1 minute read

D’LIEWENSQUALITÉIT AN EISE GEMENGEN STÄERKEN

D’Piraten wëllen d’Duerfliewe a d’Zesummegehöregkeetsgefill an eisen Uertschaften a Quartieren stäerken.

Dofir muss séchergestallt ginn, dass sou vill Mënschen wéi méiglech um Liewen an der Gemeng kënnen deelhuelen. D’Gemeng muss dofir déi néideg Servicer an Infrastrukturen bereet stellen.

Advertisement

Wat d’Gemeng bezilt, muss jidderengem zegutt kommen

Ëffentlech Sportplazen a Gebaier, déi mat Steiersue finanzéiert ginn, mussen och der Ëffentlechkeet zur Verfügung stoen an net nëmmen e puer auserwielte Veräiner. Eng Gemeng, déi engem Futtballveräin d’Tribüne oder d‘Buvette matfinanzéiert, muss garantéieren, dass dës Infrastruktur och vun anere Veräiner oder Bierger ka reservéiert ginn. D’Gemeng kéint esou vill méi Infrastrukture bereetstellen, fir dass d‘Leit sech versammele kënnen.

This article is from: