Skip to main content

Aktivitéiten am Natur- & Geopark Mëllerdall 2019/20

Page 1

EISEN NATUR- & GEOPARK! FIR JIDDEREEN EPPES DOBÄI… September 2019 - Juli 2020


Wellkomm am Nat urEis Regioun zeechent sech duerch e ganz besonnescht Kultur- an Naturierwen aus. Eis 11 Gemenge striewen eng gemeinsam nohalteg Entwécklung un - ganz am Geescht vun den Nohaltegkeetsziler vun der UNESCO (Sustainable Development Goals)! Dëst si 17 Ziler, déi d’UNESCO gesat huet, fir bis 2030 eng besser a méi nohalteg Zukunft fir jiddereen ze schafen. An dësem Sënn bidde mir eng ganz Rëtsch Coursen a Workshops un, déi sech alleguer ëm d‘Thema Nohaltegkeet dréien a Spaass maachen.

Mir wënsche vill Freed beim Entdecken! 15.9.2019 Dag vum Geotop gratis 28.9.2019 Porte ouverte am Generatiounsgaart ab 14:00 zu Beefort gratis 5.10.2019 Champignonstour zu Mompech 7€ 14:00 - 18:00 5.10.2019 Hot Compost 14:00 - 17:00 zu Beefort 10 € 18.10.2019 Upcycling: al Jeans am neie Look zu Bäertrëf 17 € 19:00 - 22:00 19.10.2019 Zero Waste: Wäschmëttel 14:00 - 17:00 um Kulturhaff Millermoler zu Hénkel 28 € 26.10.2019 Trauliicht & Fakelwanderung ab 15:00 um Kulturhaff Millermoler zu Hénkel 27.5 €/Kand - 14.5 €/Erwuessenen 30.11.2019 Adventsbastelen um Kulturhaff Millermoler zu Hénkel 18 €/Kand - 4 €/Erwuessenen 15:00 - 17:00 Adventswanderung mat Mëttegiessen 15.12.2019 zu Beefort 30 €/Erwuessenen - 15 € bis 12 Joer 10:00 - 13:30 15.12.2019 Regio-Brunch um Kulturhaff Millermoler zu Hénkel 17.5 €/Erwuessenen - 8 €/Kand ab 9:30 21.12.2019 Chrëschtbastelen 15:00 - 17:30 um Kulturhaff Millermoler zu Hénkel 20 €/Kand - 4 €/Erwuessenen 11.1.2020 Vum Lieder zum Rimm 13:30 - 17:00 mam Atelier Atout Cuir zu Hierber 60 € 18.1.2020 Deel 1: Vum Bam zum Schlitt / zur Bänk / zum Schaukelstull / 9:00 - 16:00 zum Holzbild zu Bäertrëf an zu Manternach 25.1.2020 Steng bestëmmen zu Hiefenech 5€ 14:00 - 17:00 25.-26.1.2020 Deel 2: Vum Bam zum Schlitt bei der Schräinerei Baden zu Waldbëlleg 350 € 9:00 - 17:00 31.1.2020 Praffcours 19:00 - 22:00 zu Bäertrëf 10 € 31.1.2020 Liichten am Bësch am Marscherwald 5€ 18:00 - 20:00 8.2.2020 Deel 2: Vum Bam zur Bänk bei der Schräinerei Thomé zu Steenem 290 € 9:00 - 17:00 8.2.2020 Zero Waste: Deo um Kulturhaff Millermoler zu Hénkel 23 € 14:30 - 16:00


& Geopark Mellerdall!

8.2.2020 Deel 2: Vum Bam zur Bänk 9:00 - 17:00 bei der Schräinerei Baden zu Waldbëlleg 290 € 8.-9.2.2020 Kierfméchercours 9:00 - 16:00 zu Hemstel 125 € 28.-29.2.2020 Deel 2: Vum Bam zum Schaukelstull bei der Schräinerei Baden zu Waldbëlleg 360 € 9:00 - 17:00 ab Mäerz Naturcoach & Kräuterpädagoge mat der Gundermannschule zu zu Beefort 7.3.2020 Wéi schneiden ech mäin Uebstbam richteg? (al Beem) zu Noumer 5€ 13:30 - 17:00 7.3.2020 Op de Spuere vum Krich am Bësch 13:00 - 16:00 zu Iechternach 5 €/Erwuessenen - gratis bis 12 Joer 7.3.2020 Deel 2: Vum Bam zum Holzbild 9:00 - 17:00 bei der Schräinerei Baden zu Waldbëlleg 240 € 7.3.2020 Motorseecours am Marscherwald 75 € 8:30 - 16:30 Wéi schneiden ech mäin Uebstbam richteg? (jonk Beem) 14.3.2020 zu Bech 5€ 9:00 - 12:00 21.3.2020 Zero Waste: Spullmëttel um Kulturhaff Millermoler zu Hénkel 18 € 14:30 - 16:00 28.3.2020 Geologesch Wanderung 14:00 - 17:30 zu Fëschbech 5€ 11.4.2020 Ouschtereeër fierwen 10:00 - 12:00 um Kulturhaff Millermoler zu Hénkel 12 € 18.4.2020 Wanderung duerch den Naturbësch Hierberbësch zu Hierber 5€ 14:00 - 17:00 18.4.2020 Gaardeworkshop zu Beefort 50 € 10:00 - 15:00 24.4.2020 Wat ass eng gutt Drëpp? an der Brennerei Tudorsgeeschter zu Rouspert 42 € 19:00 - 21:30 26.4.2020 Pesto, Pasten & Dips mat Kraider 9:00 - 13:00 zu Beefort 40 € 9.5.2020 Naturrallye zu Rouspert 5€ 14:00 - 17:30 10.5.2020 Iesel, Geess & Giersch zu Beefort 30 €/Erwuessenen - 15 € bis 12 Joer 10:00 - 13:30


10.5.2020 Drénkwaasserwanderung 14:00 - 17:00 am Mëllerdall 5€ 16.5.2020 Planzentosch 10:00 - 18:00 am Berdorfer Eck gratis 16.5.2020 En Nomëtte bei de Beien 13:30 - 17:00 zu Iechternach 10 € 21.5.2020 Offiziellen europäeschen Natura 2000 Dag gratis 25.-29.5.2020 Natur- & Geoparkwoch 25.5.2020 Virtrag: UNESCO Global Geoparks 19:30 - 21:30 an der Fielser Buerg gratis 30.5.2020 Scrapbooking ab 14:00 um Kulturhaff Millermoler zu Hénkel 30 € 13.6.2020 Ieselen, Geessen & Klengdéieren 10:00 - 13:00 zu Beefort 30 € 13.6.2020 Kichen am Bësch 10:00 - 15:00 an der Fiels 25 €/Erwuessenen - 5 € bis 12 Joer 20.6.2020 Wéi schneiden ech mäi Spaléierbam richteg? 13:30 - 15:00 zu Waldbëlleg 5€ 27.6.2020 Kichen am Bësch 10:00 - 15:00 an der Fiels 25 €/Erwuessenen - 5 € bis 12 Joer 28.6.2020 Mam Mountainbike duerch de Bësch 8:00 - 12:00 zu Beefort 5€ 20.-24.7.2020 Wiefcours 17:30 - 20:30 zu Iechternach 150 € (+Material) 25.7.2020 Vum Blaat bis bei d’Wuerzel: ongewéinlech - Geméiskichen 10:00 - 13:00 zu Beefort 25 €

Dréchemauerformatiounen Duerch d’Saison verdeelt fannen och nach eng Rei Dréchemauerformatiounen statt. Bleift um Courant op folgende Säiten: www.naturpark-mellerdall.lu/events www.agenda.naturpark.lu www.facebook.com/naturparkmellerdall


Dag vum Geotop Entdeckt ee vun eise Geotopen op enger flotter Wanderung! Weider Informatioune fannt dir op: www.geopark-mellerdall.lu! 15. September 2019, Sonndeg Präis: gratis

Porte ouverte am Generatiounsgaart Verbréngt e flotten Nomëtten an Owend am naturnoe Generatiounsgaart zu Beefort. Ab 14:00 gi verschidden Atelieren zu den Theme Permakultur, Geméis- a Kraiderkichen an nohaltege Liewensstil fir Grouss a Kleng ugebueden. Detailer zum Programm fannt dir op www.facebook.com/generatiounsgaartbeefort! 28. September 2019, Samschdeg, ab 14:00 Beefort - mam Generatiounsgaart an der NaturErliefnisSchoul Beefort Präis: gratis

Champignonstour Op dëser Wanderung gitt dir zesumme mam Expert op d’Sich no Iesschampignonen. Duerno gëtt et eng kleng Stäerkung natierlech mat Champignonen zoubereet! W.e.g. bréngt e Kuerf an e Messer mat! 5. Oktober 2019, Samschdeg, 14:00-18:00 Mompech - mam Fierschter Tom Giefer a Champignonsexpert Norbert Valmorbida Präis: 7 €


Hot Compost An dësem praktesche Cours gitt dir alles iwwer de warme Kompost gewuer. Mat dëser spezieller Technik kënnt dir ganz einfach ären eegene Kompost selwer maachen an den ass no bal engem Mount scho prett fir zréck an de Gaart! Op der Plaz stelle mir esou e Kompost zesummen. Gäre kënnt dir äre Kichenoffall matbréngen (keng Fleesch-, Fësch-, Mëllech- a Broutproduiten)! 5. Oktober 2019, Samschdeg, 14:00-17:00 Beefort - mam Annick Feipel vum Generatiounsgaart Präis: 10 €

Upcycling: al Jeans am neie Look Kee geheit gäre seng al Lieblingsjeans fort - an dat muss och net sinn! Hei gesitt dir, wéi dir aus alen Jeans e Schiertech oder e Loopschal bitze kënnt. Am Präis mat dran ass eng Kléngegkeet z’iessen an e Gedrénks. W.e.g. bréngt al Jeans, Stoffreschter an eng Bitzmaschinn mat! 18. Oktober 2019, Freideg, 19:00-22:00 Bäertrëf - mam Trixie Pierson vun de lëtzebuerger Naturparken um Berdorfer Eck Präis: 17 €

Zero Waste: Wäschmëttel Wie säin ekologesche Foussofdrock reduzéieren a (Plastik)Offall vermeide wëll, dee léiert séier Saache selwer hierstellen. An dësem Cours kënnt dir selwer Wäschmëttel aus natierleche Produit’en hierstellen. Umelle kënnt dir iech direkt beim Kulturhaff Millermoler: 53 27 73 oder isip@pt.lu! 19. Oktober 2019, Samschdeg, 14:00-17:00 Hénkel - um Kulturhaff Millermoler Präis: 28 €

Trauliicht & Fakelwanderung Zesumme bastele mir eis aus engem Kürbis eng elle Fratz, déi duerno am Däischtere liicht. Wie séier ass, kann nieft der Kürbisfratz och nach aner Saache bastelen. Owes gëtt nach eng gutt Kürbiszopp giess an duerno geet et op eng Fakelwanderung. D’Fakele kënnt dir op der Plaz kafen.


Umelle kënnt dir iech direkt beim Kulturhaff Millermoler: 53 27 73 oder isip@pt.lu! 26. Oktober 2019, Samschdeg, ab 15:00 Hénkel- um Kulturhaff Millermoler Präis: 27.50 €/Kand 14.50 €/Erwuessenen

Adventsbastelen Mir bastelen zesumme rondërem d’Thema Advent. Umelle kënnt dir iech direkt beim Kulturhaff Millermoler: 53 27 73 oder isip@pt.lu! 30. November 2019, Samschdeg, 15:00-17:00 Hénkel - um Kulturhaff Millermoler Präis: 18 €/Kand 4 €/Erwuessenen

Adventswanderung mat Mëttegiessen Op dësem drëtten Advent gi mir mat den Déiere Polly, Schakkeline, Pablo & Co. duerch de Beeforter Bësch spazéieren. Den Tour dauert gutt 2 Stonnen, ass mëttelschwéier a geet iwwer 5 km. Iwwer Mëtteg gëtt et eppes defteges z’iessen, dobäi gett et Punsch fir Kanner an Erwuessener. W.e.g. ditt fest Schong an dem Wieder entspriechend Kleeder un! 15. Dezember 2019, Sonndeg, 10:00-13:30 Beefort - mat den Déierepedagoginnen Alex Trentin a Conny Scholtes an der Kraiderpedagogin Sandra Leoni Präis: 30 €/Erwuessenen, 15 € bis 12 Joer ab 6 Joer

Regio-Brunch Loosst iech op dësem Sonnde mat frësche Produit’e verwinnen! D’Produit’e sinn all aus der Regioun oder fair gehandelt a kommen zum gréissten Deel aus ekologescher Landwirtschaft. Umelle kënnt dir iech direkt beim Kulturhaff Millermoler: 53 27 73 oder isip@pt.lu! 15. Dezember 2019, Sonndeg, ab 9:30 Hénkel - mam Kulturhaff Millermoler Präis: 17.5 €/Erwuessenen 8 €/Kand


Chrëschtbastelen Zesumme bastele mir vill flott Saache fir Chrëschtdag. Dir kënnt iech aus enger Rëtsch ugebuedene Saachen dat Flottst eraussichen an e gemittlechen Nomëtten an entspanter Atmosphär verbréngen. Umelle kënnt dir iech direkt beim Kulturhaff Millermoler: 53 27 73 oder isip@pt.lu! 21. Dezember 2019, Samschdeg, 15:00 - 17:30 Hénkel - mam Kulturhaff Millermoler Präis: 20 €/Kand, 4 €/Erwuessenen

Vum Lieder zum Rimm Liederverarbechtung ass en uraalt Konschthandwierk wat ëmmer méi rar gëtt. Wann dir och schonn ëmmer wollt selwer am Lieder schaffen, dann ass dëse Cours genau dat richtegt. Hei kënnt dir ënner professioneller Leedung selwer e Rimm hierstellen den dir natierlech nom Cours mat heem huele kënnt. 11. Januar 2020, Samschdeg, 13:30 - 17:00 Hierber - mam Atelier Atout cuir Präis: 60 €

Vum Bam zum Schlitt / zur Bänk / zum Schaukelstull / zum Holzbild Deel 1: Vum Bam bis zum geschniddenen Holz Dëse Cours ass an zwee Deeler opgedeelt: den éischten Dag geet et an de Bësch an do gitt dir alles iwwer d‘Bewirtschaftung vun engem Bësch gewuer. Hei sicht dir och zesumme mam Fierschter e Bam eraus, dee vu professionelle Bëschaarbechter geha a geréckt gëtt. Am Nomëtte gitt dir an d‘Seeërei a léiert de Betrib kennen, den aus ärem Bam Brieder schneit, déi dir am zweeten Deel vum Cours zu engem Schlitt, enger Bänk, engem Schaukelstull oder engem Holzbild verschafft. Opgepasst: Dëse Cours besteet aus 2 Deeler. Den éischten Deel fënnt am Bësch statt, den zweeten an enger Schräinerei! 18. Januar 2020, Samschdeg, 9:00-16:00 Beefort & Manternach - mam Fierschter Marc Hoffmann an der Seeërei Scholtes


Deel 2: Vum geschniddenen Holz bis zum Schlitt Opgepasst: Dëse Cours ass net fir Ufänger! 25.-26. Januar 2020, Samschdeg a Sonndeg, 9:00 - 17:00 Waldbëlleg - mat der Schräinerei Baden Präis: 350 € ab 18 Joer

Deel 2: Vum geschniddenen Holz bis zur Bänk Opgepasst: Handwierklecht Geschéck ass erwënscht! 8. Februar 2020, Samschdeg, 9:00 - 17:00 Steenem - mat der Schräinerei Thomé Präis: 290 € ab 18 Joer

Deel 2: Vum geschniddenen Holz bis zur Bänk Opgepasst: Handwierklecht Geschéck ass erwënscht! 8. Februar 2020, Samschdeg, 9:00 - 17:00 Waldbëlleg - mat der Schräinerei Baden Präis: 290 € ab 18 Joer

Deel 2: Vum geschniddenen Holz bis zum Schaukelstull Opgepasst: Dëse Cours ass net fir Ufänger! 28.-29. Februar 2020, Samschdeg a Sonndeg, 9:00 - 17:00 Waldbëlleg- mat der Schräinerei Baden Präis: 360 € ab 18 Joer

Deel 2: Vum geschniddenen Holz bis zum Holzbild Opgepasst: Handwierklecht Geschéck ass erwënscht! 7. Mäerz 2020, Samschdeg, 9:00 - 17:00 Waldbëlleg- mat der Schräinerei Baden Präis: 240 € ab 18 Joer

Steng bestëmmen Ënnerschiddlech Steng hunn och eng ënnerschiddlech Zesummesetzung an doduerch och ganz verschidden Eegeschaften. Entdeckt an dësem Cours d’Welt vun de regionale Steng a Mineralien! De Cours riicht sech un Ufänger. 25. Januar 2020, Samschdeg, 14:00 - 17:00 Hiefenech - mam Birgit Kausch vun Natur- & Geopark Mëllerdall a mam Robert Colbach vum Service géologique Präis: 5 €


Praffcours Copy-Paste am Bongert? Jo dat geet! An dësem Cours gitt dir gewuer, wéi een en Uebstbam richteg prafft («veredelt»). Natierlech kënnt dir nom Cours äre selwer gepraffte Bam mat heem huelen! W.e.g. bréngt e Praffmesser mat, wann dir eent hutt! 31. Januar 2020, Freideg, 19:00 - 22:00 Bäertrëf - mat der Baumschule Schmitz Präis: 10 € ab 12 Joer

Liichten am Bësch Am Bësch bastelt dir mat de Fierschteren e Lampion an duerno gitt dir an de Bësch liichten. Loosst iech iwwerrasche vun der spannender Atmosphär vum Bësch am Däischteren! Nom Liichte gëtt et eng Klengegkeet z‘iessen. W.e.g. bréngt fest Schong a passend Kleedung mat! 31. Januar 2020, Freideg, 18:00 - 20:00 Marscherwald - mat de Fierschtere Joé Mensen an David Farinon Präis: 5 €

Zero Waste: Deo Bei Produit’e fir d’Kierperfleeg ass net nëmmen d’Verpackung aus Plastik mee oft ass souguer am Produit selwer nach Mikroplastik verschafft. Fir dat ze vermeiden huet een am beschten et mécht ee sech se selwer. An dësem Cours kënnt dir dräi Rezepter fir Deo ausprobéieren. Umelle kënnt dir iech direkt beim Kulturhaff Millermoler: 53 27 73 oder isip@pt.lu! 8. Februar 2020, Samschdeg, 14:30-16:00 Hénkel - um Kulturhaff Millermoler Präis: 23 €

Kierfméchercours D‘Mënschen hu scho viru Joerdausende Kierf hiergestallt. An dësem Cours gitt dir gewuer, wéi dat geet a maacht selwer e Kuerf. Donieft kënnt dir och nach vill iwwer d‘Geschicht vun der Kierfmécherei léieren.


8. - 9. Februar 2020, Samschdeg a Sonndeg, 9:00 - 16:00 Hemstel - mam Gabi Jacqué Präis: 125 € ab 16 Joer

Formatiounen: „Naturcoach“ & „Kräuterpädagoge“ Wëllt dir eppes iwwer eis eenheemesch Wëllkraider a Planze léieren an äert Wëssen anere viruginn? D’Gundermannschule bitt zu Beefort en zertifiéierte Cours fir „Kraiderpedagog“ an „Naturcoach“ un. Hei gitt dir ënnert der Leedung vun enger Diplombiologin villes iwwer eis Planzewelt (Bestëmmung a Verwendung), traditionellt Kraiderwëssen, aktuell wëssenschaftlech Erkenntnisser souwéi biologesch an ekologesch Zesummenhäng gewuer. Opgepasst: D‘Umeldung fir dëse Cours leeft direkt iwwert d‘Gundermannschule! Ab Mäerz Beefort - mat der Gundermannschule - www.gundermannschule.com

Wéi schneiden ech mäin Uebstbam richteg? (al Beem) Fir dass är al Uebstbeem gesond bleiwen a weiderhi vill gutt Uebst droen, musse se reegelméisseg geschnidde ginn. Wéi een dat richteg mécht gitt dir an dësem Cours gewuer. 7. Mäerz 2020, Samschdeg, 13:30 - 17:00 Noumer - mam Marc Thiel vum SIAS Präis: 5 €

Op de Spuere vum Krich am Bësch Et ass zwar scho méi wéi 70 Joer hier, mee och haut kann een nach Spuere vum Krich an eise Bëscher gesinn. De Fierschter Tom Scholtes hëlt iech mat op eng spannend Rees an d‘Vergaangenheet a gëtt iech Explikatiounen zur Ardennenoffensiv an de Bëscher ronderëm Iechternach. Ab 12 Joer ass den Tour verständlech. 7. Mäerz 2020, Samschdeg, 13:00 - 16:00 Iechternach - mam Fierschter Tom Scholtes Präis: 5 €, bis 12 Joer gratis


Motorseecours An dësem Cours léiert dir, wéi ee richteg a virun allem sécher mat enger Motorsee ëmgeet. Fir d‘éischt gëtt eng theoretesch Aféierung gemaach an duerno kënnt dir de prakteschen Ëmgang mat der Motorsee üben. Wien eng eege Motorsee huet, kann déi roueg matbréngen. W.e.g. eege Sécherheetskleeder matbréngen! 7. Mäerz 2020, Samschdeg, 8:30 - 16:30 Marscherwald - mam Marc Hermes vum Centre National de Formation Professionnelle Continue Präis: 75 € ab 18 Joer

Wéi schneiden ech mäin Uebstbam richteg? (jonk Beem) Fir dass en Uebstbam eng Kéier richteg schéi gëtt an och vill Friichten dréit, muss ee mat Zäiten ufänken en ze schneiden. Wéi een dat richteg mécht an nach villes méi gitt dir an dësem Cours gewuer. 14. Mäerz 2020, Samschdeg, 9:00 - 12:00 Bech - mam Claude Petit vum Natur- & Geopark Mëllerdall Präis: 5 €

Zero Waste: Spullmëttel Wie wëll sécher sinn, dass säi Spullmëttel keng schiedlech Stoffer fir Mënsch an Ëmwelt enthält, dee mécht et am beschte selwer. Dat ass guer net esou komplizéiert an an dësem Cours kënnt dir et ausprobéieren! Umelle kënnt dir iech direkt beim Kulturhaff Millermoler: 53 27 73 oder isip@pt.lu! 21. Mäerz 2020, Samschdeg, 14:30-16:00 Hénkel - um Kulturhaff Millermoler Präis: 18 €

Geologesch Wanderung D’Weiere bei Fëschbech erënneren haut nach un d’Industriegeschicht vum Duerf. Hei si vu 1768 bis 1857 d’Héichiewe gelaf. Kommt mat op e geologeschen Tour duerch d’Geschicht! Schwieregkeetsgrad: einfach, fest Schong gi recommandéiert 28. Mäerz 2020, Samschdeg, 14:00 - 17:30 Fëschbech - mam Birgit Kausch vum Natur- & Geopark Mëllerdall Präis: 5 €


Ouschtereeër fierwen Zesumme fierwe mir Ouschtereeër mat natierleche Faarwen. Déi, déi éischter fäerdeg sinn, kënne sech och nach en Nascht bastele fir d’Eeër dranzeléeën. Umelle kënnt dir iech direkt beim Kulturhaff Millermoler: 53 27 73 oder isip@pt.lu! 11. Abrëll 2020, Samschdeg, 10:00-12:00 Hénkel - um Kulturhaff Millermoler Präis: 12 € (inkl. 6 Eeër)

Wanderung duerch den Naturbësch Hierberbësch En Naturbësch (fr.: Réserve Forestière Intégrale oder kuerz RFI) ass e Bësch, an dem der natierlecher Successioun fräie Laf gelooss gëtt. Hei gëtt net geschafft an net gebotzt (bis op d’Sécherung vun de Spadséierweeër). Kommt mat op eng flott Wanderung mat den Fierschteren Tom Giefer an Luc Etringer a léiert vun den Experten wéi esou e Bësch fonctionnéiert a wéi eng Virdeeler dat huet. 18. Abrëll 2020, Samschdeg, 14:00-17:00 Hierber - mat de Fierschtere Luc Etringer an Tom Giefer Präis: 5 €

Gaardeworkshop Dir wëllt en eegene Geméisgaart uléeë mee wësst net wéi ufänken? An dësem Cours gitt dir alles ronderem déi naturnoh an nohalteg Praktike vun engem Permakulturgaart gewuer. De Cours riicht sech un Ufänger an u Leit, déi net vill Plaz hunn (oder och just e Balkon) an awer hirt eegent Geméis wëllen unzéien. W.e.g. bréngt eppes z’iesse mat wat dir kënnt deelen. 18. Abrëll 2020, Samschdeg, 10:00-15:00 Beefort - mam Annick Feipel vum Generatiounsgaart Präis: 50 €


Wat ass eng gutt Drëpp? Eng Degustatioun mam Expert Wéi erkennen ech eng gutt Drëpp? Am Natur- & Geopark Mëllerdall gëtt et eng grouss Diversitéit an de Bongerten an dofir och am Drëppeglas! An dësem Cours kënnt dir zesumme mam Drëppesommelier Paul Thill eis regional Drëppe schmaachen a léieren op wat et ukënnt. Donieft gitt dir och gewuer wéi d‘Drëpp vum Bam an d‘Glas kënnt. De Cours gëtt ofgerënnt mat engem Maufel vum Frombuerger Angus. 24. Abrëll 2020, Freideg, 19:00 - 21:30 Rouspert - mam Paul Thill an der Brennerei Tudorsgeeschter Präis: 42 € ab 18 Joer

Pesto, Pasten & Dips mat Kraider No enger kuerzer Kraiderwanderung verschaffe mir d’Kraider zu Pasten a Pesto. Natierlech gëtt och alles geschmaacht! 26. Abrëll 2020, Sonndeg, 9:00 - 13:00 Beefort - mat de Kraiderpedagoginne Sandra Leoni a Yolande Kails Präis: 40 €

Naturrallye Kommt mat op d‘„Insel“: op der Hëlt bei Rouspert wäerte mir vill Observatiounen an der Natur maachen (Steng, Buedem a Planzen) a mir wäerte gesinn, wéi de Mënsch d‘Landschaft notzt. Opgepasst: Kanner mussen a Begleedung sinn! 9. Mee 2020, Samschdeg, 14:00 - 17:30 Rouspert - mat der Geografin Birgit Kausch vum Natur- & Geopark Mëllerdall Präis: 5 €


Iesel, Geess & Giersch Mat der Geess Polly, den Ieselen Schakkeline, Pablo & Co. an ënnerstëtzt vun zwou Déierepedagoginnen wandere mir duerch dee schéine Beeforter Bësch. Op der Sich no Giersch gëtt et Erklärungen vun der Kraiderpedagogin. Ënnerwee maache mir eng kleng Paus fir ee gemittleche Picknick. Zum Schluss gëtt et eng kleng Gierschiwwerraschung. Opgepasst: Kanner mussen a Begleedung sinn an et kënne max. 2 Kanner pro Erwuessenen matgoen! W.e.g. bréngt fest Schong an e Picknick mat! 10. Mee 2020, Sonndeg, 10:00 - 13:30 Beefort - mat den Déierepedagoginnen Conny Scholtes an Alex Trentin an der Kraiderpedagogin Sandra Leoni Präis: 30 €/Erwuessenen, 15 € bis 12 Joer ab 6 Joer

Drénkwaasserwanderung De lëtzebuerger Sandsteen ass dee wichtegsten Drénkwaasserspäicher am Mëllerdall. Bei dëser Wanderung gitt dir alles iwwer d‘Entstehung vun de Fielsformatiounen an d‘Notzung an de Schutz vun eisem Grondwaasser gewuer – dat Ganzt natierlech viirun der schéiner Kuliss vun de Mëllerdaller Fielsen. W.e.g. bréngt fest Schong mat! 10. Mee 2020, Sonndeg, 14:00 – 17:00 Mëllerdall - mam Rachel Krier vum Natur- & Geopark Mëllerdall an dem Tom Schaul vum Waasserwirtschaftsamt Präis: 5€


Planzentosch Op dëser Bourse kënnt dir Planzen tauschen! Ob dir ze vill ugeséit hutt oder einfach wëllt Neies entdecken - hei ass bestëmmt fir jiddereen eppes dobäi. De Prinzip ass ganz einfach: dir bréngt är iwwerflësseg Geméis, Uebst- oder Kraiderplanze mat an huelt iech mat heem wat iech gefält. Fir Iessen a Gedrénks ass selbstverständlech gesuergt. 16. Mee 2020, Samschdeg, 10:00 - 18:00 Bäertrëf - um Berdorfer Eck Präis: gratis

En Nomëtte bei de Beien An dësem Workshop kritt dir e globalen Abléck an d’Liewe vun de Beien an dem Imker. Dir gesitt wéi eng Beiekëscht opgebaut ass, wéi d’Vollek fonctionnéiert, wat d‘Arbechte vum Imker sinn an nach villes méi. Zum Schluss kritt dir e Glas Hunneg mat heem. 16. Mee 2020, Samschdeg, 13:30 - 17:00 Iechternach - mam Marc Thiel vum SIAS a mam Imker Peter Kraus vun der ANF Präis: 10 €


Offiziellen europäeschen Natura 2000 Dag Entdeckt eent vun eisen Natura 2000 Gebidder op enger flotter Wanderung! Weider Informatioune fannt dir op www.naturpark-mellerdall.lu! 21. Mee 2020, Donneschdeg Präis: gratis

Natur- & Geoparkwoch Entdeckt déi ganz Woch iwwer Aktivitéite ronderëm Natur- & Geoparkthemen! Weider Informatioune fannt dir op www.geopark-mellerdall.lu! 25. - 29. Mee 2020

Virtrag: UNESCO Global Geoparks Wann dir méi wëllt wëssen iwwer d’Kandidatur vum Natur- & Geopark Mëllerdall fir den UNESCO Global Geopark Label, da gitt dir bei dësem Virtrag alles gewuer. Ausserdeem kucke mir, wat eis Regioun esou besonnesch mécht a firwat d’Geologie och haut nach immens wichteg fir eis all ass. 25. Mee 2020, Méindeg, 19:30-21:30 an der Fielser Buerg - mam Birgit Kausch vum Natur- & Geopark Mëllerdall Präis: gratis

Scrapbooking E „Scrapbook“ ass méi wéi e Fotoalbum. Hei gëtt eng Geschicht erzielt an et kommen net nëmme Fotoen dran, mee och ganz aner Saachen (Entréesbilljeeën, Plommen, Stoffreschter etc). Op dësem Nomëtte kënnt dir a gemittlecher Ronn esou en Album selwer gestalten. W.e.g. bréngt Fotoe mat. Dir kënnt selwer en Album matbréngen oder een op der Plaz kafen. Umelle kënnt dir iech direkt beim Kulturhaff Millermoler: 53 27 73 oder isip@pt.lu! 30. Mee 2020, Samschdeg, ab 14:00 Hénkel- mam Kulturhaff Millermoler Präis: 30 € (mat Kaffi & Kuch)


Ieselen, Geessen & Klengdéieren Erlieft e flotte Moien am Stall a gitt alles gewuer iwwer de respektvollen Ëmgang mat Klengdéieren, Ieselen a Geessen. Eng aartgerecht Haltung, wéi ee se fleegt a versuergt gëtt et a verschiddenen Atelieren ze entdecken. W.e.g. bréngt fest Schong mat! 13. Juni 2020, Samschdeg, 10:00 - 13:00 Beefort - mat den Déierepedagoginne Conny Scholtes an Alex Trentin Präis: 30 €/Kand ab 6 Joer

Kichen am Bësch Kachen dobaussen, ouni Stroum oder Gas einfach um Feier am Bësch: wann dir nach ni dobausse gekacht hutt da gëtt et elo héich Zäit! De Fierschter Tom Scholtes weist an dësem Cours, wéi dat geet. Natierlech gëtt et och vill ze schmaachen! 13. Juni 2020, Samschdeg, 10:00 - 15:00 Fiels - mam Fierschter Tom Scholtes Präis: 25 €/Erwuessenen, 5 € bis 12 Joer

Wéi schneiden ech mäi Spaléierbam richteg? Fir vill a schéint Uebst ze kréie, mussen och Spaléierbeem reegelméisseg richteg geschnidde ginn. Wéi dat geet léiert dir an dësem Cours. 20. Juni 2020, Samschdeg, 13:30 - 15:00 Waldbëlleg - mam Marc Thiel vum SIAS Präis: 5 €

Kichen am Bësch Kachen dobaussen, ouni Stroum oder Gas mee einfach um Feier am Bësch: wann dir nach ni dobausse gekacht hutt da gëtt et elo héich Zäit! De Fierschter Tom Scholtes weist an dësem Cours, wéi dat geet. Natierlech gëtt et och vill ze schmaachen! 27. Juni 2020, Samschdeg, 10:00 - 15:00 Fiels - mam Fierschter Tom Scholtes Präis: 25 €/Erwuessenen, 5 € bis 12 Joer


Mam Mountainbike duerch de Bësch Zesumme mam Fierschter entdeckt dir d‘Bëscher an d‘Natura 2000 Gebitt ronderëm Beefort. Dësen Tour ass näischt fir Ufänger: et geet iwwer Bëschweeër mat uerdentlechen Héichtenënnerscheeder! Mat dobäi ass e professionelle Mountainbikeguide. W.e.g bréngt äert eegent Mountainbike an e Ravitaillement mat! Den Helm ass Flicht! 28. Juni 2020, Sonndeg, 8:00 - 12:00 Beefort - mam Fierschter Marc Hoffmann a Mountainbikeguide Alphonse Haaker Präis: 5 € ab 18 Joer

Wiewen à la carte Wiewen huet an eiser Regioun eng laang Traditioun. Zemools d’Fielser Duchindustrie war iwwert d’Grenze vum Land bekannt. Wann dir iech fir dëst Handwierk interesséiert a schonn ëmmer en eegene Projet, wéi z.B. eng Posch, e Schal, e Këssen oder e Kichenduch op enger Wiefrumm oder engem Wiefstull realiséiere wollt, da weist d’Suzanne Ziger iech an dësem intensive Cours, wéi et geet. 20.-24. Juli 2020, Méindes bis Freides, 17:30-20:30 Iechternach - mam Suzanne Ziger Präis: 150 € (+ ca 30 € Material) ab 18 Joer

Vum Blat bis bei d’Wuerzel: Ongewéinlech Geméiskichen An dësem Cours kache mir mat ale Geméiszorten, déi net méi esou bekannt sinn, wëlle Kraider, déi iwwerall wuessen a Stécker vum Geméis, déi oft ewechgeheit ginn. Loosst iech iwwerrasche wéi gutt dës manner bekannt Saache schmaachen! Gekacht gëtt direkt am Gaart um Feier an duerno ginn déi eege Kreatiounen zesumme genoss. D’Geméis an d’Kraider kommen direkt aus dem Generatiounsgaart. 25. Juli 2020, Samschdeg, 10:00-13:00 Beefort - mam Annick Feipel vum Generatiounsgaart Präis: 25 € ab 12 Joer


Natur- & Geopark Mëllerdall 8, rue de l’Auberge L-6315 Beaufort Tel.: (+352) 26 87 82 91 E-Mail: info@naturpark-mellerdall.lu Weider Informatioune fannt dir op www.naturpark-mellerdall.lu/events facebook.com/naturparkmellerdall Wann dir iech umellt, kritt dir Detailer iwwert déi respektiv Manifestatioun. Am Wanterhalleffjoër ass et gären emol méi lëfteg. Wann et ze geféierlech gëtt, kann et sinn, dass mir kuerzfristeg eng Aktivitéit ofsoe mussen.

Merci fir Äert Versteesdemech!

Partner / partenaires:

design www.fredhilger.lu - photos: Credits: NGPM U. Fielitz + A. Voelske + P. Haas, Annick Feipel, Philippe Fettes, Gundermannschule, Jeannot Kartheiser, Caroline Martin, ORT MPSL Raymond Clement, Aline Schmitt, Marc Thiel, Catherine Thiry, Alex Trentin, Suzanne Ziger

Umeldunge w.e.g. un:


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Aktivitéiten am Natur- & Geopark Mëllerdall 2019/20 by naturpark.lu - Issuu