1 minute read

EMWELT, KLIMA NATUR SCHÜTZEN!

D’Zäite sinn eriwwer, an deene Politik op Käschte vum Klima, der Natur an der Déierewelt gemaach huet.

Eis Gesellschaft dierf net weider op d’Käschte vun der Flora a Fauna liewen, mee eng nei Politik muss de Kader setzen, fir dass mer eng Wirtschaft schafen, déi an Harmonie mat de Ressource vun eisem Planéit lieft. D’Gemenge musse Verantwortung iwwerhuelen.

Advertisement

D‘Piraten setzen sech dofir an, dass d’Gemengepolitik d’Klima- an d‘Biodiversitéitskris unerkennt a Verantwortung fir d’Natur an Ëmwelt iwwerhëlt. All Gemeng muss säin ökologesche Foussofdrock identifizéieren an ee Plang mat Moossnamen opstellen, wéi een dësen an Zukunft reduzéiere wëll.

This article is from: