1 minute read

MATBESTËMMUNG & TRANSPARENZ VERBESSEREN!

D‘Piraten setzen sech säit hirer Grënnung fir méi direkt Demokratie an.

D‘Politik muss méi no un d’Bierger:innen an d’Leit endlech an der Politik matdiskutéiere loossen. Vill Leit hunn

Advertisement

Iddien a géifen se gäre matdeelen, mee wëssen net wéi a wou oder se wëllen net an enger Partei aktiv sinn.

D’Piratepartei wëll de Leit Méiglechkeete ginn, fir sech iwwert aner Weeër aktiv an der Gemeng abréngen ze kënnen.

Aféiere vun engem Biergerrot

Bierger:innen wéi s du an ech zesummebréngen an hinnen eng offiziell

Plattform ginn, fir hir Iddien ëmzesetzen. Dat ass d’Iddi vum Biergerrot.

Dëse Biergerrot soll per Zoufallsprinzip zesummegesat ginn a Mënschen an d’Bevëlkerung an der Gemeng representéieren. Een Deel vum Biergerrot kéint direkt vun der Gemeng gewielt ginn. All 3 Joer gëtt dann eng

Halchent vum Biergerrot ersat. D’Mandat am Biergerrot wäert inkompatibel mat engem Mandat am Gemengerot oder als Member vu consultative Kommissioune sinn.

De Biergerrot soll eegestänneg schaffe kënnen an dem Gemengerot Propose maachen, op déi d’Politiker da reagéiere mussen. De Biergerrot soll och ee Budget vum Gemengerot bereetgestallt kréien, fir selwer Projeten ze realiséieren a fir d’Organisatioun vum Biergerrot ofzedecken (Sekretär, etc.).

This article is from: