9 minute read

BETZDER

D’Geschäfts- & d’Handwierksleit aus der Gemeng Betzder

wënsche schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an d’Joer 2022

Interview mam Buergermeeschter a mam Schäfferot vun der Gemeng Betzder

Jean-François Wirtz

D’Joer 2021 war e weidert Joer dat staark gepräägt war vun der Pandemie, eist d’Zesummeliewen huet dorënner gelidden, mee et goufen awer och positiv Momenter an eise Gemengen. Wéi huet d’Gemeng Betzder den Alldag an der Pandemie gemeeschtert, wéi eng Aarbechte konnte weidergefouert ginn, wéi eng Rendez-vouse goufe fir d’Awunner organiséiert a wéi eng positiv Momenter goufen et trotz der Pandemie an Ärer Gemeng?

D’Gemeng Betzder huet sech un déi allgemeng sanitär Reegele gehalen a weider och keng Manifestatiounen organiséiert fir eben d’Verbreede vum Virus net weider ze fërderen. Sou wéi schonn am Joer 2020 hu mir weider probéiert eisen Awunner eis flott Wanderweeër a Landschafte schmackhaft ze maachen a si ze begeeschteren, dobaussen eis schéin Natur ronderëm de Widdebierg ze genéissen. Dat ass eis zimmlech gutt gelonge mat eisen neie Bewunner am Menster Brill, der Naturschutzzon d’Schlammwiss, wou zënter dem 1. Abrëll (a vill Leit hate gemengt et wier en Abrëllsgeck) Waasserbüffelen eng nei Heemecht fonnt hunn. Et war einfach e Genoss de Büffelen nozekucken, wa si wärend de waarme Summerdeeg an de Weier agetaucht sinn a just nach mam Kapp an de groussen Haren aus dem Waasser gekuckt hunn. Vill Famillen hunn et sech net huele gelooss, en Tour duerch de Menster Brill ze maachen. Safari-Feeling doheem.

Wat wäert Iech vum Joer 2021 besonnesch an Erënnerung bleiwen?

Besonnesch an Erënnerung bleift mir eis Zeremonie vun Nationalfeierdag, déi mir ënnert dem Respekt vun den deemolege sanitäre Mesuren am Kultursall Syrkus ofgehalen haten a live iwwert eis sozial Medien iwwerdroen haten. Et war e ganz schéine Moment, wéi verdéngschtvoll Bierger an Associatiounen aus eiser Gemeng fir besonnesch Leeschtungen ausgezeechent goufen. Mir krute vill positive Feedback iwwert dës gelongen Nationalfeierdag-Zeremonie. Eis Bierger hu sech gefreet, och wann et eng begrenzten Zuel u Bierger waren, nees hunn dierfen zesummenzekommen, an all eis aner Bierger konnten d’Zeremonie doheem live matverfollegen, jidderee konnt un dësem Owend deelhuelen.

Wéi eng grouss Verännerunge stinn am nächste Joer un? Op wéi eng flott Evenementer oder Projete kënne sech d’Bierger an Ärer Gemeng 2022 freeën?

Besonnesch freet et mech, datt mir am Gemengerot vill vun eise Projeten, déi eis Gemeng weiderhi fit fir d’Zukunft maachen, gestëmmt hunn: Sief et de Bau vun der neier Crèche, déi nom Prinzip vun der Kreeslafwirtschaft gebaut gëtt, d’Realisatioun vun engem Restaurant mat Bed&Breakfest a Bed&Bike Facilitéiten zu Ouljen oder eis Wunnengsbauprojeten, wou mir nei Weeër wëlle goen, andeems eis beim intergenerationelle Wunnengsbauprojet zu Betzder e Kümmerer zur Säit steet, fir datt dëse Projet, zesumme mat deem vun der Betzder Scheier, eng flott Platz vun Zesummeliewe gëtt. Natierlech war et och e ganz besonnesche Moment, den éischte gréissere Projet, de Bau vun der neier Pompjeeskasär, kierzlech ënnert dem Regime vum CovidCheck mat ville Frënn vun hei an aus den Nopeschgemenge kënnen anzeweien.

Wat wënscht Dir Iech fir 2022?

Ech wënsche mir, datt mir d’nächst Joer all nees en Alldag ouni Covid-Aschränkunge kënne liewen, wou d’Schoul nees normal funktionéiert, keng Klasse méi à l’Ecart oder a Quarantaine musse gesat ginn, wou mir eis all nees fräi kënne beweegen a begéinen, an datt mir weiderhin eis Projete weider realiséieren zum Wuel vun der Allgemengheet.

D‘Joer 2022 soll dat Europäescht Joer vun der Jugend ginn (aktuell Propos vun der Europäescher Kommissioun), wat Sylvette Schmit We ig e l gëtt et bei Iech an der Gemeng als extra Offer fir d’Jugend? Wéi ee Projet an deem Kader wëllt Dir besonnesch ernimmen?

Mir hunn e flott an interessant Jugendhaus um Bowengsbierg, wou d’Gemeng eng schéi Struktur gebaut huet, an der déi eeler Leit 50+ um Rez-dechaussée sinn an d’Jugend um 1. Stack, wou mir versichen, dass do déi zwou Generatioune sech begéinen. D’Jugend beméit sech fir um Chrëschtmaart Kichelcher ze baken an déi ze verkafen. Ma si treffen sech och mol fir ze kachen an duerno Gesellschaftsspiller ze maachen. Si hunn och versicht de Kontakt wärend der Pandemie iwwer sozial Medien oprecht ze erhalen.

D’Gesellschaft gëtt ëmmer méi al a speziell fir eeler Leit brauch et Strukturen a Projeten, fir dass jiddwereen och am Alter gutt liewe kann. Wéi gesäit et bei Iech an der Gemeng aus, wat proposéiert Dir als Service oder speziell Offer den eelere Leit?

De 50+ huet och eng wonnerbar Ariichtung um Bowengsbierg, wou si sech normalerweis virun der Pandemie all 2 Wochen do getraff hunn. D’Pandemie huet leider déi eeler Leit dozou bruecht doheemzebleiwen, wat natierlech net glécklech war. Mir als Gemeng hu versicht Ouschteren, Chrëschtdag asw. mat engem klenge Gest eng Freed heemzebréngen an hunn iwwer Telefon a sozial Medien esou gutt wéi méiglech versicht de Kontakt ze halen, mat engem Akafsservice, dee mir eisen Awunner ugebueden hunn.

Ënner dem Respekt vun de sanitäre Mesuren hu mir e Projet an d’Liewe geruff, „Eng Foto seet méi wéi 1000 Wierder“, deen e groussen Erfolleg war a mir wäerte spéider eng Ausstellung dovunner maachen. Et geet dorëm mat Fotoen an Texter vun de Leit festzehale, wat si wärend der Pandemie gemaach an erlieft hunn.

Dann hu mir en Duerftreff, wou d’Leit sech eemol pro Woch begéinen an austausche kënnen bei enger Taass Kaffi an engem Stéck Kuch.

D’GEMENG BETZDER WËNSCHT SCHÉI FEIERDEEG

Steckbréif

Gemeng Betzder

DIERFER Bierg, Betzder, Mensder, Ouljen, Rued-Sir AWUNNER 4.116 NATIONALITÉITEN 70

BUERGERMEESCHTER Jean-François Wirtz SCHÄFFEN Marc Ries, Sylvette Schmit-Weigel GEMENGERÉIT Marc Bosseler, Frank Bourgnon, Reinhold Dahlem, Fernande Klares-Goergen, Patrick Lamhène, Jean-Pierre Meisch, Jules Sauer, Olafur Sigurdsson

Marc Ries De Klimawandel ass di gréissten Erausfuerderung fir eis Gesellschaft haut an di nächst Joren. Wéi eng Moossnamen huet Är Gemeng schonn ënnerholl fir si méi klimafrëndlech ze maachen?

E groussen Defi fir d‘Gemenge ass et sech vun den fossilen Energien ze trennen. An de leschte Joren huet d’Gemeng Betzder grouss finanziell Efforte gemaach, a geziilt an erneierbar Energien investéiert. Zwou grouss Photovoltaik-Anlage mat enger Gesamtleeschtung vun iwwer 800 kWh sinn um Hall technique zu Bierg an op der Schoul zu Rued-Sir installéiert ginn. Weider Anlagen um néie Pompjeesbau an op der neier Tennishal produzéieren nach emol 100 kWh. Dës Anlage ginn nach net duer fir de Verbrauch un elektrescher Energie vun onsen 1400 Stéit ze decken. Dofir plange mir weider zwou grouss Anlagen op der Rothoicht am Ausgang vu RuedSir. Hei soll an zwou Phasen eng Anlag mat insgesamt 1,6 MWh Leeschtung entstoen. Domadder produzéiert d’Gemeng Betzder dann 2,5 MWh Stroum pro Joer, woumat mir ronn 800 Stéit mat Stroum kënne versuergen. Donieft plange mir och un zwou grousse Grünschnittheizungsanlage mat Fernwäermenetz am Zentrum zu Mensder an zu Bierg. Mat dësen zwou Anlagen kann d’Heizungsenergie fir vill Stéit mat Holz oder Heckeschnëtt ëmweltfrëndlech an nohalteg produzéiert ginn. 2021 huet d’Gemeng Betzder och an e modernen nohaltege Fuerpark investéiert. Nieft neie performante Gefierer fir ons Servicer, ginn dräi néi Elektroautoen ugeschaaft. Och fuere mir säit September mat engem éischte Schoulbus 100% elektresch. Zesumme mat onse Bierger versiche mir och weider den Offall konsequent ze reduzéieren an e Maximum ze recycléieren. Mir selwer gi mam gudde Beispill vir, andeems mir ons Eventer nom Prinzip vum „Green Event” organiséieren. 2021 gouf och ons neit Offallreglement unanime am Gemengerot ugeholl, wat de Wee fräi mécht fir an den nächste Joren de Reschtoffall an der Gemeng konsequent ze reduzéieren. Zesumme mat weider Projete probéiere mir onsen Deel bäizedroe fir de Klimawandel ze stoppen.

Déi ganz Equipe wënscht schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an d‘neit Joer.

Garten- und Landschaftbau s.à r.l.

Subbotina Anna-Stock.Adobe.com

Är Gemeng am Wandel! Wéi eng Bauprojete sinn dëst Joer gutt virukomm oder konnten dës Joer ugefaange ginn?

Trotz dem Lockdown 2020, sinn ons Bauprojeten all gutt virukomm. Mir si frou, dat mir dem CIS-Mensder vum CGDIS mat nëmmen zwee Méint Retard am Oktober 2021 en neien a moderne Pompjeesbau konnten iwwerginn. Och si mir houfreg, dat mir zanter 2018 d’Unzuel vun abordabele Wunnengen an onser Gemeng verduebele konnten op elo 13 Wunnengen. Awer dëst ass just eng Drëps op de waarme Steen bei der Wunnengsnout zu Lëtzebuerg. De Schäfferot ass sech senger Verantwortung bewosst. Dofir hu mir 3 grouss Logements-Projeten 2021 gestëmmt. An den nächste Joren investéiert d‘Gemeng Betzder zesumme mam Ministère du Logement iwwer 50 Milliounen Euro an den abordabele Wunnraum. Mir bauen zu Betzder 31 Logementer, zu Mensder 20 Logementer an zu Bierg zesummen mat SNHBM 25 Logementer. Méi kleng Projete mat 3 an 4 Logementer ginn zu Ouljen an zu Mensder realiséiert. An den nächste Joren entstinn esou insgesamt 90 néi Wunnengen, déi zou moderate Loyeren kënne verlount ginn. Weider grouss Retarden huet d’Gemeng bei der Waasserversuergung vun onser Gemeng. Grouss Investissementer sinn néideg fir d’Waasserversuergung vun all Haushalt och an Zukunft sécherzestellen. Datt am Summer d’Waasser aus dem Krunn kënnt ass keng Selbstverständlechkeet. En neie Baseng vun 1 Millioun Liter Waasser muss zu Rued-Sir gebaut ginn. En éischten ënnert dem néie Pompjeesbau mat 340.000 Liter Waasser ass am Oktober 2021 a Betrib gaangen. Insgesamt si mir gutt mat onse Projeten 2021 virukomm, awer mat der Penurie vun de Baumaterialien um Weltmarché ass d’Erausfuerderung fir 2022 ëmsou méi grouss.

rebekka marx personal trainer

Ihre Expertin für Fitness, Ernährung und Gesundheit

wünscht Ihnen schöne Feiertage!

Investieren Sie jetzt in sich und Ihre Gesundheit und fragen Sie mich nach einem kostenlosen Beratungstermin.

ꞏ Einzelstunden oder Training in Kleingruppen ꞏ Fitness, Ernährung, Beweglichkeit ꞏ Drinnen, im Freien oder Online

RUED-SIR

Virowend vum Nationalfeierdag wou verschidde Leit, an dësem Fall d’Maison relais an d’Scoute fir hiren aussergewéinlechen Asaz geéiert goufen

Réckbléck

D‘Highlights vum Joer 2021 an der Gemeng Betzder

MENSDER

Aweiung vum neie Pompjeesbau

This article is from: