n’est plus possible. Nous souhaitons donc que le nouveau PAG soit adopté le plus vite possible.


7

JUNI 2022 | WALFER.DP.LU

Contournement Walfer De Problem ass bekannt: E gudden Deel vum Trafic aus dem Norden an d’Stad an zeréck geet duerch Walfer. Duerch d’Ouverture vun der A7 hat sech d’Situatioun kuerz liicht gebessert fir sech awer elo erëm ze verschlechteren. Fir de Probleem vum Duerchgangsverkéier an de Grëff ze kréien – awer och fir d’Sécherheet zum Beispill am extrem befuerene Bärelerbierg ze verbesseren, ass et wichteg, dass d’Gemeng erëm op déi Pläng zeréckgräift, déi scho viru Joren preparéiert gi woren: et geet ëm e Contournement vu Walfer! Och d’Ponts et Chaussées haten deemols virgesinn, fir e Contournement vum Biergerkräiz, duerch d’Sandkaulen erof a Richtung Rond-Point Millewee op d’N7 ze maachen – ouni een allze groussen Agrëff an d’Ëmwelt. Am Interêt vun der Liewensqualitéit a vun der Sécherheet vun eisen Biergerinnen a Bierger wier et elo wichteg, datt de Gemengerot sech unanime fir dëse Contournement beim Transportministère géing asetzen.

Contournement Walfer Le problème est connu : Une partie importante du trafic nord-sud vers la ville de Luxembourg passe par Walferdange. Après l’ouverture de l’A7, la situation s’est légèrement améliorée, mais elle est en train de se dégrader de nouveau. Pour résoudre ces problèmes de trafic mais aussi pour améliorer la sécurité, par exemple au Bärelerbierg extrêmement fréquenté, il est important que la commune revienne sur des plans et études qui existent déjà depuis bien des années : il s’agit d’un contournement de Walferdange. Tout en minimisant l’iimpact sur l’environnement, il avait été envisagé, en commun concertation avec les Ponts et Chaussées, de prévoir un contournement partant du Biergerkräiz, à travers les carrières de sable et descendant en direction du rond-point Millewee sur la N7. Il serait important que la commune demande au Ministère des Transports d’approuver un contournement aussi vite que possible: au nom de la qualité de vie et de la sécurité des habitants.


JOIN THE

FAMILY

D’DP ass vill méi wéi eng grouss Partei. D’DP ass eng grouss Famill. Member an der DP ze sinn, dat heescht sech kënnen anzebréngen, ze diskutéieren an d’Zukunft aktiv mat ze gestalten. Du wëlls en aktiven Deel vun eiser DP-Famill ginn? Dann #jointhefamily op family.dp.lu

dpwalfer dp_walfer walfer@dp.lu walfer.dp.lu


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Newsletter DP Walfer Mee/Juni 2022 by pt799 - Issuu