1 minute read

DÉIERESCHUTZ AN GEMENGEN HÉICH

Opklärung an Informatioun géint Déierequälerei

D’Gemeng kann duerch seng Informatiounspolitik aktiv géint d’Déierequälerei virgoen. Fir en Ëmdenken am Déiereschutz ze bewierken, kann och eng Gemeng Opklärungscampagnen organiséieren, zum Beispill beim Thema Ernierung. D’Gemeng soll eng equilibréiert a gesond Ernierung fërderen a kann zum Beispill op Eventer duerch geziilt Aktioune saisonal, regional, vegetaresch oder vegan Alternative promouvéieren. D’Gemeng kann och, zesumme mat de lokale Baueren, de Leit de Wäert vun enger gudder Véizuucht méi no bréngen.

Advertisement

Fir eng modern & ethesch korrekt Juegd

D’Piraten si géint d’Klappjuegd a wëllen d’Juegd hei am Land am grousse Ganzen aneschters a méi am Respekt mam Wëlldéier ugoen. Dobäi sollen alternativ Juegdmethoden zum Asaz kommen. D’Gemeng kann op deene Grondstécker, op deene si Proprietär ass, d’Juegdlouse selwer iwwerhuelen, professionell Jeeër op dëse Plazen asetzen an op Klappjuegte verzichten. D’Gemeng kann nom Juegdgesetz souguer ee Juegdverbuet op dësen Terrainen duerchsetzen.

This article is from: